Le ministre du Trésor et du Budget au sujet du projet de budget pour 2008

Francine Closener: Luc Frieden, et ass also den 10. Staatsbudget, deen Dir de Moie presentéiert an déposéiert hutt, et war bestëmmt méi agréabel wéi zum Beispill viru 4 Joer, wéi mir e ganz sérieuxen Defizit vun de Staatsfinanzen haten. Elo si mir no Maastricht-Presentatioun bei +0,8%. En plus kann d’Regierung Steiererliichterungen a Kannerbonus annoncéieren, an net zu lescht klammen d’Dépensë manner séier wéi d’Recetten. Dat war jo och ee Wonsch vun der Chamber. Wat gëtt Iech dann elo finalement haut déi meeschte Satisfactioun?

Luc Frieden: De Budget maache war dës Kéier extrem schwiereg, an et ass all Kéier eng enorm schwiereg Aarbecht, well wann d’Recetten e bësse méi schnell klammen, da gëtt och den Appetit vun de Leit am Land, an och vun de Regierungskollege méi grouss.

An déi gréisste Satisfactioun gëtt mir, datt mir et fäerdeg bruecht hunn, awer Fouss bei Mol ze halen, an datt mir d’Dépensen nëmmen em ronn 5% uklamme loossen, obschonn datt d’Recetten em 7% klammen.

Déi zweet Satisfactioun, wann ech dat esou dierf nennen, ass, datt mir op där Linn viru fueren, op deem Wee viru fueren, dee mir eis gesat hunn, dat war aus deem Defizit bei den ëffentleche Finanzen eraus ze kommen. Den europäesche Sold vun den ëffentleche Finanzen ass erëm am Equiliber, mir hunn e Budget am Equiliber. Mir mussen oppassen, datt mir net erëm an den Defizit falen. An duefir sinn ech am Fong erliichtert, no där schwéierer, laanger Aarbecht. Erliichtert, datt mir am Equiliber sinn, mä et muss ee virun allem oppassen, datt een d’Budgetsdisziplin respektéiert. Dat hu mir hei gemaach, do wëll ech och weiderfueren 2009.

Francine Closener: Wunnen, Kanner, Schoul hutt Dir als éischt Prioritéiten de Moie genannt. Fir wat gëtt d’Regierung dann elo an deene Beräicher elo besonnesch vill Suen aus? Goufen déi vläicht déi lescht Joeren awer negligéiert, oder?

Luc Frieden: Ech mengen, datt een ëmmer ee Budget muss kucken am Kontext vun deene virdrun an deenen hannendrun. Dat do si Beräicher, déi mir elo nach méi verstäerkt wëllen ënnerstëtzen.

D’Leit hu Problemer fir eng Wunneng ze fannen, duefir soe mir, mir ginn zum Beispill der Société nationale des habitations à bon marché méi Suen, datt si kënnen Terraine kafen, 10 Millioune méi, et ginn 1.000 Wunnenge méi. Mir wëllen dem Fonds de logement säi Programm accéléréieren. Mir wëllen de Pacte logement, datt deen ukënnt. Duefir gesi mir 10 Milliounen am Budget vir. Dat si Politiken, déi mir och virdru gemaach hunn, mä elo vill méi verstäerkt maachen.

Dat nämlecht bei de Kanner. D’Kannerbetreiungsstrukturen déi huet ee fréier manner gebraucht, et ass eng Demande do, de Staat muss déi begleeden.

D’Schoul ass ëmmer wichteg, d’Schoul souwuel vun der Spillschoul bis zur Universitéit. Mä et ass mir och drop ukomm, datt mir déi Grondaufgabe vum Staat weider betätegen. Dat do sinn am Fong nei Elementer, déi méi verstäerkt dëst Joer dobäi kommen.

Francine Closener: D’Sécurité sociale, dat ass net nei, dat ass deen héchste Posten, mat 2 Milliarden Euro vun am ganze ronn 8 Milliarden Ausgabe vum Staat, alleng 1 Milliard Euro ginn an d’Pensiounskeesen. Wann een awer an engems bedenkt, wéivill Aarbechtsplazen all Joer geschafe ginn, wéivill Leit méi also an Zukunft an d’Pensioun ginn, gëtt et Iech dann net ellen, laangfristeg gesinn?

Luc Frieden: Et ass selbstverständlech laangfristeg e risege Problem, op deen och iwwregens ëmmer erëm d’europäesch Commissioun, och bei hirer Analys vum lëtzebuerger Stabilitéitsprogramm, hiweist.

