Jean Asselborn au sujet de l'actualité politique européenne et internationale

Frank Goetz: Am Studio begréissen ech elo de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Gudden Owend.

Jean Asselborn: Gudden Owend.

Frank Goetz: Här Asselborn, wann een elo emol déi sozial an ekonomesch Prioritéite vun der EU ausklamert, ass d’Aussepolitik an den nächsten 20 Joer fir Europa wuel déi wichtegst Erausfuerderung. Mä elo muss ee jo scho reagéieren. De Kosovo, fir ganz aktuell a ganz konkret ze sinn, wat mécht d’Europäesch Unioun, wann de Kosovo elo Ufank Dezember seng Onofhängegkeet ouni Accord vun de Serben déclaréiert?

Jean Asselborn: Bon, de Kosovo ass e Läinzeechen an der Europäescher Unioun, ech soe bewosst an der Europäescher Unioun, an och vun der Europäescher Unioun. Dir wësst, datt zënter Joere gedoktert gëtt am Kader vun der Kontaktgrupp, wou déi grouss Länner, Russland, Amerika, an och déi wichtegst Länner aus der Europäescher Unioun dra waren. Den Ahtisaari huet säi Rapport gemaach, en huet seng Propositioun gemaach. Et huet näischt gedéngt, et ass net acceptéiert ginn, virun allem jo zum Schluss vun der russescher Säit. Wann ech soen, datt et eng europäesch Läinzeechen ass, heescht dat och, datt eng europäesch Léisung muss méiglech sinn, an néideg ass, am Kader natierlech vun deem Gerüst vun der UNO. An duefir musse mir kucken [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Et gesäit jo ganz schlecht aus. Wéi gesot, nach eng Kéier, wann et elo wierklech dozou kënnt, wéivill Länner vun der Europäescher Unioun géifen dann esou e Staat diplomatesch unerkennen?

Jean Asselborn: Mir mussen elo emol alles maache fir datt net den 10. Dezember, an och net nom 10. Dezember eng Déclaratioun gemaach gëtt vum Kosovo.

Frank Goetz: Also et gesäit net gutt aus.

Jean Asselborn: Do musse mir also alles maachen, an och dru gleewen, datt déi Troika kann zu engem Resultat kommen. Wann dat net de Fall ass, muss d’Europäesch Unioun preparéiert sinn op den 10. Dezember an op dat wat duerno kënnt. Et muss ee Lien bleiwen, a mengen Aen op jiddefall, mat der UNO, a mir mussen an der Europäescher Unioun esou opgestallt sinn, datt mir koordonéiert kënne virgoen, datt jiddweree weess wat deen anere mécht.

Et ass net wéi bei Kroatien zum Beispill deemools, deen een leeft hott, an deen aneren har, wann Amerika sech géif uschléissen un eng UDI, also un eng unilateral Déclaration d’indépendance. Mä et lafen ebe Gespréicher mat den Amerikaner an der Europäescher Unioun, och op allen Niveauen, fir datt d’Kosovaren och wësse wat d’Gefor ka si vun esou enger Déclaratioun.

Frank Goetz: Géife mir, géif och Lëtzebuerg esou e Staat unerkennen?

Jean Asselborn: Also wann et dozou kënnt, soen ech Iech nach eng Kéier, muss d’Europäesch Unioun virum 10. Dezember sech esou opstellen, datt eng koordinéiert Positioun eraus kënnt. Dat ass net onméiglech, dat ass immens schwéier.

Frank Goetz: Also gemeinsam?

Jean Asselborn: Eng gemeinsam Positioun, eng koordinéiert, ech soen eng koordinéiert, et gëtt e klengen Ënnerscheed tëscht gemeinsamer a koordinéierter, well et gëtt Länner an der Europäescher Unioun, déi eben duerch hir geographesch Néih un de Kosovo, eng aner Reflexioun hu wéi mir. Et gëtt zum Beispill Zypern, déi aus hirer Geschicht anescht raisonnéieren. Et gëtt natierlech och Länner wéi England déi ganz no bei den Amerikaner sinn an där Fro, an déi vläicht och do just hir Prioritéit kucken.

Frank Goetz: Dir huet et gesot, Russland spillt elo eng ganz wichteg Roll, well si sech hannert d’Serbe gestallt hunn. Wéi gi mir, wéi geet d’Unioun an Zukunft mat Russland em? Wat fir eng Roll spillt Russland? Wat fir eng Gefor geet elo dowéinst aus, international gesinn, duerch Russland?

Jean Asselborn: Dat ass natierlech eng Kapitalfro, déi mir elo hei net léisen. Mä ech kann Iech just soen, datt an der Kontaktgrupp a Saache Kosovo, Russland wierklech eng Positioun hat, wou se Step by Step eigentlech endosséiert hu wat an der Kontaktgrupp décidéiert ginn ass, a sech herno wierklech elo viru 6 Méint fir d’éischt ganz kloer ausgedréckt hunn, datt si net kënnen de Schrëtt mat goen.

Russland ass staark ginn erëm, Russland huet vill Reserven, Russland wëllt Player sinn um Planéit, Russland gesäit sech erëm als de Spriecher vun deenen, déi vläicht net déi westlech Reflexer hunn an der internationaler Politik. Dat ass net méi einfach ginn, selbstverständlech, mä et muss een och Russland verstoen an deem Sënn, datt Russland eigentlech d’Aussepolitik, wat och ëmmer d’Amerikaner maachen, wéineg kuckt an engem Gesamtpuzzle.

Kosovo, Georgien, Rakéiteschëld, an esou weider, all dat sinn Elementer, déi sinn unenee gebonnen, ob mir dat wëllen oder net. An duefir ass meng Positioun ganz kloer, Amerika ass deen nooste Partner dee mir hunn, mä Russland ass e Partner, deen och am 21. Jorhonnert eng immens grouss Wichtegkeet huet, a mir musse kucken och mat Russland wierklech e Kontakt opzebauen, deen net nëmme wirtschaftlecher Natur ass, well do fluppt et jo. D’Relatiounen um wirtschaftleche Plang tëscht der Europäescher Unioun a Russland sinn exzellent, an déi aner dégradéieren. Mä mir dierfen net e Russland hunn, ech soen dat nach eng Kéier, wat no Oste kuckt, an net no Westen.

Frank Goetz: Dir sot Europa huet eng determinant Roll um Balkan. Wier et dann net sënnvoll an dësem Moment d’Serbe méi no un d’Europäesch Unioun erun ze bréngen?

Jean Asselborn: Dat hu mir jo och elo gemaach, dat huet den Olli Rehn an d’Kommissioun jo gemaach fir dat Associatiounsofkommes ze paraphéieren, et ass nach net ënnerschriwwen. Mir brénge keng Stabilitéit um Kosovo fäerdeg, um Balkan fäerdeg, ouni och d’Serbe mat am Boot ze hunn. Dat sinn 8 Millioune Leit. An Dir huet scho ganz, ganz Recht, ouni d’Serbe geet et net.

Mir musse wëssen, datt nodeem wat alles geschitt ass am Krich, mä awer och wat geschitt ass mat Montenegro, wat geschitt ass an de Länner ronderëm, och elo am Kosovo, wou ech wierklech op der Linn sinn, datt déi Solutioun vum Ahtisaari eng Solutioun ass, wou ee ganz, ganz schwéier eng Alternativ fënnt, mä datt een d’Serbe muss dozou kréien, datt si hir Zukunft kucken, an net sech konzentréieren op hir Vergaangenheet. A Serbien gëtt et jo eng ganz grouss Nuance tëscht dem President Tadic an dem Premierminister Kostunica, an do muss ee kucke mat deene Leit ze schaffen an Zukunft, déi no vir kucken, net déi no hanne kucken.

Frank Goetz: Et geet leider net nëmmen em de Kosovo. Eng ganz grouss Gefor dréint ronderëm den Iran, Israël preparéiert sech den Ament op e Krich mam Iran. Wéi grouss ass d’Chance nach esou e Krich, an deem Kontext de President Bush vun engem drëtte Weltkrich geschwat huet, esou e Krich nach ofzewennen?

Jean Asselborn: Fir d’alleréischt muss een och de Leit ganz kloer soen, Iran huet selbstverständlech grad esou wéi all d’Länner vun der Welt, d’Recht fir een Atomreakter fir Zivilnuklearenergie ze bauen. Dorëms geet et net méi. Den Iran huet 15 Joer laang am stillen Kämmerlein Uran ugeräichert, ouni mat der AIEA zesummen ze schaffen, an duefir sinn zwou Décisioune komm vun der internationaler Communautéit am Conseil de sécurité, also mat China, mat Russland, net nëmmen Amerika an d’Europäesch Unioun. An déi soen, datt si mussen ophale mat der Uräicherung vum Uran, bis alles gekläert ass, och um Niveau vun der AIEA, an datt eng Zesummenaarbecht muss stattfannen.

Frank Goetz: Well nuklear Waffen an den Hänn vun esou engem Régime wier jo net nëmmen eng Gefor fir déi Regioun, mä fir déi ganz Welt.

Jean Asselborn: Dat Allerbescht wier jo, wa mir eng Zone hätten am Noen Osten, am Mëttelosten, wou keen eng Atombomm hätt. A mir wësse jo datt wéinstens ee Land do d’Atombomm schonn huet.

Frank Goetz: Wien ass et?

Jean Asselborn: Esou, duefir muss ee wëssen, datt mir musse schaffen, wierklech, och wann et immens vill Nerve kascht, wann et Zäit och kascht, mä wierklech eng Diplomatie déi mat Krich dreeë muss, huet, ech hunn dat a menger Ried gesot, huet menger Meenung no och versot. Duefir muss ee kucke: mat de Sanctioune kënnt ee ganz, ganz wäit. Ech hoffen, datt mir en Principe un de Sanctioune bleiwen, wou och Russland a China dobäi sin, well dat sinn déi déi wéi dinn, vun der internationaler Communautéit, an datt mir net nëmmen am Ausnahmefall mussen op speziell Sanctioune kommen am Kader vum Artikel 41.

Frank Goetz: Mä an deem Kontext, Här Asselborn, ass dann eng europäesch Aussepolitik iwwerhaapt machbar ouni eng eegestänneg, ouni eng Verdeedegungspolitik wierklech am Sënn vum Wuert?

Jean Asselborn: Ech sinn elo ganz op der Linn vun deene Leit, déi menge mir mussen eis an der Europäescher Unioun och militäresch Mëttele ginn, mä militäresch Mëttele kënnen ëmmer nëmmen dann agesat ginn, wann zur gläicher Zäit och erëm den Opbau, de wirtschaftlechen Opbau produzéiert gëtt, an och Kooperatioun gemaach gëtt. Mat militäresche Mëttelen alleng léist ee kee Konflikt op der Welt.

Kuckt Afghanistan, dat ass de Problem vun der Rechtstaatlechkeet, et ass de Problem vun Drogen, et ass de Problem vum Haass, vun der Intoleranz, an dat ass jo net ze léise mat militärescher Präsenz. Vum Irak schwätze mir net.

Duefir et geet nëmme wa mir eng militäresch Sécherheet natierlech garantéieren, a wa mir eis asetze fir d’Rechtstaatlechkeet, dat heescht fir de Staat opzebauen, an och dann donieft eben d’Kooperatioun ze maachen, fir datt ee gesäit, datt et no vijenzeg geet op deenen dräi Punkten. Alleng mat militäresche Mëttelen, nach eng Kéier, ass kee Konflikt, och net am 21. Jorhonnert, dauerhaft ze léisen.

Frank Goetz: Här Asselborn, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour