Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion du Conseil des gouverneurs de la BCE à Francfort

Radio 100,7: De Lëtzebuerger Premier a Finanzminister an och President vum Euro-Groupe de Jean-Claude Juncker war de Moien bei der Reunioun vun der Europäescher Zentralbank zu Frankfurt dobäi. Wéi schätzt hien d'Decisioun vun der EZB an?

Jean-Claude Juncker: Ech war an der Sitzung vun der Zentralbank och dobäi wéi dat üblecherweis de Fall ass wann et ëm Zënsfestleeunge geet. Déi Decisioun vun der Zentralbank d'Zënse stoen ze loosssen erkläert sech aus verschiddene Grënn. An den Haaptgrond, wann net esouguer den exclusive Grond, ass déi exzessiv Volatilitéit op de Finanzmäert, Onsécherheet do, an deen net genau ofzeschätzenden Impakt vun där Onsécherheet a vun där Volatilitéit a vun deem Duercherneen op d'Wuesstumsperspektiven an der Eurozon am Joer 2008. 2007 menge mir, esouwuel d'Zentralbank wéi den Eurogroupe, datt et keng staark Repercussioune géife ginn. 2008 kënnen déi méi ausgeprägt sinn. All Länner si jo verschidden. Lëtzebuerg, ee Land wat am ganze staark Mooss am Finanzdéngschtleeschtungssecteur involvéiert ass, kritt wahrscheinlech méi Repercussiounen ze spieren wéi anerer. Déi Decisioun heescht net, datt Suergen em d'Inflatioun an d'Präisstabilitéit sech entfernt hätten, mä ass eng Virsiichtsmoossnam, well d'Bank gären ofwaart, nei Donneeën, nei Fakten, nei Daten iwwert déi méiglech Impakter vun där Finanzmaartkriis op den europäesche Wuesstum.

Radio 100,7: Wat kann een sech iwwerhaapt fir déi nächste Méint dann erwaarden? Ginn et dann nach Changementer um Zënssaz dëst Joer?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen relativ sécher kënnen dovunner auszegoen, datt et jiddefalls keng Bewegung vun den Zënsen no ënne gëtt. Wann ech déi Diskussioun déi mir haut de Moien haten richteg verstan hunn. Déi Suerg, d'Inflatioun an déi mëttelfristeg Inflatioun déi riskéiert an den nächste Méint vun dem Joer 2008 iwwer 2,3 2,4 % ze expandéieren, mécht et noutwenneg, datt d'Bank hirt monetärt Instrument notzt fir inflatiounsdämpfend kënnen täteg ze ginn. Mä et ass ze fréi fir déi Auswéchs vun där Kriis an Amerika, deelweis och an Europa, op de Wuesstum genau ofzeschäzen. Et gëtt gemengt, esouwuel d'Zentralbank wéi Europgroupe, de Wuesstum wier staark genuch, e wier robust genuch, e géif breet genuch bleiwe fir dee Schock do ewech ze stiechen. Mä e gëtt jiddeefalls manner däitlech breet wéi dat am Ufank vun dësem Joer geduecht ginn ass. Et muss een also ofwaarden.

Radio 100,7: Déi europäesch Zentralbank huet och decidéiert 42 Milliarden Euro an de Geldmaart afléissen ze loossen. Wäert dat d'Situatioun um Geldmaart och entspanen?

Jean-Claude Juncker: Dat weess ee net. Déi Zënssäz déi sech dorausser erginn leien tëscht 4,06 a 4,13 %. En fait éischt Reaktiounen louche bei 4,10 %. Dat ass genau dat wat d'Zentralbank gäre gehat hätt. Et muss ee gesinn, wann et keng europäesch Zentralbank géif ginn a wann et den Euro net géif ginn an domat och keng europäesch Zentralbank, dann hätten déi 13 Zentralbanken, déi 13 Länner déi elo an der Eurozon sinn, op déi amerikanesch Hypothéikekrise ënnerschiddlech reagéiert mat grousse Verwerfungen am europäesche Währungssystem. Dofir ass dat heiten eng weider Prouf dofir wéi Recht datt d'Europäer haten sech am Eurosystem zesummen ze schléissen a mam Euro eng gemeinsam Währung ze hunn. Soss wiere mir ee Vull fir d'Kaz domatter.

Dernière mise à jour