Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker, au sujet de la réunion de l'Eurogroupe du 9 juillet 2007 et du statut unique

Frank Kuffer: Gëschter Owend waren d’Finanzministeren aus dem Eurogroupe beieneen. Et war awer keng normal Réunioun an deem Sënn, well de franséische President hat sech héchstperséinlech selwer op Bréissel invitéiert. Den Nicolas Sarkozy wollt de Ministeren aus den Eurolänner an dem President vum Grupp, dem Jean-Claude Juncker erklären, firwat säi Land eventuell elo awer net bis 2010 schonn een équilibréierte Budget ka virleeën. Ob den Nicolas Sarkozy mat sengen Argumenter iwwerzeege konnt, dat froe mir elo live de lëtzebuerger Staatsminister. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Frank Kuffer: E President am Eurogroupe, dat ass Première mengen ech. Sidd Dir frou, datt den Nicolas Sarkozy perséinlech komm ass oder mëscht e sech e bëssen zevill an? Seng politesch Géigner soen, e wier omnipresent oder omnipotent.

Jean-Claude Juncker: Ech gehéieren net zu de politesche Géigner an och net zu de politeschen Unhänger vum Här Sarkozy. Den Här Sarkozy, dee mer gutt kennen, well e war fréier jo selwer ee Member vum Eurogroupe, huet de Wonsch ausgedréckt, déi sougenannten nei Wuesstumspolitik am Eurogroupe z’erklären. An et war och Erklärungsbedarf ginn, well dat wat mir a Frankräich héieren haten, huet eis besuergt gemaach. Mir konnten eis gëschter Owend, loosse mer mol soen, grosso modo mam Här Sarkozy op ee verstännege Finanzkurs eenegen.

Frank Kuffer: Frankräich wëll jo dann eventuell net bis 2010, mä réischt 2012, de Budget am Equiliber hunn. Wat sot Dir dann dozou? Engersäits gëtt dann ee Versprieche jo net agehal, anerersäits ass et awer am Sënn vum reforméierte Stabilitéitspakt, oder net?

Jean-Claude Juncker: Et wier net ganz am Sënn vum reforméierte Stabilitéitspakt, wa Frankräich net géif bis an d’Joer 2010 zu engem équilibréierte Budget zeréckkommen. Wat de Stabilitéitspakt seet, a senger reforméierter Versioun, ass, datt wann d’Wirtschaft gutt geet, datt een da sech muss fläissen, fir op ee Budget ze kommen deen équilibréiert ass oder bal équilibréiert ass. D’Fransousen hate jo virun där Sitzung vu gëschter Owend gesot dat wier 2012 de Fall. Zanter gëschter Owend soe se, si géife grouss Efforte maachen, fir datt dat schonn 2010 de Fall ass. D’Fransouse leeën eng ganz Lëscht vu Strukturreforme vir, déi se wëlle maachen, fir d’Wuesstumspotential, dat heescht d’Méiglechkeete vun der franséischer Wirtschaft fir méi grouss, méi staark a méi breet ze wuessen, no uewen ze verbesseren. Déi Reformschrëtt, déi ginn elo iwwerpréift vun der Kommissioun a vum Eurogroupe, fir ze kucken, ob déi Reformen, déi elo am Ufank eppes kaschten, wierklech esou sinn, datt se de Wuesstum steigeren.

De President huet sech gëschter Owend averstanen erkläert, fir de Budget 2008 a sengem Defizit scho méi niddreg sech auswuessen ze loossen, wéi dat am Joer 2007 war an en huet op eis nodréiglech Froen hin och erkläert, fir hee géif et kee Widdersproch ginn tëscht Strukturreformen, déi ee muss maachen an déi jo och schwiereg sinn, och politesch schwiereg sinn an der Nouwennegkeet déi et gëtt d’ëffentlech Finanzen ze consolidéieren.

Frank Kuffer: Goufen et da gréisser Diskussioune gëschter Owend? Notamment gëtt op den Agencë ganz vill den däitsche Finanzminister zitéiert, deen absolut gefuerdert hätt, datt misst bis 2010 de Budget am Equiliber sinn?

Jean-Claude Juncker:: Net nëmmen den däitsche Finanzminister huet dat gefuerdert. Dat war deen allgemenge Wonsch vun de Ministeren, déi am Eurogroupe zesummestinn. Op Grond vun deem relativ stramm virgedroene Wonsch vun den Eurogroupeministeren huet den Här Sarkozy jo och erkläert, entgéint der ursprünglecher Planung, de Budgetsdefizit 2008 schonn, par rapport zu 2007, ofzesenken an duerno mat der Ofsenkung virunzefueren a virun allem een aktualiséierte Stabilitéitsprogramm vu Frankräich virzeleeën.

Dir wësst jo, mir mussen dat och maachen, datt een eemol am Joer muss ganz genau weise wéi an den nächsten dräi Joer d’ëffentlech Finanze sech sollen entwéckelen an déi Entwécklung, déi muss ee Wee erkenne loossen, deen a Richtung Defizit a Scholdenofbau ginn. Deen hätten d’Fransouse missten am nächsten Dezember virleeën. Ech hu se gëschter Owend gefrot fir dat schonn am September ze maachen, fir datt mer an d’Detailerörterung vun deene franséische Pläng kënnen antrieden.

Frank Kuffer: De Nicolas Sarkozy wëll den Dominique Strauss-Kahn eventuell als President vum internationale Währungsfong proposéieren. Wat sot Dir dozou?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mam Här Sarkozy virun 10 Deeg doriwwer geschwat a mir sinn eis eens doriwwer, datt dat eng ganz gutt Kandidatur wier, esou hunn ech dat och hei vertrueden.

Frank Kuffer: Dann heescht et och nach, de Nicolas Sarkozy an den EZB President Jean-Claude Trichet wiere net op enger Linn wat d’Stäerkt vum Euro ugeet. Dem Här Sarkozy ass den Euro ze staark, oder?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn dat am Detail gëschter Owend net beschwat. Mir hunn iwwert d’Taux de Change, iwwert d’Wiesselcourse geschwat, ier den Här Sarkozy an der Sitzung war. Mir sinn der Meenung, datt den Euro de Moment net ze staark ass, obschonn en an eenzelne Länner an an eenzelne Secteuren op Grond vu senger Stäerkt kann zu enger Situatioun féieren, wou d’Exporter sech erschwéieren, mä dat ass iwwert d’Gesamteurozon betruecht net de Fall. Et ass och historesch betruecht net de Fall.

Den Euro stoung par rapport zum Dollar, wann een och déi Zäit virum Euro hëlt a wann een de sougenannte syntheteschen Euro rechent, also esou mécht wéi wann et den Euro scho gi wier an den 80er Joren, scho wiesentlech méi staark wéi en haut ass. Déi Stäerkt déi den Euro huet an déi an eenzelne Secteure wéi gesot Exportschwieregkete ka mat sech bréngen, huet deen aussergewéinlechen Avantage, datt dat massivt Uklamme vun den Uelegpräisser bis elo vun der europäescher Wirtschaft relativ unbeschadet laanschtgezunn ass. Wa mer nach am belsche Frang wiere, beispillsweis bei eis doheem, da wieren d’Bensinnspräisser an d’Dieselspräisser op der Pompel wiesentlech méi héich wéi dat elo de Fall ass, wou de staarken Euro deen Effekt, deen Negativeffekt vun de staarken Uelegpräisser wiesentlech ofschwächt.

Frank Kuffer: Eppes ganz aneres, Lëtzebuergesches dann nach, wann Dir erlaabt, Här Staatsminister. Beim Statut unique ass den LCGB jo mol d’accord mat de leschte Proposen. Dem Patronat geet et nach net grad duer, wat elo um Dësch läit. Wéi ee Gefill hutt Dir? Wäi wäit si mir vun engem Accord ewech a kascht deen Accord de Staat um Enn méi wéi Dir vläicht am Ufank geduecht hat?

Jean-Claude Juncker: Mir si ganz no beim Ofschloss. Mir hunn an deene leschte Wochen - déi zwee Ministeren, den Här Biltgen an den Här Di Bartolomeo, an ech - vill mat de Sozialpartner iwwert de Statut unique verhandelt. Et ass d’Zilsetzung vun der Regierung, laut Tripartitebeschloss, gewiescht an dat bleift se, fir dat käschteneutral fir d’Wirtschaft ze gestalten. Dat bréngt mat sech, datt ee muss eng Léisung fanne wou jiddwereen, wann ech dat kann esou soen, op seng Käschte kënnt a wou ënnert dem Stréch fir jiddwereen eppes erauskënnt, och fir déi kleng Betriber, déi méi Schwieregkeete wéi anerer mat deem Eenheetsstatut hunn. Mir fueren déi Gespréicher virun an ech si gudder Hoffnung, datt mer bis un d’Enn vum Mount zu enger vernünfteger Léisung kommen, wou jiddweree seng Käschten erëmfënnt, och de Staat, dee muss vum Joer 2012-2013 un ee gewëssen Geldbetrag op den Dësch leeën. Mä deen awer och, doduerch datt mer d’Krankekeese kënne fusionéieren, doduerch datt mer Synergiegewënner an -effekter kënne realiséieren, à terme och dobäi wäert spueren. Mä den Detail vun deene Gespréicher, dee kënne mer net vu Bréissel aus féieren.

Frank Kuffer: Här Staatsminister, villmools merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech. Awar.

Frank Kuffer: Äddi.

Dernière mise à jour