Le ministre des Travaux publics, Claude Wiseler, au sujet de la rénovation du Pont Adolphe

Frank Kuffer: Wat geschitt mat der neier Bréck an der Stad? Déi Fro gëtt sech zanter Méint gestalt an et goufe schonn déi verschiddenst Variante proposéiert an diskutéiert. Eng nei provisoresch Bréck, déi vläicht och definitiv bleift? Wéivill Spueren a fir wéi eng Verkéiersmëttel? Wéini geet et lass a wat kascht et ? Wéi sécher ass de Pont Adolphe elo nach, an esou weider. Vill Froen an dofir si mir frou, datt de Bauteminister Claude Wiseler de Moien live an de Studio komm ass. Gudde Moien Här Wiseler.

Claude Wiseler: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Wéi gesäit et de Moment dann aus? Ass schonn eng definitiv Décisioun gefall wéi et mat der Bréck elo virugeet? Dir hat selwer eng zweet Bréck an d’Gespréich bruecht, wéi ass et elo domatter?

Claude Wiseler: Dat ass richteg. Also wat ganz kloer ass, dat ass, datt de Pont Adolphe muss an d’Rei gesat ginn an d’Iddi vun enger zweeter definitiver Bréck, déi war doduerch entstanen, datt et kloer ass, datt während den Aarbechten um Pont Adolphe muss eng provisoresch Bréck dohinner gesat ginn. An dunn ass d’Fro gestalt ginn, mä firwat net direkt eng definitiv, déi mer eventuell kënnte brauchen. An Tëschenzäit sinn awer eng ganz Rei Verkéiersstudie gemaach ginn, déi weisen, datt déi zweet Bréck net déi entscheedend Entlaaschtung vum Verkéier bréngt, an datt se esouguer verkéierstechnesch eng ganz Rei Problemer géing maachen, an datt och déi zweet nei Bréck, wann ee se da wéilt bauen, eng ganz Rei Prozedure missten duerchlafen, déi Jore géingen ewechhuelen. An et ass kloer, datt mer an dësem Dossier net méi déi Zäit hunn, fir duerch all déi Prozeduren, fir duerch all déi Joren do ze goen, ier mer weiderkommen.

Frank Kuffer: Dat heescht, et kënnt keng zweet Bréck, weder provisoresch, nach definitiv. Wat geschitt dann elo mam Pont Adolphe? Gëtt dee verbreedert, ausgebaut?

Claude Wiseler: Et kënnt keng zweet Bréck definitiv, et kënnt awer sécherlech eng zweet Bréck, provisoresch, während där Zäit wou d’Aarbechten um Pont Adolphe gemaach ginn. Wa mer déi net géinge maachen, mengen ech géinge mer an der Stad ee Verkéierschaos organiséieren, an dat wär net sérieux.

Frank Kuffer: Wat geschitt da mam Pont Adolphe? Ass dat scho sécher? Gëtt dee méi breet gemaach?

Claude Wiseler: Also d’Verbreederung vum Pont Adolphe dat war jo eng Diskussioun. Mir haten de 17. Mäerz een Hearing an do huet ee ganz kloer gemierkt wéi eng grouss Verbonnenheet d’Leit am Fong mat där Bréck haten, déi ee Symbol ass. Ech hat och laang Diskussioune mat der Kulturstaatssekretärin, der Madame Modert, mat Sites et Monuments, fir ze kucke wéi mer dat sollen ugoen an do si mer kloer där selwechter Meenung: fir déi Bréck ass esou eng grouss Sensibilitéit, datt mer net kënnen d’Gesiicht vun der Bréck an domat d’Gesiicht vun der Stad fundamental änneren. Et kënnt also op déi Bréck keng zousätzlech Spur, keng zousätzlech Piste dobäi, also keng wesentlech Verbreederung. Mir sinn am gaang ze kucken, wann een Tram driwwerkënnt, ob mer net eng minimal Verbreederung dobäimaachen, déi eis dann erlaabt den Tram a Sécherheetskonditioune korrekt driwwerfueren ze loossen, mä dat ass eng Verbreederung just uewe vum Tablier, déi minimal ass, an déi d’Charakteristiken, den Aspekt vun der Bréck net wäert changéieren. Domat hu mer dann d’Méiglechkeet, fir esouwuel den ëffentlechen, wéi den Individualverkéier, wéi d’Mobilité douce iwwert déi Bréck ze ,a mir sinn och d’accord, souwisou mat Sites et Momuments, mat der Stad Lëtzebuerg a mam Transportministère fir op esou eng Solutioun ze goen.

Frank Kuffer: Ass da scho sécher wat dann elo un där Bréck genee nach muss gemaach ginn, wat genee muss gefléckt ginn do?

Claude Wiseler: Bei all deenen do Projeten, do ass et jo esou, datt d’Experte sech ëmmer streiden. Mir sinn elo momentan nach am gaang, eng Rei Sonden an d’Bréck ze setzen, fir genau ze kucke, wéi se während dem Wanter, während de kale Méint thermesch soll reagéieren, fir dann definitiv festzeleeën, wéi wäit mer mussen drugoen. Fir mech ass et kloer, esou mann wéi méiglech, well mer wëllen d’Monument behalen. Mä ech sinn awer och Travaux publics Minister, also sinn ech och zoustänneg fir d’Sécherheet, an ech sinn och mat zoustänneg fir d’Mobilitéit hei an der Stad Lëtzebuerg. An dofir muss et ganz kloer sinn, datt mer sécherlech esou mann wéi méiglech un déi Bréck ginn, mä esou vill wéi et muss sinn, fir datt se während Joren och dat ka bidde wat se brauch, déi Sécherheet an déi Garantie fir d’Mobilitéit. Well ech soen Iech, mir fänken net nach eng Kéier un.

Frank Kuffer: Dir hutt d’Sécherheet elo selwer ugeschwat. Wéi sécher ass déi Bréck dann elo iwwerhaapt nach? Bestinn elo och Risiken?

Claude Wiseler: Also et bestinn elo keng Risiken. Mir hunn eng ganz Rei Befestegungen, 256 Eisebaren dragemaach, déi se elo sécher maachen. Mir hunn och eng ganz Rei Beobachtungsinstrumenter, Sonden dragesat, fir se dagdeeglech ze beobachten. Se ass also sécher. Ech weess awer net, wéi se a wéi schnell se evoluéiert an dofir wëll ech ee Projet de loi ausschaffen, dee mir erlaabt esou eng Zort Cintre, dat heescht een Eisengestell drënner ze setzen, fir se ze stäipen. Mir sinn nämlech elo an der Onméiglechkeet fir nach eng Kéier Eisebaren dranzesetzen, well soss maache mer schwäizer Kéis aus där Bréck. Also wëll ech elo aus Virsiichtsmoossnam, ouni datt et momentan misst sinn, mä well ech net weess wéi se evoluéiert, ee Gesetzestext virbereeden, deen et mer erlaabt esou ee Cintre drënnerzebauen. Ech brauch dee Cintre souwisou, wann d’Aarbechten drukommen, mä da sinn ech alt virbereet, wann et mol schnell misst goen a wann ech ee Problem kréien, da sinn ech sécher, datt ech déi Bréck net brauch onvirbereet zouzemaachen, dat ass mir scho wichteg.

Frank Kuffer: Dir hutt am Ufank gesot, wa se e bësse méi breet gemaach gëtt d’Bréck, dann net vill an dann eventuell och wéinst dem Tram, ass dann och nach net sécher genee wou den Tram dann elo fiert?

Claude Wiseler: Also et muss kloer sinn, datt mer dës Bréck sécherlech fit maachen, datt den Tram kann driwwer fueren. D’Regierung ass elo am gaangen, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, ee sougenanntene GIE, ee Groupement d’Intérêt économique op d’Been ze setzen, an deem seng éischt Aufgab ass et ze studéiere wat dann op deem do Tracé déi bescht Solutioun wär, iwwert de Pont Adolphe, iwwert d’Passerelle, déi et duerchaus méiglech ass ze verbreederen, wann et misst sinn, oder deen ee Wee iwwert de Pont Adolphe an deen anere Wee iwwert d’Passerelle. Esoubal mir wëssen, wat déi bescht Léisung ass, gëtt déi Décisioun geholl. Dat muss elo schnell goen, well deen Dossier hei, dee muss virukommen.

Frank Kuffer: Voilà, domatter si mer, mengen ech, um neiste Stand wat déi nei Bréck ugeet. Claude Wiseler, villmols merci fir de Besuch de Moien am Studio.

Claude Wiseler: Merci och.

Dernière mise à jour