Le ministre du Travail et de l'Emploi, François Biltgen, invité de l'émission "Riicht eraus"

Jay Schiltz: Gudde Mëtteg an der Emissioun "Riicht eraus". Bis eng Auer ass de François Biltgen eisen Invité. Gudde Mëtteg, Här Biltgen.

François Biltgen: Gudde Mëtteg, Här Schiltz.

Jay Schiltz: A merci, datt Dir Iech haut de Mëtten Zäit fir eis geholl hutt oder datt den Här Staatsminister Iech goe gelooss huet. D’Regierung war nämlech virgëschter a gëschter a Klausur fir de Staatsbudget vum nächste Joer fäerdeg ze maachen. Esou ganz schéngt dat fir den Ament nach net gegléckt ze sinn, de Budget ass nach net an drëchenen Dicher. D’Minister ginn d’nächst Woch nach emol bei de Budgetsminister. U wat läit et, datt Dir nach net fäerdeg sidd?

François Biltgen: Ech menge mir hu kloer Virausgaben, déi mer iwwregens och an der Tripartite festgeluecht haten, nämlech de Budget ass jo nëmmen als een Element ze gesi vun der Gesammtfinanzlag vum Staat. An do hu mer eis Virausgabe ginn, fir erëm ee positive sougenannte Maastricht-Solde ze kréien. Mir sinn nach net an engem positiven. Et geet besser, engersäits duerch déi Aspuerungsmoossnamen déi mer an der Tripartite beschloss hunn, anerersäits natierlech och duerch d’Konjunktur, hu mer vill méi ee klengen Defizit wéi mer geplangt hunn, mä mir mussen awer op där doter Richtung bleiwen. Wa mer wëllen, och der nächster Regierung, der nächster Generatioun d’Méiglechkeet ginn uerdentlech Politik ze maachen, musse mer och eng virsichteg Politik maachen. Da wiisst eise Budget doutsécher méi wéi dee vun eisen Nopeschlänner, mä en dierf awer net méi wuesse wéi d’Croissance d’nächst Joer ka sinn. A bei der Croissance d’nächst Joer do musse mer ebe méi virsichteg sinn, wéi mer dat vläicht nach virun 2 Méint geplangt haten.

Wann ee weess wéi mer ofhängeg si vun der Finanzplaz Lëtzebuerg a wa mer net wëssen ob, a wa jo, a wat fir engem Mooss direkt oder indirekt Auswierkunge vun der amerikanescher Immobiliekris kënnen awer op d’Bankplaz kommen, da solle mer net elo zevill ee grousse Wuesstum scho fir 2008 virausgesinn, da solle mer do e bësse méi virsichteg sinn an da solle mer do ebe kucke Fouss beim Mol ze halen. Dat ass dat wat mer gëschter als Fazit beschloss hunn. Den 10. Oktober, kann ech Iech och berouegen, gëtt dee Budget déponéiert. Bis dohinner maache mer dat.

An et ass jo och nach eng aner Diskussioun déi mir och wëlle féieren, déi de Staatsminister och ufänkt d’nächst Woch mat de Sozialpartner ze feieren, déi och eppes mat den Tripartitebeschlëss ze dinn huet, nämlech ze soen, wéi kënne mer och eng sozial Offiederung maache vun enger Partie Tripartitebeschlëss, dat natierlech och gekuckt a Stéierbegradegungen am Stéierbarème. Dat hu mir och virausgeschéckt an dat muss een alles als ee ganze Pak gesinn. Et kann een net engersäits d’Dépensë riseg an den Himmel wuesse loossen, op där anerer Säit da soen, esou an d’Stéieren, do huele mer der manner an. Dat geet net op. Et muss een also déi zwou Saachen an Aklang bréngen a fir eis ass natierlech, soen ech och hei als CSV-Parteipresident, ass déi sozial Offiederung vun den Tripartitebeschlëss extrem wichteg.

Jay Schiltz: Do gi mer herno vläicht e wéineg an d’Detailler, mä Dir hutt elo ee Stëchwuert ginn, déi amerikanesch Immobiliekris. Wéi een Impakt fäert Dir dann, datt dat kënnt op d’Finanzplaz Lëtzebuerg hunn? Hutt Dir doriwwer Iech Gedanke gemaach? Ass dat konkret?

François Biltgen: Konkret ass do näischt, well keen dat och am Ausland ka soen. Dat ass jo eng Kris déi eigentlech ugefaangen huet, doduerch datt d’Zënse ganz niddreg waren, datt et doduerch och Immobilien-Hypothekar-Darlehen gi si fir Leit déi ganz wéineg verdéngen, déi guer keng Garantie haten – wat zum Beispill zu Lëtzebuerg net géif geschéien. Déi sinn awer, déi Hypothekar-Darlehen, déi sinn dann net bei där éischter Bank bliwwen, déi sinn dann erëm eng Kéier iwwert de Wee vun Obligatiounen un een anere gaangen. Vu datt dee Marché geklommen ass, war herno eng gewësse Bulle do, wéi een dat nennt. Dat sinn also Saachen, déi sinn haut, déi ginn an de Bicher vun deem engen oder anere méi deier gefouert wéi se a Wierklechkeet elo wäert sinn, wou dee Maart erëm zesummegefall ass. D’Fro ass, sinn do Banken déi zu Lëtzebuerg einheimesch sinn, sinn déi do direkt, indirekt, hunn déi do esou Saachen an hirem Pak? Dat kann een net esou einfach soen. Doriwwer hate mer och länger Entrevuen, zum Beispill mam Yves Mersch, dem President vun eiser Zentralbank. Natierlech gëtt versicht do Saachen erauszefannen, mä dat kann een elo nach net soen an ech mengen, da soll een éischter virsiichteg sinn, wéi elo ze soen, mäi Gott loosse mer mol elo einfach d’Aen zoumaachen an doduerch. Dat kann een als verantwortlech Politiker net maachen.

Jay Schiltz: D’CGFP huet dës Woche e Communiqué erauginn an deem si drop higewisen huet, datt an de 7 éischte Méint vun dësem Joer de Staat iwwer 5,6 Milliarden Euro Recettë gemaach huet, dat ass ee Plus vu 25% géintiwwer deemselwechten Zäitraum vum Joer 2005. Wann dat stëmmt, gouf sech dann do iergendwou am Budget och verrechent oder anescht gefrot, kann een dann nach weider d’Lidd vum Spuerbudget, vun de Restrictioune sangen oder misst een net da vläicht op d’Politik zréckkommen, déi an de leschte Jore gefouert ginn ass?

François Biltgen: Also mir hunn ee grousse Problem an dee bleift: mir hunn en Maastricht-Defizit. Wa mer nämlech kucken, net nëmmen de Staatsbudget, mir kucken d’Fongen, mir kucken d’Pensiounskeesen, mir kucken iwwerhaapt d’Sozialversécherungskeesen, mir kucken d’Gemengen, hu mir insgesamt een Defizit. Deen Defizit ass méi kleng ginn, engersäits duerch dat wat mer décidéiert hunn an der Tripartite, déi aner Säit duerch déi gutt Konjunktur. Datt elo vill méi Suen erakomm si wéi mer bei der Tripartite virausgesinn hunn, ass well d’Konjunktur besser ass, well mer vill méi Wuesstum hunn, well mer Wuesstum hate bis zu 7%. Mat deem kann een awer net all Joer rechnen. Fir elo ze mengen dat géif ëmmer esou goen, kann een net rechnen.

Da muss ee wëssen, datt eng Partie vun eise Recetten, déi kréie mer duerch den E-Commerce. Ass deen éiweg? Dat kann ech Iech net haut garantéieren an da solle mer dat mol am Kapp hunn. Dann hate mer déi ganz Arcelor-Mittal Transaktiounen, déi si bestëmmt nëmme punktuell eng Kéier gewiescht. Dat heescht, mir mussen awer elo mol Fousss beim Mol behalen, eng Partie, ganz vill nei Recetten déi mer erakritt hunn, kuckt déi vum Droit d’apport, huet eppes ze di mat der Boursenentwécklung. Wann d’Boursenentwécklung net méi weidergeet, ginn déi erëm erof.

Dat heescht mir mussen zwou Saache kucken: mir musse virsichteg sinn an net elo einfach déi Konjunktur déi elo an d’Lut gaangen ass, mengen déi géif weidergoen. Déi geet net weider. Déi bremst sech of. Wéi wäit se sech ofbremst wësse mer net, mä si bremst sech of. Also musse mer virsichteg sinn.

Dat zweet ass, wat d’CGFP opgeworf huet, de Fait datt zanter 2002 d’Barèmë vun de Steieren net méi adaptéiert goufen, dat ass richteg. An do maache mer eis jo Gedanken an deem ganze Pak, fir ze soen, wéi kann een déi adaptéieren. Och do wëll ech awer da soen, datt wa mer zréckginn op d’Tripartitesbeschlëss, wat ass gesot ginn, ween am meeschte kéint drënner leiden, zum Beispill ënnert der Desindexéierung vum Kannergeld? Wee kann am meeschten drënner leiden? Famillje mat vill Kanner wou wéineg Akommes do as. Déi Famillje sinn awer ganz oft der déi souwisou keng Steiere bezuelen. Mir hunn nämlech ee ganz soziale Steiersystem, well den Agankssteiersaz ganz héich ass, esou datt mer besonnesch bei de Famillje, ganz vill Familljen hunn, déi Gott sei Dank keng Steiere brauchen ze bezuelen, déi da ganz vill vun hirem Semi-Net dann och kënne behalen. Wa mer elo géifen einfach soen, wat oft verlaangt gëtt, „passt einfach de Steierbarème esou un“, hätte mer fir just déi doten, déi de Risiko droe vun deenen Tripartitebeschlëss, hätte mer näischt gemaach. An dofir war jo déi Iddi komm, „studéiert mol ee Crédit d’impôts“, wat och méi einfach gesot wéi gemaach ass. Mä dat ass eng Diskussioun déi mir och an deenen nächsten zwou Wochen an der Regierung dierfte féieren, déi och mat de Sozialpartner gefouert ginn. Wéi kann een dann elo dat Ganzt esou zesummebréngen, datt mer awer och eng sozial Offiederung do maachen. An do soen ech Iech, datt meng Partei, d’CSV do ganz staark doropper wäert drängen, datt mer net einfach elo soen: déi einfach Léisung. Mir mussen awer och kucken, datt mer eng sozial Cohésioun an dësem Land erhalen an déi trëfft, déi sozial Cohésioun, de Risiko trëfft virun allem Famillje mat Kanner. An do ass natierlech, wat ee méi Kanner huet, wat do de Risiko méi grouss ass, datt een op emol d’Enner net méi beienee kritt.

