Lucien Lux invité de l'émission Riicht eraus

André Dübbers: Gudde Mëtteg an häerzlech wëllkomm. Invité haut ass den Transport- an Ëmweltminister Lucien Lux. Gudde Mëtteg, Här Lux.

Lucien Lux: Gudde Mëtteg.

André Dübbers: Här Lux, muss een als Transport- oder och als Ëmweltminister dacks onpopulär Décisiounen huelen, fir sech dann herno kënnen ze soen, du hues deng Aarbecht awer uerdentlech gemaach?

Lucien Lux: Ech mengen dat hänkt e bëssen och dovun of wéi een u seng Aarbecht wëllt erugoen. Ech hunn 30 Joer laang an der Poliik mech ëm Sozialpolitik gekëmmert, ëm Krankekeesen, ëm d’Fleegeversécherung, ëm Aarbechtslosegkeet, ëm Aarmut. Ech hunn dat mat Iwwerzeegung, mat der Iwwerzeegung och, datt ee muss handelen, gemaach. Haut als Ëmweltminister an Transportminister geet et mer drëm kloer ze maachen, datt de Problem vum Klimawandel, de Problem vun der Loftqualitéit, déi ëmmer méi schlecht gëtt, datt déi net mat Rieden a mat Floskelen ze léisen ass, mä och mat Iwwerzeegungen a mat Handelen. A mat deem Prädikat wëll ech u meng Aarebcht erugoen.

Onpopulär missten déi sinn, déi d’Problemer ënnert den Teppech kieren. Onpopulär missten déi sinn, déi zwar schéi Rieden halen, mä déi awer jorelaang nogekuckt hunn, datt näischt Konkretes geschitt ass.

A mir hunn net méi de Choix haut. De Klimawandel existéiert, de Problem ass erkannt. 94% vun de Lëtzebuerger soen hirem Ëmweltminister an de Sondagen, datt e soll konkret handelen. Ma ech hu wëlles dat ze maachen. Mir hunn an deene leschte Méint scho ganz vill op de Wee bruecht, net nëmmen am Zesummenhang mat dem Fuhrpark, mat Autosteier an op där anerer Säit och mam Kyotocent, mä mat der Wärmeschutzveruerdnung, mat den erneierbaren Energien, deem ambitiéiste Förderprogramm, deen et je gouf, deen den 1. Januar a Kraaft getratt ass, mat gréngem Stroum bei der Eisebunn, bei den ëffentleche Gebeier, am ëffentlechen Transport, duerch nei Tariffer, duerch d’Mobilitéitszentral. Jorelaang hu mir gesot, mir musse méi Frachtverkéier vun der Strooss op d’Schinn kréien. Ma mir hunn d’Autoroute ferroviaire vu Beetebuerg op Perpignan gemaach. Mir hu gesot, mir mussen an d’Schoule goen, sensibiliséieren. Mir hu Programmer zesumme mam Mady Delvaux gemaach. Alles dat do, fir ze weisen, an och elo an deenen nächste Méint, en vue vum Autosfestival, si mer higaangen an hunn dofir gesuergt, mat engem Subside vu 750 Euro, datt mer konkret och förderen. Also Iwwerzeegungen an Handelen, muss ee maachen, a gleeft mer, et gëtt zu Lëtzebuerg eng Majoritéit vu Leit, et gëtt eng Koalitioun vun deenen déi vernünfteg wëssen, datt dat do muss sinn an déi dat doten och wäerten ënnerstëtzen.

André Dübbers: A propos Autosfestival, à propos Klimaschutz, à propos Ëmweltminister, nach ëmmer an der Diskussioun ass jo hei déi nei Autosteier. Verschidde Leit kënne sech nach ëmmer net berouegen iwwert déi, hirer Meenung no, komplett ongerecht an och onsozial Politik déi Dir do maacht.

Lucien Lux: Ech mengen d’Zuele weisen eppes aneschters. Mir sinn Ufank 2006 un déi Fro do erugaangen, wéi iwwregens vill Länner an der Tëschenzäit et och scho gemaach hunn, mat dem Zweck en duebele Verursaacherprinzip ze kréien, engersäits da wann een en Auto keeft, um Niveau vun der Autosteier, an dann op der anerer Säit och iwwert de Verbrauch, duerch de sougenannte Kyotocent, haut 2,5 Cent um Dieselliter an 2 Cent um Liter Bensinn.

Ech hu mir an deene leschte Stonnen, en vue vun dëser Sendung, einfach och mol d’Zuelen e bëssen ugekuckt. Och mat där neier Autosteier gëtt d’Joer 2007, wat de Verkaf vun Autoen ubelaangt een totalt Rekordjoer, mat 51 339 nei-immatriculéierten Autoen, hu mir een neie Rekordchiffer och ze verzeechnen. A wann ech d’Zuel kucke vun deenen neien immatriculéierten Autoen, leie 70% vun deenen Autoen do ënner 200 Euro Autosteier. Esouguer 30% leien ënner 100 Euro, wat weist, datt dat eng gerecht Aart a Weis ass un d’Fro erunzegoen.

Ech mengen och, datt wann ee Vergläicher mécht mam Ausland, mir hunn doheem een Audi A4 Break mat engem Russpartikelfilter, fir dee bezuele mir 122 Euro Autosteier d’Joer, mir hunn der virdrun 82 bezuelt. Also 40 Euro méi. Fir deeselwechten Auto géinge mer an Däitschland méi wéi 300 Euro Autosteier bezuelen an a Frankräich eppes Klenges manner wéi 300 Euro.

A wann ech an deene leschten Deeg, hunn ech och matbruecht, mol d’Annoncë kucke vun de Firmen, déi hir Autoen en vue vum Festival an d’Vitrine wëlle stellen, da stellen ech fest, datt dat geschitt wat mer wollten hunn. Mir hunn dee Fuhrpark an Europa, deen déi meeschten Emissioune pro gefuerene Kilometer fiert a mir wëllen also déi Zilsetzung, fir manner Emissiounen ze produzéieren, och iwwert dee Potential do, erreechen. Dat maache mir jo net nëmme bei den Autoen, dat maache mer och bei der Industrie, dat maache mer och bei den Haiser, dat maache mer och op allen anere Potentialer. Haut gesinn ech, datt déi 750 Euro Subsid déi mer ginn, datt déi wierklech an der Werbung mat abezu gëtt an ech gesinn Autoen, déi 35, 44 Euro an esou virun, Autosteier d’Joer bezuelen.

Ech mengen also, datt hei, wann een dovun ausgeet, datt et jo net déi aarme Leit sinn, déi mat décken Autoen dorëmmer fueren, datt et wierklech och eng gerecht Aart a Weis ass, dofir ze suergen, datt deen, wéi de Verursaacherprinzip et seet, datt deen dee méi verschmotzt, och méi soll bezuelen. A wann ech de Sondage nach eng Kéier kucke vum Automobilclub am Dezember 2006, hu 74% vun de Leit gesot, datt se mat där Autosteier d’accord sinn.

Haut ass iwwregens d’Moyenne vun der Autosteier, déi haut bezuelt gëtt, läit elo tëschent 170 an 180 Euro d’Joer. Dat ass wäitaus manner wéi an eisen Nopeschlänner ronderëm an ni ze vergiessen, well dat oft gesot ginn ass „Abzocke“, ni ze vergiessen, datt all déi supplémentaire Recetten, déi mir do maachen, déi ginn an de Klimaschutzfong mat deene mer déi Politik maachen, déi 94% vun de Leit gäre vu mir hätten, datt mer se solle maachen.

An ee lescht Argument wëll ech soen, well ëmmer erëm gesot ginn ass, och an engem Anflug, deen heiansdo e bëssen nationalistesch war oder eng Konnotatioun hat, déi mer net esou gefall huet, fir ze soen, maacht et méi um Verbrauch, um Bensinn an um Diesel, da kënnen d’Auslänner an d’Frontaliere bezuelen. Net nëmmen, datt dat een Argument ass, wat mer net besonnesch gutt gefält, mä haut schonn, wëlle ech nëmme soen, datt an de Klimaschutzfong 60 Milliounen aus der Kyotoabgab um Verbrauch kommen a vun deene 60 Millioune si 75% Prozent vun Auslänner a vun de Frontalieren an nëmmen 28 Millioune kommen aus der Autosteier. Dat heescht, haut scho kënnt de gréissten Deel vun de Recetten am Klimaschutzfong vun Auslänner, déi hei am Transit oder als Frontalier tanken. Dat heescht, och dat Argument ass net richteg.

Ech mengen, datt mer eng roueg Diskussioun mussen doriwwer féieren an datt een och punktuell Verbesserunge ka maachen. Ech mengen zum Beispill, datt ee fir kannerräich Famillen een Abattement ka maachen, esou wéi mer dat och bei anere Kategorië gemaach hunn.

Ech hunn en Donneschden d’Associatioune vun deene gesinn déi Tracteuren, d’Collectioun vun Tracteure maachen. Och do mengen ech, hu mir schonn am Budgetsgesetz am Dezember Adaptatioune gemaach, och do si Korrektiounen, fir datt mer net mat Kanounen op Spatze schéissen. Mä ech menge generell ass dat ee gerechte System a gleeft mer, wann net op eng onnéideg Aart a Weis am Dezember ee Recalcul komm wär, dee vill Leit iwwerhaapt net verstanen hunn, deen net gutt communiquéiert war an deen och nach ausgerechent an engem Mount kënnt a komm ass, wou d’Leit wierklech och vill aner Ausgaben haten, ech mengen, datt dat vill Leit méi rose gemaach huet, wéi de Prinzip vum Verursaacher, dee gerecht ass, datt deen dee méi verschmotzt och méi soll bezuelen.

André Dübbers: Dat heescht, Dir kënnt do d’Etats d’âme vun de Leit awer verstoen, am Nobezuelen?

Lucien Lux: Lauschtert, ech sinn esou gestréckt ëmmer a mengem politesche Liewe gewiescht, datt ech alles dat wat dozou gesot ginn ass ganz gutt verfollegt hunn an ech verstinn och, datt fir d’Leit dobaussen, besonnesch fir déi déi den Euro zwee- an dräimol mussen ëmdréien, déi hunn zwar net een décke Mercedes oder een décke Jaguar mat deem se elo eng déck Autosteier hunn, déi hunn Autoen éischter an deene Beräicher wou ech virdru gesot hunn, vun 80 oder vun 120 Euro, wat ee verträgleche Chiffer ass. Mä ech versti se ganz ganz gutt, well gläichzäiteg och aner Moossname komm sinn. An de Gemenge gesäit een, datt Mülltaxen oft vill méi an d’Lut gaange si wéi d’Autosteier, datt d’Waasserpräisser an d’Lut ginn, datt och um Niveau vum Staat eng Rei vu Moossname komm sinn, wat d’Verleeë vum Index ubelaangt, wat aner Froen ubelaangt, mä ech mengen, datt d’Regierung gläichzäiteg awer och higaangen ass, wann ech nëmmen de Kannerbonus kucken, wat eng absolut sozial gerecht an och eng gutt Moossnam ass, datt et och do aneschters geschitt.

Mä en Fait awer bleift fir mech als Ëmweltminister ëmmer déi Iwwerzeegung, datt mer ee Problem um Niveau vum Klimawandel a vun der Loftqualitéit hunn, datt mer ee Fuhrpark brauchen, deen Autoen huet déi manner Schadstoffer produzéieren a verursaache wéi haut. Wësst Dir, am Joer 2007 hu mir op dësem Planéit 27 Milliarden Tonnen Emissiounen an d’Atmosphär geblosen a wa mir näischt maachen, wa mer einfach esou weiderfuere wéi bis elo, da blose mer am Joer 2030 42 Milliarden Tonnen an d’Atmosphär. An ech muss Iech soen, datt um Niveau vun deem wat dat bedeit fir eist Liewen haut hei schonn, wat dat bedeit och fir eis Biodiversitéit, wou ech gëschter héieren hunn, datt 88% vun de Lëtzebuerger ganz sensibel si wat um Niveau vun der Biodiversitéit a vum Naturschutz geschitt, wann ech gesinn dat Bild wat ech ni wäert vergiessen an och ni vergiesse wann ech et haut gesinn, nämlech datt Millioune Leit wéinst dem Klima et onerträglech an hire Géigende wäerte fanne fir nach kënnen ze liewen, datt se kee Waasser méi virfannen, datt se keng Energie méi virfannen. An ech mengen, datt do och, wann ech den afrikanesche Kontinent kucken, wann d’Schnéikappen vum Kilimandscharo definitiv geschmolt sinn, da wäerte sech Millioune Leit a Bewegung setzen, hin och an Europa, well se do net méi liewe kënnen a well se aner Bredegrade wäerte sichen, fir iwwerhaapt kënnen z’iwwerliewen. An dat Bild wat mer dann an Erënnerung bleift, dat ass, wa mer dann op de kanareschen Inselen op der Plage gesinn, datt déi eng do sëtzen am Maillot op dem Ligestull sech ze sonnen an déi aner hallef dout an engem, wat een nach kann ee Boot nennen, ugeschwemmt ginn an esou virun a just nach eppes am Kapp hunn, fir iwwerhaapt nach kënnen ze iwwerliewen, ech mengen datt déi Biller do an dat wat dat um Niveau vum Klimawandel, net vläicht fir eis direkt, mä virun allem fir déi zukünfteg Generatiounen, fir eis Kanner bedeit, dat muss eis mengen ech Suerge maachen. An ech wëll net am Juni 2009 als ee Minister do stoen, dee 5 Joer laang just nëmme Rieden a Floskele produzéiert huet, mä ech wëll do stoe mat Resultater. Dat wat d’Leit gäre vu mir hätten, datt ech dofir suergen, datt de Klimawandel och zu Lëtzebuerg konkret a konsequent ugepaakt gëtt an datt d’Problemer vun der Loftqualitéit, vu Feinpartikele, vu Stéckoxyden, datt mer do net nëmmen Theorien an d’Welt gesat hunn, mä dat mer och gehandelt hunn.

André Dübbers: Mä elo, Här Lux, fir op déi generell Approche vum Klimaschutz nach eng Kéier zréckzekommen, Dir hutt elo ee gutt Beispill am Fong ginn, mam Waasserpräis, dee bezillt een no der Consommatioun. An do kéint ee jo och soen, respektiv d’Leit soe jo, déi nei Calculatioun vun der Autosteier ass ongerecht, well déi considéréiert net déi wierklech gefuere Kilometer an domat och net dee wierklechen Ausstouss vu Kuelendioxyd. Dat heescht d’Leit soen, mir bezuelen op d’Gréisst vum Auto, egal wéivill Kilometer mir fueren, dat wier ongerecht. Wat sot Dir dann dozou?

Lucien Lux: Ech hu virdru gesot, mir hunn haut schonn deen duebele Prinzip. Dat duebelt Konzept. Mir froe jo net nëmmen um Niveau vun der Autosteier, dat wat also den Auto kascht, deen ee jo awer keeft fir domatter ze fueren. 15 000 Kilometer am Joer ass d’Moyenne déi zu Lëtzebuerg gefuer gëtt. Ech menge mir hunn also engersäits een Aspekt wat den Auto selwer ubelaangt. Mir haten iwwregens och virdru schonn, do ass et ni diskutéiert ginn, mir hate jo och virdru schonn ee System deen a Kategorië vu Kubikgréisste bestanen huet, wou jo och schonn ee gewëssene Sënn Verursaacherprinzip dra war, well déi déi méi Kubikgréissten haten, jo och méi Ausstouss haten. Och do ass ni diskutéiert ginn, datt dat no Kilometere misst gemaach ginn. Ech kennen iwwregens och am Ausland néierens ee System vun ökologescher Autosteier, deen no deem Prinzip géif fonctionnéieren. Dat géif jo och heeschen, datt mer 320 000 Autoen, datt déi Joer fir Joer missten op Sandweiler oder iergendwou missten hifueren, fir do ee Certificat ze kréien, dee jo och nach erëm eppes géing kaschtwen an Zäit géif kaschten, vläit manner wéi dat wat se als Abattement da géife kréien um Niveau vun hirer Autosteier, fir dat ze maachen.

Dat ass illusoresch ze mengen, datt een iwwert dee Wee ka goen, an dofir hu mir gläichzäiteg och de Kyotocent gemaach, deen largement méi Recetten erabréngt wéi dat um Niveau vun der Autosteier de Fall ass, fir och all verbrauchte Liter Bensinn an all verbrauchte Liter Diesel och nach eng Kéier ze taxéieren.

