Le ministre des Transports et de l'Environnement, Lucien Lux, au sujet de la politique climatique

Monique Kater: E ganz schéine gudden Owend bei Impuls. D’Europäesch Unioun setzt sech héich Ziler a Saache Klimaschutz. Steet Lëtzebuerg voll a ganz hanner deem Accord, a wat bedeit e konkret fir jiddweree vun eis?

Tom Graas: Dat diskutéiere mir mam Ëmwelt- an Transportminister Lucien Lux. Gudden Owend.

Lucien Lux:Gudden Owend.

Tom Graas: Minus 20% bei den CO2-Émissiounen, plus 20% bei den erneierbaren Energien. Dat sinn d’Ziler vun den EU-Länner bis d’Joer 2020. En ambitiéise Projet, deen ouni d’Hëllef vun den 500 Milliounen EU-Bierger allerdéngs net fonctionnéiere kann.

[Reportage vum Monique Kater]

Tom Graas: Dir maacht een dramateschen Appel wéi den Churchill 1940, Här Lux. Schweess an Tréinen, do feelt just nach d’Blutt. Si mir regelrecht am Krich géint de Klimawandel?

Lucien Lux: Ech menge mäin däitsche Kolleg Sigmar Gabriel huet dee Verglach an deene leschten Deeg gemaach. Wa mir an deenen nächste Joeren, Jorzéngte wëlle verhënneren, datt de Klimawandel wierklech zu enger grousser Katastrof fir déi zukünfteg Generatioune virun allem gëtt, da gëtt et wierklech héich Zäit, aus dem Suedel ze goen, da gëtt et héich Zäit wierklech déi Moossnamen ze huelen, déi duefir noutwenneg sinn dat ze stoppen. An ech mengen, datt d’Bierger an d’Biergerinnen dobausse bereet sinn déi Erausfuerderung unzehuelen, an ech zweiwelen och kee Moment, datt mir dat kënne fäerdeg bréngen.

Monique Kater: Den oppene Bréif vum Gréngen-Deputéierten Camill Gira, dee seet, et hätt een awer elo éischter d’Impressioun, Dir géingt de Leit eben elo d’Responsabilitéit fir deen CO2-Schlamassel zouschousteren, anstatt datt d’Ministeren elo selwer géingen d’Responsabilitéit iwwerhuelen. Wat sot Dir dann dozou?

Lucien Lux: Also ech mengen, ech sinn net zoustänneg fir parteipolitesch Polemik, duefir bleift mir d’Zäit net. An ech mengen [ënnerbrach].

Monique Kater: Ok, dann huel Dir se dann, huelt Dir d’Responsabilitéit.

Lucien Lux: Loosse mir emol dovunner ausgoen, datt bis de Juni 2009, egal wat den Ëmweltminister wäert maachen, a wéivill hie sech wäert engagéieren, déi Gréng ëmmer wäerten der Meenung sinn, datt et net duergeet.

Ech mengen, datt mir an deene leschten zwee Joer schonn eng ganz Rei vu Moossnamen an d’Wee bruecht hunn, datt mir e ganz sérieuxen Discours mat der Industrie gefouert hunn, datt mir vill Efforte maache fir den ëffentlechen Transport besser ze maachen, datt mir och duefir suergen fir contraignant, zum Beispill Wäermeschutzveruerdnung wéi et virdru genannt ginn ass, ëmzesetzen.

Ech mengen ni datt den Discours vu mir deen ass, fir de Leit e schlecht Gewëssen ze maachen, am Géigendeel, ech mengen, datt et eng Chance ass fir hei zu Lëtzebuerg duefir ze suergen, datt mir och Créneaue fir nei Aarbechtsplaze kënne fannen, an datt mir d’Liewensqualitéit vläicht och e bëssen nei definéiere mussen. Ech mengen, wa mir ee Spross vun där Wuelstandsleeder erofginn, da si mir nach ëmmer an enger ganz gudder Situatioun, a mir sollten emol e Bléck geheien op aner Kontinenter an d’Situatioune wéi se sech do stellen, da mierke mir, datt mir deen do Défi kënne packen.

Tom Graas: Gutt, Här Lux, Dir schéngt also ganz motivéiert ze sinn, fir do d’Saach erop ze strëppen, an da lasszefueren, esou wéi de Camille Gira dat gefuerdert huet a sengem Bréif. Mä déi aner Regierungsmemberen, wéi ass et da bei deenen? Si si därselwechter Meenung wéi Dir, oder leeë se Iech esouguer e bësse Steng an de Wee?

Lucien Lux: Ech mengen, datt deen Androck dee vläicht do ass, datt deen net stëmmt. Ech huelen ee Beispill, dat ass datt mir an deene leschte Joeren ni eng Situatioun haten, zum Beispill wou de Fonds du rail, der bewosst Förderung vun der Schinn par rapport zu der Strooss méi Moyenen hat wéi de Fonds des routes.

Wa virdru gesot ginn ass, méi op d’Schinn setzen an net op d’Strooss, d’Mobilitéitszentral, ee vun deene Beispiller iwwer déi hei zu Lëtzebuerg säit Joeren diskutéiert gëtt, gëtt den 24. Mee ageweit.

D’Autoroute ferroviaire wou mir 30.000 Remorquen d’nächst Joer kënne vun der Schinn op d’Strooss zu Beetebuerg setzen, an op Perpignan iwwer d’Schinn féieren, 9 Milliounen Investitioun si kloer Beispiller, datt dat net de Fall ass.

D’Wäermeschutzveruerdnung déi de Wirtschaftsminister am September an de Conseil d’État deponéiert huet, do läit se nämlech, net bei der Regierung [ënnerbrach].

Monique Kater: Dat heescht déi sinn erëm Schold oder wéi?

Lucien Lux: Neen, d’Wäermeschutzveruerdnung ass am September d’lescht Joer vun der Regierung beim Conseil d’État deponéiert ginn. Dat ass nun emol e Fakt. A mir waarden op den Avis, deen ass versprach nach fir dëse Mount, da ka se den 1.Juli a Kraaft trieden, a mat der Wäermeschutzveruerdnung kréie mir am Standard, am Energiestandard, komme mir ganz no un den Nidderegenergiestandard erun.

De Claude Wiseler gëtt genannt, zum Beispill. Deen 30 Milliounen Euro-Programm dee mir décidéiert hunn, fir d’energetesch Sanéierung vu besteënde Gebaier, ee vun de grousse Problemer, gëtt vum Claude Wiseler sérieux a konkret ëmgesat. A wa mir iwwer den Tanktourismus géife schwätzen, zum Beispill [ënnerbrach].

Monique Kater: Do komme mir spéider drop.

Lucien Lux: Zum Beispill d’Harmoniséierung vun de Steieren, schwätze mir och iwwer de Finanz- an iwwer de Budgetsminister.

Monique Kater: Dir hutt virdru gesot, deene Grénge gefält d’Aarbecht vum Ëmweltminister eigentlech ni, et geet ni duer. Mä der CSV schéngt se elo op emol och net richteg ze gefalen, well de Staatsminister deen hat d’lescht Kéier gemengt an engem Regierungsrot, an engem Briefing, mat der CSV wieren déi wichteg Ressorten a punkto Klimaschutz an de leschte Joere wahrscheinlech besser gefouert ginn. Do misst Dir jo awer rose ginn engersäits, an op där anerer Säit ass dat do jo awer net grad en Zeeche vun enger anstänneger Regierungskohärenz.

Lucien Lux: Also ech hu virun enger Woch gesot, datt ech mech un deenen Discussiounen déi réckwäerts gewandt sinn, net wëll bedeelegen, well ech mengen datt mir hei esou e groussen Défi hunn, datt et wierklech besser ass, mir kucken an d’Zukunft.

