La ministre de la Famille et de l'Intégration, ministre de l'Égalité des chances, Marie-Josée Jacobs, invitée de l'émission "Riicht eraus"

Jean-Pol Roden: An domadder begréisst d’Redaktioun Iech dobaussen hei fir onse grousse Samschdeg-Rendez-Vous "Riicht eraus". D’Invitée ass [...] d’Ministesch Marie-Josée Jacobs, déi gläich eng Rëtsch vu Ministeschkapen op huet an dat alles huet mam Mënsch ze dinn. Gudde Mëtteg, Marie-Josée Jacobs.

Marie-Josée Jacobs: Gudde Mëtteg.

Jean-Pol Roden: Da wollt ech gläich froen, wéi eng vun deene Kapen drot Dir dann am léifsten? Déi vun der Jugend, déi vum Alter oder déi vun der Chancegläichheet?

Marie-Josée Jacobs: Also ech muss soen, datt ech eigentlech lauter interessant Aarbechtsfelder hunn an och déi ech ganz gären hunn. Et ass natierlech deelweis méi einfach, wann Dir dat wat mer an der Jeunesse dës Woch konnte maachen, dat ass méi verbonne awer mat méi erfreeleche Situatiounen, wougéint datt wann een iwwer verschidde Situatioune vu Jugendlechen déi a Schwieregkeete si schwätzt, dat natierlech eppes ganz aneschters ass. D’selwecht och bei eelere Leit, do gëtt et jo och ganz vill Schéines wat ee kann erliewen. Wann Dir dann awer och bei eeler Leit kommt, deenen et schlecht geet, hutt Dir erëm dat selwecht. Et ass also, all Departement huet seng Freed a säi Misère an dat ass esou wéi et am Liewen dobaussen och ass.

Jean-Pol Roden: Da musse een awer soen, queesch duerch de Gaart vun deene Leit wou Dir einfach d’Verantwortung drot, gëtt et ganz vill Aarmut. Rezenterweis gouf eng Studie présentéiert, datt 15% vun de Lëtzebuerger iergendwéi un der Aarmutsgrenz leien, knabberen. Wéi kann een dat dann allgemeng ugoen a wann och aner Parteie vu Sozialofbau zu Lëtzebuerg schwätzen, da muss jo iergendwou awer och eppes dohannert sinn?

Marie-Josée Jacobs: Also déi leschten Donnéë vum Statec, déi hu gesot, et wier ee Risiko do, datt an dësem Joer mer op 13% vu Risiko fir an d’Aarmut ze kommen, géife kommen. Dir wësst, datt dat eng europäesch Aart a Weis ass fir dat ze rechnen. Do gëtt déi ënnescht gär ewech gelooss, déi iewescht gär ewech gelooss an da gëtt da 60% vun de Medianen gëtt dann do gerechent, fir dann ze kucke wéivill dat ass, ausmécht. An da wieren dann eben esouvill Leit, déi ënnert de Risiko géinge falen, da muss een nach gesinn, datt erëm 80% vun deenen awer Gott sei Dank um ieweschten Niveau sinn an net och nach um ënneschten Niveau sinn.

Op där anerer Säit wësse mer awer, datt et wierklech enger ganz Partie Leit et zu Lëtzebuerg net gutt geet. Mir wëssen och, datt eng ganz Partie Leit an eiser Zäit liewen a jiddweree vun eis, denken ech, kritt all Dag Bréiwer, besonnesch och vu Leit déi entweder eng Aarbecht sichen oder och Leit déi ee Logement sichen an dat si jo zwou Saachen déi eng wichteg Roll matspillen an der Aarmut. Wann ee keng Aarbecht huet, ass de Risiko fir aarm ze ginn natierlech vill méi grouss, wéi wann een dat net huet. Wann een ee Logement muss loune goen oder och kafe goen, da kascht dat ganz deier an dann hëlt dat awer ee grousse Batz vu sengem Akommes ewech.

Dat sinn also zwee Gebitter, déi elo näischt direkt mat mengem Ministère ze dinn hunn, mä et gesäit een datt dat alles awer iwwergräifend ass. Da kënnt dobäi, wann ee Jugendlechen ass oder eng Persoun ass, déi kee Schoulofschloss huet oder keen Diplom huet, deen engem zu enger Aarbecht féiert, datt dat natierlech och dozou hëlleft fir och an de Risiko vun der Aarmut ze kommen, woubäi ee muss soen, datt och zu Lëtzebuerg et mëttlerweil Leit ginn, déi schaffe ginn an awer am Risiko vun der Aarmut sinn.

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, Dir hutt gesot et wär méi einfach zu Lëtzebuerg aarm ze sinn, wéi am Ausland. Ech fannen dat awer trotzdem eng gewoten Ausso, wann ee Leit am Misère gesäit, ass et dach relativ ob een zu Tréier aarm ass oder zu Lëtzebuerg, wann een dann, fir et op Lëtzebuergesch ze soen, einfach an der Schäiss sëtzt.

Marie-Josée Jacobs: Also wann ech dat gesot hunn, dann ass et virun allem, well d’Tauxe vun der Aarmut déi dann zu Lëtzebuerg awer duerch déi héich Verdéngschter déi mir hunn, natierlech vill méi héich sinn. Wann Dir zu Lëtzebuerg sidd am Risiko, wann Dir 2450 Euro de Mount hutt fir zwee Erwuessener mat zwee Kanner. Wann ech da soen, et ass méi einfach, da musst Dir kucke goen wéivill datt an Däitschland d’Leit, zu Tréier zum Beispill, hätten. Do géing keen drun denken fir ze soen, mat 2400 Euro de Mount wier et mat zwee Kanner, wier en am Risiko vun der Aarmut. Et ass also an deem Sënn, wou Dir et eng Kéier kënnt gesinn an op där anerer Säit hu mer natierlech d’Chance, datt mer awer den RMG hunn, deen et a villen anere Länner och net gëtt. Wann Dir Iech wësst z’erënneren, rezent elo bei där neier Regierung an Éisterräich, war dat eng grouss Diskussioun, datt se dann elo géingen 800 Euro de Mount aféiere fir RMG, fir nëmmen ze weisen, wann ee seet besser zu Lëtzebuerg nach aarm ze sinn.

Dobäi verhënnert dat net, an dat wëll ech och hei net an och net an der Chamber deemols, dat méi schéirieden, de Leit déi op der Strooss sinn, de Leit déi wierklech um ënneschten Niveau vun der Aarmut sinn, ass et mengen ech wierklech egal, ob een op där enger Plaz ass oder op där anerer Plaz ass.

Jean-Pol Roden: Bréissel gëtt jo allgemeng vill kritiséiert, mir gi vu Bréissel an eng globaliséiert Welt geschéckt. Zu Bréissel sinn awer och Iddien am gaange fir op EU-Niveau ee mindest-RMG oder ee Mindestloun anzeféieren. Wéi stitt Dir dann als lëtzebuergesch Regierung dozou oder als mat vun der lëtzebuerger Regierung?

Marie-Josée Jacobs: Also, mir gehéieren natierlech zu deene Leit, vu datt mer dat jo bei eis am Land hunn, selbstverständlech en faveur vu Mindestléin, esougutt an der gesamter Europäescher Unioun wéi och vu Mindestakommessen, well dat awer enger ganzer Partie vu Leit wéinstens déi absolut Aarmut géing verhënneren. Dann hutt Dir natierlech ëmmer erëm séier d’Fro vun de finanzielle Situatioune vun deene eenzelne Länner, wourunner dat da scheitert oder och nach zu engem Deel eng Philosophie, déi eng ganz aner ass. Mir si jo am Fong zanter Joren um Wee fir ze soen, a ville Beräicher, ob ech dorun denke bei deenen aarme Länner, oder ob ech elo denke bei de Behënnerten, mir hätte gären, datt d’Leit esouwäit wéi et geet, eng normal Situatioun hätten, datt se da mat deem, wat se zur Verfügung hu kënnen, a misste kënnen, ordentlech liewen.

Mir kënnten elo och nach dee ganze Volet uschwätzen iwwert de Surendettement, dee sécher och dozou bäidréit, fir datt eng ganz Partie Leit an d’Aarmut kommen, déi net onbedingt missten aarm sinn, mä déi da vläicht och net de Geschéck hunn, fir mat Geld ëmzegoen, déi duerch iergendeen Ëmstand awer och an hirem Liewe kënnen och an d’Aarmut falen. An och do ass et zum Beispill elo interessant fir ze gesinn, datt et am Fong net ass, well d’Leit esou, déi allermeescht, einfach esou d’Suen zur Fenster erausgeheien, well se net wëssen domadder ëmzegoen, mä well se ganz dacks a Liewenssituatioune sinn, déi se dohinner féieren, doduerch datt se hir Aarbecht verléieren, doduerch datt se krank ginn, eventuell nach gescheet ginn, datt all déi Elementer déi da beienee kommen och dozou féieren, datt se bemol iwwerverschëldt sinn.

Jean-Pol Roden: Ech mengen, et ass jo awer och ganz einfach hei am Land oder och am Ausland iwwerschëldt ze ginn, iwwerall kritt een alles nogehäit fir 100 Euro Basiskaf, kann ee 14 mol 50 Euro fir eng Televisioun bezuelen an esou weider an esou virun, an et si ganz vill Leit, déi iwwerhaapt net doropper oppassen an iwwerhaapt net kënnen do eens ginn domat. Ass do net och, an dat ass jo och vläicht ee Beräich, deen iergendwou an engem vun Äre Ministèrë ging passen, fir mol Leit anzestellen, Éducateuren géint de Surendettement, an esou weider an esou virun?

Marie-Josée Jacobs: Also ech denken, datt mer an deene leschte Jore probéiert hunn, och mat deene Servicer - ob dat d’Interactioun ass oder ob dat d’Ligue médico-sociale ass - fir ze kucken, de Leit Opklärung ze ginn. Mir hunn och Campagnë gemaach, déi eng mat méi Erfolleg, déi aner heiansdo mat e bësselche manner, mä awer och de Moment een neien Dépliant, dee mer mat deenen zwee Servicer zesummen erausginn, fir d’Leit iwwerhaapt mol opmierksam ze maachen, wou sinn d’Risikoen. Muss du wierklech elo dee Prêt do maachen? Ass dat eppes wat sënnvoll ass, oder géing et vläicht grad esou gutt goen an d'Liewensqualitéit gëtt vläicht guer net esouvill méi héich doduerch, datt’s du elo nach Sue fir dat doen oder esou léine geess?

Dann ass et selbstverständlech, mir hunn och eng ganz Partie Aktiounen esou gemaach am Jugendberäich, an de Jugendheiser, an dat ass jo eppes wat ech och flott fannen, well déi Jugendlech jo selwer och sech domat engagéieren. Si kucke selwer wat geschitt, wéi geet dat, wéi funktionnéiert dat? An dat ass eppes aneschters, wéi wann nëmmen een dohinner kënnt an dee seet Iech vun uewen erof, hei pass elo op, datt s de deng Suen net ewech gëss an datt s de der net méi ewech gëss wéi s du der hues. Also ech mengen, datt et do eng ganz Partie esou Initiativë gëtt, mä ëmmer nach, denken ech, ass och an dem Grondbehuele vun de Leit, musse mer och op aner Weeër erëmkommen oder dovun erofkommen ze mengen, datt wierklech alles nëmmen géing vum Konsum ofhänken.

Mech nervt dat, datt all Mënsch muss fir all Vakanz fortfueren, well soss ass e keen. Mech nervt dat, wann een dës Markekleeder muss hunn an datt een dee Schoulsak muss hunn, vun där Mark, well soss gehéiert een net dozou. Jiddwer Schüler, wann ech bedenke wéi mir fir Infirmière geléiert hunn, do sinn d’Proffen déi Schoul hale komm si mam Auto komm. Haut kommen dach bal sämtlech Schülerinnen a Schüler an alle Beräicher komme mat hirem eegenen Auto an d’Schoul. Ech wëll iwwerhaapt net vu Klimaschutz schwätzen, mä wann ech nëmme mer esou eppes virstellen, da muss ee jo soen, dat dreift jo eng ganz Partie vu Leit dozou, déi sech dat do iwwerhaapt net kënne leeschten, mä déi awer net wëllen hunn, datt hir Kanner Ausgeschlossener sinn an der Gesellschaft, ier et mol ugeet, do dozou, datt se mussen Autoe kafen an dann op där anerer Säit, déi musse jo dann ënnerhale ginn an dat féiert awer, datt se ganz dacks méi Schold kréien a méi Schold hunn wéi se se kënne verschafft kréien.

Jean-Pol Roden: Ech mengen, all dat wat mer elo schonn e bësselchen eng Kéier gesträift hunn, wäert am Laf vun der Sendung an iergendenger Form nach eng Kéier zréckkommen. [...] Marie-Josée Jacobs, ech ka mer virstellen, datt et vläicht gëschter Moien am Regierungsrot héich hirhgaangen ass. Et misste jo op mannst zwee Leit sech géint de Jean-Claude Juncker gestallt hunn, déi gesot hunn, mir géingen net an eng Rentemauer lafen. A wéi héich ass dann déi Rentemauer? 4,75 Meter oder 6 Meter?

Marie-Josée Jacobs: Also ech denken net, datt déi esou an de Meteren ze moossen ass, se ass éischter an de Joren ze moossen an ze kucken. Mir haten d’Chance an deene leschte Joren, datt ganz vill Leit op Lëtzebuerg komm sinn, eisen Aarbechtsmaart jo vill méi grouss ginn ass wéi en et je wor. Och wa mer méi Leit hunn déi hei zu Lëtzebuerg liewen a keng Aarbecht hunn, da gesi mer awer, datt et iwwer 100000 oder 120000 Grenzgänger ginn, déi all Dag kommen. Déi Leit alleguer cotiséiere jo an eis Pensiounskeesen.

Si kommen awer och eng Kéier, selbstverständlech mat guddem Recht, och hir Pensioun erëmfroen, datt se da gären déi Rechter akloe kommen, déi si dann zegutt hunn, an do kënnt eigentlech d’Fro, mir sinn do an enger relativ jonker Bevölkerung an esouguer seet d’OECD, datt mir eng vun deene Bevölkerunge wieren, déi bis 2050 méi jonk wiere wéi anerer.

Jean-Pol Roden: Awer wéinst den auslänneschen Aarbechtskräften?

Marie-Josée Jacobs: Absolut. Absolut, also et ass net eise Mérite vun de Lëtzebuerger, datt dat esou ausgesäit, a vill besser wéi bei aneren et ausgesäit, mä op där anerer Säit et ganz kloer ass, datt mer - an de Staatminister huet dat jo net gëschter fir d’éischt gesot - mä ganz dacks scho gesot, an et ass jo net jiddwereen deen dat gären héiert, mä ech denken, esou wéi an alle Länner an Europa mer eis mussen domadder offannen, an och mussen domadder beschäftegen, wat kënne mer maachen, fir zum Beispill déi eeler Leit - dat ass jo well eng Frechheet, wann een haut zu engem seet mat 50 Joer - du bass een eeleren, du fënns keng Aarbecht méi oder du gëss an denger Aarbecht zum Deel och erausgedréckt, well dann anerer erakomme sollen, déi vläicht manner Sue kaschten oder déi vläicht méi Aarbecht kënne leeschten.

Ech denken, datt et virun allem mol wichteg ass, datt mer Iwwergäng schafen, wou d’Leit kënne während enger Zäit nach schaffen, wou se vläicht och net mussen 100 Prozent schaffen. Wann ech de System bedenken, deen et beim Staat gëtt, wou ee 25, 50 a 75 Prozent zum Beispill ka schaffen, oder awer wou ee mat engem aneren eng Aarbechtsplaz kann deelen, alles dat géing jo awer hëllefen, fir datt d’Leit méi laang kënnte bleiwen, datt se net méi esou schwéier misste schaffen. Well egal wou ee schafft ass et jo wahrscheinlech awer méi beschwéierlech, wann een iwwer 60 Joer al ass fir nach schaffen ze goen, wéi wann ee méi jonk ass.

Et stellt een och fest, well ech jo e bësselchen eppes mat der Diversitéit ze dinn hunn, zum Beispill, a mir haten esou Konferenzen zesumme mat der Union des entreprises luxembourgeoises an och de Gewerkschaften, datt ee Betrib am beschte funktionnéiert, wou Männer a Fraen zu gläichen Deeler dra vertruede sinn, wou Dir jonk Leit an eeler Leit hutt, wou Dir Auslänner an net Auslänner hutt, wou Dir behënnert Leit hutt, wou am Fong d’Spigelbild vun der Gesellschaft gutt dra représentéiert ass, hutt Dir och déi beschte wirtschaftlech Werter. Et ass also net, datt nëmmen déi jonk Leit géingen ee Mehrwert schafen an enger Entreprise, och d’Wësse vun deenen eelere Leit, mengen ech, notze mer net genuch, weder op dem Aarbechtsmaart, nach och herno an der Fräizäit vun deenen eelere Leit, dat heescht an hire Pensiounen, wou ech mer och géing wënschen, datt mer et géinge fäerdeg kréien vläicht och méi Leit ze begeeschteren erëm, fir och do am Bénévolat täteg ze ginn.

Jean-Pol Roden: Läit et dann net un enger gewësser Kultur, datt jonk an al net méi zesumme lieft? Wann ee kuckt, fréier hunn d’Generatiounen an enger Famill zesumme gelieft, quitte datt se grouss Heiser haten a jiddwereen op sengem Stack wor. Mä huet dat net awer och domadder ze dinn, an da géingen automatesch eng ganz Rei aner Problemer, déi mer herno och mussen uschwätzen, ewechfalen.

Marie-Josée Jacobs: Also, dat wat fir mech an der Zukunft eng vun deene groussen Erausfuerderunge gëtt, dat gëtt och déi intergenerationell Solidaritéit. Mir liewen an enger Welt, dat ass et bis haut nach ni ginn, wou 5 Generatioune mateneen do sinn, wou der zwou dovu schaffen an déi aner 3 Generatioune vun deenen zwou musse mat duerchgeholl ginn. Wa mer also gesinn, datt de Prozentsaz vun de Leit an Europa, mir gi jo alleguerten ëmmer méi al, a mir si jo och frou doriwwer, a wa mer gesond méi al ginn, dann ass dat jo nach vill méi flott, mä awer iergendwou musse mer och gesinn, datt mer eis domadder mussen auserneesetzen, an da kënnt dat wat de Staatsminister gëschter och gesot huet, wéivill belaaschte mer dann an Zukunft déi jonk Leit, déi do sinn, déi schaffen, mat deenen eelere Leit, déi do sinn. An op där anerer Säit denken ech och, datt et schwiereg ass. Fréier hunn d’Leit beienee gewunnt, mä wann een haut am Altersheim oder an engem Pfleegeheim ass, et geet jo net all Sonndeg do eng Enkelin no der Bomi oder dem Bopa kucken, wéi sollen déi eng Solidaritéit vis-à-vis vun deene Leit hunn, wa se mol net wësse wee se sinn, wa se net wësse ween datt et ass.

An dofir hu mer och, zanter Jore si mer am gaang mat eenzelnen Altersheimer a Fleegeheimer ze kucken, zum Beispill datt Crèchen oder Kanner déi an den Uertschafte sinn, och an d’Altersheimer oder an d’Fleegeheimer draginn, fir do och Kontakt mat deenen eelere Leit ze hunn. Dat ass eppes wat deene Kanner gutt deet, well déi eeler Leit jo méi Zäit hunn an net méi esou nervös an esou gestresst si wéi mir et sinn. An dann op där anerer Säit déi Eeler natierlech frou sinn, datt se Kontakt behale mat der Jugend, datt se och nach gebraucht gi fir eppes. Also dat wat mir haut elo, wann Dir wëllt, e bësselche künstlech probéieren ze maachen, ass jo dat, wéi fréier d’Liewen ausgesinn huet. A well et dat net méi an deem Ausmooss gëtt, musse mer kucken, datt mer et op anere Planzen dann ebe probéieren awer e bësselchen esou ze organiséieren, fir datt d’Leit iwwerhaapt Kontakt zueneen hunn.

Jean-Pol Roden: Zu Frankfurt um Main gëtt et ee Musterbeispill, do heescht eng Aktioun „rent e Bop“ oder „rent eng Bom“, wou eeler Leit, déi nach fit sinn, 50, 60 hirer, déi hu sech uginn an enger Struktur a si gi mat Jugendlechen oder wierklech mat Kanner eben an den Zoo oder si liesen hinne Geschichte vir. Kéint ee sech esou Strukturen och hei zu Lëtzebuerg virstellen, och am Zesummenhang mat de Maisons relais?

Marie-Josée Jacobs: Dat kann ech mer ganz gutt virstellen, mir hunn awer een ähnleche Projet, deen elo am gaang ass ëmgesat ze ginn a fäerdeg gebaut ze ginn. Dat ass dat Haus fir wierklech kleng Kanner um Houwald, vläicht hu mer herno nach d’Geleenheet nach ee Wuert doriwwer méi am Detail ze soen, wou mer och elo schonn am viraus, d’Associatioun déi sech dorëmmer bekëmmert, gefrot huet, gëtt et hei eeler Leit, déi interesséiert zum Beispill wieren, mat esou engem Kand nomëttes spazéieren ze goen, fir domat och deem Kand eng Gebuergenheet ze ginn, déi bei allem gudde Wëlle vum éducative Personal wat do ass, jo net an deem Ausmooss méiglech ass. Dir gesitt also, datt dat och eppes ass, wou mer och drun denken. A wat mer och eis gutt kënne virstellen a wou eng grouss Demande, och vun eelere Leit, ass, déi sech gemellt hunn, fir ze soen, ma mir géingen dat dote ganz gäre maachen.

Jean-Pol Roden: Ech gesinn awer elo schonn erëm d’Gewerkschaften dogéint ugoen, dat wär keen diploméiert Personal, d’Betreiung vu Kanner misst an den Hänn vun Educateurs gradués leien?

Marie-Josée Jacobs: Also, ech menge jo net, datt dat do - hei geet et jo net drëm, datt déi eeler Leit sollen déi Kanner do erzéien, hei geet et drëm, datt déi eeler Leit kënne mat deene Kanner och e bësse Fräizäit verbréngen, fir mat deem Kand op eng Spillplaz ze goen, mat deem Kand mat der Kutsch ze fueren oder esou Saachen ze maachen. Et geet hei méi ëm eppes Affektives wéi datt et ëm eppes Educatives geet. Et ass kloer, datt do déi Leit déi sech dofir hirginn, déi vläicht een oder zwee Nomëtteger an enger Woch kommen, datt déi net kënnen do sinn, fir sollen déi Kanner ze erzéien.

Jean-Pol Roden: An am Regierungsrot stoung nieft der Rentemauer nach muneches um Programm.

Iwwerbléck vun den Décisiounen aus dem Regierungsrot. Reportage Carole Schimmer [...]

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, déi Kritike vum Jean-Claude Juncker un de fréiere Koalitiounspartner oder un de fréiere Ministeren déi mat an der Regierung souzen, kënnt Dir déi novollzéien?

Marie-Josée Jacobs: Also, ech wor net dobäi wéi de Premier dat gesot huet. Ech hunn awer gemengt ze verstoen, datt et eng Replique gewiescht wier op Journalisten, déi sech mat der CSV-Schoulpolitik auserneegesat hätten, a wou den Här Juncker drop geäntwert hätt, datt dat doten, wann et een CSV-Minister gewiescht wier oder CSV-Ministeren, da géing vill méi doriwwer geschwat ginn, an da géing dat vill méi thematiséiert ginn. Ech hunn dat éischter an deem Kontext gesinn, wéi an deem, datt do elo een eenzelne vun de Kollegen, déi fréier an der Regierung woren, domadder viséiert gewiescht wier.

Jean-Pol Roden: Loosse mer dann awer mol zu deem komme wat Fakt ass, de Klimabericht gesäit alles anescht wéi gutt aus, an iergendwann wäerten den Äisbierercher hir Plazen ewechschmëlzen an da gi se elendlech zu Gronn, well se ersaufen, well se keng Grondlag méi hunn, do ass et awer wierklech elo 5 vir 12, wann net schonn 1 Minutt op 12?

Marie-Josée Jacobs: Also et ass jo keen Zweifel drun, an ech denken och, datt jo keen dat kann hei schéischwätzen a soen, mir hätte kee Problem. Wa mer gesin, wat elo dëse Wanter dobausse war, domadder kann ee jo net soen, datt dat elo d’ganzt Klima géing op éiweg Zäite beaflossen a veränneren. Mä dann denken ech awer, datt dat och jiddwerengem vun eis muss ze denke ginn, a jiddweree muss sech viru seng ege Responsabilitéit setzen, esougutt d’Politiker wéi och d’Leit dobaussen, datt een net ëmmer nëmme ka soen, mä dat ass eppes wat eigentlech deen aneren ugeet. Wat ass da wann an der Antarktis d’Äis schmëlzt, dat deet eis jo net wéi.

Et ass eppes wou mer wierklech mussen, esou wéi bei ville Saachen, jiddwereen och selwer seng Responsabilitéit huelen, net méi muss mam Auto fuere wéi et muss sinn, net méi muss Lute brennen hunn wéi et muss sinn, net méi mussen hëtze wéi et muss sinn an eng ganz Partie, och vum Alldeeglechen, wou mer am Fong jo dach ganz dacks eis och net richteg concernéiert fillen, an da selbstverständlech wäerte mer an deenen nächste Joren och ze spiere kréien, och an eise Portemonnaien, wat och dee Kiotoplang ubelaangt, dee muss an alle Länner ëmgesat ginn. Da kann ee soen, Lëtzebuerg mécht do net déi grouss Masse aus dovun, mä wann net jiddwereen, dee Klengen an dee Grousse, säint dozou bäidréit als Land an als eenzel Persoun, da fäerten ech wierklech, datt mer enger Katastrof entgéintginn, déi vill méi schwéier ass wéi alles aneschters wat mer de Kanner an deenen Generatioune kënnen zréckloossen.

Jean-Pol Roden: Ech menge mir hunn hei am Land awer ganz flott Initiativen, kucke mer de Réidener Kanton, speziell d’Gemeng Biekerech mam Camille Gira un der Spëtzt, mir hunn de Minettkompost, wou elo eng Vergärungsanlag soll gebaut ginn, dat ass déi eng Säit vun der Medaille. An déi aner Säit vun der Medaille lafe mer op Bréissel a mer soen, mir hätte gäre méi CO2-Emissiounswerter. Wéi geet déi Equatioun op?

Marie-Josée Jacobs: Also ech denken, datt dat eent jo eng Vorderfahne ass, datt mer alles musse maachen, fir deen CO2 esou kleng wéi méiglech ze halen, op där anerer Säit mer awer och een Industrieland sinn, an datt mer an engem Moment fortgaange sinn, wou mer schlecht Werter haten a vun dohir jo de Minister Lux mat anere probéiert huet ze kucken, datt mer kënnen awer eng Partie vu Méiglechkeete kréien, wa mer op där anerer Säit schwätzen iwwert all déi Leit, déi keng Aarbecht hunn, wa mer iwwert déi Leit schwätzen, déi vläicht net déi Diplomen hunn an déi Ofschlëss hunn, déi se bräichte fir op aner Plazen ze kommen. Da brauche mer och an engem Land wéi Lëtzebuerg och Industriebetriber, wou Leit kënne schaffen, déi dat nach kënne maachen, ouni datt ee muss dofir eng Première hunn an ouni datt ee muss dofir een Universitéitsdiplom hunn.

Also vun dohir, niewent deem vun deene Betriber, déi mer haut hei hunn an déi mer frou sinn, datt mer se hunn, an déi och solle kucken,selbstverständlech - t'ass jo net, datt et elo nëmmen eppes ass wat d’Privatleit ugeet, mä och d’Betriber solle selbstverständlech gehale ginn och sech ze beméien - fir och esou propper wéi méiglech ze funktionnéieren. A wann Dir haut héieren hutt, datt den Här Verheugen seet, et soll een net d’Autosindustrie verdammen an net déi alleng un de Pranger stellen, da mengen ech, muss ee generell fir alles soen, et ass net nëmmen een eenzegen, dee schëlleg ass, an et ass och net nëmmen een eenzegen, deen alles gutt ka maachen, mä dat ass eng kollektiv Responsabilitéit déi mer hunn, an et ass och eng kollektiv Schold déi mer hunn, wa mer et net maachen.

Reportage vum Carole Schimmer iwwert Jugendlecher am Prisong

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, datt Jugendlecher an engem Prisong sinn, dee fir Verbriecher geduecht ass, ass u sech jo scho Skandal genuch. Datt déi Geschicht vun Dräibuer awer schonn zanter 1992 sech dohinner zitt, dat ass jo awer eigentlech net nozevollzéien. Hutt Dir e puer Erklärungen do dofir?

Marie-Josée Jacobs: Also, et ass fir mech, grad esou wéi fir Iech, schwéier, datt mer nach ëmmer an där Situatioun do dra sinn. An ech hunn eng Kéier gesot, datt dat een Nol a menger Doudelued ass, an do ass guer keen Zweifel drun, dofir sinn ech elo e bësselche méi erliichtert, an ech wëll och haut net hei ufänken, Scholdzouweisungen ze maachen. Ech denken, datt mer gëschter mat der Gemeng ee Wee fonnt hunn, wou mir op ee Projet verzichten, deen an eisen A besser war wéi deen, deen elo ka realiséiert ginn, well mer hätte kënnten no baussen op engem Terrain bauen, dee jo vun der Sécherheet hir a vum pädagogesche Konzept hir vu ville Säite besser gewiescht wier wéi dat wat mer elo maachen. D’Gemeng wollt net mat op dee Wee goen. Mir hunn do verschidde Saachen an deene leschte Joren - wéi gesot ech wëll net hunn, datt herno duerch dës Sendung iergendee Mënsch sech erëm beleidegt fillt oder fënnt, datt mer do eppes gesot hätte wat net soll sinn.

Mir wäerte kucken, an esou gutt de Minister Wiseler, dee sech ganz vill doranner beméit huet, wéi och d’Gemeng, déi elo bereet ass, och do hiert Bescht ze maachen an eis versprach huet, datt esou bal wéi d’Genehmegungen do wieren, se urgent géingen e Gemengerot aruffen, fir datt dann och géing doriwwer ofgestëmmt ginn. D’ganz Gemeng war och, de ganze Gemengerot, net nëmmen de Schäfferot, mä och de Gemengerot war gëschter do dobäi, a si hunn eis all versprach, si géifen dat dann och akzeptéieren esou wéi dat da géing goen, an op mir wierklech géinge viru kommen. An de Minister Wiseler huet gemengt, datt e kënnt Ufanks 2008 dann endlech ufänken do ze bauen, mä wéi gesot, et ass wierklech eng onhaltbar Situatioun, datt do nach ëmmer Jugendlecher an deem Prisong sëtzen.

Jean-Pol Roden: Dovunner ofgesinn, muss ech awer d’Fro stellen, ob déi sakro-sankt kommunal Autonomie an esou Fäll, wou et jo awer em méi geet wéi em e Bau, einfach nach dierf spillen?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass eng Fro, déi een an enger Rei vun Dossiere sech sécher ka virstellen, wou ee vläicht eng Kéier misst doriwwer nodenken. Et kann ee sech dat virstelle beim Bau vun de Schoulen, et kann ee sech dat virstelle bei deenen hei Infrastrukturen, et kéint ee sech et virstelle bei engem neie Prisong, dee muss gebaut ginn.

Et geet net ëmmer esou einfach wéi elo d’Sandweiler Gemeng, déi dat gemaach huet, an ech wëll och vun hei deene Leit e grousse Respekt ausdrécken, déi bereet sinn, dee Centre de rétention, dee bei hinne soll gebaut ginn, do opzehuelen.

Mir hunn och aner Gemengen, dat wëll ech och hei eng Kéier soen. Wann ech bedenken och, elo hat ech jo ze di mat deene Flüchtlingsdossieren, déi Zäit wéi vill Leit komm sinn, an och dat war keng liicht Aufgab, wann dir musst de Gemengen nolafen, fir dann e puer Demandeurs d’asile ze huelen, an ech denken zum Beispill elo un d’Tëntener Gemeng, wou mir am Mariendall vill Leit haten, d’Stad Lëtzebuerg déi eis ni Schwieregkeete gemaach huet, an anerer.

Wann een ëmmer sech beschwéiert iwwer eppes, da muss een och heiansdo kënne soen, datt et awer och Leit ginn, déi awer och exemplaresch hëllefen esou eng Aufgab ze bewältegen. Dat sinn eigentlech national Problemer, dat si jo net lokaler. A wann dat dann esou ass, da muss een och mat méi engem grousse Geescht kënnen do eragoen, wéi nëmme just dat elo vu senger, vläicht vu senger kommunaler Siicht aus ze gesinn.

Mä et kéint ee sech duerchaus virstellen, datt do an deenen nächste Joeren awer eng Rei vu Saache géinge gesot ginn, wa wierklech Urgencen do sinn, da muss de Staat och d’Méiglechkeet kréien, dat op engem anere Wee kënnen ze maachen, wéi datt dat dann no deenen normale Prozedure geet.

Ech wëll awer do dobäi direkt soen, datt dat sech haut de Mëtteg gutt hei unhéiert, mä datt wann et an der Realitéit driwwer hiergeet, et selbstverständlech en Opstand gëtt vun alle Leit, déi da soen, mä wéisou huet de Staat dann eigentlech méi Rechter wéi all Privatpersoun der huet, a wéisou kënnen déi sech iwwer Saachen ewech setzen, un déi mir eis mussen halen.

Jean-Pol Roden: Ech mengen eent ass awer kloer, ech kann net novollzéien, datt awer Mannerjähreger an engem Prisong sëtzen. Wieren do da keng aner Léisungen? Ech mengen, et ginn désaffectéiert Heiser, wann een elo géing, ech weess net wat, zwee, dräi Éducateuren dobäi setzen, an déi géingen do iwwerwaachen, oder, dat wier awer eng aner Léisung. Grad wéi Fraen am Männerprisong.

Marie-Josée Jacobs: Mir hunn eis déi Froe selbstverständlech och gestallt. A mir hu gesot, wéi wäit ass et sënnvoll, wann ee géing kucken, eppes anescht ze fannen, op enger anerer Plaz eppes ze fannen.

Dir musst natierlech ëmmer bedenken, datt dat hei muss eng zouen Anstalt ginn. Schraasseg an Dräibur, wann ech vun deenen Haiser schwätzen, vun de Centres sociaux-éducatifs de l’État, dat si jo oppe Strukturen, wou déi Jugendlech, a mir wossten dat alleguer, jo ganz dacks, si nennen dat eng Méck maachen, wou déi da fortlafen. Dat hei ass eppes, wat also muss zou sinn, wou dir also musst déiselwecht Sécherheete ronderëm hu quasi wéi an engem Prisong. Dat heescht, och wann dir iergendwou en Haff hätt, deen ee sech jo kéint virstellen, wat een hätt kéinte kafen, hätt dir nach missen och prisongsméisseg Sécuritéiten do abauen. An dat ass awer eppes, wat och net evident ass, wéi gesot, do hätt dir déiselwecht Demande misse maache vis-à-vis vun de Gemengen, wann déi da gaange wieren. An dat hei huet awer de groussen Avantage, datt mir op engem Site sinn, wou mir kënne profitéiere vun deem, wat elo do ass. Ob dat sportlech Infrastrukture sinn, oder ob dat Ateliere sinn, oder ob dat och Aneres ass, dat gëtt awer selbstverständlech Sënn fir ze kucken an ze soen, do gehéiert dat hin, an do passt dat besser dobäi wéi wa mir elo iergendwou op d’Gewaan géinge goen, a mir géingen dann do fënnef Jugendlecher do an esou quasi Prisong do aspären.

Jean-Pol Roden: An dann hu mir nach eppes aus der Aktualitéit.

Reportage vum Carole Schimmer iwwert Strummerten an d’Lücken am Sozialnetz

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, mir haten d’Problematik Aarmut schonn Ufanks der Sendung thematiséiert. Leit, déi eben net genuch Mindestakommes hu fir ze iwwerliewen, haaptsächlech betrëfft dat dann ebe Fraen an d’Jugend.

Dat neit Jugendgesetz gouf dës Woch elo offiziell virgestallt, an iwwerhëlt all déi Aktivitéiten, déi an de leschte Joeren am Jugendberäich opkoumen. Et ass awer virun allem och de Wëllen, kohärent Jugendpolitik an d’Weeër ze leeden. Wéi wichteg ass dann dës Kohärenz fir Iech?

Marie-Josée Jacobs: Also, fir mech ass dat wichteg fir éischtens ze kucken, datt mir responsabel Bierger fir d’Zukunft kréien, déi sech net nëmme fir sech selwer interesséieren, wat net schlecht ass, wann ee sech fir sech selwer interesséiert, mä awer och doriwwer eraus och sech interesséieren, an aktiv beméien em déi Leit déi ronderëm sinn, em d’Ëmwelt wat do ass, well et ass jo dat eppes wat och an der Zukunft wäert eng Roll spillen, mä awer och sech ze investéieren an ze interesséieren, an ze participéieren och an deem wat iwwer Lëtzebuerg erausgeet, an ech denken do zum Beispill un déi Projeten, déi et jo och vun de Guiden an de Scoute gëtt an der drëtter an an der véierter Welt.

Fir mech ass et virun allem eng Plaz, a mir hunn dat hei Gesetz jo gemaach op Grond vun deenen Erfahrungen, déi an deene leschte Joere gemaach goufen, a wou mir och zesumme mat de Jugendlechen an de Jugendorganisatioune geschafft hunn, an déi Lignes directrices 2004 ausgeschafft hunn, an dat hei ass also net eppes wou mir a sou engem Hauruckverfahren zum Beispill op de Gesetzprojet 5611 doropper reagéiert hätten, dat wiere mir jo net am Stand gewiescht an esou kuerzer Zäit esou een ëmfaassend Gesetz ze schreiwen.

Mä wat awer op där anerer Säit ausweist, datt et e Besoin vun der Jugend gëtt fir eng Plaz ze hu wou se sech kënne manifestéieren. An dat ass fir mech eigentlech ee vun den Haaptpunkte gewiescht, wou mir déi Assemblée nationale des jeunes do aféieren. An op där anerer Säit och de Conseil national des jeunes, wou eben déi Jugendlech selwer konnten zu deene Froen, déi si betreffen, entweder sech selwer domat befaassen, oder eis domat befaassen, oder awer vun der Regierung domat befaasst ginn. A vun dohier dann och wierklech eng Plaz ze hunn, op déi een ëmmer erëm kann zeréckkommen, egal op dat eng Kéier am Joer ass, oder op dat 15 mol am Joer ass, mä Minimum muss et eng Kéier am Joer sinn.

Jean-Pol Roden: An den 70er Joere gouf et déi éischt Jugendheiser, e Projet deen iergendwéi an der Mëtt vun den 80ger einfach am Sand verlaf ass. Herno hunn d’Gemengen nei Jugendhaiser opgebaut, dat ass an der Rei. Mä dat war en éischte Grondsteen vläicht zu deem Ganzen. Fir wat hutt Dir dann d’Impressioun, datt dat deemools iergendwou net méi virugaangen ass?

Marie-Josée Jacobs: Also, ech denken am Ufank, wéi ech bei d’Gemenge Propaganda mat de Jugendheiser maache gaange sinn, do ware vill Buergermeeschteren a Schäffen- a Gemengeréit, déi gesot hunn, em Gottes Wëllen, Dir wäert eis jo elo net wëllen esou ee Jugendhaus opriichten. Mir wossten nach wéi dat war, 1968, an 1969, 1970 a wat déi do gemaach hunn, also dat war ganz schrecklech.

An duefir hu mir gesot, da musse mir en anere Konzept siche wéi dat, wat deemools war. An duefir si mir op de Wee gaangen, zesumme mat de Gemengen, wou mir och do 50% Finanzementer, esou gutt wat d’Personal ubelaangt, wéi och wat d’Infrastrukture konnten ubelaangen, fir ze soen, ma da stelle mir qualifizéiert Personal an, déi do mat deene Jugendlechen zesumme schaffen.

Dee Projet ass fir mech awer een, deen immens wichteg ass, an dat kënnt och aus Europa ëmmer erëm eraus, fir ze soen, et muss ee fir d’éischt kucken um lokale Plang, um Gemengeplang also, déi Jugendlech mat anzebannen, déi ze froen, wat wënscht dir.

Mir maache jo net eng Jugendpolitik déi mir definéieren, mä mir hätte gären, datt déi Jugendlech selwer géinge soen, wat datt hir Wënsch sinn, wat datt hir Zieler sinn. An do kënnen déi Jugendheiser wierklech eppes sinn, wat hinnen hëlleft, hire Start an d’Liewe gutt ze maachen, doduerch, datt si selwer soen, wat soll an esou engem Jugendhaus gemaach ginn.

Mir hunn där Projete gemaach iwwer d’Präventioun vun Drogen, iwwer Gewaltverhënnerung, iwwer Égalitéit tëschent Männer a Fraen. Do gi Filmer gemaach, do gëtt all Méigleches gemaach, mä et ass net den Éducateur, oder den Éducateur gradué dee seet, mir maachen elo haut dëst oder dat, mä och déi Jugendlech definéieren, wat dann do geschitt.

Zweet wichtegt Element fir mech ass eben, mir hunn eng vill méi multikulturell Gesellschaft kritt, a besonnesch an de Jugendheiser fanne mir vill méi déi Jonk, net lëtzebuerger Jugendlech erëm, an ech denken, datt dat och eng wichteg Plaz ass fir si, wou si sech kënne gesinn, zesumme mat anere lëtzebuerger Kanner, mat Jugendlechen, déi och an aner Schoule gi vläicht wéi si, a wou se awer zesummen dann déi lokal Bevëlkerung eigentlech erëm ginn.

Jean-Pol Roden: D’Jugendgesetz soll jo och der Jugend eng ganz Rei nei sozial Rechter ginn. A wann een dann an d’Schoule geet, do gëtt ganz dacks dee Comité d’élèves oder esou boykottéiert vun der Direktioun, oder si sinn einfach e bëssen net gäre gesinn. Kann een dat mat deem neie Jugendgesetz elo änneren?

Marie-Josée Jacobs: Also, mir kënne jo net d’Jugend, net d’Schülercomitéën , mir si jo net de Jugendministère deen déi reforméiert, mä ech denke wann awer Wënsch do sinn, an duefir ass och dee Comité interministériel jo wichteg, wou déi verschidde Ministère mateneen zesumme schaffen, a wou déi och d’Regierung solle beroden. Ech denken, datt och e wichtegt Element ass, déi Erfahrungen déi mir gemaach hunn.

Zum Beispill och mat deene Comitéen, zum Beispill mat deene wat Jugendkonvente waren, wou d’Conférence générale de la jeunesse an deene leschte Joeren eng äusserst wäertvoll Aarbecht gemaach huet, wou mir 4,5 mol sécher mëttlerweil an der Chamber waren, wou mateneen diskutéiert gouf, wou een elo kann anere Ministère soen, ma hei, dat do ass e Modell, dat kënnt dir probéieren, dat ass eppes, wat bei eis gutt fonctionnéiert huet.

Et si jo déi bescht Praxis, déi ëmmer och an Europa erëm ervirgeruff ginn, wou mir dann och konnten anere soen, hei, et ass net, well si do matschwätzen, datt dat dann onbedéngt dozou muss féieren, datt dat da méi Chaos gëtt, oder datt dat zu méi, ech weess net, Duerchernee féiert.

Also ech mengen ewell, datt mir och gäre bereet sinn och eist dozou bäizedroen, an och ze hëllefen, fir och op anere Plazen deene Jugendlechen [inaudible].

Jean-Pol Roden: Ech mengen Dir hutt jo scho fir d’Schoulen d’Basisiddi vun der Schoulmediatioun, déi deemools vum Jos Bewer an d’Liewe geruff gouf, an déi awer och vun Iech, vun Ärem Ministère, wou e gesot ginn ass, mir brauchen dat, et ass Handlungsbedarf do fir a punkto Konfliktléisung bei Jugendlechen.

Marie-Josée Jacobs: Also ech muss soen, ech wäert mäi ganzz Liewen de Jos Bewer an enger ganzer gudder Erënnerung behalen, an ech si ganz traureg, datt hien eis net méi laang erhale bliwwen ass. Mä den Här Bewer hat d’Mediatioun zu Lëtzebuerg agefouert, an ee vun deene Projeten, déi mir an der Mediatioun immens gutt gefalen, ass eben déi tëschent de Jugendleche selwer.

An dat besonnesch an de Schoulen, an am Ufank hate mir een oder zwee Lycéeën, mëttlerweil sinn et der sécher 13, 14, déi do matmaachen, wou da Jugendlecher, déi eng déi Sträit hunn, kucken ze vermëttelen tëschent deenen déi kee Sträit hunn, an dat wichtegt ass jo doranner, datt kee säi Gesiicht verléiert. Et gëtt keen, dee verléiert, an et ass keen, dee gewënnt, mä datt eigentlech jiddwereen, deen dobäi gewënnt, an dat ass dat wat wichteg ass. An do léieren déi Jugendlech Responsabilitéit ze huelen, Responsabilitéit och fir anerer ze huelen.

An ech sinn och do ganz frou, datt mir och mat der Educatioun do eng gutt Zesummenaarbecht hunn, an och all déi Proffen déi do matmaachen, well dat setzt jo viraus, datt déi jo extra Formatioune mussen hunn, niewent deene Jugendlechen déi déi Aarbecht do maachen, mä domat um Terrain wierklech eppes geschitt, wat sënnvoll ass.

An et ass jo ëmmer dat, wat gutt geet, vun deem schwätzt jo keen. An dat ass jo eigentlech dat, wat e bësse schued ass, wann d’Jugendlech sech zerknuppen, a wann do Gewalt ausgeübt gëtt, da gëtt dat ervirgestrach, mä wann op anere Plaze verhënnert gëtt, datt esou eppes geschitt, dann ass dat jo am Fong näischt, wat een zur Kenntnis hëlt.

Jean-Pol Roden: Ech wollt a punkto Jugendgesetz nach nopicken. De Service national de la jeunesse gouf jo ewell 1984 scho gebuer, a gëtt elo a véier Deeler nei opgespléckt. Wat sinn déi grouss Richtungen dovunner? Firwat dës Opdeelung?

Marie-Josée Jacobs: Also well mir gesinn hunn, datt d’Aarbecht vum Service national ëmmer méi grouss gouf, war et och wichteg, fir et anescht ze strukturéieren. An duefir war och de Georges Metz mat senger Équipe, fir ze weisen no baussen, wou datt dann do awer och d’Schwéierpunkten an der Zukunft vun dem Service national sinn. Och wat alles kann ugebuede ginn.

Wann Dir jo déi Vilfalt hutt vun deenen Offeren a vun deenen Aufgaben, déi dee Service national de la jeunesse huet, déi geet iwwer Formatioun fir Animateuren, fir Kaderen, déi sech em d’Jugendlech këmmeren an den Organisatiounen oder op professioneller, doriwwer datt mir d’Material kënne verléinen, do driwwer datt mir an deene verschiddene Centren deen de Service zur Verfügung huet, datt do Aktivitéite fir Jugendlech dra konnte gemaach ginn.

Zum Beispill awer och Jugendlech, déi an esou enge Saache geschafft hunn, certifiéiert kréien, datt se eng non-formelle Formatioun do, an Éducatioun kritt hunn, a sécher hinnen och hëlleft, herno besser op den Aarbechtsmaart kënnen ze kommen, wéi een, dee sech em näischt këmmert. Dat alles si jo Saachen, déi zu den Aufgabe vum Service gehéieren, a wou ech muss soen, wou ech och ganz stolz drop sinn, datt dat esou gutt fonctionnéiert.

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, Dir hat virdru gesot, zum Beispill d’Scouten an d’Guide maache ganz vill Sozialaarbecht. Si maachen och Integratiounsaarbecht. Wann een dann elo seet, d’Jugend soll ee méi an d’Liewen abannen, an da géinge mir den Iwwergank zum Alter fannen? Wann déi Jugendlech sechs Méint Sozialdéngscht géinge maachen an Zukunft - mir brauchen dat, ech mengen et gëtt ëmmer méi deier, fir déi Déngschter "Hëllef doheem" an esou weider ze ënnerhalen, d’Beispill gëtt et an Däitschland. Ass dorunner schonns geduecht ginn, oder ass dat och eng Iddi, déi een nach am Hannergrond, am Hannerkapp behält?

Marie-Josée Jacobs: Neen, dat ass keng Iddi déi mir am Hannergrond behalen.

Dat hat de Staatsminister d’lescht Joer beim État de la nation annoncéiert.

Mir hunn elo Personal, déi sech dorëm solle këmmeren, déi sinn elo ausgeschriwwe ginn, an da soll dës Woch déi Leit och erausgesicht ginn, esou datt dat deemnächst kann ugoen, datt dee Projet kann ëmgesat ginn, wou et virun allem drëm geet, fir Jugendlech - mir hunn der iwwer 300, déi Schoulunterbrecher am Joer sinn, et heescht, déi also während dem Schouljoer ophalen - déi keng ofgeschlossen Ausbildung hunn, niewent all deenen, déi um Enn vum Schouljoer ophalen, an och der vill dobäi sinn, déi keng Formatiounen hunn, an deene mir da während 6 Méint wëllen ubidden, op enger Plaz an dem Ëffentlechen oder och am Privaten Servicer ze schafen, a wou et drëm geet, wou se dann awer wierklech awer och à Charge geholl ginn.

Mir hätte gären, datt deene Jugendleche géing gesot ginn, och dir gitt an eiser Gesellschaft gebraucht. Et ass net, datt mir elo esou eng Beschäftegungstherapie mat iech maache während sechs Méint, mä dir gehéiert zur Gesellschaft, dir gitt gebraucht doranner. Dat si ganz dacks Jugendlecher, déi e schwierege Schoulparcours hanner sech hunn, mat vill Échecen dran, ganz dacks och Jugendlecher, déi et an hirem Privatliewen net einfach haten.

An dat do si fir mech zum Beispill esou Präventiounssaachen, fir net an d’Aarmut ze falen, vun där mir viraus geschwat hunn. Well wann dir et fäerdeg kritt, déi Jungendlech um gudde Wee ze behalen, da muss et net esou wäit kommen, wéi de René Kneip elo grad gesot huet, datt mir dann op emol, wa si wierklech ganz ënnen um Buedem ukomme sinn, dann ufänke mat groussen an deiere Moossnamen erëm mussen ze kucken, fir d’Leit erëm an d’normalt Liewen agegliddert ze kréien.

Et ass vill méi wichteg, datt mir dat am Viraus probéieren ze verhënneren. Datt dat eis net ëmmer an d’Rei geet, dat ass mengen ech och évident, mä wéinstens musse mir et probéieren.

Jean-Pol Roden: Enn vum leschte Joerdausend goung den Aus fir déi fréier Alters- a Fleegeheimer, jiddefalls wéi se deemools esou genannt goufen, op se privat oder vu Schwëstere verwalt goufen, haut nennt een dat Ganzt CIPAen, an déi Centres intégrés pour personnes âgées sinn einfach net méi aus dem Alldagsliewen ewech ze denken.

Ma d’CIPAe ginn och ëmmer méi deier, a sinn op staatlech Gelder ugewisen. Wéi ass dat an Zukunft ze finanzéieren?

Marie-Josée Jacobs: Also, zu Lëtzebuerg ginn et jo ëmmer nach vill Leit déi mengen, mir missten nach vill méi bauen, a mir missten nach vill méi esou Haiser kréien, mir hunn iwwer 6% vu Better zur Verfügung fir Leit, déi iwwer 60 Joer al sinn, wou déi kënnen dra goen, wat an deenen anere Länner vläicht 3 oder 4% ass.

Et ass elo eng rezent Étude aus Europa erauskomm, wou mir emol eng Kéier gutt do stoungen. Dat huet awer och eng Explikatioun, an dat ass zum Deel déi, déi Dir elo gesot hutt. Mir zu Lëtzebuerg, mir leeë ganz vill Sue bäi. Eng Kéier ass dat iwwer d’Sécurité sociale duerch d’Krankekeesen, an op där anerer Säit d’Assurance dépendance, mä awer och déi Leit, déi selwer iwwer de Pensiounspräis dat net kënne maachen, kënnen iwwer de Fonds de solidarité och bei hirem Pensiounspräis pro Mount esou vill bäigeluegt kréien.

Et ass also keen Eenzelnen, deen net kann an een Alters- oder ee Fleegeheim goen, well e keng Mëttelen duefir huet. Mir ginn och net esouwäit, datt mir d’Famillje verschëlden. Wann Dir an d’Ausland gitt, ech kenne Familljen an Däitschland, déi an der zweeter Generatioun verschëld sinn, well de Grousspapp oder d’Groussmamm an engem Alters- oder an engem Fleegeheim ass. Dat hu mir ëmmer gesot, dat kann net sinn, dat wëlle mir net, duefir sëtze mir, dat ass d’Solidaritéit eben, och déi muss do spillen.

Mä et ass ganz évident, datt dat an deenen nächste Joeren, wa mir esou viru fueren, datt mir ëmmer all méi al ginn, si jo awer wahrscheinlech eng Partie vu Leit méi, déi do drënner falen. Op där anerer Säit gesi mir och eppes, an dat muss eis och ze denke ginn, datt et ëmmer méi Leit ginn, déi alleng sinn. An déi also och, wou vläicht elo nach Famill do war, dann och nach anescht mussen à Charge geholl ginn. Mir kréien ëmmer méi Leit, déi Demenzkrankheete kréien, ob dat Alzheimer ass, oder anerer, wou mir also och musse soen, wat geschitt mat deene Leit. Fréier war et de Buergermeeschter, deen da gehollef huet décidéieren, datt een op Ettelbréck komm ass, mä ech denken och, datt mir an deenen nächste Joeren eis och aner Gesetzgebunge mussen zouleeën, fir och ze garantéieren, datt déi Leit, wa se eng Kéier un hiert Liewensenn kommen, datt een dann awer och weess, wat datt deenen hire Wonsch war, wat se eigentlech sech nach erwaart hunn, wat mat hinne kéint geschéien, an net nëmmen datt mir hir finanziell Lag do regelen.

Jean-Pol Roden: Dir hutt emol gesot, am drëtte Joerdausend soll en Altersheim als esou genanntent Open House fonctionnéieren. Zum Beispill mat engem Restaurant, wou och déi aner Leit kënnen dohinner kommen. An da géing ech dann do de Relais maache mat de Maisons relais, déi fir d’Jugend gëlt. Kann dat d’Gesellschaftsform vu muer sinn? Datt an där enger Säit déi Jonk bei déi Al an d’Altersheim ginn, an déi aner aus den CIPAen an d’Maisons relais?

Marie-Josée Jacobs: Also, ech mengen dat wier well bal eng ideal oder eng Wonschvirstellung, déi ee kéint hunn.

Dat wat elo ewell geschitt, dat ass an enger ganzer Partie vun Altersheimer, oder Centres intégrés, kënnt Dir mëttes iesse goen. An dat ass ganz flott, dat sinn entweder eenzel Deeg, wou déi hire Restaurant op hunn, oder awer generell wou d’Leit kënnen era kommen, entweder wann dir eppes domat ze dinn huet, oder wann dir och näischt domat ze dinn hutt, a wou dir da konnt eben do iessen zesumme mat ärer Famill oder och mat Noperen. An ech mengen, datt dat eng ganz flott Formule eigentlech ass, well ee jo wahrscheinlech éischter emol eng Kéier bei eng Persoun geet, déi ee kannt huet aus sengem Bekanntekrees oder op et Famill ass, wann een da seet, ma ob ech an der Mëttesstonn elo soss éierens ginn, oder ob ech dann an dat oder dat Altersheim ginn, a wou ech d’Tatta erëm gesinn oder esou, a mat deenen zu Mëtteg iessen. Wéi gesot, dat ass eppes wat et gëtt, ech mengen awer, datt dat och alles nach ausbaufäeg ass.

