Le ministre de l'Économie et du Commerce extérieur, Jeannot Krecké, invité de l'émission "Impuls Flashback"

Monique Kater: E ganz schéine gudden Owend bei Impuls.

Eiser Wirtschaft geet et gutt, mä de Staatsminister wëllt, datt weider gespuert gëtt.

Tom Graas: A mir froen de Wirtschaftsminister wat hie vun deem Message hält. Jeannot Krecké, gudden Owend.

Jeannot Krecké: Gudden Owend.

Monique Kater: Gudden Owend.

Tom Graas: Dir selwer hutt an Ärer Foiresried gemengt, eis Économie géif dat bescht Fréijoer erliewen zënter dem Joer 2000. Dat huet de Premier dann och e Mëttwoch a senger Déclaratioun zur Lag vun der Natioun confirméiert. Mä duefir dierft een elo net an eng finanziell Euphorie verfalen.

[Reportage vum Monique Kater]

Tom Graas: Wann et jauft, da soll ee spueren. Här Krecké, ass de Wirtschaftsminister d’accord mat där Analys, trotz gudde Wirtschaftschiffere soll ee finanzpolitesch virsiichteg bleiwen?

Jeannot Krecké: Wat de Staatsbudget ubelaangt jo, a wat den allgemengen Deel ubelaangt, mengen ech, soll een déi Suen huelen an investéieren a Saachen, fir datt een d’Zukunft kann ofsécheren.

Monique Kater: Virsiichteg war de Staatsminister och wat elo eng eventuell Baisse vun de Steiere fir eis alleguer ugeet. De Wirtschaftsminister wier jo awer bestëmmt frou, wann eng kleng Sprëtz do kéim, wéinst der Kafkraaft vun de Leit.

Jeannot Krecké: Ech mengen déi Kafkraaft vun de Leit ass net schlecht hei zu Lëtzebuerg, dat weise jo och all Indikateuren. Och wa mir déi Chiffere kucken, déi mir gesi vum Autofestival, wa mir déi Chiffere kucke vun de Vakanzen. Ech mengen net, datt mir de ganz grousse Problem op der Kafkraaft am allgemengen hunn. Ech menge mir hunn eng Rei Leit, fir déi ass wierklech d’Liewen zu Lëtzebuerg deier ginn, besonnesch wann een d’Wunnenge kuckt, an duefir déi Efforten déi ee soll maachen an d’Kafkraaft, soll een haaptsächlech op déi Leit concentréieren, déi e nidderegt Akommes hunn. Fir déi ass et schwéier. A wann een do fäerdeg bréngt d’Kafkraaft vun deene Leit e bëssen ze steigeren, dat soll iwwer de Staatsbudget goen, da mécht een net nëmmen eppes Soziales, mä dann huet een och eppes Wirtschaftleches gemaach.

Monique Kater: Mä kann een net elo grad an dësem Moment dem Wirtschaftswuesstem nach erëm e klenge Kick ginn, deen ukuerbelen, grad elo?

Jeannot Krecké: Ech mengen net, datt et am Moment sënnvoll wier. Ech menge mir hunn eng Croissance déi ass gutt, déi solle mir och weiderféieren, mä mir solle se net iwwerhëtzen, a mir sollen déi Suen am Moment verwenden fir Schwächten déi mir hunn. Et dierf een net vergiessen de Fait datt déi Finanzplaz esou gutt rullt, doriwwer freeë mir eis, mä déi verstoppt awer eng ganz Rei Schwächten déi mir notamment an der Industrie hunn.

Tom Graas: Probéiert eis emol op eng ganz einfach Fassong ze erkläre wéi dat méiglech ass, datt mir trotz 6,2 % Wirtschaftswuesstem 2006, trotzdem am Zentralbudget nach 500 Milliounen Euro Defizit hunn. Wéi ass dat méiglech?

Jeannot Krecké: Mir sinn am gaange jo emol eng Rei Saachen erëm opzeschaffen aus de Joeren 2001, 2002, 2003, wou, loosse mir soen mat engem gewëssene Retard de Wirtschaftswuesstem mat sech bruecht huet, datt mir Defizit kruten. Mir kruten deen am Budget, an dee schaffe mir ëmmer op mat engem Retard vun een oder zwee Joer. Dat ass dat éischt.

Dat zweet ass, et muss ee wëssen, datt haut d’Steierakommes net méi esou steigt mam Wirtschaftswuesstem, wéi dat nach vläicht viru Joeren de Fall war. Et gesäit een, datt déi Fiduciairen alleguer, déi op deenen Dossiere schaffen, datt déi vill Imaginatioun hunn, an et ass ganz einfach esou, datt et vill Méiglechkeete gëtt fir keng Steieren ze bezuelen op der Säit vun de Betriber an vun de Privatleit. An duefir gesäit een net méi genee dee linéairen Zouwuess vun de Steiereinname mam Wuesstem.

Tom Graas: Et ass also net, datt de Staat schlecht haushalt?

Jeannot Krecké: Ech mengen, wéi mir 2004 ugefaangen hunn, hate mir e Problem, datt mir vis-à-vis vun de Recetten ze vill Dépensen haten. Ech mengen awer, déi Efforten déi mir gemaach hunn, wou och vill Leit jo net frou driwwer waren, ech mengen dat hu mir awer elo fäerdeg bruecht, eis Dépensen erëm op e Mooss ze kréien, datt si am Aklang si mat de Recetten. Mir musse probéire wat déi aner Leit, d’privat Leit och maachen, mir musse kucken net méi auszeginn, wéi dat wat mir erakréien.

Monique Kater: Stéchwuert nach eng Kéier Steieren. Steierbaisse fir d’Betriber schéngt et jo och keng ze ginn. Ass dat de Moment net néideg? Wa mir jo déi nei Étude vun dem schwäizer Institute IND kucken, do leie mir op 4. Plaz wat d’Compétitivitéit ugeet. Brauche mir do keng Steierreduktioune fir d’Betriber?

Jeannot Krecké: Ech menge mir mussen ëmmer weider kucken, wat ronderëm eis geschitt, a mussen dann ajustéieren. De Finanzminister an deem Fall huet jo och ugekënnegt, datt e Gespréicher mat de Patronen géing féieren, fir ze kucke wat ee soll maachen.

D’Fro ass, geet een hin, d’Besteierungsbasis, dat heescht herno déi Zomm déi besteiert gëtt, geet een déi veränneren doduerch datt ee méi kann ofschreiwen, oder geet een hin an et seet een, do ännere mir näischt drun, mä mir gi mam Taux erof. Ganz oft gëtt am Ausland just den Taux gekuckt. Mir si bei eppes méi wéi 29 %, geet een do mat 2 %, 3 % erof? Mécht een dat oder geet een hi wann een eppes wëllt maachen, an et mécht ee Gezieltes fir d’Investissementer ze förderen, anstatt quiesch duerch de Gaart den Taux ze veränneren? Do sinn ech mir och nach net schlësseg wat ee soll maachen.

Monique Kater: Mä déi 4. Plaz, dat ass jo awer enorm.

Jeannot Krecké: Bon, et ginn aner Indicateuren, do si mir manner gutt drop. Wësst Dir, ech halen net ganz vill vun deenen Indicateuren, et gesäit een och d’Bandbreet, bei deenen enge si mir op der 25. Plaz, op där anerer si mir op der éischter Plaz. Also ech si ganz skeptesch vis-à-vis vun deenen Indicateuren, well et hänkt vun der Methodologie of, an et soll een do net an en iwwerméissegen Optimismus verfalen, et muss ee Realist bleiwen.

Tom Graas: Ee Wuert zur Inflatioun Här Krecké. De Staatsminister huet a senger Ried vun engem Inflatiounsfeelverhalen hei zu Lëtzebuerg geschwat. Dir selwer proposéiert elo een Aktiounsplang géint déi exzessiv Deieregt, wou soll verhandelt gi mam Handel, d’Privatwirtschaft mat Konsumenteschutz. Fonctionnéiert dat dann op der Basis vun der Fräiwëllegkeet?

Jeannot Krecké: Also fir d’éischt muss een emol wëssen, wann ech géing fäerdeg brénge mat iwwer 6 % Wuesstem manner wéi 1 % Inflatioun ze hunn, da wier ech zeideg fir den Nobelpräis an der Wirtschaft. Well dat bréngt kee fäerdeg an den entwéckelte Länner, duefir muss een einfach do och wëssen, datt et gewësse Limite ginn.

Zweetens ginn et keng reglementaresch Méiglechkeeten, wou ech d’Präisser kéint imposéieren. Dat ass bal net méi méiglech. Den Office des prix [ënnerbrach].

Monique Kater: Fir wat dann net? Well den Office des prix, fir wat gëtt dat dann näischt méi?

Jeannot Krecké: Den Office des prix ass ofgeschaaft, deen dierf och net méi agefouert ginn, dat sinn europäesch Regelen. Souwisou, erënnert Iech drun, an den 70er Joeren, wou mir alt 3, 4 Indextranchen an engem Joer haten, dat heescht eng Inflatioun déi méi wéi 10 % war, hate mir en Office des prix. Den Office des prix n’empêche rien, an duefir hunn ech gesot, et huet och kee Wäert, datt mir eis nach laang driwwer ënnerhale fir deen erëm anzeféieren.

Mir musse probéieren anzewierken op d’Leit. Mir probéiere beispillsweis automatesch Indexéierungen aus eise Kontrakter beim Staat erauszekréien. Mir négociéiere mat de Leit, mä mir fänken net un, alles ze automatiséieren. Dat ass ee vun eise Problemer.

Da probéiere mir vläicht och ze sensibiliséieren, déi eenzel wirtschaftlech Kräften.

Da probéiere mir och anzewierken duerch Präisvergläicher, datt d’Union luxembourgeoise des consommateurs, de Konsumenteschutz, datt deen de Leit emol weist, wou ass et méi bëlleg, wou ass et méi interessant anzekafen, an domat Drock auszeüben op déi déi eventuell net oppassen.

A letztendlech hoffen ech, datt mir jo net permanent Gemengewale kréien, well no deene leschte Gemengewalen hunn natierlech all d’Gemengenautoritéiten dorëmmer probéiert d’Taxen an d’Luucht ze dreiwen, a jiddweree weess, datt et da fir e puer Joer erëm roueg ass, soudatt ech mir och erhoffen, datt et do méi roueg gëtt.

Monique Kater: Komme mir bei eist zweet grousst Thema, Energiepolitik. A sengem État de la Nation huet de Staatsminister och nei Reglementer annoncéiert, wat de schounenden Ëmgank mat der Energie, an d’Notzung vun erneierbaren Energien ugeet. D’privat Leit sollen ënnerstëtzt ginn, wa se grénge Stroum kafen. De Staat wëllt an Zukunft och selwer grénge Stroum notzen, an d’Energieberodung soll ausgebaut ginn. All dat sinn Iddien, déi den Ëmweltorganisatioune jo eigentlech komplett missen an de Krom passen, oder? D’Joëlle Hengen weess d’Äntwert.

[E Reportage vum Joëlle Hengen]

Monique Kater: D’Blanche Weber plädéiert also fir déi sougenannten Écolonomie, Ëmwelt a Wirtschaft déi solle verschmëlzen. Bleift dat eng Utopie?

Jeannot Krecké: Neen, dat ass keng Utopie. Ech menge schonn, datt een dee Wee soll goen. Mir sinn och am gaangen dat ze maachen. A wann ech elo kucken, déi Wärmeschutzveruerdnung, déi also wäert mat sech bréngen, datt nei Haiser déi gebaut ginn, no anere Standarden, méi strenge Standarde musse gebaut ginn. Dat wäert vill hëllefen. Éischtens wäerte mir do Energie aspueren. Zweetens wäerte mir eng Rei Aarbechtsplaze schafen. Dat ass keng Utopie. Et ass just net vun haut op muer ze realiséieren.

Tom Graas: Sinn dat dann interessant Aarbechtsplazen? Kënne mir eis do quasi spezialiséieren? Kéint dat eng nei Nisch si fir Lëtzebuerg iergend eng Kéier?

Jeannot Krecké: Eng nei Nisch kënnt héchstens den Développement vun neien Technologie sinn am Beräich vun der Energie a vun der Ëmwelt, vläicht méi a méi effizient Technologien an deem Beräich. Dat kënnt eng Nisch ginn. Ech mengen net, datt alles en Relatioun mat der Wärmeschutzveruerdnung elo eng Nisch kéint sinn. Dat ginn awer sécher Aarbechtsplazen, well dat sinn Aarbechtsplaze wou si net a Konkurrenz mat China oder mat Brasilien sinn. Dat si Leit hei an der Groussregioun, dat sinn eis eenzeg Konkurrenten, an insoufern sinn et sécher an ofgeséchert Aarbechtsplazen.

Tom Graas: Bon, elo heescht et bis 2020 kéinte mir elo als Lëtzebuerger net op 20 % erneierbar Energie kommen, 8 % wiere realistesch. Mä domat schéngt keen esou richteg zefridden ze sinn. Och Dir selwer sot, do kéint een nach besser maachen. Wéi ee Chiffer schwieft Iech dann do vir? Wat kéint dann do dee Prozentsaz ginn?

Jeannot Krecké: Also mir hu jo europäesch en Engagement geholl fir 20 %. Elo hänkt et vun de Länner of, déi eng kënne jo méi an deem Beräich maachen wéi déi aner. Ech mengen, wann ee Barragen huet, et muss ee Bierger hu fir datt ee Barragen huet, da kann een natierlech vill aus der Waasserkraaft huelen. Wann ee vill Wand huet, et ass een um Mier, da kann ee vill aus der Wandkraaft huelen. Dat hu mir alles net.

An duefir hu mir zu engem auslänneschen Institut wat absolut unerkannt ass, emol einfach gesot, ma da sot eis wat dir mengt, wat iwwerhaapt realistesch zu Lëtzebuerg dran ass, esouguer wann d’Technologie besser gëtt. An do ass gesot ginn 8 %.

Mä vu datt mir wëssen, datt mir en Engagement hu wat awer méi wäit geet, hu mir gesot, da musse mir vläicht mat Partner sichen, wa mir d’Wandmillen hei net kënnen installéieren, well mir net genuch Wand hunn, oder well den Territoire ze kleng ass, well mir ze vill no bei de Wunnenge sinn, oder erëm ze vill no beim Bësch a bei de Fliedermais, da musse mir eventuell higoen an entzwousch anescht déi Wandmille maachen, ebe bei de belschen Noperen. Do hunn ech Gespréicher.

An da wëll ech dat net verstanen hunn, wéi wa mir do mat engem Chèqueheft géingen higoen, an dat just eis fräikafen. Ma neen, déi Wandmillen, anstatt datt se zu Wäiswampech steet, steet se dann zu Ostende. A mir bezuelen d’Installatioun, a mir mussen och d’Aspeisunge bezuelen. Mä dat ass net esou einfach, well mir bezuele vill méi wéi d’Belsch, wéi déi Däitsch, wéi d’Fransousen an der Aspeisung. Dat gëtt héchstens e Problem.