An deene leschte Joeren, loosse mir dat einfach riicht eraus soen, mir hunn 1997 en Zil ënnerschriwwe vu minus 28%. An ech bleiwen dobäi, wat ech öfters gesot hunn, mir hunn eis vill ze vill laang Zäit geholl fir eis op dat Zil do ze preparéieren. Ech hunn elo déi Charge, fir 2008 ze kucken, datt Lëtzebuerg prett ass. Mir hunn emol am Dezember 2004 Direktiven ëmgesat, emol de Kioto-Fong agesat. Mir sinn also wierklech vu ganz wäit komm, mir hunn eis an de flexible Mechanismen, am Géigesaz zu anere Länner, den Hollänner, den Dänen, déi scho laang Joeren ënner Wee waren, immens vill Zäit geholl. Mä ech mengen, et ass och vläicht de Problem vun enger Gesellschaft, déi dat do nach viru sech hier geschubst huet.

Elo kënnt 2008 dat éischt contraignant Kioto-Joer, da musse mir kucken, datt mir prett sinn, an ech mengen, datt mir an deene leschten zwee Joer scho villes an d’Wee gesat hunn [ënnerbrach].

Tom Graas: Ginn et dann net awer op verschiddene Punkten Contradictiounen? Ech huelen elo dee Saz vum Henri Kox aus dem Reportage vu virdrun, Stéchwuert, Photo-Voltaik déi de Krunn zougedréint krut, an dat wier net grad dat bescht Signal gewiescht fir d’erneierbar Energien ze promovéieren.

Lucien Lux: De Henri Kox huet emol eng Kéier en däitschen Expert hei op Lëtzebuerg bruecht, mat deem mir eis zesummen a mat him getraff hunn. An deen huet zeréckbehalen, datt déi Reglementatioun déi mir elo iwwerholl hunn, mat engem Aspeisetarif wéi et a ganz Europa soss kee méi gëtt, a mat 15% Förderung vun den Infrastrukturen, datt dat nach bei wäitem dee beschte Förderregime ass, deen et iwwerhaapt an Europa gëtt. Mir hu méi gesat op thermesch Solaranlagen, déi mir erop geholl hu vun 30 op 50%. Mir hu méi drop gesat fir d’Sanéierung vu besteënden Haiser, 1500 Euro pro Tonn kritt [ënnerbrach].

Tom Graas: D’erneierbar Energien [ënnerbrach].

Lucien Lux: Et ass net richteg dat ze soen. Deen eenzege Feeler dee mir gemaach hunn, zu deem stinn ech gären an hunn ech mech ëmmer bekannt, dat ass deen, datt mir et zougelooss haten, datt mir e Lach kritt hunn den 1. Januar 2005, well mir net prett waren, kuerz no der Regierungsëmbildung, fir deen ze maachen. Awer duerno mengen ech, ass e Regime komm deen, mengen ech, dee beschten ass, deen et an Europa gëtt.

A wa virdrun och gesot ginn ass, wat maache mir elo an Zukunft? Fir den 1. Januar 2008, gleeft mir, datt ech mam Wirtschaftsminister wäert Förderregimer opleeën, déi eis erlabe wäerten, fir eisen Zilsetzungen an den erneierbaren Energie gerecht ze ginn. Duefir wäerte mir suergen, an d’Wuert vum Staatsminister, ech huelen dat Positivt eraus, wann een also e Bléck huet deen esou negativ ass, esouguer vun enger Faillite schwätzt, da ginn ech jo dovun aus, datt de Staatsminister, Finanzminister, säi Budgetsminister, datt déi elo bereet wäerte sinn déi Moyenen och zur Verfügung ze stellen.

Monique Kater: Gutt, mir komme bei eisen nächste Reportage, wou sech alles em de Verkéier dréint, dee jo responsabel ass fir e groussen Deel vun den CO2-Émissiounen. Et ass awer och dee Beräich, wou de Lëtzebuerger am mannste bereet ass Konzessiounen ze maachen. D’Joëlle Hengen mat e puer interessante Reflexiounen.

[Reportage vum Joëlle Hengen]

Monique Kater: Här Lux, wat wier fir Iech dann elo den Ament dat staarkt Signal, mam Här Juncker op d’Wandmillen erop klammen zu Remerschen, oder awer éischter d’Formel1 verbidden? Also dat éischt wier witzeg.

Lucien Lux: Ech gesinn eis wierklech net, eis zwee, do erop ze klammen, ech weess net ob de Geste vun der Formel1 och elo wierklech esou vill géing bréngen.

Monique Kater: Et wier awer e Signal, wou ee géif kloer weisen, hei dat do ass am Fong net méi toleréiert hautesdaags. Et ass out.

Lucien Lux: Ech menge wierklech, datt d’Klimaschutzpolitik, an dat wat mir alleguer ze maachen hunn, datt dat e Bueren ass u ganz décke Brieder, an datt et kee Coup de baguette magique gëtt, eng Zauberformel wéi mir soen, elo maache mir dat do, an da geet alles richteg. Ech mengen datt jiddwereen eenzelnen all Dag sech déi Fro muss stellen, wann e moiens eraus geet, ob een net heiansdo kann den ëffentlechen Transport huelen, dee mengen ech vill besser ass, wéi säi Ruff. Wann een en Auto kafe geet, en neien, ob een net nëmmen no der Carrosserie, no der Faarw, no de Leit och kuckt.

Tom Graas: Dat schéngt jo awer net ze geschéien, Här Lux. Wa mir d’Beispill huele vum leschten Autosfestival, SUVen, déck Jeepe sinn total in, ginn ëmmer méi kaaft, mat décken Dieselmotoren. Dat heescht alles, all gutt schwätzen hëlleft näischt, et muss verbuede ginn.

Lucien Lux: Jo, ech wollt virdru jo verhënneren ze soen, datt ee soll op d’Leit kucken, a mam Fanger op d’Leit weisen, datt déi responsabel sinn. Ech mengen, datt een hei wierklech en Discours muss féieren, an dee Sondage dee mir jo maache gelooss hunn, dee weist, datt ganz vill Prozent, eng grouss Majoritéit vun de Leit, zum Beispill hanner där Autossteier stinn, iwwer déi vill diskutéiert a gestridde ginn ass, 75% hunn am Sondage gesot, si géingen dat eng gutt Saach fannen.

Monique Kater: Jo, dat deet jo och net weider wéi, et kascht e bësselche méi, mä et ass jo awer elo net, datt mir den Auto duefir géingen doheem loossen.

Lucien Lux: Wann ech zwar Eenzelner héieren hunn, dann hat ech heiansdo d’Gefill, wéi wann et awer eng grouss Katastrof wier. En fin de compte schwätze mir alleguer vum Verursaacherprinzip, wann et awer drëm geet fir et ëmzesetzen, dann ass dat vill méi schwéier, wann et drëm geet fir wierklech den ëffentlechen Transport, den Zuch, de Bus ze huelen, dann ass dat vill méi schwéier. Ech mengen, datt et hei zu Lëtzebuerg och schwiereg ass, fir eenzel Dossieren iwwer d’Ronnen ze kréien [ënnerbrach].

Tom Graas: Esou Autoen, esou Vehikelen verbidden op europäeschem Plang, do gleeft Dir net drun? Et ass éischter déi Saach, et geet, Dir waart drop, bis datt déi Leit déi esou Autoe kafen, sech einfach domm dra virkommen?

Lucien Lux: Jo, ech mengen, mir hunn eis eng Zilsetzung geholl an der Europäescher Unioun fir eng Moyenne ze treffe vun 130 Gramm de Kilometer. Wa mir dat wëlle fäerdeg bréngen, da musse mir eng ganz Rei vu Mossnamen an déi Richtung huelen. Ech hu mäi klenge Beitrag versicht ze ginn, als e gutt Beispill, fir ze weisen, datt jiddwereen dat ka maachen, wann e wëll.

En fin de compte kënnt et drop un, datt jiddwereen Eenzelne muss sech iwwerleeën, ob de Klimawandel, ob dat eng sérieux Gefor fir eise Planéit ass. Ob mir eise Kanner wëllen an d’Ae kucken, an deenen de Planéit herno esou iwwerloosse wéi mir e virfonnt hunn. Ob dee Bléck dee mir geheien an Afrika, oder op aner Kontinenter, wou d’Leit wierklech net nëmme vun Honger amgaange sinn, heiansdo, erlaabt mir deen Ausdrock, ze krepéieren, mä och Problemer vun Energie a Waasser do sinn. Wa mir dee moraleschen etheschen Usaz hunn, niewent deem politeschen, an ech soen, ech wäert duefir suergen, datt mir an där Klimaschutzpolitik, nodeem wat mir schonn an deenen zwee Joer gemaach hunn, datt mir weiderfueren.

Mä ech géing wierklech hoffen, datt och bei der Discussioun iwwer d’Autossteier, wou ech mech heiansdo ganz oft alleng gefillt hunn, wann een déi Discussioun gefouert huet mat Leit déi op emol iwwerrascht waren, wa se méi wéi 200 Euro musse bezuelen an esou virun, datt mir do elo wierklech alleguer, an der politescher Déngen, och bei den industrielle Responsabelen och mat maachen.

Monique Kater: Mä ganz genee, déi industriell Responsabel, mécht dann d’Autosindustrie genuch? Misst dann net do vill méi investéiert ginn och an d’Fuerschung, an d’Technik, fir datt einfach en décke Jeep eraus kënnt, dee luxuriéis ass, deen einfach manner verbraucht, an och manner Knascht mécht? Wat ass dann do esou komplizéiert?

Lucien Lux: Also dat wat mir jo am meeschte Freed gemaach huet, dat war am Ufank vun dësem Joer, datt déi Responsabel vun der amerikanescher Automobilindustrie mam Start vum Autosfestival zu Detroit, deen de Startschoss jo gëtt fir d’Automobiljoer 2007, datt déi allegueren amgaange sinn, sech ganz echt Suergen ze maachen, well si iwwerholl gi vu japaneschen Autoen, vun europäeschen Autoen, well och den amerikanesche Bierger amgaangen ass ze kapéieren, datt en hei muss hëllefen en Effort maachen. Niewent Energie spueren, niewent Energieeffizienz och dat do muss maachen, an datt de Client an Amerika ewech geet vun deene groussen Autoen.

A wa gesot ginn ass, mir hunn effektiv nach vill Jeepe gehat, déi kaaft gi sinn, da stellen ech awer och fest beim Joer 2006 wou déi nei Autossteier nach net a Kraaft war, datt trotzdem och 26% méi Autoe verkaaft gi sinn an deem Segment dee méi schuedstoffaarm ass. A gleeft mir, datt déi Entwécklung do wäert weider goen, well sitt sécher, datt d’Leit dobausse verstanen hunn, och wann dat e Problem ass, dee si net gesinn, dee se net kënnen upaken a gräifen, dat ass jo och d’Schwieregkeet, eppes wat vläicht an 20, 30 Joer eréischt kënnt, wat also jiddwerengem vläicht kann egal sinn, d’Leit dobausse si vill méi bewosst a vill méi responsabel, a wäerten dee gudde Wëllen dee mir ausdrécken, och versiche mat ze ënnerstëtzen.

Tom Graas: Nach ee Wuert zum gudde Wëllen. D’Stéchwuert Tanktourismus. Dir wëllt Iech elo zu Bréissel asetzen, datt an deem Secteur de sougenannten Territorialprinzip net gëllen dierft. Dat heescht, datt mir déi Émissioune vum exportéierte Sprit net ugerechent kréichen. Ass dat do dann de richtege Wee? Wier et net besser, mir géifen eis Gedanke maachen, wéi mir aus deem Tanktourismus do erauskommen, am Plaz datt mir elo versichen esou e Schlupfloch ze fannen, fir datt mir déi Saachen do net ugerechent kréien?

Lucien Lux: Ech wëll net nëmme soen, datt hei déi éischt Regierung ass, déi nom Verursaacherprinzip och de Kioto-Cent eng Abgab gemaach huet op de Bensin an op den Diesel, fir de Kioto-Fong ze finanzéiren, an domat national an aner Verflichtungen an der Klimaschutzpolitik ëmzesetzen. Dat mengen ech muss een emol zeréck behalen.