Mir hunn also dee System haut, an dat mengen ech wat mer um Niveau vun der Korrektioun musse maachen, dat ass iwwregens och wouer, wann Dir schwätzt iwwert de Waasserpräis oder iwwert d’Mülltax, dat ass zum Beispill Kategorië wéi ebe kannerräich Famillen, wou mer eng Revisioun musse maachen. Wou mer jo iwwregens och bei der Subventionéierung vu 750 Euro een Ënnerscheed maachen, 120 Gramm fir déi normal Situatioun kritt een déi 750 Euro, wann een en Auto do drënner keeft oder bei de Groussfamillen 160 Euro, bei de Waasser- a Mülltaxe gëtt et jo haut schonn a ville Gemengen och Abattement fir déi Famillen. Mir hunn haut schonn eng Revisioun wou Dir een Abattement fir Behënnerter zum Beispill, déi sech méi ee grousssen Auto musse kafen, déi total exempt sinn.

Mä loosse mer awer nach eng Kéier d’Chiffere kucken, och um Niveau vun der neier Autosteier, eng Steier déi säit 1986 net méi ugepasst gi war an déi alleng um Niveau vun dem Retard op der Präisentwécklung ee Retard vun 61% opgewiesen huet. Ech mengen datt mer do dee richtege Wee gaange sinn, deen iwwregens jo och, et gëtt jo heiansdo gemaach wéi wann dat alleng eng Décisioun vum Ëmweltminister gewiescht wär. Ech menge mir hunn dat an der Regierung largement diskutéiert, mir hunn et an der Chamber no engem Joer Débatt als Gesetz och approuvéiert an ech mengen, datt dat de richtege Wee bleift fir konkret ze agéieren, net nëmmen driwwer ze schwätzen an dofir ze suergen, datt mer déi Mëttelen och kréien, déi mer brauche fir déi Politiken ze maachen.

Wësst Dir, ech sinn am August 2004 Ëmweltminister ginn. 1997 hu mir eist Engagement vu Minus 28% Emissiounen ënnerschriwwen, 1997. Wéi ech am August 2004 Ëmweltminister gi sinn, wéi gesot, do hate mer mol nach net d’Directive vu Kyoto ëmgesat. Do hate mer kee Fong a mir hate keng Mouk an engem Fong, well et dee wéi gesot bis dohinner net gouf a mir haten nach net fir eng Tonn Emissiounsrechter akaaft, fir eisen Engagementer gerecht ze ginn. Mir hunn eis also an deene leschten 2, 3 Joer vill missten tommele fir virun ze kommen, mä ech menge mir sinn elo konkret op enger Schinn, déi eis erlaabt fir déi Engagementer do och wierklech sérieux unzepaken.

André Dübbers: Dir gitt jo an zwou Richtunge mat Ärer Politik, wann ech dat elo richteg verstanen hunn, op der enger Säit d’Héigung vun der Autosteier, op där anerer Säit fir den Diesel dann awer de Kyotocent deen elo gefrot gëtt. Ass Är Politik dann do nach konsequent? Ech stelle mol einfach eng Behaaptung op: wann ech soe mat méi héije Bensinnspräisser kritt een d’CO2-Emissounen net reduzéiert, well een do jo um falschen Hiewel usetzt an dowéinst bestrofe mer déi Propriétairë vun, loosse mer soen, deene knaschtege Gefierer an encouragéiere si méi ëmweltfrëndlech Gefierer ze kafen. Mä beim Diesel maacht Dir jo awer ganz genee déi aner Politik?

Lucien Lux: Ech muss soen, ech hunn elo net richteg verstanen, well Dir dovunner ausgitt, datt de Kyotocent – d’Klimaschutzabgab ass jo net nëmmen um Diesel, si ass jo och um Bensinn. Dat heescht, mir hunn haut 2 Cent um Liter Bensinn a mir hunn 2,5 Cent um Niveau vum Diesel. Mir hunn doniewent den Abattement vum Filter vu 50 Euro d’Joer, bei engme Auto, deen normalerweis, am Schnëtt zu Lëtzebuerg 5 Joer a 7 Méint gehale gëtt, heescht dat jo och nach eng Kéier een Abattement dee praktesch d’Halschent vun de Käschte vum Filter ausmécht. Ech mengen, datt de System en tant que tel richteg ass, datt beim Kaf vun den Autoen, a mir gesinn dat jo haut och, wann ech nëmmen déi Zuel kucken, am Joer 2000 hate mer bei Autoen ënner 120 Gramm Ausstouss pro Kilometer 1,7% Prozent vun eisem gesamte Fuhrpark. Am Joer 2007 leie mer elo schonn iwwer 12%, iwwer 12% an deene Joren, déi esou een Auto kaaft hunn. An et geet eis jo drëm iwwert déi zwou Mesuren dofir ze suergen, datt d’Leit effektiv Autoe kafen, déi méi an déi Richtung ginn, déi manner Schadstoffer produzéieren. A gläichzäiteg gëtt jo och um europäesche Plang an deene Directiven déi doriwwer diskutéieren och een Effort op d’Automobilindustrie gemaach. Well ech mengen och do geet et jo drëm iwwert nei Innovatioun, iwwer nei Recherche, iwwer nei Systemer, Hybridsystemer zum Beispill, an anerer, dofir ze suergen, datt d’Automobilindustrie och hiren Effort mécht.

Ech mengen alles dat, an dat war ëmmer meng Iwwerzeegung, datt et net duergeet beim Klimawandel a beim Problem vum Klimaschutz, net nëmmen eng Feststellung ze maachen, net nëmme wann den Al Gore zu Besuch ass deen ze bejubelen. Ech vergiessen net, datt am Neien Theater no senger Ried honnerte vu Leit opgestane sinn an e minuttelaang applaudéiert hunn, mä ech hoffe jo awer, datt déi Leit déi do waren, déi Honnerten, datt déi haut och bereet sinn net nëmmen den Al Gore ze bejubelen, mä och bereet sinn anzegesinn, datt mer och Moyenen an engem Klimaschutzfong brauche fir an déi Richtung ze goen an ech soen, bei enger Autosteier déi an der Moyene tëscht 170 an 180 Euro läit an déi largement ënnert där läit déi mer an den Nopeschlänner hunn a wou d’Sue gebraucht ginn, net fir d’Budgetsdefiziter domatter ze kompenséieren, mä an ee Fong ginn, deen dann och wierklech all déi Politiken do mécht, zum Beispill déi och vun der Sanéierung vun den ëffentleche Gebeier energetesch, wou mer de gréisste Programm opgeluecht hunn, dee mer säit jeher haten oder eben och wéi gesot déi 750 Euro kënnen ze bezuelen an ze finanzéieren, déi mer elo an déi Richutng ginn oder bei den erneierbaren Energien ze hëllefen.

Mir ass oft gesot ginn an zurecht, datt d’Berodung vun de Leit an all deene Froen, och doheem wa si hirt Haus wëlle sanéieren oder wa se nei wëlle baue besser muss ginn. À partir vum 1. Mäerz 2008 wäert ech mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, mam Energieminister, wäert ech déi gréisste Berodungsoffensive fir de Leit ze hëllefen och virleeën. Dat heescht, net nëmme Rieden, net nëmmen Theorien, net nëmmen domatter mengen, datt een ee gutt Gewëssen huet, wann ee während 5 Joer laang de Leit geschwat huet vun dem Schmëlze vun de Gletscheren, vun der Erderwärmung oder vun der Augmentatioun vum Mieresspiggel. Doriwwer kann ee Rieden halen esouvill wéi ee wëllt, domatter huet sech zu Lëtzebuerg nach näischt geännert. An ech soen Iech, et gëtt hei zu Lëtzebuerg an all Sondagen déi ech weisen, ech hunn Iech déi dräi Chiffere genannt, 94% vun de Lëtzebuerger hunn 2007 vun hirem Ëmweltminister gesot, wann ech gelift, konkret handelen. 74% hu gesot, déi Autosteier nom Verursaacherprinzip ass de richtege Wee an 88% hu gesot d’Biodiversitéit, de Problem vun dem Naturschutz, de Problem vun de Planzenaarten a vun den Déierenaarten, Vullenaarte an esou virun ass eppes wat eis eng Wäertvirstellung ass, déi eis derwäert ass, datt een Ëmweltminister net nëmme Rieden hält, mä datt en agéiert. Ech soen nach eng Kéier fir mech a fir vill Leit dobaussen ass en onpopuläre Politiker deen, deen d’Problemer ënnert den Teppech kiert an net deen deen de Courage huet fir se offensiv a konsequent unzepaken.

André Dübbers: Wat ass dann elo d’Fernzil? Wat ass Är Visioun? Mat der Autosteier, mam Kyotocent via den Autosfuerer, kann een do d’Automobilsindustrie zwéngen op e méi ekologesche Wee ze goen? Ass dat Är Visioun?

Lucien Lux: Leider si mir net um Fernseh, soss géif ee gesinn, datt ech Iech weisen déi Annoncen déi am Moment an de lëtzebuerger Zeitunge geschalt ginn, déi weisen, datt d’Automobilsbranche, datt déi eenzel Marke voll doropper setzen, datt dat doten eppes ass wat d’Leit verstanen hunn, an dofir ginn an dësen Deeg säitegrouss Annoncë gemaach, fir de Leit ze weisen, et gëtt Alternativë wou de Staat, wou den Ëmweltministère och eng Ënnerstëtzung finanziell gëtt. Et gëtt Alternativen, an et steet esouguer hei bei deenen eenzelnen dobäi. Hei ass een Auto, ech nennen en net, dee bezilt 3 Euro Autosteier d’Joer, well et der 53 sinn no der Berechnung an e kritt 50 Euro nach eng Kéier als Abattement, well en ee Russpartikelfilter huet. Bleiwen 3 Euro. Hei ass een Auto, dee bezilt 34 Euro Autosteier d’Joer. Hei ass een Auto dee bezilt 36 Euro Autosteier d’Joer. Ech hu virdru gesot, een Audi A4 Break an dat ass jo schonn een Auto, mir bezuelen doheem 122 Euro d’Joer, dräimol méi bezilt een dofir an Däitschland.

Ech mengen et muss een awer iwwer Chiffere schwätzen an datt mer dat fäerdeg wäerte bréngen, datt d’Automobilindustrie an déi Richtung wäert goen, weist, datt d’Leit dobausse verstanen hunn, datt d’Energiepräisser an och d’Präisser vum Sprit an d’Lut ginn an datt d’Leit doropper schonn eng Rechnung wäerte maachen an datt se wëssen, datt de Klimawandel dann eppes kann dovunner hunn a mir eppes dogéint konsequent maachen.

Wa mer esou wéi mer et gemaach hunn an den Allocatiounspläng d’Industrie weider an hiren Emissiounen erofgeet, wa mer doheem an den Haushalter bauen no Standarden déi méi energiegerecht sinn an déi méi klimaschutzgerecht si wéi bis elo – an dat maache mer mat engem Programm vun erneierbaren Energiesubventiounsreglementer wou mer d’nächst Woch un all Haushalt wäerten eng Brochure verdeele mat deenen Aiden, Aiden déi et soss an Europa a kengem Land gëtt. An dat maache mer och doduerch, datt mer um Niveau vum ëffentlechen Transport – an doriwwer wäerte mer jo nach schwätzen – och grouss Efforte maachen, net nëmme Rieden halen, mä grouss Efforte maachen, fir dofir ze suergen, datt et Alternativen och fir den individuelle motoriséierte Verkéier gëtt.

An da maachen ech hei – an dat hunn ech ni an deenen 3,5 Joer gemaach, ech respektéiere bei dem Auto all Choix dee jiddweree mécht, ech respektéieren de Choix, datt ee sech ee Jeep keeft, datt ee sech een décken Auto keeft, datt ee sech wéinst menger ee Ferrari keeft oder wat och ëmmer, mä et muss een awer vernünfteg sinn, dovun auszegoen, datt wann een een Auto keeft dee méi Schadstoffer mécht, datt een dann no deem Verursaacherprinzip och dofir suergt, datt een engem hëlleft an der Klimaschutzpolitik och d’Moyenen ze hunn, fir virunzekommen. Dat ass deen eenzege Message, an d’Visioun ass awer déi vun engem Land wat d’Moyenen huet fir ze verstoen, datt mer hei als Lëtzebuerger kënne wierklech weisen, datt mer net nëmme Rieden halen, mä datt mer och jiddwereen eenzelne, datt mer eng kollektiv Volontéit hunn a vläicht och nach eng Sensibilitéit behalen, fir dofir ze suergen, datt eise Kanner an deenen zukünftege Generatiounen ee Planéiet hannerlooss gëtt, dee grad esou liewenswert ass wéi mer en haut hunn.

Mä Dieu sait, datt en haut schonn op ville Plazen, och zu Lëtzebuerg, mer grouss Problemer genuch hunn, wa mer nach géifen iwwer Loftqualitéit, iwwer Feinpartikelen an der Stad um Aldringen an op anere Plaze schwätzen, da kann ech Iech soen, datt mer do Wäerter hu vu 40 Mikrogramm déi mer missten anhalen, 40 Mikrogramm. Mir bréngen et säit Joren net méi fäerdeg fir déi Wäerter do anzehalen. 2007 leie mer bei 56 Mikrogramm. Wéi kënne mer dat léisen? Wéi kënne mer dofir suergen, datt eis Loft net esou verpescht gëtt, datt mer wierklech ganz grouss Problemer vu Krankheete wäerte kréien? Mä nëmmen doduerch, datt mer manner motoriséierte Verkéier hunn an datt mer Autoen hunn, déi manner Schadstoffe produzéieren, wéi dat wat elo de Fall ass. Dofir ass d’Industrie gefuerdert, an dofir ass och jiddwereen eenzelne gefuerdert.

André Dübbers: Kéint een do an deem Kontext da wéi an Däitschland déi Zones écologiques do ee Virbild fir Lëtzebuerg ginn, wou ee seet, mir späre fir verschidde Gefierer déi zevill Kuelendioxyd ausstoussen, respektiv dee renge Stëbs do ausstoussen, datt mer do verschidde Quartieren einfach spären a soen, Dir däerft hei net méi eran?

Lucien Lux: Ech hu virdru gesot, ech gleewen zu Lëtzebuerg, an déi lescht Wochen hu mir dat gewisen a virun allem déi lescht Deeg, datt ech ganz vill Leit begéinen déi mer soen, looss dech net beieren, géi däi Wee konsequent weider mat deenen Iwwerzeegungen. Dofir gleewen ech un déi Koalitioun vun de Vernünftegen hei am Land, datt mer dat do net musse maachen, datt mer dee contraignante Wee do net musse goen.

Doniewent gëtt et der jo vill, an Etuden aus deene leschten Deeg a Commentairen an Noten hu mir dat gewisen, déi net esou iwwerzeegt sinn, ob onbedingt déi Plazen déi dann do ausgewise gi mat rouden Zonen, gielen Zonen, gréngen Zonen, datt dat onbedingt eng Äntwert, eng richteg gutt an efficace Äntwert ass op dee Problem.

Dat wat mer musse maachen, och op deem Punkt do, mir hunn den Ist-zustand an der Stad Lëtzebuerg gekuckt a mir wëssen, wéi ech virdru gesot hunn, datt mer Wäerter um Niveau vun de Stéckoyden iwwerschreiden. Bei de Feinpartikelen nach net onbedingt, mä d’Tendenz ass och steigend a mir wësse ganz genau wat d’Grënn dovunner sinn. 80% an der Stad Lëtzebuerg hänken um individuelle motoriséierten Autosverkéier. Dat wësse mer, an dofir mengen ech muss een also och dee Wee do goen. Ech mengen, datt mer net onbedingt brauchen an d’Richtung vun denee Zonen ze goen, wa mer et fäerdeg bréngen dofir ze suerge datt insgesamt, déi Politik déi mer am gaange sinn ze maachen, datt mer déi fäerdeg bréngen. Dofir gëllt do, wéi beim Klimawandel, datt mer an déi Richtung musse goen an dat mam Engagement vu jiddwerengem eenzelnen. Wësst Dir déi 94% déi soe Klimaschutz ass mir ee ganz wichtege Problem an déi soen, ech hätt gären een Ëmweltminister dee konkret handelt, ech hoffe jo awer, datt déi 94% zu der Koalitioun vun de Vernünftege gehéieren, déi eis verstoen doen, datt se wëlle mathëllefen, datt mer dat dote konkret upaken.

André Dübbers: Dir hutt jo elo eng ganz positiv Approche, Dir sidd immens optimistesch, alles schéngt am Botter ze sinn: dat heescht den Autofuerer ass verstänneg, d’Autoshändler sinn och verstänneg, zéien do och mat, mä d’Autofuererlobby, den ACL wëllt jo awer elo préiwe loossen ob déi nei Autosteier och verfassungskonform ass. Mécht dat Iech dann elo Suergen, esou als lescht Fro zu deem Thema, ier mir dann an déi zweet Halbzeit hei ginn?

Lucien Lux: Also Dir wësst den Automobilclub, ech hunn dat virdru gesot, huet selwer d’Ëmfro gemaach bei där 74% gesot hunn, datt se mat der Autosteier wéi mer se virgeluecht hunn d’accord sinn. Den Automobilclub, ech wëll net mat deem polemiséieren, well dat net mäi Problem ass, deen huet an deene zwee Joer wou mer iwwert déi Autosteier do diskutéieren – dat ass ugaangen am Oktober 2005 an der Ried vum Staatsminister iwwert den Etat de la nation, wou mer dat ugekënnegt hunn, datt mer dat géinge maachen – an deenen iwwer 2 Joer hunn ech nach keng konkret Propositioun vum Automobilclub op mengem Büro leie gehat. Ech hunn iwwregens och an deene zwee Joer nach net eng Kéier d’Demande gehat vum Automobilclub fir mat mir doriwwer ze diskutéieren.

Ech hu mat ganz ville Leit doriwwer diskutéiert, mat ganz villen Associatiounen, mat der ADAL, mat der FEGARLUX, mat de Collectionneuere vun Tracteuren nach dës Woch an aneren, mä den Automobilclub deen huet bis elo et net fir néideg fonnt fir seng Propositiounen dann och dohinner ze leeën. Elo seet en e géif dat op d’Geriicht droen. Ech menge mir sinn an engem Rechsstaat a jiddwerengem obläit et, dee Wee do ze goen, an dee respektéiere mer och. Ech wëll Iech just soen, datt bei dem Gesetz iwwert d’Autosteier de Conseil d’État, wéi iwwregens vill anerer och, hir Avisen ofginn hunn. An de Conseil d’État deen ass jo dofir do fir d’Constitutionalitéit vun de Gesetzer ze analyséieren, de Conseil d’État huet un deene Gesetzer déi mer virgeluecht hunn näischt auszeweisen an näischt ze kritiséiere gehat. Dofir kucken ech dat mat Rou un. Dann op d’Geriichter ze goen, wësst Dir, de Problem vum Klimaschutz a Problem vun enger verursaachergerechter Autosteier, déi den Automobilclub jo och seet wëllen ze hunn, dat ass kee juristesche Problem, dat ass ee politesche Problem. Et ass ee gesellschaftleche Problem, et ass och heiansdo ee sozialen an ekonomeschen a mir hunn en esou ze attackéieren, mä wéi gesot an engem Rechtsstaat kucke mer no wat dann do op eis zoukënnt.

[...]

André Dübbers: Nom Volet vun der Autossteier wëlle mir elo iwwer den ëffentlechen Transport schwätzen, deen Iech, Här Lux, da wahrscheinlech esouwuel als Transport- wéi och als Ëmweltminister um Häerz läit. Mä wéi wäit si mir dann elo, wat den ëffentlechen Transport ugeet mam Projet vum Tram duerch d’Stad? Lauschtere mir elo hei d’Ausso vun Ärem Virgänger, fir d’éischt emol den Henri Grethen.

Henri Grethen (O-Toun): Tatsaach ass, mir brauchen hei zu Lëtzebuerg e performanten ëffentlechen Transport, fir datt mir net am Stau erstécken. Do féiert kee Wee dolaanscht. Ech hunn e Konzept ausschaffe gelooss, Mobilitéit.lu, zesumme mam deemoolege Generalsekretär vum Transportministère, dem Paul Schmit a senge Mataarbechter. Mobiltéit.lu, wann dir dat vergläicht mat Mobilitéit 2020, dat elo den Här Lux op den Dësch geluecht huet, dann ass dat deckungsgläich, mat engem Stréch vläicht, Tram duerch d’Stad Lëtzebuerg. An ech maachen eng Wett mat iech, datt deen Tram, ech si scho laang net méi um europäesche Rechnungshaff, da fiert deen Tram nach net duerch d’Stad.

André Dübbers: Här Lux, wie wäert d’Wett da gewannen?

Lucien Lux: Ech mengen de wiesentlechen Ënnerscheed tëschent der Mobilitéit.lu vum Här Grethen, an dem Mobil 2020-Konzept vu menger Wéinegkeet ass, datt deen hei en neie Konzept baut op dem Konsens vun allen Acteuren.

20 Joer laang hu mir zu Lëtzebuerg gestridden tëschent de staatlechen Autoritéiten an deene vun der Stad Lëtzebuerg iwwer esou e Konzept. An endlech, säit mir am Enn 2005 eis dru ginn hunn, zesumme mat dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, hirem Buergermeeschter dem Paul Helminger, eigentlech déi Discussioun ze féieren, hu mir e gemeinsamt Konzept.

Fir d’éischt Kéier hu mir zu Lëtzebuerg eng gemeinsam Sociétéit, GIE, gegrënnt tëschent Staat a Stad Lëtzebuerg, an hat ech d’Freed, déi lescht Woch e Freideg, den éischten Direkter a mengem Büro ze emfänke vun deem GIE, dat éischt Personal wat also agestalt ginn ass, fir den Tram zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.

A mir wäerten och bis den Abrëll, Mee eis eens ginn iwwer den definitiven Tracé, a mir wäerten eis dann dru maachen de Projet de loi ze déponéieren. Vu que datt déi 4 Parteien, souwuel d’CSV wéi d’LSAP an der Regierung, wéi och déi Gréng an d’DP am Schäfferot, sech endlech eens sinn, a gleeft mir, ech hu mir zesumme mam Paul Helminger vill Méi gemaach, vill Stonnen Iwwerzegungsaarbecht, vill geriet a vill versicht ze beaflossen, an an déi richteg Richtung ze drécken, fir datt mir dee Konsens do kréien, datt den Tram wäert kommen.

Deen eenzege grousse Problem dee mir nach hunn, dat ass leider Gottes dee vun der noutwenneger Renovéierung vun der Neier Bréck, dem Pont Adolphe, deen do tëschent gefall ass, esou ze soen, an dee mir also nach ze attackéieren hunn, a wou de Claude Wiseler déterminéiert ass dee Projet och weider ze féieren. Mä den Tram an der Stad wäert kommen. Wéini datt dat genee wäert sinn, kann ech, wéinst deem do Projet vun der Renovéierung vum Pont Adolphe, definitiv haut net soen, mä ech wäert alles druginn, elo an och an deenen nächste Joeren, egal a wat fir enger Qualitéit, fir duefir ze suergen, datt mir dee Projet kréien, well mir brauchen en. An de Konsens an dem Konzept Mobil 2020 dee war elementar, an deen erlaabt eis ze soen, datt mir deen Tram och wäerte kréien.

André Dübbers: Schwätze mir iwwer en anert Fernzil. Ëffentlechen Transport dat huet jo och mam Modalsplit ze dinn, dem Undeel vum ëffentlechen Transport a Relatioun mam Individualverkéier. D’Zil ass hei eng Proportioun vu 75 zu 25, dat heescht 75% Individualverkéier, a 25% ëffentlechen Transport ze erreechen. Wéi wäit leie mir dann do vun deem Zil nach ewech?

Lucien Lux: Vill ze vill wäit. A mir hunn an deene leschten 20 Joer – dat ass eng Bemierkung, eng Feststellung déi ech maachen, déi net polemesch geduecht ass, dat ass mir souwisou ganz fern, iergendwéi engem anere wëllen iergendeng Schold zouzeweisen – mä d’Politik huet zu Lëtzebuerg an deene leschten 20 Joer vill ze vill eesäiteg investéiert an d’Richtung vum Stroossebau, an och vum Héichbau. Mir hunn do ganz vill flott Investioune gemaach, och am Kulturberäich, a villen aneren, mä mir hunn den ëffentlechen Transport, a virun allem de schinnegebonnene Verkéier, dee war oft de Parent pauvre, de laissez-pour-compte vun däer Investitiounspolitik.

