Luc Frieden au sujet de la banque Fortis

Corinne Folscheid: [...] Am Studio begréissen ech elo de Budgetsminister Luc Frieden, deen och responsabel fir d’Bankekontrollkommissioun CSSF ass. Gudde Moien, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Moien.

Corinne Folscheid: Dir soutzt also bis an d’Nuecht era fir eng Léisung ze fannen. Lëtzebuerg huet sech um Enn bereet erklärt, dem Grupp Fortis mat 2,5 Milliarden Euro ënner d’Äerm ze gräifen, dat sinn 49% vum Grupp Fortis. Wat bedeit dat elo konkret?

Luc Frieden: Dat ware ganz schwiereg Gespréicher, wéi Dir Iech kënnt virstellen. Mir kréien 49% als Lëtzebuerg vum Kapital vu Fortisbank Lëtzebuerg, mä fir déi 2,5 Milliarden Euro kréie mir vill méi wéi dat.

Well, éischtens musse mir nach eng genee Bewäertung vun der Bank zu Lëtzebuerg maachen. Mir wäerten zousätzlech Garantië kréien. Mir stellen der Bank déi Suen zur Verfügung, mä d’Bank muss dem lëtzebuerger Staat déi Suen och verzënsen. Dat heescht, mir ginn hinnen déi Suen, mä mir kréien och Zënsen, wéi bei engem normale Placement, wat ee bei enger Bank mécht. Mir kréien eng ganz Rei Garantien. Mir kréien en Contrepartie och Participatioune vu Fortis, déi d’Fortis a lëtzebuerger Betriber huet, déi ganz wichteg fir den nationalen Intérêt sinn, wéi zum Beispill d’Participatioun vu Fortis un der lëtzebuerger Bourse, d’Participatioun vu Fortis bei Paul Wurth.

Mir kréien also eng ganz Rei aner Saache fir sécher ze stellen, datt mir net nëmme Kapital an där Bank hunn an datt mir d’Kontroll iwwer wiesentlech Entscheedungen an där Bank hunn, mä datt och dat Placement, wat ech als Trésorsminister an där do Form muss maachen, datt dat och remunéréiert gëtt.

Corinne Folscheid: Wéieng Roll spillt de lëtzebuerger Staat an Zukunft am Grupp Fortis?

Luc Frieden: Eist Zil war Fortis ze retten an d’Finanzplaz ze stäerken. Et muss een hei Fortis ëmmer am globale Kontext vun der Finanzplaz gesinn. Et war net e Problem vu Fortis, et war eng Vertrauenskris an de Finanzsystem déi bei Fortis méi staark war, wéi och den Här Thill elo grad an deem Interview gesot huet, an déi ass duerch d’Acquisitioun vun ABN-Amro erschwéiert ginn.

De lëtzebuerger Staat wollt also d’Vertrauen an d’Stabilitéit vun der Finanzplaz stäerken. Dat hu mir heimat fäerdeg bruecht. Doduerch, datt mir 49% vum Kapital kënne kréien – en fait kafe mir Obligatiounen déi mir an Aktien ëmwandele kënnen – domatter si mir de Garant vun enger ganzer Rei vun Operatioune vu Fortis. De Bierger kann also Vertrauen an déi Bank hunn, mä och Vertrauen an déi aner Banken.

Well, et muss ee wëssen, datt eng Bank där anerer Bank Sue léint. Hätt een also hei eng Bank a senge Schwieregkeete gelooss, voir datt déi zesummegebrach wier, dann hätt dat eng riseg Konsequenz op all déi aner Banke gehat. Dofir war et esou noutwenneg, datt mir hei als Staat intervenéieren.

Corinne Folscheid: 2,5 Milliarden, dat ass jo net grad näischt. Wou ginn déi Suen hirgeholl? Wat mécht dat vläicht am Staatsbudget aus? Muss op anere Plazen elo gespuert ginn?

Luc Frieden: Dat hei ass eng Opération de Trésorerie. Dat heescht, mir hunn eng gutt Trésorerie, déi geréieren ech als Trésorsminister all Dag. All Dag placéiert de lëtzebuerger Staat Suen. Mir hunn zum Beispill 700 Milliounen, déi mir an Obligatiounen an ähnlechen Titres placéiert hunn. An dësem Fall ass et ähnlech, ouni an d’Detailler ze goen. De lëtzebuerger Staat hëllt aus der Trésorerie en Deel vun deene Suen. En aneren Deel geet de Staat bei d’Spuerkees léinen, an dee stelle mir der Fortis zur Verfügung andeems mir Obligatioune kafen. Déi kréie mir verzënst an déi kënnen ënner verschiddene Konditiounen an Aktien ëmgewandelt ginn.

Et ass also net esou, datt mir déi Sue vun den normale Budgetsdépensë mussen ewechhuelen, et ass also net duerch dës Operatioun, datt eng Schoul oder en Altersheim net géif gebaut ginn. De Budget gëtt normal executéiert, an dat hei ass eng Trésoreriesoperatioun, déi hei gemaach gëtt.

Corinne Folscheid: Op wéi laang ass deen Invest geplangt?

Luc Frieden: Deen Invest, deen huet keng präzis Durée. Ech ka mir awer virstellen, datt mir am Laf vun deenen nächste Méint a vun deenen nächste Joeren och versichen déi Kapitalbedeelegung, déi mir do maachen, op aner Aktionnairen auszedehnen. Et ass net d’Vocatioun vum Staat fir elo éiweg an der Fortis dran ze sinn. Ech ka mir also virstellen, datt mir en Tour de Table mat anere lëtzebuerger Aktionnairë maachen, et kënnen och net-lëtzebuerger Aktionnairë sinn, déi sech wëllen dorunner bedeelegen. An deem Sënn wëlle mir elo Vertraue schafen, an da muss een an der Zäit kucken ob mir éiweg dodranner bleiwen, oder nëmme während enger limitéierter Zäit, oder nëmmen zum Deel dra bleiwen.

Corinne Folscheid: War et och eng Konditioun, datt déi 3 Regierunge sech hu mussen eens ginn, oder wieren och national Solutioune méiglech gewiescht?

Luc Frieden: Mir wollten en tout état de cause eng lëtzebuerger Léisung. Dat heescht, och déi Suen hei ginn an d’Fortis-Bank Lëtzebuerg. Mir hätte gäeren, datt d’lëtzebuerger Spuerer an d’Aarbechtsplazen op där Bank zu Lëtzebuerg assuréiert wären. Mä et war awer kloer, datt mir et hei mat engem Grupp ze doen hunn. An dofir woren all déi Telefonsgespréicher zanter e Freideg den Owend tëscht Lëtzebuerg, der Belsch an Holland. Well, wann een net matgemaach hätt, da wier de Risiko gewiescht, datt iergendwou e schwaachen Aarm gewiescht wier, deen en Impakt op dat Ganzt gehat hätt. Dofir wor et gëschter Owend eréischt um 11 Auer wou mir en Accord tëscht deenen 3 Regierunge fonnt hunn. Ech mengen, dat stäerkt d’Fortis an dat stäerkt de Finanzsystem am ganze Benelux.

Corinne Folscheid: Mä, ass et net och vläicht e bësse riskant, wann de Staat elo däermoosse staark an eise Wirtschaftssystem intervenéiert, wann aner grouss Konzerner, respektiv Banke mat esou grousse finanzielle Problemer géifen nozéien?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir eis d’Fro ëmgedréint hu misse stellen: wat wier geschitt, wa mir net intervenéiert wieren. Hei hu mir net mat iergendenger normaler Entreprise ze doen, hei hu mir et mat deem ganze Finanzsystem ze doen.

De lëtzebuerger Staat kann net all Entreprise déi Schwieregkeeten huet einfach ënner d’Äerm gräifen. Mä wa mir hei net ënner d’Äerm gegraff hätten, da wieren Dausende vu Spuerer a Gefor gewiescht, da wieren Dausende vun Aarbechtsplazen a Gefor gewiescht, well iwwer déi Bank déi ganz Finanzplaz betraff gewiescht wier. Dofir déi staark Interventioun vun de Benelux-Regierungen, iwweregens en Combination, och wann dat en ähnlechen, mä trotzdem anescht an der Natur gelagerte Plang an Amerika ass. D’Regierunge mussen do intervenéiere wou de Marché net méi alleng ka fonctionnéieren a wou e systemesche Risque besteet.

Corinne Folscheid: Nach eng lescht Fro, Här Frieden. Et vergeet keen Dag, wou d’Finanzkris d’Noriichten net dominéiert. Ëmmer erëm Hiobsbotschaften, déi eis all Dag erreechen. Wéi geet et virun? Wéini ass en Enn en vue?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir heimat e substantielle Schratt gesat hunn, fir datt déi Kris sech net ausbreet. Mä mir si mat enger internationaler Finanzkris confrontéiert. Lëtzebuerg huet eng international Finanzplaz, an déi Kris ass net eriwwer. Déi Kris musse mir also als Regierunge versichen esou sécher ze stellen, datt et net zum Zesummebroch vum Finanzsystem kënnt. Mä et ass ganz kloer, datt mir och an deenen nächste Wochen nach wäerten déi eng oder déi aner schlecht Nouvelle erliewen an datt dat och fir Lëtzebuerg bedeit, datt d’Banken an deenen nächste Méint manner Benefisser wäerte maachen an dofir och manner Steiere bezuelen.

Corinne Folscheid: Merci Här Frieden, fir d’Explikatiounen.

Luc Frieden: Merci.

Dernière mise à jour