Jean-Louis Schiltz au sujet des résultats du sommet UE-Afrique

Frank Kuffer: Et sollt eng nei Relatioun opgebaut ginn, keng europäesch Dominanz méi. Ass dat Ärer Meenung no gelongen oder gouf op mannst d’Basis dofir geluecht?

Jean-Louis Schiltz: D’Basis fir dat neit Partenariat ass mat Sécherheet geluecht ginn zu Lissabon. Et geet elo drëm dat ëmzesetzen. Et ass e Point de Départ, et ass eng nei Étappe agelaut ginn. Eng Étappe déi ee Partenariat tëschent gläichen ass, eng Étappe déi op Respekt, Versteesdemech, een deem aneren nolauschtere fondéiert. Déi selbstverständlech d’Entwécklungspolitik weiderhin am Zentrum vun all deem huet wat mer maachen, mä déi doriwwer eraus geet, sech mat Froe wéi Klima beschäftegt, mat Froe wéi Mënscherechter, mat Froe wéi Fridden a Stabilitéit, och mat ekonomesche Froen.

Ech wëll soen, datt fir mech dee Sommet ee Succès ass, well de Point de Départ effektiv vun deem Partenariat konnt geluecht ginn. 7 Joer ass eng laang Zäit gewiescht a wäitgehend ass dee Sommet och a frëndlecher bis frëndschaftlecher Atmosphär iwwert d’Bühn gaangen.

Et ass elo dat eent oder dat anert Evenement wat natierlech méi dobaussen erauskënnt, wat dat globalt positivt Bild mat engem klenge liichte Schied iwwerleet, mä dat ass awer fir mech net determinant.

Frank Kuffer: Dir hutt vun engem Succès elo geschwat. Deemno weem een nolauschtert schwätzt e vun engem Chaos. Iwwert d’Handelsofkommes zum Beispill ass ee sech net ganz eens ginn, dat war den Europäer awer wichteg. Déi portugisesch Présidence schwätzt trotzdem vun engem Erfolleg. Ass dat dann net esou wichteg dat Handelsofkommes?

Jean-Louis Schiltz: Déi Fro vum Handelsofkommes ass selbstverständlech eng wichteg. Wat ech zréckbehalen, dat ass, datt mer eis säit Méint iwwert d’Zil eens sinn, nämlech, datt mer déi traditionell Entwécklungshëllef brauchen, dat ass d’Basis vun allem: Waasser, Educatioun, Gesondheet, mä dat geet net duer. Wa mer wëllen, datt d’Afrikaner à terme hir Entwécklung an hirt Liewe selwer an de Grapp huelen, da muss och den ekonomeschen Tissu entwéckelt ginn. Also iwwert d’Zil si mir eis eens, iwwert de Wee si mir eis vläicht net am leschten Detail eens, de Moment. Ech wëll awer och drop hiweisen, datt entretemps 18 Länner esou een Ofkommes ënnerschriwwen hunn an datt bis zum Schluss vum Joer nach eng Rei se ënnerschreiwen.

Vläicht zousätzlech nach dat hei, déi Äermste vun deenen aarme Länner, wann déi net ënnerschreiwe bis den 31. Dezember, dann huet dat keng negativ Konsequenzen, well déi hunn ee System wou se elo kënnen alles en franchise de droit an d’Europäesch Unioun importéieren, dee bleift weider bestoen. Mä déi Länner déi méi évoluéiert sinn, déi net zu deenen Äermste vun deenen Aarme gehéiren, Nigeria, Südafrika, Ghana, Côte d’Ivoire, deenen hire System fält den 31. Dezember vun dësem Joer, net wéinst Europa, mä wéinst den OMC-Regelen, an do muss also eppes geschéien. D’Côte d’Ivoire huet ënnerschriwwen, Südafrika huet gesot mir ënnerschreiwen net, dat soll een zur Kenntnis huelen an et soll ee weider un deem Zil schaffen, och wa mer eis iwwert de Wee net eens ginn. De President vum Senegal, Wade, huet och gesot, si géifen net ënnerschreiwen. Dat huelen ech och zur Kenntnis, kann ech awer net richteg novollzéien.

Frank Kuffer: Wee kann da vun enger Net-Ënnerschrëft profitéieren? Wann d’EU net do ass, wee profitéiert dann?

Jean-Louis Schiltz: Ech denken, datt ee soll déi international Échéancë sérieux huelen, mais il faut aussi donner du temps au temps. Et soll keen deen aneren an eppes drécken. Deen deen net wëllt, dee wëllt net. Meng Iwwerzeegung ass, datt déi Partnerschaftsofkommen dans le long terme eppes Positives wäerten duerstellen. Selbstverständlech kënnen déi Marchéën net vun deem engen Dag op deen anere gemaach ginn, soss schloen d’Afrikaner de Kopplabunz. Et ass grad esou evident fir mech, datt et muss ophéiere mat deene subventionéierten europäesche Pouleten um Maart zu Dakar, zu Accra an op anere Plazen.

Wee profitéiert dovunner? Dir wësst, datt och aner grouss Acteuren an Afrika haut sech déployéieren, wann ech mol esou ka soen. Ech plädéieren ëmmer dofir, datt et net ass Europa oder China an Afrika, mä Europa a China an Afrika zesummen. Dat Allerschlëmmst wat mer kéinte maachen, mat de Chinesen een Dialog iwwer Afrika unzefänken ouni d’Afrikaner z’implizéieren.

Frank Kuffer: De Cercle de Coopération, d’ONGen hei am Land schwätze vun enger Vogel friss oder stirb Mentalitéit, déi d’EU wéilt applizéieren, vu gläichberechtegte Partner kéint een also guer net schwätzen. Wat sot Dir dozou?

Jean-Louis Schiltz: Ech loossen dee Reproche net gëlle fir d’Europäesch Unioun, well de President Barroso nach eng Kéier gesot huet, datt jiddwereen dat soll sengem Rhythmus no maachen. Ech loossen e scho guer net gëlle fir d’lëtzebuerger Regierung, ech hu mech intensivst während zwee Joer oder méi esouguer an deem Dossier implizéiert, vill mat den Afrikaner hantéiert, nogelauschtert, probéiert ze verstoen, probéiert Influenz ze huelen op europäeschem Niveau. Et ass mer och deelweis gelongen, dofir verstinn ech net firwat elo esou ee pauschale Communiqué do vum Cercle des ONGs a vu verschiddene lëtzebuerger ONGe gemaach gëtt.

Frank Kuffer: Net iwwerraschend stoung och den 83 Joer ale President aus dem Simbabwe am Mëttelpunkt vum Sommet. Dee Mann dee reprochéiert kritt et mat de Mënscherechter net esou eescht ze huelen, dee Mann deen an Afrika awer nach zum groussen Deel gefeiert gett, obschonn d’Inflatioun am Simbabwe bei 15 000%, mengen ech, läit an eng 5 Millioune Leit virum Chaos an den Exil geflücht sinn. De Robert Mugabe huet den Europäer oder engem Deel dovunner Arroganz virgehäit, net onbedingt schéin a gutt Viraussetzungen ënner Cousinen?

Jean-Louis Schiltz: Dat Wichtegst ass fir mech, datt mer iwwerhaapt iwwert d’Thema vun de Mënscherechter geschwat hunn, datt dat een zentralt Thema war. D’Kanzlerin Merkel huet am Numm vun der Europäescher Unioun d’Positioun duergeluecht, de President Mbeki vu Südafrika am Numm vum afrikanesche Kontinent. Dat ass selbstverständlech ënnergaange par Rapport zu der Nummer, déi den Här Mugabe ofgezunn huet den zweeten Dag um Sommet. D’Mënscherechter si jo universell Rechter, si sinn och net deelbar, doriwwer si mir eis all eens. Den Desaccord mam Här Mugabe ass zum Virschäi komm, dee war schonn zum Virschäi komm, mä dat ass nach eng Kéier duergeluecht ginn. De Solana huet och ganz kloer gesot, datt déi ekonomesch Kris an deem Land eenzeg an alleng oder haaptsächlech op alles wat im Argen läit am Simbabwe mat der Gouvernance zréckzeféieren ass.

Mech gehäit eigentlech, datt den Här Mugabe permanent fotograféiert gëtt. Ech hätt léiwer de President Amadou Toumani Touré vum Mali géif fotograféiert ginn, de Premierminister Neves aus dem Cap Vert, d’Presidentin Johnson aus dem Liberia, wat Leit sinn, déi bewisen hunn, datt an der Demokratie an an der Gouvernance Progrèsen ze maache sinn an och reell gemaach ginn. Mä d’Welt ass eben esou, datt den Här Mugabe da méi interessant ass wéi déi, déi weisen, datt d’Demokratie eppes ass wat lieft an Afrika, wou Progrèse gemaach ginn.

Frank Kuffer: Et bleift also awer och nach vill Aarbecht. Iech eng glécklech Hand dobäi gewënscht a Merci, datt Dir de Moien an de Studio komm sidd, Här Schiltz.

Jean-Louis Schiltz: Merci och, Här Kuffer.

Dernière mise à jour