Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion Eurogroupe et notamment au sujet du cours de l'euro

Frank Kuffer: Gudde Moien, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Am Ufank war den Euro eis net staark genuch. Elo ass en zevill staark. D’Leit dobausse wësse vläicht net onbedingt firwat dat Iech Suerge mécht, wann eis Sue méi staark vis-à-vis vum Dollar sinn. Kënnt Dir eis mol erkläre wat dat bedeit. Sinn et just d’Entreprisen déi Problemer kréie fir Wueren z’exportéieren?

Jean-Claude Juncker: Prinzipiell mécht d’Stäerkt vum Euro vun der Prinzipiesetzung hier kee Problem. Ech hu léiwer ee staarken Euro am Verhältnis zu deenen anere Währungen déi weltwäit zielen, wéi ee schwaachen Euro. E war scho schwaach. Deemools hu mir eis doriwwer beklot. Elo bekloe mer eis e bëssen iwwert seng Stäerkt, mä seng Stäerkt huet och Virdeeler. Si huet notamment Virdeeler fir d’Bensinskonsumenten, wann ech dat kann esou soen, well duerch dee staarken Euro sinn d’Uelegpräisser zu Lëtzebuerg, den Euro ass jo och eis Nationalwährung, méi niddereg, wéi wa mer den Euro net hätten. Et kann een dovun ausgoen, wa mer ee Verhältnis vun 1 Euro ass 1 Dollar hätten, datt dann d’Spritpräisser 20 Cent un der Pompel méi deier wieren. Dee staarken Euro dee schützt eis also géint déi iwwerdriwwen héich Uelegpräisser, schützt eis och géint déi extern Schocken, politescher Natur oder wirtschaftlecher Natur. Aflëss also, déi vu bausse kommen. E schützt eis jiddwefalls besser wéi de belsche Fang dat je hätt kënne maachen oder je gemaach huet.

Mä ee staarken Euro huet och den Nodeel, datt déi Exporter, déi ausserhalb vun eiser Währungszon ginn, also ausserhalb vun deene 15 Länner déi sech den Euro deelen, datt déi méi deier ginn. Dat wat mer de Moment observéieren ass net esou séier ee Problem vum staarken Euro, mä virun allem ee Problem vum schwaachen Dollar. Den Euro ass par rapport zu deenen anere Währungen iwwerbewärt. De Yen an de Yuan déi sinn ënnerbewärt an den Dollar ass iergendwou derzwëschten, mä éischter ënnerberwärt wéi datt en déi wirtschaftlech fundamental Date géif richteg reflétéieren.

Frank Kuffer: Wann eis europäesch Wueren also ze deier sinn, Dir hutt et schonn ugedeit, da sinn déi amerikanesch bëlleg. D’Amerikaner dierfte sech deemno freeën an net wëlles hunn onbedingt eppes dorunner ze änneren?

Jean-Claude Juncker: Ech halen zréck, datt esouwuel den amerikanesche President, wéi och den amerikanesche Finanzminister e puermol déi lescht Woch gesot hunn, well se Angscht hu virun enger absoluter Dollarkris, datt ee staarken Dollar am Interesse vun der amerikanescher Wirtschaft wier an ech mengen, ee méi staarken Dollar ass och däitlech am Interesse vun der amerikanescher Wirtschaft. Well wann déi Dégringolade vum Dollar virugeet, da kënnt d’amerikanesch Wirtschaft a méi grouss Schwieregkeete wéi déi an deene se schonn ass. D’Amerikaner hu keen Interesse drun den Dollar erofzeschwätzen.

Frank Kuffer: Dir Finanzministeren aus der Eurozon, waart Dir Iech da gëschter eens? Den Hollänner Wouter Bos gëtt zitéiert, datt deen héige Cours vum Euro him absolut keng Suerge mëcht.

Jean-Claude Juncker: E mëcht em keng Suergen, an deem Mooss wou déi Virdeeler dovun, vum staarken Euro, och an d’Gewiicht sprangen an opfalen, notamment déi méi niddereg Uelegpräisser déi mer doduerch hunn, wéi déi déi mer hätten an Abzens vum Euro. E wollt domatter och soen, datt et besser ass, mir hunn eng staark Währung, wéi datt mer eng schwaach Währung hätten. En deelt awer d’Aschätzung, datt mat engem Wiesselcours vun iwwer 1,52 et awer ufänkt fir déi europäesch Exportwirtschaft kriddelech ze ginn. Et muss ee jo awer och gesinn, datt staarken Euro hin oder hier, déi Geschäfter déi mir ënnert eis maachen, tëscht deene 15 Länner, wiesselcoursfräi sinn, wiesselcoursrisikofräi sinn, an doduerch eng grouss Stabilitéit an der Eurozon selwer herrscht.

