Jean Asselborn au sujet de la Conférence internationale des donateurs pour l'État palestinien à Paris

Frank Kuffer: Fridden am Noen Osten ass nëmme méiglech wann d’Leit mierken, datt et hinne besser geet ouni Krich, wann hir perséinlech Situatioun sech also verbessert, wann et mat der Économie biergop geet. Dofir kruten d’Palästinenser gëschter zu Paräis op der gréisster Donnateurskonferenz zanter 1996 Hëllef an der Héicht vu 7,4 Milliarden Dollar, also eppes méi wéi 5 Milliarden Euro zougesot. Lëtzebuerg gëtt bis 2010 21 Milliounen Euro. Eist Land hat dëst Joer schonn d’Ënnerstëtzung fir d’Palästinenser ëm 33% par rapport zu 2006 an d’Lut gesat.

Wat bedeit dat elo genee, doriwwer schwätze mer an den nächste Minutte mam lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, dee gëscht bei der Konferenz an der franséischer Haaptstad dobäi war. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Dir hutt gëscht eng ganz engagéiert Ried gehalen, well et Iech ëm méi wéi nëmme Sue geet. Dir waart och direkt no der Konferenz gëschter Owend Invité um däitsche Fernseh an do, bei der ARD, hutt Dir e bësse rose gewierkt. Dir mengt d’EU, also Lëtzebuerg och, wier haaptsächlech do fir ze bezuelen an hätt soss net vill matzeschwätzen, zumools no Annapolis. Geet Är Kritik an déi Richtung?

Jean Asselborn: Et gesäit ee ganz kloer, et liest een och tëscht den Zeilen, datt d’Europäesch Unioun emmer méi soll an déi klassesch Roll vun deem dee bezilt gedrängt ginn a sech aus deene grousse politesche Saache soll eraushalen. Ech hunn dat gesot wat vill vu menge Kollegen Ausseministeren denken, wat och an der Kommissioun esou geduecht gëtt an esou gesi gëtt, wat vläicht deen een oder aneren net ka soen. Dofir hunn ech awer geduecht, et wier Zäit fir awer och dee Punkt ze setzen. Den amerikanesche President, deen erwähnt d’Europäesch Unioun net zu Annapolis. D’Quartett haut gëtt duergestallt vun alle Säiten, nëmme méi vum Tony Blair. Deen eenzegen Arbiter deen et nach gëtt an deem Sträit ass d’USA, et ass net d’UNO. Vun der EU gëtt och net méi do geschwat. Dat ass also schwéier, net alleng als EU-Politiker, mä virun allem awer och dem EU-Steierzueler ze soen, wéi een dat soll kommunikéieren oder ob ee wierklech dat soll esou unhuelen. Aus der Europäescher Unioun, an dat ass meng Iwwerzeegung, kënnt dach awer eng wéinstens dominant politesch Kultur, déi dem Prozess do ënnen, deen extrem schwiereg ass, géif ganz gutt doen, well d’EU net oder vill manner op militäresch Präsenz setzt an och op militäresch Argumenter setzt, mä virun allem op Diplomatie. An dat däerf net feelen, weder an Israël nach tëscht de Palästinenser an den Araber, a bestëmmt net an deene Länner alleguerten ëm Israël an ëm Palästina ronderëmmer.

Frank Kuffer: Mä kann een dann iwwerhaapt mat Suen de Fridde kafen? Fir d’éischt muss jo awer mol de Wëllen do sinn. Ass deen do? Déi israélesch Ausseministerin war gëschter och do. Hutt Dir d’Impressioun, datt si den Opbau vun de Palestinenser voll a ganz ënnerstëtzt? Ass een Optimismus ubruecht?

Jean Asselborn: Jo ech hunn déi Kritik do ubruecht, ech wëll allerdéngs soen, datt Paräis selbstverständlech och ee ganz ganz positiven Aspekt huet. Dee Kontext, virun allem vum Geescht vun Annapolis, datt Israël, Palästina, mä awer och d’arabesch Länner a ganz vill Länner aus der internationaler Communautéit dat gesinn als een neien Ufank. Ech mengen et ass eng Timeline, also een Zäitpunkt gesat, datt ee bis Enn 2008 wëllt zu konkrete Resultater kommen. Mir hunn och ee Leadership a Palästina, mam President Abbas a mam Premierminister Fayyad, mat deem et absolut mat der internationaler Communautéit ganz gutt zesummen ze schaffen ass. D’international Communautéit huet gesot, ass bereet an deenen nächsten dräi Joer dee Plang vum Premierminister ze finanzéieren. Virun allem och d’Kuwaitien, d’Saudien hu sech vill méi staark engagéiert wéi dat bis elo de Fall war. Mir sinn also um Ufank vun engem neie Prozess. Natierlech, d’Rakéiten aus Gaza op Israël, dat ass Gëft, esou wéi d’Siedlungspolitik déi net gestoppt gëtt vun den Israélien och Gëft ass, de Mauerbau, dee weidergeet. Also alles hänkt selbstverständlech dovunner of, ob ee ka Vertrauen opbauen tëschent Israël an de Palästinenser virun allem an dofir déi Konferenz hei. Dir sot dat mat Recht, déi israélesch Ausseministesch war do, déi ganz Spëtzt vun de Palästinenser war do. Dat si Momenter déi trotzdem zielen, wou och Kontakter kënnen opgebaut ginn a wou et wierklech och zu Kontakter kënnt op déi een net däerf verzichten.

Frank Kuffer: Ech weess, datt Dir eis och keng Garantie fir ee Fridden elo kënnt ginn, mä mir si schonn esou dacks enttäuscht ginn an där Regioun, wee seet eis, datt net déi Saachen déi elo mat eise Suen opgebaut ginn, net an e puer Wochen, Méint, Joren zerbommt an an d’Lut gesprengt ginn. Dat war jo schonn de Fall, notamment och mat Saachen déi Lëtzebuerg bezuelt huet?

Jean Asselborn: Jo, also do schwätzt Dir jo och indirekt, wann Dir dat esou frot, Gaza un. Et muss een ëmmer erëm widderhuelen, 1,4 Millioune Leit déi an engem grousse Käfeg wunnen ouni ganz vill Hoffnung ze hunn. Entweder dominéiert do, an ech mengen dat ass de Schlësselpunkt, déi politesch Astellung fir, wéi dat esou schéin heescht, mam Kärcher ze raumen. Dat heescht, a mengen An den Haass, d’Intoleranz, den Terror nach eropzesetzen. Oder et mécht een, virun allem vun israélescher Säit, och eng Ouverture – et si 653 Barragë ronderëm Gaza an och an der Westbank – datt déi opgemaach ginn. Dat ass jo och dat wat de Fonds monétaire international, wat d’Weltbank seet. Wa mer dat net fäerdeg bréngen, fir datt erëm eng Zirkulatioun stattfënnt, datt den Aarbechter vu Gaza erëm ka schaffe goen do wou en eng Aarbechtsplaz huet, datt de Bauer erëm ka wierklech sengen Aktivitéiten nogoen, datt erëm Commerce kann opgebaut ginn, och a Gaza. Wann dee Wee géif ageschloe ginn, deen natierlech méi ee schwéieren ass an dee méi laang dauert, mä ech hoffen, datt et dee Wee ass wou och d’Israélië sech dofir entscheeden a wou mir op jiddefalls als Europäer alles musse maachen, datt op deem Wee do d’Léisung fonnt gëtt, dann ass Hoffnung do. Anerefalls géif ech mengen, do hutt Dir komplett Recht, datt déi Gefor, datt erëm ka mat Bommen operéiert ginn op Gaza an alles zerstéiert gëtt do, datt déi selbstverständlech besteet. Mir musse wëssen a Gaza, zum Beispill, war ee Flughafen, bis d’Joer 2002. Et waren Hotelen déi sinn opgebaut ginn. Alles ass futtigeschloe ginn an d’Resultat, 7 Joer duerno, dat kenne mer jo elo.

Frank Kuffer: Här Asselborn, Merci fir dës Präzisiounen zu der Donateurskonferenz vu gëscht zu Paräis.

Jean Asselborn: Jo, Merci, awar.

Dernière mise à jour