Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, au sujet du Kosovo

Diane Klein: Virun zwee Méint huet den Émissaire vun der UNO Martti Ahtisaari d’Onofhängegkeet vum Kosovo recommandéiert. Hie sot, datt dat déi eenzeg Optioun ass, senger Meenung no, fir déi politesch Stabilitéit an d’wirtschaftlecht Iwwerliewen ze garantéieren. Déi Positioun huet nach keng Unanimitéit an der EU. Firwat, Här Asselborn?

Jean Asselborn: Also ech corrigéieren Iech net gären, dat wësst Dir, mä et ass net, datt de Martti Ahtisaari d’Onofhängegkeet virgeschloen huet, mä eng international surveilléiert, iwwerwaachten Onofhängegkeet [gëtt ënnerbrach]

Diane Klein: An enger éischter Phas.

Jean Asselborn: Voilà, mä et ass awer wichteg. Et ass keng plakeg Onofhängegkeet. Dat spillt an där ganzer Diskussioun jo eng ganz wichteg Roll, an dat dierfe mir net vergiessen.

Diane Klein: Dat war wéi gesot an enger éischter Phas, duerno huet hie jo awer och ugedeit, datt een an Zukunft a Richtung komplett Onofhängegkeet awer kéint goen.

Jean Asselborn: Mir hu gëschter diskutéiert, Dir huet ganz Recht, datt mir vläicht, net dës Woch, vläicht brauche mir nach e puer Wochen, fir wierklech dat ze fanne wat mir mussen hunn als Europäesch Unioun, nämlech wa mir wëlle Verantwortung iwwerhuelen. Dir wësst, datt de Kosovo an der europäescher Zone läit, net an der Europäescher Unioun, mä 50 Kilometer vun der Europäescher Unioun ewech, do ass Griecheland. A wa mir och wëllen dat maache - wat mir jo ënnerschreiwen elo zu Lissabon, an deem Vertrag steet dran - datt Europa muss fäheg sinn, eng gemeinsam Aussepolitik ze maachen. Hei ass en immens schwéieren Testfall, mir wëssen dat, mä mir mussen dee packen.

Diane Klein: Wier et dann net einfach just richteg am Fong, den Albaner dat zeréckzeginn, wat si schonn emol haten, oder si haten eng, wéi ass dat genannt ginn, eng constitutionell Autonomie? Firwat ass dat dës Kéier net méiglech mat enger internationaler Unerkennung? Wat ass déi speziell Positioun fir Lëtzebuerg?

Jean Asselborn: Jo, also mir mussen, vläicht iert mir op Lëtzebuerg kommen, gitt mir ee Wuert iwwer d’Geschicht ze soen. Dir huet Recht, zënter 1975 hat de Kosovo, déi Provënz, eng grouss Autonomie. Déi ass definitiv zerschloe ginn 1999 vum Milosevic, wéi jo am Kosovo 10.000 Leit ëmbruecht ginn, Albaner, och 2.000, 3.000 serbesch Leit sinn ëmbruecht ginn. Et war ethnesch Säuberung do, d’Leit si verdriwwe ginn, et sinn 1 Millioun geflücht aus dem Kosovo. Just a Parenthèsen, haut liewe méi Kosovaren an der Türkei wéi am Kosovo. Et war also eng grouss Gewaltexplosioun do geschitt, an d’NATO huet agegraff.

An Dir wësst jo och, datt zënter 1999, op Niveau vun der UNO, déi berühmten [Resolution] 1244, datt déi a Kraaft ass, an dat heescht, datt vun do un, vun 1999 un, datt do d’NATO-Truppen do sinn, 17.000 Leit, an datt och déi UNMIC do ass, dat heescht eng zivil Missioun op der Plaz ass fir déi international Surveillance ze garantéieren, fir - dat war d’Zil dovunner - fir d’Gewalttaten ze ënnerbannen, a fir och d’Rechter vun de Minoritéiten ze garantéieren.

Esou, elo sot Dir, firwat ass dat net méiglech haut fir carrément d’Indépendance ze déclaréieren? Leider, leider ass an der 1244 net virgesinn, expressis verbis virgesinn, datt um Enn vun der Évolutioun soll d’Indépendance vum Kosovo stoen. Et ass allerdéngs och net de Contraire virgesinn, an dat ass wichteg ëmmer ze wëssen. Et steet net an der 1244, datt de Kosovo net kann onofhängeg ginn.

Diane Klein: D’USA beruffe sech op déi Resolutioun fir ze soen, op Basis vun där Resolutioun wier eben d’Unerkennung vun enger Onofhängegkeet méiglech.

Jean Asselborn: Jo, d’USA huet et méi einfach, well déi hunn eng Stëmm. Mir hunn der 27 op een Nenner ze kréien.

Déi legal Basis vun der 1244, fir mech op jiddefall, fir Lëtzebuerg, ass kloer genuch, fir déi allermeescht ënnert eis ass se kloer genuch. Mä et si Länner déi de Moment nach do zécken, a wou ee muss da probéiere fir déi gemeinsam Linn ze kréien. Dat ass menger Meenung no och méiglech.

Dir wësst, datt mir hei am internationale Recht sinn, an Dir wësst, datt d’Komplikatioun jo doranner besteet, datt déi zwou Parteie sech net eens gi sinn. Mir hunn als Europäesch Unioun jo eis agesat, fir datt se nach 120 Deeg kéinte verhandelen. No deene Verhandlunge war kee Resultat ze kréien, a gëschter huet den Här Ischinger gesot – dat war deen, dee fir d’Europäesch Unioun verhandelt huet als Ambassadeur bei deenen zwee aneren, de Russ an den Amerikaner – et ass net eng Affaire vun Zäit, déi kënnten nach 5 Joer beienee sëtzen, et ass ee Problem vu politeschem Wëllen fir zu engem Accord ze kommen, an dee war net do. Dat ass dat eent.

An dat zweet dat ass, wann ech soen, internationalt Recht, soen ech UNO-Recht, Conseil de sécurité, dat kënnt jo dann hannendrun, do ass et wéi d’Positioun vun de Russen ass, a si hunn dat nach eng Kéier confirméiert, duerch hiren Ausseminister op der NATO-Réunioun di lescht Woch, och net drun ze gleewen, datt Russland géif ee Millimeter bougéieren, also bei hirem Veto bleiwen.

An da kënnt dat, wat ech Iech gesot hunn, wann de Status quo, wéi et elo ass, keng Solutioun ass, dat seet jo och den UNO-Generalsekretär, wann dat keng Solutioun ass, da muss Europa hir Verantwortung iwwerhuelen, och am Kader vun der Kontaktgrupp.

Diane Klein: Justement déi Verantwortung, ech hat Iech virdrun nach no der Positioun vu Lëtzebuerg gefrot, wat ass déi, a wéi kéint dann eng europäesch Äntwert, eng definitiv europäesch Äntwert ausgesinn?

Jean Asselborn: Also d’Positioun vu Lëtzebuerg ass ganz kloer bei deenen alleguer, an dat sinn déi allermeescht, déi wëlle verhënneren, datt vun de Kosovaren aus eng unilateral Onofhängegkeetserklärung kënnt, wou d’Europäesch Unioun, d’international Communautéit misst drop reagéieren.

Et muss also, an duefir setzt Lëtzebuerg sech an, an ech hu mech an deene leschte Wochen, an deene leschte Méint ëmmer duefir agesat, datt et e Prozess ass, datt elo gekuckt gëtt, wann - den 10. Dezember ass elo haut eriwwer - da kënnt eng Diskussioun um Niveau vum Sécherheetsrot, den 13. bis de 17. Dezember, viru Chrëschtdag. Da gëtt de Premierminister, den Här Thaçi, héchstwahrscheinlech introniséiert viru Chrëschtdag am Kosovo, an da muss ee kucken, datt e wierklech nach e puer Woche sech Zäit gëtt fir dann an der internationaler Gemeinschaft, a mat der Kontaktgrupp, mat de Kosovaren zesummen, zu engem Resultat ze kommen, wat ech nennen eng koordinéiert Declaratioun d’Indépendance, surveillée internationalement, um Niveau international.

An da muss een och wëssen, datt mir alles maache wäerte fir eng Linn ze behale mat der UNO, duerch eng Declaratioun vum UNO-Generalsekretär. A mir wëssen datt dat schwéier ass, well d’Russe wäerten alles maache fir datt dat net zustane kënnt. Mä datt een op jiddefall dee Prozess duerchgeet, a wann een deen duerchgeet, ech mengen och, datt mir dann eis Verantwortung kënnen iwwerhuelen, an eben dat da maachen, wat mir deenen zwou Millioune Leit och do schëlleg sinn am Kosovo, datt hir Zukunft eng besser ass wéi déi, déi se war, ouni d’Serben ze vergiessen.

Diane Klein: Et gëtt vun de Géigner vun enger Onofhängegkeet dacks gesot, dat schaaft e schlëmme Präzedenzfall an Europa, oder och esouguer doriwwer eraus. A Georgien maache se sech ähnlech Suerge wéi op Zypern oder a Spuenien. Mä firwat ass de Kosovo dann esou anescht wéi deemools de Montenegro, do huet et jo awer geklappt?

Jean Asselborn: Dat ass eng ganz gutt Fro. Fir d’alleréischt wëll ech Iech soen, de Kosovo ass ee Fall, dat nennt een an der internationaler Sprooch, sui generis. Dat ass, ech hunn Iech dat jo explizéiert, ech mengen dat weess och jiddwereen, datt Krich do war, an datt dat hei jo eng UNO-Resolutioun déi geholl ginn ass 1999, an datt elo eng Suite dozou kënnt. Dat ass dat éischt.

Dat zweet dat ass, wann Dir mech frot, et ass och déi eenzeg Géigend an Europa, déi ënnert enger Protection internationale steet. Et steet keng aner Regioun, oder Land, wéi Dir et wëllt nennen, ënnert enger internationaler Protectioun. Dann dat zweet.

Montenegro waren d’Accorde vu Belgrad. D’Accorde vu Belgrad si vun 2003. An den Accorde vu Belgrad hu béid Säiten, Belgrad wéi och d’Montenegriner, sech en Accord gi wou dra stoung, datt duerch Referendum kann décidéiert ginn ob Montenegro weider zu Serbien gehéiert, oder ob de Montenegro onofhängeg gëtt, an do ass jo dann e Referendum dee stattfonnt huet, Dir wësst dat, déi hunn da mat enger Majoritéit vun an déi, ech menge 56%, hu se da Jo gesot, datt eben [gëtt ënnerbrach]

Diane Klein: Dat hei eng ganz aner Situatioun eben ass.

Jean Asselborn: Datt dat eng ganz aner Situatioun ass.

Diane Klein: Ech wollt Iech awer nach eng lescht Saach froen. De Konflikt 1998, Dir hat gesot 10.000 Doudeger, an et ware ganz vill Flüchtlingen, mir hunn et hei zu Lëtzebuerg ganz däitlech an Uecht geholl. Den Ament hunn zwar Albaner a Serbe gesot, mir wëllen net op d’Gewalt zeréck kommen, mä gesitt Dir awer net trotzdem eng Gefor, datt mir eis zum Beispill hei a Lëtzebuerg mussen op eng nei Flüchtlingswell astellen?

Jean Asselborn: Wann ech dat géif soen, Madame, da géif ech menger Meenung no mäin Handwierk net eescht huelen. D’Handwierk vun engem Ausseminister ass jo virun allem fir ze verhënneren, datt een iwwerhaapt vu Gewalt a vu Krich, oder vu groussem Konflikt schwätzt. D’Gefor datt et net friddlech erofgeet, déi besteet, an do ass et jo un eis fir duefir ze suergen, zëmools an der Europäescher Unioun, datt dat net de Fall ass, datt KFOR déi sur Place ass, datt déi d’Minoritéiten alleguer mat protégéiert, an datt mir och et fäerdeg bréngen déi Missioun déi mir wëlle jo op d’Bee setzen, op Grond vun der 1244, eng europäesch Missioun, datt déi d’Rechtstaatlechkeet am Kosovo virun dreift. A mir mussen, ech soen et nach eng Kéier, ganz kloer och wëssen, datt mir keng Stabilitéit kréien ouni de Serben ze hëllefen.

Duefir sinn ech op der Säit vun deenen, also d’lëtzebuerger Regierung op der Säit vun deenen, déi och wëllen de Serbe weisen, datt mir Intérêt hunn, datt si mat hëllefen ab engem gewëssene Moment, an datt och fir si d’Dier op ass an deenen nächsten 10, 15 Joer fir kënnen eng Kéier Member ze gi vun der Europäescher Unioun, wéi dat 2003 décidéiert ginn ass zu Saloniki.

Duefir fir dat ofzeschléissen, ech mengen et ass net ausgeschloss, datt et ka wierklech och zu Gewaltausbréch kommen, mä et ass eis Aufgab, an et ass eis verdammte Flicht fir ze kucken, datt dat net geschitt, an datt de Fridden an och d’Stabilitéit an där Regioun garantéiert bleift.

Diane Klein: Vum Kosovo héiere mir am Neie Joer nach vill, mir sinn och elo scho villes gewuer ginn. Merci, Här Minister, fir dës Präzisiounen.

Jean Asselborn: Merci, Madame Klein.

Dernière mise à jour