Le ministre de l'Environnement au sujet de la réduction des émissions de CO2

Monique Kater: Ee ganz schéine gudden Owend bei Impuls. Elo ass en also eraus, deen ëmstriddene Klimaschutzpak vun der EU-Kommissioun. Jidder Memberstaat kritt domatter konkret Oplage wéivill CO2-Emissioune mussen agespuert ginn a wéi héich am Joer 2020 den Undeel un erneierbaren Energië muss sinn. Duerch dës nei Mesurë wëllt Europa een ambitiéist Zil erreechen. Ee Fënneftel manner CO2 an ee Fënneftel erneierbar Energien. Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg? Wat kascht eis de Klimaschutz? Wéi eng weider Efforte musse mer maachen? Äntwerte kréie mer elo direkt vum Ëmweltminister, dee bei eis am Studio ass. Lucien Lux, gudden Owend.

Lucien Lux: Gudden Owend.

Monique Kater: Här Lux, mir mussen eis CO2-Emissioune bis 2020 ëm 20% erofschrauwe par rapport zu 2005, ech schwätze just vu Lëtzebuerg an eisen Undeel un erneierbaren Energië soll op 11% eropgoen. Éischt Reaktioun? Sidd Dir rosen? Sidd Dir enttäuscht? Sidd Dir iwwerrascht? Sidd Dir héich zefridden oder a Panik?

Lucien Lux: Ech si virun allem décidéiert fir deen Challenge do unzepaken, d’Bedingungen ze schafen, datt dat fir Lëtzebuerg eng positiv Responsabilitéit gëtt vis-à-vis vun den zukünftege Generatiounen. An ech mengen, datt ech dat an engem Bild de Mëtte gesot hunn, engersäits ass mäin eent Bee prett fir de Sprint elo ze drécken an dat anert Been dat zéckt nach e bësse, well et gëtt eng Rei vu Froen, déi mer mat der Kommissioun, innerhalb vum Conseil an och mam Parlament nach ze diskutéieren hunn.

Monique Kater: Dat heescht do kann nach noverhandelt ginn?

Lucien Lux: Op jiddwer Fall. Ech mengen et ass eng Propositioun. Déi Propositioun déi brauch den Accord och vum Parlament, och vum Conseil. Mir hunn eng Rei vun Etappen déi bevirstinn. Den 3. Mäerz kommen d’Ëmweltministeren zesummen, den 13. an de 14. Mäerz d’Staats- a Regierungschefen an et kéint esouguer bis den éischte Semester 2008 gi bis mir een Accord hunn.

Monique Kater: Elo hutt Dir awer eigentlech op meng éischt Fro net esou richteg geäntwert. Et sinn aner Memberstaaten, déi sinn net ganz esou zefridden, déi meckeren e bëssen, déi sinn entäuscht. Mir sinn elo als ee wirtschaftsstaarkt Land zimlech héich agestuft, esouguer mat Irland an Dänemark, déi héichst wat d’CO2-Emissiounen ugeet. Ass dat dann awer fair?

Lucien Lux: Ech mengen, datt a menger Beuerteelung, ech soen dat ass ee couragéierte Schrëtt vun der Europäescher Unioun, deen ass och compatibel zu deem wat mer an deene leschte Méint iwwerall an der Welt gesot hunn, datt mer d’Virreiderroll och wëllen huelen. D’lëtzebuerger Zilsetzung, wann een déi vergläicht, mir hu jo eng nei Année de référence, dat ass elo 2005 an net méi 1990 [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Dat heescht, mir botze komplett op? Mir fänke bei null erëm un?

Lucien Lux: Mir setzen d’Compteuren op null. Ech menge mir maachen och méi eng realistesch Aschätzung, dat ass fir Lëtzebuerg gutt esou. Wann ech d’Zilsetzunge vergläiche vun deene minus 28 vun 1997 par rapport zu 90 an déi minus 20 par rapport zu 2005, da kéint een esouguer soen, datt et ee manner staarkt Zil ass wéi dat wat mer virdrun haten, mä et bleift ee ganz ambitiéist Zil. A wann een iwwert d’Zisetzung vu Lëtzebuerg schwätzt, da muss een iwwert de PIB schwätzen, well d’Kommissioun tabléiert virun allem op de PIB. Deen ass zu Lëtzebuerg natierlech iwwer 80 000 Euro pro Kapp, a Bulgarien ass en 10 000, an do kommen och d’Ënnerscheeder hier.