Jay Schiltz: Wéi ass et da mam Crédit d’impôts? Wou ass dat dann drun? Ass dat z’envisagéieren elo am nächste Joer?

François Biltgen: Also dat sinn Diskussiounen, et sinn och technesch Diskussiounen déi lafen. Dat ass elo nach ze fréi fir do iwwert déi verschidde Modeller elo kënnen ze diskutéieren. Do kann ee sech verschidde Modeller virstellen. Dat wäert elo an deenen nächsten zwou Wochen, déi Gespréicher lafen. De Premierminister, dee jo och Finanzminister ass, deen ass do am gaange sech selwer do dran ze setzen a sech vill Zäit ze huelen.

Jay Schiltz: An d’Hannerfroe vun den Tripartitedécisiounen wat d’Gewerkschafte jo och elo fuederen, och d’CGFP, bon Steiertabellupassung hutt Dir elo scho kuerz ugerass, mä och d’Allocations familiales an esou virun, fir déi Décisiounen nees opzehiewen?

François Biltgen: Mir hunn an der Tripartite gesot, datt mer géifen eng aner, méi sozial Offiederung fanne fir d’Familljen. Dat si mir am gaangen ze kucken. Mir hu gesot, wann een näischt géif fannen, gutt, da misst ee vläicht op d’Réindexatioun vum Kannergeld zréckkommen, mä komm mir kucke mol nach eng Kéier. Wa mer elo soen, well mer Familljen hu mat Kanner, déi schlecht dru sinn, soen, dofir muss d’Kannergeld erëm automatesch an Zukunft indexéiert ginn, da maache mer awer just dat wou jiddweree seet, wat een eigentlech net dierft maachen, mä mir maachen de Stränzeprinzip. Jiddweree kritt da vill an natierlech treffe mer och domat déi Leit déi Schwieregkeeten hunn, mir treffen awer och vill Leit déi eigentlech keng Schwieregkeeten hunn. An dat mengen ech ass dat wat mer eis awer als Zilsetzung gemaach hunn, fir ze kucken, wéi kann een do méi ee sozialen Niveau erabréngen.

Wa mir wéi am Ausland géifen déi niddregst Gehälter ganz staark besteieren, jo da wär et jo einfach et an d’Lut ze setzen, mä all eis vergaange Steierreformen. Déi grouss Steierreform vun 1992, fir nëmmen déi ze soen, och déi vun 2002, hu mer ëmmer erëm gekuckt fir den Agankssteiersaz eropzesetzen, fir ze soen, ma een deen net vill verdéngt an notamment wann e Kanner huet, ma dee soll dann net nach vill Steieren ofginn. Dat bréngt natierlech mat sech, datt een deene Leit net méi kann iwwert eng normal Steierpolitik hëllefen, also muss een do kucke wéi een dat sozial géigesteiert.

Jay Schiltz: Wat wieren dann déi grouss Linne vum 2008er Staatsbudget? Kënnt Dir do vläicht schonn eppes soen? Investitiounspolitik?

François Biltgen: Also et ass ganz kloer, datt eis Investitiounspolitik muss weidergoen. Ech denken un d’Schoul. Ech mengen et si jo vill Schoulen annoncéiert ginn, déi mussen och gebaut ginn a kaschten och. Ech denken natierlech och un een Dossier dee mir um Häerz läit, Fuerschung an Universitéitspolitik. Belval, dat kascht op deenen nächste Jore 560 Milliounen Euro. Dat ass net näischt. Dat kascht net d’nächst Joer 560 Milliounen, mä et fänkt awer massiv un d’nächst Joer ze kaschten. De Fuerschungsbudget, do wëlle mer elo mol kucken d’nächst Joer mol fir d’éischt, 2008 iwwer 0,5% vum PIB erauszekommen. Da si mer nach net op deem 1%, deen eigentlech ideal wär fir ëffentlech Fuerschung. Mä do komme mer och méi héich. Dat sinn also alles Suen déi uginn. Den Entwécklungsbudget, hu mer wëlles fir op 1%, elo net d’nächst Joer ze goen, mä och den Entwécklungsbudget soll klammen. Et ass awer wichteg, menge mir, datt ee Land wéi Lëtzebuerg, wat eng gewësse Prospéritéit huet, awer och d’Signal gëtt fir aner Länner. Dofir hoffen ech als Kulturminister, mä vläicht komme mer herno nach zréck, Kulturminister um Pabeier selbstverständlech, datt vill Leit d’„All we need“-Ausstellung zu Esch-Belval kucke ginn.

Jay Schiltz: Gutt, den deementspriechende Gesetzesprojet vum Staatsbudget, dee gëtt den 10. Oktober an der Chamber déposéiert an da gi mer wuel dann och méi Detailler iwwert déi grouss Linnen vum zoustännege Minister dem Luc Frieden gewuer.

Jay Schiltz: Huet Ären Dag eigentlech nach genuch Stonnen Här Biltgen?

François Biltgen: Den Dag huet ni genuch Stonnen an dofir muss een och seng Prioritéite setzen an dat zielt och fir d’Politik. Et muss ee mol kucken als Politiker sech net mat Niewesächlechkeeten zevill ze beschäftegen, op déi Haaptpunkten anzegoen déi och de Leit um Häerz leien an dat maachen ech als Parteipresident.

Jay Schiltz: An der Aktualitéit dës Woch gouf et direkt e puer Héichpunkter, mat deenen Dir an iergendenger Form, an iergendenger Funktioun eppes ze dinn hutt. Fänke mer vläicht u mam Ausrutscher, wéi de Bistum dat genannt huet, vun Ärer Parteikollegin an Députée-Maire vu Jonglënster, der Françoise Hetto. Si sot dës Woch a Saache Reliounsunterrecht dat heiten:

Françoise Hetto : Wann ech elo kann a mengem Numm schwätzen, géing ech soen, datt d’Relioun ganz kloer e wesentleche Bestanddeel ass vun engem Werteunterrecht an datt mer eis musse Gedanke maachen, ob mer an Zukunft net esou ee Cours sollen an eiser Schoul aféieren. Well mir hunn dovunner geschwat, vun Elterenaarbecht, do sinn esouvill Begrëffer wéi Toleranz, Responsabilitéit, Solidaritéit, ech weess net wat ech Iech nach soll alles opzielen, déi vun doheem aus vläicht net méi mat op de Wee gi ginn a wou d’Schoul déi Aufgab muss mat iwwerhuelen an dat hätt Plaz an engem Werteunterrecht. A mir denken, zu engem Deel an onser Fraktioun hu mer scho rieds gehat doriwwer, datt dat am Fong geholl kéint eng Form sinn, datt d’Relioun Plaz hätt an engem Werteunterrecht. Ech wëll awer domat net soen, datt eis Partei elo net wëllt méi Reliounscoursen aféieren. Dir hutt mech gefrot, ech hunn Iech elo meng Meenung gesot. Also esou ee Werteunterrecht wier op alle Fall, egal a wéi enger Form, wichteg fir deen z’integréieren.

Jay Schiltz: Dat huet net nëmmen dem Parteisekretär Marco Schank e puer Schweessdrëpsen op d’Stier gedriwwen. Här Biltgen, wat haalt Dir da vun der Madame Hetto hiren Aussoen? War dat just een Ausrutscher? Diskutéiert d’CSV an der Fraktioun oder parteiintern iwwert dat wat si elo gesot huet?

François Biltgen: Also dat, wa mer dat ganzt Zitat do héieren Här Schiltz, dann ass dat jo näischt wat mech elo géif laanscht mäi Schlof bréngen, aus deem ganz einfache Grond, well mer nämlech déi doten Iddie scho laang diskutéieren. Wat huet d’Madame Hetto gesot? Nämlech, datt mer als Partei der Meenung sinn, datt de Reliounsunterrecht wichteg ass, well den aktuelle Reliounsunterrecht ass jo och ee Werteunterrecht. Mir hunn zur Zäit Werteunterrecht, well de Reliounsunterrecht ass kee Katechismusunterrecht. Mir hu Reliounsunterrecht, kathoulesche Reliounsunterrecht, deen och eng Wertevermëttlung mécht a mir hunn, wat dat haut heescht, et ass net méi d’Morale laique wéi fréier, d’Education morale et sociale, déi dat sollt maachen.

Wat hu mer an dëser Koalitioun décidéiert? An ech ka mech nämlech selwer erënneren, du war ech scho Parteipresident, datt ech wesentlech deen Text geschriwwen hunn, datt mer soen, mä komm mir probéiere mol am neie Lycée, wat jo een neie Projet ass, eis eppes Neies afalen ze loossen, als Pilotprojet, net méi, net manner, fir do ze kucken, fir an engem eenzegen Unterrecht alles mateneen afléissen ze loossen. Dat heescht, och d’Relioune mat afléissen ze loossen an do niewent der kathoulescher Relioun och aner Reliounsgemeinschaften, wéi zum Beispill déi musulmanesch, mat afléissen ze loossen. Och d’laizistesch Kräfte mat afléissen ze loossen an ze soen, komm mir kucke mol wéi ee kann an engem Unterrecht, wou mer natierlech musse wëssen, wat sinn dat déi Werter déi mer vermëttelen, well dat ass ëmmer, also Toleranz, Verantwortung, dat ass alles schéin a gutt, do muss een awer e bësse méi an d’Déift goen dovunner an da kucken, wéi kënnen do all déi Kräften kënnen afléissen. An dat hu mir ënnerschriwwen a wann dee Cours eng Kéier évaluéiert ass, dee muss intern évaluéiert ginn, dee muss extern évaluéiert ginn, do muss ee kucke wat bréngt dat dann elo schlussendlech, da muss ee kucken, wéi kann een eventuell esou Gedanke weiderdreiwen.

