Le ministre de l'Économie, Jeannot Krecké, au sujet de la lutte contre l'inflation

Francine Closener: Wéinst der Präisdeierecht huet den LCGB sech d’lescht Woch gläich zweemol zu Wuert gemellt. De chrëschtleche Gewerkschaftsbond gehäit dem Wirtschaftsminister Jeannot Krecké vir, hien hätt seng Hausaufgaben a punkto Inflatiounsbekämpfung net gemaach. Dat gesäit de Minister natierlech ganz anescht. Hien ass elo bei eis am Studio, Jeannot Krecké gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: D’Inflatioun ass zwar näischt, wat een dierf lénks leie loossen, mä am Moment ass d’Präisdeierecht dach vill manner dramatesch, wéi dat nach virun engem Joer de Fall war. Wat hutt Dir dem LCGB da gedoen, datt deen Iech elo esou an d’Gebied hëlt?

Jeannot Krecké: Ech mengen, meng Frënn vum LCGB hu vläicht net genuch matkritt, wat op dem Niveau vun der Regierung alles geschitt ass, an dat ass vläicht ee Feeler vu mir, datt ech net éischter communiquéiert hu fir ze soe wat alles geschitt ass, wat mir gemaach hu säit der Tripartite.

Mä sécher wéi mir am Kader vun der Tripartite iwwer d’Präisdeierecht geschwat hunn, du ware mir iwwer 3% zäitweileg, an dunn ass d’Regierung duefir responsabel gemaach ginn. Ech fannen dat deemools net richteg, well et vill zeréckzeféiere war op d’Deierecht op de Pëtrolspräisser, déi sinn haut erofgaangen. Et kann een eis net responsabel duefir maachen, wann d’Pëtrolspräisser erop ginn, an da soen, jo dir hutt näischt domat ze dinn, wann d’Pëtrolspräisser erofginn. Jo, de deux choses l’une, entweder hu mir eppes domat ze dinn oder mir hunn näischt domat ze dinn. Mä ech kann Iech soen, bei de Pëtrolspräisser hu mir selbstverständlech net vill Afloss.

Francine Closener: Mä an anere Wierder, wéi wäit kënnt Dir dann iwwerhaapt eppes géint d’Präisdeierecht maachen, well d’Pëtrolspräisser si jo awer natierlech e wichtegt Element an där ganzer Deierecht?

Jeannot Krecké: Mir mussen der Evolutioun vum Präis Rechnung droen, dat ass jo ee vun deene wéinege Präisser wou mir nach iwwerhaapt agräifen, well mir en Accord hu mat de Pëtrolsgesellschafte fir maximal Präisser ze fixéieren. Ech soe maximal Präisser. Jiddweree kéint also och de Bensinn an den Diesel méi bëlleg verkafe wéi dat, wat mir do ofgemaach hunn.

Fir de Rescht muss ech soen, datt mir ausser de Medikamenter an deelweis den Taxie keng Präisser méi dierfe reguléieren. An do ginn ech och mat de Kollege vum LCGB einfach net eens, d’Präisamt ass ofgeschaaft ginn ënnert der vireschter Regierung, et gëtt och net agefouert ënner dëser Regierung, well et Accorden op europäescher Ebene ginn, datt een esou net méi ka virgoen. A si wëllen awer nu wierklech mordicus op dat Instrument scheinbar zeréckgräifen, well soss gesinn ech net wéi ech kéint virgoen. Et sinn eng ganz Rei Mesurë wou ee beaflosst, déi ee kann huelen, mä ech ka kengem eppes virschreiwen.

Francine Closener: Also näischt Decisives, kënnt Dir näischt Decisives do ënnerhuelen?

Jeannot Krecké: Nee, ech kann nëmmen awierken op d’Leit, an dat hu mir op verschiddene Plaze gemaach.

Francine Closener: Et si jo och Taxë vu Gemengen a Staat, déi sougenannten administréiert Präisser, déi matspille bei där Inflatioun. Wat sinn dann do Är Méiglechkeete fir ze intervenéieren?

Jeannot Krecké: Ech ka jo och do net de Gemengen de Krich erkläre wa si hier Taxen no de Walen erhéijen, well si se schonn heiansdo e puer Joer net méi erhéicht hunn. Dat selwecht gëlt och fir eenzel Präisser an der Regierung alt.

Ech mengen den Inneminister muss eng Directive am Beräich vum Waasser ëmsetzen, déi mat sech bréngt, datt domat de Waasserpräis an d’Luucht geet. Den Transportminister huet wéi laang schonn net méi d’Tariffer vum ëffentlechen Transport ugepasst, dat ass elo geschitt.

Jiddwereen huet seng gutt Grënn fir dat ze maachen, an ech denken un d’Chambre des Employés Privés, déi jo eng ganz Lëscht erausginn huet, vun administréierte Präisser, déi an d’Luucht gesat gi sinn. Mä ech wëll drop hiweisen, datt am selwechte Joer och d’Chambre des Employés Privés hire Präis vun hirer Memberskaart em méi wéi 12% an d’Luucht gesat huet. Ech kann hinnen duefir awer net de Krich erklären. Sot mir wat ech vis-à-vis vun der Chambre des Employés Privés soll maachen, oder vis-à-vis vu Gemengen, oder vis-à-vis vu Kollege Ministeren, déi alleguer mat gudde Grënn hoffentlech déi Präisser an d’Luucht gesat hunn.

Ech kann nëmmen op si awierken, an dat wäert ech och an nächster Zäit maachen, datt ëmmer eng Lëscht muss do leien, wéi an deene leschten 12 Méint, wat fir eng Präisser mir beaflosst hunn, direkt iwwer d’Regierung, an datt och all Kéiers jiddweree sech Rechenschaft ofleet, wat dat um Niveau vun der Präisdeierecht an um Niveau vum Index ausmécht.

Francine Closener: Dir schreift an engem Communiqué och vu fräiwëllege Präisaccorden. Wat ass genee dorënner ze verstoen? Wie mécht déi Accorden, mat wiem, a ginn et där da schonn?

Jeannot Krecké: Ech hat Réunioune mat de Patronatsorganisatiounen, haaptsächlech mat deene vum Commerce, well ech gemengt hunn et wier net gutt - dat war virun där Indextranche am Dezember - wann elo géing sämtlech Präisser, déi dorëmmer bestinn, sief et am Handwierk, sief et am Commerce, em 2,5% an d’Luucht goen. Dat ass onsënneg, well et si jo nëmmen d’Léin déi em 2,5% gestige sinn, an de Rescht vun de Käschte sinn awer net gestigen.

Fir Iech e Beispill ze huelen, mir hu per Gesetz definéiert - net ech, mä déi virescht Regierung - datt d’Dokteschtariffer em 2,5% an d’Luucht ginn. Jo, ech ka mir awer net virstellen, datt d’Rechnung vum PC méi deier gëtt, datt d’Telefonsrechnungen em 2,5% méi deier gi sinn, an och de Loyer ass net em 2,5% méi deier ginn, mä just de Salaire vu sech eventuell, a vun där Persoun, oder deene Persounen déi fir hie schaffen. Et gëtt awer em 2,5% an d’Luucht gesat, an där Fäll kennen ech ganz vill. An do hunn ech probéiert ob si anzewierken alleguer, fir ze soen, da probéiert just ze applizéieren dat, wat sech mat de Léin a Verbindung ze setzen ass, an net all déi aner Fraisen.

Francine Closener: A wat soe si dann do dozou? Kommen da schonn esou Accorden, oder ginn et der schonn?

Jeannot Krecké: Mir hu Lippenbekenntnisser gehat wéi deen Accord esou, mä ech muss soen, ech hunn an der Praxis net ganz vill kënne feststellen.

Francine Closener: An Dir hofft dann awer, datt dat iergendwann eng Kéier kënnt, oder résignéiert Dir do?

Jeannot Krecké: Nee, nee, ech résignéieren net, mä ech muss soen, dat verlaangt vill Ustrengung, an duefir ze mengen ech hätt kee Wëllen, an ech wëllt guer näischt maachen, also, dat ass wäit ewech vun der Realitéit. Wann ech Iech géing opzielen, wat ech an all där Zäit elo scho gemaach hunn, fir drop anzewierken, dann ass dat ganz vill, an deen, dee mech kennt, dee weess, datt ech jo och net, wann ech mir eppes virhuelen, kee Wëlle weisen.

Francine Closener: Et soll och en Indicateur comparatif des prix an der Groussregioun kommen. An et gëtt och schonn eng éischt Étude iwwer d’Präisser an där Groussregioun. Dir sot awer, oder Dir schreift an Ärem Communiqué, et wier ze fréi, fir aus där Étude Conclusiounen ze zéien. Firwat dann?

Jeannot Krecké: Ma well et sech erausstellt, datt et ganz schwéier ass fir eis an der Groussregioun dat ze maachen, hu mir en anere beoptraagt dat fir eis ze maachen. Deen huet an der Groussregioun eis Präisser elo, reng am Alimentaire, also Liewensmëttelen, an an der Fleeg vum Kierper, alles wat mat der Kierperfleeg ze dinn huet, an dat sinn awer nëmmen 20% u sech vun deem wat mir eis virgeholl hunn, esou datt et ze fréi ass, gréisser Conclusiounen ze zéien.

Ech menge mir mussen elo kucken, wéi ass et am Electro-ménager, wéi ass et an de Miwwelen, wéi ass et an de Kleeder? An duefir sinn do zousätzlech Étuden erfuerdert. Dat ass relativ komplizéiert, well soss misste mir eng ganz Armada vu Leit an d’Groussregioun schécken, an iwwerall opschreiwen, an da muss ee sech jo eng Méthodologie ginn, mir musse jo Saache matenee vergläichen, wat vergläichbar ass.

Ech mengen, eng Béchs Coca-Cola ass ze vergläichen an deenen eenzelne Länner. Mä et ass awer beispillsweis scho schwéier beim Kéis, dat ass bei der Ham schwéier, wann een net just aus där selwechter Regioun d’Ham huet, déi selwecht Qualitéit an esou weider. Et ass eng Feinanalys ze maachen an esouwäit si mir nach net.

Francine Closener: Mä op d’mannst bei deem éischten Deel, wéi gesäit et dann do aus? Si mir dann do vill méi deier?

Jeannot Krecké: Mir sinn net vill méi deier, mir sinn e bësse méi deier. Et stellt sech awer och eraus natierlech no eiser Analys, datt mir och eng Rei Fraisen hunn, déi méi héich si wéi bei de Nopeschlänner. Ech mengen eise Mindestloun, wou ganz vill Leit drop bezuelt ginn, deen ass méi héich. Eis Loyere si méi héich, an duefir ass schonn ze verstoen, datt mir e bësse méi héich leien. Mir leien do, vis-à-vis vun enger Moyenne vun 100, leie mir op 101. Mir sinn e bësse méi deier wéi déi aner an der Groussregioun, mä et ass ze fréi fir elo weider mengen ech Conclusiounen doraus ze zéien.

Mir probéiere jo op all deenen Niveauen ëmmer anzewierken. Ech denken drun, mir haten eis virgeholl Kontrakter, déi de Staat huet, iwwerall ze désindexéieren, ze soen, et ass net méi un den Index gebonnen, mä dir musst eis erklären, wann dir zousätzlech Fraisen hutt, da musst dir eis erkläre wat déi Fraise sinn, an da kann een eventuell dat upassen. Awer net systematesch dat maachen, an dat hunn ech elo probéiert op X Plazen duerchzezéien, an domat hunn ech meng Aufgab an deem Sënn erfëllt.

Francine Closener: Mä wéi wäit ass dann iwwerhaapt de Mëttelstandsminister Fernand Boden an de Kampf géint déi Inflatioun do implizéiert? Vun him héiert een näischt, e gëtt och net vum LCGB kritiséiert, guer net ernimmt, dobäi ass hie jo awer och zoustänneg oder net fir de Commerce beispillsweis?

Jeannot Krecké: Jo, de Fernand Boden ass och enk agebonnen an déi ganz Démarchen déi mir am gaange sinn ze maachen. Mir maachen déi zesummen, an et ass och esou, datt mir elo allenzwee zesummen eng Note eraginn an de Regierungsrot, wou mir e Bericht maachen u sech, vun deem, wat mir bis elo geschafft hunn, wat mir erreecht hunn, a vläicht och op e puer Problemer hiweisen, wou mir nach keng Léisung hunn, a wou mir den Accord vun der Regierung brauchen.

Francine Closener: Dat heescht et gëtt eng coordinéiert Politik tëscht dem Wirtschaftsministère an dem Mëttelstandsministère?

Jeannot Krecké: Mir hunn déi meescht vun de Réuniounen zesumme gemaach.

Francine Closener: Nach eng lescht Fro, Här Krecké. Wéi gesäit et dann elo mat der nächster Indextranche aus? Do gouf et jo eng gewësse Polemik, och vun de Gewerkschaften zum Deel lassgetrëppelt. An der Regierung war och net jiddweree sech ganz eens, op d’mannst de Luc Frieden huet offiziell gesot, datt et wahrscheinlech 2008 keng géif ginn, wann een dat richteg verstanen huet. War dat dann och zum Beispill en Thema gëscht an der Klausur vun der Regierung zu Senneng, a wéi ass et dann elo mat der Indextranche?

Jeannot Krecké: Ech mengen ech hu reagéiert op dat, wat d’Gewerkschafte gesot hunn, wou si mat Recht drop higewisen hunn, datt esou wéi elo dat relativt komplizéiert Gesetz iwwer den Index ausgeriicht ass, eng Indextranche déi am Januar géing theoretesch erfalen, effektiv net géing erfalen, laut deem Text, an dann e Joer géing ausgesat ginn. Dat ass net de Geescht vun der Tripartite, a mir wäerten dat och änneren, wann d’Texter dat net hierginn. Et ass ganz kloer, datt mir Décalagë virgesinn haten, mä mir haten net gesot, datt eng ganz Indextranche soll ausfalen. An ech mengen do si mir eis och eens, an do wäerte mir och en Accord fannen.

Francine Closener: A soss, wat gouf da soss Interessantes nach geschwat bei där Klausur? D’Regierung huet schonn e Mount net méi gebrieft, an och no der Klausur, et gouf ee jo nach guer näischt gewuer. Dierft Dir schonn do e bëssen eppes zielen?

Jeannot Krecké: Do ass et esou Muenches ginn, mä dat iwwerloossen ech dem Premier. Dat hei war jo eng Virbereedung op seng Ried iwwer d’Situatioun hei am Land, wat déi wirtschaftlech, finanziell a sozial Entwécklungen ubelaangt.

Francine Closener: Dat heescht do kënnt nach muench spannendes op een duer?

Jeannot Krecké: Ech ginn dovun aus, mä dat ass eréischt an engem Mount de Fall.

Francine Closener: Jeannot Krecké, merci fir d’Explikatiounen.

Jeannot Krecké: Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour