Le ministre de la Justice, Luc Frieden, au sujet de la politique carcérale au Luxembourg

Monique Kater: Ee ganz schéine gudden Owend bei Impuls. Mir schwätzen den Owend iwwert d’Prisongspolitik an doriwwer wat sech kann änneren nodeems d’Gemeng Suessem hiren Accord ginn huet fir de Bau vun engem Prisong fir Untersuchungshäftlingen.

Bei eis am Studio ass dofir de Justizminister Luc Frieden. Gudden Owend.

Luc Frieden: Gudden Owend.

Monique Kater: Här Frieden, ech wollt aus Aktualitéitsgrënn den Impuls awer ufänke mat de Justizaffairë ronderëm d’Policeoffizéier - d’Police déi mam gudde Beispill soll virgoen, op déi eropgekuckt gëtt - elo geschitt dat doten, dat kraatzt natierlech un der Crédibilitéit, um Image. Elo hat een awer geduecht et géif alles besser goe mat der neier Generaldirektioun. Gëtt dat näischt?

Luc Frieden: Ech menge schonn, mä d’Police ass ee Betrib wou 1500 Polizisten dra schaffen, et ass also eng vun deene gréisste Verwaltungen am Land. Ech mengen, datt d’Police grondsätzlech eng gutt Aarbecht mécht, mä datt ëmmer an engem grousse Betrib mol deen een oder deen aneren punktuell Fehlverhale ka maachen. Wann dat kënnt, da muss dat sanctionnéiert ginn, entweder vun de Geriichter, wann et strofrechtlech ass oder vun den Disziplinarautoritéiten, an dat ass meeschtens de Verwaltungschef. An dat gëtt hei gemaach. Ech hätt gären, datt d’Police eng exemplaresch Aarbecht mécht an déi meescht maachen dat och. Bei dëse Faite ginn et Prozeduren an déi sollte mer ofwaarden.

Monique Kater: Elo sinn dat hei awer an der Lescht 6 Cadres supérieurs, déi do en cause sinn. Am Ganzen huet d’Police där 60, dann ass awer de Pourcentage schonn een aneren.

Luc Frieden: Ech mengen, datt een net all déi Faite kann an een Dëppe geheien. Ech mengen, datt se ganz ënnerschiddlech gelagert sinn. Ech kennen se och net am Detail. Ech hätt gären, datt déi Prozedure vun de Geriichter respektiv déi Disziplinarprozeduren déi de Generaldirekter vun der Police ageleed huet, datt déi kucke wat da stëmmt a wéi grave déi Saache sinn an da komme Sanktiounen an domatter solle mer eis dann erëm konzentréieren op déi reell Aarbecht vun der Police. An dat maache mir all Dag, esouwuel mam Encadrement dee mir setzen, wéi um Terrain. Dofir hu mir jo och nach virun enger Woch décidéiert, datt d’Police bis 2015 soll 500 Leit bäikréien, déi méi präsent um Terrain kënne sinn. Dat ass déi Aarbecht déi wichteg ass, alles aneschters muss selbstverständlech gekläert ginn, mä et soll eis net vun der Sécherheetspolitik oflenken.

Monique Kater: Et muss gekläert ginn, sot Dir. Elo huet awer déi eng Affaire vum Exhibitionnismus, zwee Joer ass do iwwerhaapt näischt geschitt. Wéi ass dat da méiglech?

Luc Frieden: Ech weess dat net, well ech schaffe jo net an der Police. Ech stelle just fest, datt wann ee Fait vun der Justiz bekannt ass, datt dann eng Prozedur kënnt. De Procureur muss also soe wat geschitt mat där Persoun an et kënnt een Disziplinarverfahren no, wann déi Persoun sech esou beholl huet, datt dat net dem Image vun der Police notzt an dat schéngt hei net de Fall ze sinn. Datt déi Informatioun net weidergaangen ass a firwat déi net weidergaangen ass, dat muss eben elo gekläert ginn. An dofir mussen och déi relevant Persoune gehéiert ginn.

Monique Kater: Dir sot Dir schafft net an der Police. Dir sidd awer den zoustännege Minister. Wousst Dir dann eppes dovunner?

Luc Frieden: Nee, ech weess näischt dovunner. Wéi soll ech dat och gewuer ginn? [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Jo, mä wann Dir awer als zoustännege Minister näischt dovunner wësst, da sidd Dir jo selwer eigentlech net méi ganz crédibel oder?

Luc Frieden: Ech gesinn awer net, datt wann eng Persoun eng Informatioun der Police gëtt iwwert ee Fehlverhalen, déi Informatioun gëtt deen engem Polizist. Da gëtt eng Enquête gemaach bei der Police judiciaire oder vun engem anere Service vun der Police. Déi Informatioune komme jo awer net bei de Minister. Ech ginn net am Dag gewuer wat fir eng Plainten op der Police ukommen. Dat ass och normal esou.

Monique Kater: Misst dat net esou sinn? Nee?

Luc Frieden: Nee, dat misst net esou sinn. De Justizminister ass zoustänneg, fir datt d’Police uerdentlech fonctionnéiert, dat heescht wéivill Leit se huet, wat fir eng Ziler se an der Sécherheetspolitik muss verfolgen. Fir de Rescht ass dat eng Verwaltung, déi huet ee Chef, dee muss dat organiséieren. En plus, wa strofrechtlech Fehler gemaach ginn, dann ass d’Justiz do an dat leeft jo och hei. Dofir huet de Procureur jo och eng Prozedur déclenchéiert.

Monique Kater: Dat heescht fir Iech ass kloer: politesch Konsequenzen aus där Affaire zitt Dir keng?

Luc Frieden: Ech geséich net wat fir eng dorauser ze zéie wären, sauf déi, datt ech soen, wann ee Fehlverhale kënnt, muss et sanctionnéiert ginn. Bei alle Carrièrë vun der Police ass et esou an ech wiere mech dogéint, datt hei einfach d’ganz Police als eng grouss Verwaltung, déi eng ganz gutt Aarbecht mécht, all an een Dëppen hei geklaakt ginn a gesot gëtt, déi maache keng uerdentlech Aarbecht.

Ech menge mir gesinn, datt d’Sécherheetslag zu Lëtzebuerg besser ass wéi an de Nopeschlänner. Dat ass d’Resultat vun enger Politik, déi mir geziilt maachen - se huet och eppes ze doen iwwregens mam Prisong, iwwer dee mer den Owend schwätzen - mä huet och ze doe mat deem wéi mer d’Police hir Ziler setzen a wéi mer se équipéieren, wéi mer se ausstafféieren, esouwuel um mënschleche Plang, wéi um Plang vum Material, wéi um Plang vun de Gesetzer, déi ech ëmmer erëm adaptéiert hunn.

Kuckt d’Gesetzer zum Beispill iwwert d’DNA-Spueren, kuckt aner Gesetzer op europäeschem Plang, wou mer méi mat den Nopeschlänner kooperéieren an dofir hu mir Resultater. Alleng duerch den Accord vu Prüm hu mir elo 10 gemeinsam DNA-Spuere fonnt mat Däitschland, wou mer duerch d’grenziwwerschreidend Kooperatioun méi erausfannen. Dorunner schaffe mer. Dat ass d’Aufgab vum Minister, dat anert ass d’Aufgab vum Verwaltungschef.

Monique Kater: Gutt, da schwätze mer elo iwwer de Prisong. Suessem seet "Jo" zu engem neie Prisong fir 400 Untersuchungshäftlingen um Territoire vun der Gemeng. De Gemengerot hat sech dat Ganzt e puer Méint laang duerch de Kapp goe gelooss, de Pro a Contra analyséiert a koum elo zu der Conclusioun, datt et keng objektiv Argumenter géif géint de Bau vun dëser Maison d’arrêt. Als Gemeng géing een donieft och seng national Responsabilitéit iwwerhuelen.

Här Frieden, den Accord vu Suessem ass do. Wann een elo déi Iwwerpopulatioun zu Schraasseg kuckt ass dëse Feu vert scho laang iwwerfälleg. Wéini fänkt Dir dann elo u mat bauen? Dat misst jo dann och elo séier goen?

