Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet de la suspension du traité sur les Forces conventionnelles en Europe (FCE) par la Russie

Pierre Reyland: D’Konsequenze vum Sträit tëscht Russland an den USA wéinst deem geplangten amerikanesche Rakéitenofwiersystem an Osteuropa ginn ëmmer méi konkret. De russesche President Vladimir Putin huet ee vun de wichtegste Verträg vun der Ofrëschtung nom kale Krich suspendéiert. Säi Message ass däitlech, d’Pläng vun den USA géifen d’Sécherheet vu Russland beaflossen a Russland misst handelen. De sougenannten CSF-Traité iwwer konventionell Waffe wor ufanks den 90er Joren an d’Liewe geruff ginn, mam Zweck konventionell schwéier Waffen, wéi Militärfligeren oder Panzeren an Europa ze limitéieren. D’NATO sot, dem Putin seng Décisioun wier e Schrëtt an déi falsch Richtung.

Hei am Studio begréissen ech elo de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Gudden Owend, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudden Owend, Här Reyland.

Pierre Reyland: Här Asselborn, de Message vum Vladimir Putin ass kloer, Russland suspendéiert dee wichtegen Ofrëschtungstraité, dat si jo keng gutt Nouvellë fir d’europäesch Sécherheetspolitik?

Jean Asselborn: Doudsécher net. Ech menge fir et elo mol an e generelle Kontext ze stellen, Dir wësst, nom Fall vun der Mauer huet jo d’Mënschheet sech och zurecht, an et war hir Aufgab, als Zil ginn fir d’Waffen op der Welt ofzebauen. Dir wësst, mir sinn an enger Welt, wou mer iwwert eng Milliard Leit hunn, déi mat manner wéi 1 Dollar mussen den Dag liewen, an dat war also eng richteg Décisioun. Wat ass do geschitt? An den 90er Joren, Dir hutt et gesot, sinn déi net nuklear Waffen, tëschent der NATO a Russland ass een Ofkommes gemaach ginn, fir déi ze limitéieren, fir Kontrollen, géigesäiteg Kontrollen ze maachen a fir datt een deem aneren dann och ee gewëssent Vertraue ka schenken, wat op där enger an op där anerer Säit geschitt. Mir, wann ech soen däerf mir, well mer Member si vun der NATO, haten gesot an och zurecht, datt déi Istanbuler Commitments, dat heescht op lëtzebuergesch, datt Russland misst seng Truppen eraushuelen aus Georgien an och aus Moldawien an aus Transnistrien, datt dat misst erfëllt ginn. An dat ass net all ze schwéier fir ze erfëllen, fir datt och dann d’NATO-Länner géifen ratifizéieren. Russland seet elo, mir sinn an enger komplett bloquéierter Situatioun, Dir wëllt net ratifizéieren, also musse mir elo ee Schrëtt maachen, an deen ass jo schonn ugekënnegt gi vum President Putin am Abrëll, fir ze soen: Schluss, mir maachen elo wéinstens ee Moratoire fir eben dat a Fro ze stellen, wat ofgemaach gi war iwwert déi konventionell Waffen.

Pierre Reyland: Wat geschitt dann elo? De russeschen Ausseministère huet vun enger neier Oprëschtung elo geschwat vun de Russen, dat kléngt jo och geféierlech.

Jean Asselborn: Jo, also mir mussen effektiv elo oppassen, ouni elo ze dramatiséieren, datt een an den nächsten Deeg, an den nächste Wochen, dat doten elo ganz eescht analyséiert. Dir wësst, datt virun e puer Deeg de President Putin an de President Bush an Amerika, am Maine, zu Kennebunkport sech der Allgemengheet gewisen hunn, der ganzer Welt gewisen hunn, als zwee Leit déi sech kënnen op d’Schëller klappen, fir d’Problemer vun dëser Welt ze léisen. Hei gi mir an eng Richtung, déi effektiv, wéi Dir dat undeit, ganz ganz geféierlech ass. Ech hu gesot, mir däerfen net dramatiséieren, mir mussen dat eescht huelen, mä et muss ee wëssen, datt een um falsche Wee ass op der Welt an zumol mir als Europa, déi jo tëschent Amerika an tëschent Russland leien, datt een op de falsche Wee kënnt, wa mer d’Rüstungsspiral no uewen dréinen anstatt no ënnen. Déi Rüstungsstruktur, Oprüstungsstruktur, mir däerfen net an esou eppes erakommen, mir mussen an eng Ofrüstungsstruktur kommen, fir datt d’Welt d’Geld huet, de Wëllen huet, och d’politesch Méiglechkeeten huet, fir sech ëm d’Entwécklungslänner ze bekëmmeren, fir sech ëm déi Aarm op der Welt ze bekëmmeren an net fir an eng Spiral eranzegoen, am Ufank vun dësem 21. Jorhonnert, déi komplett fatal kéint sinn.

Pierre Reyland: Vläicht eng lescht Fro, Russland huet ganz kloer do gepokert vis à vis vun den USA. Wéi eng Kaarten huet d’Europäesch Unioun dann an deem Spill do?

Jean Asselborn: Also, wësst Dir, d’Politik, virun allem déi grouss Politik, ass jo kee Pokerspill. Ech hunn d’Impressioun, wann een d’Problemer kuckt, déi mer ze léisen hätten op der Welt, denkt un de Balkan, denkt un de Kosovo, denkt un de Moyen-Orient, denkt un Afrika, dann hätt een eigentlech net vill Zäit fir ze pokeren. Et hätt een d’Zäit fir d’Käpp zesummenzestrecken an dat ze maache wat vun eis verlaangt gëtt a mir hunn zum Beispill an der NATO och een NATO-Russlandrot, wou mer och driwwer diskutéiert hunn. Messagen si geschéckt gin vu Russland a vun den Amerikaner, datt een erëm géif eng Zesummenaarbecht, eng sérieux Zesummentaarbecht ophuelen, och mat deem Rakéitenofwierschëld, wann dat da misst sinn, datt dat géif zesumme gemaach ginn, Amerikaner, Europäer a Russen dobäi. Ech mengen dann hätt et vläicht ee Sënn fir och d’Crédibilitéit do dervunner, fir déi z’ënnersträichen, mä hei, wann Dir dat nennt "pokeren", dat wëll ech net maachen. Ech wëll just soen, an nach eng Kéier erëm widderhuelen, datt d’Europäesch Unioun sech muss eng Linn ginn an hirer Aussepolitik an datt d’Europäesch Unioun et net däerf toleréieren, weder no lénks nach no riets ee Spillball ze ginn. Dat wier schlecht, dat wier schlecht fir de Friddensprojet "Europa" an et wier schlecht fir d’Mënschen.

Pierre Reyland: Här Asselborn, villmools merci fir dës Präzisiounen.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour