Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet des relations entre l'UE et la Russie

Tom Graas: De Vladimir Putin ass international also ëmmer méi ëmstridden. De russesche President ass wéi gesot den nächsten Donneschdeg hei zu Lëtzebuerg a fir ronderëm dëst Thema ze diskutéieren, hu mer elo de Jean Asselborn bei eis am Studio. Gudden Owend.

Jean Asselborn: Gudden Owend, Här Graas.

Tom Graas: Kritiker soen, de russesche President géif ëmmer méi autoritair ginn. Entwéckelt hee sech zu engem regelrechten Diktator?

Jean Asselborn: Déi ass zimlech brutal, déi Fro. Fir mech ass een Diktator ee wéi den Hitler, wéi de Stalin, wéi de Franco, wéi de Mussolini, wéi de Bocassa, vläicht de Pinochet, doudsécher och. De Vladimir Putin gehéiert net an déi Kategorie. Mir wëssen, an ech mengen et brauch een net vill studéiert ze hunn, et brauch een nëmmen d’Aktualitéit ze kucken, datt Russland an enger Transitiounsphase nach ëmmer ass a vläit an där zweeter Transitiounsphase. Mir kënnen net alles guttheesche wat a Russland geschitt, virun allem um Plang vun de Mënscherechter, mä d’Demokratie a Russland ass annerhalleft Jorzéngt al. Et muss een hinnen och eng Chance ginn.

Tom Graas: Trotzdem huet et ëmmer geheescht, ënnert dem Boris Jelzin wier méi Fräiheet gewiescht, et wier notamment och vill méi Pressefräiheet gewiescht. Dat heescht, dat wier jo dann eng regressiv Saach an net e bëssen eng Evolutioun, déi Dir mengt.

Jean Asselborn: Ech gleewen net dorunner. Beim Boris Jelzin, dat war déi éischt Transitioun, hei ass déi zweet Transitioun, de Boris Jelzin hat virun allem domadder ze dinn, fir d’Struktur vun deem risege Land zesummen ze behalen, datt net alles sollt ausenanerfalen. Dir wësst, datt do op emol Multimilliardären entstane sinn, déi Potentate waren. Sibirien war um wackele fir lasszekommen, d’Tartaren hunn dat gemaach, mä de Jelzin huet effektiv, seng éischt Missioun war, fir d’Land zesummen ze halen an ech ginn Iech recht, déi Zäit war et mat der Pressefräiheet besser bestalt, mä d’Konditiounen, déi ekonomesch an déi sozial fir déi Zäit, an den 90er Joren, ware vill méi schlëmm wéi déi vun haut.

Tom Graas: Dir hutt Äre Parteikolleg Robert Goebbels virdrun am Reportage héieren, hee seet de Gradmiesser ass d’nächst Joer. Ännert de Vladimir Putin d’Verfassung fir erëm eng Kéier, fir nach eng Kéier President kënnen ze sinn, wat mengt Dir?

Jean Asselborn: Also, ech ka jo nëmmen eng Meenung soen. Nee, en ännert se net. E weess hoergenee, datt dovunner ganz vill ofhänkt. D’Bild vu Russland, d’Verfassung ass eppes wat ze respektéieren ass, och an där riseger neier Demokratie, déi Russland duerstellt. Ech sinn iwwerzeegt, datt de President Putin net op esou ee Wee geet an datt dat och net géif toleréiert gi vum russesche Vollek. Ech weess awer, datt et a Russland selbstverständlech, an den Alentoure vläicht vun der Muecht, vum Kreml, et vill Leit gëtt, déi dat dote wëllen. Mä ech sinn iwwerzeegt, datt de President Putin do de richtege Choix mécht.

Tom Graas: Wéivill Prozent feelt Russland dann nach fir eng richteg Demokratie ze ginn?

Jean Asselborn: Russland, ech soen dat elo net pejorativ, ass eng Demokratie déi nach net erwuessen ass. Ech hunn dat elo grad gesot, annerhalleft Jorzéngt. Russland muss vun eis gehollef kréien, encouragéiert ginn, fir op de richtege Wee ze kommen, dofir musse mer Bezéiunge selbstverständlech opbauen, mir mussen haart si wat d’Mënscherechter ugeet, awer och fair, hinnen eng Chance ginn a kucken, datt mer d’Kar an déi richteg Richtung kréien. D’Mënscherechter, Här Graas, wëll ech soen, dat ass jo net nëmmen ee Problem mat Russland. Ech menge wann Dir China kuckt, do si Problemer, wann Dir esouguer Amerika kuckt, Guantánamo hu mer vill driwwer geschwat, ass och ee Problem. Ech menge mir hunn heiansdo Problemer och bei eis an dofir muss ee versichen, am Intérêt vun de Mënscherechter ze kucke wéi ee Russland kann hëllefen an déi gutt Richtung ze kommen.

Tom Graas: Ass et dann een Thema den nächsten Donneschdeg, wann de Vladimir Putin hei ass, d’Mënscherechter?

Jean Asselborn: Selbstverständlech. Ech menge Russland ass ee vun de Signatairë vun alle Konventioune vum Conseil de l’Europe, also huet Russland sech, wéi alleguerten déi aner Länner, un déi Konventiounen ze halen. Et ass evident, ech menge Russland hat eigentlech a senger ganzer Geschicht, bei den Tsaren, an der Sowjetunioun nie eigentlech, loosse mer soen, eng Kultur vun, et ass keng Traditioun do vun Demokratie. Russland gëtt eréischt eng Demokratie, wa se wëssen oder wa se verstinn, an der Mentalitéit och, mat enger Kritik a mat der Oppositioun ëmzegoen.

Tom Graas: Gutt, d’Zäit leeft eis e bësse fort, kommt mir fuere weider. Här Ausseminister, d’USA wëlle wéi gesot Ofwierrakéiten an der Tschechescher Republik an och a Polen installéieren, si sinn zwar géint iranesch an nordkoreanesch potentiell Atomrakéite gemënzt, mä si stéieren natierlech d’Russen. De Vladimir Putin wëllt dofir Ofrüstungsaccorden a Fro stellen an net méi mat der NATO zesumme schaffen. Riskéiere mer do riicht nees an ee kale Krich eranzerëtschen?

Jean Asselborn: Et ass natierlech eng riseg Fro. Kale Krich, loosse mer domadder ufänken, ech menge wéi d’Mauer gefall ass 89, wat wollte mer do? Mir wollten net méi politesch West an Ost, mir wollten net méi Kapitalismus géint Kommunismus, mir wollten net méi NATO géint Warschauer Pakt, mir wollten all dat Potential wat do an deene Géigesäz gestach huet, wollte mer benotze fir d’Kooperatioun op der Welt virunzebréngen, fir deenen aarme Länner ze hëllefen, fir sozial de Leit eng Chance ze ginn op ee besseren Niveau ze kommen. Dat däerf net verluer goen. Wat elo wierklech déi Ofwierrakéiten ugeet, Dir kennt meng Meenung doriwwer, mir haten zu Oslo eng Diskussioun um Niveau vun den NATO-Ausseministeren, och mat der Madame Rice a mat dem Här Lavrov. Mir sinn do net virukomm wat eng Décisioun ugeet, mir hunn allerdéngs och net den Dossier zougeschloen. Ech perséinlech kann nëmme meng Meenung soen, ob mer dat brauchen, ass fir mech nach ëmmer eng grouss Fro. Wann dat soll jo sinn, kënne mer et nëmme maachen um Niveau vun der NATO, vun alle Länner an der NATO, mir kënnen et och nëmme maachen am Kader vum NATO-Russland-Kooperatiounsrot a mir kënnen et och nëmme maachen an der EU. Ech wëll Iech just nach ee Saz soen, wéi déi Mauer gefall ass, huet jo d’EU gehollef, doduerch datt mer een Elargissement gemaach hunn, fir d’Länner zesummen ze bréngen aus Ost a West an d’NATO. Wat huet déi gemaach: déi ass eng Partnerschaft agaange mat Russland. Ech mengen et gëtt also Instrumenter wou mer kënnen a mussen zesumme schaffen.

Tom Graas: Mä d’EU mécht de Moment awer een zimlech gesplécktenen Androck, wann een elo notamment Polen hëlt, déi éischter pro USA sinn, mä anti-russesch an esouguer anti-EU sinn.

Jean Asselborn: Also d’Madame Merkel huet dat Richtegt gemaach, wéi se elo zu Samara war. Si huet am Numm vun der EU, huet se alleguerten d’Länner aus der EU verteidegt géint, loosse mer mol soen, Interessekonflikter déi vu Russland komm sinn. Dat war richteg. Op déi aner Manéier muss et och eng Solidaritéit ginn an der EU par Rapport zu grousse Problemer, zu grousse Projeten an der Aussepolitik. Dofir géif ech mengen, datt d’EU nëmmen eng Chance huet fir wierklech am 21. Jorhonnert op der Landkaart ze bleiwen an och d’Kraaft ze hunn, wa mer solidaresch handelen. Mir mussen de Reflex hunn an deenen ale Länner an an deenen neien, ech wëll elo net dem Här Rumsfeld säin Terme benotzen, mä an alle Länner vun der EU, datt mer nëmmen eppes duerstelle wa mer solidaresch sinn, a mir sinn et, selbstverständlech. [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Ween ass eis da méi no? Sinn et d’Russen oder sinn et d’Amerikaner? Ëmmerhi liewe mer jo mat de Russen op deem selwechte Kontinent.

Jean Asselborn: Also historesch ass et jo evident, datt d’Amerikaner eis wichtegst Partner sinn. Geographesch ass et och evident, wann Dir d’Kaart kuckt, de Kontinent deele mer mat Russland. Also musse mer wierklech kucken, datt mer op béid Säiten dat maache wat am Intérêt ass vun der Europäescher Unioun an dat ass ee gutt Verhältnis mat allebéid.

Tom Graas: Mä Russland ass ganz kloer um Wee nees a Richtung Weltmuecht, Supermuecht. Zanter 2001 hu si hire Militärbudget vervéierfacht. Also de Vladimir Putin huet do ganz kloer Ambitiounen?

Jean Asselborn: Also d’Militärbudgeten: Russland, just fir Iech dräi Zuelen ze nennen, Russland huet ee Militärbudget vu 25 Milliarden Euro, China huet ee vu 34 Milliarden Euro, Amerika huet ee vun 340 Milliarden Euro. Wat Dir mat deene Chiffere kënnt ufänke weess ech net, ech wëll Iech just soen, et ass eng Steigerung do. A Russland vu 25 % vun 2006 op 2007, a China eng Steigerung vun 18 % 2006-2007 an an Amerika ass och eng ganz staark Steigerung an dat ass net dat wat d’Mënsche vun der Politik, loosse mer soen, vun der Sociétéit erwaart hunn, 1989 do hu se eppes anescht erwaart. Datt mer wierklech net brauchen opzerüsten, mä datt mer an enger Welt sollte liewen, wou mer déi potential Gelder huelen, fir datt et der Welt besser geet an et gëtt jo nach en etlech Plazen op der Welt, wou mer déi Sue kéinten investéieren.

Tom Graas: Ganz kuerz, nach 10 Sekonnen, verdréit d’Welt, verdréit de Planéit eng zweet Weltmuecht?

Jean Asselborn: Also, passt op, ech mengen ech sinn een dee verteidegt d’UNO. D’UNO ass fir mech d’Szen vun der Welt am 21. Jorhonnert an do ass et gutt wann et verschidde Pole gëtt: Amerika, Nordamerika, Südamerika, Europa selbstverständlech, Russland, China, Indien, Japan an esou weider. Déi multipolar Welt, an där wëll ech liewen, mat multilaterale Regelen, déi dann eist Zesummeliewe fixéieren. Dat muss, dat däerf jo net ee Pol, wéi Dir dat sot, oder eng Muecht déi däerf jo net nëmme militäresch bemooss ginn, si muss dorunner gemooss ginn, wat se alles fäerdeg bréngt fir d’Mënschheet virun ze bréngen.

Tom Graas: Voila Här Asselborn, merci fir deen optimistesche Schluss, merci fir de Besuch am Studio!

Dernière mise à jour