Mars Di Bartolomeo au sujet de la politique de santé au Luxembourg et de l'audit du service de neurochirurgie du CHL

Jay Schiltz: Gudde Mëtteg an eiser Emissioun „riicht eraus“. Et si sécherlech zwee vun deene wichtegste Ministèrë fir déi eisen Invité vun haut d’Responsabilitéit huet. Et sinn och zwee Ministèren déi quasi all Dag an der Aktualitéit sinn, aus wéi engen Ursaachen och ëmmer. Den Ament op alle Fall stelle sech vill Froen an dofir si mir frou, datt de Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo de Mëtteg Zäit hat fir bei eis an d’Emissioun ze kommen. Här Di Bartolomeo, gudde Mëtteg.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Jay Schiltz: Fänke mer vläicht, wann Dir wëllt, mat deem u wat zanter Woche fir Diskussioune suergt a wou et net méi spéit wéi gëschter Mëtteg, op enger weiderer Pressekonferenz, zousätzleche Gespréichsstoff gouf : den Zirkus, well anescht kann een dat jo wuel net méi nennen, am CHL, dem Centre hospitalier. Hutt Dir an deem Dossier, Här Minister, eigentlech nach den Iwwerbléck?

Mars Di Bartolomeo: Ech géif menge schonn an ech géif och mengen, datt mer, mat deem wat am Ministère un Décisioune gefall sinn, fir déi noutwenneg Transparenz gesuergt hunn. Mir hu ganz schnell reagéiert an deem heiten Dossier, net aus dem Bauch eraus, mä mir hunn eis d’Moyene ginn, fir Saachen déi an der Ëffentlechkeet ganz breet getrëppelt gi sinn, erëm op den Terrain vun de Fakten zeréck ze bréngen. Mir hunn eis dofir en Expert gesicht, deen, mengen ech, am ganze Milieu net contestéiert an net contestabel ass. An dee Mann huet säi Rapport, säin Audit op den Dësch geluegt an ech hunn och bis elo, ausser vläit vun deem engen oder aneren Acteur, wou een awer och iwwert d’Beweeggrënn muss schwätzen, keen héieren deen de Mann an Zweiwel gezunn huet an deen och d’Empfehlunge vum Professer George ugezweiwelt huet. Dee Rapport muss ee genee liesen, an all senge Komponenten an dann ass an deem Audit, mengen ech, villes erauszehuelen wou ee ka fir d’Zukunft dru léieren.

Jay Schiltz: Wat huet den Audit vum franséische Professer Bernard George dann elo konkret bruecht? Kënnt Dir dat schonn évaluéieren?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech mengen den Tenor deen erauskënnt, dat ass jo, datt u sech, wat allgemeng gëlteg Parameteren ugeet, de Professer seet, datt eng korrekt Medezin geleescht gëtt, mä datt een awer eng Rei vu Léieren aus där Diskussioun déi an deene leschte Wochen a Méint hei zu Lëtzebuerg war, iwwert dee Service kann erauszéien. Ënnert anerem, datt de Service, nodeems de Chef de Service jo net méi do ass, sech muss restrukturéieren, datt op d’Altersstruktur muss opgepasst ginn, datt Aufgabendeelung een Thema ass, Aufgabendeelung innerhalb vum Service, Spezialiséierung innerhalb vum Service, Aufgabendeelung awer och mat anere Spideeler hei am Land an am Ausland, datt déi Diskussioun an den Dialog mam Patient verbesserbar ass, datt ee Strukturen am Spidol an an all Spidol muss opstellen, wou deen Dialog wierklech esou wéi e soll gefouert ginn, muss gefouert ginn, datt och um nationale Plang Mediatiouns- a Schlichtungsstrukture sollen entstoen, an an an.

Also et ass schonn an deem Rapport méi dra wéi d’Ausernanersetzung iwwert deen een oder deen anere Fall. Och dat, well de Professer huet sech all eenzelne contestéierten Dossier ugekuckt, huet sech eng Meenung aus senger Erfahrung gemaach. Et ass och net esou, datt déi Acteuren déi hei de Steen eigentlech an d’Rulle bruecht hunn, datt déi aussen vorn bliwwe wären. Esouwuel de fréiere Chef de Service ass laang gehéiert ginn an de Prof seet, en ass méi laang gehéiert ginn, heen alleng, wéi all déi aner Neurochirurgen. D’Patientevertriedung ass gehéiert ginn an den Expert huet all eenzelnen Dossier, deen esouwuel vun der Patientevertriedung wéi vum fréiere Chef de Service op den Dësch geluecht ginn ass gekuckt, mat der Dokumentatioun, mat de Röntgen, mat all deem wat e konnt kucken. A vu datt och total op Transparenz gespillt gëtt ass dee Rapport vum Expert um Site vun der Santé, fir jiddwereen ofzeruffen. Et ka jiddwereen dee Rapport do kucken.

Bon well dann zu engem gewëssenen Zäitpunkt gesot ginn ass, de Professer hätt jo och nach d’Patiente kënne gesinn, de Prof hat gesot, op Grond vun den Dossiere kann ech mer eng Meenung maachen, mä vu datt dee Wonsch geäussert ginn ass, hu mir mam Professer ausgemaach, datt déi Patienten, déi an deem heite Fall de Wonsch äussere fir vum Professer gehéiert ze ginn, beroden ze ginn, datt de Professer op Lëtzebuerg zréckkënnt, fir déi Patienten, déi am Rahmen vun där Diskussioun hei an Dossieren eben ugeschwat gi sinn, datt déi kënnen de Professer gesinn an ebe vläicht Certitudë kréien, iwwer Saache wou se sech Froe stellen.

Jay Schiltz: Op enger Pressekonferenz gëschter huet den inkriminéierte fréiere Chef de Service, den Dokter Terzis dee Rapport vum Audit vum Professer George duergestalt wéi wann dat wier fir d’Gemidder ze berouegen an de CHL an ee bessert Liicht ze stelle wéi en a Wierklechkeet ass?

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, et huet jiddwereen d’Méiglechkeet fir sech deen Audit unzekucken. Ech hunn en Donneschden den Audit der Chamberskommissioun virgeluegt. Dir hutt d’Reaktioune vun den Deputéierte kritt. Ech hunn en zesumme mam Professer George, net ech, mä de Professer George huet e viru genee enger Woch der Ëffentlechkeet virgestalt. Dir gesitt en um Internet an ech ginn net op déi dote Kommentaren an. Jiddweree ka sech hei selwer eng Meenung maachen, soll de Rapport liesen an da soll en zu senger eegener Conclusioun kommen. Ech selwer setze mech net mat deenen dote Reprochen ausenaner.

Jay Schiltz: Mä allgemeng, kann een dann net awer vläicht den Androck hunn, ech denken elo un d’Pressekonferenz vun der CHL-Direktioun de leschte Méinden, wou massiv zum Beispill op d’Patientevertriedung geklappt gouf, där all Kompetenz ofgeschwat gouf, déi Schold un allem schéngt ze sinn, vun Hetzcampagne géint de CHL ass do rieds gaangen. Däerf een d’Dokteren dann net méi a Fro stellen? Gëlt dee Status vum Halbgott a wäiss?

Mars Di Bartolomeo: Also, wësst Dir, ech mengen datt et hei net drëm geet, datt een net ee kann a Fro stellen oder ob ee soll een a Fro stellen. Hei geet et drëm, datt een, mengen ech, op Fakte soll argumentéieren an och op objektiv Fakte soll zréckkommen. Et ass ganz geféierlech, wann een am Gesondheetswiesen een Amalgame mécht, vun engersäits schlëmme Fäll an da kleng Fäll hëlt fir ze soen, a wa scho kleng Fäll sinn, da muss och eppes dru si bei deene grousse Fäll. Ech fannen, datt et ganz wichteg ass, datt een an der Santé insgesamt, an de Spideeler, insbesondere bei den nationale Servicer sécher an obligatoresch sech d’Moyene muss ginn, fir d’Akten ze dokumentéieren, d’Qualitéit oder och mol, an dat kënnt an all Spidol vir, d’Problemer ze dokumentéieren, datt ee sech domat ausenaner setzt, datt een aus Feeler oder bal Feeler léiert, datt also eng reegelrecht Kultur vun der Qualitéit, Dokumentatioun vun der Qualitéit an déi Haiser erakënnt an datt dann, wann esou eng Diskussioun kënnt, datt een da ka soen, hei mir hunn dee Qualitéitsaudit, déi Qualitéitsdokumentatioun do. Et ka jiddwereen erakucken an da ka jiddweree sech eng Meenung maachen.

Ech mengen et ass wichteg, wéi gesot, ech diskutéieren net iwwert d’Pressekonferenze vun Affekoten oder vu fréiere Chef de Servicen, déi elo net méi am CHL sinn. Ech wëll och do wierklech net an de Gruef eraklammen, mä déi Diskussioun op deem Niveau hale wou se eis wierklech virubréngt. Dofir soen ech, an ech hunn dat och ugekënnegt, an ech wäert dat och maachen, datt mer bei allen nationalen Servicer, elo an enger éischter Phase systematesch Qualitéitsaudite wäerte maachen. Mir schwätzen zesumme mam Secteur wéi dat genee gemaach gëtt, op wat fir enge Parameteren, mat weem zesummen datt dat gemaach gëtt, datt mer déi noutwenneg Strukturen op d’Bee musse setzen, déi mer an engem Dialog zwëschen de Medeziner an de Patiente, Schlichtungsstrukturen, déi mer mussen op d’Bee setzen an da gëtt et eppes am Gesondheetswiese wéi an allen anere Beräicher, ech mengen et muss jiddweree bereet si sech dauernd a Fro ze stellen a wa Saachen op den Dësch kommen, sech drop anzestellen an aus Diskussiounen dat Positivt erauszehuelen.

Dat gëlt awer net nëmmen elo fir dat eent oder dat anert Spidol oder fir de Minister, dat gëlt selbstverständlech och fir Strukture wéi d’Patientevertriedung. Ech sinn zum Beispill der Meenung, an ech hunn der Patientevertriedung dat och ganz kloer gesot, datt der Patientevertriedung Transparenz an Dokumentéierung vun deem wat se no bausse bréngen, och gutt deet, datt ee sech also op Fakte ka baséieren an net nëmmen op Saachen, wou een zougedroe kritt. An ech mengen, datt déi ganz Diskussioun, esou wéi ech dat gesinn, muss jo och eppes Positives bréngen, am Plaz datt elo während dräi Méint hei – an dat ass an der Ëffentlechkeet genuch gesot ginn – op déi eng oder op déi aner Aaart a Weis mat Froen, déi ee sech ka stellen, openee geschoss gëtt. Hei ass elo d’Phase komm, wou mer positiv Zeeche setzen an ech hunn dat ugekënnegt, esouwuel bei der Pressekonferenz wéi och bei der Quadripartite. Ech hunn do kee vun de Partner gesinn, deen net jo gewénkt hätt bei deene Bestriewunge fir méi Qualitéit ze dokumentéieren, systematesch Transparenz ze garantéieren, den Dialog ze verbesseren, d’Responsabilitéiten op allen Niveaue ze klären. Dofir soen ech, wichteg zréck zu de Fakten a wichteg – an dat ass eppes wat mir ganz uewe läit – datt mer net eppes futti maachen, wat hei zu Lëtzebuerg grad esou gutt fonctionnéiert duerchweegs wéi op anere Plazen, mä datt mer versichen et nach besser ze maachen. Wa mer hei zu Lëtzebuerg eppes futti maachen, dann drainéiere mer d’Leit op Plaze wou ee sech déiselwecht Froe ka stellen, ob déi Qualitéit dokumentéiert ass.

Also fir mech ass d’Conclusioun gezunn. Ech menge mir hunn alles op den Dësch geluegt a wann elo deen heiten Audit, wou ech awer mengen zu onrecht, a Fro gestalt gëtt, da muss ee soen, ma jo mir hu jo décidéiert, datt d’Auditskultur bei eis a Fleesch a Blutt muss iwwergoen an deenen déi elo Audite verlaangen soen ech, ma mir maachen an Zukunft an all nationale Service Qualitéitsauditen an do sinn national Servicer, déi kënne sech duerchaus mat deenen am Ausland moossen. Et ass vill iwwert d’Neurochirurgie diskutéiert ginn, ma ech soen Iech, datt eis Radiotherapie sécher sech ka moosse mat all anere Radiotherapieszentren; datt eisen INCCI, den Häerzchirurgiezentrum sech jiddwerzäit ka mat anere moossen. Fir dat awer ze dokumentéieren, muss e sech duerchliichte loossen, grad wéi d’Patiente sech jo och mussen duerchliichte loossen.

Jay Schiltz: Dir hutt elo d’Stëchwuert gebrauch Qualitéitskultur. Vermësst Dir déi dann am lëtzebuerger Gesondheetswiesen?

Mars Di Bartolomeo: Nee, also ech mengen d’Qualitéitskultur, mir hunn de System EFQM [European Foundation for Quality Management] opgebaut, deen déi éischt Schrëtter waren, deen zum Deel op d’Resultater opgebaut ass, wou ganz vill Moyene vun de Krankekeese fräigemaach ginn, fir déi Enquête qualité an de Spideeler ze maachen, wou d’Spideeler sech ganz vill Méi maachen, fir déi Qualitéit ze dokumentéieren, mä dat wat am Moment nach de Fall ass, dat ass, datt mer eigentlech net ëmmer d’Moyenen hunn. Et gi vill Efforte gemaach, d’Qualitéit ass do, mä mir mussen eis awer d’Moyene ginn, fir et am Detail ze moossen. Dat heescht, vill méi nach dokumentéieren an dofir Reformen an der Informatik, Reforme bei der Standardiséierung vun de Patientendossieren. Déi Patientendossieren déi si jo do an sinn zum Deel gereegelt, mä mir musse se standardiséieren, informatiséieren. D’Transparenz an der medezinescher Aktivitéit déi ee kritt, doduerch datt all eenzelnen Akt dokumentéiert gëtt, da kënne mer dat weider verbesseren.

Et ass net esou, datt een einfach just mat de Fangere ka schnippen an dann dee Prozess fäerdeg huet. Dat ass ee permanente Prozess an et gi vill Efforte gemaach an déi Efforten op Grond vun deenen Diskussiounen, déi mussen och ganz genee dokumentéiert kënne ginn. Wa Qualitéit do ass, kritt ee vill méi iwwerzeegt, wann d’Qualitéit och am leschten Detail dokumentéiert ass. Dat ass do wou et drëm geet an ech si fest dovun iwwerzeegt, datt mer iwwert ganz breet Flächen de Vergläich kënnen aushalen, mam Ausland, datt mer net alles musse kënnen hei zu Lëtzebuerg maachen, datt mer eis Grenzen och mussen erkennen, mä datt mer dru wannen, wann déi Kooperatioun tëschent de Spideeler, déi Aufgabendeelung zwëschen de Spideeler a bei deene ganz seltene Saachen, déi Aufgabendeelung mat héichspezialiséierten Zentren am Ausland ka gemaach ginn an ech mengen dee Message ass um Terrain eriwwerkomm. Et ass jo net zanter gëschter wou ech dat dote priedegen.

Ech hunn allerdéngs d’Gefill, an och no der leschter Quadripartite, datt dat wat mer an der Lescht ëmmer an ëmmer erëm gesot hunn, datt dat gehéiert gëtt an datt och jiddweree bereet ass fir dat ze implémentéieren. Dofir soen ech, déi heiten Diskussioun huet net näischt bruecht. Si war schmerzhaft an ech muss och soen, datt se streckeweis Amalgame gebraucht huet, déi net gesond sinn, néierens, mä et soll een elo no vir kucken an déi Règlements de comptes, déi op där enger oder op där anerer Plaz gesicht ginn a Leit déi nach Revanchen ze huelen hunn, déi soll ee mat där Connotatioun och héieren, wa se schwätzen. Dat ass, mengen ech, ee wichtege Punkt.

Jay Schiltz: Wann ech Iech elo richteg verstinn, Här Di Bartolomeo, da fuerdert Dir déi Auditen oder kënnegt déi elo u fir dat gesamt Gesondheetswiesen. Firwat ass dat da bis elo nach net? War déi Noutwennegkeet net ginn oder huet et esou ee Clash wéi elo am CHL gebraucht, fir dat ze maachen?

Mars Di Bartolomeo: Nee, Dir hutt mir jo virdrun d’Fro gestalt wéi et mat der Qualitéit ass. Do gëtt et Qualitéitsauditen, mä fir déi Qualitéitsauditen, wéi zum Beispill den EFQM, dee systematesch agefouert ginn ass an de Spideeler an och vun de Krankekeesen ënnerstëtzt gëtt, fir dee weider ze entwéckelen, do brauche mer eng besser dokumentéiert Aktivitéit an de Spideeler. Do si mir op der Schinn mat deenen Standardiséierunge vun den Donnéeën, déi mer wëllen, de standardiséierte Patientendossieren, mat enger Informatik, déi systematesch matenee ka schwätzen, mat enger Erklärung vun der Responsabilitéit. Ech wëll Iech soen, datt déi Diskussioun net eréischt zanter gëschter gefouert gëtt, mä do si mir um Wee. D’Reglement fir de standardiséierten Dossier, dee war gëschter an der Commisson permanente des hôpitaux. Dat weist Iech also, datt mer net eréischt elo zanter zwee Méint doriwwer diskutéieren, mä zanter zwee Joer a wësse wat mir eis vu Moyene musse ginn, fir dat dote weider ze entwéckelen. Dat heescht, mir lafen hei net hannert dem Zuch, mä déi Diskussiounen, déi an der leschter Zäit gefouert gi sinn, déi ginn eis absolut recht an där doter Démarche an déi déi vläicht nach e bësse méi zéi waren, fir deen dote Prozess, fir sech un d’Spëtzt vun deem dote Prozess ze setzen, déi si spéitstens no där Diskussioun, déi gewisen huet, wéi vunérabel datt een ass, wann een net an den Tirang ka gräifen, ass dat verstäerkt ginn.

Jay Schiltz: Wéi ass et da mat der Hierarchie an de Spideeler? Gëtt dann och am Kader vun där do Diskussioun doriwwer nogeduecht? Et heescht jo, mir hunn eng horizontal Hierarchiestruktur gewënscht. Wier vläicht wéi an Däitschland eng vertikal [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, vertikal oder horizontal, dat sinn esou Begrëffer mat deenen elo dorëmmer geworf gëtt. Wat virun allem wichteg ass, dat ass datt jiddweree seng Responsabilitéit kennt. Den Träger vun engem Spidol huet déiselwecht Responsabilitéit wéi een Träger vun iergendengem anere Betrib. Den Direkter vun deem Betrib huet genee déiselwecht Responsabilitéit wéi den Direkter vun engem anere Betrib. Nun ass et wichteg, datt déi Leit déi d’Responsabilitéit hunn och musse wëssen, datt déi déi um Terrain schaffen, an déi selwecht Responabilitéit mat agebonne sinn an datt de Fonctionnement vun deem Ganzen duerch een optimalt Zesummespille vun deene verschiddene Responsabele fonctionnéiert. Hei am Moment ass eng Diskussioun doriwwer, wéi een den Dokter méi staark an d’Responsabilitéit kann abannen. Fir mech ass dat eng Diskussioun déi muss gefouert ginn. Ech mengen awer, datt se méi einfach ass wéi dat heiansdo gemaach gëtt.

Den Dokter ass an engem Spidol wéi dem CHL e Salarié. Ech mengen do muss kënnen den Träger an den Direkter zesumme mam Dokter klären, an engem Kontrakt, wéi dat Zesummewierken ass. An deenen anere Spideeler do ass en Dokter deen a liberaler Medezin operéiert, deen an engem liberale Verhältnis operéiert, mä deen awer grad esou iwwer ee Vertrag u säi Spidol gebonnen ass wéi een aneren. An do muss den Träger, do muss d’Direktioun, mat eis zesummen, wann dat gewënscht ass, a mat den Dokteren an deene Kontrakter dat zesumme méi präzis klären. Et kann net esou sinn, datt een d’Liberté thérapeutique an de Virdergrond stellt, fir datt ee seet, den Dokter kann alles maachen. Den Dokter ass grad esou an der Responsabilitéit an deem Ganzen wéi deen aneren a wann e gären hätt, datt bei Problemer dee ganzen Ensembel zesummesteet an déi Solidaritéit dann och spillt, da muss e sech an dee ganzen Ensembel mat kënnen integréieren.

Ech muss soen, an der Quadripartite elo de leschten Dënschden, ass déi doten Diskussioun wierklech a Gaang komm, fir déi Präzisiounen ze maachen, an enger éischter Phase e bësse méi kontrovers, mä ech kréien de Message, datt esouwuel d’Entente des hôpitaux wéi d’Dokteschvereenegung ganz positiv am Moment am gaange sinn ze diskutéieren, fir déi Responsabilitéite méi kloer ze définéieren. An och erëm eng Kéier do gëtt et heiansdo Ausléiser, déi schnell vill méi beweegen, wéi wann een endlos Diskussioune féiert.

