Le ministre de la Justice, Luc Frieden, au sujet de la sécurité intérieure européenne

Marco Goetz: Luc Frieden, gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Marco Goetz: An der aktueller Zesummesetzung vun esou europäesche Rendez-Vousë wier Lëtzebuerg gëschter an haut net onbedingt zu Eltville mat dobäi gewiescht. Wéi kann een dann elo Är Präsenz do verstoen? Geet dat nach op eis EU-Présidence zréck an op déi Aarbecht déi Dir do gemaach hutt, respektiv op d’Kontakter déi Dir do geknäppt hutt?

Luc Frieden: Oh, et ass sécherlech eng Mëschung vu béidem. Et war virun allem d’Iddi vum däitschen Inneminister Wolfgang Schäuble a vum Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, Franco Frattini, déi gemengt hunn et wär gutt, wann an där Reunioun hei, wou am Fong déi nächst Présidencen zesummekommen, och een dobäi wär wéi ech, deen déngschteelste Polizei- a Justizminister an Europa ass, mä dee virun allem och ëmmer iwwert déi Joere staark dru gegleeft huet, datt mer nëmme méi Sécherheet an Europa kréien, wann eis Policë méi enk coopéréieren. An dofir muss ech soen, dat war eng grouss Éier hei dobäi ze sinn, mä awer virun allem och eng grouss Erausfuerderung, fir am Fong e bëssen ze hëllefen ee Motor ze sinn an deenen Diskussiounen hei, als Sondergast, wéi déi Däitsch dat nennen, fir an deenen nächste Méint dee Grupp hei e bëssen ze begleeden.

Marco Goetz: Et huet ee jo elo graff résuméiert Terrorismus an organiséiert Kriminalitéit op där enger Säit, an tëscht Guillemets déi normal Kriminalitéit op där anerer Säit. Ass d’Approche do déi selwecht wann et drëms geet, méi bannescht Sécherheet ze kréien, oder setzt een do d’Prioritéiten iergendwéi?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et haut vill méi Kriminalitéit gëtt, déi grenziwwerschreidend ass. Ech mengen, datt mer verschidden Niveauë brauchen. Et ginn eng Rei Type vu Kriminalitéit déi musse mer europäesch léisen: dat ass Terrorismus, Drogenhandel, Internetkriminalitéit, Mënschenhandel, Kannerpornographie, do muss een eng europäesch Äntwert hunn. Da ginn et natierlech och Kriminalitéitstypen, déi besser kënnen op nationaler Ebene ugaange ginn. Mä wat virun allem wichteg ass, datt mer net nëmme reagéiere wann eppes geschitt, wéi mer dat gemaach hunn no den Attentater vun New York oder am Immigratiounsberäich no dem Kosovo-Krich. Mir mussen offensiv un dës Sujeten erugoen. Mir musse laangfristeg denken, an dofir fannen ech déi Sitzung hei zu Eltville an Däitschland esou wichteg, datt mer net nëmmen een Text nom anere kucken, mä datt mer mol einfach eis zesummesetzen a kucken, wéi géinge mer gären hunn, datt dat Europa 2015, ech hunn oft a menger Ried gëschter Owend vun 2025 geschwat, mol einfach eng Réflexion à long terme maachen. Ech stelle fest, datt déi Kriminell haut kënne relativ liicht vun engem Land an een anert goen, d’Police an d’Riichteren awer un der Grenz musse stoe bleiwen. Ech hätt gär, datt mer Souverainitéit behalen, mä déi Souverainitéit poolen, well mir si méi staark wa mer Saachen zesumme maachen.

Marco Goetz: Wéi kann een dat dem Bierger elo besser kommunizéieren ëm wat et do geet, well ech mengen, et ass jo grad wa mer vun der banneschter Sécherheet schwätzen, datt dat eppes ass, wourunner een d’EU moosst a säi Vertrauen an déi EU, déi steet oder fält mam Vertraue wat ee kann hunn, wann ee gesäit wéi d’Europäesch Unioun op d’Kriminalitéit reagéiert.