Ech ka mech erënneren, op ville Kongresser op deenen ech war a menger Partei, an op villen anere Plazen, och an der Gewerkschaft, ass joerelaang ëmmer kritiséiert ginn, zu Recht, datt de Fonds des routes ëmmer vill, vill Milliounen Dotatiounen hat wéi de Fonds du rail. An eréischt an de Joeren 2005, 2006, 2007 an haut och 2008, sinn déi éischte Joere wou de Fonds du rail largement méi Moyenen huet, am Joer 2008 iwwer 400 Milliounen, largement méi Moyenen, well esou wéi bei der Diskussioun, déi mir virdru gefouert hunn iwwer d’Ëmweltpolitik, et mir och an der Transportpolitik drëm geet, datt et net nëmmen drëm geet Rieden ze halen, a Floskelen ze servéieren.

400 Milliounen Euro Investioune sinn am Joer 2008 am Fonds du rail geplangt, largement méi wéi dat um Niveau vum Fonds des routes ass, well mir hei e Retard hunn, a well mir niewent deem, wat mir am gaange sinn haut schonn ze maachen, d’Realisatioun vun der Gare um Belval, d’Duebelgleisegkeet vun der Streck um Belval, de Centre de remisage, muer och de Viadukt op der Polvermillen, d’Streck erop op de Findel an op de Kierchbierg ze realiséieren, duerno ze suergen duefir, datt de Projet de loi schnell déponéiert gëtt iwwer d’Gare périphérique vum Houwald, datt geschafft gëtt um Projet de loi vum Tram an um Konzept selwer, datt mir och déi Projete fir nei Strecken op Beetebuerg an op Esch maachen, datt mir d’Prozeduren do lancéieren, datt mir also konkret och hei realiséieren, fir dee Modalsplit do kënnen ze realiséieren.

An dann hänkt et natierlech och un der Attraktivitéit, u gudden Tariffer, mir hunn do vill Efforten d’lescht Joer gemaach, et hänkt un enger Mobilitéitszentral, déi mir 15 Joer laang zu Lëtzebuerg diskutéiert hunn, d’lescht Joer hu mir se ageweit, net nëmmen an der Gare, mä och um Call-Center, och um Niveau vum Internet Site, fir d’Attraktivitéit ze verbesseren.

Plus och dee neie Fuerpark um Niveau vun der Eisebunn, dee mäi Virgänger nach an d’Wee geleet huet, an dee positiv war.

Ech fannen et net e Virworf wa mäi Virgänger seet, datt villes vun deem wat am Mobilitéit.lu stoung och am Mobil 2020 steet. Ech fannen dat kee Virworf, well ech am Joer 2004 ëmmer schonn däitlech gemaach hunn, datt ech net wéi ëmmer virdrun alles wëllt ofrappen, wat gutt u Konzepter do war. Mir hunn eng ganz Rei vu Saache missen änneren, ech wëll net an den Detail dozou goen, mä wichteg ass, datt mir elo och eis d’Moyenen am Fonds du rail ginn, fir dat och wierklech konkret kënnen ëmzesetzen.

André Dübbers: Här Lux, iert mir elo weider iwwer d’Eisebunn schwätzen, nach eng lescht Fro zum Thema Modalsplit an dem Tram duerch d’Stad. Da seet zum Beispill den CSV-Fraktiounschef Michel Wolter, den Tram géif hei 0,0% bréngen, wann een en Tram duerch d’Stad baut fir de Modalsplit. Deelt Dir do déi Meenung?

Lucien Lux: Neen, ech deele se net, well se och falsch ass. An ech hunn oft genuch d’Geleeënheet mam Michel Wolter, deen een ass, deen ech respektéieren als e streitbare Politiker, dee fir seng Iddien och asteet, mä ech mengen op deem Punkt hei huet en net Recht, well an deem Konzept wat mir maachen, hu mir gewisen, an der Chamber dat och virgeluegt, an dem Gemengerot dat virgeluegt, wéivill 10 000de Bewegungen, Mouvementer muer an der Stad, déi zum Deel selwer aus dem Verkéier innerhalb vun der Stad krééiert ginn.

A muer brauche mir an deem Konzept, dat och vun him ënnerstëtzt gëtt, niewent dem Réckgrad, dat wat ech virdru gesot hunn, wou mir déi Gares périphériques hunn, zu Zéisseng, um Houwald, um Kierchbierg. Muer brauche mir déi fir de Verkéier eran ze bréngen, mä mir brauchen dann eng Verdeelung, déi sech à partir, engersäits vun der Gare centrale, a muer och vun Zéisseng mécht, wou den Tram iwwerhëlt, grad wéi och um Kierchbierg wou den Tram iwwer de Boulevard Kennedy an d’Stad iwwerhëlt.

Dat heescht déi Fäinverdeelung innerhalb vun der Stad, wou sech jo awer de Gros vun dem Modalsplit wäert entscheeden, wa mir do et net fäerdeg bréngen, grad wéi um Niveau vun de Friche vu Belval, wou och de Souci ass vun der Buergermeeschtesch, der Madame Mutsch, an all deenen aneren, dem Georges Engel als Buergermeeschter zu Suessem, a villen aneren, déi mat hëllefen, déi wëssen, datt mir an deenen zwee, dräi groussen Zentren um Niveau vun der Stad Lëtzebuerg, um Niveau vun dem Süden, a muer och um Niveau vun der Nordstad, do brauche mir e Modalsplit dee largement iwwer 25% muss leien, deen dat zum Deel och haut schonn ass, mä dee muss do bei 40% a méi leien.

An all dee Verkéier, deen an der Stad selwer scho gemaach gëtt, an deen, dee vu baussen, vun dausenden, zéngdausende Leit déi erakommen, Frontalieren an anerer, dee muss verdeelt ginn um Niveau vum Tram, natierlech och nach ëmmer vum Bus, mä ech mengen um Niveau vum Tram ass dat e wiesentlecht Instrument fir datt mir dee Modalsplit brauchen.

An duefir zu deem Konzept, wat aus engem Goss kënnt, gehéiert den Tram dozou, wéi och all déi aner Investitiounen, an och déi aner Konzepter.

André Dübbers: Dir huet et elo just gesot, e wichtege Facteur a Saache Modalsplit sinn d’Frontalieren. Wéi eng Konzepter sollen dann hei ausgeschafft gi fir d’Leit do och op d’Schinnen oder op de Bus ze kréien? Ginn dann do Park+Ride duer? Respektiv eng aner Fro an deem Kontext, ass den Eisebunnsréseau hei am Land esou performant, wéi en dat soll sinn?

Lucien Lux: Ech mengen en ass et nach net esou, wéi e misst sinn. Dorunner schaffe mir jo och fir en nach méi performant ze maachen. Ech gesinn awer, datt d’Zuelen an deene leschten dräi Joer, souwuel bei der Eisebunn wéi och bei de Bussen, sief et beim AVL an der Stad, sief et beim TICE am Süden, sief et bei dem RGTR um Niveau vun dem méi ländleche Raum, datt déi an d’Luucht ginn. Ech mengen dat ass also positiv. Mir stelle fest, datt mir hei méi Clienten hunn, wéi mir der jee virdrun haten.

Um Niveau vun de Frontalieren hu mir e Modalsplit dee wäit ënner 10% läit, deen net duer geet. Duefir hu mir haut schonn eng ganz Rei vu Busverbindungen versicht ëmzesetzen, déi och ganz vill Erfolleg hunn, zum Beispill an Däitschland.

Mir hunn eng Streck, eng Eisebunnsstreck op Virton an op Arel erëm opgemaach. Dat heescht déi si viru Joeren zougemaach ginn, ech hu mech wierklech staark engagéiert, datt mir déi erëm géifen opmaachen, fir deen Effort domat och ze begleeden.

Ech huelen den TGV, deen natierlech e groussen Effort war um Niveau vun deenen dach 130 Milliounen Euro déi de lëtzebuerger Staat hei bäigedroen huet.

Mä mir dierfen awer net do stoe bleiwen, mir diskutéieren iwwer weider Verbesserunge vun de Verbindungen, sief et iwwer Zuch oder Bus op Thionville.

Mir diskutéieren iwwer déi Verbesserungen, an ech hu vill gestridde mam Kolleg Tiefensee a mam Kolleg Hering an Däitschland, fir datt Verbesserunge gemaach ginn op der Streck op Tréier, an op Koblenz hin. An endlech si jo och déi Décisiounen an Däitschland geholl ginn.

Ech wäert mäi Kolleg, Verkéiersminister Rippel am Saarland, an eiser nächster Zäit gesinn, fir eng Étude de faisabilité iwwer eng méiglech nei Streck op Saarbrécken ze maachen, mä och eng Verbesserung vun der besteënder Streck, déi eis géif erlabe fir d’Durée op Saarbrécken, déi haut 122 Minutte bedeit, op 88 Minutte kënnen erof ze huelen.