Dir sidd elo mam gudde Passage komm, nodeem ech gesot hunn, als Parteipresident misst ee sech ëm dat Wesentlecht bekëmmeren. Wat mech, ech wëll net soe stéiert, dat gehéiert zum parteipolitesche Spill, verschiddener spille jo hei, datt elo versicht gëtt aus engem Niewesaz vun der Madame Hetto an der Froestonn, no der eigentlecher Pressekonferenz, do elo eppes opzebauen, wou et drëm geet, dat gehéiert awer zum parteipolitesche Spill, d’CSV wëllen an en Eck ze drécken oder Sträit an hire Reien ze verursaachen a verschiddener geet et drëm fir carrément d’Relioun aus der Schoul erauszehuelen.

Esou ass dat net ofgemaach an esou geet dat och net. Well do si fir mech dräi Saachen déi wesentlech sinn, déi net däerfen op der Streck bleiwen, well dat éischt wat net dierf op der Streck bleiwen dat sinn d’Schoulreformen. Do halen ech et mat der Madame Delvaux an ech zitéieren dat wat si op der Tëlee gesot huet, den 19. huet se gesot: „ ech hätt awer elo net gären, datt mer elo nach méinten- a jorelaang iwwert dee Sujet do diskutéieren an da mat deenen noutwennege Reformen, déi mer brauchen, datt mer dofir net géife weiderkommen“. Dat ass meng Meenung och. Déi Pressekonferenz hu mir ginn, fir der Madame Delvaux Réckendeckung ze ginn, fir hir Schoulreform, wou mir gären op verschiddene Punkte méi wäit gaange wären, mä déi Reforme sinn awer elo gutt, komm mir zéien se elo duerch. Et gëtt Zäit an ech soen dat als Aarbechtsminister, et gëtt Zäit datt mer se maachen. An ech hunn e bëssen Angscht, datt verschidde Leit, esouguer an der LSAP, elo déi heiten Diskussioun wëlle benotzen, fir datt d’Madame Delvaux net soll weidergoen. Dat geschitt net. Mir sti voll hannert der Madame Delvaux a mir solle mat deene Schoulreforme weidergoen a mir solle parallel, an aller Rou, iwwert aner Punkten diskutéieren.

Mä dat Wesentlecht vun der Schoul, dat ass datt zur Zäit net all Kand déi echt Chancen huet. An dem „Emploi des jeunes, les jeunes face au marché de l’emploi“, deen de Statec och erausginn huet dëser Deeg, gesi mir, datt d’Kanner sech reproduzéieren, dat heescht, wann d’Eltere Schoule gemaach hunn, ee gudden Job hunn, dann hunn d’Kanner vill Chancen. Wann d’Eltere Lëtzebuerger sinn hu se méi Chancë wéi wa se Portugis sinn. Dat sinn dach déi grouss Erausfuerderunge vun der Schoul, vun der sozialer Kohesioun, déi dierf net ënnert d’Rieder kommen.

An dat Zweet wat net dierf ënnert d’Rieder kommen, soen ech awer och hei, dat ass awer och de Wëlle vun de Leit dobaussen. Ech bréngen Iech dann nach een Zitat, nämlech dat vum Här Bodry deen och den 18. zur selwechter Zäit wou mir eis Pressekonferenz haten, huet den Här Bodry och iwwer Reliounsunterrecht geschwat an ech zitéieren dat wat d’Tageblatt erëmginn huet: „das sei jedoch nicht bloss eine Frage der Arithmetik, sondern auch der öffentlichen Akzeptanz, betonte er. Immerhin würden vier Fünftel der Eltern ihre Kinder in den katholischen Religionsunterricht einschreiben, obwohl mit dem Moral- und Werteunterricht eine Alternative bestünde. Die Mehrheit trifft eine andere Wahl als wir uns wünschen.“ Sou Bodry.

An dat Drëtt wat net dierf ënnert den Dësch kommen, dat ass de Werteunterrecht an dofir huelen ech selbstverständelch dee Bréif op, deen den Här Bodry mir wéi deenen anere Parteipresidente geschriwwen huet, mä ech hätt gär, datt mer iwwer Werteunterrecht diskutéieren an datt et net kann elo einfach sinn, wéi gi mer de kathoulesche Reliounsunterrecht lass. Komm mir diskutéieren iwwert de Werteunterrecht, komm mir diskutéiere mol iwwert d’Werter. Ech fannen, datt dat schonn eng Diskussioun ass, déi ee soll féieren, mä déi soll ee féieren ewech vum klenge parteipolitesche Calcul. Mir si bereet déi ewechzeféieren, ze diskutéieren, vum parteipolitesche Calcul a fir de Rescht hätte mir gären, datt et mat de Schoulreforme weidergeet an do soen ech Iech, do schwätzen ech net nëmmen als Parteipresident, do schwätzen ech och als Aarbechtsminister.

Jay Schiltz: Mä wier dann awer net déi Diskusisoun iwwert de Werteunterrecht oder d’Diskussioun iwwert de Reliounsunterrecht net och eng Reform wäert? Dir schwätzt vun der Reform, d’Akzeptanz an der Populatioun, firwat dann déi Exclusivitéit fir eng Relioun an eise Schoulen?

François Biltgen: No eisem System ass all Relioun déi wëllt, déi kann déi Demande stellen. Bis elo si keng aner Demandë komm. Da muss een natierlech dat aushandelen. Et ass jo evident, datt wann ee Reliounsunterrecht an der Schoul hält, datt deen och muss, d’Programme ginn zum Beispill vum Schoulministère approuvéiert. Dat muss jo dann och ee Programm sinn, deen effektiv déi Werter déi mir eis zesumme virstellen, deen déi respektéiert.

Am Ausland, kuckt mol an Däitschland, do gi ganz vill Diskussiouen gefouert an a ganz villen europäesche Länner och, fir de Reliounsunterrecht verstäerkt an d’Schoul eranzeféieren. Woufir? Mä fir och duerch déi Aféierung vun dem Reliounsunterrecht an d’Schoul och d’Reliounsgemeinschaften zu Werter eranzeféieren. Zum Beispill an Däitschland gëtt ganz vill driwwer diskutéiert, do hänkt et natierlech vun de Länner of, mä a verschiddene Länner, fir muslimeschen Unterrecht an d’Schoul ze bréngen, fir eben doduerch méi Integratioun ze kréien an doduerch och de muslimeschen Unterrecht esou ze féieren, datt en och op déi Werter hiféiert, déi eis Gesellschaft vereenen.

An dat ass jo dat wat an deem Pilotprojet vum neie Lycée esou interessant ass. Deen ass awer ganz nei. Et ass ee Pilotprojet an de Pilot ass eréischt gestart. Elo musse mer kucke wann de Pilot elo mol, ech wëll net soe scho geland ass, mä wann en awer elo mol seng Vitesse de croisière huet, datt mer eis mol eng Kéier do auserneesetzen. Dat hätt ee jo och scho kënne maachen, déi Leit mol eng Kéier an eng Chamberkommissioun ruffen, an eng ëffentlech Diskussioun. Ech mengen zwar, datt et vläicht wahrscheinlech ze fréi ass, well ech hu bis elo nach kee Rapport gesinn. Ech mengen een neie Lycée, den Numm seet et, en ass nei, komm mir ginn him d’Chance. Mä do hu mer op Initiative iwwregens net nëmme vun deem enge Koalitiounspartner, mä vun deem anere Koalitiounspartner, der CSV och, hu mer eis do eens gesat fir mol esou ee Pilotprojet ze probéieren. A wann deen Erkenntnisser gëtt, datt vläicht iwwert deen dote Wee ee bessere Werteunterrecht ass wéi deen dee mir elo hunn, well mir hunn elo Werteunterrecht, da solle mer doriwwer weiderdiskutéieren. Mä wou mir dogéint sinn, dat ass fir elo einfach ze soen, d’Reform vun der Schoul besteet doran, datt de kathoulesche Reliounsunterrecht ofgeschaf gëtt. Do menge mer, datt verschidde vun deenen anere Parteien op ee falsche Wee ginn. A wat hätte mer geschafft, wa mer soen, deen een ass eraus a mir hunn net iwwert de Werteunterrecht geschwat? An dat ass fir mech de wiesentleche Punkt.

Jay Schiltz: Een zweeten Aspekt vun dëser Diskussioun ass jo dann och ëmmer d’Trennung vu Kierch a Staat, wat ëmmer nees erëmkënnt. Den LSAP President Alex Bodry wëll parteiiwwergräifend eng Diskussioun an der Chamber lancéieren. Déi Demokratesch Partei huet gëschter esouguer d’Asetze vun enger Spezialkommissioun gefuerdert, well d’Trennung vu Kierch a Staat, elo, fir déi Liberal nees een éischt Thema wier, sot de President. Wéi stitt Dir dann dozou? Bréngt dat eppes, déi Diskussioun? Kann ee sech dovun eppes erwaarden?

François Biltgen: Also wat heescht d’Trennung vu Kierch a Staat? D’Trennung vu Kierch a Staat heescht, datt d’Kierch net hir Meenung dem Staat octroyéiert. Dat ass an eiser Verfassung, wéi an aneren och, gewährleescht. Da komme mer natierlech op d’Fro, wat ass Laizismus oder wat ass ee laizistesche Staat oder wat ass ee laikale Staat. Et gëtt een eenzege laizistesche Staat an der Europäescher Unioun, dat ass Frankräich. Déi soen, d’Trennung vu Kierch a Staat muss esou wäit goen, datt d’Kierch och ni Sue kritt vum Staat. Dat klappt awer am Detail net a Frankräich. Mä gutt, iwwregens ass a Frankräich eng aner Diskusisoun am gaangen, wou se sech am gaange sinn z’iwwerleeën ob et net besser wär, de Staat géif vläicht Moscheeë finanzéieren, wéi auslännesch an auswäerteg Kräften. Gutt. All déi aner Staaten hunn déiselwecht Trennung vu Kierch a Staat, bis op déi puer wou et nach keng Trennung gëtt, wou et nach Staatsrelioune gëtt, mä all déi aner do gëtt et keng Staatsrelioun. Zu Lëtzebuerg gëtt et och keng Staatsrelioun.