Monique Kater: Mir wëllen natierlech och méi wäit kucken, mir wëllen op d’ganz Welt kucken. Elo hu mer déi amerikanesch Finanzkris, et geet rieds vun enger eventueller Rezessioun an Europa. Ass dat kompatibel mat Klimaschutz?

Lucien Lux: Ech mengen dofir gëtt et och eng Rei vu Punkten, déi sécherlech vun de Memberslänner wäerten diskutéiert ginn. Zum Beispill deen, wéivill Prozent vun deenen Emissiounsrechter, déi déi eenzel Industrië kréien, musse se ganz steigeren oder wéivill, kann dat een Taux sinn dee bei 50 oder 60% läit? An et gëtt eng aner Iddi, déi nach am Raum steet, dat ass eng franséisch Propositioun fir eng Taxe carbone ze maachen, fir déi Importer vu Länner, déi sech net de Klimaschutzziler ënnerleeën, fir déi also domatter ze behaften an domat fir eng saine Concurrence ze sichen. Ech halen dat jiddwerfalls fir ee wichtege Punkt, well Delokaliséierungen, déi kéinten entstoen am Stolsecteur [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Mir kommen nach dorop [gëtt ënnerbrach]

Lucien Lux: Am Zement an esouvirun, déi kënnten eis natierlech wéidoen.

Monique Kater: Wat mer elo konkret wëssen ass 2006, do hu mer elo déi neiste Chifferen, déi si gëschter virgëschter erauskomm. Mir hunn eng Grafik préparéiert, déi weist wou déi meescht Emissiounen hei am Land hierkommen. Den Transport huet mat bal 55% dee gréissten Undeel, den Tanktourismus ass fir dräi Véierel vun dësen Transportemissioune repsonsabel. Kucke mer do weider no, einfach esou? Loosse mer dat lafen, deen Tanktourismus?

Lucien Lux: Ma ech mengen, datt dat fir een Ëmweltminister ee ganz schwieregt Thema ass. Engersäits hu mer an der Europäescher Unioun, an de Regele vum IPCC bei Kyoto, hu mer den Territorialprinzip, dat heescht alles wat an engem Land produzéiert oder verkaf gëtt gëtt ugerechent. Alles wat importéiert gëtt, gëtt net ugerechent, mä [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Déi do kréie mir ugerechent.

Lucien Lux: Dat hei kréie mir also voll ugerechent. Mir hunn eng Situatioun, déi gëtt et an Europa just eng Kéier. Elo sinn et bal 50% Tanktourismus, an et ass evident an d’Leit verstinn et och esou, engersäits hu mer ronn 1,4 Milliarde Recetten an eisem Budget déi aus dem Tanktourismus kommen an anerersäits ass et och [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Dofir gi mer e jo och net gären op. Wat sinn dann awer konkret Alternativen, Äer zum Beispill? Wat hätt Dir da fir eng Iddi?

Lucien Lux: Fir mech ass et ganz evident, ech hunn ëmmer gesot, an enger éischter Phase muss een higoen an deen Tanktourismus mol ofbremsen. Dat ass 2007 geschitt, well mir hu keng weider Augmentatioun méi. Ech géif esouguer mengen, datt et 2008 wäert erofgoen, duerch déi Klimaschutzabgab déi mer gemaach hunn um Bensinn an um Diesel, hu mer dat ënnert anerem fäerdeg bruecht. An op där anerer Säit ass et evident an ech soen d’Leit spieren dat och esou, si soen, all déi Litere Bensinn an Diesel déi net hei zu Lëtzebuerg verkaaft ginn, wa mer de Präis zevill massiv an d’Lut setzen, da gi se an engem anere Land verkaaft. Dat heescht fir de Planéit ass dat am Prinzip egal, well dem Planéit ass et egal ob d’Emissiounen a Frankräich erauskommen, an der Belsch. Trotz allem ass et ee Problem, datt duerch Kyoto, loosse mer dat nach eng Kéier op ee Saz bréngen, duerch Kyoto kritt am Prinzip d’Verschmotzung vun der Atmosphär ee Präis, a mir hunn 1,4 Milliarde Recetten. An Zukunft musse mer och een Deel vun deene Recetten do bezuelen, fir dee Präis ze berappen, dee mer duerch déi Verschmotzung do matmaachen, dee Präiis wäert bei 300 Millioune leien.