Mir wëllen den Eurocap-Rail Projet mat de Belsch virun dreiwen, deen awer leider, virun allem op belscher Säit, e bëssen hänkt. An duefir hunn ech fir den 19. Mee eng grouss Verkéierskonferenz vun der Groussregioun ageruff, wou mir mat allen Acteuren, mat de politeschen Acteuren, awer och mat de Syndikater, mat den Handelskummeren, mat den Associatiounen eis wëllen zesumme setzen, fir eis nach eng Kéier e Bild ze maachen.

An ech mengen dat, wat mir och brauchen, och erëm eng Kéier ganz konkret, dat ass, datt mir net nëmmen e Verkéierverbond zu Lëtzebuerg hunn, dee mir jo säit zwee Joer elo hunn, an dee gutt schafft, mä datt mir och e Verkéiersverbond vun der Groussregioun hunn, wou mir och iwwer Tariffer, gemeinsam Tariffer kënne schwätzen, Problemer déi oft hänken.

An da mengen ech, an Dir huet et gesot, datt mir um Niveau vu Park+Ride Systemer musse weider kommen. Do ware virdrun ëmmer Problemer, well d’Gemengen, déi do musse sollicitéiert ginn, 50% hu misse bäileeën. Ech hunn deen Taux vu 50% op 20% erof gesat, fir datt mir a Park+Ride Systemer, zum Beispill am Norden, bei ville Projeten déi do leiën, mä och am Süden, an op villen anere Plazen, un de Grenzen, och do kënnen un deem Konzept weider schaffen.

André Dübbers: Wéi grouss ass dann do d’Bereetschaft vun den Nopeschlänner, Däitschland, Frankräich oder der Belsch, hei och finanziell mat ze schaffen? Do gëtt et jo zum Beispill déi Streck op Bitburg, an do happert et jo anscheinend do drun, datt d’Tariffer dann an Däitschland ze vill deier sinn, dat heescht d’Leit kommen da mat hirem Auto bis op d’Grenz gefuer, setzen hieren Auto op de Park+Ride, a fueren de Rescht hei am Land, wou et méi bëlleg ass, da mam ëffentlechen Transport. Wéi wäit ass dann, wéi grouss ass dann elo d’Bereetschaft, oder d’Signaler vun den Nopeschlänner fir ze soen, komm mir setzen eis eng Kéier zesummen a mir kucken do raisonnabel Tariffer auszeschaffen, déi dann och harmoniséiert sinn?

Lucien Lux: Ech wëll awer och nëmme festhalen, wat Dir elo grad gesot huet, an dat rejoignéiert dat, wat mir schonn an deem Thema virun halwer eng diskutéiert hunn.

D’Tariffer um Niveau vum ëffentlechen Transport sinn an eisen Nopeschregiounen e gudde Strapp méi héich wéi zu Lëtzebuerg, an déi Tarifverbesserungen déi mir gemaach hunn, weisen drop hin, datt dat de richtege Wee ass. Dir wësst, ech hätt léiwer och nach den 0 Tarif gehat, fir wierklech en Déclic ze provozéieren, mä ech menge mir hunn eis do net geeenegt an de Koalitiounsverhandlungen 2004, ech mengen awer, datt dat 2009 egal wéi och erëm eng Discussioun muss sinn.

Mä mir hu ganz gutt Tariffer, an et geet drëm ze iwwerzeegen, datt mir och an deenen anere Länner et fäerdeg bréngen, datt déi Tariffer do erof ginn. Dat ass natierlech net ganz einfach, well déi jo och e Verbond sinn innerhalb vun engem grousse Ganzen, wou et net esou einfach ass, fir ze soen, majo elo gi mir just do an der Regioun, an de Grenzregiounen aner Tariffer maach. Mä et ass awer dat, wat mir incitéieren, an ech fannen ëmmer nëmmen Acteuren an deene Länner, déi mir soen, dir musst eis hëllefen op eis Ministeren Afloss huelen, fir datt mir an déi Richtung ginn, an och versichen eppes do ëmzesetzen.

Mir hu beim TGV, hunn ech virdru gesot, 130 Millioune bäigeluegt an d’Cagnotte fir eisen Apport do och ze maachen.

Ech hunn och deenen Däitsche gesot, mir si bereet, wann dir wierklech eng uerdentlech Investitioun maacht, fir an der Streck Koblenz-Tréier bäizeleeën. Bon elo gi 4,3 Milliounen investéiert, ech mengen net, datt mir duefir mussen esou engem grousse Land wéi Däitschland eppes bäileeën, fir datt dat geschitt.

Mir géifen och muer an der Belsch eng Hand upaken.

Mir ginn also konkret un déi Nopeschresponsabel, politesch Responsabel, erun, esouwuel beim Tarif wéi bei den Investitiounen, fir datt et och viru geet. Mir hunn eng Rei vu Fortschrëtter do gemaach, mä dat geet sécherlech net duer, fir datt de Modalsplit an der Groussregioun besser ass, wéi deen, dee mir am Moment hunn.

André Dübbers: Am Kontext vum Ausbau vum Schinneréseau geet och ëmmer Rieds vun der Streck Dikkrech-Ettelbréck. Soll déi elo ersat ginn duerch eng Busverbindung, oder soll se bestoe bleiwen? Dir huet gëschter Owend zu Dikkrech kloer Wierder geschwat, d’Streck bleift. Mä ass déi Discussioun net éischter eng sentimental a geet un der Realitéit do laanscht? Hu mir dann am Fong gréisser Problemer?

Lucien Lux: Also ech wëll net soen als selwer e fréieren Eisebunner, an een deen aus esou enger Famill kënnt, an deen zu Beetebuerg natierlech mat ganz ville Frënn a ganz ville Kollegen déi Eisebunner sinn, datt dat Emotionalt, datt een doriwwer pejorativ soll schwätzen. Ech mengen och dat Emotionalt ass eppes wat do wichteg ass, mä et geet awer net duer, an duefir mengen ech ass et wichteg kloer ze maachen, datt mäi Respekt virun deem, wat an der Nordstad vun de politesche Responsabelen, Buergermeeschter, Schäfferéit, Gemengeréit, gemaach ginn ass, ass eppes, wat ech nëmme ka luewen.

Si gleewen un hir Nordstad, si gleewen drun, datt eng Entwécklung sech muss maachen. An ech sinn dee leschten, och als een, dee vun do uawen hierkënnt, deen dorunner wäert eppes änneren, an deen dorunner wäert iergendwéi nëmmen e Bremsklotz sinn, fir datt déi Entwécklung an der Nordstad sech mécht.

D’Gare vun Ettelbréck wäert an deenen nächste Joeren, no der Stader Gare centrale, déi zweet gréisste Gare hei am Land sinn, mat de Clienten déi do mam Zuch fort fueren, déi do ukommen, déi op Busse mussen ëmsteigen, an esou virun. An duefir si mir eis och eens ginn, virgëschter an engem Gespréich mam Ettelbrécker Schäfferot, datt mir och hei eng grouss Moderniséierung musse maachen, an datt mir e Projet an deenen nächste Méint do wëllen ausschaffen, d’Stad Ettelbréck, d’Eisebunn an den Transportministère zesummen.

Mä um Niveau vun der Streck, mengen ech, datt et fir d’éischt elo dräi Saache wichteg sinn.

Dat éischt ass an dëser Legislaturperiod, dat wollt ech eng Kéier definitiv a kloer soen, gëtt keng Décisioun geholl fir déi Streck do ze suppriméieren. Well dat och muss kloer maachen, datt fir mech schinnegebonnene Verkéier déi Alternativ ass am ëffentlechen Transport vum 21. Jorhonnert.

Aus Mobilitéitsgrënn, aus Kapazitéitsgrënn, aus Klimawandelsgrënn, aus Pollutioun vun der Loft Grënn, an esou virun, ass dat mengen ech dee Konzept dee mir musse goen, net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä och iwwerall an der Welt gëtt dat gemaach. Dat ass mengen ech d’Noutwennegkeet vum 21.Jorhonnert.

An de Précédent, einfach esou aus der Hëft eraus ze soen, elo suppriméiert dir mir déi Streck, da kënnte mir och iwwer aner Antennes férroviaires diskutéieren. Op Diddeleng, op Rëmeleng, op Woltz an esou virun, kënnt een déi selwecht Argumenter huelen. Mir denken net dru fir dat ze maachen, well dat mengen ech wichteg ass.

Mä zweetens hunn ech awer och gesot, sinn ech bereet, fir mat de Leit do uewen, mat de Responsabelen, eis an deenen nächste Wochen a Méint zesummen ze setzen, fir eng Alternativ, déi kéint zum Beispill an d’Richtung vun engem Tram goen, dee wier och méi flexibel fir eis eng Rei vu Problemer zu Dikkrech an zu Ettelbréck, an och an Nopeschuertschafte, kënnen ze léisen.

A schlussendlech mengen ech sollt een awer och emol kucken, ob d’Attraktivitéit vun där Streck net ka verbessert ginn, ob net méi Direktverbindunge vun Dikkreck an d’Stad méiglech sinn. Ech mengen dorunner wëlle mir offensiv erugoen. An ech weess, datt dat e Konsens ass, och do uewen, an ech wäert e gudde Partner sinn, en décidéierte Partner, fir Léisungen op den Dësch ze leeën, an der Nordstad ze hëllefen dat Konzept, wat si ausgeschafft hunn, datt dat och an deenen nächste Joere ka Realitéit ginn.

Mä et gëtt kuerzfristeg Etappen, an et gëtt mëttelfristeg Etappen. Déi kuerzfristeg kann net sinn, datt een unilateral elo hi geet, an eng Décisioun hëlt fir eng Antenne ferroviaire ofzeschafen. Vläicht géif eis dat an e puer Joer déck Leed doen.

André Dübbers: Mir haten an der éischter Halschent schonns driwwer geschwat, Dir hutt d’Autosteier erop gesat, am Oktober schonns huet Dir awer en anere Wäert erof gesat, nämlech den Taux vu manner Alkohol, deen een am Blut dierf hu fir nach mam Auto ze fueren, vun Oktober u gëlt hei 0,5 Promille. Huet d’Mesure sech dann elo schonns bewäert, grad wéi deemools d’Aféiere vum Punkteführerschäin ënnert dem Minister Grethen, deen haut nach houfreg op seng Mesure ass?

Henri Grethen (O-Toun): Also ech félicitéiere mech nach ëmmer, datt ech dat gemaach hunn. Objektiv ass, et ware jo vill Bedenken, an ech ka mech erënneren, d’sozialistesch Partei, déi war de Fahnenträger vun de Bedenkenträger, a si hunn och dat Gesetz net gestëmmt deemools an der Chamber, si hu sech mengen ech enthalen, mä d’Zuel vun den Doudegen am Verkéier, ass zwëschen 2002 an 2004 em en Drëttel zeréck gaangen. Dat si Resultater, op déi ech houfreg sinn.

An ech muss iech éierlech soen, déi Debatt déi elo gefouert gëtt jo mam Taux d’alcoolémie, déi hat ech viraus gesinn, an duefir war ech och der Meenung, datt dat net d’Prioritéit wier. Mä d’Prioritéit war fir mech d’Sécherheet op der Strooss, d’Zuel vun den Affer am Stroosseverkéier esou wäit wéi méiglech géint 0 ze bréngen. Dat geléngt engem, dat ass en utopescht Zil, dat wäert engem ni geléngen, mä et muss een awer all Dag dorop hi schaffen.

André Dübbers: Här Lux, hätt et da mat engem Transportminister Lux de Punkteführerschäin net ginn?

Lucien Lux: Mir hunn deemools an der Fraktioun vun der LSAP vill an zum Deel och hefteg doriwwer diskutéiert. An ech hunn zu deene gehéiert, déi de Prinzip vum Punkteführerschäin absolut ënnerstëtzt hunn. An ech hunn oft d’Geleeënheet gebraucht, och fir mäi Virgänger ze félicitéieren, datt hien de Courage hat, fir dat ze maachen. Wann hien et net gemaach hätt, hätt ech et sécherlech ugepakt, well ech et e richtege Schrëtt fonnt hunn.

Ech mengen och, datt eis Bedenken, déi deemools ausgedréckt gi sinn, datt déi virun allem net um Prinzip loungen, mam Prinzip ware mir d’accord, mä datt déi un enger Rei vun Uwendungsmodalitéiten, ënner anerem juristesch Bedenken, waren, manner wéi de Prinzip selwer. Duefir och eis Enthalung. D’accord zum Prinzip, mä net d’accord ware mir mat eenzelne Modalitéiten.

Mir hunn als leschte Land vum Kontinent elo och d’Décisioun geholl fir op 0,5 Promille ze goen. Aner Länner sinn elo schonn am gaangen ze diskutéiere fir nach weider erof ze goen op 0,2 an esouguer op 0,0 Promille. Ech mengen net, datt dat noutwenneg ass, mä meng Iwwerzeegung ass, a meng Sensibilitéit bleift, datt wann dir als Minister responsabel sitt fir d’Verkéierssécherheet, da geet et do wéi bei der Ëmweltproblematik. Geet et duer Rieden ze halen, oder soll een och de Courage hu fir konkret no vir ze goen?

André Dübbers: Huet et sech awer bewäert?

Lucien Lux: Ech hunn de Moien d’Noorichte wéi esou oft gelauschtert, an dat geet dann och wierklech perséinlech u mech erun, wann een héiert wat och an dëser Nuecht erëm geschitt ass, ënner anerem duerch den Alkohol.

Ech hunn um Enn vum éischte Mount 0,5 Promille en éischte Bilan virgeluegt, dee gewisen huet, datt d’Zuele vun den Akzidenter dach awer drastesch zeréck gaange sinn.

An ech hoffen, an dat mécht jo kee fir mech, grad wéi géing ech bal soen d’Suen an d’Recette vun der Autossteier, déi jo och net a meng Täsch ginn. Heiansdo wann ech eenzel Zäitgenossen héieren, da mengt ee mir géifen dat maachen aus iergenwelchem Sadismus fir d’Leit ze kujenéieren. Mir maachen et jo, well mir iwwerzeegt sinn, datt mir nach kollektiv Volontéiten hunn, an datt mir nach dru gleewen an engem Land wéi Lëtzebuerg, datt mir un esou Saache wéi Tubakproblematik an de Longekriebs, datt d’Problematik vu Verkéiersdoudeger, an och Leit déi verletzt, an déi d’ganzt Liewen am Rollstull musse sëtzen. Wann ee mat deenen heiansdo zesumme kënnt, mat Famillje vun esou Afferen, a mat deenen iwwer Verkéierssécherheet, an 0,5 Promille diskutéiert, an hinnen heiansdo dann d’Tréinen d’Baken erof lafen an der Erënnerung un déi, déi hiert Liewe gelooss hunn dobaussen am Verkéier, da weess ee wat et heescht.

An déi vill Mammen a Pappen déi doheem sëtzen, nuets, an drop waarden, datt hir Kanner vun der Disco oder vum Bal och erëm onversehrt heem kommen, an déi frou si wa se erëm gesond am Bett leien, déi wësse wat et heescht, datt den Alkohol am Verkéier näischt ze dinn huet.

An ech gleewen drun, datt virun allem déi Jonk, déi sech gutt kënnen organiséieren, déi sech ofwiesselen ee Weekend nom aneren en aneren näischt drénkt, an duefir suergen, datt si gesond a monter erëm heem kommen, an och anerer net mat eran zéien, datt déi Moyenen déi mir eis ginn hunn iwwer d’Late-night Bussen, datt de Projet vum Nightrider, an ech sinn och décidéiert un d’Reform vun den Taxien erun ze goen, well d’Präisser vun den Taxien zu Lëtzebuerg ze héich sinn, an duefir si mir am gaangen un engem Projet de loi ze schaffen, fir och dorunner erun ze goen.

Ech mengen, datt d’Moossnam de richtege Wee ass, fir eis och dovun ze iwwerzeegen, datt mir sensibel bleiwen, fir dee Problem vun der Verkéierssécherheet, an ech gleewen drun, datt se och zu Lëtzebuerg gutt Resultater wäert mat sech bréngen.

André Dübbers: Här Lux, villmools Merci. Domat ass et eng Minutt virun eng Auer, dat heescht mir sinn um Schluss vum „Riicht eraus“ ukomm vun haut. Mäin Invité war den Transport- an Ëmweltminister Lucien Lux. Merci, Här Lux, datt Dir bei eis waart.

Lucien Lux: Merci och.

Dernière mise à jour