Mä an all deenen anere Staate ginn d’Glaubensgemeinschafte begleet, ënnerstëtzt vum Staat, fir och do eng Integratioun ze maachen. An dat ass bei eis den Artikel 21 vun der Verfassung, iwwert d’Konventiounen, wou d’DP 1998, wou mer déi éischt Konventioune gemaach hunn, deemools war se Oppositiounspartei a si huet eng Motioun erabruecht fir ze soen, „lauschtert Regierung, Dir musst an deem dote Sënn vun enger pluralistescher Gesellschaft och mat weidere Glawensgemeinschaften“ – gemengt war och virun allem déi musulmanesch Glawensgemeinschaft, net nëmmen déi, mä och déi – „musst Dir och déi Konventiounssystem maachen, fir datt mer do zesummefléissen an eng Integratioun, mä awer och verschidde Werter unerkennen“. Ech war deemools Rapporteur vun deene Gesetzer déi d’Konventiounen ugehaangen hunn an ech hu gesot, ech sinn d’accord, am Numm vun der Majoritéit dat unzehuelen, ënnert der Viraussetzung, datt mer awer soen, wat ee muss sinn als Glawensgemeinschaft fir eng Konventioun ze hunn. Et muss een enger Weltrelioun ugehéieren, et muss een och an aneren europäesche Länner normal aktiv sinn an och do respektéiert si vun deene Länner. Et muss een zu Lëtzebuerg gewëssen Aktivitéiten hunn, gewësse Memberen hunn a virun allem, dat war de wesentleche Punkt, et muss een den Ordre public zu Lëtzebuerg respektéieren. Déi Motioun ass deemools, 1998, main levée ugeholl ginn. Da géif ech gär wëssen, wann elo déi Parteien eng aner Meenung hu wéi deemols, well hei si mir an der Verfassung, dann hu mer eng Verfassungsdébatt, da géing ech gär wësse woufir een déi Verfassungsdébatt da soll féieren. Verfassungsdébattë si jo ëmmer ze féieren, et ass jo net, datt een déi net dierf féieren, net soll féieren. Et ass esouguer méi einfach ginn, zanterdeem mer et méi einfach gemaach hunn d’Verfassung ze änneren. Mir bleiwen awer als Partei der Meenung, datt dat doten ee gudde System ass an datt et och ee System ass deen zu Lëtzebuerg de multikulturellen an och de multireliéise Charakter vu Lëtzebuerg ënnersträicht an datt mer sollen man deenen Diskussioune weiderfueren.

Jay Schiltz: Bleiwe mer nach bei enger anerer Saach Här Biltgen, an Ärer Fonktioun als Parteipresident. Et gouf schonn neess, muss ee bal soen, Kritik un Ärem Ministerkolleg Inneminister. Zwee LSAP-Buergermeeschtere bekloe sech, datt den Inneministère sech a Gemengesaachen amëscht, déi en näischt uginn. Et ass net fir d’éischt, datt de Jean-Marie Halsdorf an der Kritik steet, erënnere mer un déi pénibel Summeraffaire mat der Cartes d’identité fir nëmmen déi ze nennen. Haten Är Kanner eigentlech ee Pass fir an d’Vakanz ze fueren?

François Biltgen: Meng Kanner haten ee Pass. Meng Kanner hunn 17 an 19 Joer an do musse se souwisou mat engem Pass fueren. Fir just ee Wuert do ze soen, dat war jo eng Décisioun déi net nëmmen den Inneministère, mä virun allem an éischter Linn den Ausseministère betraff huet. Wat war geschitt? Eppes wat soss ni a Fro gestalt ginn ass, nämlech, datt ee kéint mat deem wäissen Titre de voyage, dee meng Kanner wéi se méi kleng ware selbstverständlech och haten, datt een do kéint fueren ass mol net vun Douanieren, mä haaptsächlech – den Här Asselborn mengen ech hat dat am Detail erkläert – vu Flugcompagnien a Fro gestalt ginn. Dat waren eng Partie Fäll, virun allem a Portugal an an der Slowakei, souwäit ech den Här Asselborn an Erënnerung hunn. Doropshin ass décidéiert ginn an der Regierung fir ze soen, bon da komm mir maachen elo fir jiddwereen, warne mir a komm mir maachen dat. Dat huet natierlech eng ganz Partie Leit zurecht rose gemaach, wat ech absolut verstinn, well wann ech an deemselwechte Fall gewiescht wär an ech hätt mech do missen nach an d’Rei stellen, hätt ech och geflucht, wat d’Leit och gemaach hunn. Dat ass de Punkt, dat ass dee Moment erauskomm. Dunn ass versicht gi vum Ausseministère, dee seng Büroen direkt opgestockt huet – ech hunn iwwregens och Leit als Aarbechtsminister dohinnergeschéckt fir ze hëllefen dat ze maachen – respektiv vum Inneministère deen elo eng nei Carte d’identité gemaach huet an dann ass versicht ginn géigenagéiert ze ginn. Datt d’Leit rose waren, do verstinn ech d’Leit.

Jay Schiltz: Mä hätt een dann do net awer vläicht am Virfeld e wéineg méi prévoyant kënne sinn an déi Saach e puer Méint éischter kënnen entaméieren. Dir sot elo den Ausseministère huet jo am Fong awer d’Zopp geläffelt déi den Här Halsdorf gekacht hat?

François Biltgen: Dat weess ech net, ween hei weem seng Zopp geläffelt huet. Also ech ginn ëmmer dovunner aus, wann eng Zopp an enger Regierung versalzt ass, da muss d’ganz Regierung dozou stoen an da geet et net fir deen een deen anerem do Scholdzouweisungen ze maachen. Hei ass eppes duerch Zoufall schiefgaangen. Hätt ee kënnen éischter drun denken? Jo, ëmmer hätt ee kënnen. Wësst Dir, herno ass ee jo ëmmer méi klug wéi virdrun. Dat ass elo net d’Fro. Elo hu mir eng versalzen Zopp. Elo versicht d’Regierung zesummen, déi eng Ministèren wéi deen anere Ministère hu versicht dann erëm déi Zopp esou ze würzen, datt se och fir den normale Bierger dee wëllt mat senge Kanner iergendwou hifueren, hifléien – hei geet et jo haaptsächlech ëm d’Fléien, net ëm d’Fueren. Ëm d’Fléien ass et hei gaangen, datt mer do dat elo riichtgebéit kréien, dat ass den Haaptpunkt. Dat ass esou.

Jay Schiltz: Et héiert een esou Rumeuren aus Ärer Partei, wéi wann den Här Halsdorf e wéineg kontestéiert wier. Ass hien nach laang Minister?

François Biltgen: Also ech héieren déi Rumeuren net aus menger Partei, ech liesen déi Rumeure virun allem an den Zeitungen. Dat ass esou. Wësst Dir, Här Schiltz, wann ech elo zeréck denke virun net grad engem Joer war kee Minister méi kontestéiert wéi ech. An et gëtt mech nach ëmmer. A meng Politik déi ech deemools, wéint där ech kontestéiert war, net nëmmen datt se haut acceptéiert ass, mä se dréit esouguer och nach Friichten.

Jay Schiltz: Kënnt et dann zu enger Regierungsëmbildung nach an dësem Hierscht, wéi dat spekuléiert gouf?

François Biltgen: Jo, Dir spekuléiert hei op Grond vun Artikelen déi am Feierkrop stoungen.

Jay Schiltz: Jo.

François Biltgen: Elo mengen ech net, datt de Feierkrop vum Jean-Claude Juncker zum Sproochrouer vun der Regierung erkore gi wier. An duefir gitt emol dovunner aus, datt dat net stëmmt. An da soen ech Iech, och wann Dir mech an engem Joer hei erëm invitéiert, da wäert Dir gesinn, datt Dir mir och do musst Recht ginn, datt keng Regierungsëmbildung geschitt ass.

Jay Schiltz: Dann actéiere mir dat, Här Biltgen.

Een anere Sujet dann, do wiert Dir dann als Aarbechtsminister direkt concernéiert. Dat war dës Woch d’Annonce vum delegéierten Aussen- an Immigratiounsminister Nicolas Schmit. D’Regierung wäert elo schonn an den nächste Wochen, an net wéi initial geplangt, eréischt am Mee 2009, den Aarbechtsmarché fir Leit aus den neien EU-Memberstaaten opmaachen. Domat kritt zum Beispill e Pol oder en Ungarn d’Recht ouni e speziellen Aarbechtspermis hei op Lëtzebuerg ze kommen an ze schaffen. Virgëschter huet den zoustännege Minister Nicolas Schmit d’politesch Chamberkommissioun iwwer déi Démarche informéiert, an no der Sëtzung sot den Här Schmit dat hei:

Nicolas Schmit: Natierlech ass dat e Signal fir d’Leit aus deene Länner, mir trauen iech, mir vertrauen iech, mir gesinn iech eigentlech net als eng Aart vu Menace un. Mir wëlle mat iech zesumme schaffen, mir wëlle mat iech zesumme liewen, mir wëllen datt dat Europa mat deene 27 Länner, hei geet et jo elo em 25, well ech der zwee erausgeholl hunn, datt dat richteg zesummewiisst. An dozou gehéiert natierlech och d’Fräiheet fir do ze schaffe wou ee wëllt, à condition datt een en Job fënnt. An do wëll ech just dobäi soen, datt dat zesumme geet, déi Ouverture, mat engem Appell un d’lëtzebuergesch Employeuren, déi Leit natierlech, déi um lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart sinn, ze huelen, an dann iergendwou anescht ze kucken, wa Besoinen do sinn. Et gëlt elo net ze soen, de Steemetzer aus deem oder deem Land ass vläicht nach besser wéi deen aneren, an ech ginn elo dee sichen, an deen anere bleift op der Strooss stoen.

