Luc Frieden au sujet du test de langue dans le cadre de l'acquisition de la nationalité luxembourgeoise

[...]

Luc Frieden: Éischtens muss ee méi passiv Lëtzebuergesch kënne wéi aktiv Lëtzebuergesch. Dat passivt Lëtzebuergesch muss esou sinn, datt een zum Beispill kann d’Neiegkeeten um Radio oder op der Televisioun, déi kloer ausgeschwat ginn, verstoen. Dat aktivt Lëtzebuergesch, dat muss manner héigen Niveau sinn. Do hätt ech gären, datt ee kann einfach Sätz formuléieren, zum Beispill iwwer säi Beruff, iwwer seng Famill, ee Sujet deen engem also noläit. Do muss een also ee manner héijen Niveau hu wéi bei dem Lëtzebuergesch wat ee muss verstoen. An drëttens sinn ech d’accord, op Grond vu villen Observatiounen déi mer gemaach gi sinn, fir déi Auslänner, déi zanter ganz laangem bei eis sinn, déi éischt Generatioun vun Immigranten, déi, déi virun 1984 op Lëtzebuerg komm sinn, wéi mer nach kee Sproochegesetz hate wat d’lëtzebuerger Sprooch virgesinn huet, datt déi ouni de Sproochentest kënne Lëtzebuerger ginn, wa se dat da wëllen.

[...]

Luc Frieden: Et ass a mengen Ae kloer, datt d’Sprooch niewent der Residenzdauer an dem Cours d’Instruction civique e wesentlechen Deel ass, fir datt déi Integratioun och réusséiert. D’Nationalitéit kréien ass net nëmmen ee Stéck Pabeier, dat ass ee Stéck vun eisem Zesummeliewe kréien, an dofir halen ech och drop, datt deen Test sérieux duerchgefouert gëtt a wann een den Test net pakt, da kann een och d’Nationalitéit net kréien. Et ass eng objektiv Konditioun, et ass een objektiven Test, mä dee muss een dann och packen, mat deenen Nuancë vum aktiven a passive Lëtzebuergesch déi ech elo grad gesot hunn.

Dernière mise à jour