Le ministre de la Justice au sujet de l'évasion d'un détenu du Centre pénitentiaire de Schrassig

Guy Kaiser: Allgemeng kann ee vun der Sëtzung de Moien zeréckbehalen, d’Flucht koum zustanen duerch een Amalgam vun onglécklechen Ëmstänn, vun engem Feeler kéint net Rieds goen. Invité ass elo de Justizminister. Gudden Owend, Här Luc Frieden.

Luc Frieden: Gudden Owend.

Guy Kaiser: Amalgam ass vläicht dat gutt Stéchwuert. De Prisongsdirekter huet virun enger Woch vun enger Mauer geschwat vun 5 bis 6 Meter. D’Police huet dës Héicht iwwerholl, also och d’Press. Dir selwer hutt d’lescht Woch vu quasi engem groussen Athlet geschwat, deen iwwer dës Mauere komm war. An du koum dat Ganzt un d’rullen, oder?

Luc Frieden: Ech mengen et muss ee kucken, wat wiesentlech war, d’lescht Woch an dës Woch, dat ass, datt dee Gefaangenen et fäerdeg bruecht huet, hunn ech d’lescht Woch gesot, iwwer dräi héich Maueren ze kommen. En fait waren et dräi Maueren, zwou Clôturen, dräi mol war do Stacheldrot.

Fakt ass, datt bis elo ni een iwwer deen do Wee erauskomm ass, och mengen ech dat beweist, datt et schwiereg war. Fakt ass och, datt déi Grondinformatiounen déi mir direkt e puer Stonnen nodeem et geschitt war, ginn hunn, datt déi am wiesentlechen net anescht sinn, quitte datt mir haut méi präzis woussten, an et waren en fait nach méi Obstaclen do, wéi mir geduecht haten. A mir hunn och Schwaachstelle gesinn, déi een nach ka verbesseren, mä déi awer virdrun ni erausfonnt gi waren.

Guy Kaiser: Schwaachstellen dozou gehéiert zum Beispill vläicht dee pickegen Drot, deen deen Dag zum Deel d’Mauer erofhoung. Et gehéiert awer och vläicht dobäi, datt de Kujtim deen Dag Händsche konnt droe fir sech un deem Drot kënnen unzepaken. Sinn dat där Detailer?

Luc Frieden: Neen, well ech wëll Iech soen Här Kaiser, datt wéi dee Prisong entworf ginn ass, datt iwwerhaapt kee pickegen Drot am banneschte Beréng vum Prisong war, an datt ech 2004 op Recommandatioun vun der Prisongsdirektioun décidéiert hunn, pickegen Drot iwwer déi Maueren ze maachen. Elo hu mir gesinn, datt och dee pickegen Drot bei esou enger Zort Gefaangene wéi deen hei, kann duerchbrach ginn.

Guy Kaiser: Dat war awer nëmme méiglech, well dee pickegen Drot erofhoung (ënnerbrach)

Luc Frieden: Jo, mä deen houng erof, ebe fir datt et méi schwéier wier fir d’Mauer erop ze klammen. Duefir ass deen extra erof ugemaach ginn. Dat si Sécherheetsexperten déi op déi Iddie kommen, grad esou wéi déi Paart, déi hien iwwerschratt huet, déi am Fong eng Bréck gebaut huet tëschent zwou Maueren. Déi war 2001 gebaut ginn, fir datt kee kéint mam Auto an der banneschter Enceinte ronderëm fueren. Dir gesitt, d’Sécherheet ass meng permanent Considératioun.

D’Grondelementer, wat ech en Dënschdeg gesot hunn, sinn haut och nach richteg. Mir hu vill fir d’Sécherheet gemaach, mä d’Sécherheet muss een ëmmer erëm adaptéieren. Zwou vun deene Saachen déi mir gemaach hunn an deene leschte Joeren, si menger Meenung no richteg gewiescht, mä et muss ee se nach renforcéieren. Da musse mir eben elo kucken anere Stacheldrot dohinner ze maachen, voir elektresch Elementer an deen Drot anzeféieren. Ech gesi gäre wat fir eng Debatt dat gëtt. Mä ech hunn de Moie gespuert an der Commission juridique, datt ech eng Ënnerstëtzung hu fir nach méi Sécherheet do anzebauen. Mä ech wëll dat op eng responsabel Aart a Weis maachen, an en Ligne mat deem, wat ech bis elo gemaach hunn.

Guy Kaiser: Onglécklech war vläicht Är Formulatioun virun enger Woch, den Här Kujtim hat eng Militärformatioun mat gemaach, dat stëmmt jo awer elo net.

Luc Frieden: Dat weess ech net, dat hunn d’Gardiene mir gesot, wou ech hinne gesot hunn, wéi ass dat da méiglech, datt deen do iwwer déi Mauer kënnt. An déi hu mir dat gesot, ech kann dat net beweisen, ech kann awer och net de Géigendeel beweisen. Well ech mengen et ass och relativ irrelevant, Fakt ass, datt et eng Leeschtung war, an ass, fir do driwwer ze kommen. An duefir huet jo och bis elo keen dee Wee do gemaach, nach musse mir kucken, datt dat an Zukunft net méi méiglech wier, an dat maachen ech.

Guy Kaiser: Eng 100%teg Sécherheet gëtt et souwisou menger Meenung no net, ouni datt ech eppes vu Prisong géing kennen. Mä ass elo de Prisong zu Schraasseg wierklech sécher? Eisen Informatiounen no stoung de Guy Hertert, jo och net grad egal wien, virun zwou Wochen nach um Dag vum Direkter sengem Büro.

