Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de son prochain déplacement en Chine et des prix des produits pétroliers

Jean-Claude Franck: Jean-Claude Juncker, de schwaache chinesesche Yuan mécht Iech Suergen, dofir d’Rees a China. Et fällt op, datt Dir Iech am Virfeld awer besonnesch virsiichteg u China adresséiert. Ass dat den eenzege Wee fir eng Ännerung vun der chinesescher Positioun ze bewierken?

Jean-Claude Juncker: Ech bilde mer an zu deenen ze gehéieren, déi verstinn, datt et eng bestëmmten Aart a Weis gëtt fir mat Asiaten allgemeng, mat Chinesen a besonneschem ëmzegoen. Wa mer hei zu Bréissel am Detail soe wat mer eise chinesesche Kollege virdroen a wat mer vun hinnen erwaarden, wa mer quasi vu Bréissel op Peking aus Meldung maache wat d’Chinesen, fir dat salopp auszedrécken, ze erwaarden hunn, dann erreecht ee guer näischt. Mir hätte jo gären ee rouegt Gespréich mat de chinesesche Kollegen iwwert d’Gestaltung vun dem internationale Währungsgefüge an dat mécht een am beschten am direkte Gespréich. Dat maachen d’Amerikaner och a mir Europäer hätten och gären ee strukturéierte reguläre makroekonomeschen Dialog mat China, bei deem et net nëmmen ëm d’Evolutioun vun der chinesescher Währung geet, déi mer fir däitlech ënnerbewert halen an enger Gréissenuerdnung vun 20 bis 25%. Et geet och drëm sech z’informéiere wéi déi véiertgréisst Wirtschaft vun der Welt an deenen nächste Jore sech entwéckele wäert. Do gehéiert vill Energiepolitik dobäi, do gehéiert vill Handelspolitik dobäi an dann eben och den Aussecours vum Yuan, vum Renminbi wéi d’Chinesen hir Währung, d’Geld vum Vollek nennen.

Jean-Claude Franck: Huet d’Europäesch Unioun dann do an deem Dialog direkt Drockmëttel oder vläicht Géigeleeschtungen ze bidden?

Jean-Claude Juncker: Et geet hei net drëm fir Drock ze produzéieren. Et geet hei drëm däitlech ze maachen, datt d’chinesesch Währung, déi d’Kraaft vun der véiertgréisster Vollekswirtschaft vun der Welt reflétéiert, däitlech ze maachen, datt sech aus där Situatioun an där China sech befënnt an aus där monétairer Machtstellung eraus Obligatioune fir eng grouss Economie erginn.

Jean-Claude Franck: Huet China dann awer net fir sech selwer awer vläicht méi Intérêten un engem ënnerbewertete Yuan wéi un engem elo deen opgewert gëtt?

Jean-Claude Juncker: Op den éischte Bléck gesäit dat esou aus, mä mir probéieren an deene Gespréicher däitlech ze maachen, datt reng mëttelfristeg betruecht et och am Interesse vun der chinesescher Vollekswirtschaft ass, anstatt dee ganze Wuesstumspotential a sengem Uwuessen, op d’Uwuesse vun den Exporter ze setzen, et och richteg ass produktiv Elementer vun der Wirtschaft a Richtung Uklamme vum interne Konsum ze dréinen.

Jean-Claude Franck: Elo sinn och déi héich Petrolspräisser an Ären An e Problem fir d’Economie am Euroraum. Vu wéini u wäerten dann d’Eurolänner do missen aktiv ginn, fir zum Beispill d’Steieren ze reduzéieren, fir eppes ze ënnerhuelen?

Jean-Claude Juncker: Mir hate schonn am September 2005 an duerno am Mee 2006 zum Ausdrock bruecht, datt eng adequat Äntwert op Uelegpräisser déi klammen, net doranner ka bestoen, datt ee steierlech Korrektiven aféiert. Dat géif eng Diskussioun lasstrieden iwwer nei europäesch Minimalwerter an déi muss een unanime, eestëmmeg gestalten. Dat brénge mer net fäerdeg an dofir menge mer datt d’adequat Äntwert net a Steierpolitik ka bestoen, mä datt aner Instrumenter mussen zum Asaz kommen, wéi mer dat och doheem maachen, duerch deen Heizkostenzuschuss, dee mer accordéieren. Aner Länner wëlle sech dorunner inspiréieren.

Jean-Claude Franck: Elo sidd Dir jo haut zu Bréissel, nom Eurogrupp gëschter, um Conseil Ecofin, wou ënnert anerem iwwert d’TVA wäert geschwat ginn, ee Punkt dee jo fir Lëtzebuerg wichteg ass, well domat och d’Avantagen am E-Commerce verschwanne kéinten. Bis wéini kënnt Dir dat verhënneren?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn et hei mat enger Diskussioun ze dinn, déi fir Lëtzebuerg wichteg ass. Géif déi Regel, déi déi 26 aner Länner wëllen, zur Applikatioun kommen, nämlech datt bei E-Commerce-Leeschtungen d’Besteierung an deene Länner stattfënnt wou d’Leeschtung higeet, da géife mer ronn 1% a Bruttosozialprozentpunkten ausgedréckt vun eise Budgetseinname verléieren. Dofir hu mir nei Propositiounen déi lescht Deeg gemaach. Meng Impressioun ass, datt déi aner Länner déi Propositiounen net gäre gesinn. Meng aner Impressioun ass, datt mir, falls déi aner Länner sech net an eis Richtung bewegen, enger neier Regelung net kënnen zoustëmmen.

Jean-Claude Franck: D’Noriichtenagencë schwätze vun engem Accord méiglecherweis schonn um EU-Sommet am Dezember. Gesidd Dir dat och esou?

Jean-Claude Juncker: Nee. Ech gesinn d’Noutwennegkeet déi mer hunn d’Sitzung vun de Finanzministeren am Dezember ze notzen, fir ze probéieren zu engem Accord ze kommen. Ech gesinn et eigentlech net, datt déi Fro op de Conseil Européen gedroe gëtt.

Jean-Claude Franck: An esouwäit um Telefon vu Bréissel de Premier a Finanzminister Jean-Claude Juncker. Merci, Här Juncker, fir d’Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour