Jean Asselborn au sujet du Conseil "Affaires générales et relations extérieures" du 12 février 2007 à Bruxelles

Frank Kuffer: Serbien an de Kosovo, den Iran an d’Situatioun am Noen Osten - Regioune wou et den Ament méi roueg ass, mä wou awer ëmmer erëm vu Polferfässer geschwat gëtt, déi all Ament kënnten explodéieren, ware gëschter d’Haaptsujeten zu Bréissel, wou déi 27 Ausseministeren aus der Europäescher Unioun beienee waren. Notamment gouf d’UNO-Resolutioun vum 23. Dezember mat där den Iran soll forcéiert gi mat der Uräicherung vun Uran opzehalen ugeholl. Um Telefon si mer elo mam lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn verbonnen. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Dir gitt op den Agencen zitéiert mat de Wierder, et soll ee sech net u Sanktioune festbäissen. Wat heescht dat elo? Waarden, datt den Iran awer fräiwëlleg matschafft oder gesitt Dir Bewegung an déi richteg Richtung do?

Jean Asselborn: Jo, also dës Woch mécht den Här El Baradei, dee jo och haut bei eis zu Lëtzebuerg ass, mécht e Rapport iwwert dat wat Dir zitéiert hutt, d’Resolutioun 1737 vum Dezember 2006. Dir wësst, datt d’EU massgeblech implizéiert ass um Zustanekomme vun där Resolutioun. Dat sinn déi 5 Vetomächten, also Russland, China, USA, Frankräich an England plus Däitschland. D’Resultat, wann een dat elo einfach iwwerflächech kuckt, dat kenne mer. D’Iraner fuere jo weider mat der Uranuräicherung. Allerdéngs ass et awer der Méi wäert, an dofir och meng Ausso gëschter, datt ee méi déif kuckt.

Dir wësst d’Diplomatie huet hir eege Sprooch an do gëtt geschwat da vun den Diplomate vun enger Double track approach, dat heescht, mir solle weiderhinn an der EU, an do ware mer eis alleguerten eens, op zwou Schinne fueren. Déi eng Linn ass kloer: d’Solidaritéit an der internationaler Communautéit fir de Suivi ze maache vun deem wat beschloss ginn ass zu New York am Sécherheetsrot. An och d’Sanktiounen, mä op déi aner Manéier awer och d’Dier oploossen an d’Aen oploossen, well wa mer vum Iran an Europa schwätzen, kënne mer net ëmmer nëmme vu Sanktioune schwätzen.

Et ass Mouvement am Iran, virun allem eng Diskussioun am Régime ass lassgetrëppelt, och selbstverständlech am Vollek. Dir wësst awer och, datt d’EU dee gréissten Handelspartner ass vum Iran. Italien ass dat Land wou am meeschte kommerziell Bezéiungen sin, mä dat ass och scho wichteg. Et gëtt och Unzeechen - vläicht ass et méiglech, datt den Här Larijani, dat ass den Ënnerhändler vun den Iraner deen ass dës Woch zu Wien bei der AIEA. Eist Ugebuet vum globalen Dialog mam Iran, net nëmmen deen nukleare Volet, selbstverständlech och deen, dee spillt, an deen zielt - a mir hunn nach eng Kéier gëschter, bestëmmt direkt oder indirekt, dem Iran ugebueden als Europäer fir ze kucken, datt mer erëm diplomatesch Bezéiunge matenaner kënnen aktivéieren.

Frank Kuffer: D’Verhandlunge mat Serbien dann, iwwert een Assoziatiounsaccord fir Serbien also méi no bei d’EU ze bréngen, goufen am Mee zejoert gestoppt, well d’Land net genuch mam Krichsverbriechertribunal zu Den Haag zesummeschafft. Wéi gesäit et elo do no de Walen a Serbien aus? Gesäit ee schonn a wéi eng Richtung et ka goen? Et gëtt jo nach keng Regierung.

