Luc Frieden au sujet de la banque Fortis

Monique Pütz: Da begréissen ech elo de Budgetsminister Luc Frieden. Här Frieden, gudden Owend.

Luc Frieden: Gudden Owend.

Monique Pütz: Dir sidd och zoustänneg fir d’Banken hei zu Lëtzebuerg an Dir waart gëschter an haut mam Staats- a Finanzminister Jean-Claude Juncker, an och mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké zesummen. Mä, wéi gesäit et dann elo ëm d’Fortis aus?

Luc Frieden: D’Fortis ass Deel vun engem internationale Bankesystem. Et gëtt eng Kris an de Finanzsystemer, déi huet an Amerika ugefaangen, déi huet hir Konsequenzen op Europa an dofir och op Lëtzebuerg. An an där Situatioun sinn déi eng e bësse méi wéi anerer betraff. Mä jiddwereen ass natierlech op déi eng an déi aner Fassong concernéiert.

Eis Aufgab ass et fir ze kucken, datt mir Vertrauen an de Finanzsystem hirstellen. Eis Aufgab ass et awer och, a besonnesch hei zu Lëtzebuerg – dat war och d’Suerg vun der Regierung, déi gëschter an haut an enger enker Compositioun getagt huet – fir sécher ze stellen, datt d’Spuerer, déi hir Sue bei der Fortis an och bei anere Banken hunn, sécher sinn. Eis Suerg ass, datt déi vill Leit déi op der lëtzebuerger Finanzplaz schaffen, datt deenen hir Aarbecht och sécher ass. Dofir wëlle mir eng Léisung, déi deenen 3 Ziler Rechnung dréit.

Monique Pütz: Dat heescht am Kloertext, de Client muss sech elo keng Suerge maachen, datt e seng Sue géing verléieren. Fäert Dir dann net awer, datt d’Spuerer elo muer séier op d’Banke lafe fir hir Suen opzehiewen?

Luc Frieden: Ech mengen, mir si mat enger genereller Vertrauenskris an de Finanzsystem konfrontéiert. Ech mengen datt et d’Aufgab vun enger Regierung ass, datt et d’Aufgab vum Staat ass, do wou de Maart an d’Maartmecanismen net richteg kënne fonctionnéieren, datt do de Staat seng Responsabilitéit iwwerhëllt. Et ass dofir, wou mir un engem Plang um Schaffe sinn, dee sécher soll stellen, datt hei zu Lëtzebuerg d’Leit hir Suen a Sécherheet op hirer Bank kënnen hunn a loossen.

Dat ass och de Fall, dat ass och bei der Fortis de Fall. D’Fortis ass a bleift eng zolitt Bank. Si respektéiert all déi Ratioen, déi mir virschreiwen. Si gëtt gutt gefouert, si huet gutt Leit an d’Lëtzebuerger kënne sécher sinn, datt hir Suen do, wéi och bei anere Banken, a Sécherheet sinn.

Mä mir musse vläicht eng Schëpp dobäileeën, fir datt mir dat kënne sécherstellen. Dofir hu mir haut, niewent deene Leit déi Dir genannt hutt, och de Chef vun der CSSF, eiser Bankekontrollkommissioun, gesinn. Mir hu mam Gouverneur vun der Zentralbank geschwat a mat der Europäescher Zentralbank geschwat a mir hu selbstverständlech och mat den Nopeschregierungen, a besonnesch mat de Belsch an den Hollänner, Dosende vun Telefonsgespréicher gefouert.

Monique Pütz: Mä, wat sinn dann do méiglech Szenarien? Wat steet dann um Spill? Wat kënnen elo méiglech Léisunge sinn?

Luc Frieden: Déi Gespréicher fannen zu dëser Stonn weider statt a mir wäerten och den Owend nach laang a Sitzunge sin fir e Konzept stoen ze hunn, éier muer de Moien d’Banken opginn.

Ech mengen datt et, wann een dat ka resuméieren, 2 Méiglechkeete gëtt: entweder iwwerhëllt eng auslännesch Bank dee ganze Grupp, och an deem Szenario wëlle mir sécherstellen, datt zu Lëtzebuerg d’Intérêten, a virun allem d’Aarbechtsplazen assuréiert sinn.

Deen anere Szenario, wann deen doten näischt gëtt – wat op engem Weekend och schwiereg ass – ass fir sécher ze stellen, datt de lëtzebuerger Staat bei där Bank an Zukunft eng grouss Roll spille wäert. D’belsch Regierung géing dat selwecht an der Belsch maachen an déi hollännesch an Holland. Mir kënnen eis also virstellen, datt mir direkt oder indirekt e gréissert Matsproocherecht an där Gesellschaft kréien, an och diesbezüglech eng Finanzcontributioun an iergendenger Form maachen. Doriwwer hu mir haut geschwat. Mir hunn och de Mëtte laang Gespréicher mat dem Management vu Fortis geféiert, dem President, dem Här Thill, a senge Mataarbechter, déi bei eis an där Sitzung waren.

Monique Pütz: Dat heescht, Dir kënnt och ënnerschreiwen, datt déi ronn 3000 Aarbechtsplazen, esouvill Leit schaffen op der Bankeplaz Lëtzebuerg fir Fortis, datt déi geséchert sinn?

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Fortis eng gutt Clientèle huet, datt d’Fortis eng gutt Struktur huet an datt d’Fortis eng Zukunftsperspektiv huet. Déi erlaabt et eis och, als Staat, eng Contributioun ze maachen an eng Roll an där Gesellschaft ze spillen, déi och an Zukunft wäert sécher stellen, datt esouwuel d’Cliente rassuréiert sinn, wéi d’Leit déi do schaffen.

An ech soen nach eng Kéier, dat wat mir fir d’Fortis maachen, dat maache mir, well mir gäeren de Finanzsystem, de Bankesystem en tant que tel consolidéieren. Mir wëllen och als Regierung weisen, datt mir Vertrauen an dee System hunn. Mir placéiere jo als Staat ëmmer Suen. An hei contribuéiere mir duerch eng staatlech Participatioun, wann déi aner Solutioun, déi um Marché diskutéiert gëtt, näischt gëtt.

Ech mengen, bei Fortis koum jo erschwéierend dobäi, datt d’Fortis deen Achat vun där hollännescher Bank ABN-Amro gemaach hat, an dofir ass och ee vun de Szenarien, datt dee ganzen Deel europawäit géing ausgeklammert ginn. Dat géif eng Operatioun Fortis méi einfach maachen.

Monique Pütz: Mä elo ass d’Fortis eng Bank. Fäert Dir dann net, datt dat elo just den éischten Dominosteen ass? Ass d’Bankeplaz Lëtzebuerg dann net a Gefor? Et ass ëmmerhin d’Mëllechkou vun der lëtzebuerger Economie.

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Bankeplaz Lëtzebuerg duerch déi international Finanzkris selbstverständlech eng ganz déck Schréips kritt. Mä d’Leit kënne weiderhi Vertrauen an de Bankesystem hunn. D’Banke wäerten eng Rei Provisioune musse maachen. Dat heescht, hir Beneficer wäerte manner héich sinn, se wäerten och manner Steiere bezuelen, doriwwer hu mir diskutéiert, och bei de Budgetsgespréicher. Dat wäert och am Budget säi Reflet fannen, mä de Bankesystem en tant que tel ass sécher. An et ass d’Flicht vun der Regierung, och vun der europäescher Zentralbank. Mat där hu mir haut och e puermol geschwat, de Staatsminister huet mam President Trichet e puermol geschwat.

Mir wäerte sécher stellen, a mir iwwerhuelen déi Responsabilitéit als Regierung, datt d’Leit sech keng Suergen ëm hir Erspuernisser ze maache brauchen. Mir wäerten do intervenéieren, wou dat noutwenneg ass, fir datt och d’Vertrauen, wat d’Bierger an d’Banke mussen hunn, och an Zukunft ka bestoe bleiwen.

Monique Pütz: Et ass op jiddwer Fall notéiert. Ech soen Iech villmools Merci fir dës Explikatiounen.

Luc Frieden: Gär geschitt.

Dernière mise à jour