Luc Frieden: Éischtens mol fannen ech déi Décisioun déi de Suessemer Gemengerot geholl huet eng ganz responsabel Décisioun. Ech begréissen déi Décisioun. Dat ass d’Resultat vu laange Gespréicher déi ech mat där Gemeng hat. Et war eng schwiereg Décisioun fir d’Majoritéit a fir d’Oppositioun an där Gemeng an ech hu mat hinnen all laang Gespréicher gefouert an ech sinn och frou, datt mer hei eng Décisioun konnten erbäiféieren, déi all Parteien englobéiert. Ech fanne bei grousse Froen [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Net alleguerten d’Leit, ne. Déi sinn net alleguerten zefridden.

Luc Frieden: Jo, mä kuckt, Madame Kater, et ass ee net fir ee Prisong. Et muss een Argumenter hu géint ee Prisong. Ech hu mat de Leit zu Suessem geschwat. Ech hunn nach ni ee begéint dee seet: yuppi, elo kréien ech niewent meng Hausdier ee Prisong gebaut. Fir d’éischt mol hu mir gekuckt, datt et net direkt niewent enger Hausdier läit, mä en plus muss ee kucken: brauche mer an eiser Gesellschaft ee Prisong. Ech mengen, datt wa mir eng Sécherheetspolitik hunn, déi dofir suergt, datt wa schlëmm Gesetzesiwwertriedunge gemaach ginn, datt dann och Sanctioune kommen, da brauch eis Gesellschaft och ee Prisong. Dofir hu mir ee Prisong, mä dee geet net duer.

Elo sot Dir, dat ass jo awer schonn eng Zäitche gewosst. Dat ass falsch. Wéi ech Justizminister gi sinn, hate mer ronn 350 Gefaangener. Mir hunn haut zu Schraasseg dat duebelt. Dofir hu mir am Joer 2002 d’Capacitéit zu Schraasseg substantiell erweidert. Mä mir hunn haut a ronne Chiffere 600 Plazen zu Schraasseg a mir hu 650 Leit. Mir hunn awer eréischt [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Déi awer alleguerten openee sëtzen.

Luc Frieden: Déi openee sëtzen a mir hunn awer eréischt zanter dem Joer 2004 ongeféier, hu mir fir d’éischt iwwer 500 Détenuë gehat. Dat heescht mir hunn an deene leschten 2 Joer eréischt een immensen Accroissement vun de Gefaangenen. Dat ass ee Resultat vun eiser Sécherheetspolitik. Mir hu méi Riichteren agestallt, 30% méi Riichteren, mir hunn 300 Polizisten netto bäikritt an deene leschte Joren, zanter datt - d’Joer 2000 - also zanter datt et déi nei Police gëtt an déi hunn eng gutt Aarbecht gemaach an doduerch hu mir haut méi Gefaangener. Mir hunn och nei Zorte vu Kriminalitéit a mat deene Leit musse mer eis all ofginn. An dofir hunn ech eng Rei Moossname geholl. An deen neie Prisong zu Suessem, wat am Fong eng Maison d’arrêt fir Untersuchungshäftlinge gëtt, ass een Element dovunner.

Wéi séier geet dat? Mä elo ass mol d’prinzipiell Décisioun jo geholl vum Suessemer Gemengerot, elo muss de Bauteminister Pläng ausschaffen, fir dat Gebei op deem Terrain ze bauen. Da muss dat jo ausgeschriwwe ginn, da muss dat gebaut ginn [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Dat heescht déi Pläng déi ginn et nach net? Nee?

Luc Frieden: Déi Pläng ginn et nach net, well et muss ee fir d’éischt kucken op wéi engem Terrain een d’Gebai baut. Mir wëssen d’Konzept vum Prisong, datt dat ongeféier 400 Leit sinn. Ech géif mengen, dat esou ee Bau, och wann dat mech e bëssen nervt, datt dat esou laang dauert, mä esou ee Bau dauert logescherweis eng 5 Joer, vun deem Moment u wou een et décidéiert, bis e ka bezugsfäheg sinn.

Monique Kater: Hutt Dir Iech dann eigentlech ni geduecht, firwat net, mir bauen elo schonns eppes ganz Neies, eppes Fuschmodernes, eppes wat kann immens sécher gemaach ginn a wou een och an Zukunft richteg gutt mat de Prisonnéier schaffen, hutt Dir Iech ni iwwerluecht, datt mer Suessem als neit Schraasseg maachen? Wier dat eng Méiglechkeet?