Mir schafen elo vill Aarbecht, déi Leit, déi gi spéider eng Kéier a Pensioun, mir hu relativ zolitt Pensiounen, da kréie mir déi nëmme finanzéiert, an deem mir eise Wirtschaftswuesstem weider ukuerbelen. Dobäi kënnt, datt mir also do mussen doriwwer diskutéieren, ech weess, datt dat schwiereg ass, mä do muss ee mat rouegem Kapp eng mëttel- a laangfristeg Politik maachen.

Zweetens wëll ech awer soen, wa mir elo de Budget 2008 kucken, duefir ass et jo och esou richteg, datt Europa d’ëffentlech Finanzen als Ganzt kuckt, an net nëmmen d’Administration centrale. Mir hu bei der Administration centrale méi Ausgaben, an déi iwwerweise mir an d’Sécurité sociale, duefir huet déi en Iwwerschoss. Domat maache mir natierlech och Sozialpolitik. Well doduerch datt mir d’Krankekeesen an d’Pensiounskeesen ënnerstëtzen, geet et ville Leit am Land besser.

Mir hunn et fäerdeg bruecht, datt mir d’ëffentlech Finanzen am Equiliber hunn, allerdéngs ass et kloer, datt déi Zomm zolit ass, well mir natierlech och d’lescht Joer 4% méi Aarbechtsplaze geschafen hunn, bein dëst Joer, an d’nächst Joer wäerten et der erëm eng Kéier ronn 4% méi ginn. Déi beleet de Staat, andeem en doduerch méi Ausgaben huet bei de Pensiounen an de Krankekeesen. Trotzdem mengen ech, datt mir all Politik musse maachen, déi a) duefir suergt, datt d’wirtschaftlech Entwécklung viru geet. Et gëtt keng Sozialpolitik ouni wirtschaftlech Entwécklung, dat maache mir och duerch d’Réductioun vum Droit d’apport an dësem Budget. A b), datt mir e seriöst Gespréich musse féieren iwwer déi nächst 5 Joer, wéi mir net d’Pensiounen ofschafen, mä wéi mir d’Finanzéierung laangfristeg assuréieren.

Francine Closener: An dat maacht Dir nach virun de Wahlen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat en Thema ass, wat ee lassgeléist vu Wahle muss maachen, an et ass ni ze spéit an ni ze fréi fir dat Thema unzefänken. Mir sinn och iwweregens un deenen Diskussiounen. Mir sinn un deenen Diskussiounen, just wéi Dir och gesinn hutt scho virun e puer Joer, um Rentendësch hu mir schonn doriwwer diskutéiert. Jiddweree weess, datt mir an 30 bis 50 Joer e Problem do hunn. Also mengen ech misste Leit Solutioune fannen, et ginn och Solutiounen, wéi ee vläicht deen ee System liicht anescht finanzéiert, an datt een aner Systemer vläicht och e bësse méi encouragéiert. Ech mengen doriwwer misst ouni Parteipolitik e Gespréich méiglech sinn.

Francine Closener: Dir hutt de Moien e puer mol betount, datt d’Keesse net eidel sinn, eng Angscht déi jo vu ville Säiten, och vun der Oppositioun, an deene leschte Joeren ëmmer erëm formuléiert gouf. D’Iwwerschëss vun zejoert ginn elo integral an d’Réserven, mir hunn also awer nach genuch Äppel fir den Duuscht, oder wéi?

Luc Frieden: Fir de Staats- a Finanzminister a fir mech ass et eng absolut Flicht ëmmer duefir ze suergen, datt wa méi Suen erakommen, déi net wéi d’Leit oft gären hätten, dann direkt auszeginn, mä fir déi op d’Säit ze setzen.

Ech hunn 1999 eng Réserve geierwt, déi ass ugewuess an deene Joeren duerno, an deene leschte puer Joer wou mir méi schwiereg Finanzsituatiounen haten, ass déi erof gaangen. Elo 2006, Dir hutt dat och virdrun am Reportage gesot, hate mir en Iwwerschoss. Duefir huet de Staatsminister an ech der Regierung proposéiert, si war domat d’accord, datt mir déi integral an d’Investitiounsfonge ginn.

D’Réserve, an doropper sinn ech stolz, déi ass haut 1,7 Milliarden Euro, déi ass méi héich wéi 1999 zum Beispill, wou mir 1,2 Milliarden haten. Déi ass do och fir déi nächst Regierung fir Investitiounsausgaben ze tätegen.

Wësst Dir, wa mir 4, 5 Lycée bauen, da brauch ee Suen. Wa mir déi Nordstrooss fäerdeg bauen, wa mir d’Stroossen um Bord de Gasperech, an an der Liaison Michville, op de Frische bauen, dat kascht immens vill Suen, déi kann een net an engem Joer finanzéieren. An duefir deen Defizit dee mir heiansdo hunn, dee kënne mir contrairement zu Nopeschlänner mat der Réserve finanzéieren. An duefir sinn ech stolz op déi Réserve, déi mir gehalen hunn, déi mir erëm opgebaut hunn, a mir wäerten déi Suen net liichtfankeg ausginn.

Francine Closener: Dir hutt de Moien net iwwer d’Adem an de Beschäftegungsfong geschwat. War dat Zoufall?

Luc Frieden: Ech konnt vu villem de Moien net schwätzen. Ech entschëllege mech och duefir bei all deene Regierungskollegen, deenen ech hire Budget net am Detail exposéiert hunn.

Bei der Adem géing ech Iech just soen, datt mir zum Beispill d’nächst Joer 8 zousätzlech Leit der Adem ginn. Si huet schonn d’lescht Joer eng ganz Rei Leit bäikritt, datt déi sech besser kënnen em d’Aarbechtsloser bekëmmeren. D’Aarbechtslosegkeet bekämpft een net nëmmen duerch de Fonds pour l’emploi, mä och doranner, an déi Dépensë bleiwen och d’nächst Joer op engem relativ héijen Niveau, esouguer Beschäftegungsmoossname wéi Indemnité pour l’emploi, ech ginn och, Indemnité de Chômage, Pardon, mir ginn och am lafende Joer nach zousätzlech Mëttelen an dee Fonds pour l’emploi.

Francine Closener: Wat den ekonomesche Kontext nach ugeet, do huet souwuel de Staatsminister wéi och Dir hutt de Moie vun Onsécherheete geschwat. Wéivill Suerge maachen Iech dann d’Répercussioune vun der Immobiliekris op d’Banken op eiser Finanzplaz, an domat natierlech och op eis Staatskeesen?

Luc Frieden: Ech si generell als Budgetsminister, an och vläicht soss, e virsiichtege Mënsch, deen awer och mat engem gewëssenen Optimismus an d’Zukunft kuckt, an dat gëlt och fir dës Fro.

Ech mengen, datt een net soll panikéieren, d’Finanzwelt brécht net zesummen, d’Banke gi net faillite. Fakt ass, datt mir eng international Finanzplaz hunn, an datt duerch dee Vertrauensbroch deen do entstanen ass, duerch déi Immobiliekris an Amerika, héchstwahrscheinlech eng Rei Provisioune gemaach ginn, déi och eng Inzidenz op d’Recetten hunn.

Ech mengen also, datt ee muss, besonnesch bis de Februar, Mäerz d’nächst Joer, kucke wat do geschitt. Et kann also eng liicht Réductioun gi vun de Recetten déi iwwer d’Banke kommen. Mir hunn och eng zolit Recette iwwer d’Taxe d’abonnement déi d’Investitiounsfongen, d’Investmentfonge bezuelen. Och dat kënnt liicht manner ginn, wann d’Bourse géing erof goen.

Generell hu mir versicht duerch dëse Budget d’Économie weider unzekuerbelen. Mir sinn also net panikéiert, mä mir mussen e kloere Bléck op déi Situatioun do halen.

Et dierf een hei net mengen, datt déi staark Croissance déi mir haten, d’lescht Joer 6%, da 5%, datt déi einfach fort ka geschriwwe ginn. Mir sinn op engem héijen Niveau, mir wäerte méi Croissance hu wéi d’Nopeschlänner, mä mir mussen dat do am Bléck halen. An duefir ass et eben esou wichteg virsiichteg ze sinn. Wa mir och d’nächst Joer e bësse manner erakréien, da kënne mir awer eis Politik duerchféieren. An duefir war et esou wichteg, datt mir déi Budgetsdiscipline am Budget hunn. Wann ech ee Budget maachen, denken ech ëmmer un déi zwee duerno. Eist Zil ass a bleift och 2009 équilibréiert ëffentlech Finanzen ze hunn.

Francine Closener: Luc Frieden, villmools Merci fir dës Explikatiounen. An dat war et hei aus der Chamber iwwer de Staatsbudget.

Dernière mise à jour