Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet des élections fédérales du 10 juin 2007 en Belgique

Roby Sinner: Jean Asselborn, gudde Mëtteg.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg.

Roby Sinner: Dee Rendez-vous vun e Sonndeg, a wéi wäit muss deen d’lëtzebuerger Politik, a soll en d’Leit hei am Land iwwerhaapt interesséieren?

Jean Asselborn: Dat ass jo schonn e Vote dee selbstverständlech eis misst interesséieren. Allerdéngs wëll ech direkt soen, an der Belsch ass ganz laang gesot ginn, bis viru 14 Deeg, datt d’Wahlen a Frankräich d’Belsch méi interesséiert huet wéi hir eege Wahlen.

Mä, Dir wësst, ekonomesch ass d’Belsch eisen zweete Partner, no Däitschland, obschonn datt d’Belsch 1/8 nëmme vun Däitschland duerstellt, mä et ass dee wichtegste Partner no den Däitschen, virun de Fransousen. Mir hunn eng 1600 Studenten an der Belsch. Ech komme jo vu Kabul elo, do si mir mat de belschen Zaldoten integréiert, dat nämlecht am Libanon, dat nämlecht och am Kongo, dat nämlecht och am Kosovo. Dat heescht, mir hu ganz staark Relatioune mat der Belsch. Ech wëll elo net soen, wien am meeschte wie brauch, mä op jiddwer Fall Lëtzebuerg géif net esou fonctionnéieren ouni d’Belsch, wéi et haut fonctionnéiert.

Roby Sinner: No zwou Legislature mat blo-rout an der Belsch, wou déi éischte Kéier och nach déi Gréng dobäi waren, kéint et gutt sinn, datt de Wieler déi Liberal déi Kéier an d’Oppositioun schéckt, an eng Unioun vun de biergerleche Parteie mat de Sozialiste bestëmmt. Muss d’lëtzebuerger Diplomatie sech do ëmstellen, oder dierft sech do net allzevill un de Relatiounen änneren?

Jean Asselborn: Also fir direkt op Är Fro ze äntwerten, ech gleef net, datt sech iergend eppes do ännert. D’Belsch si ganz engagéiert Europäer, an dat ass jo och wichteg. Mä mir musse vläicht de Leit e wéineg soen, ëm wat datt et geet.

Et gëtt an der Belsch jo um federale Niveau e Sonndeg gewielt, dat heescht, et ginn 150 nei Deputéierte gewielt, an et gi 40 Senateure gewielt. Bon, Dir wësst, datt d’Belsch een zimlecht komplext Gebild ass, mat 5 Wahlbezierker am Norden, bei de Flamänner, an och 5 am Süden, bei de Wallounen, an dann hu mir nach Bruxelles, Halle-Vilvoorde.

Elo muss ee kucken, wéi ass d’Gewiichtung do? Déi differéiert. Wann een emol am Norden ufänkt, Dir wësst datt déi Liberal déi leschte Kéier déi éischt Partei war. Elo sinn d’Chrëscht-Demokraten, wann ech esou dierf soen, sinn de loin déi éischt Partei, an da kënnt direkt den zweeten, dat ass de Vlaams Belang, an da kommen d’Sozialisten, an da kommen eréischt déi Liberal - déi sinn u 4. Positioun -, an dann déi Gréng déi jo net méi am Parlament waren um federale Plang, déi hoffe jo awer erëm zeréckzekommen.

Während an der Wallonie et e wéineg ëmgedréint ass, do sinn d’Sozialiste jo déi éischt, an da kommen déi Liberal och ganz staark do, an da kënnt den CDH, dat sinn d’Chrëscht-Demokraten, an de Front national ass eigentlech do ganz kleng. Während zu Bréissel ass et wéineg e Mix-Max dovunner.

Dir kënnt also dovunner ausgoen, datt wa mir wëssen, datt vun deenen 150 Deputéiert, der 88 aus dem Norde kommen, vun de Flamänner, fir et einfach ze soen, an et sinn der 62 dann déi vun de Walloune kommen, dann ass selbstverständlech den Trend fir datt eigentlech de Rapport de force bei de Flamänner, datt deen och den Ausschlag gëtt um federalen Niveau.

Roby Sinner: Dat war jo nach ëmmer esou déi leschte Kéieren, op alle Fall, ech mengen dee leschte franséischsproochege Premier, dat war an de 70er Joeren.

Jean Asselborn: Dat war de Leburton Ufanks de 70er Joeren, duerno war et Tindemans, Martens, Eyskens, erëm eng Kéier Martens an dunn elo Verhofstadt. An et waren all Kéier praktesch jo Chrëscht-Demokraten, mat der Ausnam elo de liberale Verhofstadt. Ech gleef net, datt de Moment d’Belsch, wann ee kuckt wéi d’Sondagë lafen, datt et wäert ee Wallouner ginn, dee kënnt eng Chance hu fir Premierminister ze sinn.

Roby Sinner: Dir hutt en elo just ugeschwat, de Guy Verhofstadt ass zanter 8 Joer Premierminister zu Bréissel. Hien huet sech ëmmer erëm ëm en éischter concilianten Toun, och tëscht der Regierung an der Belsch beméit, an och an der EU. Géif Dir perséinlech bedaueren, wann dee Liberalen, trotz héije perséinleche Scoren, misst um Enn goen?

Jean Asselborn: Also, wat ech ka just soen, an deenen dräi Joer wou ech elo och am Conseil européen dobäi sinn, dat ass, datt de Guy Verhofstadt e ganz engagéierten, net nëmmen e neutralen, e ganz engagéierten Europäer war, deen och sech agesat huet fir d’belsch Intérêten, an och gutt agesat huet do duefir.

Nunn, et sinn demokratesch Wahlen, ech mengen, do gesi mir elo wéi. Héchstwahrscheinlech wann d’Sondeure Recht hunn, an dat hu si jo och heiansdo, datt eng Verlagerung kënnt erëm eng Kéier zu de Chrëscht-Demokraten. Déi Probabilitéit vun enger Koalitioun d’Chrëscht-Demokrate mat de Sozialisten ass ganz grouss. Dir musst och wëssen, datt et eng Parallel gëtt.

Et ass ëmmer esou, datt d’Chrëscht-Demokraten an déi Liberal um federalen Niveau beienee sinn, oder et sinn d’Chrëscht-Demokrate mat de Sozialisten. Et kënnt och vir, datt et Arc-en-ciel gëtt, dat ass jo och eng Kéier méiglech, datt déi Gréng nach dobäi waren. Also dat muss ee kucke wéi de belsche Wieler dat décidéiert, mä am Fong mengen ech, datt sech, wat d’Relatiounen an der EU ugeet, d’Relatioune mat eis ugeet, sech do net Fundamentales wäert änneren, wann eng aner Koalitioun géif zustane kommen.

Roby Sinner: Héchstwahrscheinlech wäert de Flam Yves Leterme vum konservative CD&V neie Premier ginn. Kennt Dir dee Mann iwwerhaapt?

Jean Asselborn: Neen, also mat de Belsch an de Relatiounen huet ee jo virun allem mat de federalen Autoritéiten ze dinn, ech menge Premierminister, an dann Ausseminister, Finanzminister. Mä den Yves Leterme ass jo de Moment Ministerpresident vun de Flamänner. Ech hunn en e puer mol begéint, mä et ass awer net, datt ech ka soen, ech kennen en. Ech hoffen, datt an där nächster Koalitioun an der Belsch wierklech d’Unitéit vun der Belsch nach ëmmer am Virdergrond steet. Dir wësst, datt [gëtt ënnerbrach]

Roby Sinner: Mä entschëllegt, do ass jo just den Yves Leterme, deen awer géing wahrscheinlech méi e sece Cours fueren.

Jean Asselborn: Jo, bon, ech mengen dat ass d’belsch Politik wéi si dat gesinn. Wat ech just wollt soen, dat ass, et wier wierklech, menger Meenung no, eng Gefor fir d’Kohäsioun vun der Belsch, wann elo géif um soziale Plang, géif déi Solidaritéit, déi elo opgebaut ass, an ëmmer bestanen huet, wann déi géif gebrach ginn.

Roby Sinner: Dat heescht, datt den Norden e groussen Deel vun de Besoine vum Süde mat finanzéiert, fréier war et ëmgedréint.

Jean Asselborn: Jo, Här Sinner, wa mir eis elo kucken, de Chômagetaux ass am Norde vill méi kleng wéi en am Süden ass. An dat bréngt mat sech, datt et am Norden Tendenze gëtt, queesch duerch all Parteien, fir um Niveau vun der Sécurité sociale, vun de Pensiounen, vun de Krankekeesen an esou weider, fir do à part ze goen. Dat wier menger Meenung no ganz geféierlech fir d’Kohäsioun vun der Belsch. An ech hoffen, datt och esou eppes net zustane kënnt, well menger Meenung no si mir, als Lëtzebuerger, ganz staark interesséiert, a mussen et bleiwen, datt d’Belsch als Staat ka weider fonctionnéieren, och um Niveau vum Benelux zum Beispill, wou mir jo net mat Regiounen an der Belsch ze dinn hunn, mä mam federale Staat ze dinn hunn.

Roby Sinner: Et gëtt och ëmmer nees d’Hypothese vun engem francophonë Premier déi Kéier an d’Diskussioun bruecht, also de Sozialist Elio Di Rupo, oder esouguer de liberalen EU-Kommissar Louis Michel, dat schéngt mengen ech, éischter Fantasie, zëmol beim PS déi jo mat ville Skandaler liewe muss. Stéchwuert Charleroi. Wéi gesitt Dir d’Chance vun de wallounesche Sozialisten de nächste Sonndeg?

Jean Asselborn: Vläicht iert ech doropper äntwerten, Dir hutt elo gesot, d’Chancen. Wann ee kuckt no Ëmfroen, déi am Norde vum Land gemaach ginn, an am Süde vum Land, da gesäit een all Kéier, datt am Süde vum Land zum Beispill den Elio Di Rupo mat wäit iwwer 30% dee wier, deen ee sech kéint am beschte virstellen als Premierminister, während de Mann wéi den Yves Leterme nëmmen 3% huet.

Am Norden ass et just ëmgedréint. Do huet den Yves Leterme wäit iwwer 30%, an den Elio Di Rupo nëmmen dräi. Do gesäit een och d’Differenz vun der Verlagerung.

Ech mengen de Parti socialiste, do dierf ee net blann sinn, déi hu mat Charleroi, hu si eng Flou am Pelz, déi net einfach ass ze verquëssen.

Roby Sinner: Dat ass bal méi wéi eng Flou.

Jean Asselborn: Et kënnen der och zwou sinn. Ech mengen, datt den Elio Di Rupo sech vill Méi ginn huet, fir do dat auszebigelen, wat alles do zum Virschäi komm ass vun negative Saachen. Ech sinn och iwwerzeegt, datt dat him geléngt, mä dat brauch Zäit, an esou wéi d’Konstellatioun elo ass, esou wéi d’Sondagen elo sinn, kéint ech mir virstellen, datt den Elio Di Rupo géif eng ganz wichteg Roll spillen an där nächster Regierung, ob an der Regierung oder ob ausserhalb vun der Regierung. Allerdéngs fir esou kéng ze sinn, fir elo ze behaapten - ech soen nach eng Kéier op Grond vun de Sondagen, - mä d’Belsch wielen e Sonndeg, ech mengen do gi keng Sondagë gemaach, do gëtt gewielt - schéngt et mir éischter wéi wann et kéint zu enger Koalitioun kommen, wou d’Sozialiste kënnen dobäi sinn, mä wou awer dann d’Chrëscht-Demokrate géifen de Premierminister stellen.

Roby Sinner: Dir musst och da vläicht drun erënneren, datt d’Sozialisten an der Wallonie schonn dacks grouss oder gréisser Skandaler haten, an herno d’Wieler nawell si gestëmmt hunn.

Um Enn, Jean Asselborn, nach d’Fro zum Vlaams Belang, déi jo nach emol dierft wahrscheinlech bäileeën. Wéi laang kann eng Demokratie wéi d’Belsch sech nach esou Cordon sanitaire erlabe wéi en den Ament fonctionnéiert, dat heescht, datt all déi aner Parteien d’office soen, si géifen net mat de Leit vum Vlaams Belang zesummeschaffen? Gëtt dat net op emol eng Gefor fir de System awer?

Jean Asselborn: Jo, just dat Wuert Cordon sanitaire, dat ass ee vu menge Kollegen dee fréier och President war vun de flammännesche Sozialisten, de Patrick Janssens, dee Buergermeeschter ass zu Antwerpen, an dee jo deen Terme Cordon sanitaire eigentlech creéiert huet, dat heescht wou all Parteien, all demokratesch Parteie géint de Vlaams Belang sinn. Ech hoffen, datt dat nach laang dauert. Ech hoffen, datt wierklech déi Solidaritéit besteet, an datt domat gewise gëtt, datt déi 20% oder vläicht esouguer e wéineg méi, heiansdo esouguer 25% vun de Flammänner déi fir de Vlaams Belang stëmmen, datt si agesinn, datt dat Stëmme sinn, déi eigentlech ewech gehäit sinn [gëtt ënnerbrach]

Roby Sinner: Mä entschëllegt, wéi laang ka sech awer d’Politik erlabe fir esou vill Leit einfach ze negligéieren, net mat ze considéréieren?

Jean Asselborn: Neen, déi gi jo considéréiert, si sinn d’Oppositioun zu deenen demokratesche Parteien. De Le Pen a Frankräich, also Dir bréngt et net fäerdeg, fir mir ze soen datt et gutt wier, wann deen eng Kéier géif an d’Regierung kommen, fir en dann ze läuteren. Hei och, de Vlaams Belang mat deenen Attituden, mat deene Positiounen déi si hunn, gehéiere weder an eng belsch Regierung, nach dierfe si d’Soe kréien an Europa, soss si mir an enger anerer Welt. Dir musst liesen, net nëmme wat si haut soen, mä Dir musst och kucke wat fir Leit, a wat déi alles um Kerbholz hunn, déi do mat maachen. Dat si keng, fir mech op jiddwer Fall, sinn et keng Demokraten.

Roby Sinner: Jean Asselborn, villmools Merci fir d’Gespréich.

Jean Asselborn: Merci, Här Sinner.

Dernière mise à jour