A jiddweree soll wëssen, datt et net stëmmt wéi d’Madame Weber gesot huet, datt ech do gesot hätt, dat misst konstant d’selwecht ginn. A wouhier dann. Ech hu gesot, mir missten aus dem Staatsbudget probéieren, déi erneierbar Energien ze ënnerstëtzen. Firwat aus dem Staatsbudget méi wéi de Fonds de Compensation? Well ech gären hätt, datt et sozial gerecht ass, dat heescht, datt net jiddwereen iwwer d’selwecht Mooss muss bäisteieren, mä e bësse sozial gesinn. An dat kann ee maachen iwwer de Staatsbudget, well do contribuéiert jiddwereen esou wéi en och Suen huet.

Monique Kater: Dat heescht, produzéiere kënne mir jo dann net esou vill ausser elo am Ausland. Dat heescht hei zu Lëtzebuerg gi mir Gas, wat d’Spueren ugeet, esou ze soen.

Jeannot Krecké: Gas wat d’Spueren ugeet, awer och Gas fir déi ganz eneierbar Energien awer trotzdem auszebauen. Ech hu gesot, ech wëll e Maximum dovunner realiséieren. Mir wäerten och elo en neit Reglement wéi d’Rémunératioun ass, wann een aspeist Elektresch aus deenen do erneierbaren Energien, wat mir maachen. A mir wäerte verstäerkt beispillsweis op d’Biomass setzen, eppes wat mir net vill déi lescht Zäit gemaach hunn, Biomass, dat kann Holz sinn, dat kann Offall sinn an esou weider. An deen Offall an dat Holz hu mir souwisou.

Eng anstänneg a propper Verwäertung, energetesch gesinn, mengen ech géing dem Land effektiv vill bréngen, an ass net vill Efforten. Aspueren gëtt wichteg, well domadder, mengen ech, brauche mir näischt extra ze bezuelen, do musse mir just eis Aart a Weis ze liewen e bëssen upassen.

Tom Graas: An Disziplin.

Jeannot Krecké: Jo, Disziplin hunn. Awer do huele mir kengem eppes ewech, et kascht keen eppes, et muss jiddweree just e bësse méi Verstand weisen.

Tom Graas: Kéint Dir Iech dann esou Mesure virstelle wéi an Australien, wou déi normal Biren an de Luuchte verbuede ginn?

Jeannot Krecké: Ech géing dat net maachen, well ech soen Iech beispillsweis an enger Trap géing ech keng energiespuerend Bir asetzen, well déi geet nëmmen eng Kéier kuerz un, an dann erëm aus, an do si beispillsweis energieaspuerend Biren sinn do net gutt, well déi brauchen eng gewëssen Zäit bis se am Rendement sinn. Duefir kann een dat net einfach iwwer ee Leescht zéien. Mä ech menge scho mat Campagnen, mat Sensibiliséierung kann ee villes erreechen. An d’Leit mussen einfach wëssen, dat wat mir do fäerdeg bréngen, brauche mir op anere Pläng net ze maachen, schoune mir eis Ëmwelt a schoune mir eise Portemonni.

Monique Kater: D’Leit mussen och ëmdenken, grénge Stroum kafen. D’Cegedel offréiert elo Stroum made in Luxembourg, wëlle si offréieren. Kënnt Dir dann elo garantéieren, datt do keen Atomstroum dran ass?

Jeannot Krecké: Also dat mussen déi Leit vun der Cegedel garantéieren. Mir wäerten imposéieren iwwer dat neit Gesetz wat elo kënnt, datt deen, dee Stroum hei zu Lëtzebuerg verkeeft, egal wien et ass, muss soe wou dee Stroum hierkënnt. Dat heescht, op e vun enger Quell vun Atomstroum ass, op en aus erneierbaren Energien, vu Kuel, vu Gas ass, dee muss dat op d’Facture setzen, dat heescht, datt ee gesäit wou et hierkënnt. An déi Garantie musse si ginn, a wa si soen, mir wëllen 60 % maache wou keen Atomstroum dran ass, da muss ech dovun ausgoen, et kann ee kontrolléieren, mä muss ech dovun ausgoen, datt dat och stëmmt. Well si ginn elo per Gesetz obligéiert.

