Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet de la réunion informelle de l'OTAN à Oslo

Frank Kuffer: D’NATO ass zanter gëschter zu Oslo fir eng informell Réunioun zesummen. De lëtzebuerger Ausseminister hat sech scho virun enger Rei Wochen, am Ufank vun der Diskussioun, zu Wuert gemellt, a gesot, dee Problem misst an der NATO, mä och an der EU diskutéiert ginn. An och elo ass de Jean Asselborn nach ëmmer ee ganz gefrote Gespréichspartner zu deem Thema. Dat gesäit ënner anerem dorunner, datt de lëtzebuerger Diplomatiechef gëschter Owend vun Oslo als Invité an den Tagesthemen beim Anne Will op der ARD war.

An an der norwegescher Haaptstad si mir elo live mam lëtzebuerger Ausseminister verbonnen. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Wéi war d’Atmosphère da gëschter an de Gespréicher? Tëscht den NATO-Memberen ass ee sech jo och net ganz eens. A wéi ware virun allem d’Gespréicher mat Ärem russeschen Homolog Sergueï Lavrov?

Jean Asselborn: Jo, also et ass selbstverständlech en Thema, wou een net ka ganz entspaant drun erugoen. Ech géif soen, datt d’Atmosphère, wann Dir mech frot, kompakt war, mä datt si awer net hoffnungslos ass fir trotzdem den Dialog weiderzeféieren, an dat ass jo dat allerwichtegst.

De Kader dee war jo gestallt, den Enjeu och. Dir wësst, datt mir zu Bremen, wéi Dir dat richteg gesot hutt, gesot hunn, mir wëllen als EU, an der NATO, an och mat Russland, driwwer diskutéieren, an da kucken ob mir d’Thema och solle reng an d’EU erabréngen.

De President Bush huet den Telefon geholl gehat, en hat mam President Putin geschwat. Dat weist datt et e wichtegt Thema ass. An de Verdeedegungsminister vun den Amerikaner war jo zu Moskau. Dat heescht, mir hunn alleguer gewosst, esouwuel ënnert eis als NATO-Länner, wéi och mam Sergueï Lavrov, mat de Russen, datt mir eng wichteg Responsabilitéit hunn, op alle Säiten, fir de Leit ze weisen, datt mir net ufänken erëm eng Kéier Hymnen do ze sangen, wou ee géint deen aneren ass, mä wou mir eppes maachen, firwat mir eigentlech do sinn, fir datt méi Sécherheet an den NATO-Länner, méi Sécherheet - och a Russland - zustane kënnt.

Frank Kuffer: Mä wéi ass dann d’Argumentatioun verlaf? Huet déi eng an déi aner Säit dann net déi néideg Argumenter fonnt fir ze iwwerzeegen?

Jean Asselborn: Also an der Argumentatioun gëtt et e puer Stufen. Ech mengen, dat éischt wat ech jo och versicht hu vun Ufank un ze soen, dat ass, datt mir hei et ze dinn hu mat engem héich politeschen Thema, a vill manner mat engem technesch-militäreschen.

Do wou mir eens sinn dran, dat ass, datt eng eventuell Bedrohung selbstverständlech net auszeschléissen ass. A wann déi Bedrohung do ass, dann ass all NATO-Land concernéiert, speziell ganz Europa ass concernéiert. A well mir jo - 1989 ass jo d’Mauer gefall - well mir jo eise Kontinent eigentlech op deem mir liewen als Europa ze deelen hu mat Russland, geet et selbstverständlech och d’Russen eppes un, an duefir ass jo deen NATO-Russland-Rot och zustane komm. Et ass och eng Debatt an der NATO virun allem mat Russland un zweeter Stell.

Mä de Problem kënnt jo dohier, ass wierklech d’Äntwert op déi Fro, fir en neit Rakéiteschëld opzebauen, ass dat déi eenzeg Alternativ, oder gëtt et anerer? Den hollänneschen Ausseminister huet zum Beispill gesot, datt et wichteg wier, datt een géif alles maache fir virzebeugen. Dat ass och meng Meenung, datt déi Diskussioun selbstverständlech, nieft där technescher wéi ech gesot hunn, fir d’alleréischt muss gefouert ginn, an déi ass net ausgefouert.

Frank Kuffer: D’EU kéint zum Spillball an deem USA-Russlandsträit ginn, dat ass Är Ausso, Är Angscht. Riskéiert dat nach ëmmer de Fall ze ginn?

Jean Asselborn: Jo, also d’Europäesch Unioun ass jo, wëll ech och erëm eng Kéier widderhuelen, ass jo eppes wéi mir dat och erëm widderholl hunn, wéi zu Berlin elo déi 50-Joer-Feier war, wat op Solidaritéit baséiert, op Kohäsioun baséiert. A wann et een Thema gëtt, wou mir musse solidaresch sinn, ass et selbstverständlech an der Aussepolitik, ëmmer dann, wann all Froe vu Sécherheet, vun aussepoliteschen, groussen Elementer, wann déi eis alleguer concernéieren. An hei concernéiere si eis jo alleguer. An duefir mengen ech ass d’EU concernéiert. An duefir maachen och vill Länner dat alles, fir datt mir net dividéiert ginn, an erëm eng Kéier dohinner verfalen, wou mir schonn eng Kéier waren. Dat muss verhënnert ginn.

An et muss och verhënnert ginn, datt mir selbstverständlech an der NATO zevill ausernee gerappt ginn. D’Amerikaner sinn eis wichtegst Partner wat Europa ugeet. Dat ass evident. Och mat de Russe musse mir eens ginn, an duefir wëlle mir net do dotëschent stoen. Ech hunn dat nach an der Pressekonferenz gesot mam russeschen Ausseminister, Europa huet méi Awunner wéi Russland an Amerika zesummen. Also eis Stëmm, an och fir d’Amerikaner, selbstverständlech och fir d’Russen, gëlt eent, datt mir musse kënnen op där nämlechter Aenhéicht mateneen diskutéieren dodriwwer.

D’USA hu gëschter hir Schinn, d’Madame Rice huet hir Schinn nach eng Kéier verdeedegt a gesot, et ass keng Bedrohung, dee System fir Russland. D’Russen déi fueren op hirer Schinn, an déi soen, dat stëmmt net, si stellen dat a Fro. Wann dir géift méi südlech goe mat ären Ofwierschëlder hätte mir näischt domat ze dinn. Méi südlech heescht a Griecheland, an Italien oder an d’Türkei.

Mä et ass a mengen Aen eng Debatt, déi awer elo ugekuerbelt ass, a wéi ech am Ufank gesot hunn, ech sinn net esou pessimistesch. Zum Schluss huet de Lavrov gesot, et bleift eis vill Aarbecht ze maachen, mä d’Heft ass net zougeschloen, den Dialog muss weider kënne verfollegt ginn.

Frank Kuffer: Här Asselborn, en décke Merci op Oslo, a vu Lëtzebuerg aus dann dat Allerbescht fir Äre Gebuertsdag, deen Dir haut an Norwegen feiert.

Jean Asselborn: Merci, merci villmools.

Dernière mise à jour