Jean Asselborn au sujet de la réunion informelle Gymnich à Viana do Castelo au Portugal

Carine Lemmer: Suite also haut vun der informeller Reunioun vun den Ausseministeren aus de 27 EU-Länner, zu Viana do Castelo a Portugal. Et ass eng sougenannt Gymnich-Reunioun. De Numm kënnt vum Schlass Gymnich bei Bonn, wou 1974 d’Ausseministeren eng éischte Kéier an enger méi informeller, entspaanter Atmosphär zesummekomm sinn fir iwwert international Themen ze schwetzen.

A Portugal ass dëse Weekend de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn. Heen ass elo live mat eis um Telefon. Här Asselborn, gudde Mëtteg.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Madame Lemmer.

Carine Lemmer: Huele mer dräi grouss Themen eraus, déi bei Äre Gespréicher am Mëttelpunkt stoungen. De Kosovo, d’Relatioune mat Russland an den EU-Traité. Fänke mer mam leschten un. De Reformvertrag soll a gutt 5 Wochen zu Lissabon vun den EU-Staaten hire Regierungscheffen ofgesehnt ginn. D’Zäit leeft also bësse fort, a Polen gëtt och nei gewielt. Wéi gesäit et dann aus mam Traité, wou si mer do drun ?

Jean Asselborn: Also, ech mengen dat alleréischt, dat huet all Mënsch an der Réunioun och hei gesot, déi Aarbecht déi de Moment zu Bréissel gemaach gëtt vun de Juristen ënnert der Direktioun vum Jean-Claude Piris, ass eng excellent Aarbecht, konstruktiv, an all Land mécht och do mat. Ech mengen, do gëtt och den Ënnerbau vun där Transpositioun vum Mandat gemaach.

Mir hu gëschter lo hei festgestallt, datt virun allem och England ganz, ganz positiv drun erugeet, datt se soen, mir wëllen, datt dee Mandat deen den europäesche Conseil Europa ginn, datt deen ëmgesat gëtt, datt dat d’Referenz ass. An ech mengen, dat war eng Approche déi ee vun England vläicht net esou kennt, mä dat war extrem positiv. Ech muss och soen, datt vum politeschen Point de vue et eigentlech keng Brems gëtt, déi insurmontabel wier. Déi Ausseministeren hu jo net nëmmen an hirem eegene Numm geschwat, si hu jo och am Numm vun hirer Regierung geschwat. Dat misst also klappen.

Bleift Polen. A mengen Aen – ech sinn elo vläicht e wéineg zevill realistesch, mä dat wäert awer esou sinn – datt Polen mat där berühmter Ioannina-Klausel virufiert bis zum bitteren Ende. Si brengen och nach zwee, dräi aner kleng Punkten ervir, mä ech mengen do dierf een elo net nervös ginn. Mir kennen och schonn e wéineg déi Strategie vun den Hären Kaczynski. Si spillen do bis zum Schluss déi Gei. Awer ech sinn iwwerzeegt, datt se do - ils vont rentrer dans les rangs - wéi d’Fransouse soen. Si wäerten sech do och bekennen zu Europa. Si hu Wahlen, déi sinn ugesat e puer Deeg jo no deem Sommet hei a Portugal. Mä ech sinn iwwerzeegt, datt dat klappt.

An dann, wann dat hei a Portugal, wa mer do zu engem Accord kommen – virdrun hu mer nach eng Kéier eng Ausseministersitzung – de 15., e puer Deeg virdrun zu Lëtzebuerg – da kënnt iwwersat ginn, an da kéint ënnerschriwwe ginn am Rumm vum Conseil européen am Dezember. Bon, do ware mer jo schonn eng Kéier, dobei ass dat Schwieregst natierlech d’Ratificatiounen, mä déi si jo da virgesinn fir d’Joer 2008, fir datt dann de Vertrag a Kraaft ass am Juni 2009.

Carine Lemmer: Déi ugeschwate Relatioun tëscht der EU a Russland war dann och en Thema bei Äre Gespréicher. Wéi gesäit et dann do aus ?

Jean Asselborn: Jo, mir hu gëschter méi wéi 3 Stonnen iwwert virun allem eisen Ëmgank mat Russland geschwat. Ech wéilt vläicht, fir ze resuméieren, fir d’éischt en dueble Constat maachen. Dat éischt, dat ass, a Saache Demokratie, Mënscherechter. Demokratie en général, ass dat wat do geschitt condamnabel a Russland ? Dat ass net dat, wat mer eis erwaart haten nom Fall vun der Mauer, wann ech esou dierf soen.

Ech gleewen awer drun, datt Russland nach an enger Transitiounsphase ass, datt elo e Creux sech an de Spillreegelen ageflecht huet, deen awer z’iwwerwannen ass. Op jidde Fall muss een dat ëmmer rëm repetéieren, dat ass och hei vu jiddwerengem widderholl ginn. Domat kënne mer eis einfach net offannen, an dann d’Blad ëmdréinen.

Op déi aner Manéier wësse mer, datt op der Welt déi grouss Problemer – sief et am Moyen Orient, sief et am Iran fir nëmmen déi ze nennen – datt mer do d’Mathëllef vu Russland brauchen. Mir hu nom Fall vun der Mauer an der Europäescher Unioun dat eenzegt Richtegt gemaach, nämlech wollen e strategescht Partenariat opbauen mat Russland. Dat klappt immens gutt an der Economie, wann der Zuelen huelt. 70% vun de friemen Investissementer a Russland, dat sinn europäesch Investissementer. 50% vun den Exporter vun Russland ginn an d’Europäesch Unioun. Mir hunn och donierft virun eiser Présidence 2005 déi 4 Espacen, wou mer wëllen och mat Russland um politesche Plang, um Sécherheetsplang, um kulturelle Plang zesummeschaffen, ausgebaut.

Et kéint ee vläicht festhalen, dat ass och hei e wéineg duerchgeklongen, datt d’Russland vum Putin am Joer 2007 net méi dat Russland ass, wéi mir et nach am Ufank vun eiser Présidence 2005 e wéineg gesinn hunn. Et ass e grousst Selbstbewosstsinn erakomm. Russland consideréiert sech an agéiert och wéi erëm eng Puissance mondiale. Do kommen Iwwerlappungen. Ech mengen, do dierfe mer eis net wonneren wa mer iwwert d’Erweiderung vun der NATO zum Beispill schwetzen, an de Südkaukasus oder d’Rakéiteschëld, datt mer do mat Russland selbstverständlech an eng ganz stramm Kontrovers kënnen erakommen.

Mir hunn eppes gesot, gëschter, ganz kloer : Kosovo, dat ass d’Affär net vun de Russen, net vun den Amerikaner, dat ass d’Affär vun den Europäer. Wann et fir Russland eng roud Linn bei Kosovo gëtt, da gëtt et fir eis och eng roud Linn, dat ass eis Affär, dat ass d’Affär vun den Europäer. Ech mengen, dat hu mer ganz kloer gesot.

Mä fir mat Russland ofzeschléissen, laangfristeg gesinn däerfe mer als Europäesch Unioun net de Feeler maachen fir Russland iergendwéi Unzeechen ze ginn, datt mer Russland nëmme gutt géife gesinn, wann et sech géif méi no Osten dréinen, no China, no Indien. Mir brauchen och an Zukunft, am Opbau vun dësem 21. Joerhonnert, e Russland wat sech no Europa dréint, wat sech no dem Westen dréint.

A mir jiddefalls als Europäer, déi dëse Kontinent, wat d’Zesummeliewen ugeet, jo praktesch geographesch op mannst ze deelen hunn, mir hunn all Intérêt dorun. Also et muss een oppassen, datt een déi national Intressen déi een huet, als EU-Land, mat Russland, datt een déi net europanéiséiert, generaliséiert, an doduerch dann nëmmen dat duerch de Brëll vun deene Relatioune gesäit. Mä et muss een et praktesch, strategesch gesinn. Wat ass de laangen Intressen ? De laangen Intressen ass, datt mer eng gutt Zesummenaarbecht hu mat Russland, dat heescht net „à tout prix“, mä datt mer trotzdeem all Efforte maachen.

Carine Lemmer: Dir hutt de Kosovo elo schonn ugeschwat, Här Asselborn. Leien déi 27 EU-Ministeren dann op enger Linn wat de Statut vum Kosovo ugeet ?

Jean Asselborn: Och do kann ech soen, datt mer an eiser Diskussioun, déi elo nach amgaangen ass, wëssen, datt déi Aufgab, déi mer dem Ambassadeur Ischinger ginn hunn – den Ambassadeur Ischinger ass däitschen Ambassadeur zu London, dat ass de Représentant elo vun der Europäescher Unioun, vun der ganzer Europäescher Unioun a net nëmmen vun der Kontaktgrupp, vun deene Länner déi do dra sinn, mä vun deene 27 – an enger Troika wou och en Ambassadeur vun den Amerikaner dran ass, an och e Russ dran ass. Déi schaffen also fir déi zwou Parteien, d’Serben an d’Kosovaren, un een Dësch ze kréien, fir datt se matenaaner verhandelen iwwert hir Zukunft.

Den Ambassadeur Ischinger huet de Moien eppes gesot, wat héich intressant ass. Hee mengt, et wier nach Beweegung méiglech. Mir wëssen, realistesch, datt d’Chancen zu engem Accord ze kommen vläicht ënnert 10% leien. Mä trotzdeem mengt hien, et wier méiglech. Do spillt och erëm selbstverständlech de Facteur Russland eng Roll, de Facteur Amerika spillt eng Roll. Et muss een do d’Nerven behalen, net zevill öffentlechen Drock maachen.

Mä nach eng Kéier, d’Kosovaren an d’Serben, ech mengen déi musse verstoen, an et ass jo Zäit bis den 10. Dezember, datt wa si net selwer aushandelen, wéi hir Zukunft soll ausgesinn, da maachen anerer dat fir si. An duefir ass déi nächst Reunioun, déi elo ass zu London, vun där Troika mat de Kosovaren a mat de Serben, dann zu New York am Kader vun der 62ter Assemblée générale vun der UNO. Den 10. Dezember gëtt dee Rapport deposéiert beim Ban Ki-Moon, beim Generalsekretär vun der UNO.

Et soll een öffentlech net driwwer schwetzen, wat duerno geschitt. Mä et soll een awer schaarf nodenken, mir virun allem als Europäer – ech hu gesot, d’Kosvo-Fro ass eng Fro wou mir responsabel sinn als Europäesch Unioun – an ëmmer erëm de Message ginn un déi béid Säiten, datt Kosovaren a Serben jo wëllen hir Zukunft laangfristeg an Europa gesinn. Also et muss och dat Vertrauen an Europa do sinn, an et muss och eng europäesch Léisung méiglech sinn. Dat ass dran, dat ass extrem schwiereg, mä mir dierfen dat net opginn a net elo schonn eis an eng Situatioun setzen wou mer nëmme just en zerapptent Europa duerstellen - dat ass net de Fall - an och net duerstellen, wéi wann déi Troika näischt kéint fäerdeg brengen, wat positiv wier.

Carine Lemmer: Här Asselborn, villmols merci fir den Interview.

Jean Asselborn: Merci, Madame Lemmer.

Dernière mise à jour