Jean-Claude Juncker au sujet de l'intervention de l'Etat luxembourgeois dans le contexte financier

Umoderatioun:

RTL Radio Lëtzebuerg: Déi staatlech Interventiounen zugonschte vun Dexia a Fortis beweisen, datt d’Regierungen zu deene Bankinstituter an hire jeweilege Finanzplaze stinn, sot de Premier Jean-Claude Juncker. De Staatsminister wëll d’Leit berouegen: d’Regierung, de Staat, wier do wann d’Ekonomie Schwieregkeeten hätt.

Jean-Claude Juncker: An ech hätt gären, datt d’Leit gutt verstinn, datt fir d’Cliente vun der Fortis a vun der Dexia kee Grond zur Besuergnis besteet. Dee gréisste Feeler deen elo kéint gemaach ginn, dat wier eng Verlängerung vun der Vertrauenskris vu Clienten, e Vertrauensverloscht. An dofir gëtt et no der staarker staatlecher, massiver Interventioun an deenen zwou Banken net déi geréngsten Ursaach.

RTL Radio Lëtzebuerg: Bei der néideger Neiopstellung vun den internationale Finanzsystemer muss Europa eng Féierungsroll spillen, mengt de President vum Eurogrupp Jean-Claude Juncker. Dofir gesi sech déi europäesch Vertrieder vum G-8 – dat heescht Däitschland, Frankräich, Italien a Groussbritannien – zesumme mam President vum Eurogrupp a mam President vun der Europäescher Zentralbank an deenen nächsten Deeg zu Paräis. Do soll eng europäesch Positioun festgeluegt ginn, en vue vun engem erweiderte G-8 Sommet iwwer d’Finanzkris. Vum Échec vum amerikanesche Rettungsplang ass de Jean-Claude Juncker enttäuscht.

Interview vum Francine Closener:

Jean-Claude Juncker: Ech bedaueren den Échec vun deem Rettungsplang, iwwer deem seng inhaltlech Elementer ech mech am Detail net äussere wëll, ganz staark. Deen hätt d’Méiglechkeet geschaf, datt d’Nervositéit an d’Nevrositéiten op de Finanzmäert méi kleng gi wieren. Doduerch, datt eng weider Onsécherheet iwwer d’Aart a Weis, wéi d’Amerikaner déi vun hinne verursaachte, weltwäit Finanzkris opfänke, besteet, bestinn d’Onsécherheete weider, a maachen eist Handwierk alleguer méi schwéier.

Et wier am héchste Mooss wënschenswäert, wéi ech dat och déi lescht Woch scho gesot hunn, datt d’Amerikaner sech ganz séier dozou duerchrénge géifen, fir e Rettungsplang op d’Been ze bréngen.

Francine Closener: Dat heescht, d’Amerikaner loossen d’Saach schleefen, an d’Europäer kënne kucken, wéi se domat eens ginn?

Jean-Claude Juncker: Esou einfach ass d’Welt net, well déi amerikanesch Administratioun, de President an den amerikanesche Finanzminister, mat deem mir a Kontakt stinn, deen huet jo alles gemaach fir dee Rettungsplang do op d’Been ze stellen. Dat ass elo am amerikanesche Parlament aus enger Rei vu Grënn gescheitert. Déi sinn Amerika-intern a weisen, datt d’USA net méi en oncontestéierten Usproch Oprecht erhale kënnen, a Saache Finanzfroen déi absolut Nummer eent op der Welt ze sinn. Dat si se décidéiert net méi.

Francine Closener: Hutt Dir eigentlech schonn eng Strategie? Gëtt et eng Strategie wéi een elo kéint virgoen?

Jean-Claude Juncker: Jo, dofir féiere mir jo alleguer déi Gespréicher, an dofir gesi mir eis jo an deenen nächsten Deeg zu Paräis. An dofir brénge mir dat jo als Europäer gären op den internationale Plang, well mir einfach der Opfaassung sinn, datt déi Method, déi doranner besteet, datt jiddwereen a sengem Eck ad hoc Léisungen esou séier trëfft, wéi eng Kris an engem Finanzetablissement entsteet, keng systematesch genuch Method ass. Mir mussen déi Methoden an déi Opfangmechanisme systematiséieren.

Dernière mise à jour