Monique Kater: Mä wier et da wierklech esou dramatesch, wann elo e bëssen Atomstroum do dra wier, wéinstens esou als Iwwerganksléisung? Et ass jo awer méi e proppere Stroum. Wat ass dann do esou schlëmm elo drun?

Jeannot Krecké: Also ech soen einfach, datt d’Zukunft läit menger Meenung no an der Solarenergie, an an eenzelnen aneren Energieformen, déi vläicht elo net esou développéiert sinn, mä déi sinn dann einfach nach net zeideg am Moment, mä déi Zäit kënnt. Mir hunn also eng Iwwergankszäit, an an där Iwwergankszäit, wa mir muer soen, et dierf néierens awer och nëmmen dee geréngsten Atomstroum dra sinn, da soen ech Iech, da kënne mir net hei weider fonctionnéieren an Europa. Et muss een dat gesinn, mä et muss een éierlech sinn. An duefir, ech sinn net fir den Atomstroum, aus engem ganz einfache Grond, well einfach d’Geforen déi dru sinn, an haaptsächlech wéi een herno mam Offall eens gëtt, muss ech soen, do hu mir esou vill Zweiwelen nach hautesdaags, datt ech dat net bevirwuerden, mä et ass awer net, datt ech awer elo als Ayatollah soen, kee Mënsch dierf dat do huelen, a mir huele kee Gramm Atomstroum.

Tom Graas: Mä den Atomstroum erlieft jo awer eng Renaissance den Ament. Mam Här Sarkozy am Frankräich gëtt bestëmmt net manner Atomstroum produzéiert, an och an Däitschland ginn et Stëmmen déi soen, mir mussen op verschidden Décisiounen déi mir virdru geholl gunn, zeréckkommen. Si mir do net e bësse méi helleg wéi de Popst, wéi een esou schéi seet, a punkto Atomstroum?

Jeannot Krecké: Also ech menge mir hunn eng besonnesch Sensibilitéit, well mir eng Kéier gesot hunn, mir maache keen, an et huet een eis eng Anlag op d’Nues gesat, dat hu mir schlecht verdroen, dat ass Cattenom, an doduerch gëtt d’Sensibilitéit an eisem Land vläicht méi grouss. Mir ginn och net hin, well mir et net sënnvoll fannen, muer an esou en Experiment eran, a wéi mir investéieren, investéiere mir wéi elo an Däitschland an e Kraaftwierk vu Gas, oder wéi d’Cegedel dat och elo wëllt maachen, an e Kuelekraaftwierk, awer dann e Kuelekraaftwierk wat émissiounsfräi, oder zumindest reduzéiert Émissiounen huet.

Monique Kater: Lescht Fro, kuerz Äntwert wann ech gelift. Den Tanktourismus, dee schéngt condamnéiert, trotz Demande no Iwwergangsfristen. Wäert Dir dee vermëssen?

Jeannot Krecké: O jo, de Staatsbudget wäert e vermëssen. Passt op, dat ass e groussen Deel, dat sinn 15 %, an eng Iwwergankszäit musse mir plangen. Well et muss een och soen, jiddwereen deen elo grouss Victoire do Kreesch deet, dee muss wëssen, ech gleewen net datt duefir e Liter manner verbraucht gëtt. Et gëtt just dann op där anerer Säit getankt. Also fir d’Klima hu mir näischt gemaach, mengen ech. Mä ech menge mir hunn einfach en Drock vun eis ewech geholl, dee vun den europäesche Kollege kënnt, déi soen, dir zaapt do vill ze vill of. Domat hu mir Drock ewech geholl, mä domat hu mir dem Klima awer nach net fir zwee Su gehollef. Dat muss een awer wëssen.

Monique Kater: Voilà mir sinn um Enn ukomm, Jeannot Krecké, Merci datt Dir bei eis waart.

Dernière mise à jour