Le ministre de l'Environnement, Lucien Lux, au sujet de la perception de la problématique environnementale par la population du Luxembourg

Eric Ewald: Fir 78% vun de Leit hei am Land, spillt de Schutz vun der Ëmwelt eng ganz wichteg Roll, dat geet aus engem TNS-Ilres Sondage iwwer d’Perceptioun vun der Ëmweltproblematik duerch d’Bierger ervir, déi gëschter am Nomëtteg am Ëmweltministère virgestallt gouf.

91 vun 100 Befrotenen hunn erkläert, Energie wëllen ze spueren, an 87 vun 100 duefir zum Beispill op sougenannte Spuerbiren wëllen zeréckzegräifen. Allerdéngs soen nëmmen 67%, si géifen an Zukunft méi den ëffentlechen Transport gebrauchen, an esouguer just 43% wieren domat d’accord, datt de Bensin méi deier gëtt, fir eppes fir d’Ëmwelt ze maachen. Dogéint sinn awer 76 vun 100 Leit fir d’Promotioun vun den erneierbaren Energien. An dësem Zesummenhank ass den Ëmweltminister Lucien Lux elo live Invité am Journal. Gudde Moien Här Lux.

Lucien Lux: Gudde Moien.

Eric Ewald: Trotz Ärer Vakanz sidd Dir hei. Merci dowéinst. E Mentalitéitswiessel wier agetrueden, sot Dir den 18. Mäerz bei de Kollege vun RTL-Tëlee Lëtzebuerg, an der Émissioun Impuls. Dir hat gemengt deen ze erkennen, ass elo net éischter no deenen Zuelen déi gëschter virgeluegt goufen, en oui mais ubruecht?

Lucien Lux: Ech mengen trotzdem, datt déi Resultater do eng gutt Basis duerstelle fir praktesch en ökologesche Kontrakt mat de Bierger dobaussen ze maachen. Ech hat mir net erwaart, datt verschidden Zuelen esou héich wieren. Si weisen, datt et eng héich Sensibiliséierung bei de Leit gëtt. Dat ass mengen ech och conforme zu dem Défi deen eis bevirsteet. Ech mengen de Klimawandel ass zwar eng Gefor, déi vläicht eréischt no 20 oder 30 Joer richteg ka Repercussiounen hunn, mä ech menge mir hunn eng politesch, mir hu vläicht esouguer eng moralesch-ethesch Responsabilitéit fir eis dorop anzestellen, fir eise Kanner, an eisen zukënftege Generatiounen hei e Planéit ze hannerloossen, deen tant soit peu nach liewenswäert ass. An ech mengen, d’Leit si bereet dat matzegoen, dee Wee matzegoen. Sécherlech ënner Konditiounen, sécherlech heiansdo ënner fräiwëllegen Aspekter, an heiansdo vläicht och contraignanten Aspekter, mä ech mengen doriwwer wäerte mir nach schwätzen.

Eric Ewald: Tëscht den Zeilen huet et mir elo geschéngt, wéi wann Dir vläicht esouguer méi schlecht Zuelen Iech erwaart hätt?

Lucien Lux: Ech mengen, datt wann een zum Beispill déi Zuel déi Dir elo grad gesot huet, 67% si bereet den ëffentlechen Transport ze huelen. Et huet ee gemengt, aus Äre Wierder eraus ze héieren, wéi wann Dir dat e schlechte Score géingt fannen. Ech wier frou [ënnerbrach].

Eric Ewald: Et sinn nach ëmmer nach 33 déi et net wëlle maachen.

Lucien Lux: Ok, mä ech wier awer frou, wann déi 67%, stellt Iech vir, déi 67% géingen et och wierklech maachen. An ech mengen, datt mir also och do en Défi hunn, fir un deem ëffentlechen Transport nach d’Angebot nach méi attraktiv ze maachen, all Dag dorunner ze strécken dat besser ze maachen. Mä wa vun deenen 67% nëmmen d’Halschent et géing maachen, dann hätte mir e Modelsplit dee vill, vill méi héich wier wéi déi 13, 14, 15% déi mir hunn. Ech gesinn also do schonn Aspekter déi positiv sinn.

Ech huelen en aneren, wëll ech kuerz och virun der Vakanz elo stinn, fortzegoen, 54% soen, si wiere bereet nozedenken ob se esou wäit an d’Vakanz fueren, fir manner CO2-Émissiounen ze provozéieren. Ass dat en héije Score, ass dat en nidderegen, ech fannen, datt insgesamt gesinn an deem Score hei dra läit, datt d’Bierger laang scho verstanen hunn em wat et geet, an datt si bereet sinn och mat der Politik e Wee ze goen, fir op déi Erausfuerderungen do anzegoen. Dat halen ech fir eng gutt Basis fir eng Politik an deenen nächste Joeren ze maachen.

Eric Ewald: Beim Auto schéngt de Spaass opzehalen. Dir sot deemools op der Telé, Dir wéilt de Leit kee schlecht Gewësse maachen, mä et misst een iwwer nei Definitioune vum Begrëff Liewensqualitéit schwätzen. Sinn elo, wann een déi Zuelen, besonnesch wat den Auto ugeet, gesäit, net aner Décisiounen, méi contraignanter néideg?

Lucien Lux: Ech mengen, Tatsaach ass jo déi, datt mir de Courage schonn hate fir déi eng oder déi aner Moossnam ze huelen. Déi ökologesch Steiertax déi mir agefouert hunn, déi huet jo och e gewëssene Courage verlaangt, fir un dem Lëtzebuerger säi léifste Kand, wéi et a mengen Aen esou schuddereg e bëssen heescht, runzegoen. Vill aner Ëmweltministeren déi ech zu Bréissel begéinen, traue sech net esou richteg do drun ze goen.

Ech mengen dem Lëtzebuerger säi léifste Kand, dat si seng Kanner, an den Auto ass nach wéi vor mengen ech, en Instrument fir sech fortzebeweegen, wou mir vläicht méi rationell sollen dru goen, wéi mir dat heiansdo maachen. An doniewent ass d’Fro net den Auto, jo oder neen? Et ass sécherlech ëmmer den Auto, et ass also jo, mä.

An ech mengen also, datt den Auto nach wéi vor e Stéck Mobilitéit ass an enger Gesellschaft, déi immens rasant geet, wou mir gäre vill Saache matenee maachen, wou mir ganz vill Saachen an engem Dag maachen, wou d’Leit net nëmmen op hir Aarbecht fueren an erëm zeréck fueren, mä no der Aarbecht fuere se nach akafen, fuere se nach an de Kino, gi se an d’Sauna, gi se an de Fitnesscenter, si hunn also e ganz grousst, an dat ass jo och eng grouss Conquête vun eiser Gesellschaft, mä et geet drëm ze kucken, den Auto ze combinéiere mam ëffentlechen Transport, heiansdo op dat eent ze setzen, an heiansdo op dat anert ze setzen.

Et ass also eng Gratwanderung tëschent där Fräiheet déi mir do hunn, no Mobilitéit, perséinlecher Fräiheet, an op där anerer Säit enger grousser Verantwortung, enger Verantwortlechkeet déi mir hunn, vis-à-vis vun deenen Défien déi eis bevirstinn.

Dat soen eis jo net nëmmen elo d’Politik. Ech mengen all déi Wëssenschaftler, honnerten, déi haut erëm zu Bréissel erëm zesumme souzen, virun engem Mount zu Paräis, déi am Juli nach eng Kéier zesummekomme fir en drëtte Rapport, Nobelpräisträger, grouss Wëssenschaftler, Économisten haut, déi soen eis, hei ass en Défi, dat ass net nëmmen en ekologeschen, dat ass och en ekonomeschen, well et enorm Schied wäert provozéieren, haut scho provozéiert, an nach méi wäert provozéieren.

An et ass och eng immens Chance fir e Land wéi Lëtzebuerg, zum Beispill ze investéieren an erneierbar Energien, zum Beispill op Energiespueren ze setzen, dat sinn och Aarbechtsplazen, och déi brauche mir. Mir kënnen hei also déi dräi Aspekter vun der Nohaltegkeet gutt zesumme bréngen.

Eric Ewald: Sitt Dir e bësse beonrouegt, wann Dir gesitt, datt deene Jonken tëscht 15 an 24 Joer d’Thema just eppes méi wéi engem Véierel wichteg schéngt ze sinn? Ginn do d’Leit, respektiv déi Jonk, d’Verantwortung net ze vill un d’Politik of?

Lucien Lux: Ech mengen dat heescht och, datt mir vill mat deene jonke Leit musse schwätzen. Fir mech heescht, dee ganze Sondage heescht, et gëtt eng Bereetschaft do mat ze goen, mä et heescht awer och ëmmer ze argumentéieren, et heescht ze erklären, et heescht ze iwwerzeegen.

Ech wäert an deenen nächste Woche vill an d’Schoule goen, fir mat jonke Leit ze diskutéieren. Vläicht ass et och nach eng Gefor, déi fir si ganz wäit ewech ass. Ech mengen, datt si jo nach vill Illusioune Gott sei Dank hunn, si gleewe jo nach, si si positiv, si gesinn net ëmmer direkt d’Problemer.

A mir wëlle jo hei och net aus deem Défi do elo eppes maachen, wou d’Leit ufänken Angscht ze kréien, wou se sech verstoppen, wou se sech zeréck bewegen an eng Wagenburg-Mentalitéit déi mir net wëllen hunn. Ech menge mir bekennen eis zum Liewen, mir wëllen hunn, datt d’Leit d’Liewe genéissen, mir wëlle Liewensqualitéit hunn, mä mir musse Liewensqualitéit vläicht e bëssen anescht definéieren, vläicht heiansdo nom Prinzip datt heiansdo manner méi ass, datt een e bësse kann zeréck fueren, e bësse manner op Confort setzen, datt een all déi elektresch Apparater déi een doheem huet, datt een déi mol emg Kéier kontrolléiert, ob ee se wierklech alleguer brauch, op se mussen am stand-by stoen.

Meng Duechter déi ass och total fir Ëmweltschutz, déi ass eng grouss Unhängerin vum Al Gore, mä si geet awer oft owens an d’Bett, an da geet de Papp nach de Fernseh ganz ausmaachen, well et méi einfach ass vun der Couche en am stand-by auszemaachen. An all déi do Saache mengen ech, déi mussen eis an de Kapp goen, net fir d’Leit ze nerven. Ech maachen dat do jo och net, fir d’Leit ze pisaken, ech maachen dat, well dat eng Verantwortung ass, an eng Responsabilitéit déi mir wierklech mussen iwwerhuelen.

Eric Ewald: Merci vir elo emol Här Lux.

Dernière mise à jour