Datselwecht gëllt fir déi Mediatiounsstrukturen déi mer mussen asetzen. Och do ass et net esou, datt mer eréischt haut géifen ufänken doriwwer ze diskutéieren. Mir hunn, de virrechte Gesondheetsminister huet probéiert esou eng Mediatiouns-, Conciliatiounsstruktur op d’Been ze setzen, mir si weidergefuer. Et ass herno ëmmer méi op déi Conciliatiounsstruktur dropgeluecht ginn, et ass gesot ginn, dat geet net duer, wann et eng Conciliatiounsstruktur ass, mä et muss och nach ee Fonds pour indémnisation fir Aléas thérapeutiques dobäikommen. Ech wëll déi doten Diskussioun elo erëm pushen an da kréie mer entweder schnell een Accord doriwwer wéi déi Conciliatiounsstruktur ausgesäit oder mir setzen eng Mediatiounsstruktur dann an. Well de Patient huet ee Recht esou eng Ulafstell ze kréien. Dat ass streckeweis am Ausland de Fall a mir mussen op dee selwechte Wee goen.

Jay Schiltz: Mä dann ass et jo awer elo esou, datt et eng kloer Hierarchie an de Spideeler awer lo net gëtt? Nach net?

Mars Di Bartolomeo: Dach, wann een d’Gesetzestexter kuckt, wann een déi juristesch Texter kuckt, dann ass d’Responsabilitéit ganz kloer. Et si just zwee Prinzipien déi awer openeentreffen an do muss ee klären, datt op där enger Säit d’Responsabilitéit vun den Träger, vun den Direktiounen, an et ass op där anerer Säit d’Liberté thérapeutique déi vun den Dokteren an d’Spill bruecht ginn. Ech mengen awer, datt déi zwou Saachen duerchaus compatibel sinn, op een Nenner kënne bruecht ginn, ouni datt een elo dem Dokter drafuscht wéi hee seng Medezin mécht. Et kann een awer zesummen iwwer Grondprinzipie sech eens ginn, déi net elo mat der medezinescher Libertéit eppes ze dinn hunn, mä déi ganz einfach eppes mat Prozeduren, mat Ofleef, mat Transparenz, mat Dokumentatioun ze dinn hunn. Do muss ee sech kënnen eens ginn. Een dee sech deem entzitt, ass sécher op deem falsche Wee.

Jay Schiltz: Wéi séier wëllt Dir dat ëmsetzen?

Mars Di Bartolomeo: D’Diskussioun ass voll am gaang zwëschent den Acteuren. Mir hunn engersäits de Plan hospitalier um Leescht, wou een net beim Plan hospitalier als solchen, wat d’Organisatioun, also wat d’Moyenen déi d’Spideeler musse kréien, eigentlech net ënner Zuchzwang ass. Déi Spidolslandschaft ass gezeechent gréisstendeels. Eng Bettendiskussioun féiere mer hei zu Lëtzebuerg net, dat heescht mir féiere keng Diskussioun iwwert d’Reduktioun vun de Betten, esou datt een, wann een net elo wëllt wierklech an nei Beräicher eragoen, déi dann awer och da Conotatiounen hunn am Spidolsgesetz, Conotatiounen hunn am Gesetz iwwert d’Organisatioun an iwwert de legislative Kader vun de Krankekeesen, wann een also dat net wéilt maachen, da kéint ee mar dee Plan hospitalier, mat mineuren Ännerunge verlängeren.

Mir sinn awer elo matten an der Diskussioun wou mer kënne kucke wéi mer eist Spidolsgesetz kënne moderniséieren, wéi mer de Krankekeese kënne Moyene ginn, fir dee Prozess méi staark ze begleeden a wéi mer deem dann am Plan hospitalier kënne Rechnung droen. An ech loosse mer do déi noutwenneg Zäit, fir dann eppes wierklech Richtungsweisendes ze maachen. Wéi gesot, wann elo gesot géif ginn, mir hätte gär de Plan hospitalier mar, da gett et eng Version light, well am Secteur net déi grouss Ausernanersetzunge si fir d’Spidolslandschaft nei ze zeechnen, mä wa mer e bëssen Zäit hunn, da kënne mer dat koordinéieren, d’Spidolsgesetz, d’Krankekeesegesetz, Nomenclaturen an dann dee Moment de Plan hospitalier.

Jay Schiltz: Iwwert de Plan hospitalier schwätze mer vläicht no den Neiegkeeten nach e wéineg méi am Detail Här Di Bartolomeo. Kuerz virun den Neiegkeete vun halwer eng just nach eng Fro, well Dir dat Stëchwuert och elo gebraucht hutt, eng onofhäneg Mediatiounsplaz, dat ass zum Beispill dat wat d’Direktioun vum CHL elo fuerdert. Dir sot, ech loossen d’Patientevertriedung net falen, ech wëll schnellstméiglechst Gespréicher féiere mam CHL, mat der Patientevertriedung. Wéi gesäit dat aus? Waren déi Gespréicher schonn? A wann, wat kënnt dobäi eraus wat geännert gëtt?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen den Dialog ass jo ëmmer eppes Wichteges. D’Patientevertriedung gëtt et, ech schwätzen och weider mat der Patientevertriedung, awer och Kloertext mat der Patientevertriedung. Ech hunn Iech virdru gesot, datt och d’Patientevertriedung sech méi muss opmaachen an datt d’Patientevertriedung, mengen ech, och muss kënnen, zu jiddwer Zäit, op Fakten diskutéieren a Fakte virleeën. Déi Diskussioun mam CHL ass ni ënnerbrach gewiescht. Ech si Ministre de tutelle an do ass et normal, datt och mat deem Spidol diskutéiert gëtt, mat deem Spidol wéi mat anere Spideeler diskutéiert gëtt. An ech mengen, datt et wichteg ass, datt nodeem datt dat opgeschafft ass, wat awer an deene leschte Méint geschitt ass a wann ee sech dann iwwer eng Diskussioun opreegt, déi heiansdo elo mol manner nuancéiert ass. A wann och d’Leit vum CHL sech e bësse méi Loft maachen, da muss een dat och vläit an deem Liicht gesinn, datt wann ee während zwee Méint an der Zilscheif vun alle méiglechen Ënnerstellungen a Behaaptungen a Reprochen, a ganz schlëmme Reproche war, datt ee sech och eng Kéier awer däerf Loft maachen an datt een dann net d’Aussoe vum CHL an een anert Liicht soll réckelen, wéi déi Aussoen déi virdru gemaach gi sinn. An ech hu virdru gesot, datt een hei och heiansdo d’Impressioun kritt, ech soen dat wéi ech dat denken, datt deen een oder deen aneren ee Règlement de comptes wëll maachen.

Jay Schiltz: Gutt, et ass ganz kuerz virun halwer eng, mi gënnen eis eng kuerz Paus virun den Neiegkeeten. Duerno fuere mer virun am Gespréich mat eisem Invité vun haut, dem Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo. Bis direkt.

Jay Schiltz: Als Oppositiounspolitiker hat Dir, Här Di Bartolomeo, ëmmer grouss Doléancen un Äre Virgänger Carlo Wagener. Dir sidd elo dräi an en halleft Joer selwer Gesondheetsminister, hutt Dir Iech déi Doléancë vu fréier erfëllt? Ech denken un Unerkennung vun Osteopathen, Chiropraktiker, Psychotherapeuten, Homeopathen, Remboursement oder méi Reomboursement vun homeopathesche Medikamenter, nei Definitioun vun der Nomenclature an der Zännmedezin, Dir hutt do mol den Ausdrock vum stolenen Zant gebraucht, dee geschwënn just Leit sech kënnte leeschten. Wéi ass et da mat all deene Saachen?

Mars Di Bartolomeo: Eng Rei vu Saache si gutt virugaangen. Ech mengen dat éischt Gesetz wat ech an d’Chamber bruecht hunn an dat éischt Gesetz wat verofschiedt ginn ass, dat war d’Rëmhirstellung vum Remboursement vun den homeopathesche Medikamenter, deen an där virrechter Period ofgeschaf gi war. Bei der Médecine complémentaire hu mer direkt de Règlement grand-ducal fir d’Reegelung vun der Professioun vum Osteopath an Ugrëff geholl. Dee Projet de règelement läit och do [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: A läit jo gutt do.

Mars Di Bartolomeo: Nee, mir hunn deen an d’Chamberskommissioun geholl, well et jo de Wonsch vun der Chamber och war, ech hunn déi Motioun sengerzäit matgedroen, fir dee Règlement ze bréngen. Dee Règlement dee weist awer, datt d’Reegelung vun där doter Professioun net esou einfach ass. Wann een nämlech an deen ee Wee geet, da jäitzen déi eng, wann een an deen anere Wee geet, da jäitzen déi aner an dofir hu mir d’Chamber zu Rot gezunn, hinnen de Règlement dohigeluecht an d’Chamber huet gesot, am Moment ass et urgent fir ze waarden, bis datt um internationale Plang déi eng oder déi aner Directive erauskënnt fir d’Reglementatioun vun der Professioun vum Ostepath. An ech mengen et ass och eng richteg Décisioun, well Dir gesinn hutt, datt an der Belsch de Beruff gereegelt ginn ass, mä d’Gesetz ni exécutéiert ginn ass, datt a Frankräich eng Reegelung komm ass, déi awer direkt erëm zréckgezu ginn ass. Hei gëtt et leider zevill Formatiounen, wou een, wann een déi richteg wëllt eraushuelen, een de Problem huet. A wann d’OMS Richtlinie ginn huet, da wäerte mer déi och iwwerhuelen.

Do wou mer elo prioritär drop schaffen, dat ass de Reglement vum Psychotherapeute, iwwregens, dee war net an der Motioun, mä ass an der Diskussioun an dat ass eng ganz wichteg Reglementatioun, déi sengerzäit och schonn als Avantprojet do louch, mä och do ass d’Professioun sech net eens ginn a mir sinn am gaang, zesumme mam Héichschoulministère, déi dote Professioun ze reegelen.

Beim Homeopath do ass et iwwerhaapt kee Problem, do ass et souwisou noutwenneg, datt een den Dokteschtitel huet, fir kënnen eng homeopathesch Spezialiséierung ze maachen. Dat ass also manner problematesch.

Beim Chiroraktiker stellt sech d’Fro d’selwecht wéi beim Osteopath. Dat heescht, mir hunn dat dote ganz séier ugepaakt, mä déi Propositiounen déi mer gemaach hunn, ass net op déi allergréisste Géigeléift gefall. Wat bis elo eben de Problem war, dat ass datt een zu engem Reglement, dat net d’Unanimitéit gemaach huet, bis elo net fäerdeg bruecht huet eng Alternative dohin ze leeën, déi jiddwereen zefriddegestalt huet.

Also ech bleiwen do dobäi, dat si wichteg Reeglementatiounen, mä déi kann een net aus dem Aarm rëselen, well et se néierens oder kaum anzwousch an där doter Form gëtt. An et ass ee gewëssene Risiko do, soen ech Iech, wa mir alleng zu Lëtzebuerg reeglementéieren, da gi mir d’Weeër fir déi aner mat. Ech géif awer léiwer d’Weeër mat deenen aneren zesumme goen, well wann déi aner et net fäerdeg bruecht hunn, dann hu mir besser mir strecken d’Käpp do zesummen.

Dann hutt Dir d’Fro vun dem Remboursement vun den Zänn gestalt. Mir hunn an der Zwëschenzäit déi Etude vum franséischen Expert iwwert d’Nomenclature, deen zur Conclusioun kënnt, datt eng Rei vu Standarden adaptéiert musse ginn. Ech hunn d’Sozialpartner x-mol appelléiert fir déi doten Expertenaarbecht ënnert d’Lupp ze huelen, mä Dir wësst jo, datt de Sozialminister an de Krankekeesen eng Stëmm huet, awer nëmmen eng an datt en op d’Aarbechte vun de Sozialpartner ugewisen ass, déi zesummen déi grouss Majoritéit vun de Stëmmen an der Krankekees hunn. Mir hunn dat doten nach eng Kéier relancéiert an ech muss soen, ech war gëschter mam neie President vun de Krankekeesen zesummen, deen de Roby Kieffer – deen eng formidabel Aarbecht geleescht huet an de Krankekeesen – ofléist, an op senger Agenda ass d’Revisioun vun der Nomenclature dentaire eng vun de Prioritéiten. Mir mussen eis allerdéngs och d’Moyene ginn, d’Experte ginn, déi dat da mam Terrain kënnen aushandelen. Ech bleiwen also ëmmer nach do hannendrun, mä och do brauch de Minister seng Trupp.

Jay Schiltz: Dat heescht, et kënnt net zu Zoustänn hei zu Lëtzebuerg wéi an England, wou d’Leit sech mussen d’Zänn selwer rappen a mat Uhu d’Krounen upechen?

Mars Di Bartolomeo: Also dat wat ee jo muss soen, dat ass datt déi allgemeng Prise en charge vun den Soins dentaires, datt déi hei zu Lëtzebuerg gutt couvréiert sinn. Et ass do wou mer een Nachholbedarf hunn, dat ass an der Standardiséierung vun der Prothetik, wou déi Standarden, déi mir haut hunn, mengen ech, eiser Zäit net méi adaptéiert sinn. Wou ee muss driwwer schwätzen, dat ass iwwert d’Préventioun a wou ee muss driwwer schwätzen, dat ass iwwert d’Prise en charge vun den Implantaten.

Dat si lauter Themen, déi ganz wichteg sinn, allerdéngs muss een och soen, an dat ass een Tenor deen een de Leit awer muss soen, datt wann ee vill méi wäit geet an deem dote Beräich, datt een och vill méi Geld brauch. An Dir wësst, datt mer hei zu Lëtzebuerg, wa mir iwwer Geld schwätzen, fir d’Sécurité sociale oder fir de Finanzement vun der Santé, datt do ëmmer liicht Blocage kommen. De Staatsbudget, dee ganz vill investéiert an de Sozialberäich, d’Betriber déi soen, d’Betriber däerfen net méi belaascht ginn an déi eenzeg déi u sech bereet sinn iwwer Beiträg ze diskutéieren, dat sinn d’Assuréë selwer. An do soen ech, wa mer u Blocagë scheiteren, zécken ech net fir un d’Leit erunzegoen, déi jo och am Moment iwwer complémentaire Versécherunge bereet sinn eppes z’engagéieren, zécken ech net fir un d’Leit erunzegoen, „hätt Dir elo léiwer eng besser Prise en charge vun den Zänn a sidd bereet do een zousätzlechen Effort ze maachen oder wëllt Dir keen Effort maachen, dann ass et méi schwiereg, fir mat deene selwechte Gelder, vill vill méi ze bezuelen“. Mä dat muss een de Leit awer och mol eng Kéier offen soen. Wann op där enger Säit Blocagë sinn, ob d’Leit da bereet sinn iwwert déi Blocagen ewechzegoen, doduerch, datt se eenzel Voleten an der Couverture, an der Gesondheetspolitik bereet si méi wäit ze droen. Dat gëlt fir d’Préventioun an dat gëlt fir d’Zänn.

Ech wëll net soen, datt mer an den anere System sollen eragoen, mä et muss ee sech heiansdo iwwerleeë wéi een iwwert déi Blocagen ewechkënnt. Dat kann een erreechen, wann een d’Alternative huet, fir entweeder a Privatversécherungen eranzegoen oder een zousätzlechen Effort ze maachen a solidaresche Versécherungen. Ech sinn ëmmer der Meenung, datt den zousätzlechen Effort a solidaresche Versécherunge méi bréngt fir den Assuré, wéi wann en an de private Versécherungsberäich geet, well do ass ëmmer nach den Hannergedanken do, fir eppes drop ze verdénge bei deem wat d’Leit bezuelen. An an deem ëffentleche solidaresche System, do ass kee But lucratif hannendrun.

Jay Schiltz: Mir hunn elo scho vill iwwert d’Gesondheetswiese geschwat, wéi stellt Dir Iech dann, Här Minister, deem Gesondheetswiese seng Zukunft vir, wann ee bedenkt, datt d’Käschten all Joer ëm ronn 10% klammen. Op 10 Joer gekuckt hätte mer dann déi Käschte quasi verduebelt.

Mars Di Bartolomeo: Ech menge jo, datt mer am Moment an enger Evolutioun sinn, déi am Beräich vun der Sécurité sociale, insbesondere bei der Santé, encourageant ass. Éischtens profitéiere mer vun der wirtschaftlecher Entwécklung, mir profitéiere vun der méi héiger Zuel vun Assuréen, vun enger gudder Evolutioun vun de Revenuen elo erëm. An zweetens dréit awer dee Prozess fir d’Gesondheetswiesen an de Finanzement vun dem Gesondheetswiese besser ze steieren, Verantwortung bei jiddwereen akloen ze goen dee Verantwortung huet, dréit seng Friichten. Dat heescht, d’Leit iwwerhuele mat Responsabilitéit fir dee generéise System ofzesécheren, doduerch datt ee sech dat hëlt wat ee brauch, awer net dräimol dat hëlt wat ee brauch. Dat ass eng encourageant Entwécklung.

Bon, wann een ëmmer méi am Gesondheetswiesen ugebuede kritt, dee Fortschrëtt, déi Entwécklung vun neie Medikamenter, ganz deiere Medikamenter déi ëmmer méi kaschten, da soen ech, an ech kommen op dat zréck wat ech Iech virdru gesot hunn, da muss ee virun d’Leit trieden a soen, dat do kascht ebe méi. Et kann een de Staat bis zu engem gewëssene Punkt belaaschten, wou ech ee vun deene sinn, déi sech mat Hänn a mat Féiss wieren, fir den Engagement vum Staat erofzedrécken. Et kann een d’Betriber bis op ee gewëssene Punkt engagéieren an da kënnt d’Greetchenfro un d’Leit doriwwer, iwwer dat wat mir iwwer deen dote Wee bréngen, „wat sidd Dir bereet méi dofir ze bezuelen?“ An hei zu Lëtzebuerg ass e bësse Sputt an deem dote Beräich. Bei eis gëtt d’Gesondheet zu 90% iwwer d’Assurances publiques finanzéiert, dat heescht den Assuré huet ënnert dem Strëch eng Eegebedeelegung, an deene gesamte Gesondheetskäschten, vun 10%. An anere Länner ass et komplett ëmgedréit, do ass de solidaresche Finanzement largement ënner 50% an d’Eegebedeelegung geet doriwwer.

Dofir soen ech, déi alternativ Finanzementsmodeller an engem solidaresche Geescht. Dat heescht net zu de Leit soen, jiddwereen ass fir seng eege Gesondheet responsabel, mä zu de Leit soen, „wann et ebe méi kascht, sidd Dir bereet, laut Ärer Capacité financière e bësse méi bäizedroen, fir datt mer de Gesondheetswiesen op deem Niveau kënnen halen an de solidaresche Finanzement op deem doten Niveau kënnen halen, de Remboursement also och op deem Niveau kënnen halen, d’selwecht fir deen Aarmen, wéi fir dee Räichen?“ Well bei der Medezin do deet et wéi wann ee bemol zwou Klasse schaaft.

Mir hunn, ech ginn Iech just dat Beispill, dee Patient oder deen Assuré deen d’Krankekeesen am leschte Joer am bëllegste gi sinn, dat ass awer trotzdem ee relativ héige Prozentsaz, dee läit bei null Euro, dat heescht dat sinn déi déi ganz gesond sinn an déi d’Krankekees net gebraucht hunn. Dee Patient deen am meeschte vun der Solidaritéit an engem Joer konnt Gebrauch maachen, dat ass ee Patient fir deen 1,2 Milliounen Euro ausgi gi sinn. Ech ginn Iech dat Beispill, just fir ze weisen, wann dee Patient dat aus der eegener Täsch hätt misse bezuelen, da wësst Dir wat geschitt wär. Hei huet d’Solidaritéit gespillt an et ass dat Wertvollst wat mir hunn. Dat solle mir net bradéieren um Altoer vun dem private Profit mam Gesondheeteswiesen.

Jay Schiltz: Dir hutt op der Krankekeesequadripartite vun engem finanziell zerbriechleche Gläichgewiicht geschwat, wéi wëllt Dir dat da konkret halen oder wéi zerbriechlech ass dat Gläichgewiicht da wierklech ?

Mars Di Bartolomeo: Ah nee, mä et ass ee Gläichgewiicht, an Dir wësst wéi dat ass, wann d’Wo op deenen zwou Säiten op engem Niveau steet an et gehäit een op déi eng Säit eppes eran, dann ass d’Gläichgewiicht gestéiert. D’Gläichgewiicht ass immens positiv. Mir halen dat elo zanter bal, am drëtte Joer. Kuckt e bësse ronderëm wéi et anere Finanzementssystemer geet, dofir sinn ech frou doriwwer, datt mer dat iwwert eng länger Period kënnen halen. Mir kënnen et nëmme weider halen, wa jiddwereen eben déi Responsabilitéit am Ëmgang domat hëlt. A wann et noutwenneg ass fir zousätzlech Finanzementsquellen ze erschléissen, da muss ee kënnen de Leit dat riicht an d’Gesiicht soen. Et kann een an der Sécurité sociale, wéi an anere Beräicher, net alles fir näischt kréien. Et muss een ëmmer soe wat ee wëllt an da muss een och bereet sinn de Präiss dofir ze bezuelen.

Dat gëtt iwwregens och eng Diskussioun déi mer herno wäerte féieren iwwert de Pensiounsrégime, wou ech mengen, datt een se awer op eng gutt Aart a Weis ka féieren, wann een de Leit d’Wouerecht seet. An am Beräich vun de Pensioune muss een de Leit kënne soen, datt et net geet, datt een 30 Joer schafft, abezilt an da 40 Joer méi héich Pensiounen erauszitt wéi dat wat ee während der aktiver Zäit verdingt huet. Dat liicht jiddwerengem an an op Grond vun deem Constat muss een dann eben zesumme kucken, fir datt een net nëmme fir sech, mä och fir seng Kanner anstänneg Sécurité sociale insgesamt, d’Gesondheetsfinanzéierung, d’Fleegefinanzéierung an och d’Pensiounsfinanzéierung ka garantéieren. Dat setzt viraus, datt mer alleguer Verantwortung iwwerhuelen. Well wann de Ball hin an hir geschubst gëtt, dann hu mir herno d’Iertsenzopp an da geet et esou wéi an anerer Länner, da geet et ganz séier, da gëtt geschnidden. An ech wëll net schneiden, dofir heescht et Verantwortung huele fir e gudde System ofzesécheren.

Jay Schiltz: Dir hutt de Pharmakonzerner de Krich ugekënnegt, eng Schwéngerei sot Dir, ass et, op Käschte vun de Krankekeesen, wëlle mat iwwerdriwwen deiere Medikamenter Geschäfter ze maachen. Wéi wëllt Dir dat da ronn kréien?

Mars Di Bartolomeo: Majo doduerch, datt ech et thematiséieren. Ech mengen d’Pharmaindustrie an d’Gesondheetswiesen, déi kënnen eng ganz gutt Partnerschaft hunn. Mir brauchen d’Pharmaindustrie, mir brauchen d’Recherche, mir brauchen innovativ Medikamenter an ech mengen, och um europäesche Plang, wësse mer dat. Mir kucken och an engem wierklech partnerschaftlechen Dialog mat der Pharmaindustrie virunzekommen, mä et kann awer net sinn, datt ee vu Partnerschaft schwätzt an da säi Partner iwwert den Dësch zitt, doduerch, datt een ee Medikament wou de Patent ofgelaf ass duerch een anert ersetzt dat bal datselwecht ass an dann deen ee bëlleg ubitt an deen anere vill méi deier ubitt an da riets a lénks démarchéiere geet, datt een dat deiert soll verschreiwen. Dat ass keng Partnerschaft a mengen Aen an d’Pharmaindustrie ass, mengen ech och, ganz kuerzsichteg, wa se dozou bäidréit iwwert esou Tricke Systemer futti ze maachen, well si sinn déi déi dann herno als zweet drënner leiden. Mir fir d’éischt, well mer da Leeschtungen a Fro musse stellen, mä si awer hannendrun, wann d’Gelder an der Sécurité sociale net méi do si fir dat ze bezuelen.

Et gëtt nach ee Beispill, ech wëll dat lass ginn, ech fannen datt et ee formidabelen Duerchbroch ass, datt mer ee Vaccin fonnt hu géint de Gebärmutterhalskriibs. Ech fannen dat formidabel an ech fannen et wichteg, datt ee vun esou Fortschrëtter ka Gebrauch maachen. Mä och do, déi Démarche déi gemaach ginn ass vun der Pharmaindustrie an deem dote Beräich, déi grenzt net nëmmen un ee Skandal, mä dat ass ee Skandal. Hei hätt ee missen zesumme mat alle Länner diskutéieren, fir jiddwerengem deen dote Vaccin zougänglech ze maachen, zu engem anstännege Präis a virun allem dee Vaccin och op Plazen zougänglech ze maachen an Entwécklungslänner, wou de Gebärmutterhalskriibs vill vill méi ee grousse Problem ass wéi hei zu Lëtzebuerg. Am Plaz eng Strategie ze wielen, bei ganz ganz héigem Präis, fir den Drock ze suergen, datt dann eng handvoll Länner deen héige Präis kënne bezuelen an déi aner de Vaccin net kréien.

An do mengen ech och, datt een Ëmdenken an der Approche vun deenen eenzelne Länner mat der Pharmaindustrie muss kommen. Ech mengen datt dee Message dee mer erausgi mussen, dat ass, datt d’Pharmaindustrie och op hir Käschte kënnt wa se alle Leit erschwénglech Medikamenter bitt, am Plaz enger Minoritéit ganz deier Medikamenter. Et kann ee vill Gewënn maachen, doduerch datt eppes ganz deier ass a wéineg verkaaft gëtt, et kann een awer och ganz vill Bénéfice maachen, doduerch datt eppes wat bëlleg ass, vu jiddwerengem kaaft gëtt. Ech géif mengen, datt do d’Pharmaindustrie op hire Kont géif kommen an ech mengen, datt d’Länner Intérêt hätte vun där Philosophie ewech ze kommen, jiddweree fir sech a sengem Eck dee verhandelt mat enger Pharmaindustrie, mat der Hoffnung, datt en d’Medikamenter dräi Sou méi bëlleg kritt wéi säin Nopeschland. Vill méi efficace ass wa mir dat zesumme maachen, well d’Pharmaindustrie mécht et och zesummen.

Jay Schiltz: Den 8. November kënnt de Rentendësch zesummen, och wann dat kee Rentendësch ass, wéi et heescht. Wat ass et wierklech Här Di Bartolomeo? Virun allem, wat soll dobäi erauskommen?

Mars Di Bartolomeo: Ech ginn dovun aus, datt mer un engem Dësch sëtzen, mä mir maachen elo mol an enger éischter Phase dat wat mer als Missioun kritt hu vun der Tripartite. D’Tripartite huet gesot, d’Sozialpartner sollen d’Käpp zesummestrecke fir déi laangfristeg Liewensfähegkeet vun eise Renteregimer ze thematiséieren an dat maache mer an enger éischter Phase. Dat heescht, an enger éischter Phase maache mer Factfinding, probéieren alles iwwert Stäerken a Schwächte vun eise Pensiounsrégimer op den Dësch ze kréien an dann eis Gedanken ze maachen, wou déi privilégiéiert Pisten sinn. An da kënnt souwisou jiddwereen dee wëllt matdiskutéieren mat un den Dësch.

Wat fir mech ganz kloer ass, dat ass datt mer an deenen Diskussiounen déi mer hei féieren net iwwert eng nei wundersam Verdeelung schwätzen, mä iwwert eng wierklech Konzertéierung zwëschent alle Betraffenen, fir net nëmmen eis gutt Pensiounen ze sécheren, mä fir déi och laangfristeg ofzesécheren. Also deen Débat ass ganz wichteg. Ech wëll deen Débat féieren, fir deen dote System ofzesécheren, à contrario vun deenen, déi elo scho soen, et misst een deen dote System op d’Mëscht geheien an dann ersetzen duerch ee Kapitaliséierungsprinzip, an an an. Ech gehéieren net zu deenen.

Ech mengen, datt dee System hei eng Zukunft huet. Ech mengen, datt dee System eng Rei vun Avantagen huet. Ech soen ëmmer, am Moment ass e gesond, mä fir datt e gesond bleift, musse mer datselwecht maache wéi bei der normaler Gesondheet. Mir mussen d’Risiken identifizéieren an da préventiv op déi Risiken agoen am Konsens, mat gudden Argumenter, mat Evidenzen, mat Fakten an déi Fakten op den Dësch leeën an da mengen ech, datt déi Diskussioun dobaussen aneschters gefouert gëtt, wéi wa mer se reng emotional mat Schlagwierder féieren, wéi Verlängerung op 67. Dat bréngt eis strictement näischt, wa mer wëssen, datt den effektive Pensiounsalter haut bei 58 Joer läit. Wa mer da verlängeren op 67, bréngt guer näischt. Do wou mer mussen drop awierken, dat ass, datt déi Penaliséierung vum am-Beruffsliewe-bleiwen vis-à-vis vum Pensionnéieren, datt mer op déi awierken an datt mer ganz offe mussen d’Diskussioun féieren, ob et dann dat grousst ustriewenswert Zil ass, fir datt jiddweree mat 49 oder mat 52 Joer soll an d’Pensioun goen.

Mir musse wëssen, datt mer all Joer ëm dräi Méint méi al ginn. D’Liewenserwaardung gëtt all Joer ëm dräi Méint méi laang. Dat heescht, mir gehéieren zu där Generatioun déi eng gutt Chance hunn, fir wäit iwwer 80 [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Dat wär flott.

Mars Di Bartolomeo: Fir wäit iwwer 80 ze ginn. Vläit kënnt och an der Zwëschenzäit eppes, wou mer nach méi al ginn, da musse mer deem Rechnung droen. Mir kënnen net esou maachen, wéi wann een 10 Joer zousätzlech Liewenserwaardung d’selwecht kann ofdecke wéi 30 oder 35 Joer zousätzlech Liewenserwaardung. Wann een déi doten Diskussioun éierlech féiert mat de Leit, sinn ech fest dovun iwwerzeegt, datt se mat diskutéieren an datt se op Evidenzen och bereet sinn ze diskutéieren an och gangbar Solutioune matzefannen.

Jay Schiltz: Wou steet d’Rentemauer da mëttlerweil?

Mars Di Bartolomeo: Majo déi Rentemauer ass nach net gebaut. Mir hunn et an der Hand, datt mer déi Rentemauer, wa se da sollt bestoen, datt mer déi elegant kënnen ëmfueren. Ech huelen dee bildleche Vergläich, dee Rentesystem ass, komm mir soen, een zolitte Camion oder een zolitten Dampfer. Wann een dee rulle léisst, iergendwann rennt deen da widdert een Äisbierg oder vis-à-vis an eng Mauer, mä déi Schëffer an déi Autoen an déi Camionen, déi hunn et u sech, datt se net nëmme Gaspedalen hunn, mä datt se och eng Renkel hunn, ee Steier an eng Brems, a wann ee mat vill Gefill um Steier dréit a mat vill Gefill bei deenen eenzelne Saachen op d’Brems dreckt, da kënnt ee ganz gutt do derlaanscht. Da steet déi Mauer vläit do oder deen Äisbierg, deen ass vläicht do, mä mir kënnen derlaanscht fueren. Dat hu mir an der Hand an dofir solle mir mat roueger Hand, mat kalem Kapp déi doten Diskussioun ugoen. Dat Schlechst wär elo ronderëm sech ze schéissen an d’Leit ze veronsécheren.

Mir hu vis-à-vis vun anere Rentesystemer eng Rei vun Avantagen, un eis fir déi Avantagen auszeschöpfen, duerch eng éierlech offen Diskussioun an doduerch, datt mer eis bewegen. Sozial Systemer maache mer just freckt dann, wa mer de Kapp an de Sand stiechen, Vogel Strauss Politik maachen an all déi Problemer déi op eis zoukommen net gesinn. Da kommen déi Problemer a wat da geschitt, dat ass da vill méi schlëmm, wéi wa mer dat selwer an d’Hand huelen, well da gëtt futti geschloen, da gëtt ewech geschloen, ouni Differenz. A wa mir dat selwer an d’Hand huelen, dann ass et wéi bei eis doheem.

Jay Schiltz: Mir steiere sécher op eng Auer zou, dofir eng allerlescht Fro, Här Minister. Dir wësst, datt ech se muss stellen, d’ganzt Land wéisst et gär, hutt Dir dann elo wierklech opgehale mat fëmmen oder gënnt Dir Iech nach heiansdo déi eng oder aner?

Mars Di Bartolomeo: Also ech kann Iech dat Hand op d’Häerz soen, ech hunn zanter dem 3. August, wou ech déi lescht Zigarett am Büro vum Premier mat him zesumme gefëmmt hunn [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Hee fëmmt also nach?

Mars Di Bartolomeo: …mat him zesumme gefëmmt hunn, ni méi eng ugepaakt. Ni méi eng ugepaakt. Et gëtt gewitzelt a gegeckst, datt ech am Keller oder op der Terrass oder hannen am Gaart géif eng fëmmen. Ech hunn doheem ee Partner gehat, dee bis de leschten Oktober nach selwer gefëmmt huet a wann ech dat gemaach hätt, wär dat deen éischte gewiescht, deen eng Foto vu mir gemaach hätt an an de Feierkrop geschéckt hätt fir op Liewenszäit de Feierkrop ze kréien. Nee, Hand op d’Häerz, ech hu keng méi ugepaakt. Et ass mer och e bësse méi liicht gefall, wéi engem ganz heavye Raacher. Ech war esou ee cachez donnez-moi’s Raacher. Ech hunn dat mat ganz vill Pleséier deemools gemaach, mä ech mengen ech houng net esou dru wéi anerer.

A just ee leschte Saz, iwwregens dee Reglement oder dee Programm dee mer mat de Krankekeesen zesumme gestréckt hunn, fir de Leit ze hëllefe fir opzehalen, deen ass elo prett an dee wäert an deenen nächsten zwee, dräi Méint a Kraaft trieden. Dat heescht Consultatiounen an Hëllefsmëttele ginn zum Deel vun der Krankekees mat ënnerstëtzt.

Jay Schiltz: Dat freet mech ze héieren, Här Minister. Ech wäert ee vun deenen éischte sinn, deen dovunner profitéiere wäert. Et sinn 30 Sekonne virun eng. Dat war et fir dës Emissioun „Riicht eraus“ um Radio 100,7. Merci nach emol dem Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo, datt en de Mëtteg Zäit hat fir op déi sëlleche Froe ronderëm seng Ministèren ze äntweren.

Dernière mise à jour