Le ministre de l'Économie et du Commerce extérieur, Jeannot Krecké, sur la position du Luxembourg concernant le paquet énergie de la Commission européenne discuté au Conseil européen

Marco Goetz: Haut a muer gëtt also d’Haaptopmierksamkeet zu Bréissel dem Energie- a Klimapak, deen d’Commissioun am Januar virgestallt hat, a fir déi se probéiert elo um Sommet den Accord vun de 27 ze kréien. De Commissiounspresident José Manuel Barroso huet ufanks der Woch en Appel un d’Vertrieder vun de 27 geriicht, der Welt ze weisen, datt Europa et eescht mengt mat Mesurë géint de Klimawandel. Am Virfeld vum Sommet huet d’Diane Klein sech mam Energieminister Jeannot Krecké iwwer de Klimapak, dat heescht iwwer seng, och aus lëtzebuerger Siicht, positiv an negativ Punkten ënnerhalen.

Diane Klein: Mat deem Pak vu Moossname soll duerchgesat ginn, datt d’Émissioun vun Zäregasen an den 27 Länner vun der Europäescher Unioun bis d’Joer 2020 em 20% op d’mannst vis-à-vis vun 1990 reduzéiert gëtt, a wann nach aner Industrienatioune matmaachen, wéi d’USA, Indien a China, soll esouguer e Minus vun 30% ugestrieft ginn. Ënner de Propositioune fir d’Zil ze erreechen ass zum Beispill déi, datt déi erneierbar Energie bis 2020 sollen 20% vum Energiemix ausmaachen. Mä déi grouss Fro ass dem Energieminister Jeannot Krecké no, wéi dat an der Praxis soll fonctionnéieren.

Jeannot Krecké: Wa si wëllen op erneierbar Energie setzen, dann ass dat sécherlech e richtege Schrëtt, mä ech hu gesot, si si sech net konsequent. Während datt d’Commissioun freet, datt mir däers méi maachen, weess jiddwereen an Europa, datt se am Moment nach net um fräie Marché kënne sech duerchsetzen, soss géinge se sech jo vum selwen duerchsetzen. Also musse se nach staark subventionéiert ginn. Domat hunn ech och kee Problem. Mä dann, wann een esou e Mechanismus aféiert, wéi deen dee mir gemaach hunn, an dee si nenne Feed in, deen hei Fonds de compensation ass, da schwätze se op emol vu Staatshëllefen, dat heescht, d’Madame Kroes, d’Kommissärin vun der Konkurrenz, ass op engem aneren Dampfer wéi de Rescht vun der Commissioun.

Diane Klein: An där Saach wier d’Commissioun gefuerdert, endlech e kloere Message erauszeginn. Niewent den erneierbaren Energië soll an Zukunft verstäerkt op Biosprit fir d’Gefierer gesat ginn. Do gesäit d’Commissioun an hirem Dokument eng Part vun 10% vir, déi bis an 13 Joer soll duerchgesat ginn. Dat ass awer een Objektiv, seet de Jeannot Krecké, dee Lëtzebuerg och mat vill guddem Wëllen net kéint respektéieren.

Jeannot Krecké: Och bei de Bio-Carburanten, wou se 10% froen, an datt déi och nach bindend wieren, hu mir hinnen erkläert, datt mir ofhängeg si vun deem wat d’Belsch an Holland mécht. Well déi beliwweren direkt eis Tankstellen, an déi gi guer net hei gemëscht.

Dat zweet ass, ech hu gesot, mir kënnten dat anhalen, wa mir géingen entzwousch anescht eis approvisionéieren, sief et a Brasilien, sief et Indonesien, sief et an anere Länner, mä dat ass awer net sënnvoll, well do verbrauche mir jo vill Energie fir et heihinner ze bréngen.

An drëttens hu mir hinne gesot, wa mir all Fläche géinge bebauen, déi mir hei am Land hunn, mat Uelegplanzen, da kéime mir héchstens op 2%, déi mir kënnten erwirtschaften, déi mir kënnte bäifügen. Mä aus deenen zwee vireschte Grënn eraus och, an deem do ganz besonnesch, ass fir eis onméiglech déi 10% anzehalen. Also hu mir och gefrot, datt mir eng Ausnam do kënnte kréien, einfach duerch eisen Territoire, deen dat do net hiergëtt.

Diane Klein: D’Chargë fir d’Zil vun enger Réductioun vun 20% Zäregasen ze erreechen, bleiwen nach ze verdeelen. De Méindeg, wéi d’EU-Ausseministeren de Sommet preparéiert hunn, gouf et keen Accord fir ze soen, datt déi proposéiert Mesurë solle contraignant ginn. Lëtzebuerg fuerdert datt den territoriale Spécificitéite Rechnung gedroe gëtt, soss kéint een net mat contraignante Mesuren eens ginn.

Jeannot Krecké: An do hu mir drop higewisen, datt mir fannen, datt et am Mechanismus, dee si an d’Welt gesat hunn, e ganze Koup Saache ginn, wou se inkohärent sinn. Wann d’Firmen, Industrien, hei zu Lëtzebuerg anescht behandelt ginn, wat hir Émissiounsrechter ubelaangt, wéi Firmen déi a Groussbritannien sinn, dann ass do iergendeppes faul. Déi selwecht Firma, Luxguard fir se net ze nennen, gëtt hei anescht behandelt wéi op der Säit vun den Englänner. Dat selwecht gëlt fir déi erneierbar Energien, wou si eis jo och wëllen dran unneelen, a wou si eis net soen, wéi si dann déi Organisatioun maachen, wéi si da wëlle Rechnung droen, dem Fait, datt mir bereet sinn an engem Nopeschland vläicht déi Efforten ze maachen, déi mir op eisem Territoire net kënne maachen, well mir ze kleng sinn.

Diane Klein: Bis elo ass nach net esou richteg gewosst, wat d’Commissioun vun där Propose hält. Anerer vun de Mesuren aus dem Commissiounspak hunn déi voll Zoustëmmung vum Energieminister. Et sinn déi, fir Energie ze spueren, an d’Energie méi efficace anzesetzen. Senger Meenung no gëtt et am Dossier Efficacité énergétique e grousse Potential. Hei am Land ass eng entspriechend Reglementatioun um Instanzewee.

Jeannot Krecké: Mir sinn am gaangen déi Wärmeschutzveruerdnung duerchzesetzen, déi jo soll maachen datt d’Gebaier méi efficace an hirem Energieverbrauch ginn. Dat läit am Moment um Niveau vum Staatsrot, an dat soll dann aviséiert nach gi vun der Chamber, an da kënne mir dee Règlement grand-ducal en Applicatioun setzen, dat heescht, dann hu mir eng Wärmeschutzveruerdnung déi mat sech bréngt, datt bei deenen neien Haiser mir nei Standarden hunn, wou d’Leit obligéiert gi méi streng, wat d’Energieaspueren ubelaangt, ze handelen.

Diane Klein: Eng vun de Kritike vu Grénge Parteien an Ëmweltschützer um Klimapak vun der Commissioun ass, datt si sech net kloer vun der Atomenergie lassgesot huet. Op deem Punkt sollt ee sech awer näischt virmaachen, och wann déi lëtzebuerger Positioun géint iwwer der Atomenergie nach net changéiert huet.

Jeannot Krecké: Nämlech datt mir net wëllen an d’Atomenergie investéieren, an dat och net elo ganz besonnesch ënnerstëtzen. Dat eenzegt wat mir awer musse wëssen, mir dierfen awer net an d’Hypocrisie verfalen ze mengen, ouni Atomenergie kënnte mir muer auskommen. Ech soen Iech, an deenen nächsten 30, 40 Joer ass dat nach net méiglech, dat ass eng Iwwergangsperiode wou wann net drastesch Ännerungen um Niveau vun der Aspuerung kommen, een och nach op Atomenergie ugewisen ass, op ee wëllt oder net.

Diane Klein: Da fuerdert d’Commissioun, d’Länner sollte sech méi fir d’Realisatioun vun engem gemeinsame Bannemaart fir Energie asetzen. Dat ass dem Jeannot Krecké no allerdéngs nach net fir haut a fir muer.

Jeannot Krecké: D’Länner halen drop, datt se hiren eegenen Energiemix definéieren. Dir kënnt Iech virstellen, datt d’Fransousen drop halen, datt si weiderhin op Atomenergie setzen, an datt natierlech Éisterräich, wat aner Méiglechkeeten huet, seet, mir setze méi op erneierbar Energien, an duefir wäert de Mix an d’Politik vum Mix, dat heescht d’Mëschung vun den Energiequellen an deenen eenzelne Länner nach nach wéi vor eng Nationalpolitik bleiwen.

An ech hunn d’Impressioun, datt esouguer d’Commissioun déi Propositioun vu Lëtzebuerg emol net wëll opgräifen, nämlech déi fir ze soen, ma et kann een och an anere Länner investéieren, an et kritt een dat ugerechent, wat een do investéiert. Datt mir géinge mat de Belsch zesummen an der Nordséi géinge Wandmille maachen, an datt mir dat awer ugerechent kréien, esouguer dat wëlle si net ënnerhuelen. Wa si dat also net capabel sinn, oder net wëlle maachen, da muss ech soen, da si mir nach wäit ewech vun engem Marché intérieur vun der Energie. Da solle se net vun anere Saache schwätzen, an anere Länner Virwërf maachen, wa si net capabel sinn, deen do Wee ze goen.

Diane Klein: Et ginn deemno nach eng ganz Partie Punkten, wou et haut, respektiv muer um Sommet nach esou muenech Discussiounen dierfte ginn, well net anescht wéi déi lëtzebuerger Delegatioun, dierften och nach anerer hir Problemer hunn. Aus der nationaler Perspektiv eraus missen zwou Konditioune respektéiert ginn, esou de Jeannot Krecké, fir zu Bréissel kënnen zouzestëmmen.

Jeannot Krecké: Also, wa mir deem Pak sollen eis Zoustëmmung ginn, da sinn zwou Viraussetzungen déi musse kloer sinn. Éischtens muss also dee Bannemaart hiergestallt gi mat de grénge Certificaten, nämlech datt mir kënnen erneierbar Energiesinvestitioune mat der Belsch oder mat Däitschland oder mat Frankräich maachen, datt déi eis ugerechent ginn.

An zweetens muss kloer gestallt sinn, datt déi Förderméiglechkeeten déi mir elo ausgeschafft hunn, an déi quasi déi selwecht si wéi a Slowenien, wéi an Éisterräich, wéi an Däitschland, datt déi net als Staatshëllefen ugesi ginn. Wann déi zwou Konditiounen net erfëllt sinn, da kann ech mir net virstellen, datt mir zu deem Paquet kënnte jo soen.

Diane Klein: Nach ass et ze fréi, fir ze wësse wéi d’Discussiounen zu Bréissel verlafe wäerten. De Méindeg, nom Conseil Affaires générales fir de Sommet ze preparéieren, hat den Ausseminister Jean Asselborn nach erkläert, datt Lëtzebuerg sech dem Klimapak egal wéi net verschléisse kéint. Dat lescht Wuert hunn awer wéi ëmmer d’Chefen, also d’Staats- a Regierungschefen.

Marco Goetz: Esouwäit den Dossier vum Diane Klein.

Dernière mise à jour