Monique Kater: Konkret d’Alternative? Well et gëtt ëmmer nëmme geschwat a geschwat a geschwat an et kënnt awer näischt. Dir sot dat wäert sech elo iergendwann eng Kéier apendelen. Mä wou kréie mer dann déi Suen hier? Mir brauchen déi jo awer.

Lucien Lux: Ech mengen d’Alternative kënnt jo net sinn, datt een elo mat der Aaxt do draschléit an de Präis esouvill an d’Lut setzt. Ech mengen et ass éischter eng Appréciatioun fir graduell den Tanktourismus unzegoen. Ech wëll och an der Chamber, den Débat ass virgesi fir d’zweet Woch Mäerz, datt mer en do wierklech diskutéieren. Ech fannen ee Punkt enorm wichteg, dat ass déi Ofhängegkeet déi mer am Budget hu vun deene Recetten aus dem Tanktourismus.

Monique Kater: Eben.

Lucien Lux: Dee fannen ech net gutt.

Monique Kater: Eben, also wou wëlle mer et da soss hierhuelen?

Lucien Lux: Ech géif et gutt fannen, wa mer eng Strategie géingen opbauen, wou mer déi Recettë lues a lues géifen dem Klimaschutzfong zum Beispill oder engem Fong vun Innovatioun a Recherche zoukomme loossen an de Beräicher vum Klimaschutz, vun der Energie, datt mer dee Wee géife goen. Dat géif ech besser fannen, mä dat musse mer natierlech lues a lues maachen, well wa mer dat ze schnell maachen, da spiere mer dat natierlech gewalteg innerhalb vun eisem Budget.

Monique Kater: Mir sollen eis keng Illusioune maache, scho bis 2012 kënne mer net alles aspuere wat néideg ass, hat d’Blanche Weber schonn am Dezember op eiser Antenn gesot. An d’Presidentin vum Mouvement écologique ass och haut méi wéi skeptesch, datt Lëtzebuerg a Saache Klimaschutz um gudde Wee ass.

[...]

Monique Kater: Mir hunn eis Kyotoziler während 15 Joer net errecht, elo hu mer déi Neioplagen, wee seet eis dann, datt mer déi errechen?

Lucien Lux: Ech mengen, datt mer an deene leschte Wochen a Méint schonn eng décidéiert Aktioun haten. An der Mobilitéit 2008 gi 406 Milliounen am schinnegebonnene Verkéier investéiert. Grénge Stroum maache mer ganz vill. Mar stelle mer déi erneierbar Energien, déi Subventiounsreglementer vir, déi esou ambitiéis an esou gutt si wéi néierens aneschters. Ech mengen, datt mer an der Sanéierung vun den ëffentleche Gebaier, datt mer beim grénge Stroum wierklech virukomm sinn an deene leschte Joren, mä de Problem ass [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: D’Blanche Weber seet, et ass net genuch, et gëtt net genuch gemaach, mir verstoppen eis hannert dem Tanktourismus, well mer net genuch geregelt hunn an de leschte Joren.

Lucien Lux: Also deen éischten deen all Dag sech Méi gëtt an de Courage an d’Hänn hëlt fir weiderzekommen a sech ze kuschen, dat sinn ech selwer, well ech wierklech och der Meenung sinn, datt dat fir Lëtzebuerg, vis-à-vis vun eise Kanner, dat ass dat eenzegt wat mech undreift, ze gesinn, datt mir eise Kanner an deenen déi no eis kommen ee liewenswäerte Planéit hannerloossen an dofir alles ze maachen. Positiven Challenge, och Aarbechtsplaze kënne schafen, dofir suergen, datt mer eng besser Mobilitéit kréien, datt mer op erneierbar Energië setzen, datt mer op grénge Stroum setzen. Dat ass eng chance fir Lëtzebuerg.

Monique Kater: Dat kéngt alles gutt an der Theorie.

Lucien Lux: Ech mengen d’Saache sinn alleguer do. Dir hutt dës Woch op Ären Antennen, bei Radio a bei Fernseh villes gewise wat hei an dësem Land leeft, net nëmme vum Staat, vu villen Initiativen [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Mir schwätzen do och nach eng Kéier driwwer.

