Lucien Lux au sujet des émissions de CO2 et du changement climatique

D’Europäesch Unioun huet gëschter en däitlecht Zeeche gesat a Saache Klimaschutz. Bis 2020 sollen d’CO2-Émissiounen ëm 20% erofgeschrauft ginn.

Max Theis : Wann déi aner Industriestaate matzéien, sollen et esouguer 30% manner ginn. Bis dohinner ass ee wäiten, an och nach e laange Wee. D’EU huet 13 Joer Zäit fir en ze goen. De Kioto-Protokoll leeft nach bis 2012, a sollt et keen neien internationale Kader ginn, gëtt et an der EU een däitlech ambitionéierte Klimaschutz, esou déi däitsch EU-Présidence dës Woch. D’Situatioun ass eescht, dat gëtt kloer, wann een den UNO-Rapport liest. Am drëtten Deel heescht et nämlech, datt et kee Wee zeréckgëtt, wann et bis 2020 keng massiv CO2-Réductioune goufen. Fir iwwer de Sujet ze schwätzen, ass elo den Ëmweltminister Lucien Lux am Studio. Gudde Mëtteg.

Lucien Lux: Gudde Mëtteg.

Max Theis: Här Lux, minus 20% ass een däitlecht Ziel, dat ass jo awer eigentlech just eng Moyenne. Dat heescht eenzel Länner musse méi grouss Efforte maache wéi anerer, oder wéi geet dat?

Lucien Lux: Ech mengen, mir hunn elo nach net déi Phas vun deem wat mir nennen de Burdensharing, dat heescht ze kucke wat kann all eenzel Land fir sech selwer maachen, an datt et do ënnerschiddlech Reduktiounszieler wäert ginn, läit op der Hand. Dat ass an där Periode vun 2008-2012 net anescht. Et muss een och gesinn, datt eenzel Économië, wéi zum Beispill déi nei osteuropäesch Länner déi nei an d’EU komm sinn, datt déi anescht behandelt ginn, wéi loosse mir emol soen, déi traditionell. Ech mengen, datt do eng opstriewend Économie ass, datt eng opstriewend Industrie do ass, an ech mengen all deenen Elementer muss Rechnung gedroe ginn, wéi och eenzelne Spécificitéite vun deene mir jo och en Dënschdeg e puer Stéck op den Dësch geluet hunn.

Max Theis: Et gëtt dacks gesot, zu Lëtzebuerg wiere schonn enorm Effortë gemaach ginn. A wéi eng Ziler gëllen dann eigentlech nach hei, a wéi solle se dann erreecht ginn?

Lucien Lux: Ech mengen, mir si jo elo emol konzentréiert op dat Zil, dat mir 1997 ënnerschriwwen hu fir minus 28% ze realiséieren. Ech mengen, datt mir am gaange sinn an allen eenzelne Ministèren déi dovunner betraff sinn, elo endlech mat sécherlech vill ze vill Verspéidung op déi Zilsetzung do hinzeschaffen. Datt mir dat virun allem och musse maachen an deem mir Projeten an anere Länner maachen, ass gewosst, well mir et hei net alleng packen.

Mä op där anerer Säit mengen ech sinn d’Efforten am ëffentlechen Transport, ass déi ökologesch Autossteier déi mir elo agefouert hunn, vun deene vill nach am gaange sinn emol nëmmen driwwer ze diskutéieren, oder ze streiden, wéi elo zum Beispill an Däitschland, sinn awer och Projete ronderëm de Kioto-Cent, déi nei Wärmeschutzveruerdnung, eng nei Struktur fir d’Berodung zu Lëtzebuerg, ass den Allocatiounsplang dee mir jo mat der Kommissioun do elo während zwee Méint hefteg diskutéiert hunn, och praktesch elo ënner Daach.

An ech mengen, datt mir op all deenen eenzelne Potentialer musse schaffen. Mä et ass fir Lëtzebuerg eng schwiereg Aufgab, well einfach de sougenannten Tanktourismus, den Export vum Sprit en enormen Undeel huet. Wann een nëmme vläicht zwou, dräi Zuele kann nennen, fir dat och einfach genee ze gesinn, mir hunn haut 12,7 Milliounen Tonnen CO2-Émissiounen d’Joer, dovunner sinn der 5,2 Millioune ginn exportéiert. An dat ass ee vun deene Spécificitéiten déi mir zu Bréissel och wëllen ervirdoen, datt mir léiwer hätte vun deem Territorialprinzip do ewech ze kommen, hin zu engem Prinzip vun interner Consommatioun, datt wierklech dat gekuckt gëtt, dat wat gëtt am Land konsuméiert, a wat gëtt net exportéiert.

Mir mussen zwar par rapport zu deenen 5,2 Milliounen och rechnen, datt mir 2,7 Milliounen net ugerechent kréien, well dat ass all dee Stroum dee mir importéieren. Mä et bleift netto awer nach e Käpp vun 2,5 Milliounen, an ech mengen doriwwer muss een diskutéieren, grad wéi mengen ech fir Lëtzebuerg och muss driwwer diskutéiert ginn, dat gesi mir haut beim Allocatiounsplang, datt et besser wier net nëmmen e Land ze kucken an ze analyséieren, mä datt et besser wier ënner Secteuren, iwwer d’Länner ewech ze analyséieren.

Mir hätte léiwer, mir géingen d’Stolindustrie vu Lëtzebuerg, d’Energieeffizienz, an dann d’Allocatioun vergläiche mat der Stolindustrie, zum Beispill a Groussbritannien, oder a Polen, an dann zu Resultater kommen, wéi dat an engem Land ze kucken, well mir hunn an eenzelne Secteuren hu mir nëmmen eng Entreprise. Mir hunn also iwwerhaapt kee Verglach fir ze kucken, wien huet Efforte gemaach an deene leschten 10, 15 Joer, a wien huet der net gemaach? An duefir ass dat en zweete Punkt, dee mir an der Discussioun och en Dënschdeg mat abruecht hunn.

Max Theis: Mä d’Positioun a Saachen Tanktourissem kann ee jo och wahrscheinlech net éiweg verdeedegen, sief et op ëmweltpoliteschem Niveau, awer och op steierlechem Niveau vis-à-vis vun der EU.

Lucien Lux: Sécher, mä ech menge bis 2010 ass jo emol gewosst, datt op deem Gebitt näischt geschitt. Mä ech mengen et gi permanent nei Virschléi, där gouf et der an deene leschten Deeg erëm fir zu enger Harmoniséierung an deem Beräich ze kommen. An ech menge mir hunn do eis Attitude ëmmer gehat.

Et muss een awer gesinn, och wann dat à la Rigueur richteg kéint sinn, datt dee Sprit do egal wou ëmmer verkaaft gëtt. Ob en dann op der Tankstell hei zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt, oder ob en direkt hannendrun a Frankräich oder an Däitschland verkaaft gëtt, ass fir de Planéit, fir de Klimawandel en tant que tel, am Prinzip irrelevant.

Op där anerer Säit, mengen ech, muss een awer och gesinn, datt mir hei ofhängeg si vu Steierpolitike vun deenen anere Länner. Wann d’Bundesrepublik Däitschland viru kuerzem décidéiert huet fir hir TVA, aus jo ganz anere Grënn, em 3% ze héijen, da geet den Différentiel mat Däitschland erëm an d’Luucht, da misste mir erëm do nozéien, an am Prinzip och eis Leit penaliséieren, déi awer net onbedéngt duefir kënnen, datt den Defizit an Däitschland esou grouss ass.

Ech héieren elo an dësen Deeg, wou de Kolleg Tiefensee an Däitschland proposéiert huet wat mir elo hannerun eis hunn, fir eng ökologesch Autossteier anzeféieren. Elo gëtt et vill Politiker, déi soen elo, nee, komm mir maachen net dat, komm mir erhéije léiwer d’Mineralölsteuer um Benzin an um Diesel. Wann dee Wee géif gewielt ginn, da geet erëm den Différentiel erëm an d’Luucht, da misste mir erëm nozéien. Dat heescht, et ass also alles e bësse méi enk wéi et heiansdo zu Bréissel duergestallt gëtt.

Max Theis: Fir zeréck bei d’Ziler bis 2020 ze kommen. Bei 27 Memberlänner dierften et jo och 27 Meenunge ginn. Wéi ass et dann Däitschland eigentlech gelonge fir esou e relativ kloeren Accord awer erauszeschloen?

Lucien Lux: Ech mengen, datt 14 Deeg nodeem d’Wëssenschaftler zu Paräis geschwat hunn, vill vun de Ministere waren zu Paräis jo dobäi gewiescht, wier et jo verréckt gewiescht fir elo erëm an eis Epicerien do ze verfalen.

Ech mengen de Klimawandel ass definitiv net méi eng akademesch Veranstaltung. An ech mengen et geet elo drëm wierklech konkret ze handelen, national, europäesch, an dann natierlech och um Niveau vun der UNO, fir datt mir Amerikaner, datt mir Australier, datt mir Brasilianer, Inder, Chineesen och mat un deen Dësch kréien. Duefir mengen ech ass d’Conscience déi ass elo do. Den Informatiounsstand dee gëtt eis d’Wëssenschaft.

Dir hutt virdrun nach an den Noriichten d’Beispiller genannt vun der Universitéit zu Tréier, déi d’Analyse gemaach huet emol eng Kéier op de Mikrokosmos an der Groussregioun, an déi zu genee deene selwechte Conclusioune kënnt. Elo kënne mir vläicht maachen, datt all déi Wëssenschaftler do, datt dat e lauter Haulie wieren, an datt déi eis Dommheeten zielen, mä definitiv gëtt de Klimawandel de gréissten Défi vum 21. Joerhonnert, mat alle Repercussiounen. Doraus mengen ech soll een net an Angscht verfalen. Et soll een dat net negativ huelen.

Ech maachen dat determinéiert, esouguer mat vill Freed, well ech mengen datt et eng Chance ass, och nozedenken, iwwer Konsumgewunnechten, iwwer de Wuelstand nozedenken, iwwer eng gewëssen Aart a Weis wéi mir dobausse mat der Natur ëmginn, an datt mir do eng Kéier gestrooft ginn, wa mir mat där Natur net esou ëmgi wéi se dat verdéngt, well d’Biodiversitéit, déi Zyklen déi do fir eist Liewen, fir eis Atmosphär, fir eis Loft wichteg sinn, dat ass vläicht haut nach net e grousse Problem. Mä ech menge wann ee Kanner huet, da weess een, datt déi an 20, 30, 40 Joer ënner deene Problemer wäerte leiden, déi eis haut egal sinn. A wien dat wëll maachen, soll dat maachen? Mä ech mengen awer och d’Lëtzebuerger hei, an d’Bierger, datt wann déi de Sujet wierklech genee a sérieux kucken, bereet sinn och elo e Wee do matzegoen.

Max Theis: D’europäesch Kommissioun bedauert, datt um Ëmweltconseil net méi e kloere Message erauskomm ass wat d’erneierbar Energien ugeet. Wourunner läit dat eigentlech?

Lucien Lux: Also, ech muss soen, do si jo zwou Séilen déi a menger Broscht sinn, huet emol eng Kéier ee geschriwwen. Et ass effektiv esou, datt een e contraignant Zil vläicht besser gewiescht ze setzen, ze soe mir wëllen 20% erreechen. Mä och do mengen ech ass natierlech 27 Länner kann een net iwwer deeselwechte Kamm zéien.

Wann ech Lëtzebuerg vergläichen, an ech maachen dat jo net gären, op déi Spécificitéiten ëmmer do opmierksam ze maachen, mä wa se objektiv richteg sinn - Lëtzebuerg ka net ënnerschreiwe muer e Burdensharing, fir en nationalt Zil vun 20%, well mir op Grond vun der Potentialstudie, déi mir am gaange si fäerdeg ze maachen, wëssen, an dat gëtt och vu kengem hei zu Lëtzebuerg kontestéiert, datt Lëtzebuerg net um Mier läit, dat ass nun emol eng Donnée, déi musse mir akzeptéieren. Datt Lëtzebuerg seng hydroelektresch Kapazitéiten um Niveau vum Waasser praktesch all ausgereizt huet, wësse mir. Datt mir keng héich Bierger hu wéi an Éisterräich, dat ass einfach nun emol esou, dat wäerte mir och net änneren.

An duefir mengen ech wësse mir, datt mir bei enger Zilsetzung mat enger ganz ambitiéiser Politik, bei 8-10% bis 2010 wäerte fäerdeg bréngen, bis 2020 wäerte fäerdeg bréngen. An duefir mengen ech hu mir déi Spécificitéiten abruecht, an anerer hunn dat och gemaach. Mä d’Zilsetzungen, duefir ze suergen, datt déi Länner, déi déi Kapazitéiten hu wéi Dänemark, oder Éisterräich, oder Däitschland, fir méi wäit ze goen, ass do.

A mir hu gesot, well mir awer net wëllen abseits stoen, oder net wëllen do stoen als déi, déi maache wéi wa se net interesséiert wieren, mir hu gesot, komm mir probéieren eng Marché intérieur Léisung déi Lëtzebuerg géif erlabe fir zum Beispill e Wandpark an der Belsch ze realiséieren, ze finanzéieren, an awer dat dann och ugerechent ze kréie wat mir do produzéieren. An déi Léisung wëll de Staatsminister och nach eng Kéier am Conseil européen virbréngen, fir datt mir net weisen, eis geet dat näischt un, mä ze weisen, komm mir huelen eng Léisung déi eng europäesch ass, a gitt eis déi Kapazitéit. An d’belsch Regierung huet eis ugedeit, datt si bereet wier op esou e Wee mat Lëtzebuerg ze goen. Da kënne mir en Obolus leeschten, a mir kënnen eppes maache wat insgesamt dann dem Klimawandel och hëlleft.

Max Theis: An där ganzer Discussioun geet et jo net nëmmen em Tanktourisme, oder grouss Industrie, et geet jo och em dat wat all Eenzelne ka maachen. Wéi kënnen d’Leit dann Ärer Meenung no dozou bäidroe fir wierklech och am Effort matzemaachen?

Lucien Lux: Ech mengen, säit Méint versiche mir jo ëmmer eng Rei vu Pisten unzeginn, an dat wäerte mir och verstäerkt an deenen nächste Wochen a Méint maachen. Ech mengen, datt d’Leit och, all déi Reaktiounen déi ech kréien, verstanen hunn, ee vun de gréisste Potentialer déi mir hunn, och zu Lëtzebuerg, ass d’Energie spueren.

Ech menge mir mussen einfach eis bewosst ginn, ëmmer méi bewosst ginn, datt esouwuel bei der Energie wéi och beim Waasser, datt dat e Gutt ass mat deem mir sollen esou responsabel wéi méiglech ëmgoen. Datt mir also bei Haushaltsgeräter, datt mir bei Fernsehapparater déi d’ganz Nuecht um Standby stinn, datt mir all déi Luuchten déi mir hunn, an esou virun, datt mir doriwwer kënnen nodenken. Datt mir energiespuer Luuchte kënnen huelen, dat wat jo elo an deene leschten Deeg an der Aktualitéit ass, duerch dat wat Australien elo proposéiert, datt een dee Wee ka goen. Do gëtt et mengen ech vill Méiglechkeete fir jiddwer Eenzelnen dat ze maachen.

Da gëtt et dat wat mir elo hannerun eis hunn, beim Autofestival, ech mengen de Versuch och, wann een en Auto keeft, wierklech net nëmmen no der Schéinheet vun der Karosserie ze kucken, oder de schéine Felgen, oder no der Gréisst vun der Mall ze kucken, mä einfach och do sech ze informéieren, wéivill CO2-Émissioune verbraucht dësen Auto pro Kilometer, a vläicht och de Choix vum Auto och no deene Critèren ze huelen.

Da gëtt et natierlech den ëffentlechen Transport, ze versichen op dat Angebot méi anzegoen. Dat muss net all Dag sinn. Et kann ee jo emol de Choix maache fir ze soen, ech probéieren emol, esou wéi ech mir et alt heiansdo undinn, an esou virun, fir ze soen, komm mir probéieren emol ee mol, oder zwee mol d’Woch mam Zuch oder mam Bus ze fueren, oder eenzel Strecke vläicht och de gudden ale Vëlo erauszehuelen, oder vläicht och zu Fouss ze maachen.

Ech mengen et geet drëm, einfach och vläicht nozedenken, ob heiansdo net e bësse manner och méi ka sinn. An ech mengen deen Esprit do, mengen ech, dee soll jiddweree fir sech huelen. Mir wëlle kengem do hei wéi Messiasen do iergendeppes octroyéieren, oder soen, et muss een elo, oder et muss een dat hei. Ech menge jiddweree soll déi Gewëssenserfuerschung fir sech maachen, an da fënnt e sécherlech Potentialer wou en eng Hand kann upaken.

Max Theis: Lucien Lux, dat war e schéint Schlusswuert. Bis 2020 ass nach e laange Wee, a mir wäerten da kucken, wéi Dir e gitt, an och vläicht Är Successeuren. Merci emol fir elo.

Lucien Lux: Merci och.

Dernière mise à jour