Le ministre de la Justice au sujet de l'évasion d'un détenu du Centre pénitentiaire de Schrassig

No der Evasioun vum Nuka Kujtim d’lescht Woch war déi zoustänneg Chamberkommissioun haut de Moien also mam Justizminister op Visite zu Schraasseg. Luc Frieden, gudden Owend.

Luc Frieden: Gudden Owend.

Tom Graas: Mir hunn et elo just am Reportage am Journal héieren, d’Deputéiert schénge méi oder wéineger roueg ze sinn. Dir konnt si also iwwerzeegen, datt och elo dat allerlescht Mauslach zu Schraasseg zou ass?

Luc Frieden: D’Sécherheet am Prisong ass fir mech eng permanent Prioritéit. Dat hunn ech och den Deputéiert gesot, mä et muss een och wëssen, datt et an engem Prisong, wéint deem Konfliktpotential wat do ass, déi Leit wëlle jo net do sëtzen, ëmmer erëm zu Tëschefäll ka kommen.

Ech muss soen, datt mir an deene leschte Joeren eng ganz Rei Saache gemaach hunn. Zum Beispill dee Stacheldrot em deen hei vill diskutéiert ginn ass, deen hu mir eréischt 2004 bannen an der Enceinte geluegt. Elo hu mir erëm een anere Wee fonnt, dee bis elo nach ni ee fonnt hat. Et muss een also permanent d’Sécherheet adaptéieren, dat maache mir, domat fuere mir virun.

Tom Graas: Dir bleift also dobäi, datt dee Prisonéier ee ganz spezielle Wee an d’Fräiheet fonnt hat, deen och net all Mënsch hätt kéinte packen?

Luc Frieden: Dat huet nach ni ee virdru gemaach. Wann et esou einfach wier, hätte schonn anerer et gemaach. Dräi Maueren, zwee Zonken, dräi mol Stacheldrot, fir mech bleift dat scho ganz speziell. Trotzdem wëll ech de Stacheldrot renforcéieren, wäerte mir nei Kameraen installéieren, wäerte mir Leit astellen, déi ronderëm Ronde maachen. Et muss ee permanent un der Sécherheet schaffen. A permanent awer och wäerten ëmmer erëm et Gefaangener ginn, déi versiche Faillen am System ze fannen, oder trotzdem do eraus ze kommen. Et ass (ënnerbrach)

Tom Graas: Deen do Wee deen ass zou.

Luc Frieden: Deen do Wee geet net méi, well eng Dier, déi gebaut gi war aus Sécherheetsgrënn, eng Liichtegkeet bruecht huet, fir vun enger Mauer op eng aner ze kommen, an déi wäert an Zukunft net méi déi Fonctioun kënnen erfëllen. Deen do Wee geet net méi.

Tom Graas: Gutt. Eng aner Kritik war déi, datt d’Identitéit an d’Foto vun deem albanesche Flüchtling relativ spéit publique gemaach goufen. Wéi konnt dat geschéien?

Luc Frieden: D’Police huet déi Foto erausgeschéckt fir datt Dir op der Televisioun se kéint weisen owes, an datt Zeitung deen aneren Dag se kéinte bréngen. Während dem Dag huet d’Police virun allem d’Radioen informéiert, well et ass dat wat d’Leit am Dag héieren.

Zweetens muss ech soen, wat méi wichteg nach war, déi Leit déi um Terrain ware vun der Police, déi kruten direkt d’Signalement matgedeelt, datt déi woussten no wiem se géinge sichen. De Polizei-Generaldirekter huet de Mëtteg gesot, datt ee géing versichen an Zukunft vläicht nach iwwer Internet oder esou déi Foto nach direkt ze bréngen. Während dem Dag kucken déi meescht Leit net dauernd op den Internet, mä si lauschteren de Radio, dat kann en nach bësse méi schnell héchstwahrscheinlech an Zukunft maachen.

Tom Graas: Gutt. Schwätze mir e bësse méi iwwer de Fong, Luc Frieden. Dee wuel gréisste Problem vum Prisong ass a bleift déi héich Zuel vu Prisonéier. Et sinn der den Ament 689, dovunner just 162 Lëtzebuerger. Op EU-Niveau soll et geschwënn eng Kéier méiglech ginn, fir wéinstens EU-Bierger déi am Prisong sinn, an hir Heemechtslänner zeréck ze féieren. Just fir dee Chiffer ze nennen, den Ament sinn et eng 104 auslännesch EU-Bierger déi zu Schraasseg sëtzen. Dat géif d’Situatioun jo erliichteren.

Luc Frieden: Also, ech hu mech fir déi do europäesch Décisioun enorm agesat. Ech war et als President vum europäesche Justizminister-Conseil, deen dat iwwerhaapt op den Ordre du jour vum Conseil bruecht huet.

Et muss ee wëssen, datt déi meescht Länner guer net fir déi do Décisioun waren. Well déi Länner hu méi hirer Ressortissanten am Ausland, an déi hu keng enorm Loscht déi zeréck ze huelen. Ech hunn et trotzdem fäerdeg bruecht, an déi Présidence no mir hunn dat zum Deel weidergefuer, a mir krute virun engem Mount en Accord, datt mir dat kënne maachen.

Dat heescht am lëtzebuerger Kontext, datt mir héchstwahrscheinlech eng Rei, ouni den Accord vum Détenu, dee mir haut mussen hunn, ouni Accord vun deem Land wou en hierkënnt, déi Leit kënnen heem schécken. Mä déi Décisioun, déi hun d’Memberstaaten dräi Joer Zäit fir se ëmzesetzen. Mir gesinn also mar net d’Friichten dovunn, mä dat ass eng Décisioun déi eis zu Lëtzebuerg, Dank Europa, wäert an deenen nächste Joeren eng Rei Problemer hëllefe léisen.

Tom Graas: Et sinn och ëmmer nach eng Partie déboutéiert Asilanten am Prisong. Kënnt Dir déi Ausso vum Jean Asselborn, dem Immigratiounsminister, virdrun am Journal confirméieren, datt dee Block P2, dee jo duerch dee Brand beschiedegt gouf, datt deen an den nächsten Deeg nees opgeet?

Luc Frieden: Dat sinn och déi Informatiounen déi de Bauteminister mir ginn huet. An dovu gi mir aus, datt wann d’Receptioun vun deem Chantier klappt, datt dat effektiv d’nächst Woch erëm kéint deen Trakt a Gebrauch geholl ginn.

Tom Graas: Mä eraus kritt Dir déi Leit jo am Fong geholl awer eréischt, wann dee Centre de rétention beim Findel fäerdeg ass. Bleift et do och bei deem Datum Enn 2008? Ass dat déi Informatioun déi Dir och hutt?

Luc Frieden: Den Ausseminister ass duefir zoustänneg mam Bauteminister, an ech ginn dovun aus, datt dat hir Pläng sinn. Mä ech menge generell bleift am Prisong, an duefir ass och eise Prisong ontypesch, well mir eng ganz héich Zuel, net nëmme vun Auslänner, mä vu ganz verschiddenen Auslänner vu verschiddene Länner, an ech mengen dat mécht de lëtzebuerger Prisong ganz ontypesch. An duefir ginn et och an Zukunft, trotz allen Efforten déi mir maachen, ëmmer erëm Tëschefäll, well déi Leit enorm vill Sprooche schwätzen, d’Kommunikatioun ganz schwiereg ass, a well mir eben och ganz vill net-Résidenten hunn, iwwer 50% sinn net-Résidenten, dat heescht déi hu keng Famill a Frënn hei am Land. Déi sinn also manner sozial entouréiert, wéi dat vläicht an auslännesche Prisongen de Fall ass. An dat ass eng Problematik déi ganz oft an der ganzer Debatt ronderëm de Prisong vergiess gëtt.

