Le ministre des Communications, Jean-Louis Schiltz, au sujet de l'implantation de la firme PayPal au Luxembourg

Frank Kuffer: Lëtzebuerg entwéckelt sech ëmmer méi zu enger, wann net dach Top-Adress an Europa wat den E-Commerce ugeet. No ënnert anerem Skype an eBay kënnt elo och PayPal an de Grand-Duché. PayPal erlaabt Online-Payementer tëscht de Memberen. Et ass souzesoen eng reng Internet-Bank. Et war déi éischt, et ass déi gréisst op der Welt, an de Siège vum Europageschäft vu PayPal kënnt vum 2. Juli un op de Boulevard Royal an der Stad.

Et ass dëst dann och déi éischt Gesellschaft, déi hei am Land eng spezifesch Banklizenz fir elektronesch Transaktioune kritt. PayPal huet 143 Millioune Clienten op der Welt. Zjoert goufen Transaktiounen an Héicht vun 37,8 Milliarden Dollar, dovunner 8,5 Milliarden Euro an Europa ofgewéckelt.

D’Entreprise beschäftegt bal 1.000 Leit an Europa, op Lëtzebuerg sollen der 50 kommen, opgedeelt awer op déi dräi Gesellschaften, also eBay, Skype a PayPal. Um Telefon si mir elo mam Medien- a Kommunikatiounsminister Jean-Louis Schiltz verbonnen. Gudde Moien, Här Schiltz.

Jean-Louis Schiltz: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Dir sitt net onschëlleg drun, datt déi Entreprise op Lëtzebuerg kënnt. Lafen déi Discussioune scho laang, a firwat huet PayPal sech grad fir de Grand-Duché décidéiert? Et ass jo awer ee ganzt anert Geschäft wéi eis renoméiert Finanzplaz et den Ament kennt.

Jean-Louis Schiltz: Mir hu Kontakter mat PayPal säit dem Januar 2005, wat mech ubelaangt, dat waren am Ufank ganz informell Kontakter. Duerno hu se am September 2005 Raim opkaaft, an déi Kontakter sinn och weider gaangen. eBay huet sech um Schluss vum leschte Joer hei zu Lëtzebuerg niddergelooss, a PayPal ass eigentlech deen drëtte Pilier vun där Politik déi mir gemaach hunn. Eng Politik wat net nëmmen eng ass vum Kommunikatiounsminister, awer och vun der Promotioun vun der Bankeplaz, ënnert der Direktioun vu mengem Kolleg Luc Frieden.

Wat d’Fro ubelaangt fir wat se op Lëtzebuerg komm sinn, do ass et esou, datt Lëtzebuerg e kompetitivt Ëmfeld huet. Mir sinn, an deene leschte Statistike komme mir ganz gutt ewech, wat déi generell Kompetitivitéit ubelaangt.

Dat zweet ass, et ass eng Consolidatioun, well nämlech Skype hei ass, well nämlech eBay hei ass, dat heescht, déi dräi Piliere sinn elo op enger eenzeger Plaz, dat bréngt méi Efficacitéit.

An dann ass et och esou, datt déi Bankelizenz hinnen erlaabt, wéi si selwer soen, besser de Besoine vun hire Clienten entgéint ze kommen, a sech och ze développéieren, soudatt dee Produit PayPal, wat e gesécherte Paiementsystem ass iwwer den Internet, och bei méi Leit déi Saache verkafen, disponibel ass, an d’Leit méi kënnen drop zeréck gräifen. D’Particularitéit vum System ass jo déi, datt ee ka bezuelen iwwer Internet ouni all Kéier musse seng Informatioune präis ze ginn. Et ass also eng zousätzlech Sécherheet.

Frank Kuffer: PayPal wäert net terribel vill Aarbechtsplazen elo hei am Land schafen. Bréngt déi Entreprise awer vill Steiersuen, bei deene villen Transaktioune misst dat dach eng Mëllechkou sinn?

Jean-Louis Schiltz: Et ass eng Consolidatioun vun hiren Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg. Si bezuele selbstverständlech Steiere wéi all Bank. De Fait, datt si sech an de Bankesystem abetten hei, an eng Bankelizenz hunn, erlaabt hinne jo och am Kader vun deem réglementaire Kader sech ze bewegen, an also och Steieren ze bezuele wéi all Mënsch.

Dir sot och richteg, datt et elo net honnerte vun Aarbechtsplaze sinn, mä de Grupp um Ganzen, eBay, Skype an PayPal, wat zesumme geet, wäert ronn 50 Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg hunn, wa si voll operationell sinn, an dat soll am Juli geschéien.

Frank Kuffer: Hu mir mam E-Commerce definitiv elo een zweet Standbeen nieft der Finanzplaz fonnt, oder hänken esou Entreprisen, besonnesch wéi dës elo, awer zevill mat der Finanzplaz zesummen?

Jean-Louis Schiltz: Et ass eng Politik déi mir konsequent weiderféieren. Säit zwee Joer si mir konsequent weider trei, well ech menge mir kënnen haut soen, datt mir do e Standbeen hunn, well ech denken, datt net nëmmen de Grupp eBay hei zu Lëtzebuerg ass, Amazone ass hei, iTunes ass hei, Digital-River ass hei, an nach eng Rei anerer. Dat wat eigentlech bei deem Dossier PayPal nei ass, dat ass, datt mir am gaange sinn an et fäerdeg bruecht hu Synergien ze kréien tëscht der Bankeplaz an dem E-Commerce, dat heescht, datt mir déi zwou Saachen zesummebruecht hunn, an dann nach eng Kéier doduerch eng Plus-value fir de Standuert konnte kreéieren. Dat hänkt also net vun der Bankeplaz of an deem Sënn, mä dat erlaabt eis eigentlech déi zwou zesummenzebréngen, déi Kompetenzen déi mir säit Jorzéngten op der Bankeplaz opgebaut hunn, mat deenen ze verbannen, déi méi rezent sinn am Kader vum E-Commerce.

Frank Kuffer: Hutt Dir nach esou Trëmp am Aarm Här Schiltz fir déi nächst Méint? Lafen nach Gespréicher?

Jean-Louis Schiltz: Ech communiquéiere ganz wéineg iwwer Gespréicher déi am gaange sinn, Här Kuffer, well ech denken, datt dat de Gespréicher net dénglech ass. Ech kann Iech awer dobäi soen, datt et net vill Firmae ginn, déi mat PayPal vergläichbar sinn, wat d’Envergure ubelaangt. Si hunn 143 Millioune Cliente weltwäit, si hunn 8,4 Milliarde Chiffres d’affaires an Europa pro Joer. Dat hei ass schonn e ganz wichtegen Dossier wou mir och laang Méint dru geschafft hunn, a wou ech Iech och net verstoppen, datt ech ganz zefridde sinn, datt et eppes ginn ass.

Frank Kuffer: Jean-Louis Schiltz, Merci da fir dës Präzisiounen.

Jean-Louis Schiltz: Merci och, Här Kuffer.

Dernière mise à jour