An et muss een dann och soen, wa mir iwwer den Territorialprinzip schwätzen, fir deen a Fro ze stellen, da sinn dat 5,7 Milliounen Tonne vun eisen CO2-Émissioune vun deenen insgesamt 13 an eppes Milliounen déi effektiv exportéiert ginn. Dat ass richteg. Mä op där anerer Säit musst Dir awer och, wa mir deen Territorialprinzip a Fro stellen, muss Dir déi 2,5 Milliounen déi haut net ugerechent ginn, well mir se nämlech aus Däitschland oder anere Länner importéieren, déi komme jo och nach dobäi. Mir mengen, datt d’Konsumlogik, fir wierklech ze kucke wat gëtt an dësem Land reell konsuméiert (ënnerbrach).

Tom Graas: Mä d’Zil sollt awer bleiwe fir eraus ze kommen aus deem Tanktourismus.

Lucien Lux: Ech mengen, ech halen et fir enorm wichteg, datt d’lëtzebuerger Finanzpolitik mëttel- a laangfristeg net kann dovunner ofhänken ob, wéi viru kuerzem a Frankräich, eng Bréck frësch gemaach gëtt, an doduerch de Verkéier laanscht Lëtzebuerg déviéiert ginn ass, an deen dat dann an den Accisen innerhalb vum Budget gesäit wéi d’Recetten erof ginn. Ech mengen et ass also richteg, datt den Usaz dee vu villen, och scho vum Staatsminister, och vum Här Goerens nach virun e puer Deeg, deen Usaz fir ze soe mir mussen lues awer sécher en Deel vun de Recetten vum Tanktourismus huelen, net fir sougenannten Dépenses courantes ze finanzéieren, mä se an de Kioto-Fong ze huelen, an och op där anerer Säit déi Harmoniséierung beim Präis vum Diesel a vum Bensin, wou jo elo Propositioune kommen, fir déi och graduell matzemaachen. Dat ass ekologesch richteg, mä et ass och mengen ech opzepassen, wat dat finanziell an och sozial fir eist Land heescht.

Monique Kater: Här Lux, eng kuerz Fro nach mat enger kuerzer Äntwert, wann ech gelift eng präzis Äntwert. Mir haten de Bauteminister Wiseler hei d’lescht Woch. 2012 soll d’Nordstrooss fäerdeg sinn. Wat bedeit dat fir den Automobilist, deen dann hei an engem Chaos um Kierchbierg ukënnt a Saachen Tram? Wéini ass den Tram da fäerdeg? Wou ass deen dann drun 2012?

Lucien Lux: Ech mengen hei ass et emol virun allem wichteg, an ech setze mech duefir all Woch an, datt mir endlech déi nei Streck, Eisebunnsstreck, déi vun der Gare iwwer de Findel op de Kierchbierg, datt déi ukënnt. An ech wäert alles maachen, datt Enn 2008 déi Aarbechten endlech uginn. Doniewent ass beim Tram, wäert Dir gesinn, datt mir mat der Stad Lëtzebuerg eis elo eens gi sinn, fir eng gemeinsam Sociétéit ze grënne fir deen Tram do weider ze féieren. Dat ass mengen ech e weidere Sprong dee gemaach gëtt [ënnerbrach].

Monique Kater: Datum, Dir kënnt guer keen Datum nach soen elo, oder?

Lucien Lux: Ech mengen datt et, Dir sot elo ech lafen erëm fort virun enger präziser Äntwert, mä de Pont Adolphe, déi Nei Bréck muss effektiv virdru renovéiert ginn, well mir net kënnen an engem Stadium vun engem Chantier mat deem Tram do driwwer fueren, mä gleeft mir, datt bis Enn 2009 wäerten esou kloer Décisioune geholl ginn, datt keng zukünfteg Regierung, a keen zukünftege Minister wäert den Tram erëm vun der Schinn huelen.

Monique Kater: Här Lux, d’Zäit ass eis fort gelaf. Merci datt Dir bei eis waart. Dat war et fir den Impuls vun haut.

Dernière mise à jour