Luc Frieden: Alles ass eng Méiglechkeet, just et ass net dat wat mer envisagéiert hunn. Ech wollt zu Schraasseg déi condamnéiert Gefaangener hunn, déi also schonn een Uerteel vum Geriicht hunn, zu Suessem déi, déi an der Untersuchungshaft sinn. An da kënnt et mer och vill drop un, well ech ëmmer ee Gesamtkonzept fir de Prisong och an deene Joren wollt, datt mer versichen déi puer Mineuren déi mer zu Schraasseg hunn - dat waren der Ufanks der Woch nëmmen 3, dat ass also ëmmer eng ganz kleng Zuel déi d’Jugendgeriicht dohinnersetzt, datt déi an eng Spezialunitéit kommen op Dräibuer, datt mer déi illegal Auslänner erauskréien, dat sinn ongeféier eng 20, 30, datt mer déi an de Centre de rétention kréien, deen den Ausseministère baut bei dem Findel. Esou datt mer dann och verschidde Gruppe méi separat hunn. Dat hëlleft eis net zueleméisseg vill, well 30 illegal Auslänner, an 3 Mineuren, dat hëlleft eis net d’Capacitéitsproblemer, et hëlleft eis awer d’Gestioun vum Prisong [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: [interruptions]

Luc Frieden: An ee vun de Problemer vum Prisong, bei der Iwwerbevölkerung ass, datt vill verschidden Zorte Leit, déi net beienee passen, zesumme wunnen an dat ass natierlech eng Situatioun déi net virauszegesi war, mä un där mir aktiv geschafft hunn.

Monique Kater: Do gi mir am Detail nach drop an. Mir hunn den Ament 644 Prisonnéier zu Schraasseg an awer just Plaz fir héchstens der 600 oder och nëmme fir 550, well en driwwer eigentlech schonn iwwerbeluegt wier, seet den Direkter Vincent Theis. Wann elo Suessem bis funktionnéiert, grad ewéi de Centre de rétention fir illegal Auslänner, Dräibuer fir d’Mineuren oder och Givenech fir Fraen, dann hannert de Schraasseger Maueren all d’Problemer geléist sinn?

[Reportage vum Joelle Hengen]

Monique Kater: Kënne mer dann aner Saache maache wéi bastelen a pléischteren, ier wierklech méi Plaz ass am Prisong? Ass elo eppes ze maachen?

Luc Frieden: Jo, ech hunn dat scho gemaach, mä just dat schéngen déi verschidde Leit déi do intervenéiert si vergiess ze hunn. Mir hunn zum Beispill Alternativen zum Prisong gesicht. Ech hunn de Contrôle judiciaire agefouert, dat ass eng Zort Hausarrest während der Untersuchungshaft. 37 mol d’lescht Joer gesprach ginn. Mir hunn d’Travaux d’intérêt général, Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet, 140 mol d’lescht Joer vum Scass gemaach ginn, dat sinn déi Leit déi sech ëm déi bekëmmeren.

Monique Kater: D’Foussfesselen.

Luc Frieden: Ech hunn d’Foussfesselen agefouert, duerch Gesetzer, all déi 3 Saachen.

Monique Kater: Wéivill Leit sinn [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: 22 Leit si fir de Moment mat engem, wat mir nennen, de Bracelet électronique, déi doheem also hir Strof ofsëtzen.

Ech hunn décidéiert, datt mir zu Givenich een Haus maachen, wat also een oppene Strofvollzuch ass, wou d’Leit also méi nach op d’Fräiheet préparéiert ginn, fir Fraen, well déi haut réservéiert ass, Givenich, fir Männer. Dat heescht et sinn immens vill Saache geschitt, niewent, Madame Kater wann Dir erlaabt nach, der Schoul déi ech agefouert hu virun e puer Joer, wou mer haut Enseignanten hunn, déi sech ëm déi Gefaange bekëmmeren, déi wëllen och eppes léieren. Mir hunn d’Spidolswäscherei opgemaach, niewent aneren Atelieren, datt och eng Rei vu Gefaangener eng Aarbecht hunn. Mä de Prisong ass ni ee Chantier dee fäerdeg ass. An engem Prisong ginn et ëmmer Konflikter an ëmmer Problemer. Dat bleift och esou, mir hu villes [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Wann ech de Reproche richteg verstanen hunn, war et jo och net de Luc Frieden dee mécht näischt, mä et gëtt gesot, e mécht net genuch. Ass dat elo zäitlech net anescht dran oder wou läit dann elo de Problem?

