Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion de l'Eurogroupe du 26 février 2007

Frank Kuffer: Et ass gewosst, et geet der Économie nees besser an Europa, an der Eurozon, an och zu Lëtzebuerg. Gëschter waren d’Eurofinanzministeren zu Bréissel am Eurogroup beieneen. Do gouf ënnert anerem iwwer déi wirtschaftlech Croissance déi zejoert bei 2,7% loung, diskutéiert. Ee Joer virdru loung de Wuesstem nach bei nëmmen 1,4%. Um Telefon live vu Bréissel ass elo de President vum Eurogroupe, de Jean-Claude Juncker. Gudde Moien, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Frank Kuffer: Wann et der Économie nees besser geet, da gëtt ëmmer gekuckt, oder gefrot, wien dann elo dovunner ka profitéieren, wéi de Kuch also verdeelt ka ginn. Kënnen d’Leit an Europa elo erëm méi an der Peitut froen, oder muss een awer nach lues maachen?

Jean-Claude Juncker: Mir kréien ee Wirtschaftswuesstem viraussiichtlecherweis vun 2,4% an dësem Joer. Dat ass e bësse manner wéi d’lescht Joer. Dat ass dat éischt.

Dat zweet, et si just dräi Länner deenen hir Finanzsituatioun total an der Rei ass, dat ass Irland, dat ass Finnland an zu engem gewëssen Deel Holland. Alleguer déi aner Länner, esou ass gëschter Owend festgehale ginn, mussen nach weider grouss Ustrengunge maache fir hir Finanzen total an d’Rei ze kréien.

Lëtzebuerg ass dat Land, wat am schnellste seng Finanzen an d’Rei wäert kréien, wahrscheinlech am Laf vum Joer 2007, 2008. Dann hu mir eist sougenanntent mëttelfristegt Zil erreecht, dat heescht, eng Situatioun no beim Equiliber. Wann dat esou ass, dann weist dat eis gläichzäiteg datt d’Lag zwar besser ass wéi gefaart ginn ass, mä datt se net esou gutt ass, datt een elo schon zu deene glécklechen Iwwergäng kéint komme vun deenen Dir elo just geschwat hutt.

Frank Kuffer: Dir gitt awer zitéiert, datt ee liicht Upassunge vun de Peien doriwwer kéint diskutéieren, ouni d’Kompetitivitéit op d’Spill ze setzen.

Jean-Claude Juncker: Dat ass de Punkt. Et kann zu enger Lounweiderféierung kommen, mä ënner der Bedingung, datt all Lounaugmentatioun däitlech an der Linn ass mat Produktivitéitsverbesserungen. Wann ee Lounerhéijunge mécht, déi net op de Produktivitéitsverbesserunge berouen, da gëtt ee manner kompetitiv.

Lëtzebuerg ass eben déi zwee lescht Joer manner produktiv ginn, well eis Produktivitéitsentwécklung net esou phantastesch war, datt allméiglech Lounerhéijunge méiglech wieren. Wann een dat mécht, dat heescht Lounerhéijungen déi méi wäit gi wéi d’Produktivitéitserweiderungen dat erlaben, da kritt een Inflatioun, a wann een Inflatioun kritt ass ee manner kompetitiv.

Duefir bleift et an deene Länner déi nach net total an der Rei sinn, bei der Massgab, déi gëschter vun de Finanzministeren, vun deenen 13 vun der Eurozon esou décidéiert ginn ass, datt ee muss fir d’éischt säi Budget an d’Rei bréngen, iert ee ka wat d’Ausgabepolitik ugeet, zu méi generéise Schrëtt kommen. Dat musse mir wëssen, mir mussen eis nach e bësse gedëllegen. Mä wann d’Produktivitéitsentwécklung gutt ass, da kann et natierlech zu Lounentwécklung kommen, well da gëtt et keng Inflatioun duerch déiselwecht bedéngt.

Frank Kuffer: Op den Noriichtenagencen heescht et och, den Eurogroupe hätt un d’Europäesch Zentralbank appeléiert, fir déi manner héich Inflatiounserwaardungen ze considéréieren. Heescht dat, Dir rechent net domat, datt d’EZB déi nächst Woch d’Leetzënsen nees erop setzt, oder gi se vläicht esouguer deemnächst eng Kéier erof?

Jean-Claude Juncker: Eisen eegenen Aschätzungen no, an den Aschätzunge vun der Kommissioun no, kréie mir iwwer dat ganzt Joer 2007 verdeelt, eng Inflatioun vun em déi 1,8%. Dat wier manner wéi déi 2% vun deenen d’Europäesch Zentralbank mengt, dat wier de Maximum deen ee kéint toleréieren. Ech maachen drop opmierksam, datt Lëtzebuerg iwweregens däitlech iwwer deenen 2% läit, an datt mir an der Moyenne nëmmen ënner deenen 2% sinn, well eenzel Länner, besonnesch Däitschland, besonnesch kompetitiv gi sinn, a besonnesch performant bei der Inflatiounsandämmung gi sinn.

Mir hu gëschter keen Appel un d’Europäesch Zentralbank geriicht, déi jo der Meenung ass, datt een d’Inflatiounskorridore muss mëttelfristeg beobachten, net elo nëmme kuerzfristeg, datt ee muss gesinn, datt et Risike gëtt bei der Inflatiounsentwécklung, wéi beispillsweis d’Uelegpräisser, wéi beispillsweis een no wéi vir bestoenden Duercherneen op der geostrategescher Szene, Stéchwuert Iran.

Ech wëll mech net an d’Zënspolitik vun der Bank amëschen, mä mir schéngen d’Zeeche wat de Profit vun der Zënssazgebung ubelaangt, esou ze stoen, datt deen Zënssput vun deem Dir gemengt hutt e géif a Mäerz geschéien, aller Wahrscheinlechkeet no och da wäert geschéien. Mä dat ass wéi gesot eng Décisioun vun der Zentralbank, net vun de Ministeren.

Frank Kuffer: Dat heescht, perséinlech mengt Dir datt d’Zënsen d’nächst Woch erop ginn awer?

Jean-Claude Juncker: Ech spekuléieren net an der Zënspolitik vun der Bank, mä déi rezent Kommunikatioun vum President vun der Zentralbank, dem Här Trichet, weisen datt d’Europäesch Zentralbank mëttelfristeg d’Inflatiounsgefor net als gebannt ugesäit.

Frank Kuffer: Dir hutt et ugedeit, Dir hutt och gëschter iwwer d’Stabilitéitsprogrammer vun 10 Länner geschwat, dorënner ass och Lëtzebuerg. Wéi zefridden ass den Eurogroupe-President Jean-Claude Juncker da mam lëtzebuerger Finanzminister Jean-Claude Juncker?

Jean-Claude Juncker: Éischtens ass dee mir ganz sympathesch, an zweetens hunn ech zur Kenntnis geholl, datt déi aner Finanzministere Lëtzebuerg dozou félicitéiert hunn, datt mir déi Aspuerungsmoossnamen déi mir an der Tripartite beschloss hunn, och duerchgefouert hunn, an datt mir Budgetsdefiziter an de Joeren 2006, 2007, an 2008 kréien, déi däitlech manner ënner deene wäerte bleiwen, déi mir kritt hätten, falls mir déi Moossnamen an der Tripartite, an duerno Gott sei Dank och am Parlament, décidéiert hunn, net geholl hätten.

Et gëtt gesot, eis Finanzsituatioun wier gesond, well mir eng niddereg Staatsschold hunn, a well mir relativ héich Reserven an eise Pensiounssystemer hunn. Et gëtt gemengt an de Joeren 2006, an 2007 géifen d’Resultater besser gi wéi bis elo gemengt. Wéi an alle Länner vun der Eurozon, ass et och zu Lëtzebuerg esou, datt d’konjunkturell Erhuelung, an déi domat verbannend ugespronge Steiereinnamen, et erlaben ee Budgetsofschloss ze maachen, dee méi gënschteg ass wéi dat virun der wirtschaftlecher Reprise an der Eurozon geduecht ginn ass.

Mä mir kréien awer däitlech gesot, séier däitlech gesot, datt mir eis em déi laangfristeg Nohaltegkeet vun eisen ëffentleche Finanze musse bekëmmeren, well, esou mengt d’Kommissioun, esou mengt d’Zentralbank, esou mengen déi aner Kollegen, déi finanziell Belaaschtung déi duerch eise Renten- a Pensiounssystem op eis duerkommen, lues a lues bis an d’Joer 2040 riskéieren eise Finanzen iergendwann eng Kéier d’Loft ofzegruewen, well déi Käschten, déi Ausgaben, déi mat eise Renten- a Pensiounssystemer verbonne sinn, klammen em 7,5% vum Bruttoinlandprodukt, vun haut 2,2 Milliarden Euro d’Joer, an ale Frangen iwwer 80 Milliarde Frang. Dat ass déi héchste Steigerung an der gesamter Eurozon an do kréie mir gesot, datt mir iwwer eis Renten- a Pensiounssystemer eis misste Suerge maachen, well déi aner maache sech och Suergen driwwer.

Frank Kuffer: Här Staatsminister, villmools Merci datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci, Awar.

Dernière mise à jour