Luc Frieden: Dat ass richteg. Ech stellen awer fest, datt mer Europa opgebaut hunn, net op de Critère vu Sécherheet a Fräiheet, mä datt mer et fir d’éischt opgebaut hunn op Fridden a Stabilitéit. Wéinst dem Krich ass dat wichteg, mä déi nei Dimensioun ass, datt mer en Europa brauchen, wat déi Fräiheeten déi mer hunn, d’fräi Circulatioun vun de Mënschen, datt mer déi och begleede mat enger Sécherheetspolitik. Et ass een nëmme fräi, wann een och déi Fräiheet kann a Sécherheet exercéieren, an dofir plädéieren ech ganz staark fir een europäesche Bannemaart vun der Sécherheet. Dee Bannemaart, dee kann nëmme fonctionnéiere wa mer och dat kënnen a Sécherheet maachen. Well d’Sécherheet ass ee Grondmënscherecht, ouni dat et keng Fräiheete ka ginn, an dofir dësen europäesche Bannemaart, dee musse mer eréischt schafen am Beräich vun der Sécurité intérieure.

Marco Goetz: Mä et besteet jo awer trotzdem an net ganz zu Onrecht d’Angscht, datt do iwwert d’Ziel erausgeschoss gëtt, datt mat Kanounen op Spatze geschoss gëtt.

Luc Frieden: Ech mengen dat net, well grad am Beräich vun der Sécherheet ass et esou, datt bal all Typ vu Kriminalitéit grenziwwerschreidend ass, an et ass dee Beräich wou Europa wierklech an eisem deegleche Liewen eis kann eng Plusvalue schafen. Wann zu Lëtzebuerg eppes geschitt a punkto Sécherheet, dann huet et bal ëmmer eng grenziwwerschreidend Dimensioun. Wa mer also gemeinsam Informatiounen tëscht de Policen échangéieren, wann Donnéën, déi déi däitsch Police hunn, automatesch och der lëtzebuerger Police zur Verfügung gestalt ginn, da si mer vill méi schnell, vill besser am Kampf géint d’Kriminalitéit. An dovunner profitéieren alleguerten d’Leit déi an eisem Land wunnen an dofir soen ech, grad aus der Siicht vu Lëtzebuerg, ass et essentiel datt mer eng europäesch Polizei denken a schaffen hunn, gekoppelt iwwregens mat enger enker Justizkooperatioun. Dofir brauch een awer och ee gemeinsamen Training, dofir brauch ee gemeinsam Operatiounen. An dofir mengen ech, datt mer och mussen den europäeschen Agencen, déi an deem Beräich täteg sinn, sief dat Europol am Polizeiberäich, sief dat Frontex am Beräich vun de Baussegrenzen, méi Kompetenze ginn. Wësst Dir, ech kann net soen, datt ee Problem ass un enger Ostgrenz vun Europa, wann ech mech net mat drëm bekëmmeren. An dofir hätt ech gären, datt déi Grenzen, déi am Oste vun Europa sinn, wat jo Grenze vun der Europäescher Unioun sinn, datt mer déi gemeinsam bewaachen. Datt mer am Beräich vun dem Drogenhandel mat den Nopeschlänner gemeinsam Strategien entwéckelen, datt mer am Kampf géint d’Kriminalitéit iwwer Internet, wat et viru 15, 20 Joer jo net ginn ass, do hält näischt op enger Grenz op, datt mer do Europol Pouvoirë ginn, datt déi kënnen an deem Kriminalitéitsberäich efficace handelen am Intérët vun de Leit, déi an eisem Land wunnen.