Lucien Lux: Ech menge wierklech datt mer um richtege Wee sinn, fir deen Challenge do fir Lëtzebuerg unzepaken. Mir sollen dat effektiv net negativ gesinn, well loosse mer awer och nach ëmmer eng Zuel soen, am Moment blose mer 27 Milliarden Tonnen Emissiounen an d’Atmosphär. Wa mer näischt maachen, sinn dat am Joer 2030 42 Milliarden an dann hu mer eng Äerderwärmung vu plus 6 Grad Celsius, mat néfastë Konsequenzen. An ech wëll net hunn, datt mir an 20 oder an 30 Joer eis musse soe loossen, datt mir net de Courage haten oder datt mir irresponsabel ware fir deen Challenge do unzepaken an datt dat och heiansdo onpopulär ass, datt een och heiansdo muss Décisiounen huelen, déi wéi dinn. Mä ech muss soen onpopulaire kann net dee sinn deen d’Problemer couragéiert ugeet, mä nëmmen deen deen d’Problemer versicht, wéi mer et oft haten an deene leschte Joren, effektiv ënnert den Teppech gekiert hunn.

Monique Kater: Gutt. D’Leit déi hunn dat e bësselche verstan, déi hunn och eng Sensibilitéit elo fir d’Klima a fir d’Problemer, trotzdem gesinn si, mir maachen elo Efforten, doheem, mir spueren hei an do, trotzdem den Transport dee mécht erëm alles futti. Dir sot et jo och selwer, et gëtt ëmmer nach an d’Atmosphär geblosen. Misste mer d’Leit vläicht elo erëm e bësse méi motivéieren? Hutt Dir do elo vläicht wëlles dat nach virunzedreiwen un Hëllefen? Dir hutt jo elo schonn är Hëllefen e bësse gehuewen.

Lucien Lux: Ech mengen, datt mir op alle Pläng net nëmmen higaange sinn an deene leschte Wochen a Méint a contraignant Saache gemaach hu fir vun de Leit ze fuerderen. Mir maachen och enorm vill fir ze förderen, d’erneierbar Energien ass ee Punkt zum Beispill. Déi 750 Euro déi mer elo gi fir schadstoffaarm Autoen ass de Beweis, datt de Staat mat deene Suen déi en eranhëlt bei der Autosteier oder zum Beispill bei der Klimaschutzabgab um Verbrauch, déi hëlt e jo fir Klimaschutzpolitik ze maachen. Mir sinn dat eenzegt Land wat de Verursaacherprinzip wierklech och hei applizéiert an déi Sue wou Ëmwelt dropsteet och wierklech hëlt fir Ëmweltpolitik ze maachen an zum Deel och déi Suen zréckzegi fir esou Politiken ze ënnerstëtzen.

Monique Kater: Déi 11% erneierbar Energien, kënne mer déi erreechen duerch esou Hëllefen zum Beispill?

Lucien Lux: Ech mengen, datt et um nationalen Territoire enorm schwiereg ass. Dofir hu mir gedrängt och mat der Kommissioun zu Bréissel, datt mer d’Geleeënheet kréie fir duerch gréng Zertifikater an anere Länner eis u Projeten ze bedeelegen, fir iwwert dee Wee een Undeel un erneierbaren Energië kënne matzefinanzéieren.

Monique Kater: Mä wat kënne mer dann hei am Land errechen? D’Blanche Weber seet jo, datt enormt Potential hei, mir misste wierklech, mir kéinte vill méi maachen.

Lucien Lux: Jo ech sinn och der Meenung, datt mer méi kënnte maachen.

Monique Kater: Op wéivill kéinte mer da kommen?

Lucien Lux: Mir sinn elo bei 2% ongeféier. Wann Dir den Tanktourismus mat arechent, da leie mer bei 2% déi mer haut hunn. Dat Potential wat mir gerechent hunn, läit bei 4,5-5%, kënne mer op jiddwer Fall fäerdeg bréngen.

Monique Kater: An de Rescht bis op 11 gëtt da kaaft?

Lucien Lux: Nee, da kënnt de Biofuel dobäi, Biocarburant, woubäi ech eng ganz skeptesch Meenung hunn, well ech si wierklech der Meenung, datt déi 10%, déi d’Kommissioun proposéiert fir iwwer Biocarburant ze goen, datt een doriwwer nach eng Kéier muss diskutéieren. Well ech mengen datt déi Schied déi gemaach ginn duerch d’Monokulturen, duerch d’Ofholzen vun de Bëscher an eenzelne Länner, d’Déforestatioun déi stattfënnt, d’Problemer an der Nahrungsketten, déi kënnen entstoen, d’Präisser déi doduercher an d’Lut ginn, ass mengen ech ee Sujet, deen ee wierklech muss kucken.