Frank Kuffer: Den internationale Währungsfong seet d’europäesch Zentralbank wier mat Schold un deem staarken Euro. Ass dat esou?

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net esou gesinn. Den internationale Währungsfong, den Här Strauss-Kahn als de Generaldirekter vun deemselwechten, huet drop higewisen, datt d’europäesch Zentralbank mächteg wier an dat ass eng Situatioun déi sech aus dem Vertrag ergëtt. An dat ass esou zanter datt den Euro agefouert ginn ass an op deem Dag wou en agefouert ginn ass, war den Här Strauss-Kahn franséische Finanzminister, en erënnert sech also och un dat wat en deemools gesot huet a wat liicht anescht geklongen huet wéi dat wat en haut seet.

Frank Kuffer: Een anere Sujet ass den Ament erëm déi europäesch Zënsbesteierung, wou Lëtzebuerg virun 3 Joer d’Bankgeheimnis hale konnt. Ass dat elo erëm a Fro gestallt? Ass Lëtzebuerg erëm an der Schosslinn ouni eppes falsch gemaach ze hunn, mä ebe wéinst der Affaire Liechtenstein?

Jean-Claude Juncker: Ëmmer wann iwwert d’Zënsbesteierung an iwwer Bankeplaze geschwat gëtt, ass Lëtzebuerg séier an der Schosslinn. Mir hunn et duerch eng geschéckt Verhandlung, déi mer viru Jore gefouert hunn, fäerdeg bruecht, datt mer zwar eng Quellesteier hu mussen aféieren, fir déi Bankclienten, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, mä datt mer d’Bankgeheimnis konnte bäibehalen. Well dat esou ass, hu mir iwwer 150 Milliounen Euro bis haut an déi aner Länner vun der Europäescher Unioun an ënner From vun zu Lëtzebuerg erhuewener Quellesteier ofgefouert. Et ass richteg, datt ënnert déi Zënsdirektive nëmmen Zënsprodukter falen an datt eng Rei vu Bankeprodukter net ënnert déi Direktive falen. Elo gëtt de Versuch gestart, fir den Uwendungsberäich vun där Zënsdirektive méi breet ze maachen. Mir diskutéieren dat mat, mä mir hunn och Fuerderungen, well mer gären hätten, datt och aner steierlech relevant Gebitter nei beschratt ginn an och do gekuckt gëtt wou onfaire Steierwettbewerb stattfënnt. Beispillsweis sinn déi englesch Trusten, ech erklären elo net am Detail wat dat ass, och net am Uwendungsberäich vun der Zënsbesteierungsdirektive. Beispillsweis hu mir ee Problem domat, mir Lëtzebuerger an anerer, datt et ee ganz generéise System fir sougenannten Ex-patriots an England gëtt, déi quasi keng Steiere méi bezuelen. Mir hunn de Problem vun enger net genügend staark koordinéierter Betribsbesteierung an Europa, wou d’Bemiessungsgrondlag muss koordinéiert, voire harmoniséiert ginn. Do kommen also ganz vill Punkte beienee wann iwwert déi Fro diskutéiert gëtt. Ausserdeem verlaange mir, an dat steet an der Directive, datt no 3 Joer Uwendung vun därselwechter, eng Bilanz gemaach gëtt, gekuckt gëtt, wat huet d’Quellesteier bruecht an deene Länner déi d’Bankgeheimnis behalen hunn, wat huet den Informatiounsaustausch bruecht an deene Länner déi kee Bankgeheimnis hunn. Da muss een déi zwee matenee vergläichen an da berouege sech vill Diskussiounen. Eng einfach Diskusisoun gëtt et selbstverständlech net.

Frank Kuffer: Här Staatsminister Jean-Claude Juncker, villmools Merci op Bréissel wou dann haut déi 27 Finanzministere beienee kommen.

Jean-Claude Juncker: Awar, Här Kuffer.

Dernière mise à jour