Le Premier ministre, président de l'Eurogroupe, Jean-Claude Juncker, au sujet du dialogue macroéconomique entre la zone Euro et la Chine

Mick Entringer: Dir versicht d’Autoritéiten zu Peking dozou ze bewegen hir Währungspolitik ze änneren. Wéivill Drock kann d’EU do ausüben? Welch Drockmëttel stinn den Europäer zur Verfügung?

Jean-Claude Juncker: Et geet hei net drëm Drock auszeüben, et geet hei drëm sech an deem heiansdo komplizéierte Relatiounsfeld mat China richteg ze erklären. Mir hunn hei erkläert, datt deen Handelsiwwerschoss dee China mam Handel mat Europa huet, 170 Milliarden um Enn vun dësem Joer an 100 Milliarden alleng an der Eurozon, esou net kann oncorrigéiert higeholl ginn, well deen ass zu engem ganz groussen Deel op eng Ënnerastufung vum Wert vum Yuan, dat ass déi chinesesch Währung, par rapport zum Euro zréckzeféieren.

Mir sinn der Meenung, datt d’Chinesen hir Währung par rapport zum Euro lues a lues musse klamme loossen, hätte gären datt dat, falls se dat bis maachen, och relativ séier geschitt. Et muss ee wëssen, vum Juli 2005 un, dat ass deen Datum wou China seng Währungspolitik e bësse gelockert huet, datt de Yuan par rapport zum Euro 9% verluer huet. Dat heescht einfach, datt an 18 Méint d’chinesesch Wueren, déi no Europa verkaaft ginn, esouvill méi bëlleg ginn an europäesch Wueren déi no China ginn, esouvill méi deier ginn, wat zum Resultat huet, datt deen Handelsiwwerschoss dee China huet mat Europa, dat säin Haapthandelspartner ass, pausenlos an d’Lut geet, wat keng gutt Entwécklung ass. Dat fält an d’Kategorie vun de sougenannte globalen Ongläichgewiichter, an déi wäerten op Dauer eis d’Liewen ëmmer méi schwéier maachen, well den Euro eigentlech déi eenzeg Währung ass, déi de ganze Schock vun deenen Ajustementer vun deene globalen Deséquilibere muss droen. Well den Dollar ass eis dofir keng Hëllef, well den Dollar jo och par rapport zum Euro bestänneg u Wert verléiert.

Mick Entringer: Spiert een dann, datt et zu Peking een Alenke gëtt an deem doten Dossier, datt een Iech wahrscheinlech do géing entgéintkommen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn eise Standpunkt hei héiflech, mä bestëmmt am Toun, virgedroen. Ech hunn och den Androck, datt dee Message, deen ech zesumme mam President vun der Zentralbank, dem Här Trichet, hei virgedroen hunn, verstane ginn ass. D’Chinesen hunn hire Standpunkt entwéckelt an drop opmierksam gemaach wat fir Konsequenzen datt dat intern a China hätt, wann een dee Prozess do ze séier géif maachen, mä si hunn zum Ausdrock bruecht, datt se sech awer an d’Richtung, déi mir gewënscht hunn ënnerwee maachen. Woubäi de Rhythmus an deem si dat maachen eis net matgedeelt ginn ass, well d’Chinesen och net wësse wéi rhythmesch datt se viruginn a wéi séier, datt se deen Ajustementsprozess do wëlle virhuelen.

Mick Entringer: Esouwäit vu Peking de President vum Eurogrupp a lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker.

Dernière mise à jour