Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet du Conseil "Affaires générales et relations extérieures" du 18 juin 2007

André Dübbers: Jo, gudde Mëtteg hei vum Kierchbierg. Nieft mir begréissen ech elo den Här Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Mëtteg, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Dübbers.

André Dübbers: Här Asselborn, d’Madame Merkel hat jo gëschter kee grousse Succès fir d’Polen ze iwwerzeegen. Sinn d’Ausseministere sech da gëschter Owend méi no komm?

Jean Asselborn: Also, mir dierfen dat net alleng, déi ganz Diskussioun elo verkrampfen ob dat wat d’Pole mengen oder net mengen.

Mir hu gëschter hei als Ausseministeren eis Aarbecht gemaach op eng rationell Aart a Weis. Déi däitsch Présidence hat eis 5 Froe gestallt, mir hu versicht erauszefannen, an dat hu mir och fäerdeg bruecht, wou si mir eis eens, a wou bleiwen nach Problemer.

Wou mir eis eens sinn, dat ass datt mir op deene bestehenden Traitéë schaffen, ënnert där Konditioun natierlech, datt mir et fäerdeg brénge fir d’Substanz vun deem Ganzen ze erhalen. Mir sinn eis och eens ginn op de Fändel an op d’Hymne ze verzichten. Gutt, ech mengen dat ass alles en long et en large scho geschwat ginn, och bei eis am Parlament. Wat mir als Lëtzebuerger, wat ech gesot hunn, dat ass awer datt mir den Euro wëllen dran haalen als Symbol, an och dann d’Wuert "Traité constitutionnel", datt mir selbstverständlech dovunner lass loossen.

Do wou mir nach Progrèsen ze maachen hunn, dat ass bei der Primautéit vum Droit européen, mä do fënnt een eng Léisung géif ech mengen. Wou et méi schwiereg ass, dat ass bei dem Ofschafe vun de Pillieren bei verschiddene Länner.

Wat fir mech awer dee grousse Punkt ass, dat ass d’Charta. Bei der Charta kënne mir net noginn, wat d’Englänner vun eis verlaangen, datt d’Charta vun den Droits de l’Homme, déi zënter 2000 besteet, datt déi keng verbindlech Verankerung géif fannen am Traité.

André Dübbers: Elo ginn et jo anscheinend relativ vill Divergenzen. Dir hutt elo déi britesch Positioun ugeschwat, déi polnesch Positioun ugeschwat. Wéi stellt sech dann niewent der polnescher an der britescher Positioun och nach déi franséisch an déi hollännesch Positioun duer?

Jean Asselborn: Also déi franséisch Positioun, dat wat ech gëschter hei gesinn hunn, wat den Ausseminister gesot huet, a wat ech héieren hu virun allem, dat ass extrem positiv gewiescht, an dat war och ganz konstruktiv.

Bei den Hollänner ass et, ech soen dat éierlech, nach e wéineg méi schwéier. D’Hollänner wëllen eppes hu fir d’national Parlamenter, do gëtt vun där däitscher Présidence eng Propositioun gemaach. Vun der rouder Kaart schwätze si net méi, mä et ka net sinn, datt national Parlamenter, datt déi géife carrément d’europäesch Prozedur kënne blockéieren. Allerdéngs ass et och e Punkt wou mir musse wëssen, datt wa mir wëllen zu enger Conclusioun kommen, datt mir do musse Vertrauen hunn un d’däitsch Présidence, datt déi eng Propositioun doranner mécht. Menger Meenung no ass dat och machbar fir do e Wee ze fannen.

André Dübbers: Wéi optimistesch sidd Dir dann elo, datt een elo en Donneschdeg an e Freideg zu engem Kompromëss, zu engem Konsens zu Bréissel kënnt?

Jean Asselborn: Also, Här Dübbers, mir sinn hei an enger Phas wou mir elo Ufanks der Woch mussen eis op zwou Saache konzentréieren. Dat eent dat ass an der Substanz net verléiere wat mir alles gemaach hunn, net d’Regierunge mä virun allem de Konvent dee getagt huet, wou jo Parlamentarier dobäi waren, wou Kommissären dobäi waren, wou Ministeren dobäi waren, fir dat ze verléiere wat am Konvent vu grousse Saachen décidéiert ginn ass, a wat herno erëmgeholl ginn ass vun der CIG, do erëm musse mir eis bekëmmeren.

Mir mussen eis selbstverständlech och drëm bekëmmeren e Fahrplan ze hunn, an dee Fahrplan ka nëmmen dee sinn, datt mir wëllen en neien Text hu fir 2009. Wa mir dat dës Kéier net fäerdeg bréngen, da si mir am Traité vun Nice. Ech wëll mech guer net an déi Situatioun setzen, well dat wier e Réckschlag fir Europa. Elo kënnt Dir mir soen, dovu stierft Europa net, dat stëmmt effektiv, mä dat wier e Réckschlag, an et géif eis als Europaësch Unioun um Planéit keng méi Force ginn, au Contraire, et géif eis schwächen, an et géif eis och intern schwächen.

André Dübbers: Här Asselborn, villmools Merci fir d’Gespréich, an domat zeréck an de Panorama.

Dernière mise à jour