Jean Asselborn au sujet de la situation actuelle au Kosovo et en Iran

Eric Ewald: Zu Bréissel si mir elo live mam lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn verbonnen. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Ewald.

Eric Ewald: Wat bedeit d’Victoire vum Hashim Thaci bei deene Wale fir dës Verhandlungen tëscht Kosovaren a Serben, an awer och fir d’Beméiunge vun der EU fir Fridden an der Regioun ze kréien?

Jean Asselborn: Et muss een emol fir d’alleréischt festhalen, datt et jo gutt ass, datt iwwerhaapt am Kosovo kënne Wale stattfannen, datt déi och gutt verlaf sinn. Iwweregens, Lëtzebuerg hat 5 Observateure bei deene Walen. Et hu sech leider nëmme 45% vun de Leit bedeelegt dorunner, dat ass net gutt.

Et schéngt elo esou ze sinn, wéi wa misst eng Koalitioun gemaach ginn tëscht der PDK vum Här Thaci, dee jo déi meeschte Stëmme kritt huet, senger Partei, an dann der LDK vum Här Sedim, dat ass den aktuelle President. Dat wier gutt. Do sinn Informatiounen och schonn eraus, datt wann déi zwou Parteien, déi grouss Influenz hunn am Kosovo, wann déi misste koaléiere mateneen, datt een do och kéint an der internationaler Gemeinschaft ganz positiv matenee schaffen.

Eric Ewald: Ass duerch de Wonsch no Onofhängegkeet e Konflikt mat Belgrad, vläicht esouguer nees mat Waffe, virprogramméiert, d’Serben am Kosovo hunn déi Wale jo boykotéiert?

Jean Asselborn: Jo, dat stëmmt, et si 40.000 Leit, Serben, déi walberechtegt waren, an et ass praktesch kee stëmme gaangen.

Mä Dir huet mech gefrot no engem Konflikt. Ech gleewen dat net, also et ass kloer, datt ouni, datt mir och a Serbien, wat 8 Millioune Leit duerstellen um Balkan, ouni d’Serben am Boot ze hu gëtt et kee Fridden, do gëtt et keng Stabilitéit do.

Mä d’Serbe wëssen awer och ganz genee, menger Meenung no, datt hir Zukunft net am Kosovo läit, mä datt hir Zukunft am Weste läit, datt dat déi Perspektiv déi och si selbstverständlech hunn, fir eng Kéier Member kënnen ze ginn, dat ass net muer, an och net iwwermuer, vun der Unioun, datt dat muss priméieren, virun allem déi jonk Leit a Serbien.

Ech géif och mengen dat Ugebued wat mir elo gemaach hunn als Unioun, fir dat Associatiouns- a Stabilisatiounsofkommes ze paraphéieren, datt dat en éischte Schrëtt ass fir de Wee opzemaachen an d’Europäesch Unioun, wéi gesot net muer an och net iwwermuer, mä datt dee Wee iewer virgezeechent ass. An ech mengen dat ass och dat, wat an de Käpp vun de Serben trotzdem wäert prädominéieren.

De serbesche President Tadic huet gesot, nach dëst Joer, et ass egal wat mam Kosovo geschitt, datt hiert Zil Europa ass. Ech mengen och, datt vill Leit frou wieren, wann déi Décisioun eng Kéier geholl ass iwwer de Kosovo a Serbien, an datt si dann no vir kënne kucken, an net ëmmer no hannen.

Eric Ewald: Hält d’EU um esougenannten Ahtisaari-Plang fest, dee vun de Kosovare guttgeheescht, a vun de Serbe refuséiert gëtt, an engem vun der EU iwwerwaachten Onofhängegkeet vum Kosovo virgesäit?

Jean Asselborn: Jo, do sinn elo vill Saache beieneen, Här Ewald. Ech géif emol fir d’alleréischt soen, datt et jo muss d’Zil si vun der Europäescher Unioun virun allem, well de Kosovo läit jo large gesinn an Europa, d’Zil muss si fir de Fridden an d’Stabilitéit do an där Regioun ze garantéieren, well dat gi jo direkt Repercussiounen, net nëmmen op de Friddensprojet Europa, mä och op Länner wéi Lëtzebuerg, mir wëssen dat.

De Kosovo ass eng Regioun, wësst Dir wou 50% vun de Leit manner hu wéi 25 Joer, a wou mir awer e Chômage hu vu 60%. Dat muss ee sech virstellen, wat fir eng Explosivitéit datt do dra läit. Mir kennen eng Géigend op der Welt, déi nenne mir Gaza, wou d’Leit och ënnert ähnleche Konditiounen, vläicht och nach vill schlëmmer, musse liewen. Mä do muss een oppassen, datt een dat do net schleefe léisst.

De Status quo wat de Statut ugeet ass keng Léisung, mir sinn och net méi, mir kënnen net méi zeréckkomme bei dat wat war virun 1999. Ech hoffen datt d’Troika, och wann et minim ass, loosse mir soen, d’Erwaardungen déi ee kéint un Troika hunn tëschent Amerikaner, Russen an Europäer fir nach zu enger Conclusioun ze komme mat de Kosovaren a mat de Serben. Mä datt dat net opgi gëtt virum 10. Dezember. An et muss een da kucken, wat nom 10. Dezember geschitt, virun allem d’Solidaritéit an der Unioun ass do menger Meenung no deen allerwichtegste Facteur.

Eric Ewald: Dir selwer sitt dem Ex-UÇK-Mann Hashim Thaci scho begéint. Wat ass dat fir e Mënsch, éischter e geféierleche Separatist, oder awer en elo moderéierten Demokrat?

Jean Asselborn: Also ech hunn effectiv 2004 an och dëst Joer eng Kéier deen neie Premierminister, wann ech esou dierf soen, oder dee Premierminister deen een erwaart, begéint, an och eng Discussioun mat him gehat. Ech kann natierlech net elo jugéieren, mä ech weess just, datt hien net inculpéiert ass, au contraire, also vun Den Haag, vum Friddenstribunal net inculpéiert ass, au contraire zum Haradinaj, dee jo och eng kuerz Zäit Minister war, an deen zu La Haye sech ze veräntwerten huet.

Et ass e Mann deen Influenz hat am Krich, an ech hoffen och, datt en Influenz huet elo am Fridden. En ass net inculpéiert, nach eng Kéier, en ass vun de Serben inculpéiert, mä en ass net vun Den Haag inculpéiert. An ech hoffen, datt do d’Kosovare sech e Mann gewielt hunn, an eng Partei och gewielt hunn, dee weess wéi e sech ustellt, fir mat der internationaler Communautéit zesummen ze schaffen, an och dat Ganzt friddlech mat deene schwierege Problemer déi si hunn, op eng besser Schinn ze bréngen.

Eric Ewald: Um Enn dann nach eng Fro zum Iran, an deem sengem Atomprogramm. De President Mahmud Ahmadinedjad huet gëschter ugekënnegt d’iranescht Uranuräichere kéint an engem neutrale Land geschéien. Ass dat an Ären Aen eng Taktik fir Zäit ze gewannen, oder awer en eescht gemengte Virschlag fir d’Irankris ze entschärfen?

Jean Asselborn: Jo, also wann dat sech confirméiert wat de President Ahmadinejad gesot huet, mä dee seet leider jo ganz vill, a net ëmmer dat richtegt, wier dat jo indirekt folgendes, datt den Iran géif d’Uräicherung stoppen. Dat ass jo dat, wat d’international Communautéit, mat de Russen, mat de Chineesen a mat alle Memberen aus dem P5 an Däitschland jo, déi "Sechs" wéi si genannt gin, fuerderen, a wat mir als Europäesch Unioun fuerderen. Dat wier de Schlëssel fir mam Iran op eng ganz aner Schinn ze kommen, wann dat sech confirméiert, a wann dat och gedroe gëtt. Okay, den Iran huet schonn 2006 eng Kéier mat de Russen eng ähnlech Solutioun envisagéiert, dat ass iewer net op deem Niveau weidergefuer ginn.

Mir als Europäesch Unioun, virun allem de Javier Solana, huet d’Mandat fir och ze proposéieren, datt d’Uräicherung ënnert dem Kontroll vun der UNO an engem neutrale Land soll stattfannen, wou all Land den Accès drop huet. An dat ass wierklech, wann dat do sech soll bestätegen, ech soen et nach eng Kéier, da wier dat schonn eppes wou ee kéint drop schaffen.

Eric Ewald: Här Asselborn, Merci fir dës Präzisioune vu Bréissel.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour