Luc Frieden au sujet de la banque Dexia

Eric Ewald: De belsche Staat an déi dräi Regioune vun eisem Nopeschland si sech gëschter Owend driwwer eens ginn, d’Kapital vun der Dexia opzestocken. De franséisch-belsche Bankegrupp war jo gëschter an Turbulenze geroden. Weider Präzisiounen iwwer déi Finanzhëllef huet de belsche Premier Yves Leterme zu Bréissel net ginn. Bis de Moie fréi gouf elo an der belscher Stad weider verhandelt, ënner anerem a Präsenz vum lëtzebuerger Budgetsminister Luc Frieden. An deen ass eis elo live aus der belscher Haaptstad zougeschalt. Gudde Moien, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Moien.

Eric Ewald: Wat fir e Resultat ass elo dobäi erauskomm? Stëmmt et, wat iwwer d’Agencë kënnt, datt d’belsch, d’franséisch a lëtzebuergesch Regierungen am ganze 6,4 Milliarden Euro an d’Dexia pompelen?

Luc Frieden: Jo, dat stëmmt. Mir sinn elo viru Minutten, no 12 Stonne Verhandlungen duerch d’ganz Nuecht, also ouni Paus, zu engem Resultat komm, nach virun der Ouverture vun de Bankgeschäfter. D’Dexia ass gëschter mat enger ganz sérieuxer Liquiditéitskris konfrontéiert ginn, déi dozou gefouert huet, datt d’Regierunge vun deene Länner wou d’Dexia besonnesch präsent ass, respektiv Aktionnären huet – also Frankräich, Belsch a Lëtzebuerg – zesummekomm sinn. Mir hunn als lëtzebuerger Regierung décidéiert, eis un dëser Rettungsoperatioun vun Dexia ze bedeelegen.

Mir hunn dat aus der Zilsetzung eraus gemaach, fir déi sëlleche Spuerer ze schützen, déi hir Sue bei Dexia hunn. Mir hunn dat och aus der Suerg ëm déi Dausende vun Aarbechtsplaze gemaach, also mat der selwechter Philosophie wéi mir dat bei der Fortis virgëschter gemaach hunn.

D’lëtzebuerger Regierung investéiert also an d’Dexia 376 Milliounen Euro. Mir léinen der Dexia déi Suen duerch Obligatiounen, déi an Aktien ëmwandelbar sinn, also genau dat Nämmlecht wéi dat, wat mir bei der Fortis gemaach hunn. Mir kréien domatter och d’Recht fir um Kapital vun der Dexia mat ronn 20% deel ze huelen – dat ass d’Dexia-Bil zu Lëtzebuerg vun där ech hei schwätzen. Mir hunn eis hei ëm d’lëtzebuerger Dexia Suerge gemaach, an d’Belsch an d’Fransousen hunn no hirem Deel vun der Dexia gekuckt.

Eric Ewald: Dir hutt also dat selwecht quasi als Resultat do stoen, mat natierlech engem anere Montant wéi gëschter bei der Fortis. Mengt Dir datt elo, wéi déi Däitsch soen, das Ende der Fahnenstange erreecht ass?

Luc Frieden: Aus lëtzebuerger Siicht hu mir fonnt, datt Dexia a Fortis zwou Privatbanke vum selwechten Typ zu Lëtzebuerg sinn. Et sinn déi Banken, déi international opgebaut sinn, mä déi eng staark Präsenz vun enger lëtzebuerger Clientèle hunn, déi lëtzebuerger Guichetsbanke sinn. Dofir menge mir aus lëtzebuerger Siicht, datt, duerch déi staark Konsolidatioun bei dëse Banken duerch déi respektiv Staaten, déi Problematik déi sech gestallt huet, also d’Vertrauenskris vun de Spuerer an hir Banken, domatter gestoppt ass.

Mir hunn zu Lëtzebuerg keng aner grouss Privatbanken, déi international strukturéiert sinn, an déi déi doten Aktivitéite maachen. Dofir hu mir hei fonnt, datt mir aus Responsabilitéit vis-à-vis vun de Spuerer a vis-à-vis vun den Aarbechtsplazen hei déi selwecht oder eng ähnlech Rettungsoperatioun misste maachen, well d’Dexia soss de Moien déi selwecht Schwieregkeete wéi d’Fortis virun e puer Deeg gehat hätt.

Eric Ewald: Merci, Här Frieden fir dës Präzisiounen elo live vu Bréissel.

Dernière mise à jour