Tom Graas: De Justizminister bleift ofhängeg vun der Vitesse wéi de Staat zu Lëtzebuerg baut, an dat wësse mir jo, dat ass net terribel séier. Wéi ass et da mat engem zweete Prisong, ee fir Untersuchungshäftlinge vun deem scho méi dacks geschwat gouf? Sinn déi Projeten konkret?

Luc Frieden: Déi Projeten si ganz konkret. An ech hunn an deene leschte Méint eng ganz Rei intensiv Gespréicher gefouert mat Gemengen. Just déi sinn och net alleguer ganz begeeschtert fir e Prisong op hiren Territoire ze kréien. An duefir mengen ech, muss hei d’national Solidaritéit spillen, wann een esou eppes mécht. An ech hoffen, datt déi Gespréicher erfollegräich op en Enn ginn.

Mä kuckt d’Familljeministerin an de Bauteminister si scho laang am gaangen ze kucken, datt mir och déi puer Mannerjäreg, déi mir am Prisong hunn, déi d’Jugendgeriicht hei hinner setzt, op Dräibur ze kréien. Si hunn och dës Woch erëm eng Kéier e Gespréich mat der Gemeng vu Wuermer dodriwwer. Mä dat dauert, dat dauert, well do eng ganz Rei Problemer opgeworf ginn. An duefir muss een och versichen, datt jiddwereen am Land sech och bewosst ass, datt et Prisongen, oder spezial Eenheete fir Jugendlecher déi e gréissere Problem hunn, datt déi och an eiser Gesellschaft mussen iergendwou eng Plaz fannen. An do musse mir natierlech d’Sécherheetsconsidératioune ganz héich astufen. Dat ass d’Aufgab vum Justizminister, vum Polizeiminister, an dat wäerte mir maachen. Mä déi Gemenge mussen och wëssen, datt si och do mussen eis hëllefen. An ech fannen och bei enger Rei Buergermeeschteren éischter Verständnes fir (ënnerbrach).

Tom Graas: Wéi eng Gemenge sinn dat dann? Ass dat éischter ronderëm d’Stad?

Luc Frieden: Ech mengen, datt déi Gespréicher, vu datt mir an deene Gespréicher sinn, déi sollte viru féieren. Mä et ass ganz kloer, d’Geriicht ass an der Stad, an datt een also och muss an engem gewëssen Ëmkrees vum Geriicht sinn.

An och déi, déi an deene leschten Deeg Kritike gemaach hunn, déi hunn och zum Deel Gemengeresponsabilitéiten. Ech hätt also och gären, datt déi Gemengen eis géife soen, wou een dee Prisong soll bauen. Ech hätt gären, datt dat séier géing goen, a mir wäerten duefir och budgetär Moyenen deblockéieren. Och da soen ech allerdéngs wäerten och an Zukunft nach kënnen heiansdo Tëschefäll am Prisong ginn. Well nach eng Kéier, déi Leit ëmmer wëllen, am Fong net wëllen do sëtzen. An dann also och, jee no hirem Charakter an hirer physescher Konditioun wäerte Problemer maachen.

Tom Graas: Lescht kuerz Fro Luc Frieden. De Prisong, de Strofvollzuch steet en op der Prioritéitelëscht vun der Regierung?

Luc Frieden: Selbstverständlech. E stoung an e steet op der Prioritéitlëscht. All d’Aspekter, och déi vun der Sécherheet am Prisong a ronderëm de Prisong. D’Sécherheet ass eng vun de Grondaufgabe vun dem Staat, a si ass d’Konditioun vun der Fräiheet déi kënnen exerzéiert ginn, an dorunner schaffe mir permanent.

Tom Graas: Gutt, Luc Frieden, Merci fir de Besuch am Studio.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour