Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration au sujet du statut du Kosovo et du traité modifié

Frank Goetz: An am Studio just vu Bréissel zeréck, den Ausseminister Jean Asselborn. Gudden Owend.

Jean Asselborn: Gudden Owend.

Frank Goetz: Här Asselborn, d’Discussioune ronderëm de Kosovo sinn alles anescht wéi berouegend. Mä am Fong missten jo d’Serben an d’Kosovo-Albaner sech un een Dësch sëtzen, a mateneen eens ginn. Dat geschitt awer net, firwat?

Jean Asselborn: Jo, also et ass wierklech bedauerlech, datt mir am Conseil de sécurité net zu engem Resultat komm sinn. Mä et muss een dat zur Kenntnis huelen, an et huet een elo misse versichen een neie Mechanism ze entwéckelen, wou ka matenee geschwat ginn, nach eng Kéier. Amerika, Russland, an dat ass e positive Punkt, datt Russland trotzdem weider mat mécht, an d’Europäesch Unioun, déi selbstverständlech de Lead huet.

Frank Goetz: Ass et dann um Enn e Match tëscht Russland an den Amerikaner?

Jean Asselborn: Neen, et ass bestëmmt kee Match tëscht Russland an den Amerikaner, et ass virun allem een Optrag dee mir als Europäesch Unioun ze packen hunn. An ech mengen, et muss ee kucken, d’internationalt Recht ass d’internationalt Recht. Mir sinn am Sécherheetsrot net weider komm, gëtt et eng parallel Schinn? An ech mengen, dat ass wat mir elo haut och gemaach hunn zu Bréissel, wou mir soen, mir wëlle participéieren an där Troïka, mir ginn dem Javier Solana den Optrag fir ze weisen, datt et net nëmmen d’europäesch Länner sinn aus der Kontaktgrupp, mä alleguer d’europäesch Länner, den Optrag, fir en Ambassadeur, fir ee Verhandler ze designéieren. An dann déi dräi, Russland wéi gesot, Amerika an d’Europäesch Unioun mat dann och de Serben, an de Kosovaren, fir eng wierklech Verhandlung op d’Been ze stellen. Mir ginn eis 120 Deeg Zäit, an do duerno mat grousser Wahrscheinlechkeet musse mir zeréck an de Conseil de sécurité.

Frank Goetz: De russesche President huet jo ëmmer gesot, hei géif ee mat der Onofhängegkeetserklärung vum Kosovo e geféierleche Präzedenzfall schafe fir aner Konflikter. Bleift et bei där Gefor?

Jean Asselborn: Also, bei Russland muss ee jo oppassen, ech mengen déi sinn op deenen zwou Säiten, si hunn Tschetschenien, si hunn awer och natierlech Ossetien an Nagorny-Karabach. Et kënnt een nach verschidde Saache fannen an deem fréieren Anzugsgebitt, oder an deem fréiere Gebitt vun der Sowjetunioun. Mä loosse mir, esou Aussoen déi bréngen eis net virun.

Wat mir musse wëssen, dat ass: d’Europäesch Unioun, un alleréischter Stell, muss interesséiert sinn un eppes, dat ass d’Stabilitéit um Balkan. A fir d’Stabilitéit um Balkan ze assuréieren, brauche mir d’Serben, a brauche mir d’Kosovaren. Déi zwee Vëlker, d’Serbe wéi d’Kosovaren, hu mateneen an Zukunft zesummen ze liewen. Wann ech soen zesummen, heescht dat niewenteneen ze liewen. A si dierfen net mengen op deenen zwou Säiten, mir striewen an 10, 15 Joer Bréissel un, da sinn all d’Problemer geléist. Neen, mir mussen elo kucken, datt mir et fäerdeg bréngen, datt déi matenee schwätzen. Wa si net matenee schwätzen, hëlt een aneren d’Décisioun fir si selwer. An deen aneren ass d’internationalt Recht, a mir musse kucken elo op där Schinn ze bleiwen, déi méiglech ass an der UNO, wann et net méiglech ass an der UNO si mir an engem anere Film, an da musse mir kucke wat fir eng Décisioun datt mir kënnen huelen.

Frank Goetz: Mä à propos Stabilitéit. D’Situatioun am Kosovo gëtt jo ëmmer nach als ganz geféierlech fir de Weltfridden a fir d’Sécherheet agestuuft. Wéi grouss ass de Risque, datt et do zu weidere gréissere Spannunge wierklech kéint kommen?

Jean Asselborn: Jo, wësst Dir am Kosovo ass héchstwahrscheinlech e Potential vu liichte Waffen, déi een an aneren europäesche Länner net weider fënnt. A Serbien ass vill Haass opgebaut gi vum Milosevic. Selbstverständlech, et si Rancunen déi an de Käpp do geeschteren, mä et muss een de Serben hëllefen, wierklech, an et muss een de Kosovaren hëllefen, datt si mat esou Rancunen, datt si mat esou, loosse mir soen, nëmmen emotionale Géigesätzlechkeeten net viru kommen. Mir hunn hinnen als Europäesch Unioun, souwuel deenen enge wéi deenen anere gesot, dir hutt eng Méiglechkeet an d’Europäesch Unioun eranzekommen, mä d’Europäesch Unioun, dat ass haut och dacks zum Virschäi komm, wëll net nach een zweet Zypern hunn. An ech mengen dat ass evident.

Frank Goetz: Do gesäit ee wéi schwiereg a komplizéiert et ass.

Jean Asselborn: Do gesäit ee wéi schwiereg datt et ass. A mir mussen si elo zesummebréngen, fir datt si matenee verhandelen, fir datt eng Schinn do opgemaach gëtt wou mir kënnen de Problem léisen.

Frank Goetz: Här Asselborn, haut ass zu Bréissel och de Startschoss fir d’CIG, also d’Regierungskonferenz gefall, fir en neien Traité auszeschaffen. Goufen et haut Hiwäiser do drop, datt et kéint zu weidere Komplikatiounen an deene Verhandlunge kommen?

Jean Asselborn: Also ech mengen net. Et dierf een elo selbstverständlech net zevill héich spillen. Wat vu polnescher Säit gesot ginn ass, dat hu mir erwaart. Wichteg ass mengen ech fir d’alleréischt, datt de President Barroso vun der Kommissioun gesot huet, et gëtt elo näischt méi ze verhandelen, et gëtt nach ëmzesetzen. Dat nämlecht huet den Elmar Brok gesot, dee fir d’europäescht Parlament geschwat huet.

D’polnesch Kollegin, Madame d’Ausseministesch, déi huet zwee Punkten ugestraff, awer an engem Tounfall deen zimmlech consiliant war. Dat eent, sot si, mir hunn nach ze diskutéieren iwwer dat, wat Ioannina ass. Kënne mir als Polen eng Saach blockéieren, déi eis net passt, an engem „délai raisonnable“, heescht dat bei Ioannina. Si mengen dat missen zwee Joer sinn, si wollten dat net am Text hunn, mä doriwwer muss geschwat ginn.

An dann ass deen zweete Punkt eben dat vun der Charte. Do sinn zwee Länner nieft England, déi d’Méiglechkeet hunn, dat ass Irland, an et ass Polen, fir d’Rechtsverbindlechkeet net ze acceptéieren. Si huet och net gesot si géifen dat maachen, d’Polen. Si huet gesot, mir huelen déi Décisioun dee Moment wou et Zäit ass déi Décisioun ze huelen.

Also ech géif menge Polen ass an engem, menger Meenung no, trotzdem elo an enger Spiral, politesch gesinn, wou si wëssen, datt een net méi zevill ka spillen, datt een elo wierklech muss, och an hirem Interessen, hoffen, datt mir een Europa hu wat méi staark gëtt, an net méi schwaach gëtt, an da kënne mir net nëmmen déi polnesch Intérêten, mir mussen elo och wierklech kucken, och a Polen, fir déi europäesch Intérêten ze verteidegen. Well a Polen, d’Vollek, virun allem déi jonk Leit, si ganz staark fir eng vill méi integréiert Europäesch Unioun.

(...)

Dernière mise à jour