Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet du Conseil "Affaires générales et relations extérieures" à Bruxelles

Gil Goebbels: Déi europäesch Ausseminister sin zanter gëschter zu Bréissel zesummen am Kader vum Conseil Affaires générales et relations extérieures fir de Conseil européen vierzeberéeden. Aaneren wichtege Punkt um Ordre du jour as d’Vierbereedung vum EU-Russland-Sommet de 17. an 18. Mee zu Samara. Zwee Deeg virum Sommet as den daitschen Ausseminister Frank Walter Steinmeier haut a Russland, fir Gespréicher mam russesche President Vladimir Putin ze féieren. Fir datt de Sommet, op dem en neien strategeschen Partenariat teschent der EU a Russland soll ennerschriwwe gin, net échouéiert, sollen d’Straitpunkten aus dem Wee geraumt gin. An zwar geet et em de Fleeschimport aus Polen, dee Russland blockéiert, em de Sträit em den US geplangte Rakéitenofwiersystem, an och em de Statut vum Kosovo. Am Interview de Moien de lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Also ech mengen, mir dierfen elo net dee gréisste Sträit do siche goen, mä mir musse virun allem kucken, op wat fir enger Schinn datt mir sinn tëscht der Europäescher Unioun a Russland.

An ech kann nëmmen esou erëm eng Kéier widderhuelen, datt wéi mir 2005 hei an eiser Présidence, tëschent Russland an der Europäescher Unioun een Accord ausgehandelt hunn, hu mir gesinn, datt et eng grouss Réciprocitéit gëtt um strategesche Plang, um politesche Plang, um ekonomesche Plang, um kulturelle Plang tëschent den Intérête vu Russland a vun der Europäescher Unioun. A mir mussen erëm op eng aner Schinn kommen, mir kënnen net aus all Problem dann direkt e Konflikt maachen tëschent Russland an der Europäescher Unioun. Dat ass fir béid Säiten net gutt.

Mir hunn Intérêten op zwou Säiten, zëmol och an der Europäescher Unioun, datt selbstverständlech Désescalade, wéi mir jo gëschter och alleguer plädéiert hunn, datt déi antrieden. Ech mengen an de Relatioune mat Russland gëtt et selbstverständlech Solidaritéit. Wann ee Land ugegraff gëtt, wéi mir dat do mat Estland gemaach hunn, mir hun eis Solidaritéit gëschter och nach eng Kéier ausgedréckt hunn, mä et gëtt och eng gedeelte Responsabilitéit. Ech mengen et gëtt eng Verantwortlechkeet vun all eenzelnen EU-Staate par rapport zu Russland, an dat musse mir wëssen, datt och aus all Land kënnen Initiativen ausgoen, déi dann déi ganz Relatioune mat der EU wierklech kënne perturbéieren.

Gil Goebbels: Nach e schwéieren Dossier, den Noen Osten. Och hei gëtt et éischter negativ Evolutiounen zënter deene leschten Deeg. Dir hutt och doriwwer zu Bréissel diskutéiert.

Jean Asselborn: Jo, mir haten eng Réunioun mat der arabescher Liga, d’europäesch Ausseministeren. Ech hat och eng bilateral Réunioun mat deem neie palästinenseschen Ausseminister.

An et kann een do vläicht an e puer Wuert soen, datt atmosphäresch dat op béide Säiten immens gutt verlaf ass, datt een op deen aneren zougaangen ass, ee versicht huet deen aneren ze verstoen an allen Interventiounen, souwuel vun den Araber wéi och vun den Europäer.

Mir erwaarden, ech mengen dat kann ech esou cru soen, vun der arabescher Säit, datt d’Existenzrecht vu Palästina, an d’Existenzrecht vun Israël, datt dat zwou fest These sinn, déi net kontradiktoresch dierfe sinn, well doropper muss opgebaut ginn. An ech mengen dat ass e Punkt, deen extrem wichteg ass, an dee mir och gëschter nach eng Kéier verdäitlecht hunn.

Si, d’arabesch Liga, d’Palästinenser erwaarde vun eis, emol fir d’alleréischt, datt mir de Médiateur sinn, et ass also eng grouss Confiance déi si eis ausschwätzen, tëscht Israël a Palästina.

Mä si erwaarde selbstverständlech och, datt mir wierklech mat den Israëli schwätzen, datt den Niveau vun de Finanzen, ech widderhuelen dat och eng Kéier bei Iech, 600 Milliounen de Moment si blockéiert, dat si Sue vun der TVA, Sue vun der Douane, déi eigentlech de Palästinenser gehéieren, mä vun den Israëli agedriwwe ginn. Doduerch datt déi Sue blockéiert sinn, kënnen d’Halschent vun de Peien a Palästina nëmme bezuelt ginn. Elo si mir am gaange fir et fäerdeg ze bréngen, an der internationaler Communautéit, iwwer Europa also eraus, och mat den Amerikaner, mat den arabesche Länner, datt ee Kont opgebaut gëtt fir d’PLO, wou dann och arabesch Gelder kënne fléissen. Mä wou awer och da wierklech erwaart gëtt, an dat muss geschéien, datt déi israëlesch Gelder, wann ech esou dierf soen, déi agehale ginn, datt déi och kënnen iwwerwise ginn.

Ech mengen, och a menger Réunioun mat dem palästinenseschen Ausseminister ass et kloer ginn, datt zum Beispill en Zeechen, wann deen israëleschen Zaldot géif libéréiert ginn engersäits, wann Israël géif déclaréieren, esou, mir halen elo emol op mat allen Neibauten an där Sidlungspolitik déi jo katastrofal ass, mä mir halen domat op, ech mengen esou konkret Zeechen, och wann d’Situatioun an Israël immens schwéier ass, well mir wëssen, datt déi intern Situatioun prekär ass, well mir wäerten Enn des Mounts gesinn, wann d’Aarbechtspartei sech nei opstellt, op dann iwwerhaapt déi Koalitioun tëscht Kadima an Aarbechtspartei ka weidergefouert ginn. Mä just esou Zeeche wéi déi do, ech mengen, déi kéinten en neien Dynamismus entwéckelen. Op jiddefall de Wëllen ass do bei der arabescher Liga, wéi och bei der Europäescher Unioun.

Gil Goebbels: Esouwäit de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn haut de Moien am Interview.

Dernière mise à jour