Luc Frieden au sujet de ses visites de travail aux Pays-Bas et en Italie

Eric Ewald: De Justiz- an Tresorminister Luc Frieden war bis gëschter op Aarbechtsvisite an Holland an ass haut a mar an Italien. An Holland hat de Minister Entrevuë mat sengem Justizhomolog an huet viru Vertrieder vun der Wirtschaft geschwat. An Italien gesäit heen ënnert anerem d’Innen- a Justizministeren an ass bei enger Konferenz iwwert d’Lutte géint d’Korruptioun dobäi.

Mir sinn elo live mam Minister verbonnen. Gudde Moien, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Moien.

Eric Ewald: Dir hutt an Holland a wäert och an Italien ënnert anerem iwwert d’europäesch Zesummenaarbecht an de Beräicher Justiz a bannescht Sécherheet schwätzen. Wéi a wou ka Lëtzebuerg zum Beispill mat deenen zwee Länner d’Kollaboratioun nach verbesseren?

Luc Frieden: Wa mer wëllen an Europa eis Standpunkten, d’lëtzebuerger Standpunkten, duerchsetzen, besonnesch an engem Europa vu 27, dann ass et enorm wichteg Koalitiounen ze bilden, also Afloss ze huelen op Standpunkter vun aneren. Ech hu festgestallt, gëschter an Holland, datt d’Hollänner no enger gewëssener Zäit vu Retizenz vis-à-vis vun Europa elo erëm méi am europäesche Boot wëlle sëtzen, an och mat eis op dee Wee wëlle goe vu méi Kooperatioun am Polizei- a Justizberäich. Mir hunn iwwer Domainë geschwat, wou mir mengen, datt mer méi kënnen zesumme maachen, wéi Internetkriminalitéit, Mënschenhandel, och kucken, wat maache mer mat Sexualverbriecher nom Ofsëtze vun hirer Prisongsstrof. Do hunn d’Hollänner interessant Modeller.

Mir hunn och laang diskutéiert iwwert ee Problem dee ganz wichteg ass fir Lëtzebuerg, nämlech fir ze kucken, wat fir ee Gesetz soll an Zukunft uwendbar sinn an engem Kontrakt deen eng lëtzebuerger Entreprise mécht mat Clienten am Ausland. Haut ass dat d’lëtzebuerger Gesetz, d’Kommissioun wëllt dat änneren an ëmmer d’Gesetz vum Land uwenne wou de Konsument wunnt. Mir sinn do dogéint, well mer mengen, dat wier géint d’Bannemaartslogik a mir hu versicht den Hollänner, déi net mat eis enger Meenung do sinn, z’iwwerzeegen. Ech menge si kënnten hir Positioun änneren. Dat ass wichteg fir d’Finanzplaz a fir den elektroneschen Handel zu Lëtzebuerg. Et ginn also eng ganz Rei Theme wou mer musse versiche Länner wéi Holland, Italien, wat generell proeuropäesch Länner sinn, op eis Säit ze kréien an ze behalen.

Eric Ewald: An Holland goung och Rieds iwwert de Benelux. Wéivill Suerge gi sech zu Den Haag an zu Lëtzebuerg iwwert déi aktuell Regierungskris an der Belsch gemaach a wat fir Auswierkungen huet déi op de Benelux?

Luc Frieden: Et gi sech vill Suerge gemaach, well d’Benelux dat sinn der nu mol dräi. An ech mengen och do, grad an engem Europa vu 27, mécht de Benelux Sënn, well mer zu dräi scho kënnen eng gemeinsam Positioun fannen, mat där mir da kënne bei anerer goen a soen, dat do ass eis Meenung. Ech muss Iech soen, datt de Benelux am Beräich vun der Justiz an der Polizei bis elo gutt fonctionnéiert huet, mä dat lescht Joer virun de Walen an der Belsch an elo duerno net méi existent ass. An dofir hoffe mir schonn, datt d’Belsch hir Problemer kënne léisen an datt se erëm am Benelux eng Roll kënne spillen. Och an der Vergaangenheet scho war d’Belsch keen einfache Partner, well ganz oft de Justiz- an de Polizeiminister aus deenen zwee ënnerschiddlechen Deeler vun der Belsch komm sinn an hir innerbelsch Problemer heiansdo mat an d’Benelux-Sitzung bruecht hunn. Mir hoffen, datt d’Belsch als Land an Europa erëm déi Roll fënnt déi et virdrun hat. Dat wär am Intérêt och vu Lëtzebuerg a vun Holland.

Eric Ewald: Zu gudder Lescht hutt Dir virun ekonomeschen Akteuren aus Holland iwwert d’Finanzplaz Lëtzebuerg geschwat. Déi eng oder aner hollänesch Bank ass jo schonn hei vertrueden, wéi wichteg ass Holland da fir eis Bankeplaz?

Luc Frieden: Holland an de ganze Benelux ass enorm wichteg fir eis a mir mussen eis permanent drugi fir nei Clienten op déi Finanzplaz ze kréien, aler ze halen an och Clichéen ofzebauen. An ech muss soen, den hollänesche Marché ass een extrem interessanten. Do wunne 16 Millioune Leit, do sinn efficace Betriber, an Holland sinn en fait ganz vill Suen. An Europa ass eng Chance, datt déi Suen och kënnen am Ausland investéiert ginn, ugeluet ginn, an dofir war et wichteg, ëmmer erëm och an de Beneluxraum ze goen an ze erkläre wat Lëtzebuerg fir eng Atouten huet, wat et méi ka bidden, wat déi aner national Marchéen net hunn an ech muss soen, den Intérêt gëschter op där Konferenz war grouss a mir mussen do permanent dru schaffen, datt déi Finanzplaz weider ausgebaut ka ginn.

Eric Ewald: Haut reest Dir, wéi gesot, virun an Italien. Merci elo fir dës Explikaitounen.

Luc Frieden: Gär geschitt.

Dernière mise à jour