Luc Frieden: Nee, ech mengen datt dat eng Evolutioun ass, datt ee sech ëmmer erëm un nei Situatioune muss upassen. Ee vun de Problemer vu Schraasseg ass - Dir hutt Ziffere genannt, wat déi Zifferen net reflétéieren a wat unique zu Lëtzebuerg ass, dat ass datt mer zwee Drëttel vun de Gefaangenen hunn, déi net Lëtzebuerger sinn a bal d’Halschent sinn och net Résidenten hei. Dat heescht, villes wat ee mat deene mécht, ass vill méi schwiereg wéi an engem Prisong a Frankräich oder an Däitschland, wou vill méi vun enger Nationalitéit sinn. Mir hu bal 70 Nationalitéiten, dat heescht mir mussen eis un déi Situatioun ëmmer erëm nei eruntaaschten an déi war virun e puer Joer net esou.

Dofir mengen ech, et ass vill gemaach ginn an et bleift ganz vill ze maachen, mä Gesetzesännerunge mengen ech si keng noutwenneg, do hunn ech esouvill an deene leschte Jore gemaach, datt et méi elo an der Ëmsetzung vun zum Beispill dem drëtte Prisong ass an dofir hunn ech stonnelaang doriwwer mat deene Responsabelen och vun der Gemeng vu Suessem geschwat an dofir ass dat jo och zu engem Resultat komm.

Monique Kater: 16 Millioune ginn elo investéiert a méi Sécherheet fir de Prisong, elo si Stëmmen déi soen, d’Halschent hätte mer sollen huele fir d’Sozialaarbechter auszebauen, fir där endlech méi anzestellen. Wat sot Dir zu där Kritik?

Luc Frieden: Mir maachen déi zwou Saachen. Ech mengen, datt ee Prisong Deel ass vun enger Sécherheetspolitik. Ech insistéieren nach eng Kéier doropper, et gëtt keng Liewensqualitéit an enger Gesellschaft, wann een net och Sécherheet als Zil vun der Regierungspolitik mécht a wann een net och dofir suergt, datt déi, déi schlëmm Strofdote maachen och agespaart ginn. Dat maache mer. Mä dann doniewent musse mir eis ëm déi Leit bekëmmeren an dofir hu mer [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Virun allem och well se erëm erauskommen, well 99% jo erauskommen.

Luc Frieden: Dofir hu mir niewent de Sécherheetsinstrumenter, déi mer verstäerken, hu mir elo 33 Leit am Beräich vun dem Encadrement, Psychologen, Educateuren an an dësem Budget, am Budget vun dësem Joer sinn 10 zousätzlech Plazen. Dat heescht mir kommen op ee Ratio elo vun 1 op 20 fir sech ëm déi Leit ze bekëmmeren [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Also de Vincent Theis, dee sot an engem Interview am Forum, et wier 1 op 75. Dat ass jo awer lamentabel eigentlech.

Luc Frieden: Nee, nee, dat ass och net esou. Dat hängt dovun of vläicht wat fir eng Kategorië vu Leit, ob een zum Beispill de Sportsmoniteur mat considéieréiert an dem Encadrement.

Monique Kater: Déi maachen net onbedingt, vläicht psychosozial Aarbechten.

Luc Frieden: Ech wëll just soen: wou kënnen ënnerschiddlech Chifferen hierkommen. Mir hunn elo am Beräich vun dem Encadrement social, hu mer, wa mer déi Leit déi an dësem Budget stinn och nach agestallt hunn, eng ronn 30, 35 Leit. Do muss een nach weiderfueren, mä et kann een der och net méi wéi 10 an engem Joer astellen. Ech wëll just soen, do gëtt immens vill gemaach, do gëtt ganz gutt Aarbecht gemaach [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Firwat net méi wéi 10 an engem Joer?

Luc Frieden: Et muss een der och nach fannen, déi déi Aarbecht do kënne gutt maachen, et muss een der fannen, déi wëllen dohinner schaffe goen, déi déi richteg Ausbildung hunn [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: D’Prozeduren och komplizéiert fir [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: D’Prozedure sinn déi nämlecht wéi bei allen anere Staatsplazen an dat dauert eng gewëssen Zäit. Mä ech mengen, datt awer do villes geschitt ass an ech hätt och gären, datt mir esou weiderfueren.

Esou wéi mer bei der Police all Joer eng 60 Leit agestallt hunn, esou wéi mer nei Riichteren agestallt hunn, dat ass eng ganz Chaîne pénale am Fong. Et brauch een d’Police fir préventiv a repressiv, fir ze soen, et muss een d’Riichteren hu fir d’Sanctiounen auszeschwätzen an et brauch een dann och ee Prisong wou d’Leit bestrooft ginn a wou se op d’Zukunft préparéiert ginn. Mä och do soen ech nach eng Kéier, d’Tatsaach, datt d’Halschent Non-résidente sinn, net bei eis virdru gewunnt hunn an och héchstwahrscheinlech duerno net hei wunnen, mécht et immens schwiereg bei deem Deel op mannst se op d’fräit Liewen erëm virzebereeden, well mer net an deem Ëmfeld kënne schaffen, wéi dat vläicht an engem grousse Land de Fall ass.

Monique Kater: Statistiken hu mir keng. Elo gëtt och ëmmer gesot, well esouvill Auslänner do sinn, mir kënnen dat jo net kontrolliere wat an hirer Heemecht dann herno, wat mat hinnen do leeft. Trotzdeem wier et awer net derwäert fir dat ze maachen, fir mol ze kucke wéi mer mat de Lëtzebuerger fonctionnéieren. Dee Moment wéisste mer ob eis Aarbecht gutt ass, ob se ee Succès ass. Hutt Dir wëlles dat ze maachen?

Luc Frieden: Jo.

Monique Kater: Wéini?

Luc Frieden: Mir hunn dat schonn décidéiert an dat ass natierlech ee Prozess dee schwiereg ass, well een da muss all déi Leit ëmmer erëm retracéiert kréien, et muss een also do sech innerhalb vun der Police oder der Justiz een Instrument dofir ginn. Mä dat ass décidéiert, mä dat geet natierlech nëmme fir d’Résidenten.

Monique Kater: Drogen, grousst Thema am Prisong ëmmer erëm. Dir sot et ass schwéier do ee konkrete Chiffer ze soen. Vun 130 schwätzt den Ombudsman. Et si vill Leit déi Substitutiounsprogrammer do kréien. Wat bréngt dann elo do eppes? Méi streng Kontrollen oder sot Dir do ass iwwerhaapt näischt ze maachen, ausser eng alternativ Drogepolitik oder sot Dir Kapitulatioun, do kënne mir näischt maachen?

Luc Frieden: Weder nach.

Monique Kater: Sondern?

Luc Frieden: De Prisong ass ee Reflet vun eiser Gesellschaft. An eiser Gesellschaft gëtt et haut méi Droge wéi virun 20 Joer, et gëtt méi Gewalt a mir fannen all déi Konfliktproblemer och am Prisong erëm, just do si se op enger konzentréierter Aart a Weis hanner Maueren déi zousinn. Prisong ass nun emol eng geschlossen Anstalt an doduerch kënnt dat op eng vill méi konzentréiert Plaz zesummen, ëmsouméi wou och vill Leit do aus awer schwieregen Ëmfelder dohinner kommen. De Konfliktpotential ass also méi grouss. A mir fannen do natierlech eng ganz Rei vun Drogenofhängeger erëm, déi do sëtze wéinst Drogenhandel an dofir gëtt et do nëmmen eng Method, dat ass sech em déi Leit am Prisong ze bekëmmeren. Dofir hu mir ee Programm, mir nennen dee Programm Tox, wou mat deene Leit geschafft gëtt. Ech géing gären zu Givenich och nach méi versichen Leit déi erausgeklomm sinn aus den Drogen, datt déi kënnen an engenm separaten Haus wunnen, datt se also net erëm mat deenen aneren a Kontakt kommen, awer ausserhalb vun de Prisongsmauere mengen ech gëtt et keng gréisser Alternativ zu deene Programmen déi mer um préventiven an um repressive Plang maachen.