Marco Goetz: Ass dann de Fait, dee mer e Freideg an eisen Noriichten haten, an deen Dir jo och confirméiert hutt, nämlech, datt uganks Mee ee Mann zu Nanzeg festgeholl konnt ginn, deen een Attentat op een Deel vun der US-Ambassade hei zu Lëtzebuerg geplangt soll hunn, ass dat op déi verstäerkt europäesch Kollaboratioun vun de Sécherheetsautoritéiten zréckzeféieren, oder ass dat souzesoen eng normal Hëllef tëscht zwee Noperen?

Luc Frieden: Dat ass ee Resultat vun enger enker Kooperatioun tëscht Frankräich a Lëtzebuerg, allerdéngs muss ee soen, datt dat ëmmer erëm op eenzelne Fäll nëmmen ass. Wat ech gäre laangfristeg hätt an Europa, ass datt dorauser eng Normalitéit entsteet. Mir schaffen op eenzelnen Dossieren an deene leschte Joren ëmmer méi enk zesummen a Lëtzebuerg konnt hei dozou bäidroen, datt eng Persoun verhaft ginn ass, déi wollt Attentater plangen. Mir hunn dat och an anere Kriminalitéitsberäicher, mä mir hu keng europäesch Sécherheetspolitik, wou mer Prioritéite pro Joer festleeën, wou mer soe wat fir eng Aktiounspläng sollen ausgeschafft ginn. Mir schaffen zevill au cas par cas an net genuch an engem europäeschen Denken an dofir mengen ech, datt mer och laangfristeg méi Pouvoirë mussen europäeschen Institutioune ginn. Dat muss net onbedingt sinn, datt mer déi ofginn, mä datt mer eis mat abréngen an déi Institutiounen, wat ka ganz gutt ee Pooling erëm eng Kéier si vu Polizeikräften aus deenen eenzelne Länner, mä ënnert enger europäescher politescher Leedung, déi fir d’bannescht Sécherheet zoustänneg ass.

Marco Goetz: Déi Kriminell kënne reesen, sot Dir virdrun, an d’Police a Riichteren, déi musse souzesoen bei de Grenzen nach stoe bleiwen. Do feelt jo déi eenheeltlech EU-Legislatioun fir do virzegoen, wou si mer dann do eigentlech drun?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mer méi brauche wéi mer bis elo hunn. Mir hu scho ganz villes gemaach, mä mir kommen net ganz gutt weider well mer d’Eestëmmegkeet am Beräich vun der Sécherheet an der Justiz an Europa hunn.

Marco Goetz: Gëtt dann dru geduecht, déi opzeginn?

Luc Frieden: Mir hoffen, datt an deem neie Vertrag, wéi och ëmmer deem säin Numm ass, och d’Beräicher Justiz a bannescht Sécherheet Plaz fannen an datt mer do kënnen an Zukunft mat qualifizéierter Majoritéit ofstëmmen. Lëtzebuerg ass ëmmer bei deenen déi wëllen hei méi Europa. Déi déi hei bremsen, wéi zum Beispill an deene leschte Joren England oder d’Tschechei oder anerer, déi bloquéieren eis, fir méi efficace am Kampf géint d’Kriminalitéit ze ginn. Ech hätt gären, datt mer laangfristeg eng europäesch Kriminalpolice hätten, eng Police judiciare, fir d’grenziwwerschreidend organiséiert Kriminalitéit. Ech hunn Iech virdrun e puer Beispiller ginn. Ech mengen, datt mer laangfristeg eng europäesch Grenzpolizei brauchen, datt mer verschidde Modeller vu regionaler Polizeikooperatioun brauchen, déi awer an engem europäesche Kader ka fonctionnéieren. Mir brauchen och eng europäesch, op mannst a verschiddene Beräicher, europäesch Banques de données vun de Policen, wou mer also méi séier besser Informatiounen iwwert déi Kriminell hunn. Mä dat bréngt een net fäerdeg wann een zu 27 dat alles muss maachen, mat Eestëmmegkeet. An dofir brauche mer entweder Majorité qualifiée, dat wär den Idealszenario, soss awer mussen e puer Länner heiansdo eppes maache wou dann déi aner herno nokommen. Mir hunn dat viru kuerzem probéiert mam Vertrag vu Prüm, mir hunn et virdru mat de Schengener Accordë jo probéiert. Dat ass ee Wee, dee fannen ech net ideal, mä deen ass heiansdo noutwenneg, fir anerer mat ze rappen, fir datt mer zu engem Resultat kommen. Ech hätt gär, datt mer méi Sécherheet kréien, well doduerch hu mer méi Fräiheet, an dat muss europäesch fonctionnéieren.