Datt wierklech och déi Leit, déi net méi kënnen eraus do kommen, a mir hu gesinn, dat huet sech an deene leschte Joere schrecklech changéiert, net zu Lescht duerch d’Fleegeversécherung déi komm ass, an duerch déi Servicer déi doheem ugebuede ginn, mir hu Leit an der Moyenne déi elo an d’Heimer kommen, déi iwwer 83 Joer al sinn. Dann ass et kloer, datt déi natierlech och méi Fleeg brauche wéi an der Zäit wa se komm si mat 65. Mä awer datt se trotzdem sollen am Zentrum vum Liewe sinn, datt si sollen éierens kënne liewen, wou anerer era kommen, dat ass ganz kloer.

Bei de Maisons relais, do gesinn ech et méi schwiereg, well dat jo bal am Fong d’Bréck ass, déi geschloe gëtt, tëschent dem Elterenhaus an tëschent der Schoul. A mir hunn och mat der Educatioun, zesumme kucke mir och, datt dat besser ënnereneen do fonctionnéiert, dat Mateneen, well et jo wichteg ass, datt net nëmmen e Kand aus der Schoul dann an d’Maison relais kënnt, mä datt och an der Maison relais gewosst ass, wat zum Beispill engem eenzelne Kand vläicht seng Problemer an der Schoul sinn, oder an der Schoul gewosst ass, wat fir e Kand, oder wat fir eng Schwieregkeet datt d’Kand vläicht matbréngt. Esou datt ech mengen, datt do am Fong net onbedéngt elo Plaz wier, datt mir do nach kéinten och nach eeler Leit mat eran huelen. Mä awer de System vun de Maisons relais ass jo awer ze kucken, och d’Aktivitéite mat de Veräiner aus den Dierfer matzemaachen. An duefir ass dat do eppes wat no baussen op ass. Et ass also net, datt wann een an der Maison relais ass, datt een da muss bis Owes 6 Auer do bleiwen, mä wann zum Beispill Nomëttes de Fussball ass, oder et ass Gesank, dann ass et kloer, datt d’Kanner och kënnen dohinner goen.

An ech mengen, och dat ass wichteg, datt et eppes ass, wat zesumme mat der Gesellschaft fonctionnéiert, zëmol well mir gesinn, datt jo awer a ganz villen Uertschaften ëmmer méi Leit liewen, a wann ech nëmme mäin eegent Duerf kucken, zu Maarnech, wéivill Leit datt een net méi do kennt, well déi eben do bäigezu sinn, ass dat do jo eng gutt Geleeënheet, wou se sech och kënnen integréieren an d’Duerfgesellschaft.

Jean-Pol Roden: Hei ass awer wahrscheinlech dann erëm gefuerdert wat och am Sport ganz eescht ass, de Volontariat, datt ee Leit fënnt, déi de Wee mat ginn, déi mam Bus matfuere mat de Kanner an esou virun. Firwat ginn et ëmmer manner Leit, déi am Volontariat wëllen hëllefen, wann een elo vun de Scouten a Guiden ofgesäit?

Marie-Josée Jacobs: Also ech denken, datt et eppes ass, wou mir virun allem och, an ech sinn do ganz frou, mir hu jo déi Agence vum Bénévolat a mir hunn och de Conseil supérieur, an den Här Ahlborn huet ëmmer do ganz vill a ganz gutt do mat geschafft, a mat senge Leit déi do sinn, datt mir och vill méi musse kucken, déi eeler Leit éischtens do anzebannen, déi dat jo awer ganz gutt kéinte maachen, wou een och esou Beispiller och am Ausland ka kucke goen.

An dann op där anerer Säit wou mir awer och hoffen, datt eng ganz Partie vun deene Leit, déi net Lëtzebuerger sinn, och op dee Wee kënne matgoen, well dat och eng Fro vun der Integratioun ass, an eng Méiglechkeet do dovunner ass, well ganz vill Leit jo net wëssen, wéi dat hei zu Lëtzebuerg fonctionnéiert.

Op där anerer Säit wëll ech awer soen, datt et nach ganz Villes gëtt, wat am Bénévolat fonctionnéiert, well ouni dat géing iwwerhaapt keng Gesellschaft kënne fonctionnéieren. Datt een ëmmer nach alles ka besser maachen, ass ganz evident. Mä et gesäit een, datt eigentlech et changéiert huet. Dir fannt eenzel Leit, déi eenzel Aktivitéite maachen, mä et ass net méi, et ass vill méi schwéier, elo zum Beispill Leit ze fannen, déi wëllen an engem Comité matschaffen, fir d’Organisatioun iwwer e ganzt Joer ze maachen. Dat ass méi schwéier ze fannen, wéi wann dir zum Beispill zu engem sot, hei mir organiséieren do e Fest, oder mir maachen dëst oder dat, do fannt dir awer normalerweis ëmmer nach Leit déi hëllefen.

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, Dir sitt och Integratiounsministesch, an do gouf et virun zwee, dräi Joer, d’Joer vun den handicapéierte Matbierger. Deemools huet et geheescht, näischt iwwer eis, ouni eis. Wéi wäit huet dat sech entwéckelt? Wéi wäit hutt Dir festgestallt, datt hei am Land déi behënnert Matmënsche méi akzeptéiert ginn?

Marie-Josée Jacobs: Also, éischtens mengen ech, datt mir e wäite Wee och do gemaach hunn an deene leschte Joeren, doduerch datt och eng ganz Partie vu behënnerte Kanner an d’Schoul, an eng normal Schoul ginn an net méi an d’Spezialschoulen ëmmer musse goen. Et hänkt natierlech ëmmer vum Handicap of, et hänkt vu Villes of, wat do eng Roll dobäi spillt. Mä am Bild vun eiser Gesellschaft ass et am Fong awer akzeptéiert, esouwäit wéi ech dat generell ka gesinn, et kann ëmmer emol Eenzelner, déi sech blöd behuele vis-à-vis vun enger behënnerter Persoun. Dat mengen ech gëtt et ëmmer. Mä generell hunn ech awer dat Gefill a soen och déi Leit iech, datt si awer, a si hu virun allem, an dat ass dat, wat mir am Fong gutt gefält, si hunn e ganz anert Bewosstsënn vu sech selwer kritt.

Mir hunn och do de Conseil supérieur vun de Personnes handicapées. Dee war elo dës Woch an der Chamber fir och hiren Avis ze soen, zum Beispill iwwer d’palliativ Soinen, a si hu gesot, mir hätten elo gären, datt mir kënnten an eisen Infrastrukture bleiwen, wa mir eng Kéier un eist Liewensenn kommen, net datt mir dann eraus geholl ginn, oder datt aner Leit da bei eis kommen.

Fir Iech ze weisen, als Beispill, datt dat eng ganz aner Prise ass, wéi dat wat ee viraus hat, wou dat ëmmer e bësselchen esou war, oh, ma mir si gutt mat dir, well du bass en aarme Behënnerten. Mir hunn deene Leit gesot, dir kritt esou vill Autonomie wéi méiglech. An dat soll och esou sinn, an esou vill Normalitéit wéi méiglech hu mir erëm agefouert, datt déi Leit, déi an engem Atelier protégé eng Pei kréien, mir hunn agefouert, datt déi Leit déi dat net kënne maachen, awer den RMG kréien, ouni déi aner Konditioune mussen ze erfëllen.

An da muss een natierlech op där anerer Säit och bezuelen, wann een iergendwou eppes fir e Parking oder fir eppes. Et ass am Fong ëmmer zu zwou Säiten dann och déi Normalitéit, déi muss spillen.

Jean-Pol Roden: Wéi wäit kann d’Integratioun da goen?

Marie-Josée Jacobs: Also bei deene Behënnerten denken ech, datt dat eppes ass, wat a verschiddene Fäll ganz, ganz wäit ka goen, an datt wierklech ganz vill Leit kënnen autonom liewen. Wann ech verschidden esou Leit viru mengen Ae gesinn, déi wierklech schwéierst behënnert sinn, an déi fir sech selwer kënne liewen, déi sech bestuet hunn, déi eng Famill hunn, déi allenzwee schaffe ginn, da gesäit een, datt dat eppes ass, wat wierklech gutt ka fonctionnéieren, wou natierlech och Villes ronderëm da muss fonctionnéieren, a wou och Villes, an dat ass selbstverständlech jo och ëmmer eng Fro vu Geld, wou vill Suen an deene leschte Joeren zur Verfügung gestallt ginn ass, fir dat ebe méiglechst och méiglech ze maachen.

Mä wéi gesot, alles kritt een och net ëmmer fäerdeg, mä ech denken awer, datt dat eppes ass, wat och an deenen nächste Joere säi Wee wäert viru maachen. A wou mir och hoffen, datt do déi Leit selwer sech och virun esou asetzen, fir sech selwer liewen, dann och deenen aneren natierlech déi fir si do sinn, hir Famill, oder och déi Professionell, déi doranner schaffen.

Jean-Pol Roden: Ech mengen, mir hunn hei am Land eng ganz Rei Problematiken an de Grëff ze kréien. Eng dovunner ass den ëffentlechen Transport, an do dann direkt ugefrot, wéi wäit ass dann haut d’Méiglechkeet fir déi Leit am Rollstull am ëffentlechen Transport? Huet dat sech elo alles geregelt?

Marie-Josée Jacobs: Dat wier zevill schéin, wa sech alles geregelt hätt. Ech denken, datt eng ganz Partie Saache sech am gaange sinn ze änneren. Mir wëssen, datt et nach wéi vor op verschiddene Plaze schwiereg ass, wann ee mam Zuch muss fueren. Mir wëssen och, datt et nach Busse gëtt, oder nach eng ganz Partie Busse gëtt, déi nach net handicapéiertegerecht sinn.