Monique Kater: Wann een esou Bauerenhäff mécht, ass dat net eng Optioun fir Iech oder Ettelbréck vläicht ausbaut, wou d’Mineure jo sinn?

Luc Frieden: Jo, dat hängt dovun of firwat déi Leit am Prisong sëtzen.

Monique Kater: Konsum, soe mer reng Konsum.

Luc Frieden: Ech mengen net, datt een alleng wéinst Konsum vum Geriicht an de Prisong gesat gëtt. Dat ass jo net de Justizminister an d’Regierung déi d’Leit an de Prisong setzen. D’Leit ginn an de Prisong gesat, wa se eng schlëmm Strofdot maachen an am Regelfall an der Drogepolitik ass et esou, datt dat Leit sinn, déi mat Drogen Handel gemaach hunn, an engem gewëssene Stil, net nëmme fir hir eege kleng Consommatioun, well do de Parquet net ëmmer poursuivéiert. Mais enfin, dat muss d’Justiz ofmaache mat sech, wéi si do eng Politik mécht. Mir hätte gären, datt déi Leit, wa se Drogenhandel maachen, ewech kommen an datt mer am Prisong awer mat hinne schaffen, datt wa se erauskommen net als Drogenofhängeger erauskommen. Dat ass awer eng enorm schwiereg Aarbecht. Ech wëllt déi net all Dag am Prisong mat deene maachen. Mä do gëtt ee Projet gemaach an deem gëtt relativ gutt, déi kënnt relativ gutt virun.

Monique Kater: 2010 soll Dräibuer fäerdeg sinn, dat huet laang gedauert, 93 ass fir d’éischt schonn iwwer eng Reorganisatioun do geschwat ginn, firwat huet dat esou laang gedauert?

Luc Frieden: Ech mengen do goufen et eng ganz Rei Problemer tëschent dem Bauteministère, dem Familljeministère an där Gemeng wou dat sollt gebaut ginn. Ech versti vum Bauteminister, datt de Projet elo déi néideg Autorisatioun kritt an datt en dofir ka gebaut ginn. Mech nervt dat och [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Trotzdem, 17 Joer.

Luc Frieden: Jo, mä ech war och an deene 17 joer net Bauteminister an net Buergermeeschter vun där Gemeng déi dofir zoustänneg ass an dofir kann ech Iech [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Suessem ass séier gaangen, ne, am Verglach.

Luc Frieden: Suessem ass am Verglach séier gaangen, mä ech si fir de Prisong zoustänneg, ech sinn net fir Dräibuer zoustänneg. Dofir kann ech Iech net soe wéivill Gespréicher do stattfonnt hunn. Déi fir Suessem déi hunn ech, well et a meng Kompetenz fällt, selwer geféiert an ech muss soen, nach eng Kéier do war och eng responsabel Äntwert op där anerer Säit, mir hunn am Detail doriwwer diskutéiert. Et war keng liicht Verhandlung, weder fir déi Suessemer, nach fir d’Regierung.

Monique Kater: Dir sidd als Justizminister jo och eigentlech net alleng responsabel fir de Prisong, do ass den Travail ass responsabel, d’Santé ass responsabel, d’Educatioun. Fannt Dir, datt déi Ministèrë sech genuch abréngen oder hätt Dir do gär méi?

Luc Frieden: Ech fannen, datt mir eng Regierung si wou ee mat deem anere schwätzt. De Justizminister ass den zoustännege Minister fir de Prisong. Wann ech Hëllef brauch vun deenen anere Ministeren, dann hunn ech ëmmer fonnt, datt ech déi kritt hunn.

Monique Kater: Missten se net einfach esou méi präsent sinn, mengen ech, datt se vläicht einfach méi aktiv mathëllefen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt se et sinn op déi eng oder aner Aart a Weis. Ech huelen zum Beispill den Accord deen ech gemaach hunn, och dat ass eng substantiell Ännerung, déi ech a menger Amtszäit gemaach hunn, datt elo zum Beispill de Centre hospitalier an de Centre neuropsychiatrique an de Prisong kommen, mat professionellem Personal, déi sech ëm déi Krank bekëmmeren an do hu mir natierlech eng Kooperatioun zum Beispill mam Gesondheetsministère an ech mengen, datt déi Kooperatioun och mat anere Ministèrë klappt, do wou mer se brauchen.

Monique Kater: Ok, de liberalen Deputéierten Xavier Bettel hat mol eng Kéier gesot, Dir sollt dee Prisongsdossier ofginn, dat wier zevill fir Iech. Ech froen Iech elo mol anescht, ech klameren Är Persoun aus. Brauch de Prisong ee Minister deen dat als Fulltime-Job mécht?

Luc Frieden: Ech mengen, datt ee wann ee Minister gëtt net nëmmen dofir do ass fir einfach Dossieren ze maachen. Ech fannen, datt et eng Erausfuerderung ass och dëse schwieregen Dossier ze maachen. Ech hätt vläicht méi ee gemittlechen Dagesoflaf an Owend, wann ech mech net bräicht ëm de Prisong ze bekëmmeren. Ech mengen, datt de Prisong net eppes ass wat een ausserhalb vun allen anere Kompetenze soll loossen. Ech menge schonn, datt et Deel ass vun enger Sécherheetspolitik an ech hu mech ëmmer agesat, an all menge Beräicher fir Fräiheet, Sécherheet a Rechtsstaat mateneen ze verbannen a wann een ee globalt Bild huet, wéi ee wëllt hei am Land eng Liewensqualitéit schafen, déi Sécherheet a Fräiheet brauch, wann ee wëll attraktiv si fir Betriber, déi heihinnerkommen a fir Leit déi an deene Betriber schaffe kommen, da brauch ee Sécherheet. An da brauch een och an där Chaîne, an där laanger Kette vun dem Gesamtbild wat ech hunn, brauch een och ee Prisong an dofir bekëmmeren ech mech och dorëm mat där néideger Energie, och wann dat heiansdo e bëssen nervt, wa just iwwert de Prisong geschwat gëtt, wa mol eng Kéier een ausbrécht oder wann ee Konflikt ass.

Monique Kater: Vläicht gëtt dat anert net nogelauschtert, Här Frieden. Bon, den Ombudsman huet jo elo proposéiert eng Generaldirektioun anzeféieren. Wier dat eppes, si soll jo e bëssen déi ganz Prisongen da coordinéieren, d’Politik do an de Grapp huelen, wier dat eppes wat Iech interesséiert?

Luc Frieden: Ech mengen, datt een ëmmer erëm kann d’Managementstrukture vun esou engem Prisong, besonnesch wann se sou grouss ginn, iwwerdenken an datt een do vläicht aner Strukturen an der Generaldirektioun brauch. Ech mengen do sollt een oppe sinn, woubäi ech allerdéngs muss soen, datt mer och d’Directiounen, esouwuel vu Givenich wéi vu Schraaseg ausgebaut hunn an deene leschte Joren. Et ass also net, datt déi do am luftleere Raum fonctionnéieren. Déi fonctionnéieren och zesummem mam Parquet général. Ob dat déi richteg Plaz ass, dat beim Parquet général ze loossen, doriwwer kann een effektiv diskutéieren. Ech soen awer, generell ass de Strofvollzuch haut, besonnesch esou wéi e vun den Delegéierte vum Procureur général fir de Strofvollzuch gemaach gëtt, et op eng professionell Aart a Weis exécutéiert.

Monique Kater: Lescht Fro - Äntwert, Jo oder Nee wann ech gelift -: kënne mer och festhalen, datt de Budgetsminister net wäert knéckeg sinn an Zukunft, wat de Prisong ugeet?

Luc Frieden: E war et net an der Vergaangenheet op deem Punkt, da wäert en et och net an der Zukunft sinn.

Monique Kater: Luc Frieden, merci datt Dir bei eis waart.

Luc Frieden: Merci och.

Monique Kater: Dat war et fir den Impuls vun haut, mir sinn haut 8 Deeg nees do, direkt nom Journal. Bis dann.

Dernière mise à jour