Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de son entrevue avec la chancelière allemande, Angela Merkel, et du prochain Conseil européen

Frank Kuffer:Wat bei der Reunioun gëschter Owend am Bundeskanzleramt erauskoum, gi mer an den nächste Minutte gewuer. Um Telefon ass elo de Jean-Claude Juncker. Gudde Moien, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Frank Kuffer:Ass virum Sommet nach all Regierungschef bei der EU-Rotspresidentin passéiert? Waart Dir als President vum Eurogroupe oder souzesoen als Parteifrënd op Berlin?

Jean-Claude Juncker: An Europa reest een net als Parteifrënd. Jiddwereen huet ee Regierungsamt an et ass am Kader vun dem Exercice vun deem Regierungsamt wou ee geruff gëtt, gebiede gëtt ze kommen. Net all Regierungschef war zu Berlin. D’Madame Merkel wollt mat mir schwätzen als leschte vun de Regierungschefen, dee se géif gesinn. An dat hat mam Eurogroupe ze dinn, dat huet awer och mat laangjähreger Präsenz an de Strukture vun der Europäescher Unioun ze dinn.

Frank Kuffer:Wéi gesot ass de Klimawandel an de Klimaschutz um Sommet een, wann net den Haaptpunkt. D’Bundeskanzlerin wëll, datt d’EU de Musterschüler weltwäit a Saache Klimaschutz gëtt, et sollt ee sech dofir och kloer definéiert Ziler ginn un déi sech d’Unioun dann och hale misst. Si Berlin a Lëtzebuerg do op enger Linn?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn do op enger Linn. Mir mengen effektiv, datt d’Klimaschutzproblematik eng dramatesch wichteg ass, datt se laang ignoréiert, respektiv sousestiméiert ginn ass an datt et elo, op Grond vu konsensbildenden Elementer, déi weltwäit ënner Form vu Rapporten zesummegedroe ginn, Eenegkeet driwwer gëtt, datt séier eppes muss geschéien.

An d’Europäesch Unioun als déi Unioun vun deenen eigentlech räichste Länner déi et an der Welt gëtt, déi muss hei mam gudde Beispill virgoen. Mir sinn héich industrialiséiert, mir sinn héich entwéckelt an et ass an eise Länner wou ee muss weisen, datt Emissiounsreduktioune méiglech sinn an datt Alternativenergien kënnen an Opstellung bruecht ginn, fir eis Ofhängegkeet par rapport zu de klasseschen Energieträger ze reduzéieren an dofir brauch ee verbindlech Zieler. Wéi déi däitsch Bundeskanzlerin sinn ech der Meenung, datt déi Zieler fir d’Emissiounen ze reduzéieren an d’alternativ Energiequellen no uewen ze adaptéieren, musse verbindlech fir d’Europäesch Unioun festgeschriwwe ginn. 20% erof mat den Emissiounen, 20% an d’Luucht mat den alternativen Energiequellen, dozou musse mer eis obligéieren. Wéi dat dann an all eenzelnem Land ëmgesat gëtt, op Grond vun der territorialer Beschafenheet, der geographescher Situatioun vun deem Land, dat muss een dann an eenzelne Gespréicher mat der Kommissioun gesinn.

Mä wa mir eis als Europäer net dozou engagéieren 20% zwengend erofzegoen, wéi solle mer dann déi aner op der Welt, déi och musse matmaachen, iwwerzeegen, datt et hei gëlt fir unzepaken. Eréischt ee richtegt Zougräiffe kann anerer invitéieren Hand mat unzeleeën.

Frank Kuffer:Et huet een e bëssen d’Impressioun, datt de Sujet Klimaschutz elo réischt zanter e puer Wochen a Méint esou richteg ee Sujet ass, heiheem an och soss an der Welt. Géingt Dir mir Recht ginn, datt dee Sujet och an der Europäescher Unioun vläicht e bësse verschlof gouf? Dir hutt selwer virdru gesot, e bëssen ignoréiert. Dir hutt gesot, hei am Land hätten déi dräi grouss Parteien eng kollektiv Schold, ween huet déi Schold dann op EU-Niveau?

Jean-Claude Juncker: Majo et ass op EU-Niveau d’selwecht wéi um nationalen Niveau. Déi, déi Verantwortung gedroen hunn, dat zielt fir ee Land, dat zielt fir d’Europäesch Unioun, déi hunn einfach déi Hiweiser, déi et och an deene leschte Joerzéngte scho ginn huet, op déi Verännerungen déi mer haut ënnert der Vokabel Klimaschutz zesummefaassen, net eescht geholl an datt dorunner déi haaptsächlech bedeelegt sinn, déi dofir zoustänneg sinn, dat heescht déi politesch Parteien déi a Regierungsverantwortung stinn, dat ass evident. Dat ass gelungenerweis heiansdo esou an der Welt, datt een et weess, et awer eigentlech net wësse wëllt an da just ier et ze spéit ass ufänkt hefteg ze reagéieen.

Mir wësse jo och schonn 30 Joer laang, datt et Honger an der Welt gëtt a mir wëssen och ganz genau wat een dogéint ka maachen. Mir maachen et awer net. Mir maachen et zu Lëtzebuerg, mat dem héijen Niveau vun eiser Entwécklungshëllef, mä europawäit a weltwäit gëtt dat net gemaach. Ech vergläichen déi zwou Katastrofe mateneen. Beim Honger, bei der Bekämpfung vun der Aarmut, do si mer, obscho mer all déi Informatiounen hunn, obscho met wëssen, datt all Dag 25000 Kanner vun Honger stierwen, maache mer awer net genuch. Esou war et och beim Klimaschutz, elo muss et gemaach ginn.

Frank Kuffer: Gëtt mat der Klimadebatt d’Verfassungsdebatt e bëssen an den Tirang geluecht oder kéint ee béid Diskussioune verbannen an zum Beispill de Klimaschutz och nach an déi Verfassung aschreiwen an domadder weise wéi wichteg, datt een dat wierklech elo hëlt?

Jean-Claude Juncker: Et ass ganz evident, datt Klimaschutz, Klimapolitik an Energiepolitik Agang musse fannen an d’Verfeinerungsinstrumentskëschte vun den europäeschen Entscheedungen. Dat hu mer bei der Energie gemaach. Am Verfassungsvertrag hu mer eis eng méi zolitt legal Basis ginn, fir gemeinsam Energiepolitik eruwuessen ze loossen. Ech sinn der Meenung, datt een dat beim Klimaschutz och brauch, well mer mussen och bei den Zilsetzunge vun der Europäescher Unioun däitlech maachen, datt d’Konservéiere vun der Schöpfung, d’Erhale vun der Ëmwelt quasi de Rang vun engem Verfassungszil verdéngen.

Frank Kuffer: Här Staatsminister, villmols merci fir dës Explikatiounen a méi Detailler vum EU-Sommet ginn et dann natierlech dann déi nächst Deeg.

Dernière mise à jour