Luc Frieden: Mir haten an 23 Joer wou et dee Prisong gëtt, en ass 1984 vun der Madame Flesch ageweit ginn, hate mir 7 Ausbréch. Wann een dat vergläicht mam Ausland, an ech hunn dat gekuckt a Chiffere vum Conseil de l’Europe, da gesäit een, datt der do vill méi ausbriechen. Dat heescht, datt ee ka soe generell, besonnesch wat den Ausseberäich ubelaangt, ass eise Prisong relativ sécher. Nach wëll ech déi Sécherheet renforcéieren.

Zum Beispill maache mir elo Ronden, wou méi Leit ronderëm ginn, ronderëm de Prisong, mir maachen e puer Häff wou mir driwwer Drot maachen, datt och net kann en Ausbroch vu bausse gehollef kréie via Helikopter. Mir wäerten neien, oder méi staarke Stacheldrot maachen. Ech hunn décidéiert nei Kameraen ze installéieren.

Dat dauert natierlech alles eng gewëssen Zäit, dat muss ausgeschriwwe ginn. Mä de Sécherheetskonzept dee maachen ech net, wann en Ausbroch ass, dee maachen ech permanent, an Dir kënnt Iech net virstellen, wéi vill Stonnen ech um Prisongsdossier an deene leschte Joere geschafft hunn.

Guy Kaiser: Wat Dir mir wëllt soen, ass u sech dat, wat Dir mir virun enger Woch am Studio gesot hutt. Ech hunn deemools d’Haaptinformatiounen erausginn. E puer Saachen hunn net grad esou gestëmmt wéi mir et haut wëssen. Fill Dir Iech den Owend confirméiert genuch, respektiv gesitt Dir Iech genuch gestäerkt, fir vum Här Bettel, deen Iech e Ligener genannt huet, eng Entschëllegung ze froen?

Luc Frieden: Här Kaiser, wann Dir nolauschtert wat ech d’lescht Woch em 12 Auer gesot hunn, wat RTL bruecht huet, a wann Dir nolauschtert wat de Mëtteg d’Police an de Prisong gesot hunn, da gesitt Dir, datt dat an de Grondelementer nach ëmmer dat nämlecht ass. Dat ass e wichtege Punkt. Datt mir méi Detailer kennen ass normal. D’Police judiciaire huet an der Tëschenzäit d’Spuere ganz genee konnten novollzéien.

Déi Leit déi gesot hunn dat wier net d’Wourecht, déi mussen haut, déi Versioune vun haut a vun der leschter Woch beienee leeën, an ech hätt gären datt d’Lëtzebuerger jugéieren, iwwer d’Aussoe vun aneren Deputéierten. Ech kann nëmme soen, datt dat wat ech deemools gesot hunn, an dat vun haut, ass am wiesentlechen, do wou et drop ukënnt, dat selwecht, an dat sinn d’Informatiounen déi ech kritt hunn.

Nach bleift d’Fro, a wéi engem Moment een der Press iwwerhaapt Informatioune gëtt. Et ass kloer, datt een no enger Woch vill méi am Detail weess, wéi eppes gaangen ass, wéi eng Stonn duerno. An duefir muss och d’Press sech heiansdo gedëllegen, iert se d’Informatioune kritt.

Guy Kaiser: Zwou Saachen nach ganz kuerz. Den Ament leeft jo och nach e Prozess wat d’Feier virun engem Joer zu Schraasseg betrëfft. Do gouf ënner anerem kritiséiert, datt et am Gebai keng Sprinkleranlag gëtt, an och keng feierfest Matratzen. Hutt Dir do wëlles eppes ze änneren?

Luc Frieden: Et gëtt e Feierkonzept am Prisong, an dat ass applizéiert ginn. Et gëtt eng Analys déi regelméisseg gemaach gëtt vun der Sécurité dans la Fonction publique. An déi hunn dat Feierkonzept approuvéiert. An duefir kann ech nëmme soen, och wat déi Matratzen ubelaangt, gëtt mir gesot, ech si keen Expert vu Prisongsmatratzen, datt déi an d’Kategorie vun de schwéier brennbare Matratze falen. Wësst Dir wann awer een eng Matratz ufänkt, an nach aner Elementer dobäi leet, datt et brennt, da sinn déi Konsequenzen do quasi inevitabel.

Guy Kaiser: Dir hutt et wahrscheinlech héieren Här Frieden, et gëtt och en neien Ament a Saache Bommeleeër. De Procureur hat schonn am November gemengt e geschlossene Grupp vu jonke Männer hätt Insiderwëssen aus dem Sécherheetsapparat gehat. Gouf do an der Tëschenzäit enquêtéiert?

Luc Frieden: Ech schwätzen ni, a kann och net schwätzen, zu Justizenquêten déi am gaange sinn. Ech hunn doriwwer keng Informatiounen, an dat ass och richteg an engem Land wou et eng Séparation des pouvoirs gëtt.

Guy Kaiser: Ech hu mir déi do Äntwert erwaart. Ech hu trotzdem meng Fro musse stellen. Här Minister, Merci fir Är Zäit den Owend. Dir bleift iwweregens nach um Kierchbierg, geschwënn héiert een Iech net nëmmen, et gesäit een Iech och nach, an zwar op der Tëlee.

Dernière mise à jour