Lucien Lux au sujet de la nouvelle taxe sur les automobiles

Eric Ewald: Den ACL contestéiert also déi nei Autosteier. Den CO2-Ausstouss gëtt mëssbraucht fir Steieren anzedreiwen an dat muss gestoppt ginn, seet den Automobilclub. Et géif just drëm goe Suen domat ze maachen. Autoen déi nom 1. Januar 2001 ugemellt goufen, gi jo no CO2-Critèrë besteiert, bei deenen anere gëllt d’Kubikzuel. Fir CO2 anzespuere misst een eng global Approche hunn, fuerdert den ACL, dee sech och Froe stellt a punkto Legalitéit vun där Autosteier.

Fir heiriwwer ze diskutéieren ass de Moien den Transport- an Ëmweltminister Lucien Lux live bei eis am Studio. Gudde Moien, Här Lux.

Lucien Lux: Gudde Moien.

Eric Ewald: Dir wäert gëschter iwwerrascht gewiescht sin, wéi Dir vun der Kritik vum Automobilclub héieren hutt. Huet Är Iwwerraschung an der Tëschenzäit der Iwwerzeegung Plaz gemaach, datt d’Regierung an dësem Dossier d’Verfassung respektéiert?

Lucien Lux: Ech war virun allem iwwerrascht, datt ech nach gëschter Owend um Internetsite vum ACL eng Ëmfro gesinn hunn, déi den ACL selwer gemaach huet a wou en d’Leit gefrot huet wéi se dann zu där Autosteier géife stoen. A stellt Iech vir, 74% vun de Befrote si mat der Autosteier vun der Regierung d’accord a 24 net. Ech si grad esou iwwerrascht wa gesot gëtt, et géifen hei just Suen domadder gemaach ginn, fir an de Budget. Dat stëmmt nämlech net, well déi zousätzlech Recetten aus der Autosteier, an dat war ee Wonsch, deen ech zesumme mam Staatsminister duerchgesat hunn, déi ginn direkt an de Klimaschutzfong, déngen also do den néidegen Moossnamen, déi mer brauchen, Energieberodung, erneierbar Energien, grénge Stroum an esou weider, fir déi ëmzesetzen. Wat d’Constitutionalitéit ubelaangt, muss ech just feststellen, datt de Conseil d’État, dee jo doriwwer soll befaassen, datt deen iwwerhaapt kee Problem hat mat der Autosteier, ganz am Géigendeel, och drop higewisen huet, datt de Verursaacherprinzip ëmzesetze ganz wichteg ass.

Iwwregens, an Däitschland, de Virschlag vun der ökologescher Autosteier, wësst Dir vu weem dee kënnt? Vum ADAC, vum Automobilclub.

Ech dreemen also vun däitsche Verhältnisser op deem Gebitt, an ech stelle just d’Géigenthese op. Ech sinn iwwerzeegt dovunner, datt d’Regierung mat där do Décisioun eng Décisioun geholl huet, déi dozou féiert, datt déi al Autosteier, déi war nämlech a mengen Aen anticonstitutionell, well si huet nämlech géint ee wesentleche Prinzip vum 21. Jorhonnert verstouss, nämlech d’Anhale vum Verursaacherprinzip. Wee méi Knascht mécht, wee méi d’Atmosphär beschmotzt, muss och méi bezuelen. Dat ass d’21. Jorhonnert. Wann den ACL zréckwëllt bei al Dämonen, da muss en dat maachen, mä ech menge mir sinn haut an enger neier Welt a mir hu virun allem, wann ech dat gesinn hunn an der Ëmfro, datt 84% vun deene jonke Leit mat der Autosteier esou wéi se elo gemaach ginn ass, d’accord sinn, si wësse wat an 20, an 30 Joer duerch de Klimawandel op si zoukënnt. Ech wëll als Minister an och als Papp menge Kanner an d’Ae kucken, fir eng Politik ze maachen, net mat Krokodilstréinen a schéine Rieden, mä mat konkrete Moossname fir dat si ee Planéit hunn, dee jiddefalls nach grad esou liewenwäert ass wéi deen dee mir haut hunn.

Eric Ewald: Fakt ass, datt ee sech als Laie bei deem Datum vum 1. Januar awer Froe stellt. Firwat konnt et net zum Beispill den 13. August 2002 sinn? A ginn, wéi et am Autotouring steet, déi theroretesch an net déi reell Emissioune geholl fir d’Steieren ze berechnen?

Lucien Lux: Net nëmme ginn déi reell geholl, well et déi sinn déi an der Zertifizéierung vum Auto zréckbehale si ginn. Doniewent ass den Datum vun 2001 ganz einfach, säit 2001, op Grond vun enger Directive, ass d’Virgab fir Sandweiler, fir CO2-Emissiounen iwwerhaapt zréck ze behalen, esou datt d’Donnéeën déi ee brauch fir dat ze maachen, réischt säit 2001 do sinn. Kann ech awer drun erënneren, datt fir déi Autoe virdrun ee Barème geholl ginn ass, dee sech am Endresultat ganz no un deem befënnt wat déi nei Formule enthält, esou datt am Prinzip och hei eng Gläichheet vum Bierger, vun deem deen ee méi alen oder deem deen ee méi neien Auto huet, existéiert.

Eric Ewald: Gesitt Dir Iech als dee Minister deen de Leit Fale stellt, wéi et nach am Magazin vum ACL ze liesen ass? Nieft de Steiere ginn d’Promillgrenz, fir déi Dir jo net direkt zoustänneg sidd, an zukünfteg Radare kritiséiert.

Lucien Lux: Ech mengen, datt ee sech an dësem Land eng Kéier muss d’Fro stellen ob mer iwwerhaapt nach wësse wat mer wëllen. An alle Sondagen soen 94% Prozent, datt Klimaschutz fir si eng ganz wichteg Aarbecht ass. An anere Sondagë soen eng ganz grouss Majoritéit vu Leit, datt se gär méi Verkéierssécherheet hätten. Dat ass mat just Floskelen a mat just driwwer rieden an esou virun net ze erreechen. Ech sinn ee Minister, dee gären all Dag konkret schafft, net nëmmen de Leit Theorie dohinner zervéiert, dat hate mer alles schonn, mä dofir suergt, datt mer och wierklech eis d’Moyene vun de Politike ginn. An dofir ass esouwuel beim Klimaschutz, wou mer nach virgëschter an der Chamber grouss Rieden driwwer gehalen hunn, mir fueren elo op Bali, mir gesi wa mer elo an de Wantersport fuere wéi de Schnéi am gaangen ass à l’oeil nu ze schmëlzen. Dat ass wa mir kee Schi kënne fueren net ganz schlëmm fir d’Mënschheet, mä fir déi Millioune Leit, déi ënnert dem Kilimandjaro oder ënnert dem Himalaya wunnen, Millioune Leit déi kee Waasser méi wäerten hunn an all déi Folgen um Niveau vun der Biodiversitéit, vun der Erderwärmung, vun der Augmentatioun vum Mieresspigel, déi op eis zoukommen, déi mussen dach endlech eng Kéier ee Ruck duerch dëst Land goe loossen, datt mer musse kapéieren, datt mer fir alles bereet sin ze bezuelen, anscheinend just net fir d’Ëmwelt.

Ech sinn an engem Punkt mam Automobilclub d’accord, an deem wat e gëschter gesot huet: wa mer als Regierung an als Chamber higinn a mir soen, datt mer een Obolus verlaangen aus CO2-Grënn, da mussen déi Suen och benotzt gi fir Klimaschutzdépensen. Dat ass ee richtegen Usaz, dat ass richteg bei der Autosteier an och bei zukünftege Moossname muss dat op jidde Fall gëllen. Dou wou Ëmwelt dropsteet muss och Ëmwelt dra sinn.

Eric Ewald: Eng lescht Fro, Dir sidd an engems eben Ëmweltminister. Hënt koumen iwwert d’Agencen nei Statistike wat de pro Kapp Ausstouss vu Kuelendioxid ugeet an do ass Lëtzebuerg Nummer 4 weltwäit, nach virun den USA a ganz wäit iwwert der EU-Moyenne. Wann ee weess, datt den Trafik fir de Gros vun den Emissioune responsabel ass, dierft Dir Iech de Moie confirméiert spieren?

Lucien Lux: Ech spiere mech dat all Dag. Wann ech am Conseil sëtze vun den europäeschen Ëmweltministeren an ech kucken de pro Kapp Ausstouss um Niveau vun CO2 Tonnen zu Lëtzebuerg, da leie mir mat 30 Tonne pro Äerdebierger hei zu Lëtzebuerg bei Wäitem un der Spëtzt. An der Europäescher Unioun leie mer an der Moyenne ënner 20, an Afrika leie mer bei 2 Tonnen, am Burkina Faso leie mer ënnert enger Tonn. Mir mussen also vläicht kucken, datt mer hei an enger Politik sinn, wou et ëm eng gerecht Verdeelung vu Ressourcë geet an einfach dofir suergen, datt mir een Obolus ze leeschten hunn. An ech mengen dofir ass et héich Zäit, datt mer um Niveau vun de Moossnamen dat maachen, datt mer verstinn, datt de Klimawandel ee positivt Engagement vun de Bierger verlaangt, vis-à-vis vun den zukünftege Generatiounen, wéi ech gesot hunn, vis-à-vis vun eise Kanner. An dat geet, wéi gesot net nëmme mat der Theorie a mat gutt rieden, mä dat geet virun allem andeem mer allegueren, awer net nëmmen d’Bierger, och déi Industriell, och um Niveau vum ëffentlechen Transport, och um Niveau vun den erneierbaren Energien, och um Niveau vun der Sanéierung vun eise Gebaier, mä och um Niveau vun eisen Autoen. Mir hunn och do an Europa, dat däerft Iech net wonneren, um Niveau vun der Europäescher Unioun pro Auto deen héchsten Ausstouss un CO2-Grammen an dofir hu mer do, mengen ech, eng Aufgab ze maachen. Mä mir solle wann ech gelift ophalen nëmmen dodranner ze polemiséieren, mä dat als ee positiven Défi fir eist Land mat ophuelen.

Eric Ewald: Merci, Här Lux, fir dës Explikatiounen.

Lucien Lux: Merci Iech och.

Dernière mise à jour