Jay Schiltz: Firwat hieft Lëtzebuerg dann elo schonn déi Dérogatiounen fir déi nei Memberstaaten op? Dat hätt jo eréischt 2009 solle geschéien. Ass dat wéinst de Chamberwalen am Juni 2009, an der Hoffnung, datt dat hei da schonn erduerch ass, a vläicht vun de Leit vergiess?

François Biltgen: Also Här Schiltz, hei wëll ech emol eppes soen, well ech op eppes zeréckkomme wat ech virdru gesot hunn, ob d’LSAP an d’DP, d’CSV, dat ass nämlech d’DP déi dat seet, mir géifen do net un engem Strang zéien. Och déi hei Décisioun déi den Här Schmit gëschter, mat senger Regierungsdécisioun, déi ass largement an der Regierung, a virun allem mam Aarbechtsminister diskutéiert ginn. Hei huet den Här Schmit dat gemaach, wat mir während laange Wochen zesummen diskutéiert hunn, an do ware mir der Meenung, datt een dat elo soll maachen, emol éischtens well een et eng Kéier muss maachen. Et muss een eng Kéier déi Ouverture maachen.

Et ass an den Discussiounen net einfach mat den neie Memberstaaten, déi soen, dir sidd witzeger, dir sot hei dir dierft bei eis un den Dësch iesse kommen, mä wa mir un der Dier klappen, da musse mir dobausse bleiwen. Esou datt een eng Kéier déi muss opmaachen. Mir hu se déi éischte Kéier net opgemaach. Dat war an enger Zäit, wou awer och de Chômage erëm ugewues ass zu Lëtzebuerg. Dat war eng vun den Ursaachen, datt mir du gesot hunn, 2004, komm mir huelen eis elo emol nach e bësselchen Zäit.

Dunn ass elo eng zweet Phase komm. An duerno, 2009, ass et esou, datt een da ganz gutt Grënn muss hunn als Memberstaat, fir ze soen, komm mir loossen d’Grenzen nach zou. Elo gesäit een zum Beispill, datt an Däitschland en Deel, et feele Fachkräften, do geet et op, an Éisterräich. Dat waren nämlech déi Länner déi och do zougesat hunn, déi maachen och op.

Mir haten e besonnesche Problem, mir si jo keng Insel, mä mir hunn Däitschland, Frankräich, d’Belsch ronderëm eis. Mir gesinn, datt et do iwwerall bougéiert. Da si mir der Meenung, hu mir eis gefrot, maache mir dat dann elo stéckweis op, oder maache mir dat net op? Elo musse mir eis eng Fro stellen, riskéiere mir hei zu Lëtzebuerg e risege Problem fir de Chômage ze kréien. Dat hu mir och mat de Leit vum Aarbechtsamt duerchdiskutéiert, an da soe mir ganz däitlech Neen.

  • Éischtens ass et jo elo esou, datt d’Konjunktur unzitt, an datt ebe mir net méi déi selwecht Situatioun hunn, wéi deemools wou mir gesot hunn, elo maache mir se net op.
  • Zweetens gesi mir, datt an anere Länner eppes bougéiert.
  • An drëttens gesi mir och d’Zuelen déi mir elo schonn hunn. An op Grond vun deenen Zuele menge mir net, datt dat do e groussen Drock op eisen Aarbechtsmaart gëtt.

Eise Chômage Här Schiltz, deen huet largement hausgemaachten Ursaachen, an ëm déi musse mir kämpfen. Dat si Strukturreformen, déi dem Aarbechtsminister um Häerz leien, déi en net alleng ka maachen, déi e mat senge Kollege wierklech zesumme mécht, wou en am gaangen ass mat senge Kollegen déi ze maachen. Mä et ass net hei, wou mir dat falscht Signal setzen, au contraire mengen ech, datt mir virun allem do wou mir ebe keng Leit an eisem Aarbechtsamt ageschriwwen hunn, Leit mat Qualifikatioune fir d’Bankplaz an esou weider, datt et do méi einfach gëtt, zum Beispill an der Zukunft esou Leit anzestellen, sou datt mir do der Wirtschaft entgéint kommen, ouni datt dat eng Gefor fir den Aarbechtsmaart ass. Also déi do Décisioun, Regierungsdécisioun, déi droen ech voll a ganz.

Jay Schiltz: Wat äntwert Dir deenen, déi Iech ënner Ëmstänn géife virwäerfen, elo opgemaach ze hunn, fir eisen Aarbechtsmarché mat Leit, déi dann hei Aarbechtsplazen ewech huelen?

François Biltgen: Ech mengen eben, datt dat just net de Fall ass. Eise Problem zu Lëtzebuerg ass jo net deen, datt mir net genuch Aarbechtsplazen hunn. Eise Problem ass deen, datt mir eng Partie Leit net op deen Aarbechtsmaart kréien. Woufir kréie mir déi Leit net op den Aarbechtsmaart? Wat ass de Problem vum Chômage zu Lëtzebuerg? Dat ass haaptsächlech e strukturelle Problem.

Dat si Leit, déi net déi néideg Qualifikatioun hunn. Dat sinn net nëmme Leit déi vun der lëtzebuerger Schoul gaange sinn. Dat sinn och Leit, déi heihinner koumen, an dann op emol hir Schaff verléieren. Ech wëll dat soen, fir datt mir net eis der Illusioun higinn, d’Schoulreform kéint alles bewierken. Nee, wa mir wëssen, datt 56% vun den Aarbechtsplazen déi zu Lëtzebuerg crééiert ginn, Bac+ Aarbechtsplaze sinn. Wa mir da wëssen, datt 25% vun de jonke Leit zu Lëtzebuerg, dat sinn net nëmme Lëtzebuerger, nëmme 25% vun deene Bac+ Schoul hunn, wa mir da wëssen, datt 17% vun de Schüler zu Lëtzebuerg ouni iwwerhaapt eng Qualifikatioun, ech schwätzen emol net vu Bac, a scho guer net vu Bac+, erauskommen, ma da musse mir wëssen, datt mir do ufänken.

An da kommen ech op dat zréck, wat ech virdru gesot hunn. Do ass et wou mir musse maachen, an duefir solle mir déi Schoulreformen, déi net einfach sinn, déi och doutsécher nach an der Chamber amendéiert ginn, mä mir sollen emol ufänken déi duerch ze sëtzen, well déi Schoulreformen déi brénge jo net d’nächst Joer hiert Resultat, an net d’iwwernächst Joer, déi brénge se emol net a 5 Joer, brénge se an 10 Joer. Dat heescht, déi Problemer déi mir elo hunn, déi lafen nach weider, déi Schoulreforme brénge jo eréischt éischt Resultater an e puer Joer. Ëmsou méi solle mir déi zügeg weider dreiwen. Dat ass de Problem vum Chômage.

Dann hu mir aner Problemer mam Chômage. Wa mir elo, d’nächst Woch wäerte mir d’Zuele vum August eraus ginn, an da wäert Dir doutsécher erëm eng Kéier mierken, wéi d’Politik och en Afloss huet op d’Chômagezuelen. Elo ginn ech Iech zwee Beispiller.

Dat éischt Beispill ass dat, datt wann de Chômage au sens strict, net genuch erofgeet, wéi ee sech kéint erwaarden, huet dat virun allem wéinst enger politescher Reform eppes domat ze dinn, dat ass d’Reform vun dem Reclassement externe, dat heescht déi Leit, déi fréier entweder eng Invalidepensioun kruten, oder guer näischt kruten, där gouf et och ganz vill, déi elo versicht ginn erëm eng Kéier reclasséiert ze ginn iwwer den Aarbechtsmaart, déi Zuel vun deene Leit déi steigt.

Wat ass de Problem bei deene Leit? Ma déi sinn zu 80% méi wéi 40 Joer al. Déi sinn zu 60% laangzäit Chômeur. Déi hunn zu 60% nëmme Scolarité obligatoire gemaach, an déi hunn nach ganz vill Gebriechen. Déi Zuel vun deene Leit déi wiisst. Elo geet et net alleng fir ze soen, déi geheie mir erëm eraus. Mir mussen also do eng Reform maachen, an de Mars Di Bartolomeo an ech mir hu jo elo besser Zäit, well mir mam Statut unique e bësse méi roueg sinn, déi nächst Reform déi mir maachen, mir gesinn eis schonn am Oktober dowéinst, dat ass fir ze kucken, wéi kann een do eppes besseres maachen. Well et kann een net engersäits de Chômage wuesse loossen, mä et kann een awer och net déi Leit einfach elo aus der Statistik geheien, a soen, dann hu mir de Problem geléist. Déi Leit hunn awer e Problem, mat deem Problem vun de Leit musse mir eis auserneesetzen.

Zweet Reform, déi awer och hir Friichten dréit, dat ass déi vum 5611. Do geet de Chômage erof, well mir nämlech, ech hunn elo vum Sens stricte gestallt, 4,1% oder 4,2%, am Schnëtt 4,4% duercht d’Joer.

Dann hu mir déi, wou mir am Schnëtt ëmmer 6,1%, 6,2% waren. Dat waren all déi Leit, déi an iergendenger Zort vun Ausbildungs- oder Beschäftegungsmoossname waren. An ech mengen déi solle mir och kucken, mir sollen net nëmmen déi niddregst Zuel huelen, et muss een déi héchst Zuel huelen, an déi gi kontinuierlech erof. Woufir? Ma well 5611 seng Friichten dréit.

Well mir net méi d’Jugendlech artificiell a Beschäftegungsmoossname beim Staat stiechen, wou se just dem Staat eng bëlleg Aarbechtskraaft ginn, mä wou se hir eegen Employabilitéit och nach verschass hunn. Doduerch datt mir déi elo massiv gekierzt hunn, déi CAT, an datt mir gesot hunn, komm mir kucken datt déi Leit schaffe ginn, stelle mir fest, datt de Chômage au sens large, erof geet, a komescherweis, dat muss sech awer elo nach bestätegen, geet de Jugendchômage insgesamt net an d’Luucht. Wat jo heescht, datt mir eigentlech virdru Leit fälschlecherweis, Jugendlecher, well do waren et virun allem Jugendlecher, déi och nach en Diplom haten, déi mir och nach bei de Staat geschéckt hunn. Dat kann et net sinn, an duefir hu mir déi 5611-Reform gemaach. Déi ass am gaangen éischt Friichten ze droen. Och do soen ech, wéi bei allem, et ass ze fréi fir elo schonn ze jubelen.

Mir hunn décidéiert, datt vum 1. Juli un déi Moossnam direkt vun engem Forschungsinstitut, nämlech vum CEPS gemonitort gëtt, fir datt mir wierklech elo net op Grond vun éischten Erfollegsmeldunge soen, hei Biltgen du hues gutt geschafft, mä datt mir dat kontinuierlech analyséieren. Ech hat d’Sozialpartner och d’lescht Woch zesummen, ech hu mat deenen ofgemaach, datt mir elo no 6 Méint, nämlech dann am Januar 2008 eis zesumme setzen an op Grond vun da méi fiabelen Zifferen dann dat do analyséieren, fir ze kucke wat huet et bruecht oder net. Mä déi éischt Zifferen déi sinn éischter positiv.

Jay Schiltz: Eng Fro nach, zeréck zu deem Ophiewe vun där Dérogatioun fir déi nei Memberlänner. Firwat bleiwen da Bulgarien a Rumänien weider nach dobaussen?

François Biltgen: Ech mengen, do ass et nach ze fréi aus enger ganzer Partie vu Grënn. Et muss ee jo kucken, datt déi do Länner vun deene mir elo schwätzen, déi 8, iwweregens Zypern a Malta ware vun Ufank un dobäi, déi 8 do déi si jo och schonn an anere Länner dobäi, dat heescht do hu mir och Erfahrungswäerter.

Déi Länner, stellt een och fest, an dat ass jo och e Grond woufir mer dat elo kënne roueg opmaachen, datt déi Länner elo am gaange sinn ze kucken, hir Leit do ze halen, well si soen, mir kënnen net kucken, datt d’Leit all fort ginn, well déi Länner zéie doduerch datt si an Europa sinn, zitt d’Wirtschaft un. An doduerch ass och elo d’Gefor manner grouss, dat ass e weidert Argument, fir datt elo géifen massiv déi Aarbechtskräften op de lëtzebuerger Marché stréimen.

Bei Bulgarien a Rumänien ass dat nach net esou wäit, an duefir hu mir gesot, mir huelen elo emol déi éischt 8, Bulgarien a Rumänien dat kucke mir an enger zweeter Phase.

An ech mengen mir wäerte och elo kucken, wéi elo déi Zuelen évoluéieren. Mir hunn iwweregens, mir hunn elo scho Leit zougelooss, mir hunn zum Beispill Leit zougelooss bei de Baueren a bei de Wënzer. Dat waren haaptsächlech Polen déi komm sinn, net nëmme Polen. Do muss een elo kucken déi Leit déi do sinn, ginn déi elo vläicht an aner Secteure schaffen, wéi dat fréier och bei de Portugisen de Fall war. Ech ginn dovunner aus. Da musse mir erëm kucke wéi ass et mat de Baueren a bei de Wënzer, dat iwwerwaache mir elo.

Mä ech soen nach eng Kéier, mir hunn déi do Discussioun net einfach esou aus der Hëft geschoss, mä all déi Parameteren déi ech Iech elo gesot hunn, déi hunn all zesumme gespillt, datt mir gesot hunn, et ass elo de gënschtege Moment fir et elo ze maachen, an da soll een net bis de leschte Moment waarden. Iwweregens ass dat elo keng nei Politik.

Wéi Portugal bäikomm ass an Europa, hu mir Lëtzebuerger eng extra laang Iwwergankszäit fir d’Portugisen deemools gefuerdert gehat. A mir hunn en cours de route op se verzicht, well mir déi selwecht Erfahrung gemaach hunn, déi mir elo menge mat deenen do Länner gemaach ze hunn. An duefir ass dat eng Décisioun, déi ebe sech op Grond vun deene Parametere justifizéiert, an déi absolut an d’Geschicht passt wéi mir zu Lëtzebuerg mat den Immigratiounen innerhalb vun Europa ëmgaange sinn.

Jay Schiltz: De Syndikat Gesondheet vum OGB-L deen ass rosen, dat huet e gëschter däitlech gemaach. Et geet jo am Kontext vun der Fusioun vum Nidderkuerer Spidol mam Escher Spidol em d’Matbestëmmung. D’Gewerkschafte géifen do vill ze vill spéit informéiert ginn iwwer e Contenu vu Comité-mixte Sëtzungen, dat wieren dacks Situatiounen mat deene sech d’Gewerkschafte géife confrontéiert gesinn. Den OGB-L fuerdert eng Reform vun de Gesetzer iwwer d’Matbestëmmungen, iwwer d’Delegatiounen. Hie wäerft Iech vir, Här Biltgen, als Aarbechtsminister den Avant-projet de loi am Tirang leien ze loossen. Nach en Extrait. De Pierre Schneider, Gewerkschaftssekretär vum Syndikat Gesondheet beim OGB-L:

Pierre Schneider: Déi Prozedure wéi se am Moment an de Gesetzer virgesi sinn, net méi deem entsprieche wat haut misst do sinn. An do hu mir och eng Kéier op där Syndikatskonferenz drop verwisen als OGB-L, datt et äusserst wichteg ass, an dréngend, datt den Aarbechtsminister endlech dat wat och am Regierungsprogramm steet, eng Verbesserung an eng Reform vun de Matbestëmmungsgesetzer an d’Wee leet. Et gëtt do en Avant-projet, dee mir och schonn als Gewerkschaft gesinn hunn, wou mir eis d’Méi gemaach hunn deen duerchzekucken. Den Aarbechtsminister vertréicht eis ëmmer erëm, dat geet iwwer Joere schon, dat géif dann elo iergendwann eng Kéier kommen. Am Moment ass et dann esou, datt hie seet, jo elo musse mir fir d’éischt de Statut unique kucken, an do duerno da kucke mir dat. Jo do duerno ass wahrscheinlech d’Legislaturperiode eriwwer, an da bon gutt, wann hien nach Aarbechtsminister ass, da kucke mir wat hien eis da seet. Wann en aneren do ass, da wäert deen eng aner Excuse eventuell fannen.

Jay Schiltz: Maja, Här Biltgen?

François Biltgen: Jo, et géif ee mengen den OGB-L wier net an der Tripartite dobäi gewiescht. Elo war en an der Tripartite dobäi, a mir sinn eis an der Tripartite eens ginn, datt dee Punkt, deen elo duerchgezu gëtt, datt dat de Statut unique ass. Elo war et esou, datt mir jo gesot hunn am Kader vun der Tripartite, et soll och e sozial grousse Reformvolet dobäi kommen.

Den Aarbechtsminister hat de Partner ëmmer erëm gesot, majo hie wier der Meenung, datt dat do, déi Reform, vun den Delegatiounen, vun de Comités-mixtes, datt dat eppes wier wat hie sech kéint virstellen. Et war allerdéngs esou, datt notamment d’Patronat, mir vergiessen dat net, datt d’Patronat dat do net wollt, a gesot huet, mä mir sinn awer bereet den Eenheetsstatut ze maachen. An duefir hunn ech an all deenen Discussiounen Eenheetsstatut ëmmer erëm de Sozialpartner gesot, virun allem och dem Patronat, lauschtert entweder gëtt dat elo eppes, oder et gëtt näischt. Wann dat näischt gëtt, deen Avant-projet läit do, deen ass fäerdeg, ech brauch en nach just e bëssen emzemodelen, an dat geet deen op den Instanzewee als Projet de loi. Mir sinn eis dunn eens ginn, an do war d’Gewerkschaft dobäi, déi grouss Reform ass elo de Statut unique, an déi aner Reform déi maache mir an enger zweeter Phas. Dat gëtt effektiv déi nächst Regierung, dat ass esou.

Elo kommen ech awer op dee Sträitpunkt zeréck, dee punktuelle Sträitpunkt deen hei ass. Ech weess net ob dat aktuellt Gesetz do schlecht oder net schlecht ass, well et ass jo net, datt ech dauernd géif Reklamatioune kréien, datt Comités-mixtes net géife fonctionnéieren. An dat muss een elo kucken u wat dat do läit.

Do muss een och natierlech wëssen, datt mir hei an enger spezifescher Situatioun sinn. D’Zukunft vum Nidderkuerer Spidol do sinn nach ganz vill aner Discussiounen déi do drun hänken, datt do natierlech Nervositéit ass, déi kann ech absolut verstoen. An da muss ee kucken, wat do de Punkt ass. An do mengen ech, hei si mir net an engem Betrib wéi en aneren. Hei ass et jo net, datt ech géif dem Betribschef emol op d’Fangere klappen, a soen, hei du wëlls iergendwéi däi Betrib op der Bourse verkafen, elo lees du emol d’Kaarten op den Dësch. Well do geet et drëms, do maache mir och nach eng Reform, iwweregens eng Direktiv setze mir elo ëm an deem do Sënn, mä hei geet et em politesch Décisiounen, hei si jo och Politiker déi do verantwortlech sinn, an déi sollen dann dat och maachen, wat si jo ëmmer soen, nämlech dann transparent maachen. Ech gi jo och dovunner aus, datt déi Politiker jo net nëmme vun Transparenz schwätzen, mä datt si och Transparenz walte loossen, an da muss déi do Discussioun esou geléist ginn.

Jay Schiltz: En anert ganz grousst Feld Här Biltgen an Ärem Domaine, dat ass d’Uni Lëtzebuerg, respektiv d’Héichschoul an d’Recherche. An deem Dossier do gëtt et e sëlleche Punkten ze diskutéieren. D’ACEL, den Daachverband vun de lëtzebuerger Studentevereenegungen huet Iech virgeworff virum kuerzem, net genuch bei der belscher Regierung intervenéiert ze sinn, fir datt d’Lëtzebuerger sech kënne fräi op de belschen Unien aschreiwen. Wou ass deen Dossier dann? Ass dat elo en Dossier, deen all Joer erëm kënnt, an all Joer nees zur Discussioun steet, oder besteet do Aussiicht datt Dir dat eng Kéier mat de Belsch hikritt?

François Biltgen: Also do si verschidde Saachen déi ee muss kucken. Well do si falsch Meldungen am Kapp. Ech begéinen ëmmer Leit, déi soen „ech ka mäi Kand net méi an d’Belsch studéiere schécken, well do ass en Numerus clausus“. Neen, deen Numerus clausus ass nëmmen a verschiddene Beräicher, am medezinesche Beräich.

Fir ee Punkt hu mir eng Léisung fonnt, duerch Verhandlunge mat der Belsch, dat ass nämlech fir d’Dokteren. Déi kënnen en éischt Joer op der Uni Lëtzebuerg maachen, an dann eriwwer goen. Wou hu mir kee fonnt? Dat ass haaptsächlech bei Kinésitherapeuten, Ergo-Therapeuten, Vétérinairen an anerer. Do läit deen Dossier do, do ass d’Belsch awer vun der Kommissioun ugesicht. Ech kommen op dee Punkt zeréck, well mir hunn do eis Meenung. Do hu mir awer versicht aner Léisungen ze fannen, nämlech ze soen, zum Beispill bei de Vétérinairen hu mir en Accord mat Maison Alford, wat déi bescht Vétérinairesschoul ass, fir och do Leit kënnen a Frankräich ënner Daach ze kréien. Well och do ganz kloer ass, an do leie mir am Héichschoulministère, d’Octavie Modert an ech, mat der ACEL op enger Linn.

Wou mir net mat hinnen op enger Linn leien, dat ass, si soen, alle lëtzebuerger Student muss dat kënne studéiere goen do wou hie wëllt studéiere goen. Dat kënne mir net garantéieren. Mir musse kënnen all lëtzebuerger Student garantéieren, datt hien dat ka studéiere goen, wat hie wëllt studéiere goen. Mir kënnen awer net garantéieren, datt hien dat onbedéngt an dat Land muss studéiere kënne goe wou hie wëllt. Duefir hu mir jo och versicht mat Kinéen aner Méiglechkeeten opzemaachen.

Nun ass et esou, datt déi belsch Regelung, datt déi ugesicht ass vun der europäescher Kommissioun. Si ass am gaangen d’Belsch unzesichen, dat heescht d’Belsch ass elo e falscht Wuert, d’Communauté francophone, a si ass am gaangen Éisterräich unzesichen. An d’Éisterräicher déi hunn en anert Regelwierk mat eis gemaach. Déi hunn déi traditionnel Virdeeler déi mir als Lëtzebuerger an Éisterräich haten, déi hu si oprecht stoe gelooss. Si sinn iwweregens och dowéinst ugesicht. Ech hu gesot net nëmmen datt dir ären eegene Leit Virdeeler wëllt maachen, par rapport zu den Däitschen, well do geet et em den Iwwerfloss vun deenen Däitschen, an der Belsch ëm den Iwwerfloss vun de Fransousen, net nëmmen datt dir wëllt déi Däitsch zeréck hale fir är Leit, mä dir maacht dann och nach de Lichtensteiner, de Südtiroler an de Lëtzebuerger maacht dir nach Extrawurschten.

Du sinn ech bei d’Kommissioun gepilgert a mir hunn do der Kommissioun erkläert, mir kënne keng Medezinfakultéit zu Lëtzebuerg maachen. Mir sinn also ugewisen, datt mir déi Studenten, esouwuel an däitschsproochegen, wéi och a franséischsproochege Länner ënner Daach kréien.

A mir ënnerstëtzen do Éisterräich an hirer Affaire géint d’Kommissioun. Wann Éisterräich sech do géif duerchsetzen, da wiere mir mat, hätte mir eis duerchgesat. An dann hätte mir e gutt Rechtsargument fir herno de Wallounen ze soen, lauschtert wa mir eis mat Éisterräich kënne bei verschiddne Formatiounen déi mir net kënnen ubidden – dat ass de spillende Punkt, kënne mir se ubidden, kënne mir se net ubidden, mir kënnen net alles ubidden an eiser Uni Lëtzebuerg, duefir si mir ze kleng – datt mir dat soen, maja da kéint ee jo och erëm op déi al Accorden zeréck kommen, déi mir fréier haten, a mat Lëtzebuerg dann extra Regelungen ze maachen.

Fir de Rescht si mir elo am gaangen ze kucken, engersäits den Dokteschproblem deen hu mir iwwer en Emwee geléist, déi aner diskutéiere mir weider. Mä mir hun eis ganz vill Méi ginn iwwer de Cedies, eise Service am Héichschoulministère, fir de Studenten ze hëllefen, fir ze kucke wou se op anere Plaze géinfen ënner Daach kommen.

Ech maachen en Appell och hei fir all déi Studenten, déi eent vun deene Studie wëllte maachen, ech denke virun allem un d’Ergo-Therapeuten an d’Kinésitherapeuten, sinn eigentlech déi, déi an der gréisster Zuel do sinn, fir sech beim Cedies ze mellen, ob si sech elo an der Belsch gemellt hunn oder net, och de Feedback ze ginn, zum Beispill si se ugeholl ginn, si se net ugeholl ginn. Ech menge wat mir méi Zifferen hunn, och am Cedies, wat et fir eis och méi einfach ass do de Studenten ze hëllefen.

Déi Discussioun wäert ech dann och den 13. Oktober zu München op der Reel nach eng Kéier mat der ACEL am Detail weider diskutéieren. Dat ass effektiv zur Zäit och nach ëmmer en Dauerbrenner, an duefir schaffe mir och nach ëmmer un deem Sujet.

Jay Schiltz: Wéi steet et mat der Uni Lëtzebuerg u sech dann elo, 2011 op de Broochen ass deen Datum nach okay? Wéi eng Fakultéite komme finalement dohinner, wéi eng net? Wat bleift an der Stad?

François Biltgen: Also éischtens ass et esou, datt d’Broochen nach ëmmer den Zentrum gi vun der Uni Lëtzebuerg, un där Décisioun vun der Regierung déi eigentlech opbaut op wat déi virëscht Regierung gemaach huet, ech wëll drun erënneren, datt deen Dossier, datt e Stéck vun der Uni soll op Brooche kommen, dat huet mam Michel Wolter als Inneminister ugefaangen, dee sech do duerchgesat huet.

Aus landesplanereschen Iwwerleeungen hu mir den 23. Dezember 2005 an deem Sënn méi ausgelëtzebuergescht, an deem mir gesot hunn, d’Rektorat kënnt dohinner, an op d’mannst zwou Fakultéite kommen dohinner. An déi Décisioun déi steet.

D’Maison du savoir, do ass de Concours d’architecte eriwwer. Wat heescht dat? Dat sinn d’Auditorien, d’Rektorat, d’generell Servicen. Do si mir am gaangen um Projet de loi ze schaffen, dee wëlle mir nach 2007 an d’Chamber bréngen. An do ass nach ëmmer eise Wonsch, datt 2008 de Spuetestéch ass. A wann 2008 de Spuetestéch ass, dann ass et absolut kee Problem, datt dat wat ech gesot hunn, spéistens d’Rentrée 2012, datt do déi Uni ka voll fonctionnéieren.

Iwweregens ass et esou, datt d’Uni Lëtzebuerg selwer op Grond vun hire Krediten, deen een oder anere Laboratoire och scho wëllt am Virfeld dohinner stiechen, an et ass schonn am gaange gebaut ze ginn. Also do leeft ganz vill.

Dann Är Fro, wat geschitt mat der drëtter Fakultéit? Do ass déi Fro déi sech fir mech stellt, dat ass déi wat ass am Interesse vun der Uni? Am Interesse vun der Uni ass e Site unique. All Uni déi ee Site huet, schafft besser. Dat wëllt net soen, datt eng Uni wou net alles op engem Site unique ass, datt déi net och ka gutt schaffen.

Wa mir, an do hunn ech Gespréicher scho mat der Stad Lëtzebuerg gefouert, hunn ech hinnen dat och gesot, ech kann als Héichschoulminister zeréck bei meng Kollege goen, an ech muss och bei d’Chamber goen, an deenen e Szenario virschloen, wou vläicht elo net alles op deem Site unique ass, mä da kann dat nëmmen esou sinn, datt d’Unitéit vun der Uni net a Fro gestallt ass. Wann et gutt Argumenter gëtt wéinst der Präsenz vun den europäeschen Institutiounen, a wéinst der Präsenz vu ville Banken, well et ass zum Beispill eng déck Bank och op dem Belvaler Site, wann et do Argumenter gëtt, datt dat am Sënn vun der Uni ass, fir do Fonctiounen an der Haaptstad ze loossen, op engem Site deen da Sënn mécht, wéinst deenen Fonctiounen, a wann doduerch d’Unitéit vun der Universitéit net a Fro gestallt ass, jo da kann ee sech virstellen, datt een esou e Pak mécht, an do hu mir Gespréicher scho mat der Stad Lëtzebuerg gefouert. Ech si mat der Stad Lëtzebuerg esou gutt am Gespréich, wéi ech och nach mat der Stad Esch am Gespréich sinn, an déi Gespréicher soll een och elo féieren, fir net herno eng Kéier aus der Hëft ze schéissen. An déi Gespréicher fuere weider.

Wichteg ass fir mech wat am Interesse vun der Uni ass. Déi Gespréicher déi stellen iwwerhaapt net a Fro, datt elo zu Esch-Belval, Belval-Ouest, investéiert gëtt. Do gëtt op Héichtoure geschafft, do komme jo och nach aner Saachen.

Et ass jo och esou, datt ech als Aarbechtsminister dat och begleeden an deem Sënn, datt d’Stad Esch emol net méi konnt, obwuel d’Gesetz dozou obligéiert ass, net méi konnt nei Gebailechkeeten zur Verfügung stelle fir d’Aarbechtsamt. Do baue mir elo Ufank 2008 eng Annexe op Belval. An ech sinn nach méi wäit gaangen, ech hunn och do en Accord vun der Regierung, datt eigentlech d’Zentralverwaltung vum Aarbechtsamt, datt déi also an 3-4 Joer, datt déi och op Belval kënnt, sou datt dann zu Lëtzebuerg do wou d’Haaptgebai ass vum Aarbechtsamt, datt do déi grouss Zentral ass fir den Zentrum. Mä den Direkter oder d’Direktesch vum Aarbechtsamt wäerten dann och op Esch kommen, soudatt dee Belval-Ouest ëmmer méi Formen unhëlt. Do ass jo och d’Privatwirtschaft déi investéiert. An do gesi mir och datt d’Privatwirtschaft eben och just bereet ass ze investéieren, well si gesäit datt de Staat bereet ass do eppes ze maachen.

An dann en anere Projet dee mir natierlech och, zesumme mam Octavie Modert, um Häerz läit, dat sinn d’Archiven, wou mir och am gaange sinn nei Pläng ze maachen. Eng Kéier mussen d’Archiven do fort wou si sinn, well do kënnt jo d’Cité judiciaire hinn. An och dat ass e wiesentlecht Element, datt do kulturpolitesch Elementer op Belval-Ouest kommen. Déi éischt Pläng, déi waren ze grouss, a mir sinn am gaangen nei Pläng ze maachen, zesumme mat deene concernéierte Verwaltungen. An dat wier eis och wichteg, datt d’Archiven och kéinten op Esch plënneren.

Jay Schiltz: D’Zäit leeft eis e wéineg fort. Ech hat mir vill Froen iwwer d’Uni opgeschriwwen. Eng wëll ech awer nach stellen, Här Biltgen. De Problem mat de Studentewunnngen, wou sidd Dir do drun? Gesäit een do Léisungen?

François Biltgen: Jo, do leeft ganz villes, souwuel an der Haaptstad wéi och am Süden. Elo ass et jo esou, datt mir och mat der SNCI zum Beispill zesummen dat begleeden, finanziell. Do war ech nach mam Octavie Modert viru kuerzem zesumme mat der Stad Esch, fir ze kucken, datt si och do sollen dat ufänken. Do sinn iwweregens och elo zu Esch e puer nei Iddien entstanen. An der Stad entsteet souwisou ganz vill. Well mir jo och net wëllen déi Studentewunnengen do just ronderëm d’Fakultéite leeën, dat heescht egal wat herno wou steet, ass et wichteg, datt d’Studenten iwwerall e bësselchen ugesidelt sinn. A mir läit et natierlech och als Escher um Häerz, datt d’Studente matten an Esch wunne ginn. Do muss d’Stad Esch och zum Beispill hir Gemengereglementer änneren. Dat wëlle si maachen. Also do ass elo nach net alles do, also dat wat mir brauchen ass nach net do, mä do geschitt ganz vill.

Do hu mir dann och e ganz flotte Projet zesumme mam Marie-Josée Jacobs als Familljeministesch, de Projet Babuschka. Ech wëll just ee Wuert zu deem soen, och en Appell maachen. Mir wëssen datt ganz vill Leit, notamment eler Leit alleng sinn, a grouss Wunnengen hunn, Haiser hunn, oder Wunnengen. Do hu mir e Projet, datt d’Uni Lëtzebuerg géif do kucken, datt d’Studente géinge bei si wunne kommen, d’Uni géif sech em alles bekëmmeren, déi Studente géifen da relativ bëlleg erakommen, op där anerer Saït géife si sech och em déi Leit bekëmmeren, zum Beispill d’Drecksemëren eraussetzen, oder Akeef maachen an esou weider.

Dat ass e Projet wou mir elo nach net duerch sinn. Do hu mir elo net vill Interessenten, well dat eppes neies ass, duefir maachen ech nach eng Kéier Reklamm dofir. Dat ass niewent den normale Studentewunnengen, ass dat eng weider Méiglechkeet fir Studenten, an och den Tissus urbain, an doduerch och an eng gewësse sozial Fonctioun mat eran ze kréien.

Jay Schiltz: Fir esou oft kënnt se ëmmer ze kuerz, d’Kultur. D’Kulturjoer geet lues awer sécher op en Enn. Wéi appréciéiert Dir dat Kulturjoer Här Biltgen? Hat et déi Resonnanz déi dir Iech versprach hat an der Groussregioun? Wat bleift? Ech stellen Iech d’Froen all beieneen.

François Biltgen: Also an der Groussregioun, déi Fro stellen ech elo an zwou Stonnen dem Peter Müller, Ministerpresident vum Saarland, an dem Här Leroy aus Lothringen, well mat deene maachen ech eng Manifestatioun an der Groussregioun, iwwer d’Groussregioun. Zu Metz maache mir déi.

Wat Lëtzebuerg ubelaangt, mengen ech datt et ganz gutt Resonnanz hat. Ech mengen, Dir kënnt jo och eng Kéier d’Octavie Modert hei ruffen, an d’Responsabel vun 2007. Wat fannen ech gutt?

Wat war 1995? 1995 hate mir näischt, mir hunn eng Zeltstad gemaach. An dorop hin ass emol eppes entstane wéi Champignonen zu Lëtzebuerg. Duerno hu mir hei net vill Suen an d’Bauten investéiert, well mir hu jo dotëschent, tëschent 1995 an 2007, op Impulser vum Erna Hennicot, villes an d’Bauten investéiert.

Wat hu mir elo? Ma elo hu mir nei Plazen, nei Iddië gemaach. Wann Dir elo kuckt, deen ass eréischt erauskomm, dee Programm, genee, fir de Schluss si ganz vill Manifestatiounen.

Zum Beispill en Theaterfestival an der Groussregioun, wat ech ganz flott fannen, wou besonnesch den Théâtre national do federführend ass. Dann hu mir zum Beispill an der Gebléishal zu Esch, ech hu schonn dovu geschwat, „All we need“, wat e grousse Succès war. Oder zu Diddeleng am Stolwierk, „Retour de Babel“, iwwer d’Immigratiounen.

Dat sinn Ausstellungen déi och en Deel bleiwende Wäert kënnen hunn, doduerch datt Bicher gemaach sinn. Et si ganz vill Filmer gedréint ginn. Déi Filmer bleiwe jo och. Ech mengen, datt eng ganz Partie Saache waren, déi fir Lëtzebuerg e bleiwende Wäert hunn, an déi eben, nodeem mir eng Zeltstad haten, nodeem mir tëschent deenen zwee Kulturjoere Baute gebaut hunn, hei gewisen hunn, datt ee Kultur ka praktesch iwwerall bréngen, ouni datt een déi elo erëm als Baute verfestegt, ech denken un den Danzfestival um Leschte Steiwer. Ech menge mir hu gewisen, datt ee Kultur kann op ganz ville Plaze bréngen. Ech mengen dat ass jo och eppes, wat mir wollten als Kulturresponsabel an dëser Regierung duerchféieren, fir ze soen, d’Kultur dierf net nëmmen an Tempele stattfannen, a mir wëlle keng Kulturtempelen, mir wëlle Kulturforumen, Kulturagoraën, do wou Leit si muss och Kultur kënne kommen. An ech mengen, datt dat de Verantwortleche vun 2007 gelongen ass.

Jay Schiltz: Eis Zäit ass ëm, Här Biltgen, duefir eng allerleschte Fro. Et bleiwen eppes méi wéi 20 Méint bi déi nächst Walen. Wat si bis dohinner Är Prioritéiten als Minister, als President vun der CSV? A sitt Dir am Juni 2009 nach dobäi?

François Biltgen: Also déi lescht Fro ass déi einfachst, well op där kann ech Iech keng Äntwert ginn. Déi Fro äntwert de Wieler.

Jay Schiltz: Dir gitt jo awer mat op eng Lëscht?

François Biltgen: Ech gi mat op eng Lëscht. Ech ginn och nëmmen mat op eng Lëscht. Ech hu mat ganz vill Satisfactioun festgestallt, datt déi Iddi fir getrennte Kandidatelëschten ze maachen, wéi se elo nëmmen d’CSV an déi Gréng opgeholl, d’LSAP sot, “wat jiddweree et mécht, da maache mir et och mat", d’DP an ADR waren éischter retizent. Ech hunn awer elo esouwuel d’DP héiere wéi d’ADR déi gesot hunn, esou hunn ech se op d’mannst verstanen, “mir sinn d’accord getrennte Lëschten ze maachen, wann d’CSV verzicht op Exceptiounen".

Wat hate mir gesot? Mir hate gemengt, een dee géif op déi Europalëscht goen, kéint duerno Commissaire ginn, well eigentlech d’Europaparlament matwielt. Wann dat de Konsens ass, a souwisou dat ass jo guer keng Fro, een deen op d’Europalëscht gëtt, dee gëtt net Minister, do si mir direkt eens. Wa mir op deenen zwee Punkten eens ginn, datt een deen op d’Europalëscht geet, och während deene 5 Joer ni Minister gëtt, gi mir direkt eens, mäi Gott da kënne mir och driwwer diskutéieren, ech hätt dat zwar eigentlech besser fonnt, mä doriwwer kann ech diskutéieren, wann dat de Konsens ass, datt déi 5 Parteien da soen, mir maache getrennte Kandidatelëschten 2009, ma da misste mir jo eens ginn.

Jay Schiltz: Här Biltgen ech soen Iech villmools Merci, datt Dir Zäit hat fir de Mëtteg bis bei eis an dës Émissioun ze kommen.

Dernière mise à jour