Le Premier ministre, président de l'Eurogroupe, Jean-Claude Juncker, au sujet du cours de l'euro et du projet de budget pour 2008

Frank Kuffer: Mir hunn also e staarken Euro, et war Enn September natierlech wéi dee Cours erreecht ginn ass, vis-à-vis vum Dollar an och vis-à-vis vum japanesche Yen, an dem chinesesche Yuan, a besonnesch dat mécht Iech Suergen. Dir plangt esouguer a China ze fueren, fir dee Problem do unzeschwätzen. Firwat?

Jean-Claude Juncker: De Problem ass net de staarken Euro, dee war versprach gi wéi mir d’Wirtschafts- an d’Währungsunioun gemaach hunn, an et hat keen eis gegleeft, datt mir aus dem Euro eng staark Währung géife maachen, eng Währung déi mindestens esou staark wier wéi déi däitsch Mark. Den Euro ass elo staark.

Dat huet grouss Virdeeler fir d’Konsumenten, virun allem. Wa mir den Euro net hätten, mä mir hätten nach de belsch-lëtzebuerger Frang, da wieren d’Benzinspräisser an d’Dieselspräisser op de Pompelen op d’mannst 38% méi héich wéi se haut sinn. Dee staarken Euro schwächt d’Importpräisser, notamment beim Ueleg, staark of.

Mä et huet natierlech eng Géigesäit, an déi Géigesäit ass déi, datt eng staark Währung déi e Währungs- a Wirtschaftsraum ofdeckt, och zur Folleg huet, datt an eenzelne Branchen d’Exporter wiesentlech méi schwéier ginn, well se ebe méi deier ginn. An doduerch datt d’chinesesch Währung an d’japanesch Währung eiser Aschätzung no net richteg bewäert sinn, sinn déi Produkter méi bëlleg, notamment an der Automobilsindustrie.

Japanesch Autoe verkafe sech weltwäit méi bëlleg wéi europäesch Autoen. Duefir muss een déi global Déséquiliberen aus der Welt schafen, duefir schwätze mir beim G7 getrennt mat den amerikaneschen a mat de japanesche Frënn, an duefir fuere mir a China, fir mat de Chineesen am Detail a prinzipiell ze klären, wéi et mat hirer Währung a mam matenee vun hirer Währung mat eiser Währung soll virugoen.

Frank Kuffer: Jo, wéi maachen déi dat da fir hir Währung esou schwaach ze halen?

Jean-Claude Juncker: Hir Währung déi ass net convertibel, an hir Währung déi beweegt sech net, déi floatet net wéi ee seet. Dat ass eng administréiert Währung, wann een esou wëllt, doriwwer musse mir mat de Chineese schwätzen. D’chinesesch Kollege mat deene mir awer scho geschwat hunn, mä elo gi mir jo méi an d’Déift, soen engem natierlech, "Europäer reegt iech net op, well dir kënnt vun deene bëllege Wuere profitéieren, déi dir aus China an Europa eran importéiert".

Richteg bleift iwweregens ënner dem Strich, datt zënter 2001, wou mir d’Währung voll lafen hunn, déi europäesch Maartundeeler am Géigesaz zu deenen amerikaneschen a japanesche Maartundeeler stänneg gewuess sinn. Mir hunn haut méi e groussen Deel vun dem Weltmarché ze bedénge mat eise Produkter wéi jeemools virdrun. D’Amerikaner an d’Japaner manner. Staarken Euro heescht net, datt een net an aner Maartundeeler era ka briechen.

Frank Kuffer: En anere Sujet. Gëschter waren nach emol d’Budgetë vun de Länner, Frankräich schéngt jo nach net op der richteger Säit ze sinn, also nach net onbedéngt gewëllt bis 2010 en équilibréierte Budget ze hunn?

Jean-Claude Juncker: Dat ass ee Problem dee mir mat eise franséische Kollegen hunn. Dee Budget dee presentéiert sech net an enger Form déi esou ass, datt mir se géife schéi fannen. Dat hu mir zu Porto viru Wochen zum Ausdrock bruecht, an an identeschen Termen hunn ech dat gëschter nach eng Kéier gesot, datt dee franséische Budget dem Niveau vun eisen Attenten, déi mir a Saache Konsolidéierung vun de franséische Staatsfinanzen hunn, net un deen erukënnt. Mir si frou an zefridden iwwer deen zolitten Zuch vu Strukturreformen déi am Frankräich gemaach ginn, am Pensiounsberäich, am Beräich vun der Universitéitsautonomie, a villen anere Beräicher, mä esou wéi d’Fransousen hire Budget fir d’Joer 2008 ulafe loossen, kréie se Sträit mat eis alleguer.

Frank Kuffer: Wat musse si dann nach maachen, konkret, méi d’Dépensen erof setzen, oder?

Jean-Claude Juncker: Wann een zevill ausgëtt, muss een aspueren.

Frank Kuffer: D’Staatsbudgeten ass wéi gesot eppes wat den Eurogrupp ëmmer interesséiert. Mengt Dir de President vum Eurogrupp wier dann déck zefridde mat deem Budget, deen zu Lëtzebuerg muer an der Chamber déposéiert gëtt? Ass deen am Equiliber?

Jean-Claude Juncker: En ass jiddefalls besser wéi dee franséischen, mä en ass och net esou, datt en den éischte Präis vun der finanzpolitescher Ästhetik verdéngt hätt, kann en och net, well de Budgetsminister, de Finanzminister zum Deel och, si gehalen, e stramme Konsolidéierungskurs ze fueren, fir deen am Land kee Verständnes huet, a gläichzäiteg am Beräich vu Steieren a Sozialpolitik zu Ëmverdeelungsaktiounen ze kommen, déi selbstverständlech den Iwwerschoss vum Budget kaum méiglech maachen, jiddefall zolit zeréck setzen. Mir sinn zu Lëtzebuerg zwar besser jo wéi all déi aner, dat wësse mir, mä mir bréngen et och net fäerdeg alles am selwechte Moment, mateneen, an nach méi wäitreechend wéi bei all deenen aneren ze maachen.

Frank Kuffer: Dat heescht, de Budget 2008 ass och net an engem Equiliber?

Jean-Claude Juncker: De Budget 2008 dee gëtt muer vum Budgetsminister an der Chamber abruecht, an dee wäert alles dat erkläre wat sech hannert Ärer Fro verstoppt.

Frank Kuffer: Här Staatsminister, Merci fir elo fir déi Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och, Awaar.

Dernière mise à jour