A wa mir vun handicapéiertegerecht schwätzen, da musse mir wëssen, datt dat net nëmmen d’Leit sinn, déi am Rollstull sinn. Mir hunn dann heiansdo d’Tendenz dat nëmmen doranner ze gesinn. Mir mussen un déi Leit denken, déi blann sinn. Mir mussen un déi Leit denken, déi näischt héieren. Wann dir fir e Blannen eng grouss, laang Strooss hutt, da fënnt dee keng Repèren do dertëschent. Wann dir dat awer natierlech anescht maacht, da gëtt et der rëm vill, déi verschidde Problemer awer och hunn, wou déi wann dir deem enge säi méi komplizéiert fir déi Leit mam Rollstull.

Et ass also och, do muss een iwwerleeën, datt et net nëmmen eng Zort vun Handicap gëtt, mä datt et der vill gëtt, an och probéieren dann awer och jiddwerengem an iergendenger Form gerecht ze ginn.

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, Dir sitt haut bei eis op Besuch als souzesoen, Familljeministesch, mä Dir sitt awer natierlech och Ministesch vun der Promotion féminine. A wann een den 3. Mäerz bei eis op Besuch ass, da muss een drun denken, datt den 8.Mäerz den internationale Fraendag ass. An am Virfeld vun dësem internationale Fraendag huet dann d’Nicole Schweich aus dem Zentralcomité vun der Kommunistescher Partei un eng Rëtsch Mëssstänn erënnert, déi et nach ëmmer a punkto Frae gëtt.

Nicole Schweich: Gläiche Loun, d’selwecht Opstiegschancen an de Betriber an an den Institutiounen, eng direkt Ofschafung vun der Duebelbesteierung fir bestuete Fraen, esou wéi d’Ofschafung vun de bestoenden Hongerrenten, vun deene praktesch bal nëmme Frae betraff sinn, d’Aféierung vun der Ganzdaagsschoul, an d’Schoulkantinen, méi Crèche mat gestaffelte Präisser nom Verdéngscht, Recht der Fra zouzegestoen zu engem Schwangerschaftsofbroch, gratis Verhütungsmëttel a gratis medezinesch Agrëff zur Präventioun vun der Schwangerschaft.

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, dat do si wahrscheinlech Fuerderungen déi Dir scho ganz laang, an net nëmme vun de kommunistesche Frae gestallt kritt. Wéi wäit si mir da vun all deene Saachen ewech?

Marie-Josée Jacobs: Et gëtt eenzelner wou mir an deene leschte Joere ganz grouss Efforte gemaach hunn, anerer wou mir nach méi wäit hannendra sinn.

Do wou et méi schwiereg ass, dat ass nach ëmmer, datt mir zu Lëtzebuerg, esou wéi a ville Länner, Lounënnerscheeder hunn zwëschen de Fraen an de Männer, wat dovunner hierkënnt zu engem Deel, well nach ëmmer d’Meedecher trotzdem datt si besser Schoulafschlëss maache wéi d’Jongen, datt se awer nach ëmmer op deene manner gutt bezueltene Plaze sinn, datt se nach ëmmer manner an der Prise de décision, an de Betriber sinn, ëmmer manner an der Politik vertruede si wéi d’Männer et sinn. Dat alles féiert dozou, natierlech, datt an de Betriber selwer och déi Kultur sech net esou séier changéiert.

Fraen, déi awer nach vill méi Deelzäit schaffe wéi Männer, Fraen déi manner séier Carrière maachen, well se da keng Iwwerstonne maachen, well si keng Formatioune kënne maachen de Weekend, well si eng Famill hunn, si hu jo net alleng eng Famill, si hu jo ee Mann, dee mat eng Famill huet. Et kënnt also och d’Element dobäi, vun deem vun der besserer Opdeelung och vun der onbezuelter Aarbecht an der Famill. An op där anerer Säit selbstverständlech dann awer och Fraen, déi méi Méiglechkeete kréien, och Formatiounen ze maachen trotzdem datt si Kanner hunn.

Do wou mir an deene leschte Joere vill Efforte gemaach hunn, an dat wësst Dir, dat ass alles, wat d'Maisons relais ubelaangt, wou mir zënter dem Joer 2000 mat de Gemengen zesummen finanziell och participéieren, esougutt beim Bau wéi och bei der Exploitatioun vun der Betreiung vun de Schoulkanner, a wou och eng enorm Demande zënterhier do ass. Fréier huet ee mussen de Gemengen nolafen, fir esou eppes ze maachen. Et wollt jiddwereen en Altersheim, mä et wollt keen eng Crèche, an et wollt och keen eng Maison relais. Dat huet sech Gott sei Dank geännert. Et si grouss Demanden do, well och d’Demande do ass vun de Leit, déi do wunnen.

Ganz dacks Leit, ech hunn elo grad gesot, ech kennen déi zu Maarnech net méi alleguer, dat sinn also Leit, déi keng Familljen hunn, déi drop ugewise sinn, wa se wëllen oder musse schaffe goen, datt se dann och esou Méiglechkeet zur Verfügung hunn. Dat ass eppes, wat wou ech zefridden driwwer sinn, a wat sech gutt entwéckelt. Wéi gesot, aner Saache, wou et méi schwiereg ass, a wou mir och gesinn, datt et an der Gesellschaft och nach schwiereg ass, fir do d’Acceptance ze kréien.

Dat wat ech awer vläicht wëll soen, dat ass mir hunn haut ewell gestaffelt Präisser, nom Akommes vun de Leit. An och wéi mir zesumme mam Syvicol déi Präisser festgeluecht hu fir d’Maisons relais, hunn ech gesot, ech wëll net hunn, datt ee Kand net dora ka goen, aus finanzielle Grënn. Wann och d’Elteren deen een Euro, deen et kascht, net kënne bezuelen, da soll dat iwwer den Office social goen, an da kréien d’Gemengen et souwisou vum Staat erëm, soudatt dat net dierf e Grond sinn, datt ee Kand net dierf dohinner kommen, respektiv datt eng Fra net d’Méiglechkeet hätt fir kënne schaffen ze goen, well si eben d’Suen net huet fir kënnen och esou Strukturen ze bezuelen.

Jean-Pol Roden: Kënn Dir Iech virstellen, datt den 3. Mäerz 2090 an de Geschichtsbicher steet, den 8. Mäerz dat war en Anachronismus?

Marie-Josée Jacobs: Et wier schéin, wann ee sech dat kéint virstellen. Mir probéieren, alles ze maachen, fir datt dat esou ass, mä ech denken awer, datt mir op ville Plazen nach dovunner, an eise Länner manner wäit ewech sinn wéi an aneren, och wa mir hei nach net alles erreecht hunn, da musse mir jo awer soen, datt et eis vis-à-vis vun anere Fraen vill besser geet.

Wann ee bedenkt, wéivill Fraen Zwangsbestiednisser mussen agoen, wéivill Fraen beschnidde ginn, wéivill Fraen wierklech iwwerhaapt näischt iwwer sech ze soen hunn, a keng Chance hu fir an eng Schoul kënnen ze goen. Alles dat, da mengen ech wier et, 2090 stéing dat nach net an de Geschichtsbicher.

Jean-Pol Roden: Marie-Josée Jacobs, Dir wart fréier emol ministeriell mat der Kultur beschäftegt. Huelt Dir Iech haut nach Zäit, fir emol an e Kulturtempel ze goen? A wéi gesitt Dir dann d’Kulturjoer 2007 an dee bloen Hirsch?

Marie-Josée Jacobs: Also ech fannen, ech hu mech immens gefreet, wéi d’Joer 2007 opgaangen ass, an ech war op där Feier dobäi an ech hunn dat ganz flott fonnt. A virun allem war et fir mech ganz relax, well 1995 hat ech d’Charge dovunner, an dann hutt dir natierlech, ass dat e bësselche manner erholsam, mä dir hat jo dann d’Responsabilitéit datt dat alles klappt.

Ech denken tëschent 1995 an haut ass e grousse Wee an der Kultur zeréckgeluegt ginn, esougutt wat d’Infrastrukturen ubelaangt, wéi och wat d’Offer ubelaangt. Mir hunn eng gewalteg kulturell Offer, et kann een haut net méi soen, et muss een an d’Ausland goe fir e flotte Concert ze héieren, fir Konferenzen ze lauschteren, fir Ausstellunge kucken ze goen. Et gëtt esou villes, datt ech heiansdo mech froen ob mir bei der Zuel vu Leit, déi awer ëmmer iwwerall ginn, ob mir net heiansdo zevill eng grouss Offer hunn.

Ech profitéieren esou vill dovu wéi et méiglech ass. Den Owend geet zu Ëlwen de klenge Maarnecher Festival un, an do ginn ech op dee Concert. Ech hätt och nach kéinten op Nogem bei de Piusverband goen. Et kann een ëmmer nëmmen op eng Plaz goen, an den Owend ass et dann also zu Ëlwen. An och Theater an aneres esou wäit wéi dat méiglech sinn ech selbstverständlech nach ëmmer interesséiert drun, fir dat ze gesinn.

Jean-Pol Roden: Ech menge positiv muss ee bewäerten, datt grad an der Rotonde II dëst Joer immens vill fir d’Jugend gemaach gëtt, an datt do déi Concerten alleguer ëmmer voll sinn, an dann huet dat vläicht vun 1995 eppes bewierkt.

An domat si mir dann am Enn vum "Riicht eraus" ukomm. Ech soen dem Marie-Josée Jacobs Merci fir de Besuch am Studio vum 100,7.

Dernière mise à jour