Marco Goetz: Luc Frieden, zwou Froen nach vläicht: bleift et bei deene Limitatiounen vum Handgepäck, wann ee mam Fliger reest?

Luc Frieden: Ech mengen, datt ee periodesch muss déi Sécherheetselementer iwwerkucken. Mir si vläicht e bësse vun engem an een anert Extrem gefall, op Grond vu schrecklechen Attentater, déi an Europa geschitt sinn. Ech mengen, datt een dat elo mol sollt esou bäibehalen, mä dann awer, besonnesch och mat eise Partner, ausserhalb vun der Europäescher Unioun, ëmmer erëm déi Sécherheetsdispositiver op de Flughäfen iwwerpréifen. Dat ass net ëmmer ganz agreabel, mä wa mer doduerch méi sécher fléien, da muss een och verschidden Inconvénienten a Kaf huelen. Mëttelfristeg sécherlech kann een op verschidde vun deene Moossnamen zréckkommen, dorunner schaffen och iwwregens d’Transportministeren.

Marco Goetz: Déi zweet a lescht Fro dann, mir haten et an eiser Introductioun gesot, Dir hutt gëschter Owend eng vun den zwou Ouverturesriede gehalen, wat war da vläit do, wann een et graff resuméiert, Ärt Thema?

Luc Frieden: Ech hunn eng Rei vun deene Sujeten elo grad och schonn indiquéiert. Mäin Haaptmessage war deen, datt ech mengen, datt mer laangfristeg net laanscht eng europäesch Sécherheetspolitik kommen. Deen europäesche Bannemaart vun der Sécherheet, dee musse mer schafen, well mer domadder eise Bierger een europäesche Mehrwert, eng Plus-Value kënne bréngen, well d’Europäer liewen haut, mir all, mir Lëtzebuerger liewen haut an engem Europa, also muss och d’Sécherheetskonzept europäesch ginn an dofir wéi gesot mengen ech, datt mer 2020-2025 a verschiddene Beräicher, ech hunn et virdru gesot, Police judiciare, Grenzen, Europol, europäesch Vernetzung vun den Datebanken, vun de Policen, datt mer do mussen eng vill méi ambitiéis Politik maache, wéi mer dat bis elo gemaach hunn. Mir si bis elo mat ganz klenge Schrëtt virugaangen. Dat ass héchstwahrscheinlech och dat eenzegt wat kuerzfristeg realistesch ass. Mä ech fannen et essentiel, datt een heiansdo ee Punkt mécht, sech zréckzitt op engem Sonnden Owend a mol nodenkt: wéi soll dat Ganzt ausgesinn an 10 Joer, vun haut gekuckt. An ech hätt gären, datt mer vill méi an der Politik laangfristeg denken an dofir si Sitzunge wéi déi heiten a mengen Aen essentiel, quitte datt een am deegleche Geschäft vum europäesche Ministerrot ëmmer erëm un déi kleng Schrëtt muss zréckkommen. Mä wann een net weess wou een higeet, dann hëllefen déi kleng Schrëtt net. Ech hätt gären, datt mer d’Objectif final elo mol eng Kéier définéieren an dorunner schaffer mer, mä dat dauert nach eng Zäitchen.

Marco Goetz: Voila, Luc Frieden, merci fir d’Explikatiounen.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour