Le ministre de l'Économie et du Commerce extérieur, Jeannot Krecké, invité de l'émission "Riicht eraus"

Jean-Claude Franck: 6,2% geschate Wirtschaftswuesstum fir 2006, wat eigentlech fir d’Regierung misst eng gutt Nouvelle sinn, gëtt zu enger Zwéckmillchen. Ëmmer méi Stëmme stellen nämlech d’Tripartite a Fro. Wann d’Économie nees dréit, wäre keng Spuermoossname méi néideg. Een deen do mat Sécherheet seng eege Meenung huet, ass de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Heen ass déi nächst Stonn bei eis den Invité am Studio. Gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, dréit se dann elo oder dréit se net d’Économie ?

Jeannot Krecké: Eis Économie op groussen Deeler dréit ganz gutt, haaptsächlech och am Finanzdeel. Eenzel Industrien dréien och gutt, mä déi Zuele verstoppen eng Rei Schwächten, déi an eenzelne Secteure sinn a virun allem och eng Rei méi schlecht Resultater an eenzelne Secteuren.

Jean-Claude Franck: Trotz dem Wirtschaftswuesstum 6,2%, kënnt Dir d’Gewerkschaften dann elo verstoen, wa se de Sënn vun deenen eenzelne Spuermoossnamen elo hannerfroen?

Jeannot Krecké: Ech ka se wuel verstoen. Si sinn an hirem Rôle, ech sinn an engem anere Rôle als Member vun der Regierung, och responsabel fir ebe just eng Rei Saachen, notamment vis-à-vis vum Eurogrupp, vis-à-vis vun eise Partner. An do ass et nach ëmmer esou gewiescht, datt mir mat Iwwerschëss gelieft hunn an datt mer elo awer a Situatioune waren, wou mer mat Defiziter hu misse liewen, och wann déi net grad esou schlëmm gi si wéi mer dat geduecht hunn. Nëmmen dat ass ëmmer schwéier viraus ze soen.

Et weess een ni wéi eenzel Secteure sech entwéckelen, mä et ass sécher, datt mer eis nach musse Suerge maachen. A wa mer nach méi genau kucken, e bësse méi krazen hannendrun, mierke mer, datt mer eng Rei Schwächten hunn a firwat solle mer dann net probéieren och op deene Schwächten ze schaffen?

Fir de Rescht freeën ech mech, datt mer esou een héije Wuesstum hunn. Ech soen dat och ëmmer am Ausland, datt dat vis-à-vis vun eisen Noperen een exzellent Resultat ass, ech soen hinnen awer och ëmmer wou et hierkënnt.

Jean-Claude Franck: Dir schwätzt elo am Rôle vum Wirtschaftsminister, Dir sidd awer och Member vun der LSAP, d’Sozialisten, déi een Ofbau vun de sozialen Acquise wëlle verhënneren. Wier et dann elo net awer och d’Geleeënheet de Leit nees en Deel vun de Méibelaaschtungen, déi ouni Zweiwel duerch d’Tripartite op si zoukommen, erëm ofzehuelen?

Jeannot Krecké: Ech menge mir probéieren de Staatsbudget, deen nach een décken Defizit virgewisen huet, virdrun, ze sanéieren an dat bleift och weiderhin ee Souci. Et kann hei zu Lëtzebuerg keen u sech zefriddestellen, datt de Staatsbudget déficitaire ass. Dat ass à terme einfach net ze erdroen. Et ass déi nächst Generatioun déi et muss bezuelen. Mir kënnen op Puff liewen, mä dat ass awer net gutt.

An dofir mengen ech, datt och eng LSAP, déi d’Suerg huet haaptsächlech eng Ëmverdeelung ze maachen - mir si jo net do fir einfach nëmmen à tort et à travers d’Suen ze verdeelen - mä eng Ëmverdeelung ze maachen, méi Gerechtegkeet domat erbäi ze bréngen, eng gewësse Solidaritéit an dëser Gesellschaft walten ze dinn. An dofir menge mer, datt déi Mesuren esou wéi se geholl gi sinn, och einegermoosse gerecht sinn. Ech mengen et kann een eng Rei Saachen hannerfroen, awer einegermoosse gerecht och op déi eenzel Gruppéierungen an eiser Bevölkerung verdeelt gi sinn.

Jean-Claude Franck: Dat ass awer eng Politik déi vläicht traditionell sozialistesch Wieler net elo zwee Joer virun de Wahlen all kënne novollzéien?

Jeannot Krecké: Et muss een de Leit jo och kënnen explizéieren, datt villes an de leschte Jore geännert huet, datt mir vill méi eng oppen Économie nach gi sinn, wéi mer virdru waren. Wa mir vu 6,2% schwätzen, dann ass dat jo gréisstendeels d’Finanzplaz, dann ass dat gréisstendeels, well mir Geschäfter weltwäit iwwert déi Finanzplaz ofwéckelen.

Wësst Dir, wa mir den zweetgréissten Investisseur a Russland sinn, da muss ee sech jo Froe stellen an et sinn déi Explikatiounen déi mer de Leit musse ginn. Si mussen e bësse Vertrauen hunn, datt ee jo net moies opsteet a sech freet, wat fir eng Bevölkerungsschicht mécht een dann haut gäre rosen. Nee, et steet een op an et probéiert ee Saachen an d’Wee ze leeden, déi et och méiglech maachen, datt et deem Land hei a fënnef an an zeng Joer nach gutt geet. Et gëtt jo oft gesot, datt d’Politiker nëmme bis zu de Wahle kucken, dann dierf een hinnen net virwerfen, datt mer méi wäit kucke wéi d’Wahlen a soen, ok hei si wuel Wahlen, zwee Joer virun de Wahlen, mä mir kucken awer, datt et deem Land och an 10 Joer nach gutt geet. An dat muss ee virbereeden.

Jean-Claude Franck: Wéi rosen Dir als Partei an och als Persoun d’Leit maacht , dat gesäit een haut an engem Politbarometer am Wort, de Serge Kesseler resüméiert déi interessant Punkten doraus.

[Reportage vum Serge Kesseler iwwert de Politbarometer am Lëtzebuerger Wort]

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, Är Partei, d’LSAP kënnt nëmmen nach op 14% un Zoustëmmung. Dat muss Iech jo awer Suerge maachen, oder net?

Jeannot Krecké: Dat mécht engem sécherlech Suergen. Et muss een awer kucken, dat do ass ee Prozentsaz, wou alleguerten déi erausgerechent sinn, déi bei Wahlen awer musse sech entscheeden a wou de Moment keng Meenung hunn. Ech weess net wéi genau dee Prozentsaz ass, mä deen ass riesenhéich, esou datt et kloer ass, datt dat do net grad dat reflektéiert wat een duerstellt. A mat Sécherheet si mir jo iwwer 20% gewiescht elo all déi Zäit, och an den Ëmfroen déi dat esou gesinn hunn. An et mécht engem ëmmer erëm e bësse Suergen.

Mä et weess een awer och, datt wann een an enger Regierung ass, wann een a schwieregen Zäiten ee Moment an d’Regierung komm ass - Dir wësst wéi mir an d’Regierung komm waren - war de Wuesstum hei zu Lëtzebuerg an d’Gette gaangen, mir hate bemol Budgetsdefiziter, mir hunn eis Schold ausgebaut. Wann een zu esou engem Zäitpunkt an d’Regierung kënnt an et muss een eng Rei Moossnamen huelen, déi de Leit net gefalen oder wou d’Leit d’Noutwennegkeet net ëmmer kënnen novollzéien, da kënnt et zu esou Resultater. Ech menge mir hu jo nach e bëssen Zäit fir éischtens mol nach ze erklären, zweetens ze weisen, datt dat wat mer awer als Entscheedunge geholl hunn och elo seng positiv Effeten huet. Ech menge mir sinn am gaangen eis ze erkrabbelen wat den Haushaltsdefizit ubelaangt. Kuckt mol eng Kéier d’Chifferen zréck wéi ech ugefaangen hunn als Wirtschaftsminister, wéivill Wuesstum mer dunn haten a wéivill hu mer haut? Mir hu jo awer och eppes opweises. Dat bedéngt heiansdo vläicht e bësse méi Erklärungen wéi dat wat mer bis elo gemaach hunn.

Ech stellen och fest, wann ee sech mat de Leit ausenaner setzt an et erklärt een hinne wierklech firwat een dat eent an dat anert mécht, datt een dann op Zoustëmmung kënnt. Wat mir net esou fäerdeg bréngen, oder wat ganz schwéier ass, dat ass un deen Eenzelnen erunzekommen, datt mir eis Zäit huele fir ze explizéieren. Dat ass leider nëmmen an e puer esou Owender méiglech, déi ech och elo am Moment am gaang sinn ze maachen a wou ech einfach de Leit soen, ech kommen net fir iwwer iergendeppes ze schwätzen, ech kommen an Dir stellt Froen. Dir stellt d’Froen déi Dir wëllt an ech probéieren déi esou ze beäntwerte wéi ech dat gesinn. An do mierken ech, datt awer eng ganz aner Stëmmung dann opkënnt. D’Leit versti firwat een dat eent oder dat anert mécht an et kritt een net just alles am Mond ëmgedréit a verdréit. Dat ass eppes wat engem vill Suerge mécht. Et ass ganz vill Populismus dohannert, et kann ee villes, ech mengen ech war jo och an der Oppositioun, do kann ee villes esou dréien, datt et eben engem passt an och der Bevölkerung, wat an der Bevölkerung gutt ukënnt. Et weess een awer ganz genau, datt wann ee selwer déi Entscheedung ze huelen huet, datt een net déi kënnt huelen, esou wéi ee se duerstellt an der Bevölkerung, mä bon, dat ass dat üblecht Spill tëscht Majoritéit an Oppositioun an et muss een ebe vun eiser Säit aus méi nach op d’Leit zougoen a méi explizéieren.

Jean-Claude Franck: Datt onpopulär Moossnamen hu misse geholl ginn, wéi Dir dat erkläert, dat erkläert da vläicht och dee Score vun 42% vun de Leit déi der Regierung net vertrauen. De Marc Glesener schreift de mueren am Wort-Editorial, d’Wieler wéilte Macher und Entscheidungen. Wann een déi schwiereg Verhandlunge fir den Eenheetsstatut kuckt oder och déi laangwiereg Tripartiteverhandlungen, da kritt een effektiv d’Gefill, datt Dir an Är Regierungséquipe net ëmmer den néidege Courage hätt vläicht, fir direkt Décisiounen ze huelen?

Jeannot Krecké: Jo, mä wéi wieren dann déi Décisiounen? Déi wieren da mat Sécherheet déi eng Grupp oder déi aner Grupp absolut onzefridden. Ech mengen et huet sech polariséiert, d’Meenunge si relativ wäit ausenaner gewiescht an eng Regierung ass awer do fir de Konsens an engem Land erbäizeféieren. Ech mengen et ass e bëssen esou wéi mir fonctionéieren. Wann een da méi laang muss schwätzen doriwwer, da muss ee méi laang driwwer schwätzen. Et ass eng Noutwennegkeet dat erbäizeféieren, mä et ass awer grad esougutt eng Noutwennegkeet et erbäizeféieren, esou datt et eiser Wirtschaft net schuedt, well dat schuedt schlussendlech den Aarbechtsplazen, dat schuedt schlussendlech enger ganz Rei Leit, déi doropshin keng Aarbecht méi hunn.

Jean-Claude Franck: Wat een och elo de Moien am Politbarometer mierkt, dat ass, datt déi Gréng déi eenzeg Partei sinn, déi am Fong dobäi gewannen. Si sinn och net méi ganz wäit ewech vun enger LSAP. Eng schwaarz-gréng Regierung schéngt deemno och net méi auszeschléissen ze sinn.

Jeannot Krecké: Dat war et och bei de leschte Wahlen net. Et war esouguer mathematesch schonn dran dat do ze maachen. Ech mengen et gi vill Constellatiounen déi ee sech ka virstellen. Et kann ee muer och eng Kéier zu dräi si fir eppes ze maachen. Dat mécht mir elo net Suergen.

Ech menge mir hunn eis eng Rei Aufgabe ginn an déi solle mer elo duerchzéien. Datt déi Gréng am Moment vläicht ee Moment e bëssen Opwand hunn, ass natierlech duerch déi ganz Diskussioun wat de Klimaschutz ubelaangt, wat de Leit Suerge mécht, berechtegt Suergen och. Ech menge si maache sech Suergen iwwer dat wat mer eise Kanner hannerloossen an datt wann een net an der Verantwortung ass, wann een dat als Haaptpunkt huet, da verstinn ech, datt am Moment Leit méi oft nolauschtere wat déi Gréng Partei hinne seet.

Mä et muss ee soen, datt wann een dann och do mol e bësse kraze geet an d’Realitéiten dann hannerfreet, da gesäit ee bemol, datt villes vun deem wat do erzielt gëtt, eben an der Praxis net méiglech ass. Wësst Dir, mir kënnen - a mir maachen dat jo och am Moment - ganz staark en Akzent setzen op erneierbar Energien, mä wat denken d’Leit dann deen Dag wou mer ee Blackout hunn? Wat geschitt dann? An Däitschland hunn se am Moment Problemer an an Éisterräich, well de Waasserstand net gutt ass. Wat musse se da maachen? Da mussen se eroffueren, dat heescht si kënnen net esouvill Elektresch produzéieren. D’Leit interesséiert awer Elektresch ze hunn an da géingt Dir mol héiere wat hei een Zodi géing lassgoen. Ech menge bei deem nächste Blackout da gëtt schonn erëm anescht driwwer nogeduecht. Jiddweree wëllt sécher sinn, datt en Elektresch, datt en Energie huet. An ech kommen elo aus Indien an ech muss soen, do mierkt een ee riesegen Ënnerscheed. Do ass awer, ech géing soen, 10 mol am Dag, ass am Hotel oder a Sitzungsreim, ass op eemol d’Elektresch fort gewiescht. Mir waren an eng vun deenen zwou gréissten Informatiksentreprisen, do ass einfach – klack - d’Elektresch ewech gebrach an déi hunn hir eege Generateuren. Jo, dunn ass d’Elektresch op eemol erëm komm. Mä stellt Iech vir hei zu Lëtzebuerg hätte mer esou eng Situatioun. Ma da géingen se den Energieminister ophänken!

Jean-Claude Franck: Wat awer elo interessant ass, dat ass, datt d’LSAP awer grad d’Ressorten Energie an Ëmwelt huet. Firwat bréngt Är Partei et dann net fäerdeg sech do méi eng typesch Politik ze gi vu Klimaschutz, datt d’Partei dofir steet?

Jeannot Krecké: Ech mengen, mir hunn dat awer kloer an däitlech gemaach, mä et mierkt een och, datt zwëschen deem wat gesot gëtt an zwëschen deem wat d’Leit awer bei sech selwer maachen, et Ënnerscheeder ginn. Wéisou ass et da méiglech, datt mir d’Steieren op eenzelnen Autoen eropsetzen a mer feststellen, datt déi Autoen awer ëmmer méi kaaft ginn? Do si vill Leit onzefridde mam Ëmweltminister gewiescht. Wéisou ass et da méiglech, datt wann ech kucke wat mer vun Nova-Naturstroum-Leit hunn, dat sinn der vläicht 800, et wäerten der elo vläicht 1000 sinn, et sinn awer 92% vun de Cegedel-Clienten, déi soen mir wäre bereet méi ze bezuelen, wa mer grénge Stroum hätten. Jo, do ass awer eppes wat net klappt. Bei deenen 100000 Clienten déi d’Cegedel wahrscheinlech huet, ech weess net genau wéivill datt se der huet, sinn der dann awer mol keng 1000 déi den Nova-Naturstroum hunn. Do klafft och Realitéit an Usporn e bëssen ausenaner an dorënner hu mir natierlech och ze leiden, well mir och ganz oft de Leit da soen, jo mä da musst Dir méi bezuelen. Wësst Dir, wann de Fonds de Compensation an d’Luucht geet, dann héieren ech direkt d’Elektresch ass ze deier zu Lëtzebuerg. Jo, mir mussen awer wësse wat mer wëllen. De Fonds de Compensation ass dee Fong, deen d’erneierbar Energië finanzéiert, den Ënnerscheed zwëschent de Maartpräisser an de Präis dee si kréien, an och do muss een de Leit erëm explizéieren. Si gesinn op der Rechnung stoe wat si musse bezuelen. Mä si wëssen net richteg firwat datt et verwendt gëtt. Datt dat verwendt gëtt fir ebe just Wandmillen opzestellen, fir Aspeisung vu Gas, fir Aspeisung vun Elektresch ze finanzéieren, souwäit mengen ech kënnt ganz oft déi Informatioun net.

Jean-Claude Franck: Äre perséinleche Score elo am Politbarometer, vun der 8. op déi 7. Plaz vun Äre Regierungskollegen, sidd Dir do ee vun deenen eenzegen déi quasi net u Beléiftheet abéissen. Wat ass do Är Erklärung dofir ?

Jeannot Krecké: Et erstaunt mech e bëssen. Ech mengen, ech hu ganz vill desagreabel Saache misste matmaachen, ech mengen iwwert d’Tripartite. Ech mengen, ech sinn och net just bekannt, datt ech net eng Rei Wouerechte soen. Et iwwerrascht mech positiv, datt d’Leit dat awer scheinbar elo net méi schlecht appréciéiere wéi virdrun. Ech mengen och, datt een an der Politik net gewënnt, wann een de Leit net d’Wouerecht seet, och wa se heiansdo desagreabel ass. Da kann ee kuerzfristeg mol Nodeeler hunn, mä éischtens ass ee mat sech selwer am Rengen, et huet ee kengem eng opgehaangen an op där anerer Säit iergendwann, mengen ech, kënnt de Message och duerch, datt een dat net aus Dommheet mécht, wat een am gaangen ass ze maachen. An ech si frou, datt dat och an deem Sënn esou honoréiert gëtt.

Jean-Claude Franck: Sondagë sinn op jiddwer Fall de Moment in zu Lëtzebuerg, och ee Sondage hat den CSV-Fraktiounschef Michel Wolter realiséiere gelooss an zwar iwwert d’Fro vum roude Léiw als Fändel. Dat war dann och ee Sujet gëschter am Regierungsrot, Serge Kesseler.

[Reportage vum Serge Kesseler iwwert d’Fändelsdiskusisoun an d’Finanzsituatioun vum Staat ]

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, Dir selwer waart scho Budgetsrapporter, sidd also mat der Matière och vertraut. Kann een da bei engem Defizit vun 1,6% beim Zentralstaat dann och vun engem Problem, wierkleche Problem, schwätzen?

Jeannot Krecké: Et ass nach wie vor ee Problem. Ech menge mir vergiesse ganz, datt mer dat jo iwwerhaapt alles net haten an datt mer dat elo op eemol hunn. An op eemol schéngt jiddwereen domat d’accord ze sinn, datt dat kee Problem ass. Ech menge schonn, datt mer musse redresséieren. Déi aner Staate ronderëm eis maachen dat och. Mir sollen dat esou maachen, datt et sozial gerecht erofgeet, datt déi Chargen déi op déi Gesellschaft hei zoukommen, doduerch, datt mer ebe musse kucken aus deem Defizit eraus ze kommen, datt déi gerecht verdeelt sinn. Dat ass eis Haaptaufgab an dat ass och déi Haaptaufgab déi eng sozialistesch Partei huet.

Jean-Claude Franck: Wat jo awer interessant ass, ass datt an de Boomjoren, datt do och ee Wirtschaftswuesstum war, deen esou héich war wéi deen dee mer elo wahrscheinlech fir 2006 kréien. Deemols gouf et awer kee Budgetsdefizit, mä meeschtens een Iwwerschoss. Wéi ass dann do deen Ënnerscheed elo ze erklären?

Jeannot Krecké: Ech mengen an der Tripartite hu mer gesot, datt mir ee Problem mat den Dépensen hunn, net mat de Recetten. D’Recettë ginn nach wie vor weider, déi ginn och esou weider, wéi se virdru gaange sinn. Mir hunn eng Rei Recetten, déi wéi ee seet méi volatile gi sinn, dat heescht méi onsécher sinn. Kuckt alles wat iwwert E-Commerce erakënnt, ass eppes wat awer un e puer Punkten hängt a wat ee misst op d’Säit leeën, esou wéi d’Norweger d’Suen op d’Säit leeë wat den Ueleg ubelaangt, well ee sech seet, dat muss net noutgedrongen esou weidergoen. Dat selwecht hu mer e bëssen um Niveau vun der Finanzplaz.

Kuckt, wat mir alles erauszéie vu Geld aus dem Bensinn- an dem Dieselkonsum. Dat ass jo kee Konsum vu Leit vun hei. Et muss ee sech jo ëmmer virstellen, hei sinn Hollänner, hei si Belsch, déi hëllefen eisen Defizit decken, déi hëllefen eis Pensiounskeese fëllen. Also dat ass jo awer keng Situatioun déi gesond ass. An do muss een drop opmierksam maachen. Domat muss ee wuel liewen, dat soll een anstänneg maachen, mä ech mengen do ass nach wie vor ee Problem. Mir hunn also ee Problem op der Säit vun den Dépensen. Eis Recettë si weidergaangen an deene Joren, esou wéi och de Wuesstum vun der Wirtschaft dat opgewisen huet, mä eis Dépensë si vill méi schnell an d’Lut gaangen an dofir muss een ofbremsen. Mir hu vill zevill Automatismen iwwerall agebaut, dat heescht wou et automatesch an d’Luucht geet a wou een net mol ee Moment seet, datt een et net wëllt maachen, eng Kéier nodenkt, wat ass elo wierklech geschitt. Ass do ee reelle Besoin? Ass ee reelle Besoin bei där do Kategorie Leit oder solle mer wierklech dat lafe loossen? Déi Froe stelle mir eis net. Mir loossen dat einfach alles lafen an dat ass den Haaptproblem. Mir sollen eis ëmmer, bei all Punkt, froen, wat ass sënnvoll, wat ass net sënnvoll an net iwwerall Automatismen abauen.

Jean-Claude Franck: Op een Deel vun deene Automatisme wäerte mer an dëser Sendung nach ze schwätze kommen, mä elo nach awer eng aner Fro. Nom Regierungsrot sot de Premier och, datt d’Ministere sech nach net eens wieren ob si fir oder géint de roude Léiw als nationale Fändel wieren. Zu wéi engem Camp gehéiert Dir do?

Jeannot Krecké: Ech gehéieren zu deenen, déi sech am Moment Suergen iwwert ee ganze Koup aner Punkte maachen.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, et ass onwichteg fir Iech?

Jeannot Krecké: Fir mech ass et onwichteg. Ech liewe mat deenen zwee. Wann ech an d’Ausland kommen, gesinn ech deen dräi-Faarwe-Fändel, wann ech iwwert de maritimë Secteur schwätzen, dee jo och ënnert menger Responsabilitéit ass, dann hu mer do de roude Léiw, a wann ech kucken, wann ech op Sportsmanifestatioune ginn, gesinn ech och de roude Léiw. Ech gesinn also déi zwou Facetten an ech konzentréiere mech am Moment op aner Saachen.

Jean-Claude Franck: Dir sot och d’éinescht, et muss ee kucke wat bei den Ausgabe néideg ass a wat net. Dat heien ass eppes, dat géif och Ausgabe generéieren, dat géif Käschte generéieren. Wären déi dann néideg oder onnéideg?

Jeannot Krecké: Et muss ee kucken, wann een do géing ëmstellen, da misst ee jo breetgefächert, bis an d’Ausland, bis an dee leschten Eck, misst een dat jo erkläre goen. Ech mengen dat wier zimlech komplizéiert wann een dat géing maachen. Ech verstinn awer, datt vill Leit Freed un deem anere Fändel hunn, nämlech dee mam roude Léiw. An d’Fro ass einfach, ob een net soll dat esou lafe loosse wéi dat am Moment leeft, dat heescht, datt mer dobaussen, wann ech an Indien sinn, datt dat eben dee Fändel ass, ënnert deem mir stinn an datt wann d’Leit hei méi Freed mat deem aneren hunn a wa se muer de Fränk Schleck kucke ginn, dann deen anere Fändel huelen.

Jean-Claude Franck: Esou wéi dat jo elo de Fall schonn ass.

Jeannot Krecké: Eben, ech géif menge mir géingen och weiderhi gutt esou kënne liewen. Mä wéi gesot, dat ass fir mech keng Reliounsfro.

Jean-Claude Franck: Et geet jo de Moment och vill riets iwwert d’Gehälterverhandlungen am ëffentlechen Déngscht, dat war nämlech och gëschter en Thema am Briefing nom Regierungsrot. Elo ofgesinn dovun ob et eng Nullronn muss ginn oder net, sidd Dir, deelt Dir d’Meenung do vun der Privatwirtschaft, datt den Écart tëscht de Salairen an der Privatwirtschaft an am ëffentlechen Déngscht ze grouss ass?

Jeannot Krecké: Also, do brauch ee jo nëmmen ze kucken: an eenzelne Beräicher wou et vergläichbar ass, sief dat elo een Handwierker, sief dat een dee Première gemaach huet, kann ee jo do Beruffsgruppen eraushuelen an dann ass et sécher, datt mir eng ganz positiv Entwécklung beim Staat als Patron begleet hunn an datt dat net ëmmer geschitt ass an der Privatbranche. Elo hu mer een zimlech zolitten Ënnerscheed tëschent deenen zwee an d’Fro ass eben, wéi een deen Ënnerscheed erëm méi kleng mécht.

Et ass jo awer eng ongesond Situatioun, wa bemol d’Lëtzebuerger sech nach just erëmfannen am ëffentleche Secteur an all déi aner déi sinn am Privatsecteur. Wësst Dir, dat si kuwaitesch Zoustänn an dat si südafrikanesch Zoustänn, dat fannen ech am héchste Mooss ongesond an dofir deen Ënnerscheed, dee muss lues a lues erëm résorbéiert ginn, fir datt et och erëm attraktiv gëtt fir Lëtzebuerger och an déi aner Branchen ze goen, well soss kréie mer jo eng Situatioun déi herno politesch net méi auszestoen ass.

Jean-Claude Franck: Mä dat wär jo duerch eng Nullronn, wär dat jo schonn ee klenge Schrëtt an déi Richtung, datt den Écart op mannst net erëm méi grouss gëtt.

Jeannot Krecké: Ech géing elo net an den Detail dovunner goen, ech iwwerloosssen dat mengem Kolleg Wiseler, deen am gaangen ass précisément op deene Punkten do awer ze schaffen an do ginn et jo vill Méiglechkeeten. Do gëtt et jo net einfach Nullronn, esou. Do kann ee jo kucke wat een eventuell op anere Punkte mécht. Ech maachen him do scho Vertrauen, datt e mat enger Léisung kënnt.

Jean-Claude Franck: Bei een anere Sujet, den Dag vun der Aarbecht geheit säi Schied viraus. Den nächsten Dënschdeg ass den 1. Mee.

[Reportage vum Serge Kesseler iwwert dem OGBL seng Manifestatioun zum Dag vun der Aarbecht]

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, elo hu mer d’Situatioun, mir hunn de Premier d’éinescht héieren, dee schwätzt eng ganz aner Sprooch wéi elo de Jean-Claude Reding vum OGB-L. Den OGB-L steet Ärer Partei no. Gitt Dir dem OGB-L an dësem Fall awer net Recht?

Jeannot Krecké: Majo dach. De Jean-Claude Reding huet op e ganze Koup Punkten dat gesot, wat an der Tripartite ofgemaach ginn ass. Dee leschte Punkt, do ass ofgemaach ginn, datt déi Desindexéierung vum Kannergeld géing réckgängeg gemaach ginn, wa mer net géingen eng Eenegung fannen, fir iwwert de Steierwee, fir iwwert d’Crédits d’impôt de Leit entgéint ze kommen, déi elo vläicht beim Kannergeld méi schlecht ewech komm sinn, doduerch datt déi stabil bliwwe sinn. Asoufern huet e sech référéiert op eng Entscheedung vun der Tripartite a kann ech dat och absolut novollzéien.

E freet och, datt eng Rei Moossnamen, déi de Leit eventuell méi Suerge gemaach hunn, datt déi net dierften een dauernde Charakter hunn. Dat ass jo och net de Fall. Mir hu jo eng ganz Rei Saachen ofgemaach, datt se zäitlech begrenzt sinn an domat huet en am Fong geholl sech référéiert, en huet éischter Angscht ausgedréckt, mä sech référéiert op d’Décisiounen déi gefall sinn um Niveau vun der Tripartite a wann een elo iwwert de Rentenajustement schwätzt, deen am Joer 2009 fälleg ass, da wësst Dir jo ganz genau, wéi dee Mechanismus ass. Da gëtt gekuckt wéi d’Entwécklung bei de Léin an der Zwëschenzäit war an da gëtt gekuckt wéi een da soll d’Entwécklung vun de Pensioune gesinn. An der Zwëschenzäit dierf een net vergiessen, sinn Upassunge bei de Léin a bei de Pensiounen doudsécher komm, iwwert eng Indextranche. Also kuckt een dat 2009, esou wéi mer dat ëmmer gemach hunn. Et ass jo awer näischt Neits. Mir hunn all 2 Joer gekuckt wéi d’Léin sech entwécklelt hunn an dann hu mer festgeluecht wéi d’Pensioune sech entwéckelen. Dofir, en huet sech op vill Saache beruff, wou en éischter eng Angscht ausgedréckt huet fir wa mer géinge méi wäit goen, mä wat awer net de Fall ass. Mir bleiwen net nëmmen am Esprit, mä och bei den Aussoe vun der Tripartite.

Jean-Claude Franck: Wouno gesäit et dann elo aus, fënnt d’Regierung dann elo eng Géigeleeschtung fir d’Indexéierung vun de Familljeleeschtungen? Ech géif soen, et ass net méi all zevill Zäit an dëser Legislaturperiod.

Jeannot Krecké: Ech weess, datt de Finanzminister een Aarbechtsgrupp agesat huet fir dat ze studéieren an ech ginn dovunner aus, datt mer spéitstens am Hierscht virgeluecht kréien an der Regierung, wat dann d’Conclusioune vun deem Aarbechtsgupp sinn. Ech mengen, dat ass op techneschem Plang mol fir d’éischt ze regelen. Do muss ee jo oppassen. Do kënnt ee ganz schnell an eng Diskussioun erëm mat der Negativsteier. Dir wësst jo awer wat de Wirtschafts- a Sozialrot gesot huet dozou. Deen huet gesot, loosst d’Fanger dovunner ewech, Dir kommt net eraus aus dem Mechanismus. Duefir, et ass net evident fir Solutiounen ze fannen, ech menge soss wiere se scho laang um Dësch.

Jean-Claude Franck: Ee Problem deen och op dës Regierung duerkënnt, ass elo nach den Index an zwar well déi nächst Tranche an engem fir d’Salariéen ongënschtege Szenario eréischt 2009 kéint erfalen an deemno wéi kéint dann och carrément eng suppriméiert ginn. Ass d’Gesetz op deem Punkt schlecht rédigéiert oder war dat bewosst esou formuléiert ginn?

Jeannot Krecké: Also mat Sécherheet net bewosst, mä ech muss soen, dat wat mer ofgemaach hunn an der Tripartite, ass net schlussendlech meng Propose gewiescht. Dat war eng ganz einfach, nämlech ze soen, all Tranche gëtt ëm 4 Méint, bespilsweis, erausgeschoben. Esou Proposen hat ech op den Dësch geluecht. Bon, bei den Négociaitoune muss ee kucke sech een op deen aneren e bëssen anzestellen. Do koum op eemol déi Solutioun do eraus. Déi, déi bei mir d’Gesetz geschriwwen hunn, hunn zu mir gesot, mir wëssen net wéi mir dat ëmsetzen, wat Dir do décidéiert hutt. Dat heescht, mir waren eis bewosst, datt et schwéier wier dat an een Text ze kleeden.

Bon, et stellt sech elo eraus, an engem Szenario deen deemols och net dra war, dofir ass dat jo och e bësse witzeg, déi ganz Diskussioun iwwert d’Inflatioun, deemols si mer vun enger héijer Inflatioun ausgaangen, dofir war dat och kee Problem fir dat esou ze regele wéi mer dat elo geregelt hunn. Elo stellt sech eraus, datt d’Inflatioun awer staark erofgaangen ass an dann hu mer natierlech e Problem. Wann elo déi nächst Indextranche géing net am Joer 2007 theoretesch erfalen, mä eréischt am Januar, da géing duerch eng Dispositioun am Text, déi net gewollt ass, kee Mënsch huet dat gewollt - ech hu jo och direkt gesot wéi d’Gewerkschaften dozou Stellung geholl hunn, datt se Recht hunn. Ech hu gesot, mir bleiwe beim Esprit vun deem wat mer gesot hunn, egal wat eisen Text elo ausseet a wann deen Text muss geännert ginn, da gëtt en ebe geännert. Ech kucken elo wéi d’Entwécklung um Niveau vun der Inflatioun ass, well dee Problem spillt haaptsächlech 2007 a wann ech gesinn, datt dat esou leeft wéi mer et an der Tripartite ofgemaach hunn, da bleiwen ech dobäi, da gëtt den Text net geännert. Wann ech awer elo gesinn, datt do ee Problem opkënnt, ok, da gëtt et geännert, mä da muss jiddwereen ebe vun elo aus u wëssen, ech mengen ech hunn et elo schonn oft genuch gesot, d’Regierung ass sech däers bewosst a wäert dat Noutwennegt maachen, datt dat wat se fäerten net geschitt, nämlech datt eng ganz Indextranche géing ausfalen. Dat war net ofgemaach an dat maache mer och net.

Jean-Claude Franck: An dat kënnt Dir garantéieren, datt dat dann net kënnt?

Jeannot Krecké: Dat garantéieren ech.

Jean-Claude Franck: An do ass d’Regierung och net gespléckt op deem Punkt, well de Luc Frieden gouf an der Press zitéiert, datt heen awer net der Meenung wier, dat Gesetz misst geännert ginn.

Jeannot Krecké: Also ech mengen net, datt en do richteg zitéiert ginn ass.

Jean-Claude Franck: Iech selwer kann ee jo awer och nach net als grousse Frënd vun der automatescher Upassung vun de Salairen un d’Inflatioun bezeechnen. Dir hutt och d’éinescht hei an der Emissioun gesot, all automatesch Upassung muss a Fro gestalt ginn. Wéi gesidd Dir den Index dann elo generell, net an där Zäitspann elo bis 2009, mä generell?

Jeannot Krecké: Also ech hu gesot, Automatismen, dat war net automatesch Upassung vun de Gehälter a vun de Léin, Automatismen.

Jean-Claude Franck: Den Index ass awer een Automatissem.

Jeannot Krecké: Et ass een. Et ginn der vill méi. Wësst Dir, wann d’Leit vun der Biogasvereenegung mech froen, datt den Aspeisungstarif, deen se elo kréien, datt deen un den Index gebonnen ass, fannt Dir dat normal? Deenen hir Problemer hu jo eppes mam Invest ze dinn, mam Fonctionnement vun der Anlag. Et ass un esou Beispiller wou ech wëll soen, wou mer eis Froe musse stellen.

Wann ech een Handwierksberuff huelen, wann déi eng Prestatioun maachen, fir elo keen ze nennen, mä wéisou kënnen dann d’Präisser ëm 2,5% do an d’Luucht goen, wann eng Indextranche ass? Et ass jo nëmmen d’Salairen, d’Käschte vun de Salairen déi ëm 2,5% an d’Luucht gaange sinn. Also all déi aner Saachen, hir Instrumenter, hirt Elektrescht, hirt d’Waasser an all déi Käschten déi se soss hunn, hire Loyer, ass jo net 2,5% an d’Luucht gaangen. Huelt d’Dokteren, automatesch ginn d’Honorairen ëm 2,5% an d’Luucht, jo mä wéisou dann? Ass hire PC méi deier ginn? Ass de Loyer vun hirem Appartement méi deier ginn oder vun hirem Cabinet ?

Et muss ee mer erklären, wéisou mir net kënnen a Fro stellen esou Automatissmen a mäin Appell un den Handel war och an un d’Handwierker, bei der Indexupassung, sech wierklech no baussen och duerzestellen, wéi wa se just op de Léin, d’Käschten déi se op de Léint hunn, déi Upassung vun hire Präisser dann ze maachen an net generell 2,5%. Et ass do wou ech ee Problem hunn. Hei hutt Dir just e puer Beispiller gehat.

Jean-Claude Franck: Dir hat jo elo eng Fuerderung gestalt scho mol fir verschidde Saachen aus dem Index erauszehuelen ?

Jeannot Krecké: Dat ass jo och zum Deel geschitt. Mir hunn eenzel Taxen erausgeholl. Ech menge mir haten den Här Ewringmann, dee fir de Mouvement écologique eng Kéier gekuckt huet, wat fir eng Steiere kënnten ëmweltméisseg vläicht d’Behuele vun de Leit beaflossen. Dat éischt wat dee Mann gesot huet, wéi iwwregens all auslänneschen Expert seet, jo, da musst Dir zumindest dat wat Dir huelt a wou Dir da geziilt d’Behuele vun de Leit wëllt beaflossen, da musst Dir dat eraushuelen aus dem Index. Dir kënnt jo net soen, dat do gëtt elo méi deier, fir datt Dir manner dat consomméiert an op där anerer Säit gëtt een et iwwert de Loun an d’Pensioun erëm. Ech mengen esou Saachen hu mer hannerfrot a mir hu jo och elo e puer Taxen an deem dote Sënn erausgeholl aus dem Index. Si bleiwen an der Inflatioun dran, mä si sinn awer net méi am Index.

Jean-Claude Franck: Wann ech Iech richteg deiten, da fällt dat awer fir Iech net onbedingt do op, da kann een déi Iwwerleeungen nach vläicht viruféieren ?

Jeannot Krecké: Nee, mir hunn elo d’Décisioun um Niveau vun der Tripartite geholl, déi dat dote virgesinn hunn a mir hunn dat an Texter festgesat. Et ass jo an engem Gesetzestext an dobäi bleift et. Do gëtt och elo näischt geännert. Mä mir solle bei deem bleiwe wat mer ofgemaach hunn. Dat eenzegt wat ech ëmmer erëm maachen, soen: huelt déi Indexéierung aus de Kontrakter eraus. Beispill, mir hu Kontrakter mat all méigleche Firmen, beim Staat. Mir hunn an der Regierung elo gesot, mir huelen endlech aus de Kontrakter, all déi Elementer eraus. Do steet all Kéiers, bei enger Indextranche gëtt 2,5% ugepasst. Elo muss mindestens dra stoe kommen, ob deem Deel deen d’Salairë betreffe kënnt dat geschéien. Eppes anescht akzeptéiert d’Regierung net méi an de Kontrakter. Dat ass dach awer eng legitim Fuerderung an et ass awer net eppes ënnergruewen.

Ech soen Iech, wann Dir wëllt déi Indexéierung, déi eis Rou hei am Land bruecht huet, weider halen, da muss ee se op eng vernünfteg a sérieux Aart a Weis maachen an net tous azimuts, dat heescht op alle Präisser an op alle Prestatiounen déi et ginn applizéieren, soss mécht een et dout.

Jean-Claude Franck: Doru gekoppelt ass och de Kampf géint d’Inflatioun, fir deen der an der Lescht e bësse Kritik vm LCGB kritt hat. Do ass jo awer d’Fro dann iwwerhaapt, ob Dir als Wirtschaftsminister iwwerhaapt kënnt eppes ënnerhuele fir d’Präisser net usteigen ze loossen?

Jeannot Krecké: Also wou kann ech agréifen? Dat ass bei Präisser déi beispillsweis an der Regierung festgeluecht ginn. Ech hu mech elo geeenegt mat menge Kollegen dorop, datt wann elo ee kënnt deen iergendeppes präisslech an d’Luucht setzt, muss e beim Statec hannerfroen wat d’Influence op d’Inflatioun ass, wat d’Influence op d’Indexupassung ass. An da muss gekuckt ginn, wat ass an deene leschte Joren do geschitt, wéi ass déi Entwécklung gewiescht. Bis elo sinn déi Décisiouen ëmmer par un coup geholl ginn.

Ech probéieren elo Uerdnung ze kréien, doduerch, datt mer all Kéier dohinner leeën: wéi war et an deene leschten 3 4 Joer? Wat ass do geschitt? Ass dat do ze vertrieden? Wësse mer genau, datt wa mer dat elo maachen, dat déi do Folleg huet? De Problem ass, ech misst jiddwerengem dat imposéieren, mä wéi wëllt Dir dann, datt ech dat maachen. Ech hu jo guer net dee Pouvoir d’Präisser ze régléieren.

Et gëtt d’Präisamt net méi, dat kënnt och muer net méi, dat hunn ech net ofgeschaf, dat ass eng Bestriewung gewiescht, déi vu Bréissel komm ass, an déi sämtlech Länner ofgeschaaaft hunn, dofir hunn ech nach just limitéiert Méiglechkeeten anzewierken. Dat ass vill op Psychologie, dat ass vill op déi Kontrakter wou ech Iech virdru gesot hunn, dat ass vill um Niveau vun den administréierte Präisser, dat heescht d’Präisser déi vun der Regierung festgesat sinn.

A fir de Rescht soen ech Iech, ass dat hei eng solidaresch Responsabilitéit vun allen Acteuren. Wa muer ganz héich Ronnen an de Lounronne gemaach ginn, sief et an der Fonction publique, mä da kritt dat direkt eng Influence op d’Inflatioun. Ech hat d’Beispill schonn eng Kéier genannt: wann d’Chambre des employés privés, déi ëmmer erëm kritiséiert, datt déi administréiert Präisser esou schnell an d’Luucht ginn, wann déi awer hiren eegenee Beitrag - kuckt dat mol eng Kéier alleguerten, elo ëm 12% an d’Luucht setzt, wat soll ech da maachen? Soll ech en de Krich erklären? Soll ech hinne soen, dat geet net? Ech kann ëmmer nëmmen een Appell maache fir vernünfteg Augmentatiounen ze maachen, déi begrënnt sinn. Ech kann awer net de Leit de Krich erklären.

Jean-Claude Franck: Mä dat gëlt jo dann awer och fir de Staat a fir d’Gemenge selwer, déi jo och selwer - huele mer just de Waasserpräis, wou eng Rei Haussë musse kommen, dat ass jo awer och eng schwiereg Situatioun. Engersäits dierft Dir d’Präisser net zevill héich maachen, wéinst der Inflatioun, anerersäits ass een awer och gebonnen dozou, wéinst zum Beispill dem Principe pollueur-payeur.

Jeannot Krecké: Jo, kuckt wann zu Arel, zu Tréier an zu Metz esou Mossname geholl ginn, wéi beispillsweis mam Waasserpràis eropzegoen, esou wéi och eng EU-Directive dat virgesäit, nämlech ze soen, et soll ee Präisser maachen, datt d’Leit wësse wat et wierklech kascht, wann ee gäre proppert an anstännegt Waasser hätt, all dat an zu egal welcher Zäit. Dann ass dat richteg fir datt d’Leit solle wëssen, datt dat Waasser eppes kascht an net eppes ass wat kee Wert huet. Mä automtesch geet een da mam Präis an d’Luucht. Dat mécht eppes an der Inflatioun an Däitschland, Frankräich, Belgien, bei eis mécht et eppes an der Inflatioun an et mécht eppes beim Loun, dat ass den Ënnerscheed zwëschen deene Géigenden niewendrun.

Jean-Claude Franck: Ier mer weider Wirtschaft schwätzen, eriwwer bei d’international Aktualitéit, Serge Kesseler.

[Iwwerbléck iwwert déi international Aktualitéit vum Serge Kesseler]

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, am Frankräich ass d’Debatt am gaange fir den zweete Wahltour. Wie packt et fir President ze gi vun der République?

Jeannot Krecké: Wann ech géing kucke wéi et mat der Familljenzougehöregkeet ass, da wënschen ech natierlech dem Ségolène Royal dat bescht. Ech hunn de Sarkozy och erlieft, deen ass en dichtege Mann. Ech hunn en am Ecofin erlieft. E mécht mir heiansdo e bëssen Angscht, well en awer Thesë vertrëtt, déi ech awer nu wierklech net fir ubruecht fannen.

Souwisou ass et ganz wichteg a Frankräich, an dat vergësst een heiansdo, et gëtt e President, mä et gëtt duerno eng Regierung, an et gëtt e Premierminister, an ech kucken alt emol wien eventuell kënnt Premierminister ginn. Egal, an deenen zwee Fäll, an do muss ech soen, wann do d’Ségolène Royal vläicht op déi gutt Iddi kéim de Strauss-Kahn als Premierminister ze huelen, da wier dat eppes mat deem ech ganz gutt kéint liewen.

Jean-Claude Franck: Radio 100,7, et sinn 37 Minutten op 12, Invité bei eis am Studio haut ass de Wirtschafts- an och Sportsminister Jeannot Krecké, deen dës Woch wéi esou dacks nees op Prospektiounsrees war. An zwar war hie mat enger Wirtschaftsdelegatioun an Indien, engem Land, deem seng Économie zu de weltwäite Boomwirtschaften zielt.

Jeannot Krecké, Dir waart an de leschten dräi Joer e puer mol an Indien, Dir wäert an der Tëschenzäit e richtegen Indienexpert gi sinn?

Jeannot Krecké: Dat ass net nëmme mat Indien esou, et sinn e puer Regiounen, déi ech mir erausgesicht hunn, wou ee muss Kontinuitéit weisen, dat heescht, et muss een eng regelméisseg Präsenz hunn, fir datt een éischtens politesch och Leit kenneléiert. An haut kann ech den Telefon huelen, an Indien uruffen, sief dat de Finanzminister, sief dat den Handelsminister oder Wirtschaftsminister, déi kréien ech op den Telefon wann e Problem ass, well ee sech perséinlech mëttlerweil kennt.

Dat ass absolut noutwenneg bei deene sougenannte BRIC-Staaten, dat heescht, dat sinn déi nei Länner déi eropkommen, an zousätzlech dozou ass nämlech déi Golf-Länner komm, wou ech dat jo och regelméisseg maachen.

Ech sinn e puer mol a Russland gewiescht, ech war elo e puer mol a China, ech war e puer mol an Indien. Et muss ee jo och op emol verstoen, wat do leeft, wat do geschitt, wat hir Schwächten, wat hir Stäerkte sinn. An dann hu mir eng ganz Rei vun eise Betriber, déi sinn do aktiv, a mir, esou wéi ech dat ëmmer selwer duerstellen, probéieren eis Betriber ze behandele wéi Clienten, also muss een och e bësse kucke wéi déi Clientë sech an deene Länner do wuel fannen.

An dozou kann ech hëllefen, dozou huet d’Regierung elo gehollef, doduerch datt mir en Accord fonnt hunn no 15 Joer Négociatiounen, 15 Joer laang schwätze mir dovunner, iwwer dat duebelt Besteierungsofkommes. Dat ass dann elo endlech en Text, deen den Accord vun deenen zwou Regierunge fënnt. An dat ass extrem wichteg. Da kënnen eis Leit, déi do schaffen, eis Betriber déi do schaffen, hu si déi selwecht Konditioune wéi d’Belsch, wéi d’Fransousen an esou weider. Dat war bis elo nach net de Fall, well een op zwou Plaze besteiert ginn ass, an automatesch doduerch d’Präisser méi deier sinn.

Mir hunn och ee gréissere Besoin, dat ass ee vun de Grënn firwat datt ech och probéieren an esou nei Regiounen ze goen. An Indien ass et ganz kloer, de Besoin deen ech hei entdecken am Beräich vun der Informatik, alles wat déi Servicer ubelaangt déi ronderëm d’Finanzplaz sinn, wou mir einfach d’Leit net fannen, weder an der Groussregioun, nach an deene Länner ronderëm eis, a wou ee muss kucken ob een Hëllefstellunge kritt, well déi Finanzplaz brauch héichqualifizéiert Leit an deem do Beräich. Déi fanne mir net, da musse mir se entzwousch anescht siche goen, wa mir gären hätten, datt dee Wuesstem esou weider geet wéi en elo weider geet. A fir dat ze verstoen, ginn ech regelméisseg wéi gesot, fir och ze weisen, datt een net eng Kéier do optaucht, an dann ni vu ni connu méi duerno, mä datt ee wierklech sech fir si interesséiert, datt een déi Suergen déi si hu probéiert ze verstoen, an dann och weess wéi ee sech uleet, wann ee gären an Indien eppes hätt.

Jean-Claude Franck: Dir waart am indesche Pendant vum Silicon Valley. Dir hutt eng ganz Rei Entreprisë visitéiert aus dem Beräich vun den Informatiouns-, Kommunikatiounstechnologien. Sinn der dodrënner, déi et d'selwecht wëlle maache wéi eBay, Skype, Apple a Co, dat heescht déi wëllen op Lëtzebuerg kommen?

Jeannot Krecké: Also, mir hu jo schonn éischt Effete vun deenen zwou Reese vu virdrun. Tata Services ass eng vun deenen dräi gréissten Informatikentreprisen, déi sinn hei zu Lëtzebuerg schonn. An esou wéi dat oft ass, ech war du bei Vipro, Infoces an Iflex, dat sinn déi dräi nächst. An dovunner si se allen dräi interesséiert elo op Lëtzebuerg ze kommen.

Jean-Claude Franck: Wéi konkret ass dat dann? Sinn dat Ufanksgespréicher, oder sinn dat [gëtt ënnerbrach]

Jeannot Krecké: Bei deem engen ass et Ufanksgespréich, beim dem aneren ass et um Punkt datt et geschitt.

Jean-Claude Franck: Deen aneren ass Vipro?

Jeannot Krecké: Dat kënnt Vipro sinn. Ech sinn ëmmer ganz virsiichteg mat esou Saachen. Dir wësst jo, datt ech ni, wann ech erëm kommen, soen, elo hunn ech dat an dat erreecht. Dat mierkt een dann ëmmer eréischt een, zwee Joer duerno, da mierkt een op emol, an ech hu jo schonn e puer mol drop higewisen, all Kéiers dann, wann erëm iergend eppes ugekënnegt ginn ass, sot ech, dat ass zeréckzeféieren op déi an déi Réunioun, op déi an déi Missioun, déi ech deemools gemaach hunn. Mä ech wëll net ze vill wäit mech aus der Fënster leeën, well heiansdo mengt een och et hätt een eppes geregelt, an dann ass et net geregelt, mä ech kann Iech soen, datt e groussen Intérêt do ass, an datt mir och weider verstäerkt mussen op déi awierken, fir datt si op Lëtzebuerg kommen.

An ech hat gëschter zwou russesch Delegatiounen op Besuch, an datt ech deenen och e bëssen erzielt hunn aus Indien. A wéi déi héieren hunn, wéi den Interessen - well do war och eng Firma drënner, déi och ganz staark am IT-Business ass - wéi déi bis héieren hunn, datt Tata Services hei wieren, datt Vipro a Gespréicher ass, datt Infoces, déi kennen déi alleguer, well et si Konkurrenten, hu se sech d’Fro gestallt, an dat éischt wat si gesot hunn, da musse mir och emol iwwerleeën, wat dann hei esou interessant ass. An esou mécht een dat.

Jean-Claude Franck: Dir waart an eng Fabrik vu Medikamenter kucken, Biocon. Ass dat eng Entreprise déi u Lëtzebuerg och interesséiert ass? Dat ass jo en neie Secteur deen Dir och développéiere wëllt.

Jeannot Krecké: Déi hunn u sech dräi Pilieren, wouvun déi zwee éischt, déi pré-klinesch a klinesch Tester wëlle mir eis net amëschen. Mir kucken déi Entreprisen déi fäerdeg si fir op de Marché, déi also d’Produkter um Punkt sinn op de Marché ze bréngen, fir déi unzelackelen. A Biocon huet eben en drëtte Pilier, dat ass deen, deen elo soll dat probéieren wat entwéckelt ginn ass, a wat elo déi verschidden Etappen duerchgemaach huet, fir dat op de Marché ze bréngen.

Dat gëtt entweder verdriwwen, duefir hu mir hinnen eise Logistikplang erkläert, an dat gëtt awer och bei eis begleet, doduerch datt mir probéiere Firmen unzezéien, déi ebe just Entwécklung vun Instrumenter, vun Diagnostikinstrumenter entwéckelen, an op där anerer Säit am rouden Bio-Technologieberäich probéieren eenzel Punkte wou mir schonn am Centre de Recherches Santé, am CHL, op der Uni, wou mir eng gewësse Crédibilitéit hunn, probéiere se do unzelackelen.

A Biocon ass en éischt Gespréich wat mir elo gefouert hunn, mä si ware sech guer net bewosst wat Lëtzebuerg u sech ass, a mir menge jo mir wiere bekannt. Mä et muss ee permanent de Leit erklären, wat sinn eis Avantagen, wat kënne mir bidden, hinne Lëtzebuerg méi no ze bréngen. Mir iwwerschätzen dat, mir menge mir wieren immens bekannt, dat ass guer net de Fall. Déi aner déi schlofen net, an déi maachen och ganz vill Promotioun, an duefir wann een dat net mécht, da verléiert ee lues a lues d’Schlappen doranner.

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, ech mengen eppes, wat ee vun Iech behaapte kann, dat ass, datt wann Dir vun esou Reesen zeréck kommt, datt Dir ëmmer ganz faszinéiert sitt. War Dir do an der Vergaangenheet vläicht awer net och heiansdo ze vill optimistesch? Während enger Staatsvisite a China zum Beispill waart Dir dovunner iwwerzeegt, datt Arcelor-Mittal geschwë kéint um chinesesche Marché Fouss faassen. Dat ass bis haut awer nach net geschitt. Gëtt do net op deene Reesen awer heiansdo e bësse vill schéi geschwat, ouni datt herno eppes nokënnt?

Jeannot Krecké: Dat ass falsch. Lai-Wu behaapten ech, datt mir politesch ofgekläert hunn. Makai vun der Reformkommissioun, deen do President ass, ass u sech en administrative Mënsch, mä ech mierken, datt en e risege Pouvoir huet, deen huet nach ëmmer Bedenken. Hei geet et em eng Persoun, en huet nach ëmmer Bedenke wat Lai-Wu ubelaangt. Mä ech soen Iech de Projet ass nach net gestuerwen.

Ech muss zougestoen, datt ech geduecht hunn et géing elo definitiv rëtschen. Dat ass net geschitt, dat ass net geschitt well och d’Chineesen e bëssen Angscht virum Här Mittal selwer hunn. Dat ass eng Machtballung déi hinnen e bësse Suerge mécht, an duefir probéiere mir och ëmmer Lëtzebuerger och mat no vir ze bréngen. E Roland Junck, e Michel Wurth, no vir ze drängen, datt si am Fong geholl Arcelor-Mittal vertrieden a China. Lëtzebuerg genéisst do e grousst Vertrauen.

An ech wäert am Oktober erëm eng Kéier bei dee selwechte Makai goen. An ech maache keng Wett mat Iech, mä ech soen Iech, dat do ass nach net gelaf, et dauert e bësse méi laang wéi mir geduecht hunn. Am Fong geholl misst een nach vill méi maachen, wéi dat wat Dir ëmmer monéiert, dierft een am Fong geholl iwwerhaapt net erziele wat ee mécht, da géing een esou eng Kritik net kréien. Et ass net genee viraus ze berechne wéi dat leeft. Politesch hu mir op allen Étagen den Accord wéi de Lai-Wu déi krut. An ech soen Iech och dee kënnt eng Kéier, mä et dauert leider e bësse méi laang.

Jean-Claude Franck: Wéi schätzt Dir dann allgemeng Är Prospektiounsreesen an? Dat gouf jo och schonn esou e bësse spëtteg gesot, déi Prospektiounsreese géifen net vill bréngen. Huet bis elo all Rees iergend eppes fir Lëtzebuerg bruecht?

Jeannot Krecké: Also ech behaapten, datt all déi, déi esou Saache soen, inconscient sinn an näischt versti vun der Matière, franchement näischt versti vun der Matière.

Et geet ee Promotiounsreese maachen, fir dat Land ze promovéieren. Dat heescht et geet ee wierklech fir d’Land bekannt ze maachen. Da gi Leit opmierksam, da kréie Leit erkläert wat mir maachen, da kréie Leit erkläert wat si zu Lëtzebuerg vun Opportunitéiten hunn. Dann iwwerleeën déi emol. Ech kommen net mat zeréck, a soen een, zwee, dräi, véier hunn elo jo gesot. Esou leeft dat jo net. Déi iwwerleeën dann. Da ginn erëm Kontakter gemaach.

Mir hu jo ganz oft och Leit sur Place, mir hunn een Investment- an Handelsreprésentant an Indien. Dee geet elo erëm an deenen nächste Woche ronderëm bei all déi wou mir waren, a seet: hutt dir iech dat iwwerluet? Hutt dir Froen? Mir ginn iech d’Äntwerten. Dat heescht dat geet esou weider. An da kënnt dat eent oder dat anert.

Wéisou mierkt een dann, datt a Beräicher déi eben net méi esou klassesch sinn, wéi dat wat mir virdrun haten, mir kommen net méi erëm, an dat geschitt an deenen nächste Joeren net méi, mat engem Industriebetrib fir 500 oder 1000 Leit eng Aarbechtsplaz ginn. Dat ass eriwwer, déi kommen net heihinner, dat mierken ech jo wann ech mat deene schwätzen, déi ginn entzwousch anescht.

Mä da probéiere mir aner Saachen. Mir probéieren hire Sëtz heihinner ze kréien. Mir probéieren hir Fuerschung heihinner ze kréien. Mir probéieren hir Logistik heihinner ze kréien. Mir probéiere Gesellschaften em déi mir eis bis elo net vill bekëmmert hunn. Huelt déi Informatiksentreprisen alleguer, déi sinn awer noutwenneg, déi sinn och mëttlerweil hei, an do kommen der nach. Dat heescht, dat bréngt wierklech eppes, mä et bréngt anescht wéi fréier, wou ee gesot huet, elo kënnt DuPont, elo kënnt d’Goodyear, elo kënnt Luxguard. Esou ass et net méi.

Elo komme klenger, fänken u mat 10 Stéck, op emol sinn et der 40, op emol sinn et der 80, op emol sinn et der 100, et gëtt net méi dovunner geschwat wa si bis hei sinn. An dat ass den Ënnerscheed.

Mä wéisou hätte mir esou e rise Wuesstem, wann ee jo kuckt, do si jo Servicer ronderëm déi d’Finanzplaz, déi och musse geleescht ginn, Servicer ronderëm déi Industrie, déi awer nach gutt fonctionnéiert, ma déi kommen awer vun esou Entreprisen. A wann een net op deene Plazen ass, soen ech Iech, dann ass een och fort, an da mierkt een et ganz schnell a sengem Wuesstem.

Jean-Claude Franck: Dir hutt d’Industrie ugeschwat. D’Fedil hat jo hir Generalversammlung, Dir waart selwer dobäi. Do gouf gesot, datt nach weider Hiobsbotschaften op Lëtzebuerg duerkéimen am Beräich vun der Industrie. Wat kann ee sech dorënner déi nächst Wochen a Méint erwaarden? Wësst Dir eppes do?

Jeannot Krecké: Ech si jo am Gespréich mat all deene groussen Entreprisen déi mir am industrielle Beräich mëttlerweil hunn. Ech hunn elo keng gréisser Indikatiounen, datt mir Hiobsbotschaften sollten elo direkt kréien, mä dat wat ech ëmmer erëm soen, e Wuesstem vun 6,2% verstoppt déi Schwächten déi mir op anere Plazen hunn. A mir musse vis-à-vis vun deene Leit, wa mir muer nach Industrie wëllen hei hunn, da musse mir anescht virgoen. Mir hunn eng Rei Avantagen déi mir net ganz ausspillen.

Ech hunn Iech d’Beispill gesot vum Energieberäich, d’Sécherheet vun der Energie ass essentiell fir d’Industrie. Duefir bleiwe se och nach hei, well déi hei méi garantéiert ass am Moment wéi beispillsweis a Länner, déi ech do alt bereesen. D’administrativ Prozeduren an Indien si schrecklech, a China nach wéi vor schlëmm. Duefir dat sinn Avantagen déi mir hunn. Mä ech maachen nach ëmmer Drock fir besser ze ginn, an net ze soen, hei mir sinn an der Rei, mir si besser wéi d’Inder, mir si besser wéi d’Chineesen an deem do Beräich. Nee, mir sollen nach besser ginn, well mir hunn nach vill Verbesserungsméiglechkeeten. Mir maachen nach villes ze vill komplizéiert. An ech spiere jo, dat do sinn nei Elementer, déi d’Leit interesséieren.

Wësst Dir elo an Indien war et nach just eng Fro, déi déi Leit interesséiert huet, wéi schnell kréie mir, wa mir e Spezialist brauche wa mir zu Lëtzebuerg bis sinn, a mir brauchen e Spezialist dee mir net zu Lëtzebuerg hunn, wéi schnell kritt deen e Visa, wann dee fir dräi Wochen dohinner schaffe kënnt, wéi schnell kritt deen eng Permissioun fir schaffen ze kommen, wa mir deen elo fir dräi Joer mussen dohinner huelen? Dat ass den Haaptpunkt gewiescht.

Jean-Claude Franck: Dat heescht Dir frot Iech elo emol eng Entrevue beim Här Asselborn un?

Jeannot Krecké: Ech hunn net nëmmen eng Entrevue ugefrot, ech hunn dem Nicolas Schmit scho gëschter vu menge Conclusioune geschwat, an den Nicolas Schmit dee sech em deen Dossier do bekëmmert, ass sech däers voll bewosst. Mir hate schonn öfters Diskussiounen doriwwer, mir wäerten eis och elo zesummesetze bei deem Gesetz wat en en Préparatioun huet, fir do déi Elementer anzebaue wou mir déi Flexibilitéit kënnen abauen. Mir kënnen dat jo permanent kontrolléieren, wéi dat sech entwéckelt, fir datt einfach net aviséiert gëtt.

Mä kuckt, dat si Saache wou een de Leit kann entgéint kommen. Firwat muss ee se dann duerch ganz Indien reese fir e Visa ze kréien, dräi Wochen nodeem een am Fong geholl hätt missen zu Lëtzebuerg kommen, fir do während e puer Deeg ze schaffen? Dat kann een de Leit dach och méi einfach maachen. Mir probéieren also elo Facilitéiten anzebauen. Domat huele mir kengem en Avantage hei zu Lëtzebuerg ewech, domat probéiere mir just méi flexibel ze ginn. Heiansdo erschrecken d’Leit bei deem Wuert flexibel. Dat do ass e Beispill vu Flexibilitéit, an doduerch gi mir vill besser wéi all déi aner Länner, an doduerch hu mir en Avantage.

Wa mir wëllen esou op deem Niveau liewen, wéi mir am Moment liewen, musse mir Efforte maachen. Deen dee mengt elo wiere mir entzwousch, a mir géingen do bleiwen, a mir bräichten elo näischt ze maachen, deen iert sech gewalteg. De Stand still ass dat mannst wat mir am Moment kënne gebrauchen.

Jean-Claude Franck: Eppes maache wollt Dir och fir de Site vun Technicolor vu Féiz. Hutt Dir do schonn eng Verwäertung fir dee Site fonnt?

Jeannot Krecké: Nee, ech sinn nach bei deem vun TDK am gaangen, do entsti scho Saachen an deem ale Site, do si schonn Entreprisen déi sech do elo usidelen. Do hu mir et verginn un eng Entreprise déi dat géréiert, dat heescht, déi déi ganz Aarbechten do mécht, well mir elo jo net ee Betrib hunn, do hu mir mat X Betriber ze dinn, do muss ee ronderëm eng ganz Organisatioun bauen. Mir kucken Technicolor, op mir enger Entreprise dat in globo kënne ginn, oder ob mir dat och mussen opdeelen. Mä bei Technicolor si mir nach net esou wäit wéi bei TDK.

Jean-Claude Franck: Eng aner Saach. Apple - iTunes Video - Dir hat annoncéiert, dat muss ongeféier am Januar gewiescht sinn, datt déi am Fréijoer géife sech zu Lëtzebuerg lancéieren. Mir si Fréijoer, wéi konkret ass dat?

Jeannot Krecké: Dozou wäert ech keng Ausso maachen, well mir eist Wuert ginn hunn ebe ganz virsiichteg ze sinn. Déi Firmen, Dir hutt jo wahrscheinlech och an der internationaler Press geliest, datt do eng Rei Entwécklunge sinn, deenen ee muss Rechnung droen, an da soll een elo keng falsch Illusiounen opkomme loossen, do ginn et e puer Problemer déi elo kuerzfristeg, och notamment en rapport mat der EU opgetruede sinn. Mä ech kann Iech awer soen, mir wäerten och an deenen nächste Wochen a Méint positiv Entwécklungen doranner erliewen. Wat se elo genee sinn, dat mierkt Dir wa se do sinn.

Jean-Claude Franck: Et ass op jiddefall ëmmer, oder huet een d’Gefill, eng flott Saach fir unzekënnegen, wann eng nei Entreprise kënnt. Et gëtt heiansdo esouguer e gewëssene Konkurrenzkampf tëscht verschiddene Ministeren, wien et als éischt annoncéiert.

De Premier hat an engem Regierungsrot Enn d’lescht Joer gesot, et géif mat dräi grousse Boîten am E-Commerce verhandelt ginn, Apple kann eng gewiescht sinn, eBay war mat Sécherheet déi aner. Kann een do vläicht scho weider Saachen an der Tëschenzäit och soen?

Jeannot Krecké: Dir wësst, datt ech ganz zéi sinn, an Dir kritt och aus mir net méi eraus. Mee ech soen Iech, kuckt déi nächst Woche wat geschitt.

Jean-Claude Franck: Déi nächst Wochen? Et ass jo och esou datt, bleiwe mir beim E-Commerce, datt dat jo e Secteur ass, wou Lëtzebuerg wéinst senger TVA relativ gënschteg ass, op där anerer Säit wiisst awer den Drock vu baussen, gëtt gesot, fir déi gënschtegst TVA-Situatioun zu Lëtzebuerg ofzeschafen. Ass et net e bësse kuerzfristeg fir an dee Secteur do ze investéieren, wann dat eng Kéier géif harmoniséiert ginn op EU-Niveau?

Jeannot Krecké: Wat ass d’Alternativ? Dat net ze maachen? Dat heescht op Milliounen, honnerte Millioune Recetten ze verzichten. Wéi géinge mir dat da maachen, bei engem aktuellen Zentralstaatdefizit? Et muss een all Opportunitéiten déi een esou gesäit muss een huelen. Da muss ee kucke wéi een aus engem kuerzfristege Mëttel, laangfristeg gëtt ëmmer méi schwéier, mä mëttelfristeg e énéfice kann erauszéien [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat heescht kucken, datt déi Betriber och herno bleiwen, och wann d’TVA géing an d’Luucht goen.

Jeannot Krecké: Ganz genee. An do sinn der och, déi hänken net méi un der TVA, mä déi hänken drun, wéi hir Leit, déi hei schaffen, op déi um Niveau vun der internationaler Schoul fir hir Kanner eng Plaz fannen. Wéi d’Connexioune Richtung aner Flughäfe sinn, dat si Froen déi do opkommen, a wou mir Solutioune musse fannen. Mir mussen d’Infrastrukturen, d’Ubannung un déi grouss Zentren ausserhalb musse mir verbesseren am Beräich vun der Kommunikatioun. Dat ass jo précisément geschitt. D’Post huet risegen Efforten do gemaach, LuxConnect mécht dat fir ze complétéieren. Mir probéieren also all déi aner Elementer ze entwéckele fir datt herno de steierlechen Aspekt net méi den ausschlaggebende gëtt. Iwweregens wann ech Gespréicher am Moment mat Betriber féieren, ass seelen de steierlechen Aspekt nach e Punkt.

Jean-Claude Franck: Dat heescht et gëtt aner Froen?

Jeannot Krecké: Et ginn aner Froen, déi ëmmer méi wichteg ginn, an op deene schaffe mir.

Jean-Claude Franck: Wéi geet et viru mam WSA-Site? Dir hutt am Februar hutt Dir eng Étude virgeluecht, wat kéint mat deem Site geschéien. Dir hutt gesot, Dir wéilt esou séier wéi méiglech do ufänken. Wéi konkret ass dat elo?

Jeannot Krecké: Mir hunn elo en Ausbauplang gemaach, wéi dat vollzu gëtt, an do lafen d’Aarbechte voll, do sinn d’Ingenieursbüroe beoptraagt fir dat Ganzt ëmzesetzen. Do leeft och elo scho Promotioun. Ech mengen ech war zu Hong Kong elo viru kuerzem, ech war elo an Indien. Ëmmer erëm gi mir, an och Leit vu mir waren elo an Taiwan, waren extra op Plaze wou ech net konnt mat goen, well de ganzen Agenda e bëssen zevill iwwerfëllt war, déi sinn am gaangen iwwerall Promotioun ze maachen.

An Amerika si mir am gaangen, do hu mir e Lëtzebuerger deen dat mécht, de Marc Linster, deen ass am gaange ronderëm ze goen, an ass am gaangen ze erklären de Leit wat Lëtzebuerg wëll an deem Beräich. An esou si mir op deenen eenzelne Plazen am gaangen dat ze maachen.

An de WSA-Site ass essentiell, esou eppes muss een hunn, et muss een herno kënne soen, e groussen dee kënnt, dee kann een ëmmer erëm an eng aner Zone setzen, mä e klengen dee kënnt, deem muss ee schnell eng Solutioun dohinner setzen. An dat probéiere mir. Dir wësst, datt mir am gaange sinn dee ganzen Deel Container Business auszebauen, an do lafen d’Aarbechten.

Jean-Claude Franck: Wéi grouss ass dann do den Interesse vun de Logistik Entreprisen? Kritt Dir d’Dier do schonn agerannt?

Jeannot Krecké: Jo, do ass e groussen Interessen, well d’Logistik ass eng vun de Branche vun der Zukunft. Wann hei an Europa eng ganz Rei Produkter net méi hiergestallt ginn, wann deen Telefon deen Dir hei virun Iech hutt net méi hei hiergestallt gëtt, mä mir brauchen awer en Telefon, wann dee Schierm deen Dir virun Iech hutt, deen ass doudsécher net hei an Europa produzéiert ginn, mir brauchen en awer hei, also muss en heihinner kommen, an do ass dann eng ganz Kette vun Aufgaben déi do mussen erfëllt ginn, virdrun, hannendrun, wéi gëtt e verkaaft, wat geschitt wann Dir de Schierm erëm zeréck kritt. Do ass eng ganz Organisatioun hannendrun, dat ass Logistik.

Jean-Claude Franck: Schwätze mir kuerz an dësem Riicht eraus och nach iwwer d’Energiesecteuren, e Ressort fir deen Dir och responsabel sitt. An et ass jo en Dauerbrenner zënter e puer Méint, dat kann ee jo op jiddefall soen. Fir d’alleréischt hutt Dir Iech do virun enger Zäit iwwer eng ze kleng Équipe beschwéiert, Dir hätt net genuch Leit, ech mengen dat war deemools rieds gaange vun 6 Leit déi Dir fir de Ressort Energie hätt. Huet sech do eppes geännert an Tëschenzäit?

Jeannot Krecké: Mir hunn et opgebessert, mä et ass natierlech esou, nei Leit déi do erakommen, dat sinn net direkt déi Spezialisten déi een ebe bräicht kuerzfristeg.

Et ass richteg, wéi ech dee Secteur virfonnt hunn, bei mir am Ministère - du war dat och kee grousst politescht Gespréichsthema. Ech wëll drun erënneren, datt och mir d’Aen opgaange si beim leschte Blackout. An do hunn ech direkt vun Ufank u gesot, d’Energie gëtt eng vu menge Prioritéiten. Ech verbrénge mëttlerweil, géing ech behaapten, en Drëttel vu menger Zäit reng mat Energiefroen.

Resultater kommen, Resultater sinn am gaangen ze kommen. Op de Präisser hu mir Saachen erreecht déi ech net fir méiglech gehalen hunn. Mir sinn am gaangen dat ze maachen, wat ech no engem Joer scho gemierkt hunn, als essentiell, nämlech vill méi Accèsen op eng Produktioun ze kréien. Wann ee just akeeft an dann erëm verkeeft, dann ass ee jo total ofhängeg vun deem, dee just iech eppes wëll verkafen, vun deem senge Präisser, vun deem senge Méiglechkeeten. Mir mussen Accès op d’Produktioun kréien, si mir am gaangen ze maachen, hu mir jo éischt Erfolleger, net nëmmen de Gazprom-Projet, mir hunn och aner Saachen, déi elo sprochräif ginn, wou mir Accès kréien op d’Produktioun.

An ech hu gesot, mir musse kucken en Accès op d’Primaireenergie ze kréien. Elektresch gëtt ëmmer hiergestallt entweder vu Kuel, vun Ueleg, oder vu Gas. Mir hunn näischt vun deenen alleguer, duefir si mir am gaangen ze kucke mat deenen dräi Träger kucken, wéi mir eis kënnen Accorde verschafen, wou mir direkt mat deem, deen d’Basisprodukt am Fong geholl hierstellt, wann een esou wëllt, oder gewënnt, wéi een do Accorde mécht, a wéi een da laangfristeg Accorde ka maachen. Dee leschten Accord dee mir elo gemaach hunn, dee geet iwwer 20 Joer, an dat ass dat wat essentiell ass. D’lëtzebuerger Entreprisë wëssen, datt an Zukunft mir do en Accord iwwer eng gewësse Quantum Energie hunn, an dësem Fall Elektresch, an datt dat op 20 Joer ass. Dat ass Sécherheet déi ee brauch.

Jean-Claude Franck: Mä wann d’Energie esou wichteg ass, fir wat ass et keen eenzelne Ministère?

Jeannot Krecké: Ech wëll net behaapten, datt et misst en eenzelne Ministère sinn. Et ass eng riseg wirtschaftlech Erausfuerderung, d’Energiepolitik hautesdaags. Et ass am Energieministère, ech mengen et ass op där Plaz wou et soll sinn, a wou et muss sinn. Et ass essentiell, datt dee wirtschaftlechen Aspekt am Beräich vun der Energie einfach net vergiess gëtt. Duefir schaffe mir jo mam Ëmweltministère op deene Punkten zesummen, wou den Ëmweltaspekt spillt. Et ass schonn op där richteger Plaz, mä ech misst effektiv e puer Leit méi hunn.

Wësst Dir wa mäi Mann dee sech em de Gas bekëmmert, wann dee krank ass, wann deen ausfällt, wann dee sech d’Bee brécht, an net all Dag um Bureau ass, hu mir e risege Problem. An esou hunn ech een am Elektreschen, esou hunn ech een am Ueleg, an do gesitt dir d’Schwächt vu Lëtzebuerg. Mir hunn dann een, deen ass och ganz gutt dann, mä mir hunn net hannendru genuch Leit, déi dee kënnen eventuell ersetzen, wann deen emol e Problem huet. An déi Leit sinn och staark iwwerbelaascht am Moment, dat muss ech soen, dan déi hu riseg Responsabilitéiten.

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, mir hunn net méi vill Zäit, nach e puer perséinlech Froen zum Schluss. Äre leschte Gebuertsdag deen hutt Dir am Fliger gefeiert, wann ech richteg informéiert sinn.

Jeannot Krecké: Net grad, just iert ech de Fliger geholl hunn.

Jean-Claude Franck: Dir sitt fir d’alleréischte Kéier Minister, ass déi Aarbecht esou wéi Dir Iech se virgestallt hutt?

Jeannot Krecké: Et ass Muenches anescht wéi ech mir et virgestallt hunn, et ass Muenches méi komplizéiert wéi ech mir et virgestallt hunn. Mä ech muss soen, et mécht mir awer ganz vill Freed, ech setze jo ganz vill Energie dran, an ech hunn och e puer ganz, ganz gutt Leit ronderëm mech, soss géing dat net goen.

Jean-Claude Franck: Dir hutt am Trierischer Volksfreund gesot, mat 60 géif Äert Segelboot viru Sardinien op Iech waarden. Heescht dat, datt Dir net dru gleeft, datt d’LSAP nach eng Kéier an d’Regierung kënnt, oder hutt Dir keng Loscht méi mat 60 nach Minister ze sinn?

Jeannot Krecké: Weder nach. Ech soe just, datt ech am Liewen nach eng Kéier eppes anescht wäert maachen, well ech am Moment kee Privatliewen hunn, ech wierklech just dee Ministère do liewen, 24 Stonnen op 24, 7 Deeg an der Woch, an iergendwann, mengen ech, entweder seet d’Bevëlkerung mir iwwer Wahlen, datt se mech net méi wëllen, oder ech selwer eng Entscheedung huelen, mä dat wäert net am Joer 2009 sinn, ech ginn nach eng Kéier mat a Wahlen, ech interesséiere mech nach eng Kéier datt d’LSAP an d’Regierung kënnt. Mä ech wollt just domat soen, ech hunn eng Aktivitéit déi ass prett, déi steet prett do, dat heescht muer kann ech erausklammen an eppes maache wat mir Freed mécht, eppes maache wat mech staark beschäftegt, a wat ech elo staark vernoléissegt hunn. Dat wëllt net heeschen, datt ech et 2009, 2010 wëll maachen, dat maachen ech erëm iergendwann, wéini dat décidéieren ech selwer, oder de Wieler.

Jean-Claude Franck: E Posten an der Privatwirtschaft, hutt Dir nach kee versprach kritt?

Jeannot Krecké: Ech hu kee versprach kritt, ech hunn och kee gefrot. Do hunn ech am Moment och kee Besoin. Ech sinn net am gaangen duerno ze kucken. Ech hunn awer iwwerhaapt kee Problem wann ech nach Loscht hätt an d’Privatbranche ze goen, ze wësse wat ech géing maachen. Ech mengen ech hu vill an der Privatbranche virdru geschafft, an ech hu kee Problem, fir do och nach eng Kéier muer unzerappen, wann d’Loscht kënnt. Mä am Moment konzentréieren ech mech op dat wat mäi Business elo ass, nämlech Wirtschaftsminister ze sinn.

Jean-Claude Franck: Dir sitt jo och nach wéi gesot an der Politik. Wat sinn Är Ziler déi Dir nach erreeche wëllt?

Jeannot Krecké: Also, ech hätt am léifsten, ech géing et fäerdeg bréngen d’Moderniséierung vun deem Land hei kënne matzewierken, d’Moderniséierung och vu menger Partei, nei Aspekter, nei Richtungen, nei Elementer eranzebréngen, d’Opfaassung vun enger neier moderner Gesellschaft, déi solidaresch ass, mä nëmme solidaresch ka sinn, wann och d’Rahmenbedéngungen dozou stëmmen. Dovunner halen ech ganz vill, an duefir wäert ech och schaffen.

Jean-Claude Franck: An domat si mir um Enn ukomm vun dësem Riicht eraus, Invité bei eis am Studio déi lescht Stonn war de Wirtschafts- a Sportsminister Jeannot Krecké. Merci datt Dir bei eis waart.

Jeannot Krecké: Merci och.

Dernière mise à jour