Monique Kater: Komm elo dréie mer mol dat ganzt ëm. Fir déi Ziler ze erreechen, déi Neioplagen, mir wëllen dat jo och, gëtt dann elo de Bierger nach méi belaascht? Zum Beispill duerch ee weidere Kyotocent oder duerch eng méi héich Autosteier?

Lucien Lux: Ech mengen net, datt mer dat mussen à ce stade maachen. Ech menge bei der Autosteier si mer higaangen a mir hunn de Verursaacherprinzip spille gelooss. Mir ass d’lescht Joer beim Autofestival gesot ginn, mat där neier Autosteier géif d’Automobilbranche erofgoen, et géifen net méi esouvill Autoe verkaf ginn. 2007 war ee Rekordjoer u Verkaf.

Monique Kater: Mä wollt Dir net, datt manner Autoe géife verkaaft ginn? Dat mierkt de Staat jo net.

Lucien Lux: Nee, ech hu kee Probem domatter, ech well just hunn, datt dee Fuhrpark, well mer dat musse fäerdeg bréngen, dat ass eng vun den Zilsetzungen an dat wat haut vun der Kommissioun proposéiert ginn ass, gëtt mer recht, datt mer dee Wee musse goen, mä wann ech gesinn [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Mä et soll dach manner gefuer ginn. Dir sot dat dach selwer, et soll manner gefuer ginn.

Lucien Lux: Dofir maache mer jo déi zwee Verursaacherprinzipien, esouwuel beim Auto en tant que tel wéi och beim Verrauch.

Monique Kater: Firwat maache mer dann net de Prinzip Pollueur-Payeur, datt mer dee wierklech richteg maachen?

Lucien Lux: Ech mengen hei ass zweemol den zweefache Prinzip Pollueur agefouert ginn an ech muss awer soen [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Et ass awer net esou, datt’s du wierklech muss bezuele wanns de wierklech vill fiers.

Lucien Lux: Ma jo dach

Monique Kater: Nee, awer net massiv.

Lucien Lux: Ma jo dach, ech menge bei de Recetten, ech wëll awer déi zwou Zuelen nach eng Kéier soen, bei de Recetten an de Klimaschutzfong komme 60 Milliounen d’Joer eran iwwert d’Abgab déi um Bensinn an um Diesel bezuelt gëtt an 28 Milliounen nëmmen iwwert d’Autosteier. Vun deene 60 Milliounnen déi erakomme komme 45 Millioune vun Auslänner. Et ass ëmmer gesot ginn d’Auslänner solle bezuelen, mä déi bezuelen haut schonn deen décksten Deel vun den Dépensen. An ech muss soen, déi Autosteier déi mer haut hunn, vun deenen 51 000 Autoen déi d’lescht Joer verkaaft gi sinn, bezuele 75% vun deenen 200 Euro a manner Autosteier. Esouguer 30% bezuele manner wéi 100 Euro.

Monique Kater: Firwat ass den ACL dann esou granzeg mat Iech?

Lucien Lux: Wann ech nëmmen doheem, wann ech deen Auto huelen, dee mir doheem hunn, just eng Kéier fir dat Beispill ze soen, een Audi A4 Diesel break, mat Partikelfilter, hu mir virdrun an déi 80 Euro Autosteier bezuelt, mir bezuelen der elo 122. 40 Euro d’Joer méi. Wa mer an Däitschland deeselwechten Auto hätten, wären et 323 Euro fir eng Steier déi säit 1985 net ugepasst ginn ass.

Monique Kater: Ech kann dat esou elo net norechnen hei.

Lucien Lux: Ech wëlle awer nëmme soen, wa mer den Effort wëlle maachen, wa 94% vun de Leit bei alle Sondagë soen, si hätte gären een Ëmweltminister, dee konkret an décidéiert a konsequent a couragéiert Klimaschutzpolitik mécht, brauch ech och déi Moyene fir dat ze maachen an iwwert deen duebele Verursaacherprinzip wëlle mer eis déi Moyene ginn, fir do no vir ze goen. Wann een do „a“ seet, muss een och „b“ soen an ech mengen, datt virun allem eis Generatioun an déi eeler Generatioune sech dach misste scho bal eng Éier maache fir ze hëllefen, datt mer déi Moyene kréie fir den zukünftege Generatiounen dee Planéit ze hannerloossen, dee mir selwer virfonnt hunn.

Monique Kater: D’Industrie, wollt ech nach kuerz driwwer schwätzen. Freet Dir Iech op déi nächst Pressekonferenz zum Thema Klima vun der Fedil? Hutt Dir ee rouegt Gewëssen? Hutt Dir gekämpft fir d’Industrie, genuch?

Lucien Lux: Gekämpft, ech mengen deen zweeten Allocatiounsplang, deen ech Enn Dezember arrêtéiert hunn, dee gëtt och der Industrie ee Push fir nach manner ze reduzéieren. Si mussen och den Effort maachen iwwert Innovatioun a Recherche. Si hu vill manner Emissioune wéi se der virdrun haten. Deen Effort muss gemaach ginn. Ech mengen, datt an de Propositioune vun der Kommissioun haut dee wichtegste Bestanddeel fir si deen ass. Dat hu mir jo effektiv zu Bréissel gefuerdert, datt d’Industrie, datt déi net méi an nationale Critèrë gerechent gëtt, mä datt déi an en europäesche sektorielle Kader gesat gëtt, wou se sech vergläicht, Lëtzebuerg mat der britescher Stolindustrie zum Beispill oder mat der tschecher Zementindustrie. Dat ass mengen ech ee Virdeel. Dat ass sécherlech ee positive Punkt. Mä et gëtt aner Punkten a mir hu se gesot, PIB zum Beispill, Tanktourismus, do musse mer nach diskutéieren.

Monique Kater: Da komm mir kucke mol konkret: wa mir elo Arcelor-Mittal kucken, déi wëllen elo zu Schëffleng méi produzéieren, wat heescht dat dann awer elo fir si? Hunn déi nei Regelen, erschwéiert dat elo hir Positioun? Gëtt eise Site Lëtzebuerg manner attraktiv?

Lucien Lux: Mä ech mengen datt [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Kloer net?

Lucien Lux: Ech mengen, datt et de Géigendeel ass. Ech mengen éischtens datt d’Zukunft deenen Economien an deene Secteuere gehéiert déi de Klimaschutz sérieux huelen. An Amerika gëtt et Industrien, déi fräiwëlleg sech dem Klimaschutz ënnerleeën, well se wëssen, datt nëmmen déi mar effektiv och um ëmweltpolitesche Plang kompetitiv sinn, sinn déi déi et packen. An et ass largement kloer, datt et haut méi bëlleg gëtt fir haut eppes ze maachen, wéi nach 20-30 Joer ze waarden, an dann ze reparéiere gëtt vill méi deier. Dofir mengen ech, datt an enger europäescher Allocatioun, sektoriell esou wéi et elo geplangt ass, net méi national, datt do virun allem déi lëtzebuerger Industrie, déi ganz modern ass, déi och eng gutt Energieeffizienz huet, datt déi d’Geleegenheet kritt fir sech besser ze behaapten an der Konkurrenz, wéi se dat virdrun de Fall war.

Monique Kater: Dat heescht, mir lafen net d’Gefor, datt elo Délocalisatioune sinn?

Lucien Lux: Ech mengen net, datt duerch de Klimaschutz déi Gefor besteet. Ech sinn der Meenung, an haut ass fir mech een Dag wou een dat ganz ganz haart muss soen, haut weist d’Europäesch Unioun, datt se wëllt exemplaresch sinn. Mä mir sollen exemplaresch sinn, mä mir sollen awer och lucide sinn an dofir geet den Appel virun allem un d’Amerikaner an un d’Chinesen an un d’Inder an un d’Brasilianer no hire Fähegkeeten sech elo mat an d’Boot ze setzen. Well de Problem vun der Compétitivitéit kréie mer nëmmen an de Grëff wa se all ënnert deene selwechte Konditiounen am Boot sëtzen an dat musse mer [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Dat dierft och fir d’Aviatioun gëllen, nee?

Lucien Lux: Dat gëlt besonnesch och fir d’Aviatioun, mä dat musse mer bis Enn 2009, Kopenhagen, fäerdeg bréngen. Ech menge mat deem Appel vun Europa haut, geet deen Appel virun allem op Washington, fir datt déi Leit do kapéieren, datt de Klimaschutz de groussen Défi vun dësem Jorhonnert duerstellt.

Monique Kater: Esou, d’Leit maachen eppes fir de Klimaschutz, d’Industrie soll eppes maache fir de Klimaschutz a mécht jo och, Dir sot et jo selwer. Wat mécht de Staat? Konkret? Sollt ee mol vläicht duerno kucken, datt hei um Boulevard Kennedy nuets d’Luten aus sinn an deene sëllege Gebaier?

Lucien Lux: Ech mengen, datt meng [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Gitt mer mol konkret Beispiller.

Lucien Lux: Ech mengen, datt meng Ministeschkollegen an deene leschte Méint gewisen hunn, datt d’Regierung sech deem do Zil komplett an alleguer verschreiwen. De Wirtschaftsminister huet eng nei Propositioun gemaach fir Wäermeschutzveruerdnung, mat vill besseren Energiestandarde wéi je virdrun. De Claude Wiseler huet nach viru kuerzem eng Tagung gehat, ënnert anerem, iwwert d’Problemer vun der Beliichtung, fir do Emissiounen ze spueren. Mir diskutéieren e Freiden [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Knäppchen, d’Luten aus, da wier et gedoen, ne?

Lucien Lux: Jo ok, mä ech mengen et gëtt jo dann och nach aner Aspekter vu Verkéierssécherheet an esou virun, déi een och nach muss kucken. E Freiden décidéiere mer an der Regierung fir an den ëffentleche Gebaier grénge Stroum ze huelen aus erneierbaren Energien. Ech hu viru kuerzem um Niveau vun der Eisebunn deen drëttgréisste Stroumkomsument, Eisebunn, och op grénge Stroum gesat. Den Inneminister huet laang drop gewaart, e Freiden am Conseil de Gouvernement, wäert en ee Projet de Loi virleen, wou d’Gemenge méi Kompetenze kréie fir am Beräich vu Klimaschutz an Energie matzemaachen. De Finanzminister, de Staatsminister, de Jean-Claude Juncker, huet zu Bréissel bei alle Geleegenheete gehollef, zum Beispill déi Taxe carbonne déi d’Fransouse proposéiert hunn, fir déi mat ze ënnerstëtzen. Ech mengen, datt mer eis alleguer an deenen eenzelne Rubriken deene Saachen do verschreiwen. Mä ech menge wéi d’Blanche Weber et virdru gesot huet a wéi 94% et dobausse soen, déi Aktioun do muss décidéiert weidergoen an ech sinn och décidéiert fir an déi Richtung de Courage opzehuele fir dee Wee ze goen.

Monique Kater: Eng lescht Fro un Iech, Här Lux: virun e puer Wochen hat ee Klimaskeptiker a Physiksprof, de Francis Massen, hei op eiser Antenn gesot, „mir hu kee ganz grousse Klimaproblem, mä ee gewaltegen Energieproblem. Mir mussen eraus aus dem Zäitalter vu fossilen Energien, awer ophalen mat de Leit ee schlecht Gewëssen arieden a mat där ganzer Hysterie“. Wat sot Dir dozou?

Lucien Lux: Ech mengen, datt dat am Usaz net falsch ass. Ech mengen, datt Hysterie an Angscht net ubruecht ass an och keng Panik. Angscht ass eppes wat een net udreift, dat ass eppes, do gëtt ee just, wéi soll ech soen, méi starr an esou virun, ass een net mobiliséiert, ass een net engagéiert. Hei ass eppes wat vun der Essenz hier richteg ass, mat der Ressource Energie méi responsabel ëmzegoen an hei ass eppes wat eis erlaabt fir eise Kanner kënnen an d’Aen ze kucken an hinne kënnen an 10 oder an 20 Joer ze soen, mir waren eis am Joer 2008 eiser Verantwortung fir Iech gerecht. An dat hätt ech gären, datt mer dat alleguerte gesinn. An ech mengen och, datt dobaussen eng grouss Majoritéit ass, déi bereet ass de Verursaacherprinzip spillen ze loossen an der Regierung an dem Ëmweltminister d’Moyenen ze gi fir déi Politik och konkret ze maachen.

Monique Kater: Mir wäerte gesi wat doraus gëtt. Lucien Lux, Merci datt Dir bei eis waart.

Lucien Lux: Merci.

Dernière mise à jour