Lucien Lux au sujet de l'achat des actions de Luxair cédées par Fortis Banque Luxembourg

RTL Radio Lëtzebuerg: Déi aktuell Aktionären hunn dann och do nees d’Prioritéit fir d’Aktien ze kafen, dat wier d’Lufthansa, Panalpina an d’Dexia-Bil, an RTL-Informatiounen no ass schon ofgemaach, datt d’Lufthansa déi Parte keeft. Fir wéi e Präis ass awer nach net bekannt, a weder d’Lufthansa nach d’Luxair Direktioun wollten dat do de Moien esou confirméieren. Invité am Studio ass elo den Transportminister Lucien Lux. Gudde Mëtteg Här Lux.

Lucien Lux: Gudde Mëtteg.

RTL Radio Lëtzebuerg: Kënnt Dir eis déi Informatiounen dann elo confirméieren, datt d’Lufthansa um Enn een Deel vun de Parte vum Staat, respektiv der Spuerkeess keeft?

Lucien Lux: Dat kann ech net. Ech kann dat weder dementéieren, nach confirméieren. Ech mengen, dat bleift bei deem, wat mir gesot hu virun der grousser Vakanz, datt de Staat sech staark gemaach huet fir datt eng Allianz mat engem sougenannten strategeschen industrielle Partner soll gebastelt ginn. Déi Discussiounen déi ginn am September a sech eréischt richteg un. Ech hoffen, datt mir dat bis Enn dës Joers do stoen hunn, an da wäert och kloer gi wien dee Partner ass, deen d’Regierung an hirem Communiqué deemools gemengt huet.

RTL Radio Lëtzebuerg: Dir huet gesot, elo nach eng Kéier, dass et sollt ee strategeschen industrielle Partner sinn, dee bei d’Luxair passt. Dat passt jo awer genee op d’Lufthansa, oder géif et iergendee Grond gi fir eng aner Gesellschaft, oder eng Air-France, oder soss eng eran ze huelen, mam Risque datt et do Divergenzen herno am Verwaltungsrot ginn?

Lucien Lux: Ech mengen d’Suerg vun der Regierung, a meng speziell ass déi, duefir ze suergen, datt d’Luxair déi beschtméiglech Conditioune kritt fir an engem Moment, wou déi gesamten Aviatioun, dee ganze Secteur, an enger grousser Evolutioun ass: 25 Faillitë vu Loftfahrtgesellschafte schonn an dësem Joer, grouss Konzentratiounen déi sech maachen.

An hei gëtt et, ech mengen dat soen all Experten, an all Analysten, et gëtt dräi grouss Bléck ronderëm déi sech d’Aviatioun an Europa wäert an deenen nächste Joere maachen. Dat ass op där enger Säit d’Lufthansa, natierlech op der zweeter Plaz haut, dat ass op der éischter Plaz d’Allianz tëschent Air-France a KLM, an dat ass op der drëtter Plaz British Airways.

An ech mengen, et ass also noutwenneg ze kucke wat fir eng Plaz kann d’Luxair als regional Airline do fannen, wat fir en Know-how, wat fir eng Allianzen ka se fannen? Dat ass mengen ech dat, wat d’Regierung sicht fir d’Luxair ze stäerken, fir de Secteur vun der Aviatioun, fir de Standuert Lëtzebuerg ze stäerken, fir och déi bal 3000 Aarbechtsplazen ze stäerken. An ech mengen, wann ech zeréck kucken an deene leschten 3, 4 Joer an där ganzer Strategie, och an der Fro vun den Tariffer, vun der Aart a Weis no bausse sech opzestellen, hu mir villes richteg gemaach, der Luxair geet et haut gutt, an der Luxair, dat ass eis Suerg, soll et muer nach besser goen.

RTL Radio Lëtzebuerg: Mä Dir huet déi dräi Partner do ugeschwat, déi dräi grouss, déi dann nach géife bleiwen, da géif et jo awer Sënn maache mat engem vun deenen dräi ze schaffen?

Lucien Lux: Ech mengen et gëtt Sënn par rapport zu deem wat jo am Ufank och zur Discussioun stoung. Dir wësst, datt d’Fortis eis matgedeelt huet, datt se wëll hire Paquet un d’BIP, un also e Finanzinvestor verkafen, an ech menge fir d’éischt ass et drëms gaange sech par rapport zu där do Propositioun ze positionéieren. Hei huet d’Regierung gesot, mir gesinn net richteg de Mehrwäert deen et huet, fir e Finanzinvestor eran ze huelen, mir gesinn éischter de Wäert do dranner ze kucken, wou kënne mir eng Stärkung fannen um Niveau vun deem wat ech gesot hunn, souwuel strategesch wéi och operationell.

Et gëtt déi dräi Partner do, ech mengen dat ass also op, déi Discussioune sinn op, an ech menge mir hunn ofgemaach, datt mir dat am Stillschweigen, a Seriositéit maachen. Mir hunn an deene leschte Joeren, mengen ech, bewisen, datt mir mat roueger, awer déterminéierter Hand déi Luxair do kënne féieren.

An ech wëll eppes soen, wat mir ganz wichteg ass. Déi Décisioun déi mir geholl hunn vis-à-vis vun der BIP zum Beispill als Finanzinvestor an den Aktionariat vun der Luxair eran ze huelen, dat ass keng Décisioun géint ee gewiescht. D’Décisioun war fir en anere Wee ze goen, an et besteet an där Strategie do Konsens ënnert allen Aktionäre vun der Luxair haut, an et gëtt och vis-à-vis vun der Direktioun, déi gesäit och, datt dee Wee, deen d’Regierung, well hei ass jo eng Fro vun den Aktionären, déi sech heimat musse beschäftegen, an de Staat als éischten Aktionär, als stäerksten Aktionär, als Referenzaktionär huet hei eng wichteg Roll ze spillen. Déi spille mir, an ech menge mir spille se andeem mir dee richtege Wee ginn.

RTL Radio Lëtzebuerg: Kënnt Dir déi Transaktioun, an och déi Chifferen déi mir virdru genannt hunn, da confirméiren, notamment déi 4,7 Milliounen Euro déi aus der Staatskeess bezuelt ginn?

Lucien Lux: Neen ech kann dat net. Ech mengen datt sécherlech Zuelen um Dësch leien, iwwer déi wäerte mir och diskutéieren an deenen nächste Méint.

Ech menge wichteg ass och ze soen, de Staat an d’Spuerkeess maachen elo hei an deem éischten, an deem zweeten Tour, dat ass alles e bësse komplizéiert, erwerben déi jo dee ganze Paquet Fortis, fir datt d’Spuerkeess, déi de gréissten Deel dovunner wäert herno, e gréissten Deel dovunner erëm weider gëtt un dee Partner, an deem mir am gaange sinn ze diskutéieren.

An ech menge wichteg ass och ze soen, datt den Usproch vum Staat net deen ass fir majoritär, fir also d’gesamt Soen op der Luxair ze hunn, mä et ass awer och mengen ech den Usproch vum Staat, mat der Spuerkeess zesummen, fir e wichtege Partner ze sinn. Well d’Luxair dat ass fir eis Bedeitung hei, um Niveau vun der Mobilitéit, souwuel där fir d’Leit insgesamt, mä ech mengen och fir déi wirtschaftlech Mobilitéit, a fir e Standuert enorm wichteg, duefir wëllt de Staat och säi Rôle hei spillen.

An ech mengen, doduerch datt de Staat och säin Undeel un deem Paquet Fortis do hëlt, datt en also säi Virkaafsrecht spille léisst, dokumentéiert en net, datt en onbedéngt do alles wëllt soen ze hunn, mä domat dokumentéiert en, datt en e grousst Vertrauen an déi Luxair huet, datt en e grousst Vertrauen an déi Strategie huet, an datt en ee grousst Vertrauen an d’Salariéen alleguer, all eenzelner um Niveau vun der Luxair hunn, déi schwéier Zäiten haten, mä déi mengen ech an eng richteg, an eng gutt Zukunft kucken. An ech mengen dat Vertrauen ass och wichteg, datt mir dat als Regierung ginn.

RTL Radio Lëtzebuerg: Mat dem Weiderverkaf herno vun deene Parten, soll do och e Bénéfice eventuell réaliséiert ginn? Ass dat iwwerhaapt ee rentabelt Geschäft do fir elo déi Participatioun erop ze setzen, oder geet et éischter drëm fir de Secteur ofzesécheren, fir d’Luxair ofzesécheren?

Lucien Lux: Ech mengen, datt alles dat wat eis an deene leschte Wochen ugedriwwen huet, wat meng Aufgab war am Numm vun der Regierung, an deenen Diskussioune mat deenen eenzelnen Aktionären, an och mat der Luxair selwer, ass virun allem dee strategeschen. Ech mengen et ass net de But fir do ze kucke wat mir do kënnen, deen een oder deen aneren, als Bénéfice maachen, dat ass wierklech net dat em wat et geet.

Wichteg ass mengen ech ze soen, datt d’Luxair och finanziell eng Gesellschaft ass, där et ganz gutt geet, an datt mir, an ech wëll nëmmen zwee Vergläicher huelen, Allitalia, a ganz schwierege Momenter dran, Austrian Airlines, wou d’Regierung décidéiert huet fir ze privatiséieren, ech mengen do geet et also drëm, datt d’Gesellschaften am Prinzip un aner Gesellschafte verkaaft ginn. An domat och dat Hoheitsrecht als Staat kënnen iwwer d’Strategie vun deene Gesellschaften do mat ze schwätzen, verluer geet.

Hei schwätze mir, an dat ass mengen ech de Fait, datt et der Luxair esou gutt geet, an datt mir Partner fannen, déi sech mat eis un en Dësch sëtzen, fir hir Participatioun, entweder ze erweideren, oder Participatiounen ze huelen, dat weist, datt d’Luxair eng interessant Gesellschaft ass, déi och fir grousser interessant ass. An dat weist och mengen ech, datt et der Luxair gutt geet, ënnert anerem och finanziell ganz gutt geet, an datt, wann ech nëmme kucken, och d’Resultater vun deem Joer wat mir elo hunn, datt déi ganz gutt ginn, dierf ech och soe par rapport zu deenen Discussiounen déi ee jo heiansdo hat par rapport zu Low-cost Gesellschaften, datt d’Luxair do de richtege Wee geet, mat neien Tariffer, datt mir nei Destinatioune kreien, d’nächst Woch fuere mir fir d’éischt erëm op Prag, an Osteuropa, wat enorm wichteg ass, mir hu Florenz dobäi kritt, mir hunn Hamburg dobäi kritt, et gëtt aner Iddien. Der Luxair geet et gutt, der Luxair soll et nach besser goen, an ech mengen, et ass d’Aufgab vun der Regierung als éischten Aktionär duefir ze suergen.

RTL Radio Lëtzebuerg: Lucien Lux, villmools Merci fir dës Erklärungen.

Lucien Lux: Merci Iech och.

Dernière mise à jour