Jean Asselborn: Jo, also gëschter ass et präzis drëm gaangen, gi mer ee positivt Zeechen no den Wahle, wéi Dir sot. Dat war, ech muss dat soen, eng schwéier Gebuert déi e puer Stonne gedauert huet. Dat ass net anormal bei enger Entitéit déi trotzdem elo 27 Mitgliedslänner huet a wou mer och wëssen, datt d’Sensibilitéit am Oste vun Europa anescht ass wéi vläicht op anere Plazen. Mä Lëtzebuerg also, an ech och perséinlech am Numm vun eiser Regierung, hu mech dofir agesat, datt mer selbstverständlech, wann eng proeuropäesch Regierung zustane kënnt zu Belgrad, a wann och déi Regierung ee festen Engagement ageet fir mam Tribunal vu La Haye zesummen ze schaffen - Dir wësst jo Mladic a Karadzic op La Haye ze bréngen, da soll een och de Serben een Zeeche ginn, ee positivt Zeeche ginn.

Mir kënnen net vergiessen, datt d’Serben effektiv jo ënnert dem Milosevic Schold waren un deem wat an den 90er Jore geschitt ass, mä mir kréien nëmme Stabilitéit um Balkan wann och Serbien, dat sinn awer trotzdem praktesch 10 Millioune Leit, wann déi sech doranner erëmfannen. An dofir ass gëschter dann och décidéiert ginn, datt mer de Prozess vum ASA, dat ass een Assoziatiouns- a Stabilisatiounsaccord, een Accord wou zesummegeschafft gëtt tëscht der Europäescher Unioun a Serbien, datt mer also ee positivt Zeeche setzen, wann déi Regierung do zustane kéim, wann dat Engagement besteet, datt een dann och dee Prozess erëm ulafe léisst, deen am Mee 2006 gestoppt ginn ass.

Also mir mussen och wëssen, datt et a Serbien ee President gëtt, den Tadic heescht an dee Mann, am Contraire zum Här Kostunica, deen de Premierminister ass, weess, datt en e Schratt muss maachen a Richtung vum Här Ahtisaari. En huet dofir och décidéiert, fir datt alleguerten déi Parteien déi an d’Parlament gewielt gi sinn, fir déi opzefuerderen an z’invitéieren, an déi maachen dat och, fir op Wien ze kommen a mam Här Ahtisaari a mat de Kosovaren ze diskutéieren an ze verhandelen. Dir wësst dee Prozess iwwert de Statut am Kosovo ass immens komplex. Elo ass d’Propositioun vum Här Ahtisaari um Dësch. Déi gëtt diskutéiert zu Wien an da wäert se an de Méint Abrëll, Mee, Juni - et ass schwéier dat festzestellen - an de Conseil de sécurité kommen an do gëtt dann déi definitiv Décisioun geholl.

Frank Kuffer: Et kann ee jo do awer wahrscheinlech keen Accord de Serben an dem Kosovo opzwéngen?

Jean Asselborn: Nee, dat ass selbstverständlech schwéier. Souwisou, an där Regioun do kënne mir just als Europäesch Unioun d’Rumm schafen, mä mir musse wëssen, jiddwereen deen e wéineg sech mat Aussepolitik beschäftegt an e wéineg d’international Neiegkeete verfollegt, weess, datt mer all Intérêt hunn als Europäesch Unioun, ech soen dat nach eng Kéier – et ass jo ee Prozess, deen ee Friddenprozess ass, net nëmmen ee wirtschaftleche Prozess ass - datt mer eis immens vill Méi gi mussen, fir do eng Konfliktsituatioun ze verhënneren an op béide Säite mussen Drock maachen, fir datt do eng Léisung kënnt. An déi Léisung ass op Jore gesinn, dat ass net a 5 Joer, héchstwahrscheinlech och net an 10 Joer, mä datt déi Zukunftsperspektive fir an d’Unioun ze komme fir déi Balkanlänner, déi jo och an Europa leien, fir datt déi Realitéit gëtt.

Frank Kuffer: Här Ausseminister, villmols merci fir dëse Résumé vun den Diskussioune gëscht zu Bréissel.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour