Jean Asselborn au sujet de la situation au Kosovo

Jean-Claude Franck: Et gëtt nach keng gemeinsam Positioun vun der Europäescher Unioun iwwert eng eventuell Onofhängegkeetserklärung vun der serbescher Provënz Kosovo, och net no der Reunioun gëscht zu Bréissel vun den EU-Ausseministeren. De Rotspresident vun deene 27, de Portugies Luís Amado, huet zouginn, datt et keen Accord gëtt, an domat wier och nach net bis Enn der Woch um EU-Sommet vun de Staats- a Regierungschefen zu Bréissel ze rechnen. An de nächste Woche misste nach méi wéi ee Schrëtt ënnerholl ginn, fir datt ee sech eens gëtt.

Den Ausseminister Jean Asselborn hat an der internationaler Press schonn ugedeit, datt Zypern net mat deenen anere 26 EU-Memberlänner op enger Linn leie géif. Während déi meescht, wéi et ausgesäit, bereet wieren eng Onofhängegkeetserklärung vum Kosovo no de serbesche Wahlen am Februar unzeerkennen, soll Serbie sech eng Resolutioun vum UN-Weltsécherheetsrot wënschen. An doriwwer schwätze mer elo mam Jean Asselborn live um Telefon. Gudde Moien.

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Jean-Claude Franck: Mat enger Stëmm schwätzen, dat war d’Zil, dat ass awer net gelongen. Wéi staark ass dann d’Blocadepositioun vun Zypern?

Jean Asselborn: Ech mengen, et geet hei net nëmmen ëm Zypern, et geet hei wierklech drëm, datt mer et fäerdegbréngen, nodeem de Secrétaire général vun der UNO gesot huet, de Status quo ass keng Léisung, datt mer als Europäesch Unioun bereet si Verantwortung z’iwwerhuelen, datt mer dat eescht huele wat mer ënnerschreiwen, den nächsten Donneschden zu Lissabon, am Vertrag, wou mer soen, mir hätte gären an Europa eng gemeinsam Aussepolitik. An datt dat net einfach ass, ech mengen dat wësst Dir alleguerten. Mä ech sinn awer optimistesch. Ech soen dat carrément, optimistesch, datt mer, wann et och nach e wéineg dauert, mä datt mer awer enger Léisung ëmmer méi no kommen an datt [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Mä mengt Dir dann, datt déi Léisung ka bis um EU-Sommet fonnt ginn oder eréischt duerno?

Jean Asselborn: Ech mengen dat ass net esou wichteg ob déi Léisung elo bis e Freideg fonnt gëtt oder duerno. Mir sinn an engem Prozess dran, wou mer et fäerdeg brénge musse fir eng Onofhängegkeetserklärung, déi vun de Kosovare kënnt, fir doropper mussen ze reagéieren. A mer musse mat de Kosovare probéieren dee Prozess ofzeschléissen, dee mer ugefaangen hunn, nämlech datt mer méi oder wéineger zesumme probéieren an der Europäescher Unioun - Dir wësst Zypern huet dat do gesot, do ass ee grousse Problem – mä datt mer awer zesumme probéieren dee Prozess ofzeschléissen an dann zu eppes ze kommen.

Wat een net däerf vergiessen, dat ass keng Onofhängegkeet déi plakeg ass, et ass eng international iwwerwaachten Onofhängegkeet vum Kosovo. An Dir wäert gesinn, datt mer, wa net radikal eppes geschitt, wat natierlech ka spontan all Moment opkommen, datt mer op deem Wee och ee gutt Stéck gëschter virukomm sinn, och nach e Freideg wäerte virukommen um Conseil, um Conseil européen an dann an deenen éischte Woche vum Januar bis Mëtt Februar eran, datt mer do wierklech et probéieren an och et fäerdeg brénge fir eng gemeinsam Solutioun erauszeschielen.

Jean-Claude Franck: Wéi kriddeleg ass dann iwwerhaapt d’Situatioun den Ament? Et gëtt jo plazeweis gefaart, datt et nees kéint zu engem Konflikt tëscht Serben a Kosovoalbaner kommen?

Jean Asselborn: Jo, dat ass jo dee ganzen Enjeu. Ech mengen, dat ass déi ganz Schwieregkeet déi doranner läit. Wann een näischt mécht, et léisst een et lafen, ass eng Gefor do, datt et kann explodéieren. Wann een eppes mécht an et kuckt een dat ze maachen op deem Wee wou mer jo sinn, fir de Statut vum Kosovo ze definéieren, ënnert deene Konditioune wéi den Ahtisaari dat virbereet huet grosso modo, ass natierlech och eng Gefor do, datt do eng Reaktioun kënnt vun der serbescher Säit.

Dofir, déi Troikagespréicher déi jo näischt bruecht hunn direkt, mä si waren immens wichteg well déi zwou Säite sech engagéiert hu fir op Gewalt ze verzichten. Dat ass ee wichtege Punkt. Mä ob d’Gewalt ka komplett ënnerbonne ginn, dat ass eng aner Saach. Dofir musse mir eis als Europäesch Unioun dorop och préparéieren. Mir hu jo d’lescht Woch eng Reunioun gehat um Niveau vun der NATO, an an der NATO ass ganz kloer gesot ginn, datt déi Virbereedunge lafen. Et si 17.000 Zaldote vun der KFOR, vun iwwerall vun der Welt, am Kosovo, op Grond vun enger Décisioun vun der UNO, Dir wësst dat. A mir sinn am gaangen och als Europäesch Unioun elo eng Missioun opzestelle vun iwwer 1.700 Leit, virun allem Polizeikräften, fir ze kucken datt am Kosovo wierklech jidderee protégéiert ass, net nëmmen d’Albaner, mä och d’Serben an alleguer d’Minoritéiten.

Jean-Claude Franck: Esouwäit den Ausseminister Jean Asselborn. Jean Asselborn, merci fir d’Gespréich.

Jean Asselborn: Merci